Podcasts about wisou

  • 11PODCASTS
  • 54EPISODES
  • 24mAVG DURATION
  • 1EPISODE EVERY OTHER WEEK
  • Apr 24, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about wisou

Latest podcast episodes about wisou

Kultur
Am Gespréich mam Antoine Pohu an der Anne Simon

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 24, 2025 20:11


"Spring Awakenings" bréngt dem Frank Wedekind säi "Frühlingserwachen" aus dem Joer 1891 an eis Zäit - also vun enger Zäit, an där Sexualitéit fir Jugendlecher een Tabu war an eng Zäit, an där am Internet eng ganz Enzyklopädie zum Theema ee Slide mam Fanger ewech ass. Wisou d'Stéck nawell esou aktuell ass, wéi sech den Originaltext mat neie Geschichten, déi a Workshoppen an der Zesummenaarbecht mat Jugendlechen entstane sinn a wisou et befreiend ka sinn, eng Textvirlag ze hunn - dat hunn d'Metteure en scène Anne Simon an de Schrëftsteller Antoine Pohu dem Jeff Schinker wärend sengem Besuch am Kapuzinertheater verroden.

Paus.
#152 Dee mam Koks am Waasser

Paus.

Play Episode Listen Later Apr 20, 2025 80:59


Oh Lord(e) have mercy! Um Ouschtersonnde sinn de Johannes den Täufer an d' nei BFF vum Bibél-Timur nees fir iech do an hunn net nëmmen Easter Eggs am Gepäck, mee och Foreshadowing. Mir feieren e Familientreffen am "Verso", Frëndschaftsoofbroch um "Coachella" a Musical-Ikonen bei "Drag Race". Et gëtt eng Wiederauferstehung mam Missy, Landflucht op de Cap Vert an eng Schnitzeljagd aus dem Jenseits. Mat dobäi sinn haut ënner anerem den Til Schweiger an d'Charlotte Gainsbourg, Gruppeleit, UK-Idiotien a Feminismus op der falscher Plaz. Den Ouschtermenu besteet aus bloem Matcha, Bärlauch a Kamellen-ASMR (méi oder manner). An och um Feierdag ginn sech natierlech eng jett Froe gestallt: Wat ass eng Tyrolienne? Wisou leie Batterien an der Vase? A ween ass den Härgottsblieschen? Abracadabra!

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 11, 2025 13:22


Et gi vill Grënn, fir eng Psychotherapie-Sëtzung per Videokonferenz ofhalen ze wëllen: Et ass een*t a senger Mobilitéit ageschränkt, et huet een*t eng ustiechend Krankheet oder sëtzt esou déif an enger Depressioun oder Angschtstéierung, datt een*t grad net virun d’Dier kann. Egal wéi: Dacks sinn et déi Krisemomenter, wou et besonnesch wichteg wier, fir Therapie kënnen an Usproch ze huelen. Mä zu Lëtzebuerg ginn dës Online-Sëtzungen net vun der Gesondheetskeess CNS rembourséiert. An dat, obwuel sech am Fong jiddereen – Psychotherapeut*innen, Patient*innen, CNS a Gesondheetsministère – eens ass, datt dat sënnvoll wier. Wisou ass dat esou? D’Melanie Czarnik huet dat fir d’woxx recherchéiert. An dëser Episod erkläert si, wat si dobäi erausfonnt huet a wisou och de Remboursement vun Online-Therapie am Fong just ee klenge Schratt wier. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Psychische Gesundheit: Inklusive PsychotherapieThe post Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert? first appeared on Radio ARA.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou Logement ee feministescht Thema ass

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Mar 7, 2025 11:02


De Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg ass grouss – eng Tatsaach, där sech déi meescht Leit wuel bewosst sinn. Wéineger bekannt ass awer, datt de Logement och ee feministescht Thema ass. Wisou dat esou ass, erkläert d’Tatiana Salvan an dëser Episod vum woxx-Podcast. Et geet ëm Diskriminéierung, Lounënnerscheeder an d’Fro, wat d’Politik ënnerhëlt. Ausserdeem stelle mir d’Fuerderunge vun der Plattform JIF, déi de Logement dëst Joer zu engem vun hiren Haapttheme gemaach huet, méi genee vir. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Le logement, source d'inégalités entre les sexesThe post Wisou Logement ee feministescht Thema ass first appeared on Radio ARA.

Kultur
Lëtzebuerger BDen

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 4, 2025 6:26


D'Lëtzebuerger BD huet sech an de leschte Joerzéngten immens moderniséiert. Bei den Auteuren ass Geschicht nach ëmmer ee ganz beléiften Theema. Wisou dat esou ass, a wéi Geschichts-BDen zustane kommen, dat konnt ee Mëtt Februar op enger Diskussiounsronn am CNL gewuer ginn. D'Claire Barthelemy war fir eis op Miersch kucken.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Feb 7, 2025 12:31


Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op. Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches SchweigenThe post Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen? first appeared on Radio ARA.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
D'russesch Krichswirtschaft an d'Konsequenzen

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jan 24, 2025 14:34


Kuerz virun Enn vu senger Präsidentschaft huet de Joe Biden nach eng Kéier säfteg Sanktioune géint Russland beschloss. Den Donald Trump schéngt dat net ze steieren, hien huet dem Putin mat nach méi Sanktioune gedréit, sollt de Krich an der Ukrain net geschwënn zu Enn sinn. Ee gudde Moment also, fir sech unzekucken, wat déi Sanktioune genee sinn a wéi se wierken. An Russland gëtt et zwar eng Zort wirtschaftleche Boom, mä trotz niddreger Aarbechtslosegkeet an héije Léin kënne sech vill Leit d'Liewen net leeschten. Wisou dat esou ass, erkläert den Thorsten Fuchshuber an dëser Episod vum woxx-Podcast. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Russland und die US-Sanktionen: Kannibalisierende KriegswirtschaftThe post D'russesch Krichswirtschaft an d'Konsequenzen first appeared on Radio ARA.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Am Bistro mat der woxx #314 – Wisou de Computer domm bléift an kënschtlech Intelligenz virun allem Hype ass

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Dec 20, 2024 25:50


An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt de Joël Adami iwwert seng Meenung an Usiichten zur sougenannter Kënschtlecher Intelligenz, wéi hien se och a sengem Essay an der neister woxx duergeluecht huet. Riets geet iwwert d’Verschmotzung vum Internet, iwwert d’Materialitéit vu KI an anere Programmer a wéi grouss den ökologesche Foussofdrock vun esou Programmer ass. Hien erkläert awer och, wat fir Uwendunge senger Meenung no sënnvoll sinn a wat vun der KI-Fabrik vun der Lëtzebuerger Regierung ze halen ass Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Der Computer bleibt dummThe post Am Bistro mat der woxx #314 – Wisou de Computer domm bléift an kënschtlech Intelligenz virun allem Hype ass first appeared on Radio ARA.

Kultur
D'Enn vum Siren's Call?

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 17, 2024 9:45


Datt de Siren's Call ënner kengem gudde Stär stoung, konnt een d'lescht Joer live materliewen, wéi de Festival net just metaphoresch an d'Waasser gefall war a vill Leit sech iwwer dee spéiden Desistement vun der Kim Gordon opgereegt hunn, wärend de Public am Melusina wéi op enger Arche Noah ouni Déieren, mee mat ze vill Mënsche stoung. Een Artikel vu Virgule huet fir Opmierksamkeet gesuergt, an deem den Atelier Booker Michel Welter kloer gemengt huet, datt et 2025 eventuell keng Editioun kéint ginn. Mee och där klenger Hoffnung, datt de Festival nawell stattfënnt, wëllt d'Ainhoa Achutegui, Direktesch vun Neimënster, keng Chance méi ginn, déi eis verséchert, datt et 2025 kee Siren's Call wäert ginn. Wisou? Dat verroden de Marc Clement an de Jeff Schinker.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou gouf d'Anti-Deforestatiounsgesetz vun der EU verréckelt?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Nov 22, 2024 12:16


