village in Kurdistan, Iran
POPULARITY
Das Radial ass de Museksprojet vun engem Schauspiller, dem Max Thommes, deen an Däitschland an zu Lëtzebuerg bei Theater an Tëlee schafft. D'Experiment huet ugefaangen, wéi de Max Protagonist war vun engem Film iwwer d'Intrusioun vu Kommunikatiounstechnologien an eist Liewen an iwwer Datenobsessioun. D'Live-Performancë vun Das Radial ware vun Ufank un intensiv, rosen, energesch, freedeg, voller performativer Elementer. Mat der Zäit huet sech den Theemekrees vun de Stécker erweidert. Séier Moud, Konsumdenken, politescht Säbelrasselen, de Rietsruck an Däitschland, méi Narzissmus a Gefillskeelt - et ass kee rosat Bild, deen Das Radial vun der Gesellschaft zeechent a mat 80er New-Wave-Klängpassend ënnermoolt. Fir déi nei Das Radial Plack - en Album - koum nei Musek, wéi den Titel “Tür-Politik”, bei déi bekannte Banger bäi, déi an deene leschte Joren erauskoumen an ëmmer Fudder fir de Käppche matgeliwwert hunn.
D‘Lëtzebuerger Jazz-Rockgrupp Benoit Martiny Band huet den 8. Juni hir éischt Tour a Groussbritannien ugefaangen. Firwat dës Concerten dem Benoît Martiny esou vill bedeiten a wéi seng Musek an England ukënnt, dat erzielt Iech d‘Claire Barthelemy.
An der Kultur zu Lëtzebuerg sinn d'Frae nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Dat weist den Etat des lieux, deen de CID | Fraen an Gender wärend der Saison 2022-23 gemaach huet. D'Resultat ass erschreckend. Knapp ee Véierel vun de Plazen am kulturelle Secteur si vu Frae besat. An der klassescher Musek sinn dës Zuelen esouguer nach méi extreem: 80,9 Prozent vun de Plaze si vu Männer besat. D'Marie Trussart schwätzt mat Fraen aus dem kulturellen a feministesche Beräich iwwer dës Situatioun an iwwer hir perséinlech Erfarungen. Participanteën: • Alena Baeva, Geiistin • Chloé van Soeterstède, Dirigentin • Claire Schadeck, Chargée de projets CID | Fraen an Gender • Mariana Florea, Presidentin The Network Musek: • Helen Buchholz (1877-1953): Nocturno Marco Kraus, Piano • Lou Koster (1889-1973): Toute vie Orchestre Estro Armonico Luxembourg Jonathan Kaell, Direktioun • Catherine Kontz (geb. 1976): Murmuration Cathy Krier (Piano)
Op Initiativ vun der Ariel Wagner-Parker ginn um Lampertsbierg mat insgesamt dräi Chéier déi bekanntste Melodië vum Mikis Theodorakis opgeféiert. Dräi Chéier trieden den 11. Juni 2025 zesummen am Tramsschapp op. Dat sinn den Ambitus, d'Chorale vun der Communauté hellénique a Membere vun der Associatioun Sequenda. De Grond ass dem griichesche Komponist Mikis Theodorakis säin 100.Gebuertsdag, deen dëst Joer gefeiert gëtt. D'Ariel Wagner-Parker huet dëse Concert initiéiert. Domat schléisst si u Concerten un, déi hire Mann, de Guy Wagner (Auteur vum Buch "Mikis Theodorakis, une vie pour la Grèce" a fréieren 100,7-Mataarbechter mat enger eegener Serie iwwer de Mikis Theodorakis), zënter den 1970er Jore mat der Musek vum griichesche Komponist programméiert huet. Nieft dem Concertsprogramm huet d'Ariel Wagner-Parker dem Christophe Mirkes am Gespréich vill biographesch Detailer iwwer de Mikis Theodorakis verroden.
