Podcasts about freideg

  • 16PODCASTS
  • 182EPISODES
  • 10mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Mar 12, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about freideg

Latest podcast episodes about freideg

Kultur
Literaresch Kläng

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 12, 2025 5:13


Ënner dem Motto Sons littéraires initiéiert d'Harfenistin Dina Nimax ee Concert dëse Freideg (14.3.) am Mierscher Theater. Literaresch Kläng an eng musikalesch Rees duerch d'Säiten. Sons littéraires ass ee Concertsprojet, bei deem literaresch Wierker musikalesch verschafft ginn. Mee virdru kritt de Publique déi jeeweileg Wierker och op der Plaz virgelies. D'Iddi fir dëse Concertsowend kënnt vun der jonker Lëtzebuerger Harfenistin Dina Nimax, déi och d'Wierker erausgesicht huet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann gëtt d'Musekerin en Abléck an d'Ëmsetzung an d'Konzept.

Kultur
LuxFilmFest (1) D'Ouverture

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 7, 2025 17:14


Gëschter (6.3.) war d'Ouverture vum LuxFilmFest - dëst Joer mat engem Ouvertures-Film, an deem d'Vicky Krieps matspillt an deen och op der Berlinale am Wettbewerb gelaf ass. “Hot Milk” vun der Rebecca Lenkiewicz ass eng Verfilmung vum Roman vun der Déborah Lévy - a verhandelt ënner anerem eng toxesch Relatioun tëschent enger Mamm an hirer Duechter. Dernieft ass haut um Freideg deen éischte Film am Dokumentarconcours ugelaf – “A Fidai Film” vum Kamal Aljafari erzielt op eng experimentell, wéineg narrativ Manéier d'Geschicht vum palästinensesche Vollek mat Hëllef vun Archivbiller, Prosa vum Auteur Ghassan Kanafani an der “Kamera vun den Depossedéierten”. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker hu sech déi zwee Filmer ugekuckt.

Presserevue
Editioun 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Mar 4, 2025 3:30


Den Eclat e Freideg am Wäissen Haus tëschent dem US-President Donald Trump an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj beschäftegt weider d‘Zeitungseditorialisten, an déi sinn nach ëmmer schockéiert iwwer de Revirement an den transatlantesche Relatiounen.

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Mar 4, 2025 4:23


Den Eclat e Freideg am Wäissen Haus beonrouegt d'Zeitungseditorialisten, op den nationale Säite geet et ëm eng bekannte Pëppelallee zu Réiser, déi soll verschwannen.

haus editioun freideg
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Jean-Luc Thill: "Wann d'Vernonft midd gëtt...", 03/03/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 3, 2025


De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert, sou 1946 de Karl Popper. Wéi et ausgesäit, wann een déi Häll op en Neits well ufakelen, dat hu mer d'leschte Freideg am Oval Office zu Washington live gesinn. Wéi mierkt een, datt d'Vernonft, eise gesonde Mënscheverstand ufänkt, midd ze ginn? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Kultur
“J'existe“

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 20, 2024 5:54


Leschte Samschdeg (16.11.) huet d'Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J'existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d'Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen. Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d'Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.

Kultur
D'Art-Week-Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award” ënner anerem mat der Marianne Villière

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 20, 2024 13:17


Offiziell ass tëschent dësem Freideg, 22. November, an dem Sonndeg, 24. November, déi 10. Luxembourg Art Week. D'Zelt um Glacis steet, a vu muer un huelen d'Art-Week-Evenementer rasant zou. Esou kënnt Dir muer (21.11.) tëschent 14 a 15 Auer an der Art Talks Area d'Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award Luxembourg” lauschtere goen. Mam Award ausgezeechent goufe jo ufanks November d'Performerinne Clio van Aerde vu Lëtzebuerg plus d'Marianne Villière vun Nanzeg. Bedeit fir déi éischt 4 Méint Kënschtlerinne-Residenz zu New York, fir déi zweet 6 Méint. D'Clio van Aerde war doropshi scho Live-Invitée bei Kultur um 5. D'Kerstin Thalau hat elo och Geleeënheet mat der Marianne Villière ze schwätzen.