Am EU-Parlament gouf beschloss, de Start vum Anti-Deforestatiounsgesetz ëm ee Joer ze verréckelen. Mä net nëmmen dat, et koum och a leschter Minutt zu Ännerungen um Text u sech. Dëst alles duerch eng Koalitioun aus rietsen a rietsextreme Parteien. Am Podcast erkläert d’Tatiana Salvan, wéi et zu dësen Ännerunge koum, wat un hinne kritiséiert gëtt a wéi d’Zukunft vum Anti-Deforestatiounsgesetz elo ausgesäit.The post Wisou gouf d'Anti-Deforestatiounsgesetz vun der EU verréckelt? first appeared on Radio ARA.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Oct 4, 2024 17:26


Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou keen iwwert eng grouss Reform mat engem verlängerten Tronc Commun schwätzt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ungleichheiten im Bildungswesen: Die BlackboxThe post Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique? first appeared on Radio ARA.

Méi wéi Sex
#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Sep 6, 2024 35:17


Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d'Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d'Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass. Shownotes: Episod #125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen Episod #109: Wann et einfach net geet – Vaginismus

Paus.
#137 Dee mam sténkege Baggerweier

Paus.

Play Episode Listen Later Aug 25, 2024 60:04


Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself.  Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi. Et gi gratis Geschäftsiddie mat der Lëtzebuerger Sprooch an Decisiounen, ouni virdrun eng Fra ze froen (GANZ schwiereg, dat ze soen). Huet de Claude Monet tatsächlech bei engem Diddelenger Café ofgekuckt? Wisou sollte mir all nom Motto "Read the street" liewen? A so mol googelt et nach??

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Endometrios: Wisou gëtt dës Krankheet net unerkannt?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Aug 23, 2024 15:01


Endometrios ass déi zweetheefegst gynekologesch Krankheet. Dacks sinn d‘Symptomer esou schlëmm, datt déi Betraffen hirem Beruff net méi richteg kënnen no goen. Eng nei Petitioun fuerdert elo, datt d‘Endometrios endlech als chronesch Krankheet unerkannt soll ginn – ausserdeem soll et méi Flexibilitéit op den Aarbechtsplaze ginn. Am Podcast erkläert eis nei woxx–Journalistin Melanie Czarnik, wat et mat där Krankheet op sech huet, a wisou d‘Politik sech mat enger Unerkennung esou schwéier deet. Den Artikel, iwwert deen mir schwätzen: Endometriose: „Nein, wir übertreiben nichts!“ Update: Mëttlerweil huet d‘Petitioun déi 4.500 Ënnerschrëften erreecht.The post Endometrios: Wisou gëtt dës Krankheet net unerkannt? first appeared on Radio ARA.

Kultur
“Terrasses” vum Laurent Gaudé

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 26, 2024 4:56


Mat “Terrasses” retracéiert de Laurent Gaudé d'Attentater vum 13. November 2015 op Paräisser Terrassen an op de Bataclan aus der Siicht vun den Affer, de Famillen a Partner, de Rettungsdéngschter an Asazkommandoen - dat an engem polyphonen Text, dee sech um Chouer vun der griichescher Tragedie wëllt bedéngen. Wisou dat net ganz opgeet, verréit de Jeff Schinker a senger Rezensioun.

Kultur
“Terrasses” vum Laurent Gaudé

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 23, 2024 4:48


Mat “Terrasses” retracéiert de Laurent Gaudé d'Attentater vum 13. November 2015 op Paräisser Terrassen an op de Bataclan aus der Siicht vun den Affer, de Famillen a Partner, de Rettungsdéngschter an Asazkommandoen - dat an engem polyphonen Text, dee sech um Chouer vun der griichescher Tragedie wëllt bedéngen. Wisou dat net ganz opgeet, verréit de Jeff Schinker a senger Rezensioun.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
A wat geschitt elo a Frankräich?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jul 12, 2024 15:56


Am Podcast erklärt de Fabien Grasser déi politesch Lag a Frankräich, no der iwwerraschender Victoire vum Nouveau Front Populaire. Kann dat lénk Parteiebündnis eng Regierung bilden? Wisou wëll de Macron net agesinn, datt seng Partei d'Walen net gewonnen huet? An wéi grouss ass d'Gefor vum rietsextremen RN?

