POPULARITY
No dräi Filmer, iwwer där hir Qualitéit sech d'Kritiker eens waren, koum de Wettbewerb e bëssen un d'Struewelen: “Nightgrown” vun der Hannah Bergholm a “Rosebush Pruning” vum Karim Aïnouz hu polariséiert, wärend "Dust" vun der Anke Blondé a "Salvation" vum Emin Alper nees méi konsensfäeg, mee vläicht och filmesch e bësse méi brav waren. De Jeff Schinker mat sengen Andréck vu Berlin
Véier Generatioune vun enger Famill liewen an engem Paräisser Appartement wärend der Studenterevolt vu Mee 1968. De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dës Drama-Comedie vum Schwäizer Lionel Baier, eng Lëtzebuerger Co-Produktioun.
Haut gëtt et Eskapismus vum Feinsten mat antiker Housewives-Konscht, Beckham-Meme-Gold an Tradwife-Mentalitéit aus der Lëtzebuerger "TikTok"-Szeen. Tëscht Anefuerschung a BDSM-Storyen gi kënschtleresch Kéip gemoolt, sech vill geräuspert a Leit geblockt. Mat dobäi sinn ënner aanerem d'OG-Barbara, d'Fatima vum "Alima", eng besonnesch delusional Drag Queen an "Die 20 Wildesten". Mir froen eis: Si mir vläicht an der "Truman Show"? Wou läit de "Mount Rashomon"? Wee vun eis ass "It's a small world" an enger Persoun a ween ass Famill mam Michel Sardou?
Fir déi eng ass et den optimale Chrëschtdagskaddo, mat deem ee seng Famill ka quälen, fir déi aner een "objet de risée", wéi een op Franséisch esou seet. Wärend de Sarkozy a säin Editeur Fayard sech also d'Hänn reiwen, well d'Buch sech wéi waarm Bréidercher verkeeft, weess déi franséisch Intelligentsia grad net, ob se soll a Fremdscham versénken oder iwwer dat seele penibelt Machwierk just de Kapp rëselen a laachen. Wien déi 210 Säite vun “Le journal d'un prisonnier” awer liest, deem vergeet d'Laachen. Den Tom Haas an de Jeff Schinker hu sech derduerch gekämpft - a liwweren Iech hir Andréck.
Dat 15 Joer alt Emanuela Orlandi lieft mat senger Famill am Vatikan, well säi Papp ass en héische Mataarbechter vum Poopst. D'Emanuela geet zu Roum an eng Musikschoul, sou huet et och mëttwochs den 22. Juni 1983 do Kuer. Hei gëtt et nach vun engem Typ ugeschwat fir een Job bei enger Kosmetikfirma. Nom Kuer ënnerhält hatt sech nach mat senge Frëndinnen a mécht sech dann op de Wee fir zeréck an de Vatikan. Hei kënnt hatt awer ni un an zanterdeem feelt vum Emanuela all Spuer. Et kommen ëmmer erëm verschidden Hiweiser an Tipps, mee dat alles féiert zu kengem Resultat. Sou entstinn onzieleg Theorien zu senger Verschwannen. Alles dat gëtt et an dëser Episod vu Loscht op Mord.
In my latest podcast episode – From mäi Brudder to hir Famill – get Luxembourgish possessives right! – I break down possessive pronouns step by step, with clear explanations, easy-to-remember tables, and practical examples from everyday life.Being able to say mäi Brudder, meng Schwëster, säi Kand, hir Famill may seem small, but it makes a huge difference in conversations – whether you're introducing your family, talking about colleagues, or describing what belongs to whom.Master these pronouns and boost your confidence in Luxembourgish!
Den LCGB-President mengt, datt d'Gewerkschaftsfront gegrënnt gouf fir ze halen an d'Famill vum Jong, deen zu Leideleng vum Zuch iwwerrannt gi war, mécht eng Plainte géint d'CFL.
