POPULARITY
Wéi wäert déi Lëtzebuerger Wirtschaft vun den erhéichten Defense-Ausgabe profitéieren? Wéi eng Betriber si concernéiert - a wat genee maachen déi Betriber iwwerhaapt? Doriwwer schwätze mir mam President vum Aarbechtsgrupp "Défense" vun der Handelskummer.
Eemol 175 Joer an eemol 60 Joer feieren de Stater Méchelschouer an d'madrigal du Luxembourg mat engem gemeinsame Concert an der Kierch um Houwald. Esou eng laang Chouertraditioun bitt dann och vill Input, déi lescht Joerzéngte Revue passéieren ze loossen. Ma och ze kucken, wéi et der Lëtzebuerger Chouer-Zeen aktuell geet a wéi eng Erausfuerderungen an Zukunft waarden. Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mat den Dirigente Jochen Schaaf a Gerry Welter vun den zwee Chéier ënnerhalen.
Zwee Pianisten, zwee Pianoen a ganz vill Improvisatioun erwaarden d'Visiteure beim Concert vum Jean-François Zygel a Paul Lay. Déi zwee Museker sinn an zwou verschiddene Museksrichtunge verwuerzelt - Eemol an der Klassik, eemol am Jazz. Wat si verbënnt: d'Talent op der Bün ze improviséieren. Mee wéi geet Improvisatioun um Piano, an ass dës Iddi vum Pianosduell nei? Doriwwer schwätzt de Pianist Jean-François Zygel mam Marie Trussart aus der Opus-Ekipp.
Muss een d'Salariéë besser virum Klimawandel schützen? Doriwwer schwätze mir mam Direkter vun der Chambre des Salariés.
De Rosch Mirkes ass zanter hirer Grënnung am Joer 2001 Directeur artistique vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette. Ee Festival vu Januar bis Abrëll, dee sech der Aler Musek ugeholl huet a bei ville Leit aus der Klassikzeen Uklang fënnt. Hei trieden ausschliisslech international Kënschtler:innen op. Den Undrang bei de Museker:innen jiddefalls ass grouss, mee wéi gesäit et beim Public aus? Wéi grouss sinn d'Ännerunge vum Festival iwwer déi zwee Joerzéngten? Zitt Al Musek weiderhin zu Lëtzebuerg oder hëlt dee Genre a Publikum an u Popularitéit zu Lëtzebuerg of? Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann mam Rosch Mirkes ënnerhalen.
Duerch dee grousse Choix u klassescher Musek léisst sech d'Chrëschtzäit haut angeneem verbréngen. Mee wéi war dat fréier? Doriwwer wéi Komponisten a Komponistinne Chrëschtdag verbruecht hu ginn et tatsächlech e puer schrëftlech Quellen, déi dozou Informatioune liwweren. De Lex Kauffmann huet sech e puer Bréiwer duerchgelies.
Wéi sollen d'Europäer mam designéierten US-President Donald Trump ëmgoen? A wat bedeit d'Enn vum der Ampel-Koalitioun an Däitschland? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam liberalen Europadeputéierten.
61 Milliounen Euro sinn no an no bei der Caritas-Stëftung geklaut ginn, an dat allen Indicen no vun enger Persoun, déi gutt bannent der Organisatioun placéiert war. Wéi konnt dat passéieren? A firwat ass dat net éischter opgefall? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam Generaldirekter vun der Caritas.
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your … Continue reading "#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere"
Wei fragil eis Demokratien sinn, gëtt eis zënter iwwert engem Joer sou kloer gemaach wéi schonn laang net méi - sief dat an der Ukrain, Israel oder wou soll et deemnächst brennen? Heiheem wären Chamberswalen evident - de Souverän konnt schonns den Dag no de Walen e Formateur fir d'Regierung nennen - d'Welt schéngt also an der Rei, och wann et nach e weidere Gewënner gëtt - déi mënschlech Dommheet. Doriwwer ass et besser ze schwätzen, iert et ze spéit ass: Kuerz déi brong Gefor. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
An der 11. Episode vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren: Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer? Firwat ass d'Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvoll? Fir d'Grousselteren? Fir d'Enkelen? Doriwwer schwätzen d' Jeannine Schumann an d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul an dësem Podcast fir Grousselteren an Elteren.
Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. … Continue reading "#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive"
Endlech war et esou wäit... Déi 3 aus der Buvette hunn et gepackt zesummen e Fussballmatch kucken ze goen. Leider war et net den Opstigsmatch vu Luerenzweiler, mee den Toppmatch aus der 2.Bundesliga. Kaiserslautern vs Hamburg. Doriwwer gëtt an der aktueller Episod natierlech ausféierlech geschwat, mee ënnert anerem och doriwwer wat zu Berlin lass ass, wien den Trikot vu Luerenzweiler designed huet a wat zanter 13 Matcher mat Nidderkuer lass ass.
Just go with the flow – oder awer besser virbeschwätzen, wat geschéie soll? Doriwwer diskutéieren de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An deene nächsten 48 Minutten gëss du gewuer, wat si gäre virum Sex ofklären, firwat Sex och philosophesch si kann an dass nom Sex virum Sex ass.
De Gesetzesprojet iwwer d'Bail à Loyer gesäit eng Rei Neierunge vir, déi fir d'Mieterschutz-Vereenegung net wäit genuch gi fir den Zougang zu enger Wunneng ze erméiglechen. Doriwwer diskutéiert d'Carole Schimmer mam Vertrieder vum Mieterschutz Lëtzebuerg
Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken? Doriwwer gouf den Owend diskutéiert.
Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken? Doriwwer gouf den Owend diskutéiert.
Wéinst dem Krich an der Ukrain gëtt et déi gréisst Fluchtbeweegung zënter dem Zweete Weltkrich: bis elo hu schonn 2,8 Millioune Mënschen hiert Land musse verloossen, esou d'UNO. Och hei am Land si scho vill Krichs-Flüchtlingen aus der Ukrain ukomm. Wéi gëtt dëse Leit gehollef? Wéi eng Zort vun Hëllef mécht am meeschte Sënn? A wéi grouss ass d'Spendebereetschaft vun de Lëtzebuerger? Doriwwer schwätze mir mat der Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg, der Marie-Josée Jacobs.
Et ass erëm Krich an Europa. Krich huet ëmmer och Folge fir d'kulturell Institutioune vun engem Land, sou och fir seng Muséeën. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
Wéi geet et dem Horeca Secteur no 2 Joer Pandemie? Doriwwer gouf an der Chamber diskutéiert - an am neien #Espresso erkläert d'Deputéiert Carole Hartmann, wéi mir d'Betriber weider ënnerstëtze kënnen.
„Non-binary“ – en Term, deen ëmmer méi oft an der Gesellschaft opkënnt, ënnert anerem well ëmmer méi ëffentlech Perséinlechkeeten sech sou identifizéieren. Mee wat ass Net-Binaritéit amfong? Wéieen Ëmgang wënsche sech net-binär Mënschen vun der Gesellschaft? A wéi gesinn hir Liewensrealitéiten aus?Doriwwer schwätzen de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An der Rubrik erkläert … „#91 Gender ass e Spektrum – Non-binary“ weiterlesen
An der Bildzeitung sinn elo kierzlech dräi Fuerscher als “Lockdown-Macher” bezeechent ginn, déi als „Experten-Trio Frust zum Fest" schenken. Domadder gi Leit medial gelyncht, well se wëssenschaftlech Fakte vu sech ginn hunn, déi net an dat verschwurbelt Weltbild vun enger Rei Lieser passen. Mussen also och Fuerscher geschwë fäerten, datt e Mob mat Gejäiz a Fakele bei hinnen doheem virun der Dier opdaucht? Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
Dat neit Covid-Gesetz spléckt d'Gesellschaft, sinn d'Kriticke berechtegt? Doriwwer ginn d'Meenungen an den Zeitungen auserneen
Wéi ass et fir d'Lëtzebuerger aus Afghanistan weider gaangen? Doriwwer schwätzen de Matthias an de Pierre mat enger Woch Ofstand. Ausserdeem: D'Rentrée kennt méi no an beim Corona-Konzept fir d'Schoulen gëtt et nach vill Diskussiounsbedarf, mir sprangen mat eiser Zäitmaschinn an d'Joer 1942, a mir hunn déi offensichtlechst Musek-Recommandatioun vun der Welt dobäi.
