POPULARITY
De Message vun der Strooss e Samschdeg war däitlech. De Premier Luc Frieden reagéiert séier a mécht de Gewerkschaften d'Dier op fir Verhandlungen. E Feeler gëtt hien awer net zou a verpasst et virun allem, seng Manéier ze regéieren an ze kommunizéieren a Fro ze stellen, bedauert d'Marlène Clement an sengem Commentaire.
Och de soziale Fligel vun der CSV ass duerch d'Manif vun e Samschdeg gestäerkt ginn, den CSV-Deputéierte Marc Spautz mengt an der Press, datt dee Fligel nach méi grouss géif ginn.
D'DP-Presidentin erkläert, wéi eng Conclusiounen d'Regierung aus hirer Siicht - an aus der Siicht vun hirer Partei - aus der Gewerkschaftsmanif vun e Samschdeg zéie muss.
Am Grousse Kino vu leschte Samschdeg (28.6.) hunn d'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker "Avignon" vum Johann Dionnet beschwat - eng franséisch Romcom, déi quasi passend zum Start vum Festival uleeft an een touchanten Hommage un den Theater an all senge Formen ass. Well d'Temperaturen dobaussen och hei zu Lëtzebuerg scho bal esou héich si wéi zu Avignon, lauschtere mir nach eemol d'Rezensioun aus dem Grousse Kino.
D'Manif vun e Samschdeg war e grousse Succès an de Premier muss elo reagéieren, dat ass d'Analys an den Zeitungen, donieft gëtt sech opgereegt iwwer d'Mega-Hochzäit vum Jeff Bezos.
Déi eng zitt et e Samschdeg op d'hëtzeg Stroossen, déi aner kommen net séier genuch an de kille Bësch. Iwwerdeem d'Gewerkschaften all eenzele Member op hir Maniff e Samschdeg ruffen, invitéiert d'Patronat fir de Weekend Doheem oder soss enzwousch ze genéissen - d'Haaptsaach, net op der Strooss. De Roy Grotz iwwert eng toxesch Situatioun, an där lo e radikaalt Ëmdenke gefrot ass.
Grousst Theema haut an den Zeitunge sinn d'Maniffe vun de Gewerkschaften, haut d'CGFP an e Samschdeg dann OGBL an LCGB, a wéi wäit d'Regierung bereet ass, nach emol ze diskutéieren.
Déi national Gewerkschaftsmanif e Samschdeg ass Theema an den Zeitungen, donieft sinn d'Bloalgen um Stau en Theema an en neit jonk Gei-Wonner, déi grouss Hoffnung vu Lëtzebuerg.
Theemen haut: Konflikt tëshct dem Iran an Israel, NATO-Sommet zu Den Haag an d'Gewerkschafte preparéiere sech op d'Maniff e Samschdeg.
Theemen haut: Konflikt tëshct dem Iran an Israel, NATO-Sommet zu Den Haag an d'Gewerkschafte preparéiere sech op d'Maniff e Samschdeg.
Dëse Samschdeg ginn d'Diere vun der Architektur Biennale zu Venedeg op, a fir dës 19. Editioun ass och Lëtzebuerg mat der Ausstellung “Sonic Investigations” dobäi. En Donneschden a Freideg ass d'Avant-Première vun der Biennale. De Joé Birchen war de Moien (08.05) am Lëtzebuerger Pavillon a krut och schonns éischt exklusiv Ablécker an d'Ausstellung.
D'Trauer zu Roum ass grouss. De Poopst François ass op Ouschterméindeg gestuerwen a gëtt e Samschdeg begruewen. De Jorge Mario Bergoglio huet d'Kierch positiv verännert, trotzdeem ass de Bilan net just positiv. De Pit Everling huet sech Gedanke gemaach.
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eng 450 Editeuren an Editricen an 1.200 Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen hu sech hei de Visiteure presentéiert. Dës Editioun stoung virun allem am Zeeche vum Retour an de Paräisser Grand Palais, dësen historesche Site, deen nees seng Diere fir d'Literatur opgemaach huet. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war fir eis de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.
