E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Follow E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir
Share on
Copy link to clipboard

Elteren an hir Kanner – ee staarkt Team – de Podcast vun der Eltereschoul, an deem där Villes gewuer gitt, iwwert d’Zesummeliewen an der Famill, d’Entwécklung vun de Kanner a wat si brauche fir stark, jonk Erwuessener ze ginn. Kanner erzéien ass duerch d’Entwécklungen an eiser Gesellschaft ëmmer méi komplex an eng grouss Erausfuerderung fir d’Eltere ginn. Tëschent de beruffleche Flichten an dem Liewen an der Famill, jongléieren d’Elteren fir hiren Alldag sou gutt wéi méiglech ze meeschteren. D’Eltereschoul gëtt an dësem Podcast Informatiounen ronderem déi wichtegst Aspekter vun där flotter Aufgab Elteren ze sinn.

Une équipe d'enfer/Le podcast de l'Ecole des Parents


    • Jul 7, 2023 LATEST EPISODE
    • monthly NEW EPISODES
    • 42m AVG DURATION
    • 12 EPISODES


    Search for episodes from E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir with a specific topic:

    Latest episodes from E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

    Ee staarkt Team/Episode 11: Et gëtt een net als Grousseltere gebuer

    Play Episode Listen Later Jul 7, 2023 40:03


    An der 11. Episode vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren: Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer? Firwat ass d'Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvoll? Fir d'Grousselteren? Fir d'Enkelen? Doriwwer schwätzen d' Jeannine Schumann an d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul an dësem Podcast fir Grousselteren an Elteren.

    team gesellschaft ee fir firwat doriwwer elteren
    Episode 10: Geschwëster

    Play Episode Listen Later Apr 27, 2023 50:38


    Nodeems et an den éischten Episode vun eisem Podcast ëm d'Entwécklung vum Kand goung, kucke mer lo op verschidden Aspekter vun de Familljekonstellatiounen. Am 10. Episod dréint sech alles ëm Geschwëster: wat ännert sech wann ee Geschwësterchen an d'Famill kënnt a wat hanno mécht d'Bezéiung ënnert de Geschwëster esou spannend? D'Véronique Nilles , Educatrice graduée an d'Nora van Daele, Sozialpädagogin, béid Mataarbechterinnen aus der Eltereschoul, sinn haut Invitéeën.

    invit ster episod sozialp geschw kand nilles aspekter educatrice nodeems
    Episode 9 Manner Stress am Familljenalldag

    Play Episode Listen Later Jan 30, 2023 50:21


    Manner Stress am Familljenalldag D'Eltereschoul erkläert an dëser Episod vum Podcast “ee staarkt Team”, wat Stress ass, wéi Stress entsteet, wéi een op Stress reagéiert, awer och wéi een dee ganz normalen Familljendag meeschtere kann, ouni dem Stress ze vill Plaz ze loossen. Ausserdeem gëtt et ee klengen Abléck an d'Methode vum MBSR an eng kuerz Klangschuelerees, fir esou mat méi Geloossenheet an den Alldag zréckzegoen.

    E staarkt Team - Hors série: la méthode Janusz Korczak ?

    Play Episode Listen Later Dec 6, 2022 101:47


    La méthode éducative selon Janusz Korczak : surtout pas de méthode! Discussion avec Eliza Smierzchalska Comment ce grand pédagogue polonais a-t-il repensé l'éducation et le statut de l'enfant ? Comment ce responsable d'un orphelinat a-t-il organisé un internat avec l'idée directrice de rendre l'enfant autonome ? Basée sur l'observation et respectant l'individualité de chaque enfant, qu'est-ce qui caractérise la pédagogie chez Janusz Korczak ? Dans cet épisode hors-série, Eliza Smierzchalska qui a retraduit et illustré le livre-culte de Janusz Korczak 'Le roi Mathias 1er' discute de manière informelle avec l'équipe de l'Ecole des parents. Bien que les conditions de prise de son ne soient pas idéales, nous avons décidé de partager cet échange libre, spontané, parfois émouvant avec toutes celles et ceux qui s'intéressent à l'éducation.

    dans bas hors janusz korczak
    E staarkt Team Episode 8: De Burn-out parental verstoen

    Play Episode Listen Later Oct 13, 2022 44:55


    An dëser Episod vum Podcast beschäftege mer eis mat engem Phenomen, deen et warscheinlech scho méi laang gëtt, mee deen awer eréischt an de leschten 20 Joer besser erfuerscht ginn ass. Wat ass de Burn-out parental? Wéi kënnt de Burn-out zustan a wat kann ee maachen fir en ze prevenéieren oder rëm erauszekommen? Wat si Konsequenze vun engem Burn-out parental fir d'Elteren a fir d'Kanner. D'Tania Hemmer, Mataarbechterin an der Eltereschoul an Expertin am Burn-out parental ass eis Invitee

    E staarkt Team - Episode 7: Schlof Këndche schlof

    Play Episode Listen Later Jun 27, 2022 35:28


    De Schlof vum Kand, eent vun deenen Theemen, dat villen Eltere besonnesch um Häerz läit.. Iwwert de Schlof vum Kand gëtt vill diskutéiert an debattéiert, an am Laf vun de Joerzengten sinn do eng Rei Mythen, Wourechten an Onwourechten entstanen. Fir e bëssen opzeraumen an deem Sujet an eis op de neiste Stand vun der Fuerschung ze bréngen, hunn ech haut d'Tania Hemmer, eis Spezialisten zum Thema Kanner an hire Schlof, invitéiert.