An eiser Summerserie vun de renomméierte Rencontres de la photo d'Arles hu mir Iech e puermol mat an de Palais de Luppé geholl. Do haten nämlech eng Partie Lëtzebuerger Fotokënschtler:innen Geleeënheet, hir Aarbechten invitéierte Konschtexperten a Konschtexpertinne bei labbere Portfolio-Reviews ze presentéieren. Firwat an engem Palais aus dem 18. Joerhonnert, dee géint 1900 vum franséische Vicomte Gaston de Luppé opkaf an op neo-florentinesch renovéiert gi war? Well et do e Bezuch zu Lëtzebuerg gëtt. Dat ass d'Kerstin Thalau am Gespréich mam Enkel a Palais-Ierwe Loup-Sanche de Luppé gewuer ginn.
Eng dysfunktional Famill wiesselt hir Vakanzepläng a verbréngt se net bei de Schwéierelteren, mee an engem Vakanzenduerf am Vercors, wou d'Tensiounen tëschent den Elteren an den zwee Bridder zu engem Eclat kommen: Mat "Un été 79" huet de Jean-Philippe Blondel en touchante Coming-of-Age geschriwwen, dee gläichzäiteg ee soziopolitescht Spigelbild vun der franséischer Gesellschaft Enn de 70er ass. Eng perfekt Summerlecture, mengt de Jeff Schinker.
Daache mir eppes als Gesellschaft? Dorëms geet et an der “Sperber Bussard Frage“, deem neien Erzielband vun der Nora Wagener, deen am Verlag Guy Binsfeld erauskoum. An dräizéng Erzielunge ginn aktuell gesellschaftlech Sujeten op ënnerschiddlech Manéieren traitéiert: Generatiounskonflikter, Konsum, Aarbecht, Famill, Sexualitéit, Léift, Sozial Medien, dat Ganzt am Kontext vum Afloss vun der digitaler Entwécklung. Méi dozou wëssen d‘Valerija Berdi an de Michel Delage.
Am Mäerz 1922 entdeckt d'Famill Gruber um Haff Hinterkaifeck komesch Saachen, déi drop hindeiten, dass een sech am Haus ophält. Den Haff läit relativ isoléiert an et wunne sechs Persounen do. Den 31. Mäerz 1922 gëtt déi ganz Famill brutal ermort. Mee bis dat opfält vergi véier Deeg. Et schéngt wéi wann den Täter weider um Haff gewunnt, gekacht, gebak a souguer d'Kéi gestrach hätt. Et ginn e puer Verdächteger, mee bis haut konnt keen Täter ermëttelt ginn.
Ee Familljegeheimnis kann een anert verstoppen: an der Clothilde Salleles hirem éischte Roman "Nos insomnies" geet et ëm eng Famill, déi u kollektiver Insomnie leit. Mee dohannert verstoppt sech een touchante Portrait vun engem depressive Papp, gezeechent vun der empathescher jonker Duechter, déi d'Erwuesseneliewen duerch d'Lëns vun der Depressioun kenneléiert. Ee klengt Meeschterwierk, fënnt de Jeff Schinker.
Nationalfeierdag läit hannert eis. An de Grand-Duc Henri ass zanter 25 Joer um Troun. An nach ëmmer stinn d‘Lëtzebuerger eigentlech hannert der groussherzoglecher Famill. Ganzer 69 Prozent vun de Befrote soten am neiste Politmonitor, dass d‘parlamentaresch Monarchie déi beschte Staatsform fir Lëtzebuerg wär. Iwwer d‘Hallschent fënnt awer och, dass mol eng Kéier an engem Referendum iwwer d‘Monarchie ofgestëmmt kéint ginn. Dem Pierre Jans no kann dat just eppes heeschen.
Nationalfeierdag läit hannert eis. An de Grand-Duc Henri ass zanter 25 Joer um Troun. An nach ëmmer stinn d‘Lëtzebuerger eigentlech hannert der groussherzoglecher Famill. Ganzer 69 Prozent vun de Befrote soten am neiste Politmonitor, dass d‘parlamentaresch Monarchie déi beschte Staatsform fir Lëtzebuerg wär. Iwwer d‘Hallschent fënnt awer och, dass mol eng Kéier an engem Referendum iwwer d‘Monarchie ofgestëmmt kéint ginn. Dem Pierre Jans no kann dat just eppes heeschen.
