Podcasts about nieft

  • 32PODCASTS
  • 114EPISODES
  • 29mAVG DURATION
  • 1EPISODE EVERY OTHER WEEK
  • May 21, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about nieft

Latest podcast episodes about nieft

Kultur
Festival de Cannes: Am Gespréich mat der Charlotte Bruneau

Kultur

Play Episode Listen Later May 21, 2025 8:39


Nieft engem Fokus op Lëtzebuerg, deen et dem Visiteur erlaabt, fënnef Lëtzebuerger VR-Produktiounen ze entdecken, ass de Grand-Duché och an der VR-Competitioun present, dat mat "The Dollhouse", engem interaktiven, immersive Projet, deen ënner anerem thematiséiert, wéi Familljen sech Muechtverhältnisser weiderginn. De Jeff Schinker war sech d'Poppenhaus am Keller vum Carlton Hotel ukucken an huet sech duerno mat der 100,7-Journalistin Charlotte Bruneau ënnerhalen, déi de Projet zesumme mam Dominic Desjardins ko-realiséiert huet.

Kultur
Musikfestspiele Saar 2025

Kultur

Play Episode Listen Later May 20, 2025 6:10


"Einheit, Freiheit, Vielfalt" - dat ass de Motto vun de Musikfestspiele Saar 2025. Déi ganz Editioun steet ënnert dem Zeeche vun Europa, an dofir war den éischte Concert och de 9. Mee um Europadag zu Berlin. Bis Enn Juni gëtt et nach eng Rëtsch un diverse klasseschen an experimentelle Concerten. Nieft lokale Museker:innen an Ensembele kommen och weltbekannter dofir an d'Saarland. Dorënner sinn den Diotima Quartett an déi jonk Dänzercompagnie "Junior Ballet de l'Opéra de Paris". Net nëmmen de Museksprogramm ass ganz faarweg, mee och d'Concertsplazen. Nieft ville groussen a klenge Kierche geet et iwwer enger ganz normaler Garage zu Saarbrécken bis an de Saarlännesche Staatstheater an den Theater am Ring zu Saarlouis. Op der Affiche stinn awer och méi innovativ Formater, wéi eng Kulturrees vun e puer Deeg an d'Stad Chemnitz, an een Dag op deem ee ganz vill Concerten a Caféen zu Saarbrécken genéisse kann. D'Eva Behr, kënschtleresch Leederin vum Festival, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.

Kultur
D' Kultur-Exportagence Kultur | lx zu Venedeg

Kultur

Play Episode Listen Later May 14, 2025 7:52


Leschte Weekend huet d'Architektur-Biennale zu Venedeg hier Dieren opgemaach. Nieft 64 anere Länner, stellt och Lëtzebuerg op der renomméierter Konschtausstellung mat aus. An zwar mat dem Projet “Sonic Investigations”, enger Klanginstallatioun, déi een d'Landschaft vum Grand-Duché nei erliewe léisst. Kommissär vum Lëtzebuerger Pavillon ass ënnert anerem déi National Kultur-Exportagence Kultur | lx, déi de Projet vum Ufank bis zum Opbau zu Venedeg begleet huet. D'Eléonore Mialonier, Beoptraagt fir Architektur, Design a Konschthandwierk, huet dem Joé Birchen verroden, wéi een sech op d'Biennale virbereet huet.

Kultur
Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag

Kultur

Play Episode Listen Later May 6, 2025 8:24


"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit. De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel. 

Kultur
Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag

Kultur

Play Episode Listen Later May 6, 2025 8:24


"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit. De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel. 

Kultur
"D'Chance säin eegent Land ze representéieren"

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 16, 2025 10:11


Gëschter hunn déi ronn 45 jonk Sänger vun de Pueri Cantores de Shinkansen geholl fir a knapp zwou Stonne vu Kyoto op Tokio ze kommen. Et ass de séiersten a pénktlechsten Zuch op der Welt. Och soss ass hiren Alldag am asiatesche Land voll mat spannenden Entdeckungen. Ënner anerem wunne si bei Gaaschtfamillen an typesch japaneschen Haiser an iessen och déi traditionell Platen. Wien u Japan denkt, kann natierlech och net den Téi, spezifesch de Matcha, vergiessen. De Chouer huet eng ganz Stonn laang eng traditionell Téizeremonie materlieft. Nieft kulinareschen a kulturelle Momenter stinn och eng sëlleg Concerten um Programm. Een Highlight war hiren Optrëtt viru ronn 500 Leit am Lëtzebuerger Pavillon am Kader vun der Weltausstellung zu Osaka. Zwee vun de Bouwen an den Dirigent Pit Nimax verroden eis méi.