    E staarkt Team - Episod 6: Ech kann dat schon eleng

    Play Episode Listen Later May 2, 2022 22:38


    Eltere vu klenge Kanner stelle sech ëmmer erëm d'Fro, wéini muss mäi Kand wat kënnen a wat ass, wann et dann eppes nach net sou gutt fäerdeg bréngt? Äntwerten op dës Froen an nach villes méi, héiert Dir lo an engem Gespréich tëschent dem Jeannine Schumann an dem Ana Luisa Carrilho vun der Eltereschoul. De Podcast dréint sech ëm folgend Punkten: Wat heescht dann eigentlech Autonomie? Wéini muss mäi Kand wat kënnen? Wéini riskéieren ech et ze iwwserfuerderen oder awer och z'ënnerfuerderen? Wat sinn do d'Richtlinne vun der Wëssenschaft? A wa mäi Kand net an d'Norm passt? E puer Tipps an Tricks vun eiser Säit

    E staarkt Team Episod 5 Pubertéit ass...

    Play Episode Listen Later Feb 16, 2022 38:28


    Pubertéit ass, wann Elteren ufänke schwiereg ze ginn, esou heescht de 5. Episod vun eisem Podcast iwwer d'Erzéiungf. D'Haapttheme sinn: D'Gehir vum Jugendlechen ass wéi ee grousse Chantier Wat geschitt mat dem Jugendlechen an der Pubertéit? Firwat déi staark Oppositioun? Brauch dee Jugendlechen nach Reegelen a Grenzen? Lassloossen, ouni falen ze loossen Eng gutt Bezéiung mat dem Jugendleche behalen

    Ee staarkt Team Episod 4 An wann et dann awer mol schwiereg ass....

    Play Episode Listen Later Dec 3, 2021 41:03


    An dëser Episod kucken mer wéi een als Elteren duerch méi schwiereg Momenter kennt wann et eemol net esou gutt klappt mat der Erzéiung wéi een sech dat virgestallt huet. Dëst erwaart iech an der Episod: - Wat huet Elteren sinn an Erzéiung mat enger Faarfpalette ze dinn? - Wéi kennen systemesch Familljeberodung an Triple P eng Ënnerstëtzung sinn? - Alternativen zum klengen Klapps op den Hënner - Wéi kann ech Verhalen vun mengem Kand besser verstoen? - Wat erwaart mech an engem Triple P Cours? - Beispiller aus dem Alldag vun Grondschoulkanner - En klengen Exercice an flott Recommandatiounen vun Bicher Vill Spaass beim Nolauschteren Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

    Ee staarkt Team Episod 3 Modern Erzéiung

    Play Episode Listen Later Oct 27, 2021 28:50


    An deser Episod gidd der gewuer wat d'Elteren a Kanner mat enger Sportsekipp an hirem Coach ze dinn hunn. Mir kucken eis Grondiddien an Prinzippien vun enger "Moderner" Erzéiung un Dëst erwaart iech an der 3 Episod: - Wat huet sech an der Covidzeit fir Eltereschoul an hirer Aarbecht verännert? - Besoinen vun eisen Kanner fir staark Erwuessener ze gi - Wat huet Erzéiung mat enger Sportsequipp an sengem Coach op sech? - Réckbleck ob verschidden Erzéiungsstiler - Wéi klappt en gutt Zesummeliewen mat eisen Kanner? - Wéi eng Elementer gehéieren zu enger gudder Kommunikatioun? - Zwee kleng Exercicer fir Doheem mat ären Kanner ze maachen Vill Freed beim Nolauschteren Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

    E staarkt Team Episod 2 Et gëtt een net als Eltere gebuer

    Play Episode Listen Later Sep 29, 2021 28:31


    An eiser zweeter Episod schwätzen mer doriwwer wéi Eltereschoul ob Iddi komm ass en Cours fir Maternité ze organiséieren an wéi dësen Cours ofleeft.Mir ënnerhalen eis iwwer Erausfuerderung fir Famill an awer och fir Koppel ,déi Gebuert vun engem Puppelchen mat sech bréngt. Froen ob déi mer am Podcast aginn sinn: - Wisou sollen Elteren sech scho virun der Gebuert Gedanken zum Thema Erzéiung maachen? - Wéi ass Eltereschoul ob Idee komm an Maternités ze goen? - Wat sin Themen vum Cours? - Changementer déi ob Koppel no der Gebuert duerkommen - Wou kann ech mech umellen? An zum Schluss kritt der nach en flotten Exercice an en klengen Buchtipp mat op den Wee.. Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

    Ee staarkt Team 1. Episode D'Eltereschoul stellt sech fir

    Play Episode Listen Later Jul 9, 2021 22:18


    Am éischten Deel geet et ënner anerem drëms firwat et iwwerhaapt eng Eltereschoul gëtt, an ob et dann iwwerhaapt wichteg ass Kanner ze erzéien. An dëser Epsisod gin mer ob folgend Froen an: - Wéi ass Eltereschoul 2002 entstaanen? - Geet Erzéiung net einfach esou? - Wou kann een Eltereschoul iwerall fannen? - Wéi schaffen mir an der Eltereschoul? - Wéi geseit Eltereschoul Erzéiung? Ob all des Froen kritt der an dësem Podcast eng Enwert ,souwéi en klengen Exercice fir Doheem. Spring by Ikson https://soundcloud.com/ikson Music promoted by Audio Library https://youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

    Claim E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel