POPULARITY
Kultfilmer musse bleiwen wéi se sinn. Et geet net fir u grousse Wierker eppes ze veränneren och wa KI dat méiglech mécht. Dofir schwätzen sech grouss Hollywood Regisseuren wéi Martin Scorsese oder George Lucas beim Pit Biwer am Interview aus. Donieft gitt Der méi gewuer iwwer den EGOT, de Ritterschlag wann een esou wëll an der Filmbranche.
Um Programm stinn direkt zwee Concoursen. Eemol den nationale Concours fir jonk Gittaristen. A fënnef Kategorië ginn hei déi talentéiertst Museker an hire jeeweilegen Alterskategorië gesicht. An dann och den Internationale Gittareconcours mat der grousser Finall, sonndes den 18. Mee an der Philharmonie. Donieft ginn awer och Ausstellunge mat Instrumenter, Liesungen, Workshoppen a Concerten ugebueden. Rendez-vousen, déi wichteg si fir d'Lëtzebuerger Musekszeen, wéi de Matorganisateur Hany Heshmat am Gespréich verréit.
Um Programm stinn direkt zwee Concoursen. Eemol den nationale Concours fir jonk Gittaristen. A fënnef Kategorië ginn hei déi talentéiertst Museker an hire jeeweilegen Alterskategorië gesicht. An dann och den Internationale Gittareconcours mat der grousser Finall, sonndes den 18. Mee an der Philharmonie. Donieft ginn awer och Ausstellunge mat Instrumenter, Liesungen, Workshoppen a Concerten ugebueden. Rendez-vousen, déi wichteg si fir d'Lëtzebuerger Musekszeen, wéi de Matorganisateur Hany Heshmat am Gespréich verréit.
Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den Duell vun den Verfolger tëscht dem Racing an Stroossen. Donieft geet et awer och ëm Dammennationalequipe, déi no hirem Remis géint Kasachstan elo onbedéngt géint Liechtenstein wëll wannen.
Den nächste Weekend ass et erëm esou wäit. D‘Gemeng Walfer invitéiert op déi gréisste Bicherfoire vu Lëtzebuerg. Zwee Deeg laang sinn Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun op der Plaz fir dem Grand Public hir nei Publikatioune virzestellen. Donieft och eng ganz Rei Rencontere mat Autorinnen an Auteuren, Liesunge fir Grouss a Kleng a weider Manifestatiounen. Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg, gëtt dësen Donneschdeg och de Lëtzebuerger Buchpräis annoncéiert. Fir iwwer dës Eventer ze schwätze sinn eis Invitéen d‘Lynn Klein vun der Walfer Gemeng an de Ian De Toffoli, Vizepresident vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.
Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift? Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
E Mëttwoch de Moie war de Respekt bei hëtzegen Diskussiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi lescht Entwécklungen an der Affär ëm d'Ënnerschloe vun 61 Milliounen € bei der Caritas sinn den Haaptsujet. Donieft geet et ëm e Mann, dee säi Liewen de Mécke verschriwwen huet, ëm e Mann, dee geschwë mat senger Bäckerei ophält, a Frontalieren, déi amplaz mam Zuch elo mam Bus an de Grand-Duché kommen.
D'Mierscher Kulturhaus heescht elo Mierscher Theater. Op enger grousser Zeremonie gouf den neien Numm vum Theater mat de verschidde Landsmedien gedeelt. Donieft gouf awer och e Focus op d'Wäerter vum Theater, seng nei visuell Identitéit, an déi nei Programmatioun gesat, wéi de Marc Fischbach, Claude Mangen an de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe an hire verschidde Rieden erkläert hunn. De Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater, beäntfert an deem Kader Froe vum Nicolas Calmes.