RTL - Commentaire
Michèle Sinner: E schéine Putsch op engem eidele Pak, 29/10/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 29, 2024


D'Gewerkschafte sollen de Verhandlungsmonopol fir Kollektivverträg behalen, dat huet de Premier Luc Frieden e Freideg kloergestallt.

Kultur
Mezzo-Sopranistin Naama Liany

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 24, 2024 7:49


D'Mezzo Sopranistin Naama Liany spillt dëse Freideg zesumme mat Sträichquartett ee "concert de midi" an der église protestante an der Stad. Um Programm sti Wierker aus dem 20. Joerhonnert. Eng Epoch, déi der Musekerin immens gutt läit a wou si sech och spezialiséiert huet. Am Gespréich schwätzt d'Musekerin iwwert hir Passioun fir dës Musek. Si erzielt och vun hirem Kandheetsdram, Musekerin ze ginn a verréit hire perséinlechen Tipp, wéi een sech dat traut ze maachen, wat engem um Häerz läit. De kompletten Interview mat der Sängerin fannt dir hei fir nozelauschteren.

Kultur
Am Gespréich mam René Penning

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 7, 2024 11:25


De Weekend huet de grousse Gebuertsdag vun der Kufa ugefaangen, 40 plus 1 Joer feiert d'Institutioun wärend engem ganze Mount. No engem ganz besonnesche Mutiny on the Bounty Concert um Freideg goung et den Dag duerno direkt weider mat de kanadesche Postrock-Legende Godspeed You Black Emperor fir ee musekalescht Erliefnis vun zwou Stonnen. De Kufa-Direkter René Penning hat also kaum Zäit, sech ze erblosen, éiert e bei eis an de Studio koum fir e Gespréich iwwert een e bëssen anere Gebuertsdag.

Kultur
Och Hellegestatue brauchen alt emol e Lifting

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 23, 2024 13:42


Tëschent dem Freideg, 27. September, a Sonndeg, 6. Oktober si queesch duerch Lëtzebuerg déi traditionell Journées du patrimoine. Esou invitéiert de Spektrum zu Rëmeleng zum Beispill op de Projet “Minett Metabolisms”, also op eng Zort Porte ouverte mat enger Hellewull Aktivitéite fir all Alter. De Spektrum versicht, sech als Zentrum fir multimedial an digital Konscht en Numm ze maachen, als Uert fir Kënschtlerresidenze plus Hotel; dat Ganzt mat Bezuch zum Passé: schliisslech war dës Plaz fréier als Hames-Haus bekannt. De Kënschtler a Sculpteur Albert Hames hat do och säin Atelier. Zanter sengem Doud 1989 vollgepaakt mat Skulpturen a Studien, mat sengem Aarbechtsgeschier. D'Konschtrestauratrice Laura Di Mola gouf domat beoptraagt, dëse Schatz en valeur ze setzen. D'Kerstin Thalau huet si kennegeléiert.

Kultur
Wou steet de Lëtzebuerger Filmsecteur?

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 20, 2024 19:39


Am CNA zu Diddeleng waren op dësem Freideg de Moien d'Assisen am audiovisuelle Secteur, woumat hei haaptsächlech d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg gemengt ass. Fir déi Professionnell war et d'Geleegenheet, fir sech auszeschwätzen a Fuerderungen ze stellen. Op de Secteur elo gutt oder schlecht do steet, doriwwer ginn d'Meenunge je no Bléckwénkel auserneen.

Kultur
Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 19, 2024 7:50


Obschonn d'Summervakanz well ugefaangen huet an domat, ofgesi vun der Congés-Annulés-Programmatioun an de Rotondë vun nächstem Freideg un, dat klassescht Summerlach fir kulturell Langweil misst suergen, ware gëschter Owend direkt e puer Vernissagen uechter d'Land verdeelt. Den Nicolas Calmes war am CNA, fir sech dem éisträichesche Kënschtler Kai Walkowiak seng Ausernanersetzung mat der Zäit an der Expo "Traces of Time" unzekucken - an d'Cally Kerschen huet sech an der Méckenheck esou guer bis an de Koustall gewot, fir sech mat Organisateuren an Organisatricen a Kënschtler:innen iwwer déi kollektiv Ausstellung ze ënnerhalen.

