POPULARITY
Haart Téin zu Hesper, Buergbrennen zu Esch, méi Sport an der Schoul, knaschtegt Waasser zu Ettelbréck an onkloer Aussoen zu Ruanda-Sanktiounen, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Haart Téin zu Hesper, Buergbrennen zu Esch, méi Sport an der Schoul, knaschtegt Waasser zu Ettelbréck an onkloer Aussoen zu Ruanda-Sanktiounen, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
An eiser Rubrik Soundatlas analyséieren an hannerfroen d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen eenzel Kläng a Geräischer, sichen hier Lienen zu Alldagskultur, Konscht, jo och zur Wëssenschaft. Dat elo och Sonndes Moies um 20 op 9 am Joé Birchen senger Émissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéiere si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véier ginn och nach Wuerzelkräfte genannt: also hunn d'Kerstin an de Joé en Ausfluch an den Norden, souzesoen “back to the roots”, gemaach a waren op de Klangpad zu Houschent, vu wou se fantastesch Opname matbruecht hunn, well se mat spezielle Mikroe schaffe konnten.
Mir haten drop hi gewisen: d'Rubrik Soundatlas huet eng nei Plaz kritt, an zwar hannerfroen an analyséieren de Joé Birchen an d'Kerstin Thalau Kläng a Geräischer vun elo un ëmmer Sonndes moies géint 20 op 9, deemno am Joé senger Emissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéieren si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véier ginn och nach Wuerzelkräfte genannt: also hunn d'Kerstin an de Joé en Ausfluch an den Norden, souzesoen “back to the roots”, gemaach a waaren op de Klangpad zu Houschent. Awer net eleng: si haten den Touningenieur a Klangkënschtler Sam Erpelding mat agepaakt.
How well do you know your Luxembourgish Prepositions? Not sure?Don't worry—this episode is for you! I've prepared a quick and fun multiple-choice quiz where you can test your Luxembourgish knowledge about the prepositions.Here's how it works: I'll say a sentence without the preposition then 3 possible answers, you'll have 5 seconds to think about the correct response, and then I'll reveal the correct answer. With this quiz you'll be able to assess your knowledge in real-time and discover which prepositions you might need to focus more study. Whether you're preparing for the *Sproochentest* or just curious about your Luxembourgish level, this quiz will give you a clear idea about your knowledge of prepositionsBass du prett fir de QuizEch fueren um 7 Auer moies ______ d'Aarbecht. – I drive to work at 7am.a) an b) op c) zub) Ech fueren um 7 Auer moies op d'Aarbecht.Find the correct preposition:1. Mir fueren ________ Zuch op Paräis. – We go (drive) by train to Paris. a) mat b) mam c) beiLearn all about the tricky preposition mat in my lesson on my BLOG called Learn to use correctly the preposition Mat 2. De Fliger kënnt ______ Dublin. – The plane is coming from Dublin. a) aus b) zu c) vun3. Meng Noperen waren 1 Mount ____ Indien. – My neighbours were for 1 month in India. a) an b) op c) zu4. Ech si(nn) _______ 3 Deeg zeréckkomm. – I came back 3 days ago. a) no b) an c) virun5. De Vol ______ 8 Stonnen war ustrengend. – The 8-hour flight was exhausting. a) vun b) an c) um6. Stell d'Fläsch Wäin ____ de Frigo! – Put the bottle of wine into to fridge. a) am b) um c) an7. D'Apdikt ass _______ der Gare. – The pharmacy is next to the station. a) tëschent b) iwwert c) niewent8. D'Fläsch