An der Philharmonie gëtt et net nëmmen d'Lëtzebuerger Philharmoniker, mee och d'Orchestra Academy. Dat ass eng Ausbildungsinstitutioun an där jonk Musekerinnen a Museker aus der ganzer Welt intensiv forméiert gi fir eng Karriär als zukünfteg Orchestermuseker:innen unzetrieden. Net nëmmen an der Philharmonie gëtt et esou eng Orchesterakadmie, mee vill aner Concertshaiser an Europa hunn dat och. Den 23. Mee hunn sech all déi Akademië fir ee Konferenzdag an der Philharmonie getraff. D'Haaptfro war: Wat solle Museker vu muer kënnen a wat solle mir hinnen haut bäibréngen? D'Akademie vum BR (Bayerischer Rundfunk) war och do, vertrueden duerch d'Luisa Fischer aus der Geschäftsführung. Fir si war et déi éischt Konferenz mat anere Responsabele vun Orchesterakadmien aus Europa. Zanter 25 Joer scho ginn et an der BR-Akademie ëmmer 18 Akademisten, déi fir 2 Joer ausgebilt ginn. Nieft der Musek spillen awer och den interkulturellen Austausch an d'kierperlech a mental Gesondheet eng grouss Roll. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit d'Luisa Fischer méi iwwer d'Zesummenaarbecht vun den Akademien, a wéi den Alldag vun engem Akademist ausgesäit, a wat d'Roll vun den Akademien am Fong ass.
Een Theaterstéck, dat wéineg Succès hat, mee duerch dem Georges Bizet seng Musek immens gutt beim Public ukënnt: dat ass déi kuerz Zesummefaassung vun der bekannter Orchestersuite “Arlésienne”. Am Géigesaz huet d'Kompositioun an d'Oper “Carmen” bei hirer Uropféierung esou guer net iwwerzeege kënnen. An ass dach haut eng vun de meeschtgespillten Operen iwwerhaapt. Jo, de Georges Bizet huet ee ganz interessanten CV virzeweisen. Ee Grond fir am Kader vu sengem 150. Doudesdag dëst besonnescht Liewe Revue passéieren ze loossen. Eng Recherche vum Jean Thill, am Gespréich mam Lex Kauffmann vum opus 100,7.
Fir d'Lëtzebuerger Philharmoniker stoung elo ee grousse Wiessel un. De Gustavo Gimeno hält no 10 Joer als Chefdirigent op, an de leschte Freide war säi leschte Concert an där Roll an der Philharmonie. Dat markéiert d'Enn vun enger grousser Era, iwwert déi den Alain Steffen elo e Buch erausbruecht huet. “Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester” heescht dat, an doranner zeechent de Lëtzebuerger Schrëftsteller d'Visioun an de Parcours vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Net nëmmen seng eege Wieder kann een doranner liesen, mee och déi vu sëllege Personnagen aus der Welt vun der klassescher Musek. Een Héichpunkt am Buch ass fir den Alain Steffen seng Begéinung mam Pierre Cao. Den Alain Steffen huet hien deemools als jonken Dirigent kenne geléiert, an huet seng Entwécklung ganz genee matkritt. Méi Detailer iwwert säi Buch verréit den Alain Steffen am Gespréich mam Marie Schockmel, e puer Deeg virum leschte Concert mam Gustavo Gimeno als Chefdirigent.
"Luxemburg sucht den Superstar", awer fir zeitgenëssesch Musek. Dat erwaart de Public am Théâtre National du Luxembourg, kuerz TNL. D'Stéck gouf vum Komponist Claude Lenners a vum Regisseur Frank Hoffmann konzipéiert, mee wann een d'Beschreiwung vum Stéck liest, ass een sech net sécher. Ass et en Theaterstéck, eng Tëléemissioun oder villäicht e bësse vun deenen zwee? Ënner anerem dat, probéiert d'Marie Trussart am Gespréich mam Claude Lenners a mam Frank Hoffmann erauszefannen.
Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d'artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d'Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland. Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d'Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d'Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.
"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit. De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit. De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
Haut de Moien (05.05.) huet d'Philharmonie hir nei Saison virgestallt. De Programm baséiert op 4 Grondprinzipien: “Leading Figures”, “Une saison inédite pour notre orchestre”, “Les récits du Monde” an “Openness.Collaboration.”. Deemno stoungen déi grouss Klassikstaren am Vierdergrond, d'Lëtzebuerger Philharmoniker an enger Saison ouni Chefdirigent, Musek a Kulturen aus aller Welt, a Collaboratioune mat educativen Aktivitéiten. E Begrëff, dee wärend der Pressekonferenz och ëmmer nees opgetaucht ass, war d'Accessibilitéit. Wat dat genee heescht, erkläert de Christophe Mirkes am Gespréich mam Jeff Schinker.
Haut de Moien (05.05.) huet d'Philharmonie hir nei Saison virgestallt. De Programm baséiert op 4 Grondprinzipien: “Leading Figures”, “Une saison inédite pour notre orchestre”, “Les récits du Monde” an “Openness.Collaboration.”. Deemno stoungen déi grouss Klassikstaren am Vierdergrond, d'Lëtzebuerger Philharmoniker an enger Saison ouni Chefdirigent, Musek a Kulturen aus aller Welt, a Collaboratioune mat educativen Aktivitéiten. E Begrëff, dee wärend der Pressekonferenz och ëmmer nees opgetaucht ass, war d'Accessibilitéit. Wat dat genee heescht, erkläert de Christophe Mirkes am Gespréich mam Jeff Schinker.
"Dat bedeit puer Freed, well mir ganz vill Musek zesummen erlieft hunn", äentwert d'Maria Miteva op d'Fro wat déi 10 Joer Ars Nova Lux fir si bedeiten. Bei deem Ensembel ass si net nëmmen d'Flüttistin a Leederin, mee si huet en och virun 10 Joer zesumme mat der Komponistin Albena Petrovic an d'Liewe geruff. Am Fokus vun hire Concerte steet zanter dem Ufank Musek vu Lëtzebuerger Komponist:innen. De Samschden 3. Mee spillen si e Concert an der Philharmonie, mam Motto "Ways". Do geet et drëms, Kulturen zesummen ze bréngen. Dofir sti Wierker aus Japan, Bulgarien, Kroatien a Lëtzebuerg op der Affiche. D'Maria Miteva erzielt am Gespréich mam Marie Schockmel méi.
"Dat bedeit puer Freed, well mir ganz vill Musek zesummen erlieft hunn", äentwert d'Maria Miteva op d'Fro wat déi 10 Joer Ars Nova Lux fir si bedeiten. Bei deem Ensembel ass si net nëmmen d'Flüttistin a Leederin, mee si huet en och virun 10 Joer zesumme mat der Komponistin Albena Petrovic an d'Liewe geruff. Am Fokus vun hire Concerte steet zanter dem Ufank Musek vu Lëtzebuerger Komponist:innen. De Samschden 3. Mee spillen si e Concert an der Philharmonie, mam Motto "Ways". Do geet et drëms, Kulturen zesummen ze bréngen. Dofir sti Wierker aus Japan, Bulgarien, Kroatien a Lëtzebuerg op der Affiche. D'Maria Miteva erzielt am Gespréich mam Marie Schockmel méi.
E Sonndeg um 11 Auer iwwerdroen de radio 100,7 an den opus 100,7 déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live aus der Congresshalle zu Saarbrécken. Ënner dem Titel “Friedensvisionen” dirigéiert den dänesche Museker Michael Schønwandt den Orchester mam Edward Elgar senger éischter Sinfonie an dem Benjamin Britten sengem Pianosconcerto a Ré Majeur. Solist ass de Steven Osborne. Am Viraus vum Concert huet sech d'SR-Kultur-Museksjournalistin Gabi Szarvas mam Michael Schønwandt getraff, fir iwwer de Programm, déi perséinlech Bedeitung vun der englescher Musek fir den Dirigent an och den Theema Fridden ze schwätzen.
