Podcasts about iwwert

  • 25PODCASTS
  • 137EPISODES
  • 19mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Sep 1, 2026LATEST

POPULARITY

20192020202120222023202420252026


Best podcasts about iwwert

Latest podcast episodes about iwwert

Kultur
"Jesus Christ Kinski" vum Benjamin Myers

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 1, 2026


Wärend dem Lockdown huet jiddereen eppes gesicht, fir d‘Zäit erëm ze kréien. Déi eng hunn Brout gebak, déi aner hu geléiert bitzen oder hunn Puzzle gemaach. Dem Schrëftsteller Benjamin Myers hat an där Zäit de kontroversen dätsche Schauspiller Klaus Kinski entdeckt, an war obsedéiert. Iwwert deen huet hien elo en experimentellt Buch geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet et vir eis gelies.

jesus christ lockdown buch puzzle kinski benjamin myers brout iwwert
Kultur
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn": de Jacques Schiltz iwwert "Wagner"

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 16, 2026


"Wagner oder Gebrauchsanweisung für Fortgeschrittene in der sorgenfreien Liebe zum Bayreuther Meister": dës nei ILL-Produktioun leeft den Donneschdeg an de Samschdeg am Mierscher Theater. De Metteur en scène Jacques Schiltz ass beim Jeff Schinker am Studio, fir mat him iwwert d‘Stéck iwwert de kontroverse Richard Wagner ze schwätzen.

Invité vum Dag
No negativem Audit iwwert den ONA: wat soll änneren?

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later May 12, 2026


Vill Personalwiesselen, komplizéiert administrativ Prozesser, en Direkter dee quasi net präsent ass a schlecht Zoustänn an de Strukturen – den ONA huet am Audit vun der IGF, der Generalinspektioun vun de Finanzen, ganz schlecht ofgeschnidden. Dobäi goufe verschidde Problemer scho jorelaang kritiséiert. Firwat ass näischt dogéint ënnerholl ginn a wéi soll den Office national de l'accueil elo reforméiert ginn, dat froe mir den DP-Familljeminister Max Hahn.

RTL - Commentaire
Commentaire vum François Aulner iwwert de Logement zu Lëtzebuerg, 04/05/2026

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later May 4, 2026 3:09


logement commentaire iwwert aulner
RTL - Invité vun der Redaktioun
Alex Schumann: Allerwichtegst op der Tripartite ass, sech iwwert "den Diagnostik" eens ze ginn, 29/04/2026

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Apr 29, 2026 11:26


E Mëttwoch de Moie waren d'Industrie an d'Energiekris Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

RTL - Background
Eric Thill: Mir huelen eescht, dass negativ iwwert de CNA geschwat gouf a schaffen dorun, 11/04/2026

RTL - Background

Play Episode Listen Later Apr 11, 2026 53:41


E Samschdeg war de Kulturminister Eric Thill eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Marc Spautz, Nora Back: "Iwwert de Mindestloun hu mer net geschwat", 31/03/2026

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Mar 31, 2026 29:59


En Dënschdeg de Moie war de Sozialdialog Theema an der Emissioun "Face-à-face".

iwwert
RTL - Background
Léon Gloden: Background am Gespréich iwwert d'bannenzeg Sécherheet, 14/03/2026

RTL - Background

Play Episode Listen Later Mar 14, 2026 54:20


E Samschdeg war den CSV-Inneminister Invité am RTL-Studio.

iwwert e samschdeg
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte blanche vum Michel Maquil iwwert "finanzielle Mëssbrauch", 11/02/2026

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 11, 2026


Méi wéi Sex
#182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Dec 26, 2025 45:23


