RTL - FLH 7 Meter

RTL - FLH 7 Meter

Follow RTL - FLH 7 Meter
Share on
Copy link to clipboard

De Magazin vun der Handball Federatioun

RTL Radio Lëtzebuerg


    • Dec 3, 2019 LATEST EPISODE
    • infrequent NEW EPISODES
    • 107 EPISODES


    More podcasts from RTL Radio Lëtzebuerg

    Search for episodes from RTL - FLH 7 Meter with a specific topic:

    Latest episodes from RTL - FLH 7 Meter

    FLH-Magazin 7 Meter , 03/12/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Dec 3, 2019


    De leschte Week-end waren bei Dammen an Hären d’Coupevéierelsfinallen. Bei den Dammen ass de Coupeverdeedeger eraus, bei den Hären gouf et keng richteg Iwwerraschung mee et et gouf eng Revelatoun.Virwëtzeg?D’Explikatiounen elo am 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo…

    Handball Magazin 7 Meter , 19/11/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Nov 19, 2019


    An dëser Editioun vum Handballmagazin sti net nëmmen di Erwuessen am Mëttelpunkt, mä och d'Kanner. Championnat, Coupe d'Europe an de Mini-Handball sinn d'Sujete vum 7 Meter, deen Iech presentéiert gëtt vu Serge Olmo a Gilles Tricca.

    FLH MAGAZIN 7 METER , 05/11/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Nov 5, 2019


    An der Allerhellgevakanz gouf net vill Handball gespillt. Am Championnat war ee Nodrosmatch.An Däitschland huet sech di bescht Lëtzebuerger Handballspillerinn Tina Welter mat hirer Bundesliga Ekipp an d’Saarland deplacéiert. D'Tina Welter ass iwwregens ënner de 9 Nominéierten fir d'Sportlerin vum Joer.De Nodrosmatch an d'Tina Welter sinn di haapt Sujeten am 7 Meter vun haut mat Gilles Tricca a Serge Olmo…

    FLH-Magazin 7 Meter , 22/10/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Oct 22, 2019


    Am Handball ass eng Mini-Paus am Championnat. De Ball rout dofir awer net. Coupe de Luxembourg gouf gespillt, an d'Nationalequipe ass am Asaz. De 7 Meter vun haut mat Serge Olmo a Gilles Tricca.

    FLH-Magazin 7 Meter , 08/10/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Oct 8, 2019


    Genee wéi dee leschten ass och de nächste Weekend nees Coupe d’Europe ugesot fir 3 Lëtzebuerger Ekippen.Mer erklären och am Magazin wat en europäeschen Tour am Handball finanziell bedeit.Am Championnat sinn de Moment wéinst der Coupe d'Europe zwar manner Matcher, mee och déi hunn et a sech.Explikatiounen am 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo.

    Handball-Magazin 7 Meter , 24/09/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Sep 24, 2019


    Haut kucke mir op d'Première am Championnat vum Handball Bartreng zeréck, an mir ginn och gewuer, wéi sech e jonke Lëtzebuerger Spiller am Ausland ustellt. De 7 Meter vun haut mat Serge Olmo a Gilles Tricca.

    FLH Magazin , 10/09/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Sep 10, 2019


    De Week-end fänkt bei Dammen an Hären di nei Saison un.Op europäeschem Plang gouf scho gespillt an et geet dës Woch och europäesch virun.E wichtegen Tournoi war de Week-end programméiert an dat zu Éieren vum Camille Gira.Dës sinn d’Rendez-vouser vum éschte Magazin vun der Saison mat Gilles Tricca a Serge Olmo…

    FLH-Magazin 7 Meter , 14/05/2019 18:15

    Play Episode Listen Later May 14, 2019


    Den HB Käerjeng an den HB Esch si jo scho laang als Champion bekannt, bei den Dammen respektiv den Hären. Am Sprint fir europäesch ze ginn, ass dogéint nach näischt entscheet.Am 7 Meter vun haut wollten de Gilles Tricca an de Serge Olmo virun allem awer engem wichtege Spiller Äddi soen…