Kritik un der LUGA haut um Optakt, eng ukrainesch Famill, déi aus der Struktur eraus muss, a Kritik vum Léon Gloden un de Grenzkontrollen: Sujete vun haut an der Press
Kritik un der LUGA haut um Optakt, eng ukrainesch Famill, déi aus der Struktur eraus muss, a Kritik vum Léon Gloden un de Grenzkontrollen: Sujete vun haut an der Press
D'Marlene Dietrich sëtzt am Donkelen, d'Liza vu Lëtzebuerg hëlleft beim Charitydinner an d'Musiksdiven ginn ënnert d'Lupp geholl – dat a villes méi erwaart iech haut an ärem Liblingspodcast! Mir äusseren eis zwar net iwwert de Poopst, dofir awer iwwer e Mierschwéngche mat Gittar, Kolleeginne vum Tennis an Toilettëpabeier aus dem Cactus. Ausserdeem geet et ëm d'Catcalling Season, Stage Moms op der Päischtcroisière an eng Dokterthees iwwer eng gutt amerikanesch Famill. Mir streeën nach e puer verletzend Poschen, e Libesgedicht, eng Telenovela an d'Tante Tina an de Mix a wënschen iech e schéine Sonnde mat "Paus."!
“On a des liens plus que professionels” - dat seet d'Michèle Kerschenmeyer iwwer de Quatuor Louvigny, an deem si d'Pianistin ass. Hiren nächste Concert an der Philharmonie ass den 28. Abrëll owes um hallwer 8. En ass organiséiert vun de Solistes Européens, Luxembourg. Déi fënnef Museker kenne sech alleguer schonn zanter Laangem: déi eng ware Professer vun deenen aneren, an déi aner si wierklech Famill mateneen. D'Pianistin an de Geiist Philippe Koch spille schonn zesummen zanter méi wéi 20 Joer. Um Programm vun dësem Concert sti Kammermusekswierker vu Shostakovich a Brahms. Am Gespréich mam Marie Schockmel erzielen déi zwee méi iwwer de Concertsprogramm an iwwer déi familiär Atmosphär an hirem Ensembel.
D'Ausstellung war scho geplangt, mee da stierft de Moler onerwaart. De leschte September war et d'Nouvelle, datt de Max Dauphin mat nëmme 47 Joer d'Suitte vun engem Accident a Südfrankräich net iwwerlieft huet. Hien hannerléisst eng Fra an zwee kleng Kanner. An d'Famill decidéiert fir den Expo-Termin awer bäizehalen. D'Kerstin Thalau war an der Galerie Reuter-Bausch an ass vun der Catherine Dauphin-Decker gewuer ginn, firwat dat fir si, grad elo, esou wichteg ass.
“Eng optimal Balance tëschent Beruff a Privatliewen ass net nëmme fir déi mental Gesondheet, mee och fir eng laangfristeg Produktivitéit vu Bedeitung, dowéinst muss een tëschent béide kloer Grenzen zéien!” fuerdere Guiden a fette schwaarze Buschtawen. Do kënne verschidde Kënschtler:inne warscheinlech just de Kapp rëselen: wéi soll dat an hirem Alldag méiglech sinn? D'Fotokënschtlerin Néckel Scholtus trennt net an doriwwer eraus ass hir Famill och reegelméisseg Bestanddeel vun hirer Konscht. Momentan zum Beispill bei der Expo “Entre réel et impalpable” am CAPE zu Ettelbréck. D'Kerstin Thalau huet d'Néckel Scholtus an de Studio invitéiert.