D'Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d'Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwung duechféiere lossen. Allerdéngs hu mir um Beispill vun den USA gesinn, wéi séier sech dat ännere kann. Aus dësem politesche Klima eraus huet déi lëtzebuerger Partei, déi Lénk, de Prozess an d'Weër geleet fir d'Recht op Schwangerschaftsofbroch ofzesécheren, an an der Verfaassung zu verankeren. Dozou haten zu Lëtzebuerg vill Leit vill verschidde Meenungen. An dëser Episode tauschen Ella an d*e Robin sech aus iwwer den Diskurs de Lëtzebuerg säit leschtem Joer bewegt. An der Rubrik erklärt d*e Robin wat eng Window of Tolerance ass. Quellen: Un droit à l'avortement dans la Constitution ? Les travaux parlementaires avancent - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Abtreibung in der Verfassung: Die Abgeordneten entscheiden sich für den Begriff „Freiheit“ - Luxemburger Wort Debatte um Abtreibung: Gérard Schockmel zieht Kritik auf sich - Reporter.lu La liberté de recourir à l'avortement sera inscrite dans la Constitution - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Geschichte - fraendag.lu Brochure d'Information: Interruption Volontaire de Grossesse (IVG) - sante.lu ABTREIBUNG: Von lebenslänglich zur Fristenregelung - woxx.lu Schwangerschaftabbruch in Luxemburg - CID Fraen an Gender Die Gesetzgebung in Luxemburg - CID Fraen an Gender Why Luxemburg wants to write the freedom to have an abortion into the constitution - Lëtzebuerger Journal Erwäänten Erfahrungsbericht aus dem Lëtzebuerger Journal: Wat mengs du? Iwwert d'Pësperen a volle Räim, een Temoignage - Lëtzebuerger Journal

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Iwwert Suizid schwätzen léieren

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Oct 24, 2025 19:41


Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D'Ligue luxembourgeoise d'hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an enger suizidaler Kris ëmgeet. D'Melanie Czarnik war dobäi an erzielt, wéi esou eng Formatioun ofleeft an wat se bewierke kann. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Suizidprävention: Über Suizidalität sprechen lernenThe post Iwwert Suizid schwätzen léieren first appeared on Radio ARA.

politics journalism schw luxembourg abl suizid episod den artikel suizidpr suizidalit iech aarbecht iwwert persounen radio ara
RTL - Presseclub
Ines Kurschat, Misch Pautsch, Luc Caregari: Fridden am Noen Osten, Resilienz-Plang an Debatt iwwert Avortement, 19/10/2025

RTL - Presseclub

Play Episode Listen Later Oct 19, 2025 48:55


Am Presseclub gouf iwwert d'Situatioun am Noen Oste geschwat, de Resilienz-Plang, grad ewéi d'Avortement-Debatt.

RTL - Presseclub
Ines Kurschat, Misch Pautsch, Luc Caregari: Fridden am Noen Osten, Resilienz-Plang an Debatt iwwert Avortement, 19/10/2025

RTL - Presseclub

Play Episode Listen Later Oct 19, 2025 48:55


Am Presseclub gouf iwwert d'Situatioun am Noen Oste geschwat, de Resilienz-Plang, grad ewéi d'Avortement-Debatt.

Kultur
Mostra di Venezia: Den Documentaire "Holofiction"

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 12, 2025 3:41


Iwwert dem Spielberg seng Duerstellung vum Holocaust war de Claude Lanzmann deemools schockéiert - hien huet gemengt verschidde Saachen wieren einfach irrepresentabel. Den Documentaire "Holofiction" vum Michal Kosakowski beliicht grad, wéi d'Shoah an der Fiktioun duergestallt gouf - a misst, esou de Marc Trappendreher, an all Schoulprogramm opgeholl ginn.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Pierre Hurt, Directeur OAI: D'Lëtzebuerger Deklaratioun iwwert d’ëffentlech Opdräg: eng Première, 18/06/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 18, 2025 2:45


Op der falscher Platz spuere kann deier ginn. Fir e Paradigmewiessel am ëffentlechen Optragswiesen: Qualitéit ass kee Luxus, mee deen eenzege Wee, fir eng nohalteg Zukunft ze bauen. Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Pierre Hurt, Directeur OAI: D'Lëtzebuerger Deklaratioun iwwert d’ëffentlech Opdräg: eng Première, 18/06/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 18, 2025 2:45


Op der falscher Platz spuere kann deier ginn. Fir e Paradigmewiessel am ëffentlechen Optragswiesen: Qualitéit ass kee Luxus, mee deen eenzege Wee, fir eng nohalteg Zukunft ze bauen. Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).