    7 Meter - den FLH-Magazin , 30/04/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Apr 30, 2019


    Am Handball-Championnat si leschte Weekend di wichtegst Decisioune gefall. Um 4t.-leschte Spilldag ass Käerjeng bei den Dammen scho Champion, an Esch konnt sech bei den Hären och fréizäiteg d'Meeschterkroun opdoen. Dëst ass Haaptthema am Handballmagazin vun haut den iech presentéiert gëtt vu Serge Olmo a Gilles Tricca

    7 Meter - den FLH-Magazin , 16/04/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Apr 16, 2019


    Den Ouschter Week-end ass Paus am Championnat an de leschte Championnatsweek-end war esouwuel bei Dammen an Hären net komplett.Den Handball Esch huet bei den Hären allerdéngs nees gewonnen an huet bal de Championtitel an der Täsch.A propos Ouschteren: De Week-end ass nees de Youth Cup vum HB Diddeleng a dësen ass och den Haaptsujet am 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo…De Bäitrag en annexe ass de Moment ouni Tapis an Puben. Dat misst der weg live dobei setzen. Merci :-)

    7 Meter - den FLH-Magazin , 02/04/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Apr 2, 2019


    Am Championnat fale lues a lues di éischt Entscheedungen.An dëser Editioun vum Handballmagazin siche mir dann och no Erklärunge, firwat en auslänneschen a professionellen Trainer et zu Lëtzebuerg net einfach huet.De 7 Meter vun haut mat Serge Olmo a Gilles Tricca

    7 Meter - den FLH-Magazin , 19/03/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Mar 19, 2019


    Den Titel Play-Off huet ugefaangen a no 2 Spilldeeg wees ee natierlech nach net wie Champion gëtt mä vläicht weess ee schonn wien et net wäert ginn.Verschidde Veräiner sinn och schonn am Gaangen fir di nächst Saison ze plangen.Gilles Tricca a Serge Olmo …

    7 Meter - den FLH-Magazin , 05/03/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Mar 5, 2019


    Et ass eng Phas, an där fir d’Handballfrënn ganz vill lass ass.De leschte Weekend waren d’Finalle vun der Coupe, an de nächste Weekend fänkt den Titel Play-Off un.Et ass deemno e gudde Moment, fir esouwuel no hanne, wéi och no vir ze kucken - mat Gilles Tricca a Serge Olmo…

    7 Meter - den FLH-Magazin , 19/02/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Feb 19, 2019


    Am Handball rout de Ball nach an den iewëschten Divisiounen, ier mer an di decisiv Phase vun der Saison kommen.An dëser Editioun vum Handballmagazin kucke mer op d’Championnat zeréck, an Dir gitt gewuer wéi d’Arbitter-Besetzunge vun de Matcher gemaach ginn.De 7 Meter vun haut mat den Häre Serge Olmo a Gilles Tricca.

    7 Meter - den FLH-Magazin , 05/02/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Feb 5, 2019


    Virum leschte Spilldag ass et bei den Damme scho sécher, datt Käerjeng als Leader an de Playoff geet, bei den Hären sinn di Escher och schonn esou gutt ewéi sécher di éischt fir di decisiv Phas.Den HC Bierchem ass am Gaange sech fir d’Coupe d’Europe ze preparéieren, déi de Weekend gespillt gëtt, an d'Maskottchen vun der Federatioun test är Handballkenntnisser mat der Quizfro. D’Detailer kritt der am 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo…

    7 Meter - den FLH-Magazin , 22/01/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Jan 22, 2019


    Um nationale Plang rout de Ball nach bis nächste Weekend, éiert 2 Nodrosmatcher um Programm stinn.An dëser Editioun vum "7 Meter" gitt Dir och méi iwwert de sougenannten "InterReg" gewuer, an Dir kënnt eppes gewannen.De 7 Meter vun haut mat  Serge Olmo a Gilles Tricca

    7 Meter - den FLH-Magazin , 08/01/2019 18:15

    Play Episode Listen Later Jan 8, 2019


    Fir d‘Reprise vum Handballmagazin 7 Meter ass d’Aktualitéit am Handball ganz räich, haaptsächlech mat der EM-Prequalifikatioun, an d’Federatioun sicht e Numm fir hir Maskottchen.  De Gilles Tricca an de Serge Olmo presentéieren de "7 Meter" …

    Sujet Handball Nationalequipe , 12/04/2016 18:20

    Play Episode Listen Later Apr 12, 2016


    De leschten Donneschdeg an de leschten Samschdeg huet di Lëtzebuerger Handball Nationalequipe hir Play-Off Matcher am Kader vun der EM-Qualifikatioun 2018 géint Finnland gespillt.No enger Defaite am Aller-Match an enger knapper Victoire am Retourmatch gouf d'FLH Selektioun eliminéiert.De Serge Olmo huet sech kuerz nom Retour aus Finnland mam Nationaltrainer Adrian Stot ënnerhalen...

