Podcasts about froen

  • 42PODCASTS
  • 485EPISODES
  • 30mAVG DURATION
  • 1WEEKLY EPISODE
  • Aug 11, 2026LATEST

POPULARITY

20192020202120222023202420252026


Best podcasts about froen

Show all podcasts related to froen

Latest podcast episodes about froen

Invité vum Dag
Michel Leytem, Direkter vun der ANF

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Aug 11, 2026


Wéi vill Schued maachen Hëtzt an Dréchent am Lëtzebuerger Bësch? Froen un de Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung.

chefs natur direkter der anf froen
Paus.
#188 Dee mam Yannick (Nummer Zwee)

Paus.

Play Episode Listen Later Aug 9, 2026 73:51


Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a beschwätzt popkulturell Polemiken (en Hënner, e Rack, e Schung). Tëscht "Scary Movie"-Enttäuschungen, der "Golden City" an almond moms  bleift nach genuch Zäit, fir iwwer d'Immobilieblos, zukünfteg national Fernseh-Konzepter a Medien-Desensibiliséierung ze schwätzen.  Wéi ëmmer kommen natierlech ganz vill Froen op – zum Beispill: Ass en Elektrovelo dat Selwecht ewéi eng Vespa? Wat leeft am September op der Costa Brava? A wat sinn Tapas fir ze lauschteren?

Speakeasy Podcast
Nohalteg liewen ouni Kompromesser?

Speakeasy Podcast

Play Episode Listen Later Jul 30, 2026 23:18


Ass e gutt Liewen mat Ëmweltschutz iwwerhaapt ze vereenen? Den Thomas Koenig schwätzt mam Thomas Steinmann vum Mouvement Écologique Lëtzebuerg iwwer nohaltege Konsum – ouni moralesch Zeigefanger, mee mat éierlechen Äntwerten op Froen, déi eis alleguer betreffen. An dëser Episod: - Kënne mir iwwerhaapt ëmweltfrëndlech konsuméieren? - Kënne mir Labelen wierklech vertrauen? - Firwat ass nohaltege Konsum dacks méi deier a méi opwänneg? - Wat geschitt, wa mir eis Ressourcen net bis un d'Grenz ausbeuten? - Déi onbequeem Fro: Wat, wann déi aner och net matmaachen? Fir jiddereen, deen méi bewosst liewe wëll – ouni dofir säi ganzt Liewen op de Kapp ze stellen.

Loscht op Mord
Episod 125 - D'Entféierung vum Jakob von Metzler

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Jul 26, 2026 26:31 Transcription Available


De 27. September 2002 gëtt den 11 järege Jakob von Metzler vum 27 järege Magnus Gäfgen entfouert an ermort. De Magnus Gäfgen schéckt nach en Erpresserbrief un d'Famill a gëtt awer kuerz drop gepëtzt. De Fall ass zimmlech schnell gekläert, mee wéi et zur d'Erklärung koum, huet fir Opreegung gesuergt, bezéiungsweis grouss eethesch Froen opgeworf. Ëm wat et hei genau geet a wat alles geschitt ass, gitt der an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.

Presserevue
Editioun 07:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jul 9, 2026


Eng verfeelte Klimapolitik, e Politmonitor mat bossege Resultater an e Spidolsprojet, dee Froen opwerft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.

Presserevue
Editioun 08:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jul 9, 2026


Eng verfeelte Klimapolitik, e Politmonitor mat bossege Resultater an e Spidolsprojet, dee Froen opwerft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue

Speakeasy Podcast
10 Joer Zentrum fir politesch Bildung

Speakeasy Podcast

Play Episode Listen Later Jul 8, 2026 45:41


10 Joer Zentrum fir politesch Bildung – Wat huet sech wierklech verännert? Zënter engem Joerzéngt setzt sech den ZpB fir Demokratie a politesch Bildung zu Lëtzebuerg an. Mee wat huet den ZpB an där Zäit konkret erreecht? Wéi eng Erausfuerderunge hu si missen meeschteren? A firwat genderen si, obwuel si sech als politesch neutral gesinn? An dësem Interview schwätze mir iwwer Erfolleger, Kritik, gesellschaftlech Verännerungen an d'Zukunft vun der politescher Bildung. E Gespréich iwwer Demokratie, Sprooch a Froen, déi Lëtzebuerg beweegen.