Kultur
Zanter 2022 ouni Ouni: dës alternativ Akaafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat.

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 14, 2025 55:35


Iwwert d'Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. En etlech fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d'Akaafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionnéieren, an domat d'Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbutték si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeléng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D'Kerstin Thalau huet mat Diddelénger Membere vun der Cooperative geschwat. Dëst Gespréich ass eng Rediffusioun aus dem Mee 2024.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Georges Hellinghausen: Den neie Poopst, 06/06/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 6, 2025 2:32


Viru knapps engem Mount, den 8. Mee, ass zu Roum den neie Poopst Leo XIV. gewielt ginn. Iwwert de Profil vum neie Pontifex, dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Georges Hellinghausen: Den neie Poopst, 06/06/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 6, 2025


Viru knapps engem Mount, den 8. Mee, ass zu Roum den neie Poopst Leo XIV. gewielt ginn. Iwwert de Profil vum neie Pontifex, dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Kultur
Festival de Cannes: De Wes Anderson, de Richard Linklater an d'Lynne Ramsey am Wettbewerb

Kultur

Play Episode Listen Later May 20, 2025 12:51


Iwwert de Weekend sinn am Wettbewerb vun der 78. Oplag vum Festival de Cannes nei Filmer vu mat de bekanntste Regisseuren aus der Competitioun gelaf. Bekannt heescht awer net onbedéngt, dass déi Filmer och iwwerzeegen - wéi iwwerzeegend "Nouvelle Vague" vum Richard Linkater, "Die My Love" vum Lynne Ramsey an "The Phoenician Scheme" vum Wes Anderson sinn, verrode mer iech haut.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Daniel Eischen: Diversitéit an de Welthandel vu moralesche Wäerter, 05/05/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later May 5, 2025


Et ass den 29. Januar 2025, kuerz virun 9 Auer owes. Iwwert dem Floss Potomac an der amerikanescher Haaptstad Washington, kréie sech e Passagéierfliger an en Helikopter ze paken a falen erof an d'Waasser. Fir déi 67 Männer a Fraen u Bord kënnt all Hëllef ze spéit.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Daniel Eischen: Diversitéit an de Welthandel vu moralesche Wäerter, 30/04/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Apr 30, 2025 2:49


Et ass den 29. Januar 2025, kuerz virun 9 Auer owes. Iwwert dem Floss Potomac an der amerikanescher Haaptstad Washington, kréie sech e Passagéierfliger an en Helikopter ze paken a falen erof an d'Waasser. Fir déi 67 Männer a Fraen u Bord kënnt all Hëllef ze spéit.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Fernand Kartheiser: Attack op Sumy - Iwwert "d'Legitimitéit vum Zil" kéint een "diskutéieren", 18/04/2025

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Apr 18, 2025 11:57


E Freideg de Moie waren d'Positioune vum EU-Deputéierten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

attack thema fernand diskut iwwert e freideg
Kultur
"Our Last Dance"

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 20, 2025 9:40


“Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.

president festival last dance kultur saison programm publikum lieu abr joe r concerten jore musek saachen zanter editioun iwwert am gespr
Kultur
D'Véronique Fauconnet iwwert "Sarah & Hugo"

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 24, 2025 12:23


Fir déi éischt TOL-Produktioun 2025 inzenéiert d'Véronique Fauconnet een Auteur, deen si scho laang wollt op d'Bün bréngen. Dass Sarah et Hugo vum Daniel Keene, ee Stéck iwwert eng jonk elengerzéiend Mamm an hire 16-järege Bouf, dobäi direkt eng Weltpremière géif ginn, war u sech net esou geplangt. Am Interview mam Jeff Schinker huet d'Metteuse en scène ënnert anerem iwwert d'Zesummenaarbecht mat engem ganz jonke Schauspiller an de Respekt virum Auteur an dem Text geschwat.

respekt auteur fir mamm iwwert am interview
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Jessica Lopes: Zuelen iwwert d'Walbedeelegung, déi wichteg Froen iwwer eis Demokratie opwerfen, 20/01/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 20, 2025