E Sonndeg um 11 Auer iwwerdroen de radio 100,7 an den opus 100,7 déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live aus der Congresshalle zu Saarbrécken. Ënner dem Titel “Friedensvisionen” dirigéiert den dänesche Museker Michael Schønwandt den Orchester mam Edward Elgar senger éischter Sinfonie an dem Benjamin Britten sengem Pianosconcerto a Ré Majeur. Solist ass de Steven Osborne. Am Viraus vum Concert huet sech d'SR-Kultur-Museksjournalistin Gabi Szarvas mam Michael Schønwandt getraff, fir iwwer de Programm, déi perséinlech Bedeitung vun der englescher Musek fir den Dirigent an och den Theema Fridden ze schwätzen.
Mat Musique Plus initiéiert United Instruments of Lucilin een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet. Tëschent Abrëll a Juli gëtt op fënnef Weekender d'Musek nämlech mat anere Beräicher kombinéiert: Architektur, Literatur an och den eegene Sënner. Wéi dat Konzept a Realitéit ausgesäit a wat Iesse mat zäitgenëssescher Musek ze dinn huet, doriwwer schwätzen de Guy Frisch an Olivier Sliepen mam Lex Kauffmann.
De Samschdeg, de 26. Abrëll, erkléngen am Escher Conservatoire déi bekannte Melodien aus dem Bernstein senger "Westside Story" an aus dem "Candide". Vum Gershwin ënner anerem "An American in Paris". Et ass Musek, an déi een déif muss andauche fir se ze verstoen, well se dacks op Rhythme baséiert, déi net aus eisen europäesche Kulture kommen. Et ass och genee dës kulturell Diversitéit, déi déi amerikanesch Musek aus dem 20.Joerhonnert esou interessant mécht, fënnt d'Pianistin Lina Druart. De Melting Pot New York ass och dat éischt un dat si muss denken, wa si un amerikanesch Musek denkt, wéi d'Lina Druat am Gespréich mam Christophe Mirkes verréit.
Um Piano am Stater Conservatoire huet dem Anselme Pau säi musikalesche Parcours ugefaangen. Zu San Francisco huet hien da Film studéiert, an duerno ass hie quasi aus Zoufall an de Beräich vun der Filmkompositioun gelant. Datt Musek eppes bei anere Leit bewierkt, huet de Lëtzebuerger Komponist schonn am Alter vun 9 Joer gemierkt. Elo huet hien en neien Album erausbruecht, mat 26 Kompositiounen aus verschiddene Filmer. Den Titel “Hidden Scores” passt zu 100 Prozent och op hien, well hien ëmmer hanner der Musek ass. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Anselme Pau ënner anerem méi iwwer seng Musek fir Documentairen, Filmer a Reklamme verroden.
D'Amelia Baker - Kënschtlernumm Cinder Well - ass eng amerikanesch Singer-Songwriterin. Hir musikalesch Ufäng sinn op den Albume vun der kalifornescher Anarcho-Folk-Band Blackbird Raum ze héieren. Fir hiren Interessi un traditioneller Musek ze verdéiwen ass si an Irland geplënnert, wou hire Solo-Folk-Projet Cinder Well gebuer ass. Ënner der Woch huet si am Ratelach zu Esch ee Concert gespillt. Den Nicolas Calmes huet hir nom Concert e puer Froe gestallt.
