POPULARITY
D'Wieder weess alt nees net wierklech, wat et wëllt, mee d'Konscht awer. An dowéinst invitéiert d'Ekipp vum Neimënster dëse Sonndeg op hiren neie Festival L'embellie. Do geet et net einfach just ëm Opklärung oder Verbesserung, nee: do sollt Dir Geleeënheet kréien, d'Kreatioun vu muer ze entdecken, Konscht bei där alles méiglech ass, respektiv gëtt. Hanner quasi all Neimënster-Dier erwaarden Iech den 1. Juni Musiker:innen, bildend Kënschtler:inne, Dänzer:innen, an anerer. Déi meescht vun hinne waren oder sinn an enger Kënschtler:inne-Residenz an der fréierer Abtei a Prisong. Esou zum Beispill d'Clio Van Aerde. D'Kerstin Thalau huet d'Performerin a Bünebildnerin am Gronn besicht.
D'Geschicht vum Interview ass bal esou laang, wéi den Interview selwer. Als Virbereedung op de Film Love Me Tender vun der Anna Cazenave Cambet an op den Interview mat der Vicky Krieps hat de Jeff Schinker d'Buch vun der Constance Debré, op deem de Film baséiert, aus senger Bibliothéik gekroopt a vergiess, et an d'Valise ze leeën. Zu Cannes huet en d'Buch nach eemol kaf, just fir et um Sonndeg am Kino leien ze loossen, dat, nodeems en eréischt d'Hallschent dovu gelies hat – no 22 Filmer innerhalb vu 5 Deeg een Effet vun der Middegkeet. Am Bichergeschäft zu Cannes louch et net méi, well hie sech et selwer ewech kaf hat, an zwou Librairien zu Antibes war et och net ze fannen, wouwéinst dann de béise mä effikasse Liwwerservice dee mer all kennen huet missen dru gleewen. Den Interview selwer z'organiséieren war änlech schwéier, als éischt krut eise Journalist eng Ofso, duerno eng Waardelëscht fir ee Kollektivinterview mat der internationaler Press, ma quasi a leschter Sekonn ass et em gelong, net just d'Buch fäerdeg ze liesen, ma och ee One on One Interview ze kréien, dank engem immens effikassen a sympatheschen Attaché de presse. Fir eng laang Geschicht kuerz ze halen: Den Interview huet stattfonnt – a wat d'Vicky Krieps iwwert hir Roll an der Verfilmung vu Love Me Tender, hir nei Produktiounsfirma Viktoria Productions an d'Absence vum neien Jim Jarmusch Film op der Croisette ze soen huet – dat lauschtere mer elo.
No enger schwéierer Kandheet am Texas plädéiert Alok Vaid-Menon mat Poesie a Comedy fir en tolerant Zesummeliewen. Haass kann een nëmme mat Léift bekämpfen, fënnt si. An d'Liewe wier ze kuerz fir sech iwwer Pronomen opzereegen. Si ass mat hirer neier Comedy Show "Hair Situation" e Sonndeg am Atelier. D'Claire Barthelemy huet sech hir Karriär ugekuckt.
Wann Dir Iech scho mol selwer u Sound Effecter wollt probéieren, kënnt Dir dat de Sonndeg um PICelectroNIC zu Bouneweg. De radio 100,7 organiséiert do nämlech e Workshop.
Viru fënnef Joer ass Lëtzebuerg an de Lockdown gaangen, d'Zeitunge kucken haut dorop zeréck, donieft gëtt op de Referendum an der Gemeng Bettenduerf e Sonndeg gekuckt, wou d'Leit fir oder géint eng Nordstadfusioun vun hirer Gemeng wielen.
Wat huet de Bounesonndeg mam Buergsonndeg ze dinn, dee mir déi lescht Woch gefeiert hunn? A firwat kenne der vill dee Sonndeg haut net méi? Den Alain Atten kläert op.
Zanter den Donald Trump nees um Rudder ass, bléist ee stramme Wand an der Weltpolitik.
