Podcasts about elteren

  • 24PODCASTS
  • 37EPISODES
  • 20mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Feb 26, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about elteren

Latest podcast episodes about elteren

Kultur
Am Gespréich mat der Elise Schmit

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 26, 2025 17:12


A "Vreckvéi" stinn zwou jonk Schwëstere virun der Erausfuerderung, de verstuerwenen Elteren hire Bauerenhaff ze geréieren. Et ass ee staarken, minimalisteschen Text, dee mat knappe Sätz villes seet - net just iwwer eng Generatioun, déi d'Orientéierung verluer huet, mee och op enger méi metaphysescher Ebene eppes iwwer d'Struewelen an d'Isolatioun vu mënschlechem Liewen. D'Elise Schmit huet dem Simon Longman säin Text an d'Lëtzebuergescht iwwersat a verréit eis, wéi no hir den Text wärend dem Iwwersetze ginn ass.

Kultur
"L'enfantôme"

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 20, 2025 3:14


“L'enfantôme” ass déi lescht BD vum Fransous Jim Bishop. Et ass d'Conclusioun vun der “Trilogie de l'enfant” no "Lettres Perdues" a "Mon ami Pierrot". Et geet een der Geschicht vum “boutonneux” no, engem onglécklechen Teenager, deen drop an dowidder ass duerchzefalen. De Conseiller Morantano huet mam “boutonneux” sengen Elteren eng Noutfallléisung entwéckelt. Den Nicolas Calmes rezenséiert.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Oct 4, 2024 17:26


Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou keen iwwert eng grouss Reform mat engem verlängerten Tronc Commun schwätzt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ungleichheiten im Bildungswesen: Die BlackboxThe post Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique? first appeared on Radio ARA.

Kultur
Wéineg Trouscht, mee ganz vill Luciditéit

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 6, 2024 7:14


An enger neier Serie stellt d'Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d'Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett rezenséiert de Jeff Schinker der australescher Schrëftstellerin hire Roman "Stone Yard Devotional", an deem eng Fra sech aus engem engagéierte Liewen eraushëlt, fir iwwer den Doud vun hiren Elteren an den Zerfall vun der Welt ze meditéieren.

Kultur
Wéineg Trouscht, mee ganz vill Luciditéit

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 5, 2024 7:14


An enger neier Serie stellt d'Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d'Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett rezenséiert de Jeff Schinker der australescher Schrëftstellerin hire Roman "Stone Yard Devotional", an deem eng Fra sech aus engem engagéierte Liewen eraushëlt, fir iwwer den Doud vun hiren Elteren an den Zerfall vun der Welt ze meditéieren.

Kultur
Joël Egloff - Ces féroces soldats

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 19, 2024 5:42


A sengem neie Roman “Ces féroces soldats” verléisst de franséische Schrëftsteller Joël Egloff seng gewéinlech fiktional Prosa an erzielt hei d'Geschicht vu sengen Elteren. Méi prezis, d'Liewe vu sengen Eltere wärend dem Zweete Weltkrich. Seng Mamm, nach e Kand, säi Papp, e Jugendlechen, deen an déi däitsch Arméi zwangsrekrutéiert gouf. D'Valerija Berdi huet “Ces féroces soldats” gelies. D'Buch koum am Verlag Buchet-Chastel eraus.

RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 6. Mee 2024, 06/05/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later May 5, 2024 23:38


Theemen haut: Smart Wiele fir EU-Walen, Opreegung bei Elteren no Accident zu Biissen, Schlecht Kommunikatioun tëscht Stad a Forainen a Bluttspende vun Déieren.

RTL - De Journal (Large)
De Journal vum 6. Mee 2024, 06/05/2024

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later May 5, 2024 23:38


Theemen haut: Smart Wiele fir EU-Walen, Opreegung bei Elteren no Accident zu Biissen, Schlecht Kommunikatioun tëscht Stad a Forainen a Bluttspende vun Déieren.