    Handball: Virschau op de Final Four , 23/02/2016 18:20

    Play Episode Listen Later Feb 23, 2016


    Muer den Owend ass am Handball de Final Four vun der Coupe am Gymnase vun der Coque.Um hallwer 7 ass de Coupeverdeedeger HB Käerjeng de grousse Favorit géint de Noper Péiteng.De Spëtzematch ass um hallwer 9 an do spillt den Handball Esch géint den Tabelleleader Red Boys Déifferdeng.De Serge Olmo huet sech iwwer di aktuell Situatioun bei de 4 Halleffinalisten Schlau gemaach.

    Handball-Magazin 7 meter , 15/12/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Dec 15, 2015


    Virun de Véirelsfinallen an  der Coupe de Luxembourg déi vun e Freideg bis e Sonndeg gespillt ginn war nach  den 11te Spilldag am Championnat.  D'Aktualitéit vum Weekend a wéi d'Saison vum Martin Muller bis elo verlaf ass, dëst sinn Themen vum '7 Meter' den iech presentéiert gëtt vum Serge Olmo a Gilles Tricca

    7 Meter , 08/12/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Dec 8, 2015


    Um nationale Plang bleiwen d'Red-Boys och nom 10ten Spilldag ongeschloen. Nieft dem Championnat, kucken mer am 7 Meter vun Haut  och op den 24-Stonnen-Handball deen de nächste Weekend zu Diddeleng organiséiert gëtt. Détailer vum Nadine Braconnier a Gilles Tricca

    FLH Magazin , 24/11/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Nov 24, 2015


    Um éischte Spilldag vun der Réckronn sinn um nationale Plang d’Iwerraschungen ausbliwwen dat esouwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären. D’Häre vu Bierchem hunn awer op der internationaler Bühn positiv iwwerrascht.Donieft kucke mer an onsem Handball Magazin vun haut och nach op d’Roll vum EHF-Delegéierten bei internationale MätscherDëst sinn Themen vum 7 Meter  den iech  presentéiert gëtt vum Serge Olmo a Gilles Tricca

    FLH Magazin , 17/11/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Nov 17, 2015


    Niewt dem Réckbléck op den leschten Spilldag, kucken mer  haut och op den Dag vum Mini-Hand zeréck, deen leschten Sonnden an der Coque organiséiert gouf. De 7 Meter gett iech mat Nadine Braconnier a Gilles Tricca

    FLH Magazin '7 Meter' , 10/11/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Nov 10, 2015


    An der Allerhellgevakanz war d’Nationalequipe am Asaz. 2 Mol goufen et Defaiten géint Holland dëst am Kader vun der WM Qualifikatioun.De Retourmatch gouf net vun ongeféier an der Déifferdenger Sportshal gespillt. Um Weekend hu nämlech d’Red Boys hiren 75. Gebuertsdag gefeiert ënner anerem mat enger Ausstellung.Dës Feier ass och en Thema am 7 Meter haut mat Nadine Braconnier a Serge Olmo; ugefaangen gëtt awer mat der WM Qualifikatioun…

    FLH Magazin , 03/11/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Nov 3, 2015


    Am Handball steet d’Aktualitéit um nationale Plang am Stand-by. D’Nationalequipe preparéiert nämlech seng zwee Mätscher géint Holland an der Qualifikatiounsronn fir d’Weltmeeschterschaft 2017.Ee vun den Nationalspiller, an zwar de  Martin Muller wousst e Freideg och  nees mat sengem Veräin Nanzeg z’iwwerzeegen.Dëst sinn Themen vun eisem Handball Magazin deen Iech  presentéiert gëtt vum Serge Olmo a Gilles Tricca

    FLH Magazin , 27/10/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Oct 27, 2015