Kultur
Teaser: Hommage un de Pierre Joris

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 6:31


De Lëtzebuerger Schrëftsteller Pierre Joris ass den 27. Februar gestuerwen. Hie selwer huet sech als Nomad vun der Literatur bezeechent, en Explorateur, deen duerch international Literaturen a Kulturen a ville Sproochen navigéiert. Nieft sëllege Gedichter, Essaien a kuerze Prosatexter, huet de Pierre Joris dem Paul Celan seng Gedichter an d'Englescht iwwerdroen. Valerija Berdi erënnert dëse Sonnden an hirer Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valibrairie” un de Pierre Joris. Mir lauschteren elo en Extrait. Déi ganz Emissioun, de Sonnden um 11 Auer.

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 21, 2025 3:55


Nieft dem Donald Trump senger Vereedegung sinn och d'Ëffnungszäiten nees en Theema an den Zeitungen an d'Opreegung am Basket, nodeems zwee Profispiller festgeholl goufe wéinst enger Messerpickerei de Weekend.

Kultur
Eraus, an d'Näischt

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 13, 2025 6:31


Muer den Owend (14.1.) ass am Stater Conservatoire den Neijoerschconcert vum Ensemble Vocal du Luxembourg. Nieft dem "Gloria" vum John Rutter steet och eng Uropféierung um Programm. Et ass déi nei Kompositioun vum Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen. Am Mëttelpunkt steet de Weltall. De Christophe Mirkes huet mam Komponist, mat zwee Chouersänger a mam Dirigent iwwer d'Thema an d'Visioun hannert "Out, into the void" geschwat.

RTL - Automag
Automag: Mini Cooper SE, 18/11/2024

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Nov 18, 2024 2:46


2024 war e wichtegt Joer fir Mini, schliisslech gouf dee fonkelneien 3-dieregen Hatchback lancéiert. Nieft den normale Verbrennerversiounen gëtt et de Mini awer och nees elektresch, esouguer an zwou Ausféierungen. De Paul Origer hat d'Topversioun Cooper SE am Alldagstest.

Kultur
Tëschent Vitrinnen a Skulpturen - Luxembourg Art Week

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 15, 2024 8:21


Nächste Weekend (vum 22.-24. November) fënnt déi 10. Editioun vun der Konschtfoire Luxembourg Art Week statt. Nieft der Expo an engem temporairen Espace um Glacis gëtt och an enger Hellewull u Muséeën a Galerien ausgestallt. Mee net alles spillt sech hei bannent véier Wänn of: Mat dem “Sculpture Trail” an “Capsules” invitéiert d'Art Week nämlech eraus op d'Stroosse vun der Stad. De Joé Birchen huet den Tour gemaach a wollt vum Alex Reding, Galerist a Grënner vun der Art Week wëssen, wéi d'Wierker dobaussen hir Plaz fonnt hunn.

Ceci, Do You Love Me?
#55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset?

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Oct 27, 2024 39:07


Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Sep 16, 2024 4:25


Nieft der Schoulrentrée haut am Fondamental sinn och d'Grenzkontrollen an Däitschland haut en Theema an der Presserevue.

nieft editioun
Paus.
#134 Dee mat Hamburg a Berlin

Paus.

Play Episode Listen Later Aug 7, 2024 80:49


E Roadtrip duerch all Bundesländer, Maracujaschorle an den Toni – dat sinn nëmmen e puer Sujeten, déi haut ofgedeckt ginn. Et gëtt och gebouldert, Ruder-Tutorials gekuckt a (bal) Parchim besicht.  Eng onqualifizéiert Olympia-Recap tëscht Aznavour, Snoop Dogg an dem Petit Jésu si genee esou dobäi ewéi d'Knëppendacker Grillfest an d'Drew Barrymore. Nieft e puer Fake News (Stéchwuert Chico a Yusuf Dikec) ginn et o nach Film- a Serientipps vum "Fuß der Zeit" – diet culture an tätowéiert Beebeeën inklusive. An dat alles op engem Mëttwoch!