D'Zuel vun den Auslänner, déi sech fir d'Gemengewalen aschreiwen, geet lues a lues erop, bleift awer nach ëmmer bedauerlech niddereg. Gläichzäiteg klëmmt d'Unzuel vu Leit, déi trotz Walflicht net wiele ginn. Wéi kënnt dat? Ass et en Desintérêt fir de Walprozess, deen ëmmer manner d'Diversitéit vun eiser Gesellschaft spigelt? An dëser Carte Blanche ginn dës Froen an d'Resultater vun enger rezenten Étüd vum Cefis méi genee ënnert d'Lupp geholl.

Kultur
D'Aube Rey Lescure iwwert hire Roman "River East, River West"

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 16, 2025 11:49


De Roman River East, River West koum ufanks lescht Joer bei den Editions William Burrow an Duckworth eraus. D'Geschicht spillt zu Shanghai a China. Erzielt gëtt se ofwiesselnd aus der Perspektiv vun der Teenagerin Alva an hirem Stéifpapp Lu Feng. Béid hunn eng komplizéiert Bezéiung zur Sloan, hir Mamm respektiv Fra, eng Amerikanerin, déi den an USA net géing opfalen, a China awer ëmmer am Mëttelpunkt dierf stoen. D'Buch erfuerscht dobäi den Effekt vun der Sloan hirer exzentrescher Perséinlechkeet op d'Liewe vun hirer Famill. Déi franséisch-chinesesch-amerikanesch Autrice Aube Rey Lescure war dës Woch op Invitatioun vum Bicherclub Between the Lines an der City Bibliothéik fir d'Buch ze presentéieren. Den Nicolas Calmes duerft sech duerno mat hir ënnerhalen.

RTL - Commentaire
Vum Claudia Kollwelter: Iwwerstierzt Debatten iwwert eng oniwwersiichtlech Zukunft vu Syrien, 07/01/2025

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 7, 2025


Virun engem Mount ass de syreschen Diktator Baschar al-Assad gestierzt ginn. D'Diskussiounen iwwert den Ëmgang mat syresche Flüchtlingen huet net laang op sech waarde gelooss. Och d'Lëtzebuerger Regierung huet séier decidéiert, d'Decisiounen iwwert de Statut fir syresch Migrante bis op Weideres op Äis ze leeën. Ënnert anerem de Flüchtlingsrot, Passerell an d'Asti ruffen zur Virsiicht op an dat zu Recht fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire:

Kultur
The Ancient Iwwert Afrofuturismus an Detroit

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 6, 2024 10:30


The Ancient, esou gëtt den Abu Qadim Haqq genannt. Dee mëttlerweil 55 Joer ale Mann ass eng Zentralfigur am Afrofuturismus Konschtmouvement vun Detroit. A sengem CV steet ënner anerem, datt hien d'Albumcovere vun den Techno-Legenden Underground Resistance an Drexciya gemaach huet. The Ancient war zu Lëtzebuerg ze gesinn: Am Claudio Caruso sengem Vinyl Harvest Buttek zu Esch huet hien zwou Stonne laang eng Dier bemoolt, bis datt eng Cyber-Fra op engem Päerd ze gesi war. Seng Duechter d'Qadira huet wärenddeems een DJ-Set gespillt. Duerno duerft ee Froe stellen. The Ancient huet op Nofro erkläert, firwat seng Duechter am Homeschooling ass: well den ëffentleche Schoulsystem zu Detroit miserabel ass - dëst ass zanter iwwert 30 Joer keng Neiegkeet. An Amerika ass Detroit dacks d'Punchline vu Witzer, déi scho laang net méi witzeg sinn, besonnesch zanter déi staark Automobilindustrie ënnergaangen ass. Den Ancient selwer war an enger kathoulescher Privatschoul. Seng Eltere konnte sech dat leeschten, well säi Papp fir Chrysler an der Fabrik geschafft hat. Dat war zu enger Zäit, wou een och ouni Schoulofschloss eng gutt bezuelten Aarbecht konnt fannen. D'Stad Detroit ass awer och fir hir immens kreativ Musekszeen bekannt; och Hiphop gëtt do groussgeschriwwen. Den Eminem an seng Kolleegen am Rapkollektiv D12 si vun Detroit a liewe weiderhin do. Op e puer vun dëse Saache koum deen nom Mole midden Här mam Nicolas Calmes ze schwätzen.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Ricardo Marques: Sech "trauen", jiddereen iwwert d'Auslännerwalrecht ze froen, 31/10/2024