De Roman River East, River West koum ufanks lescht Joer bei den Editions William Burrow an Duckworth eraus. D'Geschicht spillt zu Shanghai a China. Erzielt gëtt se ofwiesselnd aus der Perspektiv vun der Teenagerin Alva an hirem Stéifpapp Lu Feng. Béid hunn eng komplizéiert Bezéiung zur Sloan, hir Mamm respektiv Fra, eng Amerikanerin, déi den an USA net géing opfalen, a China awer ëmmer am Mëttelpunkt dierf stoen. D'Buch erfuerscht dobäi den Effekt vun der Sloan hirer exzentrescher Perséinlechkeet op d'Liewe vun hirer Famill. Déi franséisch-chinesesch-amerikanesch Autrice Aube Rey Lescure war dës Woch op Invitatioun vum Bicherclub Between the Lines an der City Bibliothéik fir d'Buch ze presentéieren. Den Nicolas Calmes duerft sech duerno mat hir ënnerhalen.
2025 weist eise Kalenner zanter e puer Deeg un an eng Neijoerschreceptioun an Invitatioun fir tëscht Famill, Frënn a Kolleegen unzestoussen, kënnt op déi aner. Sou vergeet de Mount Januar mat Gléckwënsch, Rieden a Gespréicher iwwer dat wat eriwwer ass an dat wat kënnt. Dozou eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomistin a Kommunikatiounsexpertin.
Mir liesen eis um 100,7 duerch d'Lëscht vun de Bicher, déi fir de Booker Prize nominéiert goufen. Dës Kéier stelle mir eent vir, dat et net op d'Shortlëscht gepackt hat, mee wat trotzdeem immens liesenswäert ass. Et geet ëm “Wandering Stars” vum Tommy Orange - ee Buch, dat enger indigener Famill an Amerika iwwer e puer Generatioune begleet. D'Claire Barthelemy huet d'Buch gelies.
Extremismus, Terrorismus, Konspirationismus - mir kennen all Léit, déi "ë bësse méi komesch Iddien”. Mee et schéngt der ëmmer méi ze ginn. A et schéngt, wéi wann se ëmmer manner Problemer hätten, hir komesch Iddien als eppes ze verkafen, wat eigentlech guer net komesch méi ass...Wee wees, vläit ass ee jo esouguer selwer ee vun deenen. Wat maachen ech, wa meng Famill oder Frënn op emol schéngen sech ze radikaliséieren? Oder wann ech et bei mir selwer mierken? Firwat passéiert dat? Muss ech mer Suergen maachen? En Gespréich mam Karin Weyer an mam Nicolas Hirsch vun Respect.lu
Ready to boost your Luxembourgish with a new B1 Conversation Workout? Mastering real conversation takes practice—especially when you want to discuss everyday topics more naturally and confidently.In this episode, we'll tackle conversations about job satisfaction and your work life. Perfect for a coffee chat with a friend or a new acquaintance! You'll strengthen both listening and speaking skills, learning how to express opinions about your job, ask questions, and answer in a way that sounds natural and authentic. First You'll hear the whole conversation between Jeannine and Anne -2 works colleagues - so an informal conversationThen I will go through important vocabulary and phrases used in the conversation so to practice together and make sure your Luxembourgish sounds more fluent and that you also gain in confidenceReady to practice? A: So mol Jeannine, bass du zefridden mat danger Aarbecht? Tell my J are you happy with your job?J: Jo, eigentlech schonn. Meng Aarbechtskollegen si sympathesch an meng Aarbecht ass interessant. Yes, pretty much. My colleagues are nice and my job is interesting. Awer ech géif gär méi Verantwortung iwwerhuelen. But I would like to take on more responsibility.A: Wat mengs du mat méi Verantwortung? What do you mean with …J: Ech wëll gär an den nächste 5 Joer eng dichteg Positioun iwwerhuelen. I would like to take on a leadership position in the next 5 years. A wéi gesäit et bei dir aus Anne? And how about you?A: Ech sinn och zefridden mat menger Aarbecht, awer ech wënsche mer méi Geleeënheeten fir meng Fäegkeeten weider ze entwéckelen. I'm happy with my job too, but I wish to have more opportunities to develop my skills.J: Seriö? Ech wousst net, datt s du esou éiergäizeg bass. Really, I did not know that you were so ambitious.A: Dach, - YesJ: Wéi laang schaffs du da schonn hei? How long have you been working here?A: Dat ass mäi 