    Am Handball waren de Weekend bei den Hären zwou Spëtzepartien ugekënnegt, mee just eng hat deen Titel och verdéngt. Bei den Dammen huet sech den HBD am EHF-Cup missten geschloen ginn an nächste Weekend ginn déi ganz Kleng vu ganz Groussen trainéiert. De Gilles Tricca an d’Nadine Braconnier mam Réck-an Ausbléck op d’Handballswoch

    FLH Magazin , 13/10/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Oct 13, 2015


    No 4 Spilldeeg bei den Hären si nach just d’Red-Boys Déifferdeng ongeschloen. Bierchem huet nom Aller-Match am Challenge-Cup nach Chancen op eng Qualifikatiounsronn an den Martin Hummel stoung dëser Deeg am Déngscht vun der Futtball-Federatioun.Dëst sinn d'Themen an onsem 7 Meter vun haut den iech presenteiert gëtt vu Serge Olmo a Gilles Tricca

    FLH Magazin , 06/10/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Oct 6, 2015


    Am Handball war de Weekend Paus am Championat, an dat well d’Aachtelsfinallen vun der Coupe de Luxembourg gespillt ginn sinn.  Bei den Hären war just Spëtzepartie um Programm. Eng gutt Geleeënheet fir d’Nadine Braconnier an de Gilles Tricca am 7Meter vun haut emol méi no den Dammen ze kucken.

    Handball -Mag 7 Meter , 22/09/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Sep 22, 2015


    Am nationale Handball war de Weekend den Optakt vum Championnat. Um éischte Spilldag sinn d’Iwwerraschungen ausbliwwen dat esouwuel bei den Damme fir och bei den Hären. An de Roude Léiw Bascharage huet seng éischt Partie an der 3ter däitscher Bundesliga gewonnen. Dëst sinn d’Sujeten an dëser Editioun vum 7 Meter den iech presentéiert gëtt vu  Serge Olmo a Gilles Tricca

    Handballmagazin 7 Meter , 15/09/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Sep 15, 2015


    Um Dag vun der Schoulrentrée ass och d’Rentrée vun ärem 7 Meter.De Weekend fänkt di nei Saison am Handball un esouwuel bei Dammen an Hären.Et gouf am Virfeld scho Coupe d’Europe gespillt an dat fir de Champion  a fir de Coupegewënner bei den Häeren.D’Géigner aus Skandinavien waren wéi erwaart ze staark.Bei engem vun de Géigner aus Nordeuropa war eng richteg Handball-Legend hei zu Land. Detailer GillesTricca a Serge Olmo…

    Handballmagazin 7 Meter , 30/06/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Jun 30, 2015


    Mir kucken op d'Saison am Härenhandball zréck. Am Resumé kann ee soen, datt d’Championnat sech an de leschte Sekonnen decidéiert huet, an datt d’Nationalequipe mat engem Exploit an d’Summerpaus goung. Et goufen awer och Enttäuschungen an der Saison 2014-2015, grad sou wéi e puer Neierungen

    7 Meter , 16/06/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Jun 16, 2015


    D’Nationalequipe huet leschte Samschdeg Handballgeschicht geschriwwen.Donieft gouf beim HB Péiteng nees Handball um Wuess gespillt.

    FLH Magazin , 09/06/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Jun 9, 2015


    D’Saison am Handball ass esou gutt wéi eriwwer. Eenzeg d'Nationalspiller si nach am Asaz. Muer an e Samschdeg sti fir si di lescht Mätscher géint Estland um Programm. Gëschter war dann och nach d’FLH-Gala, wou eng Réi Leit geéiert goufen.

    7 Meter , 02/06/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Jun 2, 2015


    D’Aktualitéit am Handball ass elo méi roueg. D’Nationalequipe ass amgaang, sech op seng Partien géint Estland ze preparéieren.De nächste Méindeg ass den Handballgala, op dee mer no fir kucken, a no ronn 25 Joer seet den laangjäregen Generalsekretär vun der Handball Federatioun der FLH Äddi.De Weekend gouf um internationale Plang de Final Four vun der Championsleague gespillt.

    Handballmagazin “7 Meter” , 26/05/2015 18:20

    Play Episode Listen Later May 26, 2015


    Leschte Weekend sinn am Handball di lescht Decisioune gefall. No den Dammen virun zwou Wochen hunn elo d’Häre vum HB Diddeleng de Championstitel gefeiert. Stroossen spillt an der nächster Saison da rëm an der ieweschter Divisioun, a fir de Jängi Simon war et e Samschdeg de leschten Optrëtt an enger offizieller Funktioun bei engem Handballsmatch.

