POPULARITY
Den Historiker, Prof. Dr. Gerhard Paul beliicht Beispiller, d'Originn, d'Verbreedung an d'Liewe vun Ikonen an der Pressefotografie aus dem 20. an Ufank 21. Joerhonnert. De Conferencier geet der Fro no, wéi Fotoen Ikone ginn, wat hir speziell Eegenschafte sinn, wéi se am individuellen a kollektive Bildgediechtnes gespäichert sinn a wéi eng Funktiounen se fir hir Empfänger hunn. "Ikonen der Pressefotografie", eng Konferenz am Kader vun der World Press Photo, enregistréiert de 25. Oktober an der Abtei Neimënster. Mastering a Montage: Carlo Link Organisatioun: neimënster, Conseil de Presse Luxembourg, Fondatioun Zentrum fir politesch Bildung, Commission nationale du Luxembourg pour la coopération avec l'UNESCO, Musée National de la Résistance
Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och de Gesank entdeckt, haut ass d’Mariette Lentz a béide Funktiounen aktiv: als Sopranistin op de Musekbünen an als Gesanksproff am Conservatoire zu Ettelbréck. Ëmmer erëm begeeschtert se sech awer och fir besonnesch Projeten. Een esou e Projet heescht „Radio Days“ a beschäftegt sech mat dem Radio a senger Musek an de Joren tëscht 1930 an 1955. Ausserdeem trëtt se mam Ensembel Kammerata Luxembourg op.

58 Mol war hien de Kommissar Mario Kopper am "Tatort Ludwigshafen" an huet nieft der Ulrike Volkerts als Lena Odenthal ermëttelt. Virun 2 Joer war den Schauspiller Andreas Hoppe eng leschte Kéier an där Roll am Asaz. De Berliner Acteur huet sech awer zënterhier op aner Terraine gewot: als Acteur, awer och als Auteur an als Natur- an Ëmweltschützer. An deene leschten zwou Funktiounen ass hien haut fir eng Liesung zu Lëtzebuerg mat sengem Buch "Die Hoffnung und der Wolf". An de Mëtteg war den Andreas Hoppe bei eis am Gespréich an huet natierlech iwwer de Kopper an iwwer de Wollef geschwat.

Zanter zwanzeg Joer steet d'Fro vun der Ongläichheet am Zentrum vun de Geeschteg- an Sozialwëssenschaften, fir d'Nokrichsgesellschaft ze beschreiwen. Mee schonn eleng an dësem Zäitraum hu sech d'Bedingunge vum Aarbechtsliewen erëm verännert an nei Forme vun Onsécherheet sinn entstanen, trotzt engem gutt funktionéierende Sozialstaat. Zur selwechter Zäit fanne radikal Changementer statt, déi déi sozial Verbindungen innerhalb vun der Famill oder der Allgemengheet betreffen. Nei Formen a Funktiounen entstinn. Begrëffer wéi "Solidaritéit", "Risikogesellschaft", "Ausgrenzung", "Vulnerabilitéit" beschreiwen dës sozial Verännerungen. Akommes a Wunnen, Gender, Bildung, Migratioun a kulturell Diversitéit waren Themen, déi den 2. Oktober an der Maison du Peuple zu Esch-Uelzecht, debattéiert goufen. Organiséiert ënner anerem vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg a Kooperatioun mam radio 100,7 - opgeholl a verschafft vum Carlo Link. Keynote: "Soziale Ungleichheit in Europa" vum Professer Dr. em. Hartmut Kaelble, Humboldt-Universität, Berlin. © Université du Luxembourg Diskutéiert hunn: André Roeltgen (OGBL-President), Nicolas Schmit (Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft), Anik Raskin (Conseil national des Femmes au Luxembourg), Charel Schmit (Caritas Lëtzebuerg), Dr. Sophie Schram (Historikerin), Dr. Antoine Fischbach (Uni Lu), v.l.n.r.. Montage: Carlo Link / Fotoen: © Université du Luxembourg Forum Z vum 2. Oktober 2018: Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg? © Université du Luxembourg Forum Z, eng kritesch an oppen Debatt iwwer aktuell Themen an der Perspektiv vun der lëtzebuergescher an der europäescher Zäitgeschicht: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z
"Ech soë kloër: giff d’Lëtzebuerger Regierung majoritär eng aner Positioun an der Iran-Kris anhuelen, giff dat fir mech automatesch bedeiten, dass ech meng Funktiounen nidderléen. " - dat seet net deen Allermannsten, mee am Kontext vun der Krichsgefor am Noen Osten den Dan Kersch. Ee vun de Ministeren also- mat 2 Portefeuillen - deen der groussherzoglecher Regierung ugehéiert.Couragéiert fënnt dat de Roy Grotz, deen de Politiker em sou en zivilen Courage beneit.