5. Joer an der Firma. This is my 5th year with this company.J: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du maache kéints, fir däin Zil ze erreechen? Have you already thought about what steps you could take to achieve your goal?A: Jo, ech hu mam Chef driwwer geschwat, an hien huet proposéiert datt ech un enger interner Ausbildung deelhuelen soll. Yes, I've discussed this with the manager, and he suggested that I take part in an internal training.J: dat ass eng gutt Iddi. That's a good idea.A: Jo, ech freeë mech iwwer dës Formatioun = Ausbildung. Ech wäert sécherlech vill Neies an och nei Fäegkeeten léiere. Yes, I'm looking forward to this training. I will for sure learn a lot of new stuff and also new skills.J: ech mengen, datt et och wichteg ass eng gutt balance tëscht Aarbecht a Fräizäit ze fannen. I think that finding a good balance between work and free time (it) is also important.Vergiess net och heiansdo Spaass am Liewen ze hunn. Aarbecht eleng mécht net glécklech. Don't forget to have some fun sometimes in life. Work alone won't make you happy.A: Jo dat stëmmt. Dofir versichen ech mech ze entspanen an de Weekend treffen ech meng Frënn. An du? Wat méchs du fir de Kapp fräi ze kréien? Yes, that's right. Therefore I try to relax and at the weekend I meet my friends. And what about you? What do you do to clear your head?J: Also, ech ginn heiansdo lafen an ech maachen reegelméisseg Yoga. An ech verbrénge vill Zäit mat menger Famill a mat menge Frënn. Also, I sometimes go running and I regulary do Yoga. And I spend a lot of time with my family and my friends.A: Do hues du recht. There you're right. J: Absolut. Sou, genuch geschwat. ech mengen et ass nees Zäit fir schaffen ze goen. Absolutely. So, enough talked. I think it's time to go back to work.Well done! Nice work for sticking with me all the way through that training.It's training your mouth and your memory through repetition that will help you sound more like a native speaker.Do you want to practice actively conversation then reach out to LWA and get all details about our 1:1 conversation coaching program with me as your coach.Website: https://luxembourgishwithanne.luSproochentest Oral Exam Prep Class:https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/oralexamFacebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=enLinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/postsYoutube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA
Am Automag vun haut steet mam Mazda CX-80 en SUV mat Plaz fir déi ganz Famill am Mëttelpunkt. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech de 7-Sëtzer fir eis am Detail ugekuckt.
„Le grand jour de Guillaume“, d'Zeitungen hunn haut Detailer iwwert d'Zeremonie vun der Lieutenance an och soss Sujete ronderëm déi groussherzoglech Famill.
Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancëgläichheet? Ass Formel 1 en fairen Sport? A wa jo, firwat gewënnt dann net ëmmer de beschte Pilot? Ass de cost cap fair? Schützt een domat net di schlecht Écurien? An hunn ech och eng Chance an d'F1 ze kommen, wann ech net an enger räicher Famill gebuer ginn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Cette traversée, liée à la maladie de sa compagne, Didier l'a vécue sur le siège du passager - quoi que - vous savez ce que l'on dit à propos de la place du passager ….Comment, lorsque l'on est à côté, aux côtés d'une personne que l'on chérit profondément vit-on cette succession de nouvelles? Comment reçoit-on les émotions qui vous traversent? Comment entre silence et pudeur essaie t-on d'être là au mieux alors que l'on est aussi terrassé ?C'est un témoignage précieux et poignant que nous livre ici Didier. Précieux car il aborde sans tabou ses sidérations, de ses émotions (tendez l'oreille, sa voix en dit long parfois) et la philosophie de vie qui en découle, avec une conscience accrue de devoir saisir et profiter de tous les petits moments fugaces de bonheur, au milieu de toutes ces montagnes russes.