RTL - FLF Goal
FLF-MAG, 05/08/2024

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Aug 5, 2024 2:36


D'Summerpaus an der ieweschter Futtballdivisioun ass eriwwer. An d'Favoritten hu sech fir den Optakt duerchgesat Fir d'Opsteiger war de Start an d'Saison alles anescht wéi einfach. Nieft dem Réckbléck op den 1te Spilldag, gëtt et och nach en Trikot vun der Nationalekipp ze gewannen.Den FLF-Magasin gëtt iech haut presentéiert, vum Gilles Tricca

Kultur
Den T-Way am Interview iwwer säi leschten Album

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 9, 2024 20:11


Den T-Way, Battle Rap Legend vu Lëtzebuerg, huet viru Kuerzem en neien Album erausbruecht: “Monarch”. Nieft ugrëffege Battle Rap Lidder ginn et och entspaant Nummeren: den T-Way muss sech net méi beweisen. Fir iwwer Monarch ze schwätze war den T-Way, oder Tom Giombetti, live am Studio.

When The Call Hits Home
When The Call Hits Home | Episode 4: A Lifetime of Lessons with Craig Nieft

When The Call Hits Home

Play Episode Listen Later Jun 26, 2024 31:50


In this heartfelt episode of "When The Call Hits Home," Ashlee Gethner dives deep with a very special guest—her father, Craig Nieft, a retired police officer with 29 years of experience. Together, they share personal stories of challenges, triumphs, and the unique dynamics of being in a family deeply affected by the profession of law enforcement. Warning: This episode contains some tougher topics.  Highlights from this episode include: Craig’s Impactful Advice: Hear the touching story of a troubled teenager Craig mentored who later became a police officer, grateful for the tough love he received. Balancing Discipline and Love: Craig talks about the delicate balance of being a strict yet reasonable parent, and the high standard he set for himself due to his career. Emotional Toll: Ashlee opens up about her anxiety regarding Craig’s safety during crises like Hurricane Katrina, and the broader public perception issues that affected their family life. Professional Sacrifices: Craig shares how he managed the demands of his job while trying to not miss out on family events, and the adjustments made to his work schedule. Mental Health Awareness: The importance of mental health support for first responders is discussed, along with Craig’s own methods of decompression through hobbies. Family Dynamics: The episode highlights the strong bond between father and daughter, maintained through shared interests like sports and a deep mutual respect. Join Ashlee and Craig as they reflect on the life lessons learned, the sacrifices made, and the enduring love of family through the highs and lows of a career in law enforcement. _We dedicate this episode to all the first responders and their families. Your resilience and strength inspire us every day._ Follow Us: Facebook: https://www.facebook.com/whenthecallhitshome  Instagram: https://www.instagram.com/whenthecallhitshome/  Website: https://whenthecallhitshome.com/  #Podcast #FamilyStories #FirstResponders #LawEnforcementLife #Parenting #MentalHealth #PoliceOfficer #WhenTheCallHitsHome #HurricaneKatrina #FatherDaughterBond #Resilience #WorkLifeBalance Support Us: If you enjoyed this episode, please consider supporting our podcast through: Streamlabs - https://streamlabs.com/careermastermind/home  PodOpsHosting - https://podopshost.com/6599eb430f288   --- Thank you for listening, and as always, we’re here for you “When The Call Hits Home.”   This podcast does not contain medical / health advice. It is not intended to be a substitute for professional medical or mental health advice, diagnosis or treatment and should not be relied on as health or personal advice. The information contained in this podcast is for general information purposes only. The information is provided by Training Velocity LLC and while we endeavour to keep the information up to date and correct, we make no representations or warranties of any kind, express or implied, about the completeness, accuracy, reliability, suitability or availability with respect to the Podcast or the information, products, services, or related graphics contained in the podcast for any purpose. Any reliance you place on such information is strictly at your own risk.  WE ARE NOT RESPONSIBLE NOR LIABLE FOR ANY ADVICE, COURSE OF TREATMENT, DIAGNOSIS OR ANY OTHER INFORMATION, SERVICES OR PRODUCTS THAT YOU OBTAIN THROUGH THIS PODCAST.  Always seek the advice of your physician or other qualified health care provider with any questions you may have regarding a medical condition or treatment and before undertaking a new health care regimen, and never disregard professional medical advice or delay in seeking it because of something you have heard on this podcast.