Paus.
#126 Dee mat der Ouschterfamill

Paus.

Play Episode Listen Later Apr 7, 2024 85:19


Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang, dat deierst Brout vun der Welt (Dat ass d'Staat!) an d'Buchrecommendatioun vum Joerdausend (inklusive TED-Talk). Fir d'Extraportioun Musik gëtt et Country mat Metaebene, franséischsproocheg Artiste-Verwirrung an eng Emaarmung als Lidd. Mir schécken e Stéck Taart iwwer Facebook a gruschelen iech ganz häerzlech!

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou d'Diskussioun iwwer Iwwergewiicht zu Lëtzebuerg falsch leeft

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Mar 22, 2024 12:34


An der Chamber gouf et dës Woch eng Debatt iwwert Obesitéit, déi leider zimmlech vill Theme vermëscht huet a vill enttäuschend Argumenter ervir bruecht huet. Am Podcast erkläert d'Tessie Jakobs, wisou déi Diskussioun grondleeënd aneschters misst gefouert ginn a wisou et kee konkret Resultat gouf. Donieft ass och Thema, wat d'Politik kéint maachen, wann se sech wierklech géif ëm d'Gesondheet vun decke Leit këmmeren.

Ceci, Do You Love Me?
#48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Mar 12, 2024 38:20


CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen? De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren! --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou et warscheinlech zu engem Rietsruck bei den EU-Wale komme wäert

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Feb 16, 2024 13:21


D'Prognose fir Europawalen am Juni déiten op ee Rietsruck hin. Et gesäit esou aus, wéi wann eng vun deenen zwou riets-aussen Gruppen déi drëttstäerkst Kraaft no der Sozialdemokratie an der EVP wäert ginn. Am Podcast erkläert den Thorsten Fuchshuber dem Joël Adami, wisou dat esou ass a wat déi gefillten Alternativlosegkeet vun der aktueller Politik domadder ze dinn huet. Si schwätzen och doriwwer, wisou vill konservativ Parteie mat hirer Politik d'Dir fir déi Rietsextrem wäit op maachen.

Kultur
Ze wéineg Lëtzebuerg?

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 6, 2024 24:38


Fir vill Opreegung hat virun zéng Deeg den nationale Virentscheet vun der Eurovisioun gesuergt. Schweedesch Songwriter, eng israelesch Produktiounsfirma: Vill Plaz fir Lëtzebuerg schéngt fir vill Leit net bliwwen ze sinn. Wisou an ob dat iwwerhaapt problematesch ass, doriwwer ënnerhale sech de Marc Clement an de Jeff Schinker mam Chris Reitz, President vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs, kuerz FLAC.

Kultur
Eng Literaturgeschicht fir Lëtzebuerg?

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 1, 2023 4:40


Wisou gëtt et nach keng Lëtzebuerger Literaturgeschicht? Wat sinn d‘Defie fir eng kleng a villsproocheg Literatur ze beschreiwen? Wéi kéint eng Literaturgeschicht am 21. Joerhonnert ausgesinn? Dës an aner Froen waren Theema am Nationale Literaturarchiv zu Miersch. D'Valerija Berdi mat Detailer

literatur detailers froen joerhonnert wisou
Ceci, Do You Love Me?
#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Sep 17, 2023 48:42


- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!