"C'est vraiment une volonté aussi de montrer que la musique contemporaine n'est pas que avantgardiste" - dat seet de Pierre Fontenelle iwwer d'Musek, déi hien den 13. Abrëll um 16:00 a sengem Solo-Recital zu Bieckerech an der Kierch spillt. Et ass e variéierte Programm, bei deem dee jonken Cellist Pierre Fontenelle dem Publikum d'Méiglechkeete vu sengem Instrument an deene verschiddenste Stiler presentéiert. Virun allem gëtt et och zäitgenëssesch weiblech Komponistinnen ze entdecken, mat deenen hien net nëmmen a Kontakt steet, mee heiansdo och op der Bün. Am 100,7-Interview mam Christophe Mirkes verréit de Pierre Fontenelle ënner anerem wéi hien dës Komponistinnen entdeckt a kennegeléiert huet.
Eng Musek fir an iwwer Schildkröte komponéieren? Dat huet d'Catherine Kontz elo gemaach. Net einfach esou, mee fir den Internationale Klarinetteconcours, deen den 11. Abrëll am Kader vum Klenge Maarnecher Festival am Cube 521 zu Maarnech ass. Wéi den Titel "Tortoise: For Mango and Teal" et scho verréit, huet d'Lëtzebuerger Komponistin dëst Wierk fir hir eegen zwou Schildkröte geschriwwen. D'Mango an d'Teal sinn dräi Joer al an hu verschidde Charakteren, déi d'Catherine Kontz och an der Musek verkierpert. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si méi verroden.
E Klassiker an der Modernitéit, e Rebell - esou beschreift de Jury vun den International Classical Music Awards (ICMA) de Komponist Christoph Ehrenfellner, deen dëst Joer de Composer Award gewonnen huet. Fir de Christoph Ehrenfellner ass et eng bedeitend international Unerkennung, wéi hie selwer seet - grad wéi hien och confirméiert, als Komponist een Non-Konformist ze sinn. De Guy Engels huet sech de 19. Mäerz 2025 mam Komponist zu Düsseldorf virun der Präisiwwerreechung vun den International Classical Music Awards ënnerhalen, ënner anerem iwwer seng non-konformistesch Manéier Musek ze schreiwen.
Méi a méi Audiophiller versammelen sech neierdéngs a Baren, déi a Premium Hifi-Ausrüstung investéiert hunn, fir Vinylen ze spillen - an deenen hire Klang optimal am Raum ze diffuséieren. Ee Phenomeen, deen aus Japan an Europa eriwwergeschwappt ass.
"Ich rauche nicht, ich trinke sehr wenig" - dat seet den däitsche Pianist Oliver Triendl. Amplaz vun de méi geleefege Suchtmëttelen ass et bei him éischter d'Produktioun vun neien Albumen. Mat senge 55 Joer huet hie schonn iwwer 150 Albumen erausbruecht an ass domat definitiv ee vun de produktiivste Museker an der Welt vun der klassescher Musek. Dëst Joer krut hien de Special Achievement Award bei den International Classical Music Awards (ICMA) an der Tonhalle zu Düsseldorf. De Guy Engels war op der Plaz an huet sech mat him ënnerhalen, ënner anerem iwwer seng Sucht, wéi och iwwert seng Passioun net nëmme Musek vu bekannte Komponisten a Komponistinnen ze spillen an opzehuelen.
De Fils vum Acteur a Sänger Aly Bintz, a fréieren Chef vun Tango, Voxmobile an IP-Lëtzebuerg huet och Musek am Blutt
"De Bach a Purcell si ganz al Kolleegen" - Dat seet d'Sopranistin Véronique Nosbaum. D'Musekerin ass professionell Operesängerin a begeeschtert sech zanter Klengem u fir déi barock Musek. 2010 huet si an deem Kader och de Vokalensemble CantoLX gegrënnt. Grad esou laang wéi et CantoLX da gëtt, organiséiert si och dëst Joer nees de Festival "Passion" am Neimënster, bei deem am Abrëll zwee Concerten op d'Visiteure waarden. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt d'Sopranistin, déi och nach Gesangscoursen am Stater Conservatoire gëtt, wéini hir Léift zu de barocke Kläng ugefaangen huet a wéi d'Lëtzebuerger Kulturzeen sech an de leschte 15 Joer entwéckelt huet.
Dem Sophokles säin “Elektra”, der Valérie Solanas hire SCUM Manifesto, en Attentat op den Andy Warhol, dem Elon Musk säin Hitlergrouss, Musek, Perkussioun, Videoclippen - dem Filip Markiewicz säin Elektra ass generéis, komplex a verlaangt dem Zuschauer eng relativ héich Konzentratioun of. Op dat opgeet - dat verroden d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker.
De Pierre Boulez ass eng Schlësselfigur vun der zäitgenëssescher Musek. Op engem 26. Mäerz 2025 wier de Komponist haut 100 Joer al ginn. Mir blécken zeréck op e Mënsch, dee fir eng Distanz tëschent senger Musek an dem Publikum gesuergt huet. Als Dirigent hat hien immens grousse Succès a konnt weltwäit grouss Orchestere leeden. Als Komponist huet de Boulez déi seriell Musek op en Héichpunkt bruecht a mat ville Reegelen a mathemateschen Usätz verännert. Mee verléiert d'Musek duerch esou vill Reegelen net hir Kreativitéit? Fannt et eraus an engem Gespréich tëschent dem Jean Thill a Lex Kauffmann vum opus 100,7.
An der Welt vun der klassescher Musekswelt ginn dacks Albumen opgeholl mat Musek vu Komponisten, déi net méi liewen. Bescht Beispiller sinn de Mozart oder de Bach. Op dem Markus Brönnimann sengem neien Album ass Musek ze héiere vun engem Komponist, deen aktuell 99 Joer huet an ëmmer nach weider Musek schreift. Et ass de György Kurtág aus Ungarn. De Markus Brönnimann, deen ënner anerem zanter 26 Joer Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker ass, spillt net eleng op dëser Produktioun, mee mat dobäi si weider 8 Museker:inne vu Lëtzebuerg an aus der Géigend. De Sonndeg 30. Mäerz ass de Release-Concert vum Album am CAPE zu Ettelbréck. Do trëtt de Markus Brönnimann mat der Kammerata Luxembourg op an um Programm steet nieft der Albummusek ënner anerem och nach eng eege Kompositioun vum Flüttist. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Markus Brönnimann ënner anerem, datt hien och scho mam ungaresche Komponist a Kontakt war.
“inVISIBLE Women” ass de Motto vun engem Concert, deen d'Commission d'égalité du genre vun der Uni Lëtzebuerg den 22. Mäerz am MUDAM organiséiert. Net nëmmen de Grupp deen optrëtt, ass 100 Prozent weiblech, mee et stinn och nëmme Komponistinnen um Programm. Ze héieren ass ënner anerem Musek vun der Lili Boulanger an dem franséischen Impressionismus, bei déi grouss Lëtzebuerger Musekerin Lou Koster, bis bei déi zäitgenëssesch belsch Komponistin Line Adam. D'Skerdi Zanaj huet dëse Concert op d'Bee gestallt. Si ass net nëmme Professorin fir Ekonomie op der Uni Lëtzebuerg, mee och nach Deleguée vun der Commission d'égalité du genre. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si ënnert anerem verroden, wéi wichteg et ass esou Concerten net nëmmen den 8. Mäerz ze organiséieren, a wéi d'Onvisibilitéit vun de Fraen net nëmmen an der Wëssenschaft siichtbar ass, mee och an der Welt vun der klassescher Musek.
“Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.
Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll. Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschdeg den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.
Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d'Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
"Flott Musek zesumme maachen a Freed zesummen hunn" - dat ass d'Zil vum Catch Music Festival. Dat ass ee Kammermuseksfestival hei am Land, deen dëst Joer seng 4. Editioun vum 14. bis de 16. Mäerz zu Bouneweg huet. Grënnerinne sinn zwou Lëtzebuerger Musekerinnen: d'Pianistin Cathy Krier an d'Geiistin Laurence Koch. Et geet haaptsächlech dorëms, deen "alen, verstëbsten, ultra steiwen Image, deen d'klassesch Musek huet, ze briechen", wéi d'Cathy Krier ë. a. erzielt am Gespréich mam Marie Trussart.
Dat seet de laangjärege Member a Pianist Pascal Meyer am Zesummenhang mat zäitgenëssescher Musek. Schüler aus dem Ettelbrécker Conservatoire kréien och d'Méiglechkeet fir méi Erfarung mat neier Musek ze sammelen. United Instruments of Lucilin spillt de 16. Mäerz 2025 am CAPE e Concert, bei deem Schüler Wierker vun ënner anerem dem Steve Reich zesumme mam Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kënnen opféieren. Et ass en Optrëtt aus der Serie Lucilin in the City, bei deem ee vun de Museker vum Ensembel d'Programmatioun iwwerhëlt. An dësem Fall war et de Pianist Pascal Meyer. Hien huet dem Christophe Mirkes an engem Gespréich verroden, op wat hie Wäert geluecht huet a wéi sech dëse Projet vun deenen ouni Schüler ënnerscheet.
Mat kaum eppes kann ee Museker:innen op Tour esou vill Freed maachen, wéi mat engem anstännegen Iesse virum oder nom Concert. Dat entschiedegt fir dat gefillt dausendste Bréitche vun der Tankstell, dat een an der Hetz am Van iesse muss. A well den zwee Auteuren Alex Bleeker a Luke Pyenson d'Musek genee esou um Häerz läit wéi de gudde Kascht, hu si iwwer d'Iessen on Tour e Buch geschriwwen. Et nennt sech "Taste in Music" an d'Claudine Muno huet fir eis dra gebliedert.
De Conseil d'Administration vu Musek am Syrdall huet haut op der Websäit vun der ASBL matgedeelt, datt dëst Joer déi lescht Editioun vum Festival stattfënnt. De Grond wier eng positiv Entwécklung vun der Lëtzebuerger Kuturzeen, déi sech “largement profesionnalisée et diversifiée” hätt. Domat wier de Festival, deen 1988 gegrënnt gouf, hautzedaags net méi an der Lag ze bestoen. De President Jeannot Waringo huet am Interview mam Christophe Mirkes méi ausféierlech iwwer d'Hannergrënn geschwat. Déi lescht Editioun vu Musek am Syrdall fänkt den 23. Mäerz 2025 un.
D'Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum, a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius am neien Episod vum Podcast "Hanner den Téin". Episod 4 lauschteren Alles ronderëm déi nei Musek Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast “Hanner den Téin” stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt.
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet. Hanner dem Pseudonym Mel Bonis verstoppt sech d'Melanie Bonis, eng franséisch Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, vun där bis elo iwwer 300 Wierker publizéiert sinn. Gelieft huet si zu enger Zäit, zu där si sech géint eng Männer-dominéiert Musekswelt huet missen duerchkämpfen a sech dofir entscheet huet, déi eegen Identitéit ze verstoppen. Dëser Kënschtlerin hu sech déi lëtzebuergesch Geiistin Sandrine Cantoreggi an déi däitsch Pianistin Sheila Arnold ugeholl. Si fannen, et ass derwäert der Mélanie Bonis hir Musek ënner d'Leit ze bréngen a méi bekannt ze maachen. Dofir hu si Enn 2023 net nëmmen een Album erausbruecht, mee schaffen och un engem Concertsprogramm am Ettelbrécker CAPE, deen de Fokus op d'Kënschtlerin leet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzen d'Musekerinnen iwwer hir déifgrënneg Recherche an hir Faszinatioun fir dëse Personnage.