Als ëffentleche Bauträger huet d'SNHBM net nëmmen den Optrag ze bauen, mee och ze kafen - an zwar Bauland. Mee wéi kënnt ee laangfristeg un Terraine fir grouss Projeten am soziale Wunnengsbau, wann déi Terrainen an der Hand vu wéinege Proprietäre leien? Doriwwer schwätze mir mam Direkter vun der SNHBM, Guy Entringer. Moderatioun: Christiane Kleer.
Iwwer 80 Prozent vun der Fläch vu Lëtzebuerg si ländlech Regiounen. A bal 40 Prozent vun den Awunner liewen um Land. Wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler? A wéi gëtt d'Entwécklung vum ländleche Raum gesteiert an Zäite vun héijem Wuesstum? Doriwwer geet rieds mat dräi Invitéen: De Biekerecher Buergermeeschter Thierry Lagoda; den Arno Frising aus dem Ministère fir ländlech Entwécklung; an der Odile Simon, Direktesch vum Kulturzentrum Cube 521. Moderatioun: Pierre Reyland
An der Chamber gëtt iwwer d'Attraktivitéit vum Enseignantsberuff diskutéiert
Déi grouss Parteien wëlle kee Verfassungsreferendum méi. Hannergi si domat hir Wieler? Doriwwer diskutéiere en ADR- an en CSV-Deputéierten. Moderatioun: Rick Mertens.
De Maxime Weber ass mech zu Berlin besiche komm - Hien hat et amfong net wäit, well en selwer hei zu Kreuzberg wunnt :) Mir hunn iwwert vill verschidden Theme geschwat: Enner anerem iwwert Leit déi seng Aarbecht als Aktivist géint Rietsextremismus verurteelen, mais awer och iwwert seng Passioun ronderëm Musek, Videoen a Filmer. Wärend dem Gespréich ass mir opgefall, dass de Maxime een ultimativen Alleskënner ass. Wat kann hien eigentlech net? Hien ass ee Schrëftsteller, hie war schonn a gefillt 20 Bands (Ech hunn opgehale mat zielen!), hie féiert Regie, schreift Theaterstécker AN neierdéngs mëscht en och fir seng nei Aarbecht Podcasts. Doriwwer a vill méi erzielt en iech an dëser Episoden. Vill Spaass beim Lauschteren! **SUMMERPAUS** Mir gesinn eis am September rëm! Bis dohi lauschtert gären an déi al Episoden eran. Se sinn all worth it! No der Paus hunn ech eng Iwwerraschung fir iech
De Mount geet sou lues op en Enn, d'Problemer bleiwen. Awer net iwwerall. Den Impfturbo gräift sou lues, an d'Schnelltester verroden engem och zimmlech séier op oder op net. D'Themen leien op der Hand, mä sinn all déi aner Problemer hausgemaach, oder sinn et vläicht och just Luxusproblemer? Doriwwer diskutéiert d'Christiane Kremer op Distanz, quasi an engem Webinar, mat 4 ausgewisenen Experten an alle Liewenslagen. Dem Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Déi meescht Leit kenne mëttlerweil een dee COVID-19 hat. An dofir weess een och, dass déi Krankheet ganz verschidde verlafe kann. Et ka symptomlos sinn, et kann awer och mëtteleschlëmm sinn oder a schlëmmste Fäll ka COVID-19 zu Hospitatlisatioune mat Beootmung féieren. An alle Fäll kënne Sequellen optrieden déi ganz verschidde kënne sinn. Dat alles kéint een als "long COVID" bezeechnen. Doriwwer hu mir am 22. Podcast vun der Santé mam Generalist a Member vum Conseil supérieur des maladies infectieuses Dr. Jean-Paul Schwartz geschwat.
