POPULARITY
Nodeems de Film d'Ouverture enttäuscht huet, fänkt de Wettbewerb staark, awer donkel un: Mat dem däitschsproochegen transgenerationelle "Sound of Falling" vun der Mascha Schilinski an "Deux procureurs" vum Ukrainer Sergei Loznitsa sinn zwee Filmer um Start, déi op ganz verschidde Manéieren iwwert den Totalitarismus schwätzen - an déi eigentlech allen zwee scho kéinte mat engem Präis couronnéiert ginn. De Jeff Schinker ass dem Marc Trappendreher op der Terrasse des Journalistes am Palais des Festivals op der Croisette begéint - an déi zwee hunn sech iwwert déi zwee Filmer ënnerhalen.
Der Marcy hir zweet EP wäert zäitgenëssesche Pop mat Rock-Elementer aus den 2000er Jore verbannen. Nodeems d'Kënschtlerin um United Islands of Prague Festival 2024 gespillt huet an am Februar 2025 fir Livingston an OneLastTime opgetrueden ass, wëlle mir de Point mat hir maachen.
Der Marcy hir zweet EP wäert zäitgenëssesche Pop mat Rock-Elementer aus den 2000er Jore verbannen. Nodeems d'Kënschtlerin um United Islands of Prague Festival 2024 gespillt huet an am Februar 2025 fir Livingston an OneLastTime opgetrueden ass, wëlle mir de Point mat hir maachen.
Nodeems de Jean Muller bäi de leschte Produktiounen de Fokus op Komponiste wéi de Beethoven, Bach, Chopin a Liszt geluecht huet, goufen elo dem Mozart seng Pianossonaten op CD erausbruecht. Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet de Jean Muller iwwert d'Gedanken an d'Schwieregkeete vun dëser fënnef-Deeleger CD-Produktioun geschwat.
Nodeems de Marc Trappendreher eis lescht Woch “Maria” vum Pablo Larraín an “Beetlejuice Beetlejuice” vum Tim Burton virgestallt hat, verréit hien eis an enger zweeter Reportage direkt vum Lido, wisou Muechtverhältnisser de roude Fuedem vun der Competitioun sinn - an illustréiert dat un de Kuerzbespriechungen vu "Babygirl" vun der Halina Reijn, "The Room Next Door" vum Pedro Almodóvar an "The Brutalist" vum Brady Corbet.
Nodeems mir eis gëschter d'Highlighte vum Concours ugekuckt hunn an éier am Grousse Kino genee déi Filmer op de Leescht geholl ginn, war sech de Jeff Schinker zu Cannes och e puer Filmer aus anere Selektiounen ukucken - an huet dofir säi Schlof geaffert. Hie stellt "Les fantômes" vum Jonathan Millet a "Ma vie ma gueule", de posthume Film vun der Sophie Fillières vir.
Wien ass méi dichteg wéi de Léon Gloden? Dat wier ee méiglechen Titel fir de kuerze Promo-Film, deen den Inneministère rezent an de soziale Medie publizéiert huet. Nodeems et am Politmonitor vun RTL an dem Wort fir den neie Chef an der Beaumontsgaass just duergoung, fir op déi 31. Plaz ze kommen an deene béise Gedichter a Lidder, muss elo den Image oppoléiert ginn, kommentéiert d'Dany Rasqué.
D'Migratioun ass e wichtegt Walkampfthema fir d'EU-Walen. Nodeems virun zwou Wochen am Europaparlament de sougenannte Migratiounspak ugeholl ginn ass, weist sech däitlech, dass d'Unioun eng aner – méi restriktiv – Richtung wëll aschloen.
Nodeems "the big C" 50% vun ärem Lieblingspodcast niddergerongen huet, ass um 3. Advent nees Zäit fir Luxusprobleemer an Interventiounen! Den Hoer-Bebe an de Wuerm vun "Dune" liwweren onbegrenzt Dommheet, Räps-Inkompetenz a bunnbriechend Froen. Tëscht Disney-Rassismus a Slayer op der Pride gëtt et delulu am "Plaza" an eng (temporär) nei Kategorie bréngt Aggressiounen un d'Dagesliicht.