Presserevue
Editioun 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Apr 29, 2024 4:14


Dem neie President vun der Landwirtschaftskammer säi Message u Politik a Konsumenten, an d'Theema Leihmutterschaft an d'Diskriminéierung vu Kanner vu gläichgeschlechtlechen Elteren sinn Theemen an der Presserevue

Radboud Science Snacks

Alles wordt tegenwoordig AI genoemd, maar wat is het nou precies? Filosoof bij de Radboud Universiteit Lotte van Elteren vertelt over de duizelingwekkende mogelijkheden én de potentiële gevaren.

RTL - Commentaire
Claudia Kollwelter: Aus der Rei danzen, 15/02/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 15, 2024 2:24


Lescht Woch goufen zwou Petitiounen an der Chamber debattéiert, wou et drëm gaangen ass, datt engersäits Celibatairë manner besteiert solle ginn an d'Steierklass 1A soll ofgeschaaft ginn, also haaptsächlech fir elengerzéiend Elteren a Wittfraen a Männer. En Debat, dee verdäitlecht, datt mir dacks nach ale Standarden nolafen, fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.

Méi wéi Sex
#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Nov 3, 2023 49:40


An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann:  Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d’Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen … Continue reading "#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit"

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir
Ee staarkt Team/Episode 11: Et gëtt een net als Grousseltere gebuer

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Play Episode Listen Later Jul 7, 2023 40:03


An der 11. Episode vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren: Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer? Firwat ass d'Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvoll? Fir d'Grousselteren? Fir d'Enkelen? Doriwwer schwätzen d' Jeannine Schumann an d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul an dësem Podcast fir Grousselteren an Elteren.

RTL - Afterwork
RTL-Afterwork: Marc Fischbach, 20/05/2023 09:59

RTL - Afterwork

Play Episode Listen Later May 20, 2023


Hätten seng Elteren gewollt, wier hien vläicht Fussballprofi ginn, a wier d'Politik net dertëscht komm, hätt hien warscheinlech Karriär als Notär gemaach

Radboud Reflects, verdiepende lezingen
Waarom lijken robots op onszelf? | Iris Hendrickx, Lynn de Rijk, Lotte van Elteren

Radboud Reflects, verdiepende lezingen

Play Episode Listen Later Mar 27, 2023 74:54


Heb je wel eens gescholden tegen je computer? En vervolgens ‘sorry' gezegd? We behandelen technologische hulpmiddelen alsof het een mens of een dier is. Robotserveerders kunnen je je drankje brengen, robottherapeuten kunnen met je praten en robotkatten geven je kopjes. Waarom willen we dit? En wat zeggen onze robots dan over ons, als mens? Kom luisteren naar AI-onderzoeker Iris Hendrickx en filosoof Lotte van Elteren en doe mee met het experiment van taalkundige Lynn de Rijk en hun robots. Waarom lijken robots op onszelf? | Lezing en gesprek door AI-onderzoeker Iris Hendrickx, taalwetenschapper Lynn de Rijk en filosoof Lotte van Elteren Maandag 20 maart 2023 | 20.00 – 21.30 uur | LUX, Nijmegen | Radboud Reflects en de Faculteit der Letteren Lees het verslag: https://www.ru.nl/radboudreflects/terugblik/terugblik-2023/map-terugblik-2023/20-03-23-waarom-lijken-robots-onszelf-lezing/ Bekijk de video: https://www.youtube.com/watch?v=c-8Lu881AZk Like deze podcast, abonneer je op dit kanaal en mis niks! Bekijk ook de agenda voor nog meer verdiepende lezingen: www.ru.nl/radboudreflects/agenda/lezingen/ Wil je geen enkele verdiepende lezing missen? Schrijf je dan in voor de nieuwsbrief: www.ru.nl/rr/nieuwsbrief