2009 zesummegedoen, spillt de Kreisler Quartett gréisstendeels Concerten zu Lëtzebuerg. Den Ensembel, deen aus Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker besteet, huet dobäi ee breet gefächerte Repertoire. Dëse Sonndeg (16.3.) spillt d'Formatioun ee Concert zu Lasauvage an der Eglise Sainte-Barbe. Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt den Cellist Niall Brown iwwer d'Creatioun vum Kreisler Quartett , de Concertsprogramm an d'Liewen tëschent berufflechem a private Museksliewen.
Haut ass Buergsonnden. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat dëse Sonndeg mat der Kierch an de Ritter ze dinn huet a firwat een dëse Sonnden och nach déi al Fuesent nenne kann.
De Maurice Ravel gëtt op engem Sonndeg, 7. Mäerz 1875, gebuer. Séier entwéckelt hie sech zu engem erfollegräiche Komponist, wuel och mat Ufanksschwieregkeeten. De Jean Thill a Lex Kauffmann blécken an engem Gespréich zeréck op d'Liewe vum Impressionist Maurice Ravel.
D'Harf ass e ganz duusst, rouegt a langweilegt Instrument, dat dacks just da genotzt gëtt, wann et drëm geet, datt d'Musek eng verdreemte Stëmmung kritt. Mee stëmmt dat? “Nee”, seet d'Catherine Beynon. Fir déi verschidde Facettë vun hirem Instrument ze weisen, trëtt d'Harfenistin vun de Lëtzebuerger Philharmoniker e Sonndeg um 11 Auer am Kammermusekssall vun der Philharmonie op a proposéiert mat anere Membere vum Orchester e Programm ronderëm den Titel Harp in Harmony. De Luc Boentges huet mat der Solistin iwwer d'Harf an d'Affiche vun dësem Concert apéritif geschwat.
Viru knapps zéng Joer hu sech déi plastesch Kënschtler Nora Wagner a Romain Simian zu Lëtzebuerg an en Auto gesat, a si mat wéineg Sak a Pak duerch Ost-Europa gejauft. Do wou si spontan stoe bliwwe sinn, hu si experimentell Konschtprojeten duerchgeféiert. Zejoert huet d'Nora Wagner dës Iddi nei opgegraff, fir se zu Fouss duerch d'Groussregioun weiderzeféieren. Och déi Kéier goung et ëm d'Potential vu kollektiver Kreativitéit, spontane Renconteren, d'Zesummenerliewen. Nach bis de Sonndeg ginn d'Resultater dovunner als Konschtexpo an der Saarbrécker Stadtgalerie gewisen. D'Kerstin Thalau war kucken an huet fir d'Nora Wagner an de Studio invitéiert.
Dëse Sonndeg, 9. Februar, kann een am Cube 521 zu Maarnech de Ludwig van Beethoven op eng ganz Intim Art a Weis kenneléieren. Ënner dem Titel Beethoven und seine Zeitgenossen gëtt e Portrait vum Bonner Komponist un Hand vu Bréiwer a Kompositioune vu senge Zäitgenossen am Cube 521 zu Maarnech gezeechent. D'Geiistin Sandrine Cantoreggi erkläert am Gespréich mam Marie Trussart, firwat de Beethoven grad am Europa vun haut nach esou wichteg ass a fir si e wichtegen Unhaltspunkt bleift. Tëschent deenen eenzelne Wierker liest d'Schauspillerin Brigitte Urhausen och Bréiwer vir, déi dem Beethoven säi Liewen an de Kontext setzen. D'Schauspillerin ass och Spriecherin, ënner anerem bei Arte a bei der ARD. Si verréit wien dem Beethoven seng Zäitgenosse waren, ob de Komponist elo wierklech esou granzeg war, wéi hien ëmmer duergestallt gëtt, an ob si e Sonndeg éischter als Spriecherin, als Schauspillerin, oder als eng Mëschung vu béide Rollen optriede wäert.