Waasser steet _____ Dësch. – The bottle of water is on the table. a) am b) um c) an9. Ech klammen ______ dem Bus. – I get out of the bus. a) aus b) op c) an10. Ech ginn haut _______ Maria an de Kino. – I go to the cinema with Maria today. a) mat b) mam c) mat der11. Komm mir ginn ________ de Park. Et ass schéint Wieder. – Let's go through the park. It's nice weather. a) iwwer b) duerch c) laanscht12. ______ Cours ginn ech direkt heem. – After the course I'll go straight home. a) no der b) no c) nom13. Mir mussen _____ eis Vakanz schwätzen. – We have to talk about our holidays. a) vun b) iwwert c) während14. ______ gëschter hunn ech Congé. – I've been on leave since yesterday. a) fir b) virun c) zanter (zënter)15. Ech léiere _____ 6 Méint Däitsch. – I've been learning German for 6 months. a) zanter/ säit b) virun c) fir16. Ech huelen de Bus ____ ______ d'Stad. – The train goes to (as far as) Lux city. a) bis / an b) — / an c) — / op17. Mir fueren ___ de Weekend ___ d'Vakanz. – We'll drive on vacation at the weekend. a) an / an b) an / zu c) — / an18. _____ Fréijoer schaffen ech gär _____ Gaart. – I like to do some gardening in Spring. a) Um / am b) Am / am c) Am / um19. ____ Mëttwoch ____ Owend ginn ech ____ de Yogacours. – I'll go this Wednesday evening to the yogaclass. a) — / am / an b) De / en / op c) E / den / an20. ___ moies drénken ech ____ 7h00 ____ 7h20 Kaffi. – I'm having breakfast from 7am until 7h20 every morning (in the mornings) a) — / vun / bis b) De / vun / bis c) Am / géint / bis
Wann een an der Géigend vun Esch-Sauer um Ufer vum Floss ënnerwee ass, stéisst een den Ament net nëmmen op Wisen, Waasser a Fielsen. Am Kader vum WaterWalls Festival sinn nämlech véier Konscht-Installatiounen un der Sauer ze fannen, déi alleguer op hier eege Manéier mam Waasser interagéieren. Eng dovun heescht “Aquacanta”, an ee vun hire Kreateuren - den Olivier Lacrouts - huet dem Joé Birchen méi iwwer d'Entsteeung vun der Installatioun verroden.
Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll. D'Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pläng fir e Kanal tëscht der Musel an dem Minett an an Zukunft kéint Muselwaasser zu Drénkwaasser opbereet ginn. Wou dee Projet genee drun ass. A firwat e wonnerschéine Waasser am Mëllerdall ganz geschwë verschwanne soll.

Déi wéinegst Hollywood-Acteuren sinn an deen Job era gebuer. Vill vun hinnen hate virun hirer Karriär als Schauspiller eng normal Aarbecht. Den Tom Hanks huet zum Beispill Nëss am Baseball-Stadion verkaf. Op hien dat gutt gemaach huet, huet hien dem Pit Biwer verroden. Ma och aner Acteuren hate vill Méi, sech iwwer Waasser ze halen.
De Loïc erkläert am Podcast firwat d'Waasser op eisem Planéit sou wichteg ass a firwat mir gutt mussen drop oppassen.
Mat eise Sujeten: Vill Reen a Waasser, Punkt-fir-Punkt iwwer Cannabis, 3. Deel an eiser Serie Atomkraaft an NATO-Ausseminister zu Bréissel.
Mat eise Sujeten: Vill Reen a Waasser, Punkt-fir-Punkt iwwer Cannabis, 3. Deel an eiser Serie Atomkraaft an NATO-Ausseminister zu Bréissel.
Themen haut: Exercice Afflux nombreuses victimes, Resumé vum Background, Sich no waarmem Waasser, méi Schutz am Äishockey, DEULUX-Laf a Lëtzebuerger Filmpräis.
Themen haut: Exercice Afflux nombreuses victimes, Resumé vum Background, Sich no waarmem Waasser, méi Schutz am Äishockey, DEULUX-Laf a Lëtzebuerger Filmpräis.
En Auteur hält sech mat Trivialliteratur iwwer Waasser. D'Personnagë vu senger neier Geschicht verflëssege sech. Dem Luc François säin neie Roman "Wasserstand" (Kremart Edition) ass e bësse méi wéi just e Stuerm am Waasserglas.
Am Automag vun haut geet et vun der Strooss eraus op den Terrain: Bulli, Schotter, Waasser. Alles dat passt bei deen Auto deen eis de Rich Simon haut virstellt, Nämlech de Ford Bronco. Rich hunn ech dat elo schonns alles bësse richteg resuméiert?
Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer. De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D'Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d'Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d'Krunnewaasser mat enger intelligenter Steierung am Land verdeelt gëtt. A maachen eis op eng spannend Sich no de Plazen wou d'Leit virun iwwer Joer 100 hiert Drénkwaasser hir kruten.

En Donneschdeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den Tarek Atoui ass 1980 zu Beyrouth op d'Welt komm, lieft a schafft no Économie- a Konschtstudien zanter knapps 25 Joer als Klangkënschtler zu Paräis. Seng Installatioun "Waters' Witness" gëtt bis Mäerz 2023 am Mudam presentéiert, nodeems se 2012 schonn op der documenta 13, 2016 an der Tate Modern zu London an 2017 och op der Biennale vu Venedeg ze gesi war. Et handelt sech ëm eng Landschaft aus Marberskulpturen, selwer kreéierte Museksinstrumenter, Stolträger....an haaptsächlech Kläng, déi den Tarek Atoui zanter 10 Joer op 10 verschiddenen Häfen opgeholl huet.
Theme vun haut: Gestioun vum Waasser, Psychotherapeuten, CNS, RGTR an 150 Joer Stolwierk zu Rodange.
Theme vun haut: Gestioun vum Waasser, Psychotherapeuten, CNS, RGTR an 150 Joer Stolwierk zu Rodange.
Lëtzebuerg am Weltall, kee Waasser am Pool a Gewalt vu Jugendgruppen an de Lycéeën, d'Theemen haut an der nationaler Press presentéiert vum Jacques Ganser.
Deiert Waasser am Restaurant, net genuch Waasser op de Felder an eng verwässert Taxonomie: d'Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Jacques Ganser.
Deen do ass eng Nummer ze grouss fir dech. Do kanns du net mathalen. A wéi kéint een dann nach fir sou eng Situatioun soen? Déi Saach mam Waasser reechen. Firwat grad Waasser, firwat reechen? Den Alain Atten zerpléckt eis de Sproch "engem d'Waasser net kënne reechen".
Wéini kréien d'Fësch Waasser a wat wëll dëst Spréchwuert genee soen? Den Alain Atten weess wou de Saz hierkënnt a wéini een dësen ka benotzen.
De Rik ass rem zréck op der grousser Fussballbühn an de Pit muss pissen. Doniewt ginn et wonnerschéin nei Petitiounen, déi eng méi, déi aner manner sënnvoll, an den Waaserwerfer den op der Demonstratioun benotzt gi war huet just Waasser gesprëtzt. Freet iech op 1 Stonn top Ënnerhalung mat ären 2 Lieblingspodcaster.
Si hu keng gutt an der Kopp an falen iwwer alles a jiddereen hier, deen net bei dräi aus der Féiss ass. Och déi lescht 14 Deeg kruten si bestëmmt nees vill Waasser op hir Millen an hunn genuch Aktualitéit gesammelt fir se elo mat Genoss duerchzehuelen. Alles wat sech heiheem an am Ausland ofgespillt huet gëtt elo nach emol duerchliicht vum Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Al Ginter a Gérard Valerius
STAFFEL 2 - Ceci Asks: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg? Eeeendlech rëm Podcasts! Dat heiten ass déi éischt Episode vun der neier Staffel vun ärem lieblings lëtzebuergesche Podcast Ceci, Do You Love Me? Ech wollt déi nei Saison direkt mat enger special Edition Episode ufänken. Ceci Asks: Dir kennt et schonn! Eng Fro - 3 Gäscht - 1 Thema. An deene leschte Méint huet Lëtzebuerg de Klimawandel däitlech ze spiere kritt: Fluten - Lëtzebuerg war enner Waasser. Dat kann dach net sinn! Dach, an et wäert ëmmer méi schlemm ginn, soubal mir näischt dogéint ënnerhuelen. Bref: An dëser Episode schwätzen ech mat 3 Gäscht, déi sech an dem Beräich gutt auskennen, iwwert d'Konsequenze vum Klimawandel zu Letzebuerg. Wéieng Secteure wäerten dovunner betraff sinn, wat kene mir dogéint maachen a wat fir eng Gesetzer solle geännert ginn, fir dass mir Lëtzebuerger eise CO2 Ausstouss pro Kapp verréngere kënnen? Ee grousse Merci geet raus u meng Gäscht: Selma Weber: Lauschtert an de Klimapodcast vum Selma erann: https://das-buero-fuer-nachhaltigkeit.podigee.io/ https://www.instagram.com/buero_fuer_nachhaltigkeit/ & https://www.instagram.com/selma.isabelle.weber/ Jessie Thill: https://www.instagram.com/jessiethill/ Eva Zhan: https://www.instagram.com/zw33va/ Vergiesst net mir ze folgen :) https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/
Di eng ware villäicht grad beim Mier; anerer fueren nach an d´Vakanz fir ë puer Deeg bei guddem Wieder vum Strand an dem Waasser ze profitéieren. Mee wéi oft setze mir eis mat der faszinanter Déierewelt, déi eis Weltmierer ze bidden hunn, auserneen? „Die Eloquenz der Sardine“ vum Bill François hëlt de Lieser mat op eng Rees ënner Waasser voller Iwwerraschungen a virun allem spannenden Erzielungen. Tiffany Saska huet d´Buch fir eis gelies.
D'Buvette geet an déi zweet Saison an endlech leeft et rëm wéi een et gewinnt ass: Leit op den Tribünen, Béier an der Buvette a Wurschten um Grill. Zu Nidderkuer gouf méi Waasser- wéi Fussball gespillt a soumat hat de Ben leider e kuerzen Optrëtt um éischte Spilldag an der BGL-Ligue. An Däitschland start d'Saison dann sou richteg mam DFB-Pokal a genau sou wéi verschidde Bundesligiste Problemer haten, den éischten Tour ze packen, hunn d'Jongen aus der Buvette Problemer Prognose fir d'Bundesliga ofzeginn. Zu gudder Lescht gëtt d'Messi-Drama ugeschwat a kuerz iwwert d'Transferten duerch Europa diskutéiert, woubäi een Transfert ganz kloer rausstécht.
An dësem Episod dréint sech alles ronderëm d'Waasser. De Laurent Pfister ass Hydrolog an erkläert ënnert anerem, wéi eng Waasserkatastroph dozou gefouert huet, datt hie sech géint d'Liewen als Proff am Secondaire decidéiert huet a wéi ee mat der Hëllef vun Atombommen den Alter vum Waasser bestëmme kann. Hien an de Max schwätzen iwwert den Impakt vum Greta Thunberg an dem Donald Trump op d'Fuerschung, doriwwer wéi de Laurent mat sengem Team am Süde vum Land Waasser aus der Äiszäit entdeckt huet, firwat Lëtzebuerg de perfekte Labo fir d'Hydrologie ass a ginn der Fro no wéi de Wäin als eng Zort Archiv agéire kann.
An där neier Episod gëtt et faarweg, exzentresch a verréckt – d'Julie an de Chris hunn d'Miss Mike an d'Miss Claudia op Besuch. Erlieft wëll Raibergeschichten aus dem Liewe vun zwou Drag Queens, déi sech och emol gäre selwer deen een oder anere Sproch un de Kapp geheien. Wou verstoppen si en? Wat ass am Waasser vum Théiwesbuer dran? A wéi ass et einfach dat auszeliewe wat ee wierklech ass? Donieft probéiert de Chris als Miss Eldorado d'Einschaltquoten ze pushen, d'Julie werft seng Sneaker an den Eck an et gëtt iwwert eise Premier fantaséiert.
Am Joer 2013 ass eng kanadesch Studentin zu LA an engem Hotel verschwonnen. E puer Deeg nom Verschwanne kloen d'Gäscht vum Hotel, datt eppes mam Waasser net stemmt. Wat ass do geschitt?
Wéi et schéngt si mir dës Kéier ënnert de Fëscher ënnerwee. Oder villäicht och net. Den Alain Atten erkläert wat et mam Sproch "Lo kréien déi kleng Fësch och Waasser" op sech huet.
Heiansdo muss een e bëssche Waasser a säi Wäi schëdden. Zum Gléck waren d'Museker vu Level 42 Mëtt den 80er keng Tockskäpp.
D'Chrëschtdeeg sinn ëm, de Mathis huet nach ellen Nowéien a bleift dowéinst an dëser Episod beim Waasser a beim Ingwer Shot. Dem Bob geet et awer rëm gutt an hien traut sech schonn un den hellege Gambrinus. Zesumme schnësse sie iwwer Hipsches an Habsches vun den alljärleche Saachen, déi een an dëser Zäit mécht: Kachen, Prosten an de Kevin alleng doheem kucken. Vill Spaass beim Lauschteren.
Damp iwwert dem Waasser - wat de 4. Dezember 1971 zum Gléck net an enger Katastroph ausgeaart ass huet Deep Purple zu hirem Kulthit verhollef.
De Pit ass net fit, mais fir Iech sëtzt hien sech trotzdem dohin a braddelt mam Rik. Dës Kéier philosophéieren mir zwee doriwwer wen den Formel 1 GOAT ass a wisou de Pit géint ee vu senge Grondprinzipien verstéisst. Natierlech schwätze mer och iwwert d'US Walen déi eis gottseidank net enttäuscht hunn. Dann schwätze mer nach bëssen iwwert de Podcast vun leschter Woch, den vun der nächster Woch, d'PS5 an en Hologramm. 1 Stonn volle Programm! Mir hoffen dir hudd Spaass.
Et gouf gerätselt, et gouf recherchéiert - elo ass kloer: Nous Charles huet säi groussherzogleche Kapp an dat hellegt Waasser gezappt. Ausserdeem: Fiasko beim Tour de Luxembourg, Fiasko beim Télévie a Fiasko am Corona-Risikogebitt München!
Dat gëtt eng naass Affär dës Kéier beim Alain Atten. Obwuel; bei "engem d'Waasser reechen" ass dach iwwerhaapt kee Waasser am Spill! Oder? Ma genee dowéinst gëtt et de Sproochmates.
Hu mer dëse Summer genuch Drénkwaasser? Kann et awer nach knapp ginn?Wou soll eist Waasser an Zukunft hier kommen?Ënnert anerem aus der Musel, seet den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt...de Jean-Paul Lickes ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun, wéi gewinnt géint 10 op 8.
Säi Beruff hat den Arthur Unger (1932) Mëtt den 1950er Joren op den afrikanesche Kontinent, an de Belsche Kongo, verschloen. 1960 kënnt hien zeréck an Europa, wou hie sech spéider berufflech zu Paräis installéiert. Hei gëtt de Konschtintresséierte mam artistesche Milieu konfrontéiert, et ass och do, wou hie seng éischt Zeechnungen a Gouachen an Encres de Chine realiséiert. Zeréck zu Lëtzebuerg 1968 entwéckelt den Arthur Unger e Procedé fir op elektrolytesche Koffer ze zeechnen, hien nennt dat Pyrochimiogrammen. Seng Renconter 1970 zu Paräis mam bekannte franséische Konschtkritiker Michel Tapié war decisiv fir seng Weiderentwécklung, souwuel am artistesche wéi och am deegleche Liewen. Opgeholl a verschafft vum Carlo Link. (Eng Rediffusioun vum 15. August 2018) Arthur Unger © Carlo Link Site vum Kënschtler: http://arthurunger.com Dräi wichteg international Kontaktpersoune vum Arthur Unger (Ante Glibota, Michel Tapié a Fernando Arrabal)
Viru 500 Joer huet de Magellan de pazifeschen Ozean erreecht a fir méi wei 100 Deeg gesäit hien a seng Ekipp soss näischt wéi bloen Himmel a Waasser. De Lëtzebuerger war elo 56 Deeg doheem an och mat Frigo an Netflix geet dat duer, fir datt d'Froen, déi sech sou gestallt ginn, bemol ganz anerer sinn - dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
Mir froen de President vun der Union des Entreprises op d'Finanzhëllefe vun der Regierung duergi fir all d'Betriber iwwer Waasser ze halen. De Rick Mertens féiert duerch d'Gespréich.
Firwat bleiwe schwéier Schëffer iwwer Waasser?
Firwat bleiwe schwéier Schëffer iwwer Waasser?
Firwat gëtt Waasser fest wann et fréiert?
Firwat gëtt Waasser fest wann et fréiert?
Den Autosalon vu Genève fällt dëst Joer an d’Waasser, ma Citroën huet schon am Virfeld ënnert dem Motto „Electric 4 All“ op eng Avant-Première op Paräis invitéiert. Den Akim Schmit aus der Automag Equipe war mat dobäi, an huet éischt Andréck vum Citroën „Ami“ matbruecht.

Viru ronn 20 Joer huet seng Passioun ugefaangen, wéi e mat engem Kolleg an der Vakanz op Mallorca war. Wéi de Stve Carmentran do ënner Waasser getaucht ass, war et ëm hie geschitt. Mëttlerweil mécht en och Fotoen am naassen Element a war esouguer scho bei der Weltmeeschterschaft an der Ënnerwaasser-Fotografie zu Zeeland mat vun der Partie. No wéi enge Critèren déi beschte Fotoen do erausgesicht ginn an iwwert e weidere Concours zu Monaco, huet en eis an der Mëttesstonn erzielt. Donieft goufe mer gewuer, wéi eng verschidden Tauchschäiner et ginn a wéi enge Kreaturen eisen Invité schonn am Mier begéint ass.

Zanter bal 17 Joer engagéiert sech de Lëtzebuerger mat senger Organisatioun 'Le Soleil dans la Main' am Burkina Faso. Ronn 40 Employéeën an 30 Benevolen këmmeren sech drëm dass d'Entwécklungsprojeten am westafrikanesche Staat viruginn. A sechs Beräicher gëtt geschafft: an der Educatioun, der Beruffsausbildung an der Gesondheet, awer och d'Liewensmëttel-Sécherheet, d'Gestioun vum Waasser an de Schutz vun der Ëmwelt si wichteg Sujeten. Mir hu nogefrot wat konkret an all deene Joren op der Plaz geschitt ass a wéi dacks d'ONG dorower fiert.

Op de Mound oder Asteroiden ze fléie fir do Ressource wéi Waasser oder Metaller ze fannen ass d'Visioun vum Space Mining. Dohannert stécht awer vill méi. Mam Space Mining ass e Secteur geschafe ginn, de permanent evoluéiert, Entreprisen ulackelt, Aarbechtsplaze schaaft an d'Fuerschung ënnerstëtzt. Et wëllt en hei och net d'Ressourcen op d'Äerd bréngen, mä déi op der Plaz fir den Opbau vun Infrastrukturen notzen.
Uganks der Woch huet d'House of Startups hiren éischte Gebuertsdag gefeiert. Hei kréie jonk an innovativ Entreprisen ënnert d'Äerm gegraff, an der Hoffnung, dass aus villverspriechende Startups iergendwann erfollegräich an eegestänneg Entreprise ginn. Ma de Wee dohi féiert net laanscht de Sprong an e ganz kaalt Waasser. E Gewässer, dat zu Lëtzebuerg bei Wäitem net sou äiseg misst sinn, wéi et den Ament ass, mengt d'Maxime Gillen.
Firwat an der Lescht sou dacks Staarkreen gefall ass a wéi Land a Leit sech dogéint schütze kënnen.
Firwat an der Lescht sou dacks Staarkreen gefall ass a wéi Land a Leit sech dogéint schütze kënnen.
Vu réngen Idealisten déi sech fir d'Ëmwelt, fir de Fridden an géint de Bau vun engem Atomkraaftwierk zu Rëmerschen agesat hunn – bis hin zu Regierungsmemberen haut déi sech zwar nach ëmmer fir d'Natur, ma och fir ee Burka-Verbuet oder de Bau vun neie Stroossen asetze mussen - déi Gréng hunn sech vill verännert. Den Idealismus mëscht hautdesdaags dacks Plaz fir d'Realpolitik déi deene Gréngen an der Lescht net ganz gutt zu Gesiicht steet, fënnt d'Annick Goerens de Moien a sengem Commentaire.
Wou kënnt eist Krunnewaasser hir, wéi gëtt et behandelt a wéi kann ee säi Goût veränneren? Mir klammen an ee vun de gréissten Drénkwaasser-Bassengen zu Lëtzebuerg. A weisen wéi a firwat se dee regelméisseg musse botzen. Kucke wéi opwenneg et ass wann een eng Quell unzape wëll. Testen op Krunnewaasser iwwerall selwecht schmaacht. Weise puer Tricker wéi ee säi Goût verbessere kann. An de Mister Science demonstréiert wat den Drock vum Waasser alles bewierke kann.

Tricken vun der Liewensmëttelindustrie. Brout baken ass kannerliicht. Am Fong brauch ee just Miel, Salz, Hief a Waasser. Oder? Mir maachen den Test beim Bäcker a froen no mat wéi engen Zousätz ee beim Broutbake fuddelen kann. De Mister Science pecht aus puer Stécker einfachem Fleesch en zaarte Steak zesummen. Mir fannen Eisestëbs an de Kornflakes. An de Paräiser Chemiker Hervé This demonstréiert eis seng Cuisine Note à Note.

Gënschteg, praktesch, knaschteg: firwat u Plastik net alles gutt ass! Akafen ouni Plastik, geet dat? Jo! An engem neie Buttek zu Berlin. Original unverpackt heescht d'Konzept an d'Cliente si begeeschtert. Mee giff dat och zu Lëtzebuerg goen. Mir hunn et getest. Plastik a Spillsaache ka gëfteg sinn. Op wat muss een oppassen? D'Ozeanen erstécke scho laang am Plastik-Offall. E jonken Hollänner huet lo awer vläit eng Léisung fonnt wéi een de Plastik aus dem Waasser eraushuele kann. An de Mister Science mécht Bioplastik dee sech an der Natur zersetzt.

D'Sonn: Liewenswichteg a geféierlech! Si ass ee vu Milliarde Stären am Universum. Schéckt Luucht op d'Äerd. Léisst Planze wuessen. An eis dreemen. Mee d'Sonn ass och geféierlech. Wéi schützt ee sech am beschten virun den UV Strahlen? Besonnesch um Waasser. Mir woren duerfir och op de Stau a weisen wéi et do ausgesinn huet wéi dee fir d'lescht ganz eidel war. Firwat ee seng Terrasse nëtze soll wann ee sech wëll ofkillen. An den Mister Science produzéiert Stroum. Mat enger selwer gebauter Solarzell an der Kraaft vun der Sonn.