An der Chamber gouf et dës Woch eng Debatt iwwert Obesitéit, déi leider zimmlech vill Theme vermëscht huet a vill enttäuschend Argumenter ervir bruecht huet. Am Podcast erkläert d'Tessie Jakobs, wisou déi Diskussioun grondleeënd aneschters misst gefouert ginn a wisou et kee konkret Resultat gouf. Donieft ass och Thema, wat d'Politik kéint maachen, wann se sech wierklech géif ëm d'Gesondheet vun decke Leit këmmeren.
De Florian Kreier trëtt als Angela Aux a wiesselende Rollen als Museker a Performance-Lyriker op. Donieft schreift de studéierte Politolog ënner dem Pseudonym Heiner Hendrix Kuerzgeschichten a Gedichter. Op sengem neien Album bleift hien de Sujeten Digitaliséierung, Raumfaart a Kënschtlecher Intelligenz trei. Musikalesch besteet hien aus experimentelle Kompositiounen tëschent Ambient, LoFi-Hip-Hop a Filmmusek. D‘Claudia Klasen aus der Museksredaktioun hat d‘Geleeënheet, him am Virfeld e puer Froen ze stellen.
Am nationale Futtball Championnat huet den F91 Diddeleng vun der Néierlag vun Hesper profitéiert an reckelt nees mei no un den Tabelleleader erun.De Champion huet elo nach zwou Punkten Reckstand.Donieft ginn et am FLF Magazin och Neiegkeeten aus dem Tabellekeller, Jeff Kettenmeyer
D'Aart a Weis, wéi d'Leit schaffen, ass amgaangen ze änneren. D'Pandemie huet verschidde Modeller wéi dem Télétravail en décke Fouss hannebäi ginn. Donieft wuessen d'Fuerderunge fir d'Aarbechtszäit méi flexibel, vläicht och manner laang, mä sécher méi am Aklang mam Privatliewen ze gestalten. Dat kënne Patrone bedaueren, se wieren awer gutt beroden, sech den neie Realitéiten ze stellen. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
De Kino zitt sech wéi e roude Fuedem duerch seng Vita mat Ciné-Club, Cinémathéik an Utopolis. Donieft geet et ëm Krawatten, de Lampertsbierg a kachen
Am FLF Magazin vun haut geet et ëm den 9. Spilldag an der BGL Ligue.Donieft kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op den FLF Kongress zeréck op deem de Paul Philipp op en Neits gewielt gouf.
Dräi Wochen no der russescher Invasioun an der Ukrain hellt de Xavier Bettel d'Saach selwer an d'Hand. Huet säin Appell zu Moskau iergend en Impakt? Ausserdeem: d'Zuel un ukrainesche Refugiéeën zu Lëtzebuerg klemmt an am Land leien weiderhin Milliarden u russesche Suen. Donieft kucke mer kuerz op de virleefegen Enn vun de Corona-Mesuren zu Lëtzebuerg.
An dësem Episod léiert de Max d'Anne-Catherine Guio vum LISER kennen. D'Anne-Catherine ass eng Koryphee op sengem Gebitt – Kanneraarmut an Europa – an erkläert, wéi et déi offiziell Statistik dozou revolutionéiert huet. Ausserdeem erzielt d'Fuerscherin, firwat et ni nervös ass, ier et an der Ëffentlechkeet viru Public oder an de Medie schwätzt. Donieft gi mir gewuer, wéi kreativ seng Aarbecht ass, an där et mat Daten an Zuele jongléiert.
Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebuerg erlieft huet, wéi eng lëtzebuergesch Gewunnechten hie wëll evitéieren a firwat hien ee YouTube-Channel bedreift.
Dëse Sonndeg steet Däitschland am Mëttelpunkt: Ronn 60 Millioune Wieler sinn opgeruff en neit Parlament ze wielen. Wat sinn d'Enjeue fir Däitschland, d'Europäesch Unioun an d'Groussregioun? Där Fro gi mir an engem Riicht eraus Spezial no, mat Hannergrënn, Analysen an Aschätzunge vum Max Tholl a Matthias Kirsch, eise Korrespondenten zu Berlin, an dem Danièle Weber, eiser EU-Korrespondentin zu Bréissel. Donieft huet d'Christina Heidt nogefrot, wat d'Direktkandidate vun Tréier zu Berlin a punkto Mobilitéit an der Groussregioun wëllen erreechen.