Den Dram fir bei der Europameeschterschaft dobäi ze sinn, geet fir Dammen -Nationalekipp weider. Gëschter huet d'FLBB Selektioun, kloer a Bosnien/Herzegowina gewonnen. Wann d'Ekipp elo och nach e Sonndeg a Montenegro gewënnt, dann ass ee sécher op der EM dobäi. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
Am nationale Basket hunn d'Dammen op héchstem Niveau dëse Weekend Paus. Charlie Bidinger a Co. spillen d'nächst Woch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun an hunn d'eenzegaarteg Méiglechkeet sech fir d'EM ze qualifizéieren. D'Hären hunn am Championnat haut an e Sonndeg en duebele Spilldag um Programm stoen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
16 Joer laang war d'Alice Frohnert Prostituéiert. Sexaarbechterin gouf déi gebierteg Polin an den 80er an Däitschland fir domat hire Studium ze finanzéieren. No hirer Zäit um Stréch war et de Karriärswiessel an de Journalismus, bei d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Zënter deem setzt d'Alice Frohnert sech dofir an, d'Prostitutioun als Beruff ze rehabilitéieren. Den neien Episod vum B-Radio leeft dëse Sonndeg um 11 Auer um Radio 100,7 an op 100komma7.lu.
It's winter, so I thought it would be the ideal opportunity to talk about the weather and the various traditional events we generally do in winter, especially in Luxembourg. Did you know the seasons are a topic of the Sproochentest Oral Exam? If your goal is to sit the language exam to acquire Luxembourgish citizenship in the upcoming months, then tune in. De Wanter is a masc. noun so the winter is de Wanter. And in winter is am Wanter . Example: In Winter it is cold: Am Wanter ass et kal. Let's start to talk about the weatherPrett? Da lass!- Mir schwätzen fir d'éischt iwwer d'Wieder. D'Wieder = the weatherWéi ass d'Wieder am Wanter zu Lëtzebuerg: How is the weather in Lux in Winter?Am Wanter ass et meeschtens reenereg, gro a kal. Et ginn e puer sonneg Deeg awer meeschtens ass et bedeckt. D'Temperaturen bleiwen oft ënnert 10 Grad, sou tëscht -4 an 6 Grad. In Winter it's mostly rainy, grey and cold. There are a few sunny days but it is mostly cloudy. The temp stay often under 10 degrees, so between -4 …Et ass seelen lëfteg allerdéngs bléist e kale wand and et schneit heiansdo. It is not often windy however a cold wind is blowing and sometimes it snows.To snow = schneien - pronunciation - it is snowing = et schneit: et schneit net oft zu Lëtz.The snow = de Schnéi - mir haten leschte Wanter vill Schnéi - we had a lot of snow last winterAm Wanter ginn d'Lëtzebuerger och gär an de Wantersport. Here we mean the winter sports holiday. Beipsill: Mir ginn ëmmer am Februar an de Wantersport fir Schi ze fueren: We always go to wintersportsd during vacation to skiing.An de Wantersport goen / fueren = to go to wintersports Schi fueren = to skiingDe Wanter zu Lëtzebuerg dauert 3 Méint an zwar vum 21. Dez bis den 21. Mäerz.Am Dezember ginn et vill traditionnel Fester an Evenementer. Dec is is filled with many traditions and events in Luxembourg. Hei sinn e puer typesch Fester Here are some typical feasts.Niklosdag oder Kleeserchersdag - den 6. Dezember. Wat ass d'Traditioun: 1 oder 2 Wochen virum 6. Dez stellen d'Kanner owes hir Schlappen virum Schlofzëmmer. A wann se brav waren fannen se deen nächsten Moien Séissegkeeten, Mandarinnen oder Nëss an hire Schlappen. Wann se net brav