Kultur
"Alphabet - 26 Theaterminiaturen für eine sich erwärmende Welt" am Kasemattentheater

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 11, 2024 8:02


Nieft dem Programm vum Monodrama an dem Talent Lab ass och de klasseschen Theaterprogramm den Ament mat enger Rei neie Produktioune gutt gefëllt. Eng dovunner ass dem Calle Fuhr säin “Alphabet”, an deem d'Klimakris vun A bis Z erzielt gëtt - dat net just metaphoresch.

Grousse Kino
Cannes Spezial

Grousse Kino

Play Episode Listen Later May 18, 2024 55:19


Nieft dem Erëffnungsfilm “Le deuxième acte”, dem Quentin Dupieux säin drëtte Film an nëmme siwe Méint, dee (bal) zäitgläich an eise Kinoen ugelaf ass, direkt dräi Filmer aus der Competitioun um Programm: “Diamond Brut” vun der Agathe Riedinger, “The Girl with the Needle” vum Magnus von Horn an dem Francis Ford Coppola säi “Megalopolis”, vun deem de Kultregisseur zanter 40 Joer dreemt. De Jeff Schinker an de Marc Trappendreher mat hiren Andréck vun der Croisette

Grousse Kino
Cannes Spezial

Grousse Kino

Play Episode Listen Later May 18, 2024 55:19


Nieft dem Erëffnungsfilm “Le deuxième acte”, dem Quentin Dupieux säin drëtte Film an nëmme siwe Méint, dee (bal) zäitgläich an eise Kinoen ugelaf ass, direkt dräi Filmer aus der Competitioun um Programm: “Diamond Brut” vun der Agathe Riedinger, “The Girl with the Needle” vum Magnus von Horn an dem Francis Ford Coppola säi “Megalopolis”, vun deem de Kultregisseur zanter 40 Joer dreemt. De Jeff Schinker an de Marc Trappendreher mat hiren Andréck vun der Croisette

Paus.
#127 Dee mam Loïc

Paus.

Play Episode Listen Later Apr 21, 2024 89:38


We put the tea in charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"! Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder. Mat dobäi sinn o nach skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie. Et gi nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill: Wéini sponsert d'Spuerkeess eis? Si mir de reporter.lu vun de Podcasts? A weieng RTL-Ikon verdéngt hier eege Sendung?

Kultur
Katalin Gödrös am Gespréich

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 14, 2024 14:02


Am Kader vum Luxfilmfest gouf déi Lëtzebuerger Koproduktioun (Amour Fou) “Jakobs Ross“ an Avant-première gewisen. Deemnächst leeft de Film och an eise Kinoen un. D‘Valerija Berdi hat d‘Geleeënheet mat der Schwäizer Regisseurin Kalain Gödrös iwwer dëse Film ze schwätzen. Et handelt sech ëm eng Romanverfilmung, dem Debutroman mam gläichen Numm vun der Schwäizer Autorin Silvia Tschui. Mir ginn an d‘Joer 1869 an an d‘Schwäizer Alpen. Hei dreemt eng jonk Mod mat groussem musikaleschen Talent vun enger Karriär, mee als Mod huet een do net vill mat ze decidéieren. Nieft der Luna Wedler an dem Valentin Postlmayer an den Haaptrollen, sinn och d‘Eugénie Anselin, d‘Marie Jung an de Luc Feit am Film ze gesinn.

Kultur
Dudelsak, Jazz an en TikTok-Star ...

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 12, 2024 6:51


D'Uergel ass en Instrument mat ville Facetten. Dat beweist de Programm vum Festival international d'orgue de Dudelange. Nieft dem traditionellem Concert mat keltescher Musek (den Optakt zum Zeltik Festival), gëtt et och eng Première: en 28-järegen TikTok-Star steet dës Kéier um Programm. Ëm wien et sech heibäi handelt a weider Detailer zu der Saison hunn de President Jean Olinger an den Tresorier Paul Braquet dem Christophe Mirkes am Interview verroden.

Kultur
CAL - Expo Printemps 2024

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 9, 2024 5:50


Pénktlech zum Fréijoersufank invitéiert de Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) dëse Weekend an déi nächst Woch op seng Fréijoers-Expo am Tramsschapp. Nieft enger Rei Membere vum Cercle Artistique stellen och wéi gewinnt eng sëlleg Gaaschtkënschtler mat aus. D'Expo ass dës Woch am Opbau, an de Joé Birchen huet sech e klengen Abléck um Lampertsbierg verschaaft.