Froen un den neie President vum COSL, dem Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, deen e Samschdeg d'Nofolleg vum André Hoffmann un der Spëtzt vun deem zentralen Organ vum Lëtzebuerger Sport iwwerholl huet.
Froen un den neie President vum COSL, dem Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, deen e Samschdeg d'Nofolleg vum André Hoffmann un der Spëtzt vun deem zentralen Organ vum Lëtzebuerger Sport iwwerholl huet.
De Fränz Hausemer huet mat sengem Documentaire e Portrait vum Dichter a Cineast Gast Rollinger gezeechent. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn de Film de leschte Samschdeg an der Emissioun Grousse Kino beschwat.
Froen un den neie President vum COSL, dem Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, deen e Samschdeg d'Nofolleg vum André Hoffmann un der Spëtzt vun deem zentralen Organ vum Lëtzebuerger Sport iwwerholl huet.
D'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe huet e Samschdeg de Frëndschafts Lännermatch géint Schweden 1-0 gewonnen. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op dësen perfekten Optakt an d'Joer 2025 zeréck an awer och schonns op den Match muer den Owend an der Schwäiz no vir.
Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll. Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschdeg den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.
Zanter gëschter ass déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe zu Lëpschent am Trainingslager fir d'Frëndschaftslännermatcher e Samschdeg heiheem géint Schweden, an en Dënschdeg-8-Deeg zu Sankt Gallen géint d'Schwäiz ze preparéieren. An der BGL-Ligue ass den FC Déifferdeng 03 Directioun zweete Championstitel ënnerwee..., d'Equipe vun der Stonn ass awer och Stroossen, mat mëttlerweil der drëtter Plaz an der Tabell. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d'Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
Leschte Samschdeg war den internationalen Fraendag. An eng international Ikon am Automobil-Secteur huet leschte Samschdeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. De VW Bulli! Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass ee jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d'Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden. Fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
De brasilianesche Polit-Drama "I'm Still Here" gouf hënt mam Oscar fir dee beschten internationale Film ausgezeechent. Bei eis leeft de Film zënter der leschter Woch am Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi haten "I'm Still Here" de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat.
De Jean-Paul Hansen huet iwwer 30 Joer laang am Escher Conservatoire enseignéiert, de Groussdeel dovunner fir d'Instrument vum Hautbois. Am Juli 2025 geet hien an d'Pensioun, an dëse Samschdeg spillt hie scho säin allerleschten Enseignantsconcert am Conservatoire. Um Programm steet ënner anerem Musek, déi hie schonn als Student um Mozarteum zu Salzburg opgeféiert huet. D'Marie Schockmel huet de Jean-Paul Hansen ënner anerem gefrot, wéi hie sech fillt no esou enger laanger Zäit säi leschten Enseignantsconcert ze spillen, an ob et heiansdo och e bëssen erausfuerderend wier, zesumme mat aneren Enseignanten an engem Concert opzetrieden.
Den Autosfestival, deen e Samschdeg opgeet, dem Donald Trump seng Vereedegung den Owend an den déidleche Virfall virun zwee Joer wärend engem Jugendtraining zu Esch sinn Theemen an der Presserevue.
Zu Cannes krut "L'histoire de Souleymane" - ee Film iwwer Immigratioun aus der Siicht vun engem jonken Demandeur d'asile - an der Selektioun Un certain regard de Präis vun der Jury an de Präis fir de beschten Acteur. Mir lauschteren nach eemol d'Rezensioun aus dem Grousse Kino vum Samschdeg.
Ee Joer schwaarz-blo. Wat bedeit dat am Beräich vun der Santé? Dorëms goung et e Samschdeg an der Emissioun Background um Radio.
D'Zeitunge beschäftege sech mat Liberty Steel a ville lokale Geschichten a Geschichtercher.
D'Zeitunge beschäftege sech haut mam Sträit ëm déi Stater Zebrasträifen an engem Leak vu Passwierder an der Chamber.
Dem Fransous Gilles Lellouche säi romanteschen Drama huet d'Ekipp vum Grousse Kino de leschte Samschdeg beschwat. Hei d'Diskussioun mam Michel Delage, Valerija Berdi a Vesna Andonovic.