Kultur
Screaming Fields 2024 -1/2

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 2, 2024 17:28


De Screaming Fields ass den Newcomer-Festival an der Rockhal, bei deem jonk lëtzebuergesch Bands sech kënne mellen, bei deenen de Projet eben nach net fignoléiert, an och d‘Musek nach net ëmmer fäerdeg ass. Esou gëtt de Festival all Joers zu engem vun den Haaptinstrumenter, mat deenen de Rocklab déi jonk Talenter fuerdert. Fir d‘éischt: ee komplette Concert op der Bün vun der Rockhal hikréien, mat Hëllef vun de Profien. Duerno, jee no Placement, Live-Engagementer a weider Karriärs-Accompagnementer mat op de Wee huelen. Aacht Bands a Kënschtler ginn all Joer no laanger Deliberatioun aus den Umeldungen erausgesicht. An enger klenger Serie an 2 Deeler stelle mir Iech dës Bands vir. De Culture the Kid, dee jo d‘lescht Joer gewonnen hat, erzielt eis e Freideg, wat et him bruecht huet. D‘Gespéicher mat Sohli, Eva Marija, Maya Libbey an der Rockband Break The Aviary huet de Marc Clement geféiert.

Kultur
Am Gespréich mam Lemi Ponifasio an der Elisabeth Schilling

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 26, 2024 14:44


De Lemi Ponifasio ass no der Anne Teresa de Keersmaeker an dem William Kentridge deen drëtte Red Bridge Project Artist - also dee Projet, wou een oder eng Kënschtler:in de MUDAM, de Groussen Theater an d'Philharmonie bespillt. No ënner anerem Opféierunge vu senge Wierker "Jersusalem" an "Love to Death" steiert de Projet dëse Freideg mat "The Manifestation", ee Projet un, fir deen de Lemi net just mat der Choreografin Elisabeth Schilling, mee och mat enger Rei Communities geschafft hunn.

Kultur
(Bal) all Dag ee Concert

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 10, 2024 12:54


Et war eng intensiv Woch fir Fans vun alternative Kläng: Wéi zanter e puer Joer fänkt den Atelier nom Usina säi Summermarathon un. Mat St. Vincent um Méindeg, Slowdive den Dënschdeg, Faux Real e Mëttwoch, Ghinzu um Freideg, The Streets de Samschdeg a Faithless e Sonnden, gouf et weder Zäit sech ze langweilen, nach sech ze erblosen. De Marc Clement an de Jeff Schinker ware sech eng Rëtsch vun de Concerten ukucken.

Invité vum Dag
Alex Penning

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 27, 2024 13:58


D'ADR huet vun e Freideg un zwee Vertrieder am Staatsrot. Gëtt de politeschen Afloss vun der Partei doduerch méi grouss? Dat freet de Rick Mertens der ADR hiren neie Member am Staatsrot.

member partei adr penning afloss freideg rick mertens
RTL - Invité vun der Redaktioun
Anne Calteux: "Et muss ee sech drun erënneren, datt Europa e Friddensprojet ass", 15/03/2024

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Mar 15, 2024 11:39


3 Méint virun den Europawalen war d'Anne Calteux e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Invité vum Dag
Martine Goergen

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Feb 26, 2024 14:11


D'Chirurgin gëtt dëse Freideg nei Generaldirektesch vum Stater CHL. Hire gréisste Chantier gëtt fir unzefänken deen op der Areler Strooss. Wat ännert sech fir d'Personal a fir d'Patienten?