waren, kréien se entweeder näischt oder eng Rutt. De 5. Dez stellen d'Kanner en Teller virun d'Dier mat enger Muert an Hee fir dem Kleeschen säin Iesel an e Glas Mëllech mat Kichelcher fir de Kleeschen.A moies de 6. Dez fannen d'Kanner Spillsaachen, Schockela an Uebst an Nëss um Teller De 6. Dezember ass och schoulfräi fir d'Kanner déi an d'Primärschoul ginn.The historical custom is that a week or two before the 6 December, children put their slippers outside their bedroom at night. If they have been kind they will find a sweet or chocolate, or nuts or a mandarin inside their shoe the next morning. If they weren't kind then they get either nothing or a Rutt (a small stick or branch representing a switch). On the night of 5 December, children leave out a plate with some hay or a carrot for Saint Nicolas' donkey and a glass of milk and cookies for the man himself.And in the morning of Dec 6th chlidren find toys and chocoalte on their plate. The primary school children in state schools also get the day off as a holiday.An am December fänkt och de Chrëschtmaart un , the Christmas market! – Den traditionnele Chrëschtmaart ass op der Plëss (Place d'Armes) an och bei der Gëller Fra (the golden lady).Um Chmaart ginn et vill Buden mat Chrëscht Dekoratiounen, puer Attraktioune fir d'Kanner an natierlech och, vill Iessbuden mat
Datt eng Lëtzebuerger Futtballekipp virum Match net aus dem Vestiaire kënnt, well d'Salairen net iwwerwise goufen, huet een esou och nach net am nationale Championnat erlieft. De Swift Hesper ass doduerch e Sonndeg net géint Munneref ugetrueden. Et ass en neien Déifpunkt, wat d'Suen am Futtball och hei am Land mat sech bréngen. Geld investéieren ass dat eent, ma e schlechten Ëmgank mat dëse Sue suergt allgemeng am nationale Futtball fir vill Problemer. Ee Commentaire vum Jeff Kettenmeyer.
Am Rebound vun haut, steet d´Hären-Nationalekipp am Mëttelpunkt. Déi huet e Sonndeg an der WM Pre-Qualifikatioun, géint Rumänien verluer. Déi vill Leit déi beim Match mat dobäi waren, ware sech awer eens, datt sech amgaangen ass eppes am Lëtzebuerger Basket positiv, ze entwéckelen. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...
Sonndeg, de 17.11. hu mir eis Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie live vun de Walfer Bicherdeeg iwwerdroen. Invitéë beim Valerija Berdi a Michel Delage waren d‘Laureatinnen an d‘Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mir lauschteren elo en Extrait aus dëser Emissioun: D‘Gewënnerin vum Buchpräis an der Kategorie Literatur, d‘Margret Steckel mat hirer Novell “Mutterrache”. Derbäi ass och hir Editrice, d'Susanne Jaspers, vum Verlag Capybarabooks.
Offiziell ass tëschent dësem Freideg, 22. November, an dem Sonndeg, 24. November, déi 10. Luxembourg Art Week. D'Zelt um Glacis steet, a vu muer un huelen d'Art-Week-Evenementer rasant zou. Esou kënnt Dir muer (21.11.) tëschent 14 a 15 Auer an der Art Talks Area d'Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award Luxembourg” lauschtere goen. Mam Award ausgezeechent goufe jo ufanks November d'Performerinne Clio van Aerde vu Lëtzebuerg plus d'Marianne Villière vun Nanzeg. Bedeit fir déi éischt 4 Méint Kënschtlerinne-Residenz zu New York, fir déi zweet 6 Méint. D'Clio van Aerde war doropshi scho Live-Invitée bei Kultur um 5. D'Kerstin Thalau hat elo och Geleeënheet mat der Marianne Villière ze schwätzen.