An dësem Episod vu „Mäin Element“ geet et ganz héich erop. De Max schwätzt mat der Prof. Djamila Aouada iwwert d'Schaffen am Weltall, Milliardären déi onbedéngt dohi wëllen an d'Konsequenzen doraus fir d'Wëssenschaft. Donieft geet et och ëm aner Themen, wéi zum Beispill dem Djamila säin Opwuesse wärend dem Biergerkrich an Algerien a wéi präsent d'Thema Feminismus haut an der Wëssenschaft ass.
Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op déi lescht zwee WM Qualifikatiounsmatcher vun der Lëtzebuerger Nationalequipe zereck.Donieft geet et awer och ëm den internationalen Testlännermatch géint Katar muer den Owend.
Nom Exploit an der Qualifikatiounsronn vun der Championsleague stinn haut Dammen vum Stater Racing am Mëttelpunkt. Donieft blécke mir och nach emol op den 3ten Spilldag an der BGL-League zeréck. Dëst sinn ënner aneren Sujet'en am FLF Magazin deen iech presentéiert gëtt vum Gilles Tricca.
Vu Noutstand oder Urgence ass Rieds, wann et ëm d'Wunnproblematik hei am Land geet. Ma dat awer net eréischt zanter gëschter. D'lescht Woch hate mir a verschiddene Sendungen, dorënner am Kloertext, d'Logementspolitik ugeschwat. Donieft goufen de Rapport vun der SNHBM an dee vum Spezialfong fir abordabele Wunnraum presentéiert. Vun enger “Urgence” mierkt een an der Politik awer wéineg, fënnt d'Monica Camposeo a sengem Commentaire.
Den amerikaneschen Auteur David Klass ass bekannt duerch eng Rei Dréibicher. Donieft schreift hien och Romaner, mat deenen en en éischter jonke Publikum uschwätzt. A sengem aktuelle Roman geet et ëm dat Haaptthema vun eiser Zäit, géint dat et keen Impfstoff gëtt. „Klima“ ass een Thriller, deen d'Gefore vum Klimawandel op eng fiktiv a spannend Aart a Weis duerstellt, Julie Mathes.
Mir krute vun engem gewëssene Frëndeskrees ugeruff a Geld ugebuede fir eng nei Episod erauszebréngen. De Rubel ass gerollt, hei si mer! D'Top Thema vun dëser Episod ass net fir mat pinken Händschen unzepaken: dem David seng Wuerzelbehandlung. Donieft hu mir eng nei Rubrik mat eise beschten Nolauschterer zesummen, den David probéiert d'Britney e bëssen ze "entframen" an de Ben probéiert de Jeannot Waringo bei de radio 100komma7 ze schécken.
An där neier Episod gëtt et faarweg, exzentresch a verréckt – d'Julie an de Chris hunn d'Miss Mike an d'Miss Claudia op Besuch. Erlieft wëll Raibergeschichten aus dem Liewe vun zwou Drag Queens, déi sech och emol gäre selwer deen een oder anere Sproch un de Kapp geheien. Wou verstoppen si en? Wat ass am Waasser vum Théiwesbuer dran? A wéi ass et einfach dat auszeliewe wat ee wierklech ass? Donieft probéiert de Chris als Miss Eldorado d'Einschaltquoten ze pushen, d'Julie werft seng Sneaker an den Eck an et gëtt iwwert eise Premier fantaséiert.