Ceci, Do You Love Me?
#41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Jul 4, 2023 45:49


An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :) Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen: - Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn? - Dem Jeremy seng Nonna erklärt him wat Léift ass - Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten? - Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg? - Generationsdiskussioun: Mir si méi fräi wéi eis Elteren - Wisou feiert de Jeremy keng Molerei? - LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et! Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou hunn Déi Gréng esou schlecht bei de Gemengewalen ofgeschnidden?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jun 16, 2023


Den 9. Juni ware Gemengewalen zu Lëtzebuerg, an dat schlecht Resultat vun Déi Gréng huet d'Partei äiskal erwëscht. Am Podcast gi mir op d'Sich no den Ursaache vun de Stëmmeverloschter. Ass et wierklech nëmmen, well

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou huet de neie Klimaplang esou mann Ambitiounen?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 28, 2023


Lëtzebuerg wäert säi Klimazil fir 2030 net upassen. Dat geet aus dem neien nationalen Energie- a Klimaplang, Pnec genannt, ervir. Am Podcast maache mir eng kuerz Analys vun deene interessantste Punkten aus dem Plang: besonnesch

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou de Contournement zu Käerjeng elo een Tunnel soll ginn

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Mar 10, 2023


Amplaz dem geplangte Contournement soll zu Käerjeng elo eng Variant mat engem Tunnel geplangt ginn. Mir schwätzen am Podcast vun dëser Woch doriwwer, wéi et zu dëser Decisioun koum an wisou se grad elo getraff

Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Brooze - Rap ass net gläich Rap

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Oct 13, 2022 38:37


Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op d'lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren! Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen: Wisou gëtt ee Kënschtler, de vun den Zuelen hier, ee vun deene beschte Kënschtler* am Land ass, sou wéineg vun de Medien ënnerstëtzt? Wéi een Impakt huet seng Musek op jonk Leit? Rap Musek an déi ganz Scene verstoen: Tëscht Ironie, Provokatioun a Konschtfräiheet Wat muss ee gudde Artistmanager senger Meenung no hunn? (WANTED: De Brooze sicht ee/ng Manager/in!) Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 13:24 Brooze - Ja an dann 33:21 Brooze - Mat Dear Folgt dem Brooze op Instagram! Lauschtert an seng Musék eran. *De Musek op lëtzebuergesch mécht. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou gëtt et keng Kulturfërderung fir Videospiller zu Lëtzebuerg?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Sep 9, 2022


Et gouf emol ee relativ grousse Videospill-Secteur zu Lëtzebuerg. Deen huet allerdéngs ni am Land Spiller produzéiert. Eigentlech wollt d'Regierung dat änneren an och d'Kreatioun vu Games zu Lëtzebuerg fërderen. Dat ass bis elo awer

Ceci, Do You Love Me?
#36 Raphael Betti - Vu Schoulmeechter op Award-Winning Bartender

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Aug 14, 2022 45:14


Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender  Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux. Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen: Wisou ass de Raphael vu Schoulmeeschter an d'Gastro gewiesselt? Wat ass d'Konzept vun der Event-Reih "Moonshine"? Wat ginn et fir aussergewéinlech Bar Konzepter op der Welt - a kéinten déi och zu Lëtzebuerg funktionéieren? Wéi gesinn d'Behind The Scenes vun der Barscene zu Lëtzebuerg aus? Wisou gi vill Leit an der Scene "ënner"? Wat ass d'World Class Bartender Competition a wéi hues du dech do fir d'Final zu Sydney nominéiert? Vill Spaass beim Lauschteren! Folgt dem Rapahel op Instagram: https://www.instagram.com/betti_rapha/ ______________________________________ INFO: Dat heiten ass déi läscht Episode vum Konzept CDYLM!

Ceci, Do You Love Me?
#34 Hugeriter - Save the Bees!

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Jul 17, 2022 44:41


Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :) Mir schwätzen iwwert folgend Saachen: - Wat brauch een alles fir Imker ze ginn? - Wéi kommunizéiere Beien a wéi funktionéeiert hier "Welt"? - Wisou si Beien sou wichteg fir eis? - Wéi kann een "Fake Hunneg" vu richtegem ënnerscheeden? - Wéi ethesch ass et Beien ze halen? ... a villes méi! Vill Spaass beim Lauschteren! Support Link a Merch: https://neon.page/cecidoyouloveme

RTL - Commentaire
Diana Hoffmann: EZB? Meng Grillwurscht gëtt deier!, 21/06/2022 12:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 21, 2022