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Oct 31, 2024 10:25


En Donneschdeg waren d'Auslännerwalrecht an d'Diskussioune ronderëm d'Pensiounen an d'Aushandele vun de Kollektivverträg Themen um Radio.

radio trauen sech froen ricardo marques iwwert
Kultur
“Sols et sous-sols”: d'Resultater vun enger kollektiver Recherche als Gruppen-Installatioun

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 16, 2024 12:26


Viru gutt 7 Joer hu Kreativer, Wëssenschaftler, Handwierker, Interesséierter den DKollektiv gegrënnt, fir sech um Site vum fréieren Diddelenger Walzwierk mat Industriekultur ze befaassen. De Feedback war positiv, esou datt aus der Initiativ 2022 den Tiers-Lieux culturel VeWa ervirgaangen ass: eng Plaz tëscht Schaff an Doheem, wou Leit Kenntnisser, Fäegkeeten, en Espace, Material a Ressource gemeinsam fir kreativ Zwecker deele kënnen. Zanter hier stinn d'Saisonen ënnert engem gewësse Sujet. Iwwert dee gëtt recherchéiert an um Enn eng Expo op d'Bee gestallt. Jo, a fir 2024 steet se ewell: d'Kerstin Thalau huet sech vum Serge Ecker duerch “Sols et sous-sols” guidéiere gelooss.

Kultur
Ënnerwee mat de Schof

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 10, 2024 8:06


Déi Lëtzebuerger Fotografin Liz Lambert geet mat de Schof op Tour. “Transhumanz” heescht hire Projet, dee sie mat der Bourse vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) an der Lëtzebuerger Gaardenausstellung LUGA realiséiere wäert. Iwwert déi nächst Méint wäert sie dofir eng Wanderschéiferei aus dem Norde vum Land bei hiren Tier begleeden. Wéi genee wëll d'Liz Lambert déi Wanderunge fotografesch festhalen? De Joé Birchen huet bei der Laureatin vun der Bourse nogefrot.

Kultur
Francophon BD Gréisst Yoann schwätzt iwwert de Franquin

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 23, 2024 25:23


De Yoann ass e franséische BD Auteur, dee fir de BD Festival zu Conter war. De Yoann huet fir déi gréisst belsch Verlager geschafft. Fir Dupuis huet hien d'Episoden 51-55 vun Les aventures de Spriou et Fantasio gezeechent an domat d'Vermächtnis vum André Franquin weidergefouert, an de Figure vum Marsupilami, Gaston Lagaffe a Compagnie neit Liewen agehaucht. Weiderhin huet hien och de Spirou Superhelden Spinoff Super Groom an d'Band vu chaotesche Superhelden Les CaptainZ geschaaft. Den Nicolas Calmes huet den Auteur um Festival geinterviewt.

LemONAIR - Luxembourg Radio Podcast
Untilded iwwert den Heat Waves

LemONAIR - Luxembourg Radio Podcast

Play Episode Listen Later Jul 9, 2024 15:08


We are talking about the Heat Waves :)

heatwaves iwwert
Kultur
Neit Buch iwwert de Kit Armstrong

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 4, 2024 6:19


Eng Biographie iwwert e Museker, de grad emol 32 Joer huet? Esouguer bei engem Phenomeen wéi dem Kit Armstrong mécht dat net vill Sënn. Der Inge Kloepfer hiert Buch ass dann och éischter eng Bestandsopnam vun der Entwécklung vun engem aussergewéinleche Mënsch, e Museker an Naturwëssenschaftler, deen als Jugendleche quasi schonn alles erreecht hat. Wéi ass esou eng Entwécklung ze erklären? Wéi eng Zieler bleiwen, wann ee mat Mëtt 20 schonn um Zenit ass? De Guy Engels huet d'Buch gelies.