Déi lescht Plack vun Trentemøller heescht “Dreamweaver“ an ass grad emol 8 Wochen dobaussen. Fir den Dän, deen um Ufank vu senger Karriär éischter fir laang instrumental Tracks bekannt war, ass d'Plack den Eckpunkt vun enger Evolutioun zu méi vokaler Musek. Déi atmosphäresch an originell Tracke sinn nach ëmmer meeschterhaft mat déiwe syntheeteschen Texture begléckt, an deenen och organesch an instrumental Sounds hir Kraaft entwéckelen - eng schéi Balance. Op all Track séngt iwwregens seng Kollaboratrice DiSA, déi och schonn eng Zäitche Member vu senger Live-Band ass. Iwwerhaapt ass de Kontrast tëschent feiner Studio-Aarbecht um Album, an enger richteger Band-Experienz op der Bün, scho laang ee Markenzeeche vun Trentemøller - zanter et deemools Zäit war, op d'Bün ze goen. Den Anders Trentemøller a seng Band sinn de Sonndeg den Owend (17.11.) zu Gaascht an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm spillt d'Sakura, alias Sakura Katsuura Chow, eng verspillten a minimalistesch Produzentin vun Hongkong, déi zu Wien schafft. Eng interessant Affiche!
An eise Kulturnews hate mir Iech schonn doriwwer informéiert, datt, am Kontext vum Vernissage vum traditionellen Hierschtsalon vum CAL, de Prix-Pierre-Werner 2024 un d'Molerin Lara Weiler, Joergang 1999!, goung. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir hir priméiert Aarbechte plus déi vu weidere 45 Kënschtler:innen am Tramsschapp um Lampertsbierg entdecken. D'Kerstin Thalau war natierlech do, huet zesumme mat der Lara Weiler en Tram bis op de radio 100,7 geholl, fir hei am Studio hir Diskussioun weiderzeféieren.
Mat 6 Joer huet de Johan Perdigão mam Piano ugefaangen. Elo mat 20 Joer studéiert hien dat Instrument zu Wien an de Sonndeg spillt hien e Concert zu Lëtzebuerg. Am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher steet hien zesumme mat der Luxembourg Philharmonia op der Bün. Eréischt d'lescht Joer hu si zesummen dem Edvard Grieg säi Concerto fir Piano gespillt, an elo steet dee vum Robert Schumann op der Affiche. Bei deem Wierk fillt de jonke Pianist virun allem staark Léift. Dem Marie Schockmel huet hie méi verroden.
Hie wier frou gewiescht, datt esou erfuere Museker wéi de laangjärege Konzertmeeschter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Philippe Koch an de Pianist Johan Schmidt, hie gefrot hätten, e Concert ze spillen. Zesumme mat béide Museker interpretéiert den Cellist Stéphane Giampellegrini e Sonndeg, 10. November, zu Buerglënster am Schlass Pianostrioen vu Ludwig van Beethoven, Sergei Rachmaninoff a Felix Mendelssohn. De Luc Boentges huet mam Cellist iwwer de Programm an de Kader vum Concert geschwat.
In episode 19 you learned how to start a conversation in Luxembourgish. In this episode, you will learn a) the secret to becoming more fluent and improving your Luxembourgish; b) how to keep a conversation going, without running out of things to say!Let's start with the secret to becoming more fluent and improving your Luxembourgish: this is so simple: you might be surprised: ASK MORE QUESTIONSAnd we will at the end of the episode practice with two example conversations – an informal one using the du-form and a formal one using the Dir-form. Are you ready to learn this secret and master an everyday conversation?Bass du prett? Da lass!Most of the topics of small talk conversations include an observation followed by a question. This is the best way to get people talking about themselves.Talking about your next holidaysThe holidays are always an interesting topic. Usually people like talking about their next holidays. Here are some useful phrases to start a conversation about that topic. An easy and straightforward question:Wouhi gees du dëst Joer an d'Vakanz? – Where are you (informal) going on holidays this year?But if you want something more original, try this:Endlech! Déi nächst Woch ass Schoulvakanz. Hutt dir schonn eppes vir? Finally! Next week is school holidays. Do you (plural) have already something planned?Ech fueren, wéi ëmmer, am Februar an de Wantersport. An