Nodeems dem Ian De Toffoli säi Stéck "Léa et la théorie des systèmes complexes" zu Limoges uropgeféiert gouf , kann een elo dës Ëmwelt-engagéiert Produktioun, déi ënner der Regie vun der Renelde Pierlot op d‘Bün bruecht gouf, am Kapuziner-Theater gesinn. Muer den Owend (11.10.) ass d‘Première an d‘Valerija Berdi huet mat der Renelde Pierlot an dem Ian de Toffoli iwwer "Léa et la théorie des systèmes complexes" geschwat.
Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.
Nodeems et an den éischten Episode vun eisem Podcast ëm d'Entwécklung vum Kand goung, kucke mer lo op verschidden Aspekter vun de Familljekonstellatiounen. Am 10. Episod dréint sech alles ëm Geschwëster: wat ännert sech wann ee Geschwësterchen an d'Famill kënnt a wat hanno mécht d'Bezéiung ënnert de Geschwëster esou spannend? D'Véronique Nilles , Educatrice graduée an d'Nora van Daele, Sozialpädagogin, béid Mataarbechterinnen aus der Eltereschoul, sinn haut Invitéeën.
Nodeems dem Mariane B. säi Meedchen am Alter vu 7 Joer grausam ermort gëtt an de Täter viru Gericht steet, hëlt d'Fra d'Justiz an déi eegen Hand. virbestrooften Wéi et dozou koum, wien den Täter war a firwat en dat 7 Joer aalt Meedchen ëmbruecht huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
Buch-Cover: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft". Foto vun der Raumstatioun MIR '97. Riets den Dr. Roland Bernecker bei der Konferenz/Gespréich (23.03.23) "Die vielen Kulturen müssen begreifen, dass sie auf überwiegend getrennte Vergangenheiten zurückschauen und auf überwiegend gemeinsame Zukünfte vorausblicken", esou deen däitsche Philosoph a Publizist Peter Sloterdijk 2018. Dëst Zitat beschreift d'Fuerderung un d'Global Citizenship (d'Weltbiergerschaft) ganz gutt. "Was nun, global citizen? - Die Zukunft des planetarischen Bewusstseins im Zeitalter von Klimawandel, Krieg und Kulturkämpfen" Den 23. Mäerz 2023 hunn den Dr. Roland Bernecker a Samuel Hamen iwwer dëst Theema am Neimënster diskutéiert. Et goung ënner anerem dorëms, wou de Begrëff Global Citizenship entstanen ass, a wéi eng Roll de Begrëff haut fir eis, ënner den aktuelle politeschen an ökologesche Konditiounen, nach spille kann. Organiséiert vun der Commission luxembourgeoise pour l'Unesco an dem Institut Pierre Werner, mat der Ënnerstëtzung vum Neimënster. Enregistrement: IPW / Montage: Carlo Link Biografien vun den Intervenanten: Den Dr. Roland Bernecker ass 1961 zu Bendorf/Rhein gebuer, hie war vun 2004 bis 2019 Generalsekretär vun der däitscher UNESCO-Kommissioun. Nodeems hien zu Frankfurt/Main Literatur a Philosophie studéiert hat, huet hien iwwer déi europäesch Opklärung promouvéiert. No Fuerschungs- a Léier-Aktivitéiten an Däitschland, Italien a Frankräich, war hien Direkter vum franséisch-däitsche Kulturinstitut zu Nantes. Hie gouf 1998 Kulturberoder vun der däitscher UNESCO-Kommissioun a vun 2002 bis 2004 huet hien am Auswärtigen Amt geschafft zu Berlin geschafft. De Samuel Hamen schafft als Freelance Schrëftsteller zu Dikrech an Heidelberg. Hie krut ënner anerem 2020 de Lëtzebuerger Buchpräis an 2022 gouf hie mat engem Stipendium vun der Roger-Willemsen-Stëftung ausgezeechent. Dr. Roland Bernecker (l.) a Samuel Hamen, Moderator vum Zyklus Global Citizenship (© IPW) D'Buch: "Global Citizenship - Perspektiven einer Weltgemeinschaft" vun den Auteuren Roland Bernecker a Ronald Grätz koum 2017 am Steidl Verlag eraus. "Blue Marble" (Blo Jick), vun der an der Konferenz geschwaat gouf, ass eng bekannte Foto vun der Äerd déi d'Crew vun der Apollo 17, am Joer 1972 aus enger Distanz vu ronn 29.000 km, gemach hat (© NASA) Lauschtert d'Aleedung: Simone Beck (Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun)
"Alles ist okay", esou heescht déi nei Single vum Lëtzebuerger Auteur, Schauspiller a Museker Luc Spada. Nodeems hien um Pabeier an op der Bün nawell gär och eemol polariséiert huet, schléit hien a senger Musek eng méi versönlech Richtung an. Ass dat eng bewosst Entscheedung oder gëtt een an dësen, souwisou schonn ustrengenden Zäiten, d'Provozéiere midd?, huet d'Claudine Muno gefrot.
