Podcasts about am fong

  • 9PODCASTS
  • 13EPISODES
  • 6mAVG DURATION
  • ?INFREQUENT EPISODES
  • Oct 30, 2023LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024

Best podcasts about am fong

Latest podcast episodes about am fong

RTL - Automag
Automag: Toyota Supra MT, 30/10/2023

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Oct 30, 2023 3:56

Am Fong ass den Testauto vun dësem Automag schonn en Alen! Den aktuelle Supra gouf nämlech schonn 2019 virgestallt. Lescht Joer koum awer de Lancement vun der Versioun mat manueller Boîte a genee déi duerft de Paul Origer elo am Alldag testen.

Kultur
Wou kënnt de Qwinn hier?

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 22, 2023 13:17

Begrëffer wéi "Kuff d'Schmull", "Gampes" oder "Kitten" gehéieren haut zum gängege Sproochgebrauch. Am Fong komme se awer aus dem Jéineschen, enger Zort Geheimsprooch, déi vun Händler geschwat gouf. Muer (23.8.) steet d'Jéinescht am Zentrum vun engem Owend mat Texter a Musek, deen am Haff nieft der Kathedral stattfënnt. D'Claudine Muno huet sech am Virfeld mat den Organisateuren ënnerhalen.

Kultur
Genialitéit a Goût

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 6, 2022 1:50

Haut (6.10.) um 13 Auer gi mer gewuer, wien den Nobelpräis an der Literatur dëst Joer iwwerreecht kritt. Keen Nobelpräis gëtt esou vill diskutéiert a mediatiséiert, wéi dee vun der Literatur. Skandaler an der Akademie, Gewënner, déi ëmstridde sinn. Am Fong geholl soll just de literaresche Wäert a Betruecht geholl ginn, de Motto vun der Akademie sollt sinn: Genialitéit a Goût. Et ginn awer elo scho Stëmmen haart, déi fuerderen, datt de Präis misst an d'Ukrain goen. Wéi eng ukrainesch Autor:inne kënne mir dann, huet d'Valerija Berdi gëschter an der Emissioun Kultur um 5 gefrot.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
De schlechten Zoustand vun de Lëtzebuerger Gewässer

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Dec 17, 2021

Den Zoustand vun de Lëtzebuerger Baachen a Flëss ass net gutt. Am Fong hätt schonn zanter 2015 missten ee gudden ökologeschen a chemeschen Zoustand erreecht ginn, dat ass awer net geschitt. Mir hunn eis op d'Sich

RTL - Automag
Automag: Polestar 2, 13/12/2021 11:45

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Dec 13, 2021

Fir den Autosfestival 2022 hu mer eng nei Mark zu Lëtzebuerg: Polestar. Am Fong keen Onbekannten, schliisslech huet sech Polestar bis elo ëmmer em déi méi sportlech Volvo-Modeller bekëmmert. Mee elo geet déi nei Geely-Duechter hiren eegene Wee an dat mam Polestar 2. De Paul Origer war fir eis op der Lëtzebuerger Presentatioun dobäi.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité: Christophe Hansen, 14/12/2020 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Dec 14, 2020

Am Fong war d'Deadline geschter, mee London a Bréissel verhandelen elo awer weider. Fir de Point ze maachen ass den Europadéputéierten vun der CSV de Christophe Hansen Invité vun der Redaktioun... an am Studio beim François Aulner.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Claude Schiltz , 02/03/2020 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Mar 2, 2020

Mam Sekretär vun der ASBL "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hu mer iwwert de Misär vun de Mënschenafen duerch d'Palmueleg-Industrie geschwat. Am Fong si mir alleguerte mat dru Schold well deen Ueleg a ville vun eise Liewensmëttelen ze fannen ass, och wa mer eis dees net bewosst sinn. A Malaysia an Indonesien ginn all Joer Hektare Reebësch ofgeholzt oder verbrannt fir Palmueleg-Plantagen unzeleeën. Net nëmmen d'Orang-Utanen si vum Verloscht vun deem Liewensraum betraff, mä nach e ganze Koup aner Déieren ewéi de Java-Leopard an de Sumatra-Tiger. An der Mëttesstonn gouft Dir gewuer wéi "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hëlleft a wéi eng Projeten genee se ënnerstëtzen.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Claude Schiltz, 02/03/2020 12:10

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser , 11/02/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 11, 2019

Am Fong klappt et net. De Jean-Louis Schlesser mengt de Moien a senger Carte Blanche, datt d'Schwieregkeeten vum Fonds du Logement en Indiz si fir de joerzéngtelaangen Onwëllen. Dat fir eng zentral Lëtzebuergesch Problematik, nämlech déi vum Wunnen, eeschthaft unzegoen.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser, 11/02/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 11, 2019

Am Fong klappt et net. De Jean-Louis Schlesser mengt de Moien a senger Carte Blanche, datt d'Schwieregkeeten vum Fonds du Logement en Indiz si fir de joerzéngtelaangen Onwëllen. Dat fir eng zentral Lëtzebuergesch Problematik, nämlech déi vum Wunnen, eeschthaft unzegoen.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)
Pimp my Food, 08/01/2017 20:00

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)

Play Episode Listen Later Jan 8, 2017

Tricken vun der Liewensmëttelindustrie. Brout baken ass kannerliicht. Am Fong brauch ee just Miel, Salz, Hief a Waasser. Oder? Mir maachen den Test beim Bäcker a froen no mat wéi engen Zousätz ee beim Broutbake fuddelen kann. De Mister Science pecht aus puer Stécker einfachem Fleesch en zaarte Steak zesummen. Mir fannen Eisestëbs an de Kornflakes. An de Paräiser Chemiker Hervé This demonstréiert eis seng Cuisine Note à Note.

steak mir pimp salz miel waasser brout am fong de mister science
RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecken mam Kulturkleeschen

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Dec 8, 2014 6:15

Am Fong war déi läscht Woch eng gutt Woch. De Radio ARA krut eng nei Frequenz zou- a versprach, nämlech déi vum DNR. Dat war de Versuch, d'Frëmmegkeet vu Radio Vatikan mat schlechtem Musekgoût ze verbannen. Dat ass net opgaangen an elo kritt den eenzege fräie Radio am Land d'Frequenz 102,9. Dat ass gutt, well mat dem Move vun 103,3 op 103,4 stounge mir mat engem hallwe Fouss an der Piraterie. Besonnesch schéi war, dat dës Noriicht an der Woch vum 6. Dezember koum. De Kleeschen an den ARA hunn eng besonnesch Bezéiung, den ARA ass nämlech virun 22 Joer vum Kleesche bruecht ginn.