D'Lëtzebuerger Musekerin huet nei Musek dobaussen. Mir hu mat hir doriwwer geschwat.
"Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft". Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettegala am neie Centre culturel Machera zu Gréiwemaacher, eng Operettegala mam Fokus op d'Wiener Musek vum Johann Strauss II - ganz passend, well 2025 säin 200. Gebuertsdag gefeiert gëtt. Dem Marie Schockmel huet de Museker méi verroden, ënner anerem iwwer déi alleréischt Oper, déi hie gesinn huet an doriwwer, datt dem Strauss seng Musek eng ganz aktuell ass.
Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek. De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.
Dir wollt schonn ëmmer d'Geschicht ëm dem Beethoven säin "Für Elise" kenneléieren? Ee Beispill vu villen dat weist, datt d'Léift an der klassescher Musek schonn ëmmer en Theema war. Mee och tëschemënschlech Bezéiunge goufen an der Musek zum Ausdrock bruecht. A wéi war et mat der bekannter Bezéiung tëschent der Clara an dem Robert Schumann? De Lex Kauffmann aus der Klassikredaktioun huet sech bekannte Wierker a Bezéiunge méi genee ënner d'Lupp geholl.
D'Martina Menichetti ass eng Allrounderin: Flüttistin, Pianistin, Songschreiwerin, Produzentin an och am edukative Beräich aktiv. An der Philharmonie huet si eng Partie Projeten an Atelieren entwéckelt, dorënner een neit Format: de Musical Afterwork. Dobäi geet et drëms, wéi een no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi kritt an nei Energie tankt. De Guy Engels huet sech mat der Martina Menichetti iwwer d'Konzept vum Musical Afterwork ënnerhalen.
tenThing Brass spillt fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer. tenThing Brass ass een 100 Prozent weiblechen Ensembel - et sinn 10 Musekerinnen aus Norwegen. Si spillen elo hiren alleréischte Concert als Grupp hei am Land, an dat am Artikuss zu Zolwer (Gemeng Suessem). 2007 huet d'Tine Thing Helseth de Grupp gegrënnt an hiren éischten Nonumm ass dofir och am Numm vum Grupp erëmzefannen. Si huet dem Marie Schockmel méi verroden, ënner anerem, wéi si et hikréie sech aus allen Ecke vun Norwegen ze treffen, a wéi wichteg et hinnen ass Musek vu Komponistinnen ze spillen.
Paräis-Lëtzebuerg - Zich mat där Verbindung huelen de Cyprien Keiser an den Ilan Zaijtmann nawell dacks. De Lëtzebuerger Cellist an de franséische Pianist hu sech viru ronn 8 Joer beim Studium um Paräisser Conservatoire kennegeléiert. Den Donneschdeg, 13. Februar, spillt den Duo e Recital an der Philharmonie, bei deem Musek vu Schumann, Prokofiev a Mendelssohn am Virdergrond steet. D'Marie Schockmel huet sech mat deenen zwee ënnerhalen, ënner anerem iwwer hiren neien Album, deen an e puer Méint erauskënnt.
Den 9. Februar spillen dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire en Triosconcert um Buerglënster Festival. Et handelt sech heibäi net ëm de gewéinleche Pianostrio mat Gei an Cello, mee hei héiert een de Piano an der Kombinatioun mat Flütt a Klarinett. De Repertoire ass kloer opgedeelt: virun der Paus Schubert, no der Paus franséisch Kläng. D'Flüttistin Aniela Stoffels verréit, firwat als Bléiser bei den Transkriptioune vum Schubert senge Sträichersonaten aner Schwieregkeeten optauche wéi bei der franséischer Musek, déi geziilt fir d'Klarinett a fir d'Flütt geschriwwe gouf.
Eis Sujete vun haut: Wanterfeeling zu Suessem, Resumé vum Background, Deulux-Laf zu Laser a Musek.