Presserevue
Editioun 07:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jun 12, 2026


Zoff an der LSAP-Fraktioun, de Premier mat Pluspunkten an ChatGPT fir parlamentaresch Froen ze beäntwerten, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.

chatgpt premier zoff froen editioun
Presserevue
Editioun 08:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jun 12, 2026


Cattenom a seng Konsequenzen, KI bei parlamentaresche Froen an Tripartite-Punkte fir de Premier, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.

premier konsequenzen froen editioun
Presserevue
Editioun 08:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jun 10, 2026


Eng verblenten Asylpolitik, Beleidegungen op Social Media an eng Fussball-Weltmeeschterschaft, déi vill Froen opwerft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.

Loscht op Mord
Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later May 31, 2026 55:48 Transcription Available


Et ass erëm sou wäit, déi alljärlech Diskussiounsronn ass erëm do. Mir schwätzen iwwert Theorië vun ongekläerten a gekläerte Fäll, wéi geféierlech sinn Hobbydetektiven op de soziale Medien, gi weiblechTäter aneschters wouer geholl an nach weider Theemen. Zeckt net a schreift eis gären är Gedanken a Meenungen zu Allem eran.

gedanken medien mir allem episod froen theori diskussioune
Invité vum Dag
Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later May 27, 2026


Gi Polizisten ëmmer méi dacks selwer Affer vu Gewalt? Dat ass eng vun de Froen, déi mer dem Police-Direkter stellen.

Presserevue
Editioun 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later May 4, 2026


Wéi eng Chancen huet d'Tripartite, ass d'Situatioun am Garer Quartier nach ze retten a wéi gëtt an Zukunft op der däitscher Grenz kontrolléiert, dat si Froen aus den Zeitungen.

Invité vum Dag
Sidney Wiltgen

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Apr 30, 2026


D'ALJP, d'Associatioun vun de professionelle Journalisten, feiert de Weekend hir 100 Joer. Wéi steet et haut ëm de Beruff? Froen un hire President

Invité vum Dag

Mat wéi vill finanziellem Spillraum geet d'Regierung an d'Tripartite? Froen un den CSV-Finanzminister

Méi wéi Sex
#189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Apr 3, 2026 49:20


Huet d'Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe

dauer bez aff rubrik fir huet kand woch froen firwat iddi beispill wisou
Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Mar 30, 2026 3:53


Huet de Mindestloun och Inzidenzen op déi aner Salairen? Ass Lëtzebuerg intresséiert um Hydrogen deen an der Lorraine fonnt gouf? Dat si Froen an der Presserevue

Paus.
#178 Dee mam Filmfest-Féiwerdram

Paus.

Play Episode Listen Later Mar 22, 2026 81:39


Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)!  De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze beschwätzen – ënner anerem geet et ëm en onproblematesche "Royal Court", e problematesche Promi-Fall, d'Menopause bei de Sopranos an dem Ricky Martin säi Chihuahua. Et werfen sech nees pertinent Froen op, ewéi zum Beispill: Kënnen Englänner*innen automatesch Franséisch? Wien ass d'Rosalia vu Lëtzebuerg? A wisou si ganz vill Männer op eemol juristesch Experten (UNSCHULDSVERMUTUNG!!1!!!11!!!)?