Interpellatioun an der Chamber zur Sécurité routière: Wéi steet et ëm d'Verkéierssécherheet, wat soen d'Zuelen a wou mussen nach weider Efforte gemaach ginn? Doriwwer schwätze mir mam Deputéierte Max Hahn.
Wat sinn d'Chancen an d'Erausfuerderunge fir de ländleche Raum? Doriwwer huet den Deputéierten André Bauler haut an der Chamber geschwat - a bei eis an engem ganz frëschen #Espresso ☕
Den Astronom Edwin Hubble huet als Bouf Stäre gezielt, de jonke Charles Darwin huet einheimesch Käfere gesammelt. Hir Naturerfarung huet der Welt bedeitend Erkenntnesser bruecht. Et war hire geüübte Bléck fir den Detail,deen hinne spéider gehollef huet, och dat ganzt Grousst ze erfaassen. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
E Mëttwoch sinn d'Terrassen zu Lëtzebuerg nees opgaangen. Wat bréngt dat den Horeca-Betriber? A muss een elo mat engem "Terrassentourimus" rechnen aus de Grenzregiounen? Doriwwer, an iwwer den Ufank vun der Tourismus-Saison, geet rieds mam Mëttelstand- an Tourismusminister. De Pierre Reyland féiert duerch d'Gespréich.
Eng duerchgoend Vëlospist tëscht der Stad an der Gare. Doriwwer kann ee sech freeën an dann awer och nees net. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.
De leschte Samschdeg war de Weltdag vum Kanner- a Jugendtheater, haut ass et den internationalen Dag vum Theater. Déi geplangten Theaterdeeg sinn aus bekannte Grënn an d'Waasser gefall, mee d'Theaterfederatioun huet sech eppes aneschtes afale gelooss. Doriwwer an iwwer déi allgemeng Stëmmung bei den Theaterleit huet d'Valerija Berdi mam Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun, geschwat.
An de leschte Jore gouf der Kultur-Ekipp vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte kloer, datt zu Lëtzebuerg kreativ Raim fir Kënschtler feelen. Doriwwer eraus krute si ëmmer méi Demande vu Kollektiver, déi Moyenen gesicht hu fir sech, zum Beispill an enger Industriebrooch, ze installéieren: fir do a gedeelten Espacen, mat gedeeltem Material, am Austausch, och mat der Ëffentlechkeet, kënschtleresch aktiv ze ginn. D'Œuvre huet decidéiert, dräi sougenannt Tiers-Lieux culturels am Kader vun Esch 2022 ze ënnerstëtzen. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen
Et gi Fuerscher, fir déi d’Biodiversitéitskris, dat heescht dat weltwäit Aartestierwen, däitlech méi geféierlech fir de Mënsch ass, wéi de vill diskutéierte Klimawandel. Domadder ass awer laang net jiddwereen averstanen. Och zu Lëtzebuerg net. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
Wou sinn d'Preparatioune fir Esch 2022 drun? A wat bedeit de Projet fir déi ganz Regioun? Doriwwer schwätzt den Deputéierten an Escher Kulturschäffe Pim Knaff am neien Espresso.
Haut ass Weltkriibsdag. Bal 3'000 Mënsche kréien all Joer eng Kriibsdiagnos, iwwer 13‘000 Leit kämpfen hei am Land géint hir Kriibserkrankung.Doriwwer schwätze mer de Moien mat der Dr Carole Bauer. Si ass Onkologin am CHL, Presidentin vun der Fondation Cancer an haut eis Invitée vun der Redaktioun. Den Interview ass wéi gewinnt géint 10 op 8.