Mëssbrauch an der Famill aus ënnerschiddleche Perspektiven op d'Bün bréngen: Dat ass der Autorin Mandy Thiery mat hire Stécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" gelongen. Mä wat fir e perséinlechen a professionelle Prozess stécht do dohannert? Hefteg, gewot, ze vill: Mat dësen Adjektiver hunn ënnerschiddlech Persounen dem Mandy Thiery seng Theaterstécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" an der Vergaangenheet kommentéiert. Dobäi beschreiwen si Mëssbrauchserfarungen ënnerhalb vun enger Famill, wéi se dagdeeglech stattfanne kënnen. 2018 huet de Monodrama "Escher Meedchen" Premiere gefeiert, 2023 dunn d'Theaterstéck "Escher Bouf" - eng drëtt Episod vun der Geschicht ass geplangt. Säit 2018 huet sech vill fir d'Autorin Mandy Thiery verännert. Si huet duerch d'Theaterstécker net nëmmen hir eege Familjengeschicht opgeschafft, mä och materliewt, wéi de Kultursecteur mat engem Sujet wéi Mëssbrauch ëmgeet. Zesumme mam Isabel Spigarelli vun der woxx deelt d'Mandy hir Erfarungen an denkt haart doriwwer no, ab wéi engem Alter eng Sensibiliséierung fir de Sujet Mëssbrauch eigentlech sënnvoll ass. Lauschtert eran!
Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Wang-Bing-Filmer, a spezieller Zeenographie, am Cercle Cité presentéiert. Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d'Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D'Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Filmer vum Wang Bing am Cercle Cité presentéiert. Tëscht dem 29. Februar an dem 10. Mäerz ass Luxembourg City Filmfestival. Mat dobäi de Wang Bing. De Realisateur ass 1967, kuerz nom Ufank vun der Kulturrevolutioun, a China op d'Welt komm, huet mat 14 säi Papp verluer, ass du fir seng Famill schaffe gaangen. Spéider huet hie Foto a Film studéiert. Am Westen huet hie sech mëttlerweil en Numm als haarde realisteschen Documentaire-Filmer gemaach. Mat véier vu sengen Aarbechte kënnt Dir iech elo schonn am Ratskeller vum Cercle Cité ausenanersetzen. Eng Film-Expo obschonns Wang-Bing-Aarbechten am Kontext vum Festival gewise ginn? D'Kerstin Thalau ass dozou vun der Curatrice Anastasia Chaguidouline méi gewuer ginn.
Theemen haut: Bauereprotester, Internetkonsum vu Jonker, 4 Méint Gazakrich mat Zeienausso vu Famill an Tennis Classics.
Theemen haut: Bauereprotester, Internetkonsum vu Jonker, 4 Méint Gazakrich mat Zeienausso vu Famill an Tennis Classics.
Och um leschten Dag vun 2023 ass nees Zäit fir eng "Paus.". Mir kucken zeréck op e Joer voll Ups and Downs an deelen Erkenntnisser a Virsätz. Mat dobäi sinn d'Häipie vum Joer, Filmdiskussiounen, "Baccara" 1 an 2 an dem Luc seng Fritten. Ob den George Michael oder den George Fedder, Schnéi an Afrika oder Gucci-Flipflops am Krichsgebitt – et ass nees Spaass fir d'ganz Famill ugesot. Fir net an de sougenanntenen opportunisteschen Teller ze trëppelen, gëtt et o nach Kacka an der Chamber, Panik am Karussell an e bëssen Dschungelcamp. Rutscht gutt, awer net ze wäit – höhö!