Kultur
Vun IA (intelligence artificielle) zu IA (intelligence ancienne)

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 4, 2026 17:23


“Here comes the Luxembourg City Filmfestival”; muer den Owend ass d'Opening ceremony. Mee elo schonn, a bis ufanks Abrëll, kënnt Dir parallel dozou “Here comes the sun” entdecken: dem Cercle Cité seng Kontributioun zum Festival, am Ratskeller an der Paschtoueschgaass. D'Multimedia-Expo ass mat “Art, énergie et intelligence naturelle” ënnertitelt. Zesummegestallt gouf se vun Elektron, also der Plattform fir d'Lienen tëschent Konscht, digitalen Technologien, Wëssenschaft a gesellschaftlechen Erausfuerderungen, déi d'Françoise Poos an de Vincent Crapon virun dräi Joer lancéiert hunn. “Here comes Kerstin Thalau” fir dem Duo eng Partie sonneg Froen zu hirer Expo ze stellen.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Igor Loran, Tim Pauly: Wat kann ee géint Online-Arnaque maachen?, 02/03/2026

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Mar 2, 2026 29:38


Den Igor Loran vu BeeSecure an den Tim Pauly vun der Police waren am Studio, fir am "Dir hutt d'Wuert" op Froen ze äntweren.

Invité vum Dag
Chris Roller

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Feb 26, 2026 14:47


Affär Wilmes, Dokteschtariffer, CNS-Verhandlungen: am Gesondheetssecteur komme grad vill Problemer beieneen. Wat mécht d'AMMD fir d'Vertrauen ze erhalen? Froen un hire President

Paus.
#176 Dee mat der Hepatite am Heizungskeller

Paus.

Play Episode Listen Later Feb 21, 2026 38:24


Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim. Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam Shakespeare an "The Jills have eyes".  Alt erëm gi vill Froen opgeworf, ewéi zum Beispill: Gëtt et eng nei "Sunlicht"-Affär? Wéi grouss ass den Ënnerscheed tëscht Freigeist a Luftikus? A natierlech: Can I quiz you on some ocean facts?

Invité vum Dag
Jean-Marie Jans

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Feb 17, 2026 13:19


Froen un deen neie Beetebuerger CSV-Buergermeeschter, deen am Januar d'Nofolleg vum Laurent Zeimet iwwerholl huet.

Invité vum Dag
Yuriko Backes

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Feb 13, 2026 11:26


Nom EU- an dem NATO-Conseil, virun der Münchener Sécherheetskonferenz: Froen un d'Verteidegungsministesch

RTL - Invité vun der Redaktioun
Claude Meisch: Ried an Äntwert zum Thema "Unisex-Toiletten", 11/02/2026

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Feb 11, 2026 28:28


Den Educatiounsminister Claude Meisch war live am Studio, fir op Är Froen a Remarken ze reagéieren.

studio zum thema ried froen unisex toiletten
Kultur
TASTE: "Transforming through art, science, technology“

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 11, 2026 17:17


Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg huet deen neie Konferenzzyklus TASTE lancéiert: jo, et geet souzesoen ëm schmaachen, mee TASTE steet och als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology“. Invitéiert si Kreativer a Fuerscher:innen, déi interdisziplinär, eeben tëschent Konscht/Wëssenschaft/Technologie ënnerwee sinn, an hir Projeten an Erfarunge mat engem Public deele wëllen. Am éischten Tour mat dobäi war d‘Christl Baur, d‘Directrice vum renomméierten Ars Electronica Festival zu Linz. An d‘Kerstin Thalau hat Geleeënheet der Christl Baur e puer Froen ze stellen.

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Feb 10, 2026 4:31


Dem Minister Wilmes seng Ausso iwwert "win-win-Situatioun" werft Froen iwwert dat problematescht Medieverständnes vu ville Regierungsmemberen op, sou e Kommentar an der Press

press kommentar froen situatioun ausso editioun
Invité vum Dag
Djuna Bernard

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Feb 2, 2026 12:24


Froen un déi gréng Deputéiert a Member vun der Chamberkommissioun Santé am Virfeld vun der Sëtzung mat der Ministesch Martine Deprez an der Affär Wilmes.

member aff deput wilmes djuna froen virfeld
Presserevue
Editioun 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 26, 2026 0:15


D'Affair em de suspendéierte Chirurg kënnt net zur Rou, an der geschriwwener Press ginn haut Froen opgeworf iwwert d'Virgoe vum Collège médical a vum Gesondheetsministère.