Mécht déi Europäesch Zentralbank grad dat richtegt, fir staark genuch géint d'Präisdeierecht virzegoen? Wisou sou virsiichteg? An op wat musse mer eis a Punkto Präishaussen nach astellen? Dat freet sech d'Diana Hoffmann a sengem Commentaire.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou gëtt et trotz Verbuet ëmmer nach Déiereversich fir Kosmetikproduiten?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later May 13, 2022


Eng Sonnecrème, déi ouni Déiereversich sollt hiergestallt ginn, huet trotzdeem missen esou Versich maache – dat läit dorunner, datt déi europäesch Gesetzgebung fir den Déiereschutz an déi fir d'Chimie net openeen ofgestëmmt sinn. Eng Europäesch Bierger*inneninitativ wëll dat

Ceci, Do You Love Me?
CECI ASKS: Fraestreik - Wisou bass du haut hei?

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Mar 13, 2022 17:44


Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten: faire Lounausgläich allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen Recht op bezuelbare Wunnraum Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt Pour Info: Dat si genau déi selwecht Fuerderunge wéi virun engem Joer, well sech d'Situatioun nach ëmmer net geännert huet - éischter souguer verschlechtert, well d'Pandemie alles méi schlëmm gemaach huet. Villmools Merci un jiddereen den sech Zäit geholl huet an de Mikro ze schwätzen. Vill Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un: Karma an de Pit

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir
E staarkt Team Episod 2 Et gëtt een net als Eltere gebuer

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Play Episode Listen Later Sep 29, 2021 28:31


An eiser zweeter Episod schwätzen mer doriwwer wéi Eltereschoul ob Iddi komm ass en Cours fir Maternité ze organiséieren an wéi dësen Cours ofleeft.Mir ënnerhalen eis iwwer Erausfuerderung fir Famill an awer och fir Koppel ,déi Gebuert vun engem Puppelchen mat sech bréngt. Froen ob déi mer am Podcast aginn sinn: - Wisou sollen Elteren sech scho virun der Gebuert Gedanken zum Thema Erzéiung maachen? - Wéi ass Eltereschoul ob Idee komm an Maternités ze goen? - Wat sin Themen vum Cours? - Changementer déi ob Koppel no der Gebuert duerkommen - Wou kann ech mech umellen? An zum Schluss kritt der nach en flotten Exercice an en klengen Buchtipp mat op den Wee.. Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou vill Zëmmer an Altersheemer keng eegen Toilette hunn

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Sep 3, 2021


Zanter 2010 muss all Zëmmer an Alters- an Fleegeheemer een eegent Buedzëmmer hunn. Elo ass awer bekannt ginn, datt bal 500 Zëmmeren zu Lëtzebuerg net dësem Standard entspriechen. Am Podcast schwätze mir iwwert eng Ministerin, déi de Problem

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou Tempo 30 eng gutt Iddi ass

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Aug 27, 2021


A ville Länner an och an eenzele Stied gëtt flächendeckend Tempo 30 an den Uertschaften agefouert. Zu Lëtzebuerg huet sech dës Iddi awer nach ëmmer net duerchgesat. Mir schwätzen am Podcast haut doriwwer, wisou een

De Podcast vun der UGDA Museksschoul
1. Episod: Philippe Schwartz: Euphonium

De Podcast vun der UGDA Museksschoul

Play Episode Listen Later Apr 20, 2021 22:56


An dëser éischter Episod get et em de Philippe Schwartz an säin Euphonium. Wisou hien gären d'Bank bei Monopoly ass an wat hien vum Alphorn hält gitt dir an dësem Episod gewuer.

Kultur
Christian Berkel

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 3, 2021 8:22


Zwee autofiktional Bicher sinn eraus komm, um drëtte Band gëtt geschafft. Wou kënnt de Besoin fir d'Geschicht vu senge  Virfaren literaresch ze verschaffen? Wisou huet hien keng Loscht méi op seng Roll an der beléifter Serie "Der Kriminialist"  a wat war seng beandrockendst Roll? De Christian Berkel war op Invitatioun vum Cube 521 a vum Institut Pierre Werner ze Lëtzebuerg. Valerija Berdi huet mat him geschwat.