Wat bleift hänken vun 2023? Ëm Hallefnuecht sprange mir vun engem Joer an dat anert, sou änlech wéi vun engem Boot op en anert. Vill Saachen ginn engem duerch de Kapp, déi eng déi laang gedauert hunn a vläicht net sou agreabel waren, an anerer déi just kuerz awer dofir immens schéin waren. Vill Impressiounen hu mer och gedeelt mat Famill, Bekannten, Noperen, dem Land oder der ganzer Welt, an dorobber kënnt d'Marie Gales elo zréck. Bei him sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
Ob fir de Gebuertsdag, d'Feierdeeg elo oder dat neit Joer – dacks wënscht ee senger Famill a Frënn eng gutt Gesondheet. Mir hu bei wäitem net de schlechtste Gesondheetssystem hei zu Lëtzebuerg, ma op ville Plazen ass nach Loft no uewen, mengt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
Theemen: Nei Campagne Securité routière, Famill muss aus Wunneng, ouni eng nei ze hunn, flexibel Aarbechtszäiten, FLF-Kader fir EM-Qualifikatioun an d'Art Week.
Theemen: Nei Campagne Securité routière, Famill muss aus Wunneng, ouni eng nei ze hunn, flexibel Aarbechtszäiten, FLF-Kader fir EM-Qualifikatioun an d'Art Week.
Männer verdénge méi wéi d'Fraen, a Beruff a Famill ënnert een Hutt kréien ass schwiereg an zu Laaschte vu Fraen ouni gëeegent Kannerbetreiung.
Dank technesche Probleemer bal eng Woch méi spéit... mee trotzdeem gëtt et nees Spaass fir d'ganz Famill, léif GenossInnen. Mat der schéinster Heterostëmm geet et haut em Chipsen un der Léngt, d'Currywurst 90210 a vegane VIP-Feeling zu Berlin. Eventuell ass och den Här Mendes zeréck a mir hu Filmer ouni Gebrauchsanweisung dobäi. Niewt neien Dubai-Skandaler a (geplatztenen) Sponsordreem spille mir "Loup Garou" mat de Real Housewives an et geet onverhältnesméisseg vill em Capes. Excuse our wokeness!
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert? ➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten? ➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups and Downs" ➡Upcoming Japan Tour! Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen: 14:59 50 Cent - Many Men 32:37 Blanket Hill - Neighbourhood Vill Spaass beim Lauschteren!
Bis 2017 féiert d'Lori Vallow ee schéint Familienliewe mat sengem Mann an hire Kanner. Bis hatt op religiéis Bicher vum Chad stéisst, an dann an ee Fanatismus fält dee fir seng Famill déidlech op en Enn geet.
"All glécklech Famille gläiche sech, all onglécklech Famillen sinn op hir eege Manéier onglécklech" - dat Zitat aus dem Tolstoi sengem "Anna Karenina" géif och gutt op eng nei Serie passen, déi am Moment um däitschen ZDF leeft: "Gestern waren wir noch Kinder". D'Claudine Muno huet schonn emol eragekuckt.
En Dënschdeg ass Allerhellegen, e Mëttwoch Allerséilen – déi Deeg, wou et vill Leit op de Kierfecht zitt, bei déi Verstuerwe vun hirer Famill. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
An dësem psychologeschen Horrorfilm aus Dänemark léisst sech eng naiv dänesch Koppel op d'Invitatioun vun enger hollännescher Famill an. Nei am Kino Eng Kritik vum Michel Delage
Wärend enger Vakanz a Mexiko léisst e räichen Englänner seng Famill am Plang. Wéi et ausgesäit, ouni verständleche Grond ... De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dee Film am leschte Grousse Kino beschwat. Extrait
Mëssstänn beim Rehazenter, d'Diskussioune ronderëm eng eventuell Impfflicht an d'Schwieregkeete vu lesbesche Koppelen eng Famill ze grënnen, dat sinn d'Sujeten an der Presserevue mam Paule Rodesch.
Kriibs ass keen Doudesurteel, mee eng Kränkt, mat där mir all direkt oder indirekt an der Famill konfrontéiert gi wäerten.
Wéi d'LAR Rettungsekipp an Afrika antrëfft, ass et fir de Guy ewell 5 vir 12! De Guy Theisen war 2019 eleng mam Motorrad uechter d'Welt ënnerwee, wéi hien an Afrika d'Malaria erwëscht huet a vun der LAR rapatriéiert gouf - de Camille Ney huet sech mat him a mat senger Famill ënnerhal...