D'Zeitunge schreiwen iwwert stiermesch Zäite fir d'Piraten an och fir de Remelënger Kulturzentrum Spektrum
De politeschen Hierscht war e Samschdeg de Mëtteg de Sujet an der Emissioun Background.
Och dëse Samschdeg steet nees Uergelmusek zu Diddeleng am Kader vum Festival International de l'Orgue um Programm. Mat dobäi ass dës Kéier déi slowakesch Organistin Bernadetta Sunavska. Si interpretéiert bei dësem Concert dem Bruckner seng 4. Sinfonie, och nach als "Déi Romantesch" bekannt. Eng Interpretatioun mat engem Arrangement vum Eberhart Klotz. Mee wéi ass dat, fir d'éischte Kéier op enger Uergel ze spillen, déi een nach net kennt? A wéi gutt kann een op enger Uergel Naturgeräischer nomaachen? Dat alles fannt Dir am Interview mat der Organistin eraus!
D'Ministesch fir Diversitéit, Mobilitéit an Arméi war e Samschdeg de Mëtteg eis Invitée an der Emissioun Background.
An den Zeitunge fënnt een haut e Bléck an d'Kulisse vun der Nationallotterie. Dernieft erënnert de Vic Reuter sech un d'Geiselnam an der Crèche zu Waasserbëlleg am Mee 2000.
Am Kader vun hirem Summerprogramm organiséiert d'Stad Lëtzebuerg dëse Samschdeg, 20. Juli 2024 hiren traditionelle Museksmarathon, de Blues'n' Jazz Rallye an den Alstadquartiere Pafendall, Clausen a Gronn. De Michel Leruth ass Booker fir dëst Evenement, bei deem 40 Bands a Museker optrieden op enger Hellewull Bünen. Hien gëtt Detailer.
Am Kader vun hirem Summerprogramm organiséiert d'Stad Lëtzebuerg dëse Samschdeg, 20. Juli 2024 hiren traditionelle Museksmarathon, de Blues'n' Jazz Rallye an den Alstadquartiere Pafendall, Clausen a Gronn. De Michel Leruth ass Booker fir dëst Evenement, bei deem 40 Bands a Museker optrieden op enger Hellewull Bünen. Hien ass am Studio a gëtt Detailer.
D'Ekipp vum Grousse Kino hat dësen dänesche Prisongsthriller de leschte Samschdeg beschwat.
D'Fondation EME (Entendre pour mieux s'écouter) organiséiert reegelméisseg Concerte mat a fir Leit, déi aus deene verschiddenste Grënn net Deel um gesellschaftleche Liewe kënnen huelen. Fir de 15. Jubiläum ze feieren huet d'Fondatioun elo e grousse Familljeconcert op der Kinnekswiss organiséiert, deen de Samschdeg (06.07.) de Moien um 11 Auer stattfënnt. Et ass e Concert fir d'Inklusioun, op deem all Mënsch ka matmaachen, och d'Leit am Public. Wéi eng Musek a wéi eng Lidder een eraussicht, fir méiglechst all Mënsch kënnen ze integréieren, ënner anerem dat huet d'Coordinatrice Sarah Bergdoll dem Christophe Mirkes am Interview verroden. Fest steet op jidde Fall elo schonn, et ass dee gréisste Projet, deen d'Fondation EME bis ewell organiséiert huet.
Déi franséisch Walen, d'Nowéie vun den Donnerwiedere vun e Samschdeg an en eventuelle politesche Comeback vun der fréierer grénger Ëmweltministerin Carole Dieschbourg sinn Theemen an der Presserevue
Déi nei lokal Police an de Personalmangel am Horeca-Secteur sinn Theemen an der Presserevue, grad wéi d'Fro, ob de Stuerm e Samschdeg en Tornado war oder net
Deen éischten Tour vun de Walen a Frankräich, d'Affär Pim Knaff an déi schro Donnerwiedere vun e Samschdeg sinn de Moien Theemen an der Presserevue.
Beim Bléck an d'Zeitunge stiechen dräi Sujeten eraus: d'Arméi, d'CMCM an den Joe Biden.