Lauschter Mol!
#4 - Pour un monde plus beau? (Dresscodes)

Lauschter Mol!

Play Episode Listen Later Nov 28, 2020 57:34


Hallo an häerzlech Wëllkomm bei dëser Episode vu „Lauschter mol!“, dem Polit-Podcast vu Jonken fir Jonker, an och net sou Jonker. Haut schwätze mer iwwert Dresscodes. Och wann dëst Thema ulässlesch vun der Aféierung vum Code Vestimentaire am Lycée Classique de Diekirch an de leschte Wochen well oft genuch vun de Medien ugeschwat gouf, konnte mir et net loossen eise Pefferkär och nach bäizeleeën. Mir fokusséieren eis also net nëmmen ob den LCD, mee virun allem ob déi gesamtgesellschaftlëch Problemer déi mir dohannert gesinn. Time Stamps 00:56 - Intro 02:36 - Aktualitéit 12:43 - d'Sexualiséierung vum weiblech Kierper an der Weltgeschicht 17:55 - Wisou ass eng Kleederuerdnung sexistesch 24:18 - Wat ass Body Image 26:38 - iwwer Rape Culture a Victim Blaming 28:16 - Wat d'Patriarchat domadder ze dinn huet 30:58 - Wisou de Schülercomité eis am Stach gelooss huet 34:56 - Diskussioun 39:02 - är Asendungen 54:16 - Referenzen a mir soen Äddi Referenzen Darf sie das? - Nicole Schöndorfer (Podcast) Why Women Have Better Sex Under Socialism - Kristen R. Ghodsee (Buch) Untenrum frei - Margarete Stokowski (Buch) Die letzten Tage des Patriarchats - Margarete Stokowski (Buch) Mehr dicke Mädels in Legging - Margarete Stokowski (Kolumne) | https://www.spiegel.de/kultur/gesellschaft/koerperbild-bei-frauen-fuer-mehr-dicke-maedchen-in-leggins-kolumne-a-1148907.html Eldo Radio Interview mam Direkter vum Lycée Classique de Diekirch | https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/104653.html woxx Artikelen zum Thema | https://www.woxx.lu/sexistischer-dresscode-im-diekircher-gymnasium/ https://www.woxx.lu/schul-dresscodes-crop-tops-sind-ein-feministisches-anliegen/ https://www.woxx.lu/podcast-am-bistro-mat-der-woxx-114-sexistesch-dresscoden-an-letzebuerger-schoulen/

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
I’m Thinking of Ending Things

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Sep 11, 2020 21:19


Dem Charlie Kaufmann säi Film “I’m Thinking of Ending Things” feiert op Netflix Première. D’Tessie Jakobs huet sech en ugekuckt – an dat méi wéi eng Kéier. Wisou kann ee net vun engem klassesche Film schwätzen? Wéi vill kann een iwwert dem Kaufmann säi Wierk schreiwen ouni ze vill ze verroden? Iwwert dëst an aneres schwätzt d’Tessie mam Isabel Spigarelli.

Méi wéi Sex
#057 Ech wëll eppes vun dir – mä wat?

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Apr 17, 2020 37:32


Et kribbelt am Bauch, wann ech eng Persoun gesinn, mä heescht dat, datt ech verléift sinn? Kann sech eng néi Frëndschaft wéi verléift-sinn ufillen? Wisou well ech verschidde Leit just kucken an net upaken? D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert déi verschidde Forme vun Unzéiung an erkläre Konzepter, fir besser mam Gefillschaos … „#057 Ech wëll eppes vun dir – mä wat?“ weiterlesen

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou kuckt jiddereen*t Tiger King?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 17, 2020 11:21