du? Gees du och am Wanter an d'Vakanz? – I go, as always, in February in the winter sports. What about you (informal)? Do you go as well on holidays in winter?Here's an example of how NOT to have an Luxembourgish conversation:War däi Weekend flott? – Did you have a nice weekend?Jo. An däin? – Yes. And how was yours?Majo, och flott. – Well, nice as well.Unfortunately, the conversation stops here because there's no natural way to continue it. This is OK if you only want to have a quick conversation (for example, if you are quickly passing a co-worker in the hallway). But how can you have a longer conversation in Luxembourgish?2 KEYS to continuing a conversation in Luxembourgish1 Ask questions that start with the question words Wat, Wéini, Wou, Firwat and Wéi. Try to avoid yes/no questions.2 In your answers, give one or two details that will help continue the conversation. You don't need to talk for a long time.Example of Luxembourgish ConversationsHere are two example conversations – an informal one using the du-form and a formal one using the Dir-form. Notice how each person adds one or two details, and then there is a follow-up question about the details. Moien! An, wéi war däi Weekend? Zimmlech flott! E Samschdeg ware mir bei Frënn agelueden an e Sonndeg war ech mat menge Kanner an de Kino. Flott. Wat sidd dir da kucke gaang? Den EMOJI!An? Wéi war en? De Kanner huet de Film natierlech gutt gefall. An du? Wat hues du de Weekend gemaach? Net esou vill. E Samschdeg sinn ech doheem bliwwen a sonndes moies ginn ech jo ëmmer lafen.Ah sou? Wéi laang leefs du dann? Normalerweis tëscht 45 Minutten an eng Stonn. Leefs du eleng?Jo, leider. Hues de Loscht eng Kéier matzekommen?”Oh nee, dat ass net menges. Ech gi just gär schwammen.A wouhi gees du da schwammen?…Hello! And, how was your weekend?Quite nice! On Saturday we were invited at some friends and on Sunday I went with my kids to the cinema.Nice. Which movie have you been watching?EMOJIAnd? How was it?Of course, the children liked the movie. And how about you? What have you done last Weekend?Not sou much. I stayed at home on Saturday and on Sunday mornings I always go running.Oh, really? How long do you run?Usually between 45 minutes and one hour.Do you run alone?Yes unfortunately. Would like to come with me once?Oh no, that is not my cup of tea. I just like to go swimming.And where do you go swimming? Website: https://luxembourgishwithanne.luSproochentest Oral Exam Prep Class:https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/oralexamFacebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=enLinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/postsYoutube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA
Tëschent dem Freideg, 27. September, a Sonndeg, 6. Oktober si queesch duerch Lëtzebuerg déi traditionell Journées du patrimoine. Esou invitéiert de Spektrum zu Rëmeleng zum Beispill op de Projet “Minett Metabolisms”, also op eng Zort Porte ouverte mat enger Hellewull Aktivitéite fir all Alter. De Spektrum versicht, sech als Zentrum fir multimedial an digital Konscht en Numm ze maachen, als Uert fir Kënschtlerresidenze plus Hotel; dat Ganzt mat Bezuch zum Passé: schliisslech war dës Plaz fréier als Hames-Haus bekannt. De Kënschtler a Sculpteur Albert Hames hat do och säin Atelier. Zanter sengem Doud 1989 vollgepaakt mat Skulpturen a Studien, mat sengem Aarbechtsgeschier. D'Konschtrestauratrice Laura Di Mola gouf domat beoptraagt, dëse Schatz en valeur ze setzen. D'Kerstin Thalau huet si kennegeléiert.
Ënner dem Motto "Clarinet and company" spillen e Sonndeg, den 22. September, fënnef Museker aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, deen éischte Concert fir dës Saison aus der Serie Concerts apéritifs. Um Programm sti Wierker fir ee Quintett vun zwee Komponisten: dem Franz Krommer an dem Robert Fuchs. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verréit de Klarinettist Arthur Stockel méi iwwer de Choix vun de Wierker an d'Roll vun der Klarinett wärend de leschte Joerzéngten.
D'Zeitungen hu probéiert erauszefannen, virwat de Gerson Rodrigues beim Nationsleague-Match géint Belarus e Sonndeg, aus dem Kader erausgehäit gi war an do kënnt och Kritik un der FLF héich
Den 22. Juli 2007 ass fir d'Famill Petit ee Sonndeg wéi all aneren och, si ginn hirer Traditioun no, dass eent vun de Kanner fir d'Famill kacht. Dobäi wëssen se net, dass d'Gefor direkt virun hirer Dier lauert. Zwee Abriecher waarden nëmmen drop, dass d'Famill schlofe geet, fir dass si an d'Haus kënnen. Wéi et dann sou wäit ass, eskaléiert alles an aus dem Abroch gëtt en Iwwerfall an aus dem Iwwerfall gëtt eng Geiselnam mat grausame Qualen. Wat do alles geschitt an och schif gelaf ass, gëtt een an dëser Episod gewuer.
Dee lëtzebuergesch-däitsche Kënschtlerduo M+M huet sech hei am Land mëttlerweil en Numm gemaach; eventuell well si, mat hirer Konscht, anescht wéi hir Homonymmen, net fir Karies, mee fir konstruktiv Gedankenustéiss suergen. Esou zum Beispill am Casino, virun 10 Joer, mat hirer komplexer Videoinstallatioun “7 Tage”, déi en Acteur a banalen, mee an engems kontradiktoresche Situatioune weist. De Marc Weis an de Martin De Mattia, déi zu München liewen a schaffen, beschäftege sech multimedial mat der Dekonstruktioun vun Identitéiten, Netzwierker, Architekturen, enger zäitlecher Linearitéit. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir am Casino an der Ënneschtgaass eng aner M+M-Facett entdecken: hir kuratoresch Aarbecht.
Sujeten haut: Serie Commerce zu Diddeleng, e Sonndeg um Stauséi, Opklärung iwwer séchert Feieren um e-Lake an d'Serveurscourse an der Stad.
Sujeten haut: Serie Commerce zu Diddeleng, e Sonndeg um Stauséi, Opklärung iwwer séchert Feieren um e-Lake an d'Serveurscourse an der Stad.
2024 ass, nieft Bad Ischgl an Éisträich plus Bodø an Norwegen, Tartu, also déi zweetgréisste Stad an Estland, 2024 Europäesch Kulturhaaptstad. Wéi den Zoufall et wëllt, lieft a schafft déi lëtzebuergesch Curatrice Fanny Weinquin fir zwee Joer an Estland. Fir si war kloer: am Kulturjoer-Kontext misst een och Lëtzebuerger Konscht weisen. Si huet d'Multimedia-Kënschtlerin Justine Blau kontaktéiert, déi zwee hunn en Dossier eragereecht, an hire Projet gouf ugeholl. Nach bis e Sonndeg inclus presentéiere si der Justine Blau hire Projet “Veil of Nature” an de botaneschen Zäre vun der renomméierter Uni Tartu. D'Kerstin Thalau huet mat der Justine Blau no hirem Retour aus Estland geschwat.
Theemen haut: Walen a Frankräich um Sonndeg, Resumé Background, Nato-Sommet zu Washington a Public Viewing zu Lëtzebuerg.
Theemen haut: Walen a Frankräich um Sonndeg, Resumé Background, Nato-Sommet zu Washington a Public Viewing zu Lëtzebuerg.
D‘Zeitunge kommen de Moien nach emol op den Trounwiessel zeréck, dee mat der Annonce vum Grand-Duc Henri, op Nationalfeierdag, e Sonndeg agelaut gouf, de Guillaume géif gäre Grand-Duc ginn, heescht et
Bei den EU-Walen e Sonndeg entscheet sech déi zukünfteg Ausriichtung vun der europäescher Unioun. Kann eis Groussregioun e Model si wéi eng gutt a staark europäescht Zesummenaarbecht funktionéiere kann? Dozou Iwwerleeungen vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.
Um Europawale-Weekend maachen 2 vun eise Muséeën hir Dieren op a feieren Europa mat enger Hellewull ganz ënnerschiddlechen Aktivitéiten: am Nationalmusée um Fëschmaart ass Porte ouverte, dëst am Kontext vu 50 Joer Oeilleterevolutioun a Portugal; d'Ekipp vum Lëtzebuerg City Museum - kann ee soen - rappt hir Dieren op a geet eraus: hiren drëtten urban history festival fënnt an de Stroosse vu Bouneweg statt. Do proposéiert de Konschthistoriker Hans Fellner, zum Beispill, seng “urban walks”, de Samschdeg an de Sonndeg tëschent 10 an 13 Auer. Point de depart ass bei der Entrée vun de Rotonden. D'Kerstin Thalau an de Joé Birchen hunn den Hans Fellner bei enger “Walk”-Prouf begleet.
Wie Skateboard fiert, entwéckelt en anere Bléck op den urbane Raum. Den neie B-Radio leeft dëse Sonndeg um 11 Auer. De Michel Delage diskutéiert mat de Skate-Cracken Dan Luciani, Ornello Haan, Nicolas Calmes a Pierre Reyland.
De leschte Sonndeg koum eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibaririe“ live vun Hunchereng. Am Kader vum Beetebuerger Literaturfestival „LiteraTour“ hu mir mat Leit aus der Welt vun der Lëtzebuerger Literatur geschwat. Eng vun eisen Invitéeë war d‘Martine Schoellen. Si huet schonn eng Abberzuel u Kannerbicher aus dem Engleschen iwwersat, déi Bicher si bei Editions Guy Binsfeld erauskomm. D‘Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Martine Schoellen.
De Wladimir Putin huet d'Presidentewale mat 88% vun de Stëmme fir sech entscheet an dierf bis 2030 russesche President bleiwen. Groussbritannien huet d'Walen a Russland e Sonndeg als "illegal" bezeechent: d'Wieler hätte keng Wiel gehat, well keng kritesch Géigekandidate konnten untrieden. En Tëscheruff vum Jean-Marc Sturm.
Et war souguer – bis leschte Sonndeg - de fënneft-wäermste Wanter iwwerhaapt zu Lëtzebuerg.
Gëschter war fir d'Hären Nationalekipp den Optakt vun der Pre WM-Qualifikatioun. An do gouf et zu Cluj a Rumänien och den éischte Succès. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op dee Match zeréck an och no vir op dee vun e Sonndeg géint Norwegen...
Haut ass Buergsonndeg an natierlech kënnt eise Sproochmates Alain Atten op dëse Sonndeg no Fuesent ze schwätzen.
De Freideg (24.11.) an e Sonndeg (26.11.) kann een am Stater Conservatoire eng ganz besonnesch Oper kucke goen. D'Chant Lyrique Klasse ginn op d'Bün a presentéieren eng Reinterpretatioun vum Mozart senge bekannten Operen. Fir si ass dat eng eenzegaarteg Geleeënheet, bei enger professioneller Produktioun matzewierken. Dozou d'Enseignante Hélène Bernardy
“rainy days” - dat ass de grousse Festival fir zäitgenëssesch Musek hei zu Lëtzebuerg. Dëst Joer ass en op véier Deeg verdeelt, mat iwwer 30 Events an der Philharmonie, a bis de Sonndeg kann een an der Philharmonie nach villes entdecken. Et geet vu Concerten, iwwer Installatioune bis hin zu Talks mat Musekeri:nnen. D'artistesch Direktesch ass d'Lëtzebuerger Musekerin Catherine Kontz. D'Marie Schockmel aus eiser Klassik-Ekipp huet sech mat hir ënnerhalen.
Mat eise Sujeten: Futtball WM, leschte verkafsoppene Sonndeg fir dëst Joer an eng Ausstellung vum Yann Tonnar.
Theemen: Tripartitesgespréicher um Sonndeg, 1 Dag virum Staatsbegriefnes vun der Queen, Genealogie mat Luxracines an d'virtuell Bibliothéik vum Gilbert Trausch.
Theemen haut waren: 175 Joer Thermalbad Munneref, Autofräie Sonndeg, Formel 1, Mountainbike-Championnat an Accident N25.