Invité vum Dag
François Benoy

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jan 23, 2026 13:15


Wéi eng Léieren hunn déi gréng aus der Walnéierlag vum 2023 gezunn? Froen un de Co-President vun der Partei.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Martine Deprez: D'Ministesch huet Är Froen zum Lëtzebuerger Pensiounssystem beäntwert, 22/01/2026

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jan 22, 2026 28:22


Et war de Sujet déi lescht Méint: de Lëtzebuerger Pensiounssystem. En Donneschdeg de Moie krut Dir d'Wuert dozou.

Invité vum Dag
Laurent Zeimet

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jan 21, 2026 12:52


National an international Froen un den neien CSV-Fraktiounschef, deen och Vize-President vun der aussepolitescher Chamberkommisioun ass.

Invité vum Dag
Mattis Noël

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 29, 2025 7:28


Wat si Fuerderungen, Problemer a Suerge vun de Lëtzebuerger Studenten? Froen un den neie President vun der Studentevereenegung ACEL

Paus.
#171 Dee mam Twerken am Asia Market

Paus.

Play Episode Listen Later Dec 23, 2025 99:59


Surprise a god jul! D'indirekt Chrëschtdagsbeliichtung ënnert de Podcasts guidéiert iech duerch dem little baby Jesus säi grousse Moment an huet net Weirauch, Gold a Myrrhe mat dobäi, mee suspicious silence, Tattoo tea an d' wicked witch (flip it around). Et geet haut ëm "Spotify"-Ageshaming, penibel Ufroen un de Bréifdréier, random acts of kindness an (in-)kompetent Mënschen an an ausserhalb der Chamber.  Mir trotzen dem drohende Weltënnergang mat "Dangerous Minds" am Prisong, verroden eis Hochzäitspläng, Iddien zu "Richtung 22" an déi bescht Jugendwierder vun de Millennials. Oflenkung vun ze vill Iessen, ustrengende Familljememberen an enttäuschende Kaddoe gëtt et mat wichtegen Themen ewéi Pumpen beim Baken, dem kierzte "Stephen King"-Film an Appartementer zu Oz. Mat um feierlech gedeckten Dësch sëtze wichteg Leit ewéi de Brice de Nice, de Yoshi, dem Diddy seng al Assistentin, d'Johanne an de Fioré.  Natierlech ginn et och an de besonnesch feierleche Stonne vum Joer wichteg Froen ze klären: Wien trauert mat Pyrotechnik? Ass de Supermarché déi nei Disco? Si mir de neie "Marc Thoma"? An ass de Ben Olinger "das Beziehungsomen"?

Presserevue
Editioun 07:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Dec 18, 2025 3:14


LuxTrust-Pann werft Froen op, de Jos Nickts verschéckt Bréiwer an et ass den Aus fir d'Warte: dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.

warte froen editioun
Presserevue
Editioun 08:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Dec 18, 2025 3:20


Diskussioun ëm d'Wandrieder zu Schengen, Froen zu der LuxTrust-Pann a Post vum Jos Nickts: dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.

schengen froen editioun diskussioun
Invité vum Dag
Marc Spautz

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 11, 2025 11:12


Froen un den designéierten neien Aarbechtsminister: wéini hie gefrot gouf, wéi hien de Sozialdialog erëm beliewe wëllt a wat hien de Sozialpartner versprieche kann.

froen
Invité vum Dag
Franz Fayot

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 8, 2025 13:50


De Projet vum nationale Sportsmusée um Site Rout Lëns ass zréckgezunn. Kritt en nawell Konsequenzen? Froen un de President vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun

Méi wéi Sex
#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Nov 28, 2025 48:05


Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer AuDHD.