Kultur
CAL - Expo Printemps 2024

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 7, 2024 5:49


Pénktlech zum Fréijoersufank invitéiert de Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) dëse Weekend an déi nächst Woch op seng Fréijoersexpo am Tramsschapp. Nieft enger Rei Membere vum Cercle Artistique stellen och wéi gewinnt eng sëlleg Gaaschtkënschtler mat aus. D'Expo ass dës Woch am Opbau, an de Joé Birchen huet sech ee klengen Abléck um Lampertsbierg verschaaft.

Paus.
#122 Dee mam Luxembourg Song Contest

Paus.

Play Episode Listen Later Feb 4, 2024 87:18


Haut dréit sech natierlech alles em den LSC (oder och nach "Désirée and Friends"). 50 Prozent vun dësem Podcast hunn d'Spektakel virum Fernseh verfollegt an déi aner Hallschent live an der "Rockhal" – freet iech also iwwer eng ëmfaassend Berichterstattung mat One Direction, diva-liken Dänzer an Drama vun der Afterparty. Nieft dégoutéierte Gesiichter, Verschwörungstheorien an online-Haass gëtt et awer och vill Israeelesch, en Touch Medienrummel an e bësse Keelebunn beim "Kueb". Ofgesi vu Musik a Kontroverse geet et o nach em maximal onangeneem Männer a krass Frae mat wichtege Messagen. Ausserdeem mat dobäi: multilingual (mee schei Leit) bei Panels an um Brunch, feelend Aueren um Kierchbierg a Cocktaile mat Pizza-Goût.

Paus.
#117 Dee mam Beréieren un der Monica

Paus.

Play Episode Listen Later Dec 3, 2023 83:57


Sidd dir prett fir "Paus. 2 – Jetzt wird geheiratet!"? Um 1. Advent gëtt et ganz klassesch festlech: E problematesche Moderator, d'Mute-Challenge a brasilianesche Rap si mat virum Chrëschtbeemchen. Nieft engem futtisse Broschtkuerf, Mammen um Drag Bingo a 90's Techno geet et och ëm "Saltburn" mat den Olsen Twins, Prominenz an der Groussgaass a Gratispopcorn am Liewen. Et gëtt en plus en onmoralescht Angebot fir d'"Lotterie Nationale", de sketchy Knuedler a schmalzeg Sängerinnen. Stellt iech net esou!

Méi wéi Sex
#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Oct 6, 2023 49:47


Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d’Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn … Continue reading "#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten"

Paus.
#112 Dee mam Atelier sengen 2000er

Paus.

Play Episode Listen Later Oct 1, 2023 58:18


Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen Espresso zoustänneg. Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer, Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et  geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools. Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert, wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive Fritten a Burger!

Paus.
#111 Dee mam velho Ronaldo MacDonaldu

Paus.

Play Episode Listen Later Sep 24, 2023 77:27


RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos. Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f")​, well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat iech op Lourdes (oder an d'Cinemathéik) a mutéieren zum "Automag". Ass dëse Podcast den "Eck plus ultra"? Warscheinlech net. Mee ee vun eis ass den Al Bundy an deen aaneren ass "wäiss mat e bësse Spice". Who's that girl? It's "Paus.". Dofir kläre mir och Froen, déi änlech philosophesch si wéi d'"Hung oder Ee"-Debatt: Wéi ass et, am Téi ze trëppelen? Wou war de Noutausgang am "Wham"? A wien applaudéiert, wann een an der Dusch friemgeet? ech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Paus.
#109 Dee mat der Spuerkeesschallenge

Paus.