Kultur
Konsumkritik um Terrain: "L'âge d'or", eng theatralesch Visite guidée duerch d'Belle Etoile

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 30, 2024 22:06


Eng Performance vun enger anerer Zort kann ee vun e Freideg un an der Belle Étoile erliewen. Ënner dem Numm “L'âge d'or” proposéieren de Schwäizer Duo Igor Cardellini an Tomas Gonzalez eng theatralesch Visite guidée duerch d'Belle Etoile, déi d'Form vun enger touristescher Architektur-Visitt unhëlt. Mat der Actrice Frédérique Colling gëtt de Visiteur duerch ee vun den Tempele vum Lëtzebuerger Konsum geféiert. Den Igor Cardellini an d'Frédérique Colling si beim Marc Clement a Jeff Schinker am Studio, fir iwwer hire Projet ze schwätzen.

Presserevue
Editioun 8h16

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 15, 2024 5:49


Den Îlot gastronomique um Fëschmaart an der Stad ass amgaang ze verfalen, mee elo lancéiert e Gastronom en neie Versuch: e Freideg mécht de Restaurant Bouquet garni nees op.

versuch gastronom stad editioun freideg
Kultur
"Madame Köpenick" duebel ausgezeechent

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 26, 2023 4:57


De leschte Freideg war e groussen Dag fir d‘Welt vum Theater an Danz zu Lëtzebuerg. Et war déi zweete Kéier, datt den Theater- an Danzpräis vergi gouf. Aacht verschidden Auszeechnungen, an eng dovu war den "Theaterpräis - Op der Bün - Text, Konzept a Regie“. Dëse Präis goung un de Guy Helminger fir säin Text: "Madame Köpenick“, deen d‘lescht Joer am Kasemattentheater gewise gouf. D‘Brigitte Urhausen, déi an dësem Stéck d‘Roll vun der Madame Köpenick, also der Emilie Blum iwwerholl hat, gouf fir hiert Schauspill ausgezeechent. Aus deem Grond hei d‘Kritik vum Valerija Berdi, déi d‘Stéck gesinn hat.

Kultur
Ee romanteschen a musikaleschen Duo

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 30, 2023 6:51


Fir d'éischt waren déi zwee eng Koppel, dunn hu si de musikaleschen Duo Phébus gegrënnt. Rieds geet vun der Hélène Petit an dem Martin Descamps. Si spillt op der Gei, an hien um Marimba. Zwee Instrumenter, déi een net esou dacks zesummen héiert. A grad dat mécht dësen Duo esou besonnesch. Dëse Freideg (01.09.) spillen déi zwee hiren éischte Concert hei zu Lëtzebuerg, an der Protestantescher Kierch an der Stad am Kader vun de Concerts de Midi. Um Programm steet ënner anerem och Musek, déi och um Duo sengem neien Album drop ass.

Kultur
Elektronesch Signaler an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 4, 2023 5:47


D'Affiche vun de Congés annulés ass haut um Freideg (4.8.) eemol ganz elektronesch. Mam belsche Museker Niels Orens, Sapphire Slows vun Tokyo, an der Lëtzebuerger DJ Gurl versprécht et e gudde Concert ze ginn. Mam Headliner Niels Orens huet de Marc Clement sech am Virfeld vum Concert ënnerhalen.

tokyo concerts mam cong signaler virfeld freideg sapphire slows
Kultur
Elektronesch Signaler an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 3, 2023 10:27


D'Affiche vun de Congés annulés ass muer um Freideg (4.8.) eemol ganz elektronesch. Mam belsche Museker Niels Orens; Sapphire Slows vun Tokyo an der Lëtzebuerger DJ Gurl versprécht et, ee gudde Concert ze ginn. Mam Headliner Niels Orens huet de Marc Clement sech am Virfeld vum Concert ënnerhalen.

tokyo concerts mam cong signaler virfeld freideg sapphire slows
Kultur
Daydream

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 11, 2023 2:35


Een Album ronderëm den Dram? Deen huet d'Naama Liany zesumme mat der Pianistin Rosalia Lopez erausbruecht. Elo ass et un der Zäit, de Programm am Kader vun engem Concert dëse Freideg um hallwer eng an der Philharmonie dem Public virzestellen. Mat dobäi ass nieft "Combat del Somni" vum Federico Mompou an "Despite and Still" vum Leonard Bernstein och d'Radio-Oper "The Blue Piano" vun der Albena Petrovic. Am Ganze séngt d'Naama Liany a fënnef verschiddene Sproochen: Katalanesch, Russesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.  D'Marie Schockmel huet sech mat der Sängerin ënnerhalen. 

RTL - Invité vun der Redaktioun
Gilbert Pregno: D'Politik huet "e selektive Gehéierschued" wann et ëm Mënscherechter geet, 09/12/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Dec 9, 2022


Dat Gefill huet de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, deen e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun war.

Kultur
Pleasing an d'Struktur uewendriwwer

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 7, 2022 3:02


Neies aus der Lëtzebuerger Musekszeen vu Pleasing, dem Alter Ego vum jonke Gittarist Patrick Miranda, dee seng Band Pleasing schonn an alle gréissere Säll am Land presentéiert huet. No engem Album, deen am Mee erauskoum, koum de Freideg eng nei Single. Si heescht "The Structure's Above", an de Marc Clement hat d'Geleeënheet, sech mam Gittarist, Songwriter a Sänger iwwer dat neit d'Stéck ze ënnerhalen.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Danielle Becker-Bauer: 71 Frae waarden op eng Plaz an engem Fraenhaus, 02/12/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Dec 2, 2022


Dat huet d'Danielle Becker-Bauer vum nationale Fraerot e Freideg als eis Invitée vun der Redaktioun erkläert.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Gaston Ternes: Qualifizéiert Handwierker brauch eist Land!, 25/11/2022 17:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 25, 2022


Dat ass ee Constat deen haut jidderee mat béiden Hänn ënnerschreift, bei eis heiheem an och am Ausland. Mä iwwert dee Constat geet et kaum eraus. Wéi kéint déi praktesch Ausbildung da revaloriséiert ginn? Op wat misst de Fokus bei de Schoulreforme leien? Dorobber geet de Gaston Ternes a senger Carte blanche vun e Freideg an.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Anne Brasseur: D'Weltmeeschterschaft am Katar annuléieren, wier schwiereg gewiescht, 18/11/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Nov 18, 2022


Dat huet déi fréier DP-Politikerin e Freideg de Moie betount. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Dan Medinger: Oldtimer méi nohalteg maache mat E-Fuels, 04/11/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Nov 4, 2022


Dofir setzt sech de President vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun an. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Steve Thull: "Ech gesi sou séier keen Enn an deem Krich", 28/10/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Oct 28, 2022


Dat sot e Freideg de Moien de Chef vun der Lëtzebuerger Arméi als eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Norry Schneider: Am Kampf géint de Klimawandel: "All d'Leit mathuelen", 14/10/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Oct 14, 2022


Dat fuerdert de Vizepresident vum Nohaltegkeetsrot vun dëser an der nächster Regierung. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

Kultur
Beim Maale Gars ass alles nei

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 7, 2022 3:18


De leschte Freideg huet den Thomas Roland, dee Mann, dee Museksfrënn hei zu Lëtzebuerg als Maale Gars kennen, seng nei Single "Alles Nei" erausbruecht. Et geet ëm d'Schwieregkeete vun Neiufäng an d'Musek als Kommentar zum Liewen. De Museker erkläert dem Marc Clement, wou säi Projet drun ass, a wourop hie Loscht huet an nächster Zäit.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Claude Turmes: Cibléiert Hëllefe bis an d'Mëttelschicht, 02/09/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Sep 2, 2022


Dat fuerdert den Energieminister am Kontext vun den zolitten Haussë vun de Gaspräisser als eisen Invité vun der Redaktioun e Freideg.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Emile Eicher: Potential wier enorm, fir bei der Beliichtung anzespueren, 26/08/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Aug 26, 2022


Dat fënnt de Syvicol-President mat Bléck op den Energieverbrauch vun de Gemengen. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Laurent Schwaller: Och d’Forainen hätten en Interêt, fir Energie ze spueren, 19/08/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Aug 19, 2022


Dat sot de Chef vum Service Espace public, fêtes et marchés vun der Stad Lëtzebuerg. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

Kultur
Eleng an der Kierch

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 16, 2022 7:30


An dëse waarmen Zäite ginn et net vill Plazen, wou ee sech vun der Hëtzt zeréckzéie kann. Duerfir invitéiert de Serge Tonnar dëse Freideg a Samschdeg an d'Kierch zu Randschelt op eng intimistesch Performance mat Musek an Text. Den Jamie Reinert huet sech mam Museker ënnerhalen.

performance musek samschdeg freideg
RTL - Invité vun der Redaktioun
Meris Sehovic: Mir waren net Demandeur fir den Tankrabatt, 12/08/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Aug 12, 2022


Dat sot e Freideg de Co-President vun déi Gréng als eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Marc Spautz: "Villes gëtt op déi nächst Regierung getässelt", 05/08/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Aug 5, 2022


Esou interpretéiert den CSV-Deputéierten déi aktuell politesch Situatioun am Land. De Marc Spautz war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

Kultur
Napoleon Gold bei der Ouverture vun de Congés annulés

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 1, 2022 6:54


Den elektronesche Museker Antoine Honorez war no enger Zäitche lues Trëppelen erëm zu Lëtzebuerg an huet bei de Congés annulés neit Material gespillt. Säi Projet Napoleon Gold ass awer erëm voll do, mat Demo Songs am Laptop a Concerten, wéi leschte Freideg bei der Ouverture vun de Congés annulés. De Marc Clement hat sech virum Concert mam Museker ënnerhalen.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Roland Kuhn: Zwou Indextranchë mateneen ausbezuelen, ass net "machbar", 29/07/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jul 29, 2022


Dat sot de President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Baufirmen an dem Génie Civil. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Georges Merenz: A punkto Index: Wann net geschwat gëtt, da muss et "kraachen", 22/07/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jul 22, 2022


Dat sot e Freideg de Moien de President vum Landesverband als eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Lex Delles: DP ass de Moment net fir eng Impfflicht, 08/07/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jul 8, 2022


Dat huet den Tourismus- a Mëttelstandsminister e Freideg als eisen Invité vun der Redaktioun erkläert.

RTL - Commentaire
Claude Zeimetz: Supreme Court: Fraerechter si keen Acquis, 30/06/2022 12:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 30, 2022


Net nëmmen d'Amerikaner, uechtert d'ganzt Welt waren a sinn nach ëmmer Leit schockéiert vum Revirement vum amerikanesche Supreme Court, dee leschte Freideg d'Grondsazurteel vun 1973 gekippt huet, dat Avortemente prinzipiell erlaabt huet. E Rappell fir jiddereen, datt laang erkämpfte Rechter ni selbstverständlech sinn. E Commentaire vum Claude Zeimetz.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Romain Hoffmann: D'Regierung hätt nach Sputt, fir den Tankstellen ze hëllefen, sou de GPL, 17/06/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jun 17, 2022


Den Tankstellen hei am Land geet et relativ schlecht, betount de President vum Groupement pétrolier. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

Kultur
Monodrama Festival 2022 : "Hypervolk"

Kultur

Play Episode Listen Later May 23, 2022 4:25


Mat "Hypervolk" huet de Monodrama Festival leschte Freideg säin Optakt gemaach. De Frédéric Braun war sech d'Stéck fir eis ukucken.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Claude Marx: "Impakt vu Sanktiounen op d’Finanzplaz ass marginal", 04/03/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Mar 4, 2022


De Generaldirekter vun der CSSF war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Nov 26, 2021 3:59


Haut ass Freideg, an net iergend e Freideg: Et ass "Black Friday", omnipresent an den Annoncen an den Zeitungen de Moien. Mee och déi wäiss Faarf kënnt vir, een Dag no engem Protest vun de "weißen Kittel". Kee Wonner, genee ee Joer nodeems ee weidere Lockdown a Kraaft getruede war, sinn och dësen Hierscht nees nei Mesuren an der Diskussioun well d'Infektiounszuelen nees klammen. D'Presserevue mam Jean-Claude Franck.