Radio Bremen: Plattdeutsche Nachrichten
Plattdüütsche Narichten vun'n 25. November 2025

Radio Bremen: Plattdeutsche Nachrichten

Play Episode Listen Later Nov 25, 2025 3:26


Bunnsdag snackt över veele nee'e Schulden +++ Verbännen un Politik mahnt Hölp gegen Gewalt an Froen an +++ US-Gericht wiest Klaag gegen fröheren FBI-Baas Comey af +++ Bremsche Börgerschaft snackt över Ünnersökensutschuss wegen Staatsraat-Schandaal +++ International Emmy för ARD-Serie över DDR +++ Dat Weer

politik gewalt us gericht froen plattd
Invité vum Dag
Alain Massen

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Nov 19, 2025 11:58


Ass déi aktuell Diskussioun ëm ze vill Hausaufgabe berechtegt oder iwwerdriwwen? Froen un de President vun der nationaler Elterevertriedung

Kultur
White Book an Assises nationales de l'intelligence artificielle

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 17, 2025 25:07


Déi Kënschtlech Intelligenz entwéckelt sech séier a gräift ëm sech - och am kulturelle Secteur, an deem d'Impakter enorm sinn. D'Alessandra Luciano an de Cedric Kayser hunn d'White Book vum Kulturministère zum Theema Kënschtlech Intelligenz am Kultursecteur verfaasst an op de KI-Assise vum Kulturministère de leschten Donneschdeg matgewierkt. D'Kerstin Thalau an de Marc Clement hunn e puer Froen.

Kultur
Wien huet Five Hours, Fifty Days, Fifty Years fir eng Konschtexpo?

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 12, 2025 13:12


Wann eng Expo mat "Five Hours, Fifty Days, Fifty Years" iwwerschriwwen ass, muss ee sech dofir vill Zäit huelen? Dat géif den Antwerpener David Claerbout natierlech freeën, mee den ausgebilte Moler wëllt mat sengem Titel éischter säin Haaptsujet undeiten: hien interesséiert sech fir eis Manéier, Biller wouerzehuelen, a setzt sech a senge Film- a Fotoinstallatioune mat der Distinctioun tëschent Visioun, Erënnerung an Halluzinatioun ausernaner. Dat Ganzt par Rapport zur Zäit. Bis Enn Februar 2026 ass seng aktuell Expo an der Escher Konschthal ze gesinn an d'Kerstin Thalau hat Geleeënheet dem David Claerbout dozou e puer Froen ze stellen.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Jean-Jacques Schonckert: Fräiheet fir Stierfhëllef ze froen, gehéiert och an d'Verfassung, 04/11/2025

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Nov 4, 2025 11:40


En Dënschdeg de Moie war d'Stierfhëllef Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

RTL - Invité vun der Redaktioun
Jean-Jacques Schonckert: Fräiheet fir Stierfhëllef ze froen, gehéiert och an d'Verfassung, 04/11/2025

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Nov 4, 2025 11:40


En Dënschdeg de Moie war d'Stierfhëllef Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vum Dag
Claude Hirtzig

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 27, 2025 14:22


Emmer méi Online-Banking, ëmmer manner Agencen: wou steiert d'Bankegeschäft mat de Privatclienten hin? Froen un de President vum Retail Banking Cluster vun der ABBL.

Invité vum Dag
Michel Lemaire

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 24, 2025 14:47


Froen un den ADR-Politiker, deen am November d'Mandat vum aktuellen Nord-Deputéierte Jeff Engelen an der Chamber iwwerhëllt.

Invité vum Dag
Martine Deprez

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 14, 2025 11:31


No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Froen un d'Sozialministesch Martine Deprez iwwer déi schlecht finanziell Situatioun vun der CNS a Weeër do eraus.

martine cns wee froen situatioun
Invité vum Dag
Interview mam Grand-Duc Guillaume

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 3, 2025 16:45


Den neie Staatschef huet sech kuerz virum Trounwiessel eise Froen gestallt.

RTL - Kloertext fir ze lauschteren
Avortement an d’Verfassung: jo oder nee?, 25/09/2025

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

Play Episode Listen Later Sep 25, 2025 65:19


Déi aktuell Diskussioun ass net pro oder kontra Ofdreiwung, well dat an engem Gesetz verankert ass, mä ob dëst och an d'Verfassung opgeholl soll ginn. Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen? A wa jo wéi? Als Recht oder als Fräiheet vun der Fra? Ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee. Aktuell läit jo eng Gesetzpropos vun déi Lénk um Dësch, fir op dee Wee ze goen, ma net jiddereen hält dat fir néideg.