Play Episode Listen Later Aug 27, 2023 73:02


Och Bierger an e Séi halen är Charity-Ladies net dovun of, eng Episod opzehuelen. Ee vun eis ass d'Opfer vum Podcast an huet d'Lydie op der Fouer am Stach gelooss fir am "White Lotus" ze leiden. Deen aneren danzt der Spuerkeess säi Misär vir an hält Diddeleng fir d'Schweden vu Lëtzebuerg. Nieft alkoholfräien Hochzäiten mat Burka an enger Kopfhörer-Katastroph ginn et haut och Fraen, déi sech Päerd kafen a Verschwörungstheorien zum Walt Disney. Huet de Mark d'Apenhoenhoer erfonnt? Gehéiere Sardinnen op d'Pizza? A wat huet Lëtzebuerg zum Thema Seezeit-Lodge ze soen? All dat gëtt am groussen Vakanze-Special live vum Gehaansbierg aus dem Piemont gekläert. De gudden an de béise Kéis, Mëller aus Hollywood a Rechtschreiwungsstruggles vun de 90's Kids hunn et och mat an dës Folg gepackt, eben esou wéi d'Sandriné, d'Kunigunde an d'Tamandoline. Arrivederci amici! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.) Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 03/08/2023

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Aug 3, 2023 2:55


De Martin Sheen huet haut Gebuertsdag. Nieft senger Aarbecht sinn och Ëmweltbewosstsinn, sozial Ängschten a seng berüümt Bouwen en Thema am Gespréich mat eisem Hollywood Reporter Pit Biwer.

Paus.
#106 Dee mam Anne-Marie Zemmer

Paus.

Play Episode Listen Later Jul 23, 2023 54:29


Haut ass Bommestëmmung an der Paus.-Gruppentherapie! Dës Summerepisod ass relativ kuerz – ënner anerem och, wëll mir de "Gossip Schäiss" einfach vergiess hunn. Dofir ginn d'ESC-Pläng awer méi konkret, et gëtt e Prêt fir d'Heidi Klum opgeholl an de komplette Glawen un d'Mënschheet ass verluer (well Drag Queens eis Kanner schwul maachen). Nieft dem Gugenhauer Wassertower, dem oscarverdächtege Barbie-Marketing-Team an dem Kaweechelchen Roger ginn et och nach stëbseg Macarons, e verhënnert Date mam Marteria an eng Aladin-Glitzer-Aura zu Wien.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Amy Winandy: Nieft der Klimakris och den intersektionale Queer-Feminismus promouvéieren, 05/04/2023 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Apr 5, 2023


E Mëttwoch de Moie war ënner anerem d'Politikverdrossenheet vun deene Jonken Thema an der Emissioun".

Grousse Kino
De Bilan vum 13. Luxfilmfest an nei Filmer

Grousse Kino

Play Episode Listen Later Mar 12, 2023 57:09


Nieft de Filmer vun der Woch "The Whale" (Darren Aronofsky) an "Empire of light" (Sam Mendes) zéien de Michel Delage an de Jeff Schinker de Bilan vum 13. Luxfilmfest.  

Paus.
#89 Dee mat de Postkaart Awards

Paus.

Play Episode Listen Later Dec 11, 2022 67:38


Ass Chrëschtdag oder wat? Tëscht wäissem Lotus a schwaarzen Dahlien läit d'Kim K. schonn am Bliederdeeg an d'problematescht Jennifer Aniston huet eis verlooss (RIP). Ee vun eis versteet d'Konzept Advent zwar nach ëmmer net, mee Christmas is a state of mind! Nieft onmanéierleche pseudo-Luxusmënschen a Leit aus Delaware gëtt et ganz vill Fergie an e Bericht vun enger Awardshow ënnert dem Motto "Da maach näischt!".

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Oct 11, 2022 3:26


Nieft den Erwaardungen un d'Ried zur Lag vun der Natioun, ass de Goldhandel en Theema an den Zeitungen, e Marché, deen a Krisenzäite boomt 

RTL - Rebound
Rebound, 07/10/2022 18:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Oct 7, 2022


Dës Woch ass eng chargéiert am Lëtzebuerger Basket. Nieft dem Championnat gouf nämlech elo an der Woch och nach den éischten Tour an der Coupe gespillt. Déi interessantste Partie war déi tëscht den zwee Finalkiste vum Championnat vun der leschter Saison. De Rebound gëtt iech presentéiert vum Rich Simon....

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Sep 28, 2022 3:30


Nieft dem Tripartite-Accord, deen haut an den Zeitungen analyséiert gëtt, ass de Krich an der Ukrain en Theema, d'Russe gi mat Zombie verglach

RTL - Invité vun der Redaktioun
Dan Kersch: DP "nieft der Plack", andeems se eng Steierreform blockéiert, 22/09/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Sep 22, 2022


En Donneschdeg de Moie war den LSAP-Deputéierten a Member vun der Chamber Spezialkommissioun "Tripartite" eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 11/09/2022 12:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Sep 11, 2022


Nieft den Oscaren ass den Emmy e relativ wichtege Präis an der Filmbranche. Déi 74. Emmy-Show geet Joer fir Joer un déi beschten Tëleesserie. De Präis ass op mannst esouvill Wäert wéi en Oscar.