LemONAIR - Luxembourg Radio Podcast
Untilded an BTC iwwert däitsch Museker

LemONAIR - Luxembourg Radio Podcast

Play Episode Listen Later Jul 2, 2024 45:32


Eis net gefrote Meenung iwwert däitsch Museker, vill Spaass.

eis meenung iwwert
Kultur
Zanter 2022 ouni "Ouni": déi alternativ Akafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat

Kultur

Play Episode Listen Later May 2, 2024 13:35


Iwwert d'Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. Eng etlech Leit fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d'Akafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionéieren, an domat d'Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbuttek si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeleng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D'Kerstin Thalau huet mat Diddelenger Membere vun der Cooperative geschwat.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Eng lëtzebuergesch Traditioun: Iwwert den Tram streiden

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 26, 2024 6:35


Et gesäit esou aus, wéi wann sech d'Mobilitéitspolitik vun der aktueller Regierung an eng Richtung entwéckele géif, déi sech dach awer vun där vireger ënnerscheet. Dat léisst sech um Beispill vum Tram an den Diskussiounen ëm eng Ofkierzung duerch d'Avenue de la Porte-Neuve besonnesch gutt illustréieren. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi et dozou komm ass a wéi grouss déi Ënnerscheeder dann tatsächlech sinn.

RTL - Invité vun der Redaktioun
François Bausch: "Et gëtt ni iwwert d’Gemengeprozedure geschwat", 06/02/2024

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Feb 6, 2024 11:45


En Dënschdeg de Moie war de Wunnengsmaart Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

bausch iwwert
Kultur
Eng Kamera um Kierchbierg

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 16, 2023 3:58


Iwwert de Rescht vum Mount maache mir hei um Radio Diere vun engem besonneschen Adventskalenner op. De Fotograf Christian Aschman huet nämlech an enger Fotoserie d'Entwécklung vum Kierchbierg festgehalen, an all Dag tauche mer zesumme mat him an eent vu senge Biller an. Mir ware well op Diecher vun héije Gebaier an a lauter Stroossen ënnerwee, dofir geet et haut op eng weider nei Plaz.

Kultur
Choreographical Talks – Simone Mousset

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 12, 2023 4:11


Am zweete Band vun den Choreographical Talks déi vum Lëtzebuerger Literaturarchiv editéiert ginn, gëtt d'Simone Mousset en Abléck an hiren Alldag als Choreographin. Si weist, wat de kreative Prozess engem ganzen Ensembel ofverlaangt, ier enger Danz-Kompositioun virum Publikum kann opgefouert ginn. - Iwwert des Choreographical Talks an d'Simone Mousset elo méi vum Léon Rinaldetti.

band prozess publikum abl choreographin alldag iwwert
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Pascale Engel: Iwwert Epigeneetik a Kannerentwécklung: Wéi Erfarungen ënnert d'Haut ginn, 14/11/2023

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 14, 2023 2:35


Déi al “Nature – Nurture” Debat ass iwwerlieft: D' Wëssenschaft ass sech eens, datt engem Kand seng Entwécklung souwuel duerch geneetesch Facteure wéi duerch Erfarunge beaflosst ginn. Eng Carte Blanche iwwert d'Interaktioun tëscht dem Ëmfeld an de Geenen, déi d'Entwécklung steieren, a wat d´ Politik doraus schléisse kann, vun der Entwécklungspsychologin a Wëssenschaftlerin Pascale Engel de Abreu.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Klimaneutral an de Krich? Iwwert CO2-Bilanz vun der Arméi

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jun 23, 2023


Och wann vill ze wéineg gemaach gëtt, ass kloer: Jiddereen*t muss seng Emissioune verréngeren! Jiddereen*t? Nee, een Sektor muss näischt maachen, an dat ass d'Militär. Dobäi sinn Arméien am Fong grouss Klimakiller. An senger Recherche