    Handball Magazin 7 Meter , 19/05/2015 18:20

    Play Episode Listen Later May 19, 2015


    Bei den Dammen war an der Titelfro d’Decisioun um leschte Spilldag gefall - dat Selwecht passéiert elo bei den Hären.Diddeleng a Käerjeng komme nach a Fro, allerdéngs spillen si um leschte Spilldag net géinteneen.An der Relegatioun steet elo fest, datt di nächst Saison di selwecht 8 Equipen an der Sales Lentz League wäerte spille wéi dës Saison.Am Dammenhandball mëscht den Roude Léiw Bascharage säi Comeback an der 3. däitscher Bundesliga.

    Handball - Magazin 7 Meter , 12/05/2015 18:20

    Play Episode Listen Later May 12, 2015


    Leschte Weekend ass am nationale Championnat eng weider Decisioun gefall. D'Damme vum HB Diddeleng si fir di 9.Kéier Champion ginn.D’Häre vum HBD sinn och um gudde Wee, fir hinnen et gläich ze maachen. No 7 Spilldeeg am Play-Off bleiwen déi Diddelenger nach ëmmer ongeschloen un der Tabellespëtzt.Serge Olmo a Gilles Tricca

    7 Meter , 05/05/2015 18:20

    Play Episode Listen Later May 5, 2015


    D’EM Qualifikatioun ass erduerch, mam Aller- a mam Retourmatch géint Georgien. Mir maachen de Bilan vun deem, wat um Terrain a ronderëm lass war.Och di Kleng waren um Sonndeg an der Coque am Asaz.Et ass de Moment allgemeng am Handball ganz vill lass, ënnert anerem ass e Samschdeg d’Finall bei den Dammen, a bei den Hären stinn och wichteg Partien um Programm. Gilles Tricca a Serge Olmo

    7 Meter - den FLH Magazin , 28/04/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Apr 28, 2015


    Am Handball war um nationale Plang de Weekend d’Aktualitéit nach zimlech roueg.D’Nationalequipe preparéiert nämlech op säin duebele Rendezvous géint Georgien.Bei den Dammen bleift den HBD an der Course, säin Titel ze verdeedegen, an de Roude Léiw Bascharage ass an der RPS-Oberliga nach ëmmer ongeschloen.Serge Olmo a Gilles Tricca

    Handballmagazin 7 Meter , 21/04/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Apr 21, 2015


    Bei den Häre waren d’Matcher am Titel Play-Off iwwer 3 Deeg verspreet. Iwwerraschungen goufen et awer keng.An elo preparéiert sech d’Nationalequipe fir d’EM Qualifikatioun.Bei den Dammen geet den Duell Diddeleng géint de Standard weider bis normalerweis de leschte Spilldag.Mir ware beim neie Champion vun der RPS Oberliga "Roude Léiw" op Besuch, an hunn eis mat enger Lëtzebuergerin ënnerhalen, déi geschwënn an der éischter Bundesliga spillt. De 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo…

    Handball-Magazin 7 Meter , 14/04/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Apr 14, 2015


    Iwwermuer fänkt schonn d’Réckronn vum Titel Play-Off bei den Hären un. An dat mat engem neie Leader - den HB Diddeleng steet elo un der Tabellespëtzt.Bei den Dammen  rout de Ball nach am Play-Off. Ett gouf awer an der Relegatioun gespillt, an, de Roude Léiw Bascharage ass Champion an der RPS Oberliga.

    Handball-Magazin 7 Meter , 31/03/2015 18:20

    Play Episode Listen Later Mar 31, 2015


    An eisem Handball-Magazin steet den HB Diddeleng am Mëttelpunkt. D’Hären hunn am Titel-Playoff e wichteg Succès géint Käerjeng gefeiert, an d'Damme vum HBD hu nom Gläichspill géint de Leader Standard nach ëmmer d’Chance, hiren Titel ze verdeedegen. Donieft ass nächste Weekend den traditionelle Youth-Cup vum HBD.Nadine Braconnier a Gilles Tricca

    Claim RTL - FLH 7 Meter

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel