Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.
Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft. Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d'Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam “GG“, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechterstereotypen opmierksam maachen. Datt Fraen a Männer, Jongen a Meedercher dat kënne gi wat se wëllen. An net dat wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt.
Dem Olivier Catani säi «Sweet Caroline». Den Olivier séngt gär, mee falsch. Hien wollt duerfir sange léieren. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vun de Providers an der Gesangsproff Julie Rodesch. Hei de Video vum Olivier sengem Optrëtt op der Nouspelter Eemaischen. No just 7 Gesangsstonnen, zwou Bandprouwen an ee Soundcheck um Dag vum Concert.
Wéi ee sange léieren a seng Stëmm verléiere kann. Den Olivier Catani däerf op engem Bal vun de Providers ee Lidd sangen. Obwuel hien eigentlech guer net sange kann. Hie muss duerfir a Gesangscoursë goen. Hat awer just 8 Wochen Zäit. Wat kann e bluddegen Ufänger a kuerzer Zäit léieren? En Expert fir Stëmmstéierung erkläert firwat een no enger laanger Partynuecht gär mol hees ass. An d'Laura Thorn weist eis wéi eng Übungen elo kuerz virum ESC wichteg sinn an erzielt vum Albdram fir all Sängerin.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Mir kucken zréck an no vir. Bal 200 Sendungen an no un 1000 Reportagen. Am Pisa erkläre mir zanter 15 Joer d'Welt. Wat waren d'Highligts aus de leschte Joren. Wéi huet de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg sech entwéckelt. A firwat huet een am Laf vu sengem Liewen ëmmer méi d'Gefill, dass d'Zäit reegelrecht verflitt.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Wéi mir eis erkalen a wat wierklech hëlleft. En zolitte Schnapp. Hals- a Kappwéi. Domat sinn aktuell vill Leit geplot. Am Pisa wéi eng Medikamenter wierklech hëllefen a wéi eng een sech spuere kann. Wat an eisem Kierper genee geschitt wa mir eis mat engem Erkältungsvirus infizéieren. Firwat mir eis ëmmer rëm erkalen an u wat läit et datt d'Häre besonnesch ënnert der Männergripp leiden.

Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.
Wat een haut maache muss, datt et muer net zum Blackout kënnt. Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft nach méi Wandenergie produzéiert ginn. Wéi vill Anlage mussen duerfir opgeriicht ginn? A wéi kënnen intelligent Kamera dobäi hëllefen, dass duerch Wandrieder keng Déieren zu Schued kommen. Zu Kielen steet den éischten Agri Photovoltaik Park zu Lëtzebuerg. E kombinéiert Solarstroumproduktioun a Landwirtschaft. Ëmmer méi Elektroautoe brauchen ëmmer méi Stroum. Wéi d'Netz dat packe soll an och Privatstéit kënnen dozou bäidroen. An am LIST hirem neie Methavan gëtt ee gewuer firwat och de Biogas an der Energietransitioun eng wichteg Roll spille kéint.
An engem Dag iwwer 50.000 Träppleke goen. Den neie Pisa Summer-Challenge ass extrem. Eng Aventure an den héchsten Trapenhaiser zu Lëtzebuerg. Héichuewen, Waassertuerm, Funicualaire an Héichhaus. Mat dobäi e Mann, dee scho puer Trapelafcoursse gewonnen huet. An e Sportwëssenschaftler mat enger Trainingstrap an engem speziellen Trainingsraum. Bal wéi um Mount Everest.
Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll. D'Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pläng fir e Kanal tëscht der Musel an dem Minett an an Zukunft kéint Muselwaasser zu Drénkwaasser opbereet ginn. Wou dee Projet genee drun ass. A firwat e wonnerschéine Waasser am Mëllerdall ganz geschwë verschwanne soll.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.
Komm mir schwätzen driwwer Eise Kierper, eis Sexualitéit. Eng Sexualpedagogin wëll nieft Kanner och mat Erwuessenen Tabue briechen. D'Linguistin erkläert wou verschidden Ausdréck fir d'Geschlechtsdeeler hierkommen an ob Männer hei wierklech besser ewech kommen. Wat weess d'Wëssenschaft iwwert den Orgasmus. A firwat Pornographie sech net just op Kanner a Jugendlecher negativ auswierke kann.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Puer vun de bis elo beschte Momenter an d'Fuerschung hannendrun. No 10 Episoden Take Off kucke mir am Pisa zréck op déi bescht Momenter aus der Science Challenge Show. Kniwweleg wëssenschaftlech Challengen. Spannend bis déi lescht Sekonn. Wéi hunn d'Kandidaten d'Show erlieft? Wéi eng Fuerschung stécht hannert den Challengen? A firwat ass Take Off fir Linguisten esou interessant.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d'Fuerschung hannendrun. D'Emily, d'Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D'Chiara, den Alex an d'Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d'Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir gesi wéi eng Fuerschung hannert den Challenge vun der éischter Science Challenge Show stécht.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Wat schwätzt duerfir, wat dogéint? Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.
Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus? Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST schaffen um Smartphone vun der Zukunft, mat engem Touchscreen, deen een net upake muss.
D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d'Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d'Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d'Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den ëffentlechen Transport ze optimiséieren.
Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun 1848 erkämpfen d'Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.
Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer. De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D'Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d'Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d'Krunnewaasser mat enger intelligenter Steierung am Land verdeelt gëtt. A maachen eis op eng spannend Sich no de Plazen wou d'Leit virun iwwer Joer 100 hiert Drénkwaasser hir kruten.
Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren. Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwat mer hannert dem Steier gär mol extrem fluchen. Gesinn wéi eisen Autobunns-Reseau iwwert déi lescht Joerzéngte gewuess ass. An de Mister Science weist an engem spektakulären Experiment wéi déi sougenannt Nids de poule an de Stroossen entstinn.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGPT op der Aarbecht Zäit spuert. D'Intelligenz vum Chatbot engem awer och Angscht maache kann. Wou Kënschtlech Intelligenz eis eventuell schueden awer och nëtze kann.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d'Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen a Fueskostümer op geféierlech Substanzen. An erkläre wou de Mikroplastik hir kënnt an op en da lo geféierlech fir de Mënsch ass oder net.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d'Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehier duerch Sport an aner Aktivitéite laang fit kann halen.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann Mir maachen eis op d'Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d'Chrëschtbeliichtung oder awer d'Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d'Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Daach vun engem Haus Solarzelle gesinn, déi een op den éischte Bléck guer net gesäit. A Fuerscher op der uni.lu entwéckele d'Solarzelle vun der Zukunft. Kleng, faarweg an héich effizient.
Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gros dovun steet awer net laanscht Weeër, mee matten am Bësch oder a geféierlechen Häng. Wéini goufen d'Marken opgestallt? Wien huet d'Grenz gezunn? A firwat sinn op ville Plaze komesch Zacken dran?

Op Entdeckungsrees an de Kasematten an den ale Schifergrouwen Mir entdecken déi riseg ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwen zu Uewermaartel a gesinn am Büro vum fréiere Chef wat haut nach iwwert dem Buedem un déi al Zäiten erënnert. An um Kierchbierg kënnt een ënnert d'Schinne vum Tram. An en Deel vun de Kasematten an deem ee keng regulär Visitte ka maachen.
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.