An der BGL-Ligue ginn d'Matcher lo endlech live iwwerdroen, och wann dat nach net ganz ouni Problemer leeft. D'Lännermatcher kéinten historesch ginn, well et hofft een, déi 3 Thill-Bridder zesummen um Terrain ze gesinn an d'Chance stinn och guer net sou schlecht. Donieft huet de Ronaldo nach eng Kéier d'Chance, sech vun de Soundboxen an dem wonnerbare Wuess am Stade Josy Barthel ze iwwerzeegen. De Weekend an der Bundesliga war fir den neutralen Zuschauer ganz spannend, och wann déi wichteg Matcher no de Lännermatcher ustinn. Dat gëllt och fir de Leandro Barreiro, deen d'Mëttelfeld zu Mainz am Moment schéin am Grëff huet.
Filmer vun dëser Editioun huelen eis mat an Indien, "The White Tiger", a Frankräich an d'Joer 1942 "Persischstunden" an och an eng fiktiv Welt, an där nëmmen Afe liewen, déi sech wéi Mënsche behuelen, "Le voyage du Prince" vum Jean François Laguionie. Donieft geet et ëm d'Expo "Ready. Set. Design. Le décor de cinéma au Luxembourg" vum 12. Februar - 11. Abrëll Cercle Cité.
An der Buvette war et den Dag vun de Premièren! Net nëmmen hellt den Dylan fir d'éischt doheem ob, mee och de Futsal gouf ugeschwat, méi genau den FC Déifferdeng 03, deen als éischt Lëtzebuerger Equipe eng Ronn an der Champions League weider kennt. Donieft schwätzen d'Jongen aus der Buvette iwwert eng eventuell nei Abseitsregel, déi allerdéngs ob wéineg Begeeschterung trefft. Zwou Gol-Maschinnen aus Argentinien a Polen, de José Mourinho mat der Ausso vun der Woch an eng Iddi, wei Schalke rëm kéint ob déi richteg Spuer geroden, stoungen um Programm. An wei et zum Titel komm ass, héiert dir an der neier Episode “Aaschbomme fir den Dylan”.
Mir mussen natierlech direkt iwwert d'Bomm schwätzen, déi des Woch an der Podcastszeen geplatzt ass: Den Eric Rolgen mat senger *opgepasst: Ironie* Libeserklärung un Enseignanten an Déifferdeng. A wien ass eigentlech déi gëlle Fro? Donieft schwätze mir och emol endlech rëm iwwert eis Liiblingsleit: Iech. Bienvenue au cirque de la lune.
De grénge Vizepremier Francois Bausch huet e Samschdeg hei op RTL en neit Verkéierskonzept mat neien Infrastrukturen bis d’Joer 2035 ugekenegt an huet sech fir eng méi staark Besteierung vu Kapital staark gemaach. Donieft sot hien et soll een net mat Angscht schaffen, souwuel an der Coronapandemie ewei an der Wuesstemdebatt.
No der US-Wahl ass virun der Luxair-Tripartite. Ausserdeem: Wien vun Iech war nees no 23 Auer dobaussen? Donieft gëtt et eng Podcast-Recommandatioun an déi bescht Songs fir den Corona-Curfew-Blues!
Wëllkomm bei eisem Jubiläum! Mer si bei der 10. Episode vum „Schaarfen Ueleg“ ukomm. An do ass eis opgefall, dass der eigentlech nach ni esou richteg d'Chance krut de Chris a n d'Julie e bësse besser kennen ze léieren. Zäit dat ze änneren! Dofir gitt der zum Beispill des Episode gewuer, firwat de Chris dem Julie „säin Éischten“ ass beim Eldo, oder wat fir Problemer déi zwee mat Autosplacken hunn. Donieft ginn awer och ënnert anerem iwwert Corona-Aktivitéiten, Sport-Virléiften oder komesch Goûte geschwat. An de Chris ronnt d'Episode mat enger Demonstratioun vu senge Gesangskënscht of.