An dëser Episod vun eisem woxx-Podcast gi mir der Fro no, wisou gefillt all Mënsch grad op Netflix d’True-Crime-Doku Tiger King kuckt. Ass et dann iwwerhaapt eng True-Crime-Serie, oder awer éischter esou eppes wéi eng Doku-Soap oder Reality TV? A wat fir problematesch Aspekter vun de Personnagë ginn zwar gewisen, mä net richteg diskutéiert?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Am Bistro mat der woxx #042 – Wat ass Sexualassistenz a wisou ginn et sou vill ënnerschiddlech Meenungen dozou?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 19, 2019 20:38


Dës Kéier ass eist Thema direkt een duebelt Tabu: Et geet nämlech ëm Sexualitéit a Behënnerung. Fir Leit, déi wéinst enger Behënnerung net kënnen hir Sexualitéit ausliewen, gëtt et déi sougenannt Sexualassistenz. Mir schwätzen doriwwer, wat dat ass, wat fir verschidden Zorten et gëtt a wien déi Persoune sinn, déi dat ubidden. Wat ass zum Beispill den […]

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Robert Urbé, 13/02/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 13, 2019


Wisou si souvill méi Jugendlecher, obschonn se schaffe ginn, hei zu Lëtzebuerg méi aarm wéi soss an der EU? A wien ass hei zu Lëtzebuerg besonnesch betraff? Mir kënnen dat ännere, wa mer wëllen, seet de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg a senger Carte blanche.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Robert Urbé , 13/02/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 13, 2019


Wisou si souvill méi Jugendlecher, obschonn se schaffe ginn, hei zu Lëtzebuerg méi aarm wéi soss an der EU? A wien ass hei zu Lëtzebuerg besonnesch betraff? Mir kënnen dat ännere, wa mer wëllen, seet de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg a senger Carte blanche.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Am Bistro mat der woxx #020: Analys vun de Wahlresultater (19.10.2018)

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Oct 19, 2018 49:50


An dëser Spezial-Editioun vun “Am Bistro mat der woxx” analyséiert d’Reaktioun vun der woxx d’Wahlresultater vum leschte Sonnden. Am Studio waren de Joël Adami, de Fréderic Braun, de Luc Carregari, de Richard Grad, d’Tessie Jakobs an de Raymond Klein. Mir schwätzen iwwert déi gréissten Iwweraschunge vum Wahlowend. Wisou hunn déi Gréng sou ee gudde Score gemaach, firwat huet kee mat […]

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecken am Paradäis

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Nov 13, 2017 5:30


Wisou reegt sech eigentlech keen op?

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecke mam Tour de France

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Jul 3, 2017 3:27


Wisou den Tour de France zu Lëtzebuerg just de groussen Nationbranding-Trick ass a wisou den Tour de France dofir awer keng gutt Iddi ass.

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecke mam Noutstand

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Jun 5, 2017 5:38


Wisou de néien Verfassungsartikel zum Noutstand geféierlech an ineffektiv ass.

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
An d‘Krichsgebitt Afghanistan expulséiert?

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Oct 17, 2016 4:53


Wisou ginn Refugees an den Afghanistan zeréckgeschéckt, wann do ëmmer nach Krich ass?

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecke mat Ëmfroen

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later May 30, 2016 7:21


Wisou Ëmfroen wei de Politmonitor iwwerbewäert sinn an vill Journalist_innen net mat den statisteschen Donnéeën aus Ëmfroen ëmgoe kënnen

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecken am schnellsten Zuch vun der Welt

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Mar 5, 2012 4:51


Do ware mir also. Dir erënnert iech wahrscheinlech un d'Episod Nummer 135, wou e gewësse Gonzojournalist an e gewëssen Zuch geklommen ass, fir aus Hendaye ze flüchten. Iert e esou een TGV fortfiert, muss en op mannst zwou Minutte virum offizielle Startzäitpunkt am Zuch sinn. Well da ginn d'Dieren automatesch zou an net méi op. Wisou dat esou ass, hunn ech nach net ganz verstanen, mä et huet sécher iergendeppes mat Terrorismus oder mutéierten Rieseläis ze dinn …