RTL - Invité vun der Redaktioun
Marc Crochet: Méi mat den Obdachlose schwätzen, wéi iwwert se, 29/12/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Dec 29, 2022


En Donneschdeg de Moie war ënner anerem den Accueil vun den ukrainesche Flüchtlingen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Marc Schiltz: Iwwert den ëffentlechen Ëmgang mat Fuerscher bei kontroversen Themen, 02/12/2022 17:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Dec 2, 2022


An der Covid-Kris huet sech gewisen, dass vill Fuerscher, déi an der Ëffentlechkeet stoungen, harceléiert goufen. Wa mer wëllen, dass Fuerscher hiren Knowhow mat der Gesellschaft deelen, musse mer e Wee fannen, se ze schützen, sou de Chef vum FNR, de Marc Schiltz.

ARA City Radio
Prisoners: Jeannot's show "Iwwert d'Maueren" on Radio Ara

ARA City Radio

Play Episode Listen Later Nov 30, 2022 5:45


A new episode of Local Matters, a look behind walls, a look into the studio of Radio Ara where Jeannot Schmitz for 32 years, has hosted the show Iwwert d'Maueren. Prisoners call in and leave messages for their loved ones, live on the radio. Photo: pexels/Nikita-Nikitin

prisoners jeannot local matters iwwert radio ara
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Gaston Ternes: Wéi vill Geld brauch e jonke Mënsch zu Lëtzebuerg fir selbststänneg ze liewen? Bréif un e jonken Independant, 08/07/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jul 8, 2022


Iwwert de "Mëttelstand Bockel" gëtt schonn zanter 30 Joer geschriwwen a geschwat. Geschitt ass awer näischt, ausser vläicht an déi falsch Richtung, de Cotisatiounstaux fir d'Krankekeess ass an d'Luucht gaangen an d'Steiertabell ass net méi un d'Inflatioun ugepasst ginn. Betraff si grad déi Jonk, mam Statut "Independant," An dëser Carte blanche mécht de Gaston Ternes eng Rechnung, déi eigentlech all Politiker zum Handele motivéiere misst.

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir
E staarkt Team - Episode 7: Schlof Këndche schlof

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Play Episode Listen Later Jun 27, 2022 35:28


De Schlof vum Kand, eent vun deenen Theemen, dat villen Eltere besonnesch um Häerz läit.. Iwwert de Schlof vum Kand gëtt vill diskutéiert an debattéiert, an am Laf vun de Joerzengten sinn do eng Rei Mythen, Wourechten an Onwourechten entstanen. Fir e bëssen opzeraumen an deem Sujet an eis op de neiste Stand vun der Fuerschung ze bréngen, hunn ech haut d'Tania Hemmer, eis Spezialisten zum Thema Kanner an hire Schlof, invitéiert.

Buvette - De Fussballpodcast
#57 Wat man mer wann de Géigner sou spillt?

Buvette - De Fussballpodcast

Play Episode Listen Later Dec 7, 2021 34:06


De Ben trëfft monter weider an den Dylan feiert säi Comeback, wärend de Gilles nom däitsche Klassiker net sou richteg wees, wouhi mat sech. E Match, bei deem rëm alles dra war an um Enn awer op en Neits Bayern als Gewënner vum Terrain geet. Mee dat soll net den eenzege geckege Match an der Bundesliga gewiescht sinn! Iwwert Ëmweeër soll den Dylan matkritt hun, firwat et zu Gladbach net esou leeft... an op der Insel kann de Rolf Rangnick säin Debut feieren.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Magali Paulus: Iwwert Gewalt géint Fraen a Meedercher, Feminiziden a Mënscherechtsverdeeger*innen, 03/12/2021 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Dec 3, 2021


De 25. November war den internationalen Dag fir d'Eliminatioun vun der Gewalt géint Fraen an den 29. dee vun de Mënscherechtsverdeedegerinnen. Den 9. Dezember ass den internationalen Dag vun de Mënscherechtsverdeedeger an den 10. dee vun de Mënscherechter. Dës Deeg musse laut dem Magali Paulus zemools an dëse speziellen Zäiten nach méi gewierdegt ginn. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.