D'Danielle Roster ass Musekswëssenschaftlerin a Konschthistorikerin op der Uni Lëtzebuerg. Nächste Samschdeg (29.06.) leet si eng Table ronde iwwer d'Genderrollen an der lëtzebuergescher Operett. Déi ass just virun der leschter Virstellung vun der Operett “an der Schwemm” vun der Lou Koster, mat Texter vum Batty Weber. An dat am Kader vum Festival de Wiltz, den 29. Juni um 6 Auer owes. Tickete sinn iwwregens gratis, mussen awer am viraus reservéiert ginn. Am Gespréich mam Marie Trussart verréit d'Danielle Roster ënner anerem wéi feministesch d'Lou Koster, de Batty Weber an den Dicks waren. An si beäntwert och d'Fro, wien dann elo d'Box un huet, an der Lëtzebuerger Operett.
Et war eng intensiv Woch fir Fans vun alternative Kläng: Wéi zanter e puer Joer fänkt den Atelier nom Usina säi Summermarathon un. Mat St. Vincent um Méindeg, Slowdive den Dënschdeg, Faux Real e Mëttwoch, Ghinzu um Freideg, The Streets de Samschdeg a Faithless e Sonnden, gouf et weder Zäit sech ze langweilen, nach sech ze erblosen. De Marc Clement an de Jeff Schinker ware sech eng Rëtsch vun de Concerten ukucken.
D'Europawale sinn haut dat dominant Theema.
Um Europawale-Weekend maachen 2 vun eise Muséeën hir Dieren op a feieren Europa mat enger Hellewull ganz ënnerschiddlechen Aktivitéiten: am Nationalmusée um Fëschmaart ass Porte ouverte, dëst am Kontext vu 50 Joer Oeilleterevolutioun a Portugal; d'Ekipp vum Lëtzebuerg City Museum - kann ee soen - rappt hir Dieren op a geet eraus: hiren drëtten urban history festival fënnt an de Stroosse vu Bouneweg statt. Do proposéiert de Konschthistoriker Hans Fellner, zum Beispill, seng “urban walks”, de Samschdeg an de Sonndeg tëschent 10 an 13 Auer. Point de depart ass bei der Entrée vun de Rotonden. D'Kerstin Thalau an de Joé Birchen hunn den Hans Fellner bei enger “Walk”-Prouf begleet.
Bei der 77. Editioun vum Filmfestival vu Cannes e Samschdeg krut eng Lëtzebuerger Koproduktioun déi zweet héchst Auszeechnung: de Grand Prix. De Film vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia “All We Imagine As Light” also “Alles wat mir eis ënner Liicht virstellen” gouf vun der Déifferdenger Firma Les Filmes Fauves, zesumme mat Frankräich, Holland an Indie koproduzéiert a gouf vum Lëtzebuerger Filmfong finanziell ënnerstëtzt. Wat dës Auszeechnung fir de Lëtzebuerger Filmsecteur bedeit, dat wollt de Pit Walté vun eiser Reporterin Michelle Barthel wëssen.
De Film fält ënner d'Tutelle vun der Kultur a kritt zwou Millioune méi, Lëtzebuerg kritt de Sëtz fir en neie Reseau vun den europäesche Filmakademien, de Ministère plangt den 20. September Assise fir de Film a fir d'éischt ware Leit aus dem Finanzsecteur um Lëtzebuerger Dag agelueden - dat gouf de leschte Samschdeg am Lëtzebuerger Pavillon zu Cannes matgedeelt. Alles dat wier awer näischt ouni d'Filmer - mat "All We Imagine as Light" vun der Payal Kapadia huet d'Produktiounsgesellschaft Films Fauves nom Wang Bing sengem "Jeunesse" schonn nnees ee Film an der relativ elitistescher Competitioun am Rennen. De Jeff Schinker huet mam Kulturminister Eric Thill, mam Filmakademie-President Yann Tonnar a mam Films-Fauves-Produzent Gilles Chanial geschwat.
Grousst Thema haut: den ESC! Mat de Kritiken un Israel an de Chance fir Lëtzebuerg