Kultur
Jean-François Wolff

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 25, 2022 2:50


De Lëtzebuerger Schauspiller Jean-François Wolff ass am Alter vun 59 Joer gestuerwen. Nieft dem Theater war hien och a sëllegen internationale Filmer ze gesinn. D'Valerija Berdi mat engem klenge Portrait

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Aug 23, 2022 3:47


Nieft de Präisser op der Fouer, geet et an den Dageszeitungen de Moien och ëm d'Ierwe vun engem Sultan, déi op Sue vu Lëtzebuerg hoffen. Déi national Press presentéiert vum Rick Mertens.

pr press sultans nieft moien rick mertens
Méi wéi Sex
#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jun 17, 2022 43:25


Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach … „#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen“ weiterlesen

RTL - Sproochmates
Sproochmates: d'Pan an der Fuesent, 25/02/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Feb 25, 2022


Et dierft och dëst Joer keng Fuesent gi wéi mir se mol kannt hunn, trotzdeem kann een driwwer schwätzen, also de Sproochmates. Dës Kéier mat engem Artikel aus der Kichen. Nieft der Seibecken, dem Dëppen an dem Geschier fënnt ee meeschtens och eng Pan. A wat mécht d'Pan der Fuesent? E Fall fir den Alain Atten.

RTL - Automag
Automag: Hyundai Santa Fe Plug-in, 21/10/2021 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Oct 21, 2021


No 3 Joer ass et Zäit fir ee Facelift vum grousse Hyundai-SUV Santa Fe. Nieft deenen übleche Retouchen ass virun allem ënnert dem Blech esou munches geschitt. Den Détail mam Paul Origer.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Marc Hostert: Cola oder Pepsi?, 01/10/2021 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 1, 2021


Um éischten Oktober sinn et nach 24 Méint bis zu den nächste Legislativwalen zu Lëtzebuerg. Kuerz virdrun, den 11. Juni 2023, sinn och Gemengewalen. Nieft de Personalitéite sinn déi verschidde Punkten a Walprogrammer e wichtege Bestanddeel vun der Walcampagne. De Marc Hostert huet en puer konkreten Erwaardungen un dës Programmer.

RTL - Automag
Toyota RAV4 Plug-In-Hybrid, 23/08/2021 11:45

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Aug 23, 2021


Den Toyota RAV4 war quasi mat ee vun de Grënner vun der Kategorie vun de Kompakt-SUV. Nieft engem Hybrid kritt een déi neiste Generatioun elo och als Plug-in-Hybrid. An deen huet den Andy Brücker aus de Automag-Ekipp fir iech getest.

RTL - 5vir12
"5 vir 12" no Nationalfeierdag, 27/06/2021 11:15

RTL - 5vir12

Play Episode Listen Later Jun 27, 2021


14 Deeg hunn si gerascht fir elo nees de béise Fanger ze maachen. Daum erop op erof, Top oder Flop, ça passe ou ça casse. Dat ass och haut hire "modus vivendi". Nieft den al agesiessen Hären huet d'Christiane Kremer och jonkt Blutt an der Ronn, déi sech weider op Distanz aus dem Home-Studio begéint. Gi se sech eens oder trenne se Welten, dat fanne mer bis Mëtteg eraus mam Jacques Kapp, Al Ginter, Gérard Valerius an David Winter.

Letz Talk
Special Episode: D'Mini-Entreprise "PARTYDESCH"

Letz Talk

Play Episode Listen Later Mar 28, 2021 58:29


Et gëtt dës Kéier just een Thema, an dat ass d'Mini-Entreprise "PARTYDESCH".Ween stécht do dohannert? Wat maachen se? Wat ass hiert Zil? A wéi leeën se sech dobäi un?Nieft e puer Tipps vun eis gi dir och gewuer wéi eng Erfarungen si bis elo gemaach hunn, wat iwwerhaapt alles vun Engagement an Aufgaben an esou enger Mini-Entreprise stécht an (wéi de Bruce sou gäre seet) villes méi, gëtt et an dëser Episod.