Am Joer 1883 kënnt e Missionär vun der katoulescher Kierch an d'Kloster Marienberg zu Oochen. Hie kënnt net fräiwëlleg dohinner a wat him an aneren do am Klouschter geschitt ass erschreckend. Nodeems en do flüchten konnt versicht en dat alles opzedecken. Wien dat war a wat do geschitt ass, erzielen d'Julie an de Charel eis an dëser Episod.
Eng DS steet an de nächste Minutten am Automag am Mëttelpunkt. DS dat sinn d‘Luxusliner vum grousse Stellantis Grupp. Nodeems mir iech d'lescht Woch den iwwerschafften DS 7 presentéiert haten, si mir elo mam DS 4 ënnerwee. De Christian Schmit souz fir eis hannert dem Steierrad.
Nodeems et lescht Woch Boulette gi sinn, dëschen d'Jongen aus der Buvette dës Kéier da mol nees eppes op, och wann et en zweete Versuch gebraucht huet. Ganz ongewinnt huelen déi Dräi des Kéier un engem Stéck op a braddele wei gewinnt iwwer de Weekend. Beim Dylan huet d'Saison ugefaange, de Ben war Kapitän an de Seba Thill bréngt lecker Flanken. Weidere Quatsch an dëser Episod.
D'Kate Spencer ass eng vun de Presentatrice vum Podcast «Forever 35» an den USA. Si schreift ënner anerem fir InStyle, Washington Post, Rolling Stone a Cosmopolitan. Nodeems si d'Erzielung mat autobiographeschen Elementer “The Dead Moms Club” geschriwwen hat, huet si sech lo un hiren éischte Roman erugewot,"Zwei Herzen unter acht Millionen". Dofir huet si sech duerch hir Faszinatioun vun der Stad New York an de klasseschen, romantesche Komedien aus den 80er Joren inspiréiere gelooss. Wat dobäi erauskomm ass, weess d'Sandra Mélan
Nodeems néi schrecklech Krichsverbriechen aus der Ukrain ëffentlech ginn, stellt sech d'Fro: Wou bléift déi grouss Reaktioun? Och Lëtzebuerg hält sech bedeckt, wierklechen Drock aus dem Parlament gëtt et net. Ausserdeem: De Réckbléck op déi chaotesch Tripartite-Evenementer vun der vergaangener Woch. A Fudder fir d'Playlist gëtt et och.
Ëmmer erëm ass et interessant dem Alain Atten nozelauschteren, wann et ëm eis Sprooch geet. Nodeems et scho vill Erklärungen iwwer eenzelt Wierder goufen, kommen mer dann haut bei e Sproch. "Wie sech gutt hält mat de Kueben". Wéi muss dee verstane ginn, wat stécht derhannert?
Den 12. November 2016 geet de Joseph mat Kolleegen an en Club feieren, Nodeems de Club zou gemaach huet, verschwënnt de Joseph virum Club an Taucht net méi op. Wat ass am Joseph geschitt, wou ass en hin? Äntwerten op des Fro kritt dir an dëser Episode vu Loscht op Mord.
Bis de 27. September sinn zu Arles déi renomméiert Rencontres de l'image, fir déi véierte Kéier och mat Lëtzebuerger Participatioun. Nodeems de Paräisser Konschthistoriker an Ekonomist Sam Stourdzé zu Arles fir Rekord Visiteurszuele gesuergt hat, gouf hien zejoert zum Direkter vun der Villa Medici, zu Roum, ernannt. Seng Nofolleg trëtt deen däitsche Christoph Wiesner un, deen a Frankräich opgewuess ass, Museologie op der Paräisser École du Louvre studéiert, duerno fir bekannt Galerie geschafft, an zanter 2015 déi gréisst Foto-Foire Paris Photo geleet huet. D'Kerstin Thalau huet hien zu Arles kennegeléiert.
Nodeems hir Schwëster vun engem russeschen Oligarch schlëmm vergewaltegt gouf, hëlt eng traumatiséiert Zaldotin d'Heft selwer an d'Hand ... Grad esou brutale wéi iwwerflëssege Vigilante-Film, mengt de Michel Delage.
D'Invitatioun fir d'Pressekonferenz ass den Donneschdeg de Moie kuerzfristeg komm. Nodeems mir an och déi aner Kolleege vun der Press an de leschten Deeg ëmmer nees Reaktiounen an Erklärunge vun de Concernéierte selwer zu hirem Verhale gefrot hunn. Nodeems d'Reprochen ëmmer méi grav an d'Kritik och vun der Politik ëmmer méi haart gouf, gouf et u sech nëmmen eng adequat Reaktioun. De Jean-Louis Schiltz huet den Donneschdeg de Moien awer gewisen, wéi ee mat enger Pressekonferenz alles just nach schlëmmer maache kann, fënnt d'Claude Zeimetz an engem Tëscheruff.
Endlech ass et esou wäit! Nodeems d'Opféierung vum Michel Clees sengem Stéck "Parterre" zweemol huet missen ofgesot gi wéinst den Covid-Sécherheetsmesuren, konnt d'Inzenéierung den 20. Januar seng Première am TNL feieren. D'Valerija Berdi war d'Stéck "Parterre" kucken.
D'Cristina Dias de Magalhães ass Fotokënschtlerin, si huet en Dokter-Titel a plastescher Konscht a Konschtenseignante. Nodeems si zu Paräis, New York, Hongkong, Berlin an, di lescht 2 Joer, zu Genf gelieft huet, ass si elo nees zu Lëtzebuerg. An hirer Foto-Konscht an an hire Recherchen huet d'Vue op de Réck, op Récker, laang dominéiert. Mee 2016 sinn hier Zwillingsduechteren op d'Welt komm, an dat huet alles changéiert. An der Diddelénger Galerie Nei Liicht presentéiert d'Cristina Dias de Magalhães dozou tëscht dem 16. Januar an dem 21. Februar 2021 d'Expo "Instincts. Same but different". Explicatioune Kerstin Thalau.
Haut an enger Woch ass Helleg Owend scho laanscht, dann ass Chrëschtdag. Nodeems den Alain Atten schonn den Adventskranz ausernee gepléckt huet, ass et dës Kéier um Beemchen, um Chrëschtbeemchen.
Nodeems den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun eis déi lescht Woch de "stäerkste" Mini vun allen Zäite presentéiert huet, ass et elo um "spuersamste"Mini vun allen Zäiten.
Nodeems den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun eis déi lescht Woch de "stäerkste" Mini vun allen Zäite presentéiert huet, ass et elo um "spuersamste"Mini vun allen Zäiten.
Am Joer 1329 hunn d'Uerdensschwëstere vum Klouschter um Helleg-Geescht-Plateau, iwwer Roum, en Ablass-Bréif fir Pilger, déi fir hier Andachtsübungen an d'Klouschterkierch komm sinn, emfaangen. 2020 ass dëst Dokument eisem Nationalarchiv fir 20'000 Euro ugebuede ginn. Nodeems keen Zweiwel méi dorunner bestoung, datt et sech tatsächlech ëm d'Original mat 7 Sigelen gehandelt huet, ass d'Acquisitioun iwwert d'Bühn gaangen. Während den Journées du Patrimoine 2020 ass den Indulgencebréif am Nationalarchiv fir d'Ëffentlechkeet fir kuerz Zäit zougänglech. Dat huet sech d'Kerstin Thalau net zweemol soe gelooss.