A ville Betriber a Verwaltungen ass den Homeoffice méi oder manner staark verbreet a wäert och an Zukunft en Deel vum Wirtschafts- a Beruffsliewe bleiwen. Wéi gesäit et awer no bal engem Joer Covid-Pandemie, am Enseignement aus: Beim Homeschooling wa generell beim "digital-learning"? Doriwwer handelt d’Carte Blanche vum Ekonomist, Marc Muller.
Wéi eng Politik brauche mer? Hu mer déi richteg Covid-Strategie?Doriwwer hunn e Samschdeg am Background de roude Vizepremier Dan Kersch an d’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen diskutéiert.
Wéi a wéi vill trëfft d’Coronakris déi sozial méi schwaach an aarm Leit? Doriwwer schwätze mer muer de Moie mat der Presidentin vun der Caritas.D’Marie-Josée Jacobs ass eis Invitée vun der Redaktioun.Wien ass besonnesch betraff? Wéi kann een de Leit hëllefen? A misst d’Regierung net méi maachen?Den Interview mat der Marie-Josée Jacobs ass wéi gewinnt géint 10 op 8.
Wéi leeft et de Moment an de Schoulen?Den Alain Massen, de President vun der Nationaler Elterevertriedung, ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.Brauche mer zousätzlech Mesuren an de Schoulen? Méi Homeschooling? Eng verlängert Vakanz?Doriwwer schwätze mer am Live-Interview mam Elterevertrieder.
Wéi sënnvoll ass déi Lëtzebuerger Corona-Strategie?Dat diskutéiere mer de Moie mam Pirat Sven Clement, hien ass haut eisen Invité vun der Redaktioun.Wéi gesinn d'Piraten déi aktuell Mesuren? A wéi misst et hirer Meenung no weider goen? Doriwwer geet rieds mam Deputéierte Sven Clement.
Zanter 1999 encouragéiert de Baloise Group, op der Konschtfoire Art Basel, zwee villverspriechend jonk Kënschtler mat engem Präisgeld vun 30'000 schwäizer Frangen. Doriwwer eraus keeft si jee ee Konschtwierk vun engem Lauréat a mécht zwou Schenkungen: eng un den Hamburger Bahnhof-Museum für Gegenwart Berling an....eng un eise Mudam. 2019 war ënnert anerem d'Italienerin Giulia Cenci ausgezeechent ginn; eng vun hiren Installatiounen ass bis Mëtt Januar 2021 am Mudam ze gesinn, ier se an den Dépôt kënnt.
D'Erausfuerderungen am Wunnengsbau bleiwen aktuell. Wéiwäit dréit den neie Baulandvertrag zur Léisung vun deem nationale Problem bäi? Doriwwer schwätze mir mat dem Deputéierte Max Hahn a mat dem Schierener Buergermeeschter Eric Thill am neien Espresso.
De Coronavirus ass besonnesch geféierlech fir al Leit: Méi wéi een Drëttel vun den Doudesfäll gëtt aus Alters- a Fleegeheemer gemellt. Mee wéi kënne mir déi al Populatioun schützen, ouni hir ze schueden? Wéi kënne mer si versuergen a si awer matschwätze loossen? Wéi eng Roll spillen al Mënschen iwwerhaapt an eiser Gesellschaft? Doriwwer diskutéiere mir mam Ben Wahl, Responsabel fir d'Soinen am CIPA Bieles, mat der Anja Leist, Gerontopsychologin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, mam Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun a mat der Monique Del Marco, Duechter vun enger Fleegeheem-Bewunnerin. Moderatioun: Maxi Pesch
Am TNL war leschte Weekend "Why?" vum Peter Brook ze gesinn. Mat der Marie-Hélène Estienne zesummen entwéckelt ass d'Stéck en Hommage un de russeschen Theaterregisseur Wsewolod Meyerhold. Doriwwer eraus liwwert de Peter Brook Grënn, firwat et sech lount an den Theater ze goen. An datt dat manner mam Stéck, wéi mat eisem onstëllbaren Honger no Geschichten zesummenhänkt. De Frédéric Braun war sech d'Stéck ukucken.