Schauspillerin, Entertainerin, Sängerin - scho säi ganzt Liewe laang steet d'Adrienne Haan op den Theater-Büne ronderëm d'ganz Welt. Mat him schwätzen d'Julie an de Chris iwwert de Chaos um Broadway, de Konkurrenz-Kampf am Business an d'Zukunft vum Kultur-Secteur. Donieft gëtt aus dem Publikum mat Iesse geheit an op Kommando gekrasch.
Laang hu mer missten op dëse Film waarden an direkt e puermol gouf d'Date de Sortie vum Christopher Nolan sengem Tenet verréckelt. Vun haut un ass en um groussen Kinosecran ze gesinn. Donieft geet et och ënnert anerem ëm jonk Superhelden an de Biergerkrich am Ruanda.
Fir dës Episod konnte mir d'Europa-Deputéiert Monica Semedo gewannen, wat eis immens frou gemaach huet. Engersäits well et am Moment e gutt Stéck méi ze dinn huet wéi fréier bei RTL, anerersäits well mir eis an dëser Zäit kee bessere Gaascht konnte virstellen. Wéi bei engem richtege Radiosender huet d'Monica sech bei eis LIVE vu Bréissel era gemellt a mir hu mat him iwwert déi traureg Aktualitéit awer deelweis schockant Erliefnisser aus sengem Liewe geschwat. Mir warne vir: Verschidde Saache sinn nëmme schwéier ze verdauen! Donieft erkläert eis d'Monica awer och iwwert dat konkret Virgoe vum EU-Parlament, an och vun him als Politikerin, géint Rassismus an Diskriminatioun. Dës Episod weist awer och wéi schéin d'Liewe ka sinn a wéi vill Chancen een zu Lëtzebuerg kann hunn a kréien, d'Monica ass eent vun de Musterbeispiller. Ausserdeem hu mir ganz dringend d'Fro misste klären op et e Comeback beim Picco Bello wäert ginn oder net...
Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Stater Racing deen an de leschten Woch schonns zolitt um Opbau vun der neier Saison ass. Donieft gouf an der Woch och annoncéiert datt dem Henri Pleimling seng Zäit als FLBB President op en Enn geet.
Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Stater Racing deen an de leschten Woch schonns zolitt um Opbau vun der neier Saison ass.Donieft gouf an der Woch och annoncéiert datt dem Henri Pleimling seng Zäit als FLBB President op en Enn geet.
Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Stater Racing deen an de leschten Woch schonns zolitt um Opbau vun der neier Saison ass.Donieft gouf an der Woch och annoncéiert datt dem Henri Pleimling seng Zäit als FLBB President op en Enn geet.
Dës Woch schwätze mir am woxx-Podcast doriwwer, ob den Internet an Zäite vu Selbstisolatioun a Social Distancing kéint knapp ginn. Vill Leit maachen Homeoffice an notzen hir fräi Zäit dozou, Netflix oder aner Streamingservicer ze kucke – halen d’Leitungen zu Lëtzebuerg dat aus? Donieft beschäftegt eis awer och d’Fro, wat fir een Impakt dee ganze Streaming op d’Ëmwelt huet, an op dee wierklech esou […]
Am Basket-Championnat stinn nom 2. Spilldag an der Tëscheronn vum Titelgrupp mat de Musel Pikes an dem Basket Esch schonn déi éischt Halleffinaliste fest. Donieft huet dës Woch den Asaz vun 3 Profien bei der Amicale Steesel fir vill Polemik gesuergt. D'Lynn Kayser mam Rebound vun dëser Woch.
Am Basket-Championnat stinn nom 2. Spilldag an der Tëscheronn vum Titelgrupp mat de Musel Pikes an dem Basket Esch schonn déi éischt Halleffinaliste fest. Donieft huet dës Woch den Asaz vun 3 Profien bei der Amicale Steesel fir vill Polemik gesuergt. D'Lynn Kayser mam Rebound vun dëser Woch.
Am nationale Basket goufen de leschte Weekend déi lescht Plazen am Titelgrupp verginn. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op d'Coupehalleffinallen no vir.Donieft huet d'Basketswelt engem vun de ganz Grousse mussen Äddi soen.
Am nationale Basket goufen de leschte Weekend déi lescht Plazen am Titelgrupp verginn. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op d'Coupehalleffinallen no vir.Donieft huet d'Basketswelt engem vun de ganz Grousse mussen Äddi soen.
E Freideg tëscht 12 an 13 Auer war d‘Christiane Meynen Invitée beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich iwwer Sport. Mat der Generalsekretärin vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun hu mer natierlech iwwert den Euro Meet geschwat deen mat all sengen nationalen an internationalen Vedetten de Weekend an der Coque ass. Donieft hu mer awer och mat der studéierter Kiné de Volet vum Schwammen an der Schoul beliicht, wou d‘Schwammfederatioun jo eng Formatioun an eng formation continue fir d‘Léierpersonal ubidd, déi awer bei wäitem nach net esou genotzt gëtt wéi se kéint, respektiv misst ginn!
E Freideg tëscht 12 an 13 Auer war d‘Christiane Meynen Invitée beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich iwwer Sport. Mat der Generalsekretärin vun der Lëtzebuerger Schwammfederatioun hu mer natierlech iwwert den Euro Meet geschwat deen mat all sengen nationalen an internationalen Vedetten de Weekend an der Coque ass. Donieft hu mer awer och mat der studéierter Kiné de Volet vum Schwammen an der Schoul beliicht, wou d‘Schwammfederatioun jo eng Formatioun an eng formation continue fir d‘Léierpersonal ubidd, déi awer bei wäitem nach net esou genotzt gëtt wéi se kéint, respektiv misst ginn!
Wei gewinnt ass am Dezember d'Generalversammlung vun der nationaler Liichtathletikfederatioun. Zäit also fir de Bilan ze zéien an op d'Joer 2019 zeréck ze kucken. Donieft verroden Iech d'Fabienne Zwally an d'Jana Peters am Sprint vun haut déi leschten Resultater.
Wei gewinnt ass am Dezember d'Generalversammlung vun der nationaler Liichtathletikfederatioun. Zäit also fir de Bilan ze zéien an op d'Joer 2019 zeréck ze kucken. Donieft verroden Iech d'Fabienne Zwally an d'Jana Peters am Sprint vun haut déi leschten Resultater.
Viru ronn 20 Joer huet seng Passioun ugefaangen, wéi e mat engem Kolleg an der Vakanz op Mallorca war. Wéi de Stve Carmentran do ënner Waasser getaucht ass, war et ëm hie geschitt. Mëttlerweil mécht en och Fotoen am naassen Element a war esouguer scho bei der Weltmeeschterschaft an der Ënnerwaasser-Fotografie zu Zeeland mat vun der Partie. No wéi enge Critèren déi beschte Fotoen do erausgesicht ginn an iwwert e weidere Concours zu Monaco, huet en eis an der Mëttesstonn erzielt. Donieft goufe mer gewuer, wéi eng verschidden Tauchschäiner et ginn a wéi enge Kreaturen eisen Invité schonn am Mier begéint ass.
Viru ronn 20 Joer huet seng Passioun ugefaangen, wéi e mat engem Kolleg an der Vakanz op Mallorca war. Wéi de Stve Carmentran do ënner Waasser getaucht ass, war et ëm hie geschitt. Mëttlerweil mécht en och Fotoen am naassen Element a war esouguer scho bei der Weltmeeschterschaft an der Ënnerwaasser-Fotografie zu Zeeland mat vun der Partie. No wéi enge Critèren déi beschte Fotoen do erausgesicht ginn an iwwert e weidere Concours zu Monaco, huet en eis an der Mëttesstonn erzielt. Donieft goufe mer gewuer, wéi eng verschidden Tauchschäiner et ginn a wéi enge Kreaturen eisen Invité schonn am Mier begéint ass.