Nathalie Jacoby heescht déi nei Directrice vum Nationale Literaturarchiv. Nodeems de fréieren Direkter Claude Conter de Poste vum Direkter vun der Nationalbibliothéik iwwerholl huet, war de Pierre Marson Interim-Direkter am Servais-Haus. D'Anglizistin a Germanistin Nathalie Jacoby ass zanter 2015 wëssenschaftlech Mataarbechterin am CNL. D'Valerija Berdi huet mat hir iwwer hir nei Tâche geschwat.
Yves Steichen © Carlo Link Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) Entwécklung vun engem lokal-regionalen zu engem globale Player, e Virtrag Kader vu "Kulturgeschicht Lëtzebuerg" am CAPE Ettelbréck, vum Yves Steichen, Centre National de l'Audiovisuel (CNA). Eng Particularitéit vun der lëtzebuergescher Presselandschaft war et, datt d'Dageszeitungen (Luxemburger Wort, Tageblatt, Lëtzebuerger Journal, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, an zanter 2001 respektiv 2007 och Le Quotidien an L'Essentiell) laang Zäit de Monopol fir d'Informatiounsvermëttlung a Meenungsbildung zu Lëtzebuerg haten an no politescher Loyalitéit abonéiert a gelies goufen. Nodeems fir d'éischt e lëtzebuergeschsproochege Radio (1959, Radio Lëtzebuerg) an duerno en Televisiounsprogramm (1969, Hei Elei Kuck Elei) dëse Monopol opgebrach hunn, huet déi geschriwwe Press zanter den 90er Jore virun allem mat den Erausfuerderunge vum digitale Wandel ze kämpfen: Entpolitiséierung vun der politescher a medialer Landschaft, nei Generatioune vu Mediekonsumenten, Online- a participative Journalismus, Blogosphär, Paywalls a Fake News - déi digital Transformatioun ass en internationale Phenomeen, deen och an der lëtzebuergescher Mediewelt eng Rei technesch wéi inhaltlech-ideologesch Upassungsprozesser mat sech bruecht huet. Dëse Virtrag soll dem interesséierte Public en Iwwerbléck ginn iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Press, virun a wärend dem digitalen Zäitalter. Opgeholl den 13. Januar a verschafft vum Carlo Link. Audio-Extrait aus dem 3. Deel vum Virtrag ("Bottom Line" am internationale Kontext an "Wéi huet sech d'Presse-Kris zu Lëtzebuerg geäussert?): Extrait 3, Deel vum Virtrag Film vun 1960 vum Nic Laux, deen am Virtrag gewise gouf: "Naissance d'un grand quotidien: Le Luxemburger Wort" aus den Archive vum Centre national de l'audiovisuel (CNA): <br />
Nodeems déi Alliéiert Truppen de 6. Juni 1944 an der Normandie gelant waren, huet et nach bis den 9. September gedauert bis déi amerikanesch Zaldoten zu Lëtzebuerg waren. Haut organiséiert d'Regierung zesumme mat der Stad Lëtzebuerg eng Gedenkzeremonie fir de 75. Joresdag vun der Befreiung vu Lëtzebuerg. A schonns gëschter um 9. September war déi grouss Gedenkfeier zu Péiteng. Do war viru 75 Joer den éischten amerikaneschen GI op Lëtzebuerger Terrain gefall.Den 10. September gëllt als als den Dag vun der Liberatioun vu Lëtzebuerg. Wéinst dësem historeschen Dag ass den Historiker Jean-Marie Majerus bei eis am Studio.
Nodeems déi Alliéiert Truppen de 6. Juni 1944 an der Normandie gelant waren, huet et nach bis den 9. September gedauert bis déi amerikanesch Zaldoten zu Lëtzebuerg waren. Haut organiséiert d'Regierung zesumme mat der Stad Lëtzebuerg eng Gedenkzeremonie fir de 75. Joresdag vun der Befreiung vu Lëtzebuerg. A schonns gëschter um 9. September war déi grouss Gedenkfeier zu Péiteng. Do war viru 75 Joer den éischten amerikaneschen GI op Lëtzebuerger Terrain gefall.Den 10. September gëllt als als den Dag vun der Liberatioun vu Lëtzebuerg. Wéinst dësem historeschen Dag ass den Historiker Jean-Marie Majerus bei eis am Studio.
Rietsextremer, déi sech vun Twitter an anere sozialen Netzwierker zenséiert gefillt hunn, hunn een eegent soziaalt Netzwierk op d‘Been gestallt. E puer Joer laang ass „Gab“ op enger eegens dofir entwéckelter Software gelaf. Nodeems et awer ëmmer erëm Problemer gouf, sief et mat der Zouloossung vun hirer App an den App-Stores oder mat der Software selwer, […]
Viru ronn 6 Joer huet ee vun deene stäerksten tropesche Wierbelstierm mam Numm 'Haiyun' grouss Deeler op de Philippinen zerstéiert. D'Resultat waren Schied an enger Héicht vu bal 3 Milliounen Dollar a genee esou vill Mënschen déi hir Existenz verluer hunn. Nodeems den Olivier Conrardy Biller vun der Verwüstung gesinn huet, huet hien eng spontan Hëllefsaktioun an d'Liewe geruff an ass fir e puer Wochen op d'Philippine geflunn fir op der Plaz ze hëllefen. Dorausser ass d'ASBL 'Aide Philippines' entstan a nach haut gi Famillen a Kanner op de Philippinen medezinesch a schoulesch ënnerstëtzt.
Viru ronn 6 Joer huet ee vun deene stäerksten tropesche Wierbelstierm mam Numm 'Haiyun' grouss Deeler op de Philippinen zerstéiert. D'Resultat waren Schied an enger Héicht vu bal 3 Milliounen Dollar a genee esou vill Mënschen déi hir Existenz verluer hunn. Nodeems den Olivier Conrardy Biller vun der Verwüstung gesinn huet, huet hien eng spontan Hëllefsaktioun an d'Liewe geruff an ass fir e puer Wochen op d'Philippine geflunn fir op der Plaz ze hëllefen. Dorausser ass d'ASBL 'Aide Philippines' entstan a nach haut gi Famillen a Kanner op de Philippinen medezinesch a schoulesch ënnerstëtzt.
Nodeems d‘Cargo-Schëff MSC Zoé an der Sylvesternuecht an der stiermescher Nordséi iwwer 270 Containere verluer hat, gëtt elo no Ursaachen a Verbesserunge gesicht. Dat ass „typesch Mënsch“, méngt de Camille Ney…
All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Copyrightreform vun der EU. Nodeems et virum Summer eng grouss Kampagne géint dës Reform gouf, kritt se elo virgeworf, […]
Dëse Weekend sinn déi zweet Mätscher vun de Finallen am Volleyball Championnat.Nodeems bei den Häre Fenteng den éischte Match géint Stroossen gewanne konnt, steet de Club elo nom Coupe-Gewënn virum vum 1. Championstitel an der Veräinsgeschicht.Mam President vum VC Fenteng, Jacques Feyder, schwätze mir am Radio Sport Club iwwer d'Entwécklung vu sengem Club an d'Perspektiven an den nächste Joren.
Endlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn.
Et kéint ee scho bal mengen, et wier alles just e Witz gewiescht. Dat mat der Matbestëmmung bei der Verfassungsreform nämlech. Nodeems mir elo wahrscheinlech just dräi Froe kréien, goufen dann elo och nach déi sougenannt „Biergerforen“ ofgeschaf. Respektiv, si guer net agefouert. D'Uni Lëtzebuerg wollt, sou d'Kolleg*innen vum 100komma7, „Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren“.
Nodeems et de Weekend virdrun am Kader vun der Benelux-Liga géint d’Belsch 4 Victoiren an 4 Defaite gouf waren d’Resultater de leschte Weekend géint d’Hollänner éischter méi negativ.E bëssen Opreegung gouf et virun de Partien géint d’Hollänner well hier Federatioun d’Benelux-Liga a Fro gestallt huet. Am 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo gëtt och no vir gekuckt op d’Coupe d’Europe an op de Spëtzematch vum 6. Spilldag….