Kultur
De Postmodernismus à la Lynette Yiadom-Boakye kënnt un

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 11, 2022 3:41


"Am Verbond mat der Nuecht fléien"... dat kléngt schéin, bal geheimnisvoll, fannt Dir net? Grad esou wéi Lynette Yiadom-Boakye, esou den Numm vun der Autorin, där hir Elteren aus Ghana stamen, mee si selwer koum awer 1977 zu London op d'Welt. D'Lynette Yiadom-Boakye seet vu sech, datt si zeechent, wat si net mat Wierder beschreiwe kann a mat Wierder beschreift, wat si net zeechne kann. Virun zéng Joer ass der Kënschtlerin als Molerin de groussen Duerchbroch gegléckt. Elo stellt si bis de 5. September knapps 70 Peinturen am Mudam aus. Explikatioune Kerstin Thalau

Kultur
Postmodernismus à la Lynette Yiadom-Boakye

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 10, 2022 4:27


"Am Verbond mat der Nuecht fléien"... dat kléngt schéin, bal geheimnisvoll, fannt Dir net? Grad esou wéi Lynette Yiadom-Boakye, esou den Numm vun der Autorin, där hir Elteren aus Ghana stamen, mee si selwer koum awer 1977 zu London op d'Welt. D'Lynette Yiadom-Boakye seet vu sech, datt si zeechent, wat si net mat Wierder beschreiwe kann a mat Wierder beschreift, wat si net zeechne kann. Virun zéng Joer ass der Kënschtlerin als Molerin de groussen Duerchbroch gegléckt. Elo stellt si bis de 5. September knapps 70 Peinturen am Mudam aus. Explikatioune Kerstin Thalau

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir
E staarkt Team Episod 5 Pubertéit ass...

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Play Episode Listen Later Feb 16, 2022 38:28


Pubertéit ass, wann Elteren ufänke schwiereg ze ginn, esou heescht de 5. Episod vun eisem Podcast iwwer d'Erzéiungf. D'Haapttheme sinn: D'Gehir vum Jugendlechen ass wéi ee grousse Chantier Wat geschitt mat dem Jugendlechen an der Pubertéit? Firwat déi staark Oppositioun? Brauch dee Jugendlechen nach Reegelen a Grenzen? Lassloossen, ouni falen ze loossen Eng gutt Bezéiung mat dem Jugendleche behalen

Kultur
Danh Vo ... Jan Who?

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 17, 2021 7:35


Virun zirka 15 Joer ass dem Danh Vo den Duerchbroch als Kënschtler gegléckt. Jan Who?? Ma, den Danh Vo koum 1975 am Vietnam op d'Welt. Véier Joer drop wollte seng Elteren, wéinst dem chineesesch-vietnameesesche Krich, an d'USA flüchten, d'Famill koum awer just bis Kopenhagen, wou den Danh Vo opgewuess ass a spéider Konscht studéiert huet. Zanter 2006 lieft a schafft hien zu Berlin. A senger Konscht setzt hie sech mat Identitéit, Migratiounsgeschicht, Affiliatioun ausenaner. A mat aneren, zum Deel net immens bekannte Kënschtler. Aktuell presentéiert hien eng Installatioun am Mudam. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, do mam Danh Vo ze schwätzen.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Anne Goeres: E Wuert zum “Worldwide Candle Lighting Day”, 15/12/2021 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Dec 15, 2021


Mee 1968 huet e Kaploun aus engem grousse brittesche Spidol 2 verschidden Elteren zesummebruecht, déi ëm hir Kanner getrauert hunn: der enger Koppel hire Bouf louch um stierwe wéinst engem Autosaccident, an der anerer Koppel hiert Kand hat Kriibs am Endstadium.

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir
Ee staarkt Team Episod 4 An wann et dann awer mol schwiereg ass....

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Play Episode Listen Later Dec 3, 2021 41:03


An dëser Episod kucken mer wéi een als Elteren duerch méi schwiereg Momenter kennt wann et eemol net esou gutt klappt mat der Erzéiung wéi een sech dat virgestallt huet. Dëst erwaart iech an der Episod: - Wat huet Elteren sinn an Erzéiung mat enger Faarfpalette ze dinn? - Wéi kennen systemesch Familljeberodung an Triple P eng Ënnerstëtzung sinn? - Alternativen zum klengen Klapps op den Hënner - Wéi kann ech Verhalen vun mengem Kand besser verstoen? - Wat erwaart mech an engem Triple P Cours? - Beispiller aus dem Alldag vun Grondschoulkanner - En klengen Exercice an flott Recommandatiounen vun Bicher Vill Spaass beim Nolauschteren Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir
E staarkt Team Episod 2 Et gëtt een net als Eltere gebuer

E staarkt Team Episod 1 D’Eltereschoul stellt sech vir

Play Episode Listen Later Sep 29, 2021 28:31


An eiser zweeter Episod schwätzen mer doriwwer wéi Eltereschoul ob Iddi komm ass en Cours fir Maternité ze organiséieren an wéi dësen Cours ofleeft.Mir ënnerhalen eis iwwer Erausfuerderung fir Famill an awer och fir Koppel ,déi Gebuert vun engem Puppelchen mat sech bréngt. Froen ob déi mer am Podcast aginn sinn: - Wisou sollen Elteren sech scho virun der Gebuert Gedanken zum Thema Erzéiung maachen? - Wéi ass Eltereschoul ob Idee komm an Maternités ze goen? - Wat sin Themen vum Cours? - Changementer déi ob Koppel no der Gebuert duerkommen - Wou kann ech mech umellen? An zum Schluss kritt der nach en flotten Exercice an en klengen Buchtipp mat op den Wee.. Spring by Ikson @ikson Music promoted by Audio Library youtu.be/5WPnrvEMIdo Réalisation Légendes Urbaines

NU.nl Dit wordt het nieuws
Maand van NU: Waarom we de troonrede in begrijpelijke taal herschrijven

NU.nl Dit wordt het nieuws

Play Episode Listen Later Sep 24, 2021 28:39


In deze Maand van NU praten we over het begrijpelijker schrijven van ons nieuws. Kan het korter? Kan het simpeler? En gaat dat dan niet ten koste van de belangrijkste informatie? Samensteller Kim Einder, Product Owner Sharon van Elteren, podcastredacteur Julien Dom en hoofdredacteur Gert-Jaap Hoekman hoor je daarover in deze nieuwe aflevering.Lees hier de troonrede in begrijpelijke taalZie het privacybeleid op https://art19.com/privacy en de privacyverklaring van Californië op https://art19.com/privacy#do-not-sell-my-info.

waarom lees nieuws taal californi maand elteren gert jaap hoekman nu.nl julien dom
Stadtfilter Podcasts
Bestellt und nicht abgeholt (15.09.21)

Stadtfilter Podcasts

Play Episode Listen Later Sep 15, 2021 2:28


Seit dem Schulstart sind in Winterthur Schulbusse der Firma Eurobus unterwegs. Die vergangenen Wochen kam es zu einigen Ausfällen und Problemen, viele Elteren sind besorgt. Eurobus will das nun optimieren - Laura Manser hat nachgefragt. Bild: Eurobus

RTL - Invité vun der Redaktioun
Alain Massen: Teststrategie an de Schoulen - Bereetschaft bei villen Elteren ass do, 19/04/2021 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Apr 19, 2021


E Méindeg de Moie war de President vun der nationaler Elterevertriedung eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Buch vun der Woch
Buch vun der Woch: "Ada" vum Christian Berkel, 02/03/2021 11:15

RTL - Buch vun der Woch

Play Episode Listen Later Mar 2, 2021


"Der Apfelbaum" den Debutroman vum däitsche Schauspiller Christian Berkel war 2018 bei Kritik a Publikum direkt gutt ukomm. Doranner erzielt hien d'Geschicht vum Otto a vum Sala, déi sech virum Krich an Däitschland verléiwen a sech eréischt méi spéit erëmfannen. Alles baséiert op dem Liewe vum Auteur sengen Elteren. "Ada" schléisst elo un déi Geschicht un. Christiane Kremer

RTL - HitStory
HitStory - HOLD ON, 07/12/2020 13:50

RTL - HitStory

Play Episode Listen Later Dec 7, 2020


Kanner vu berüümten Elteren hunn et net ëmmer einfach. An deem heite Fall war et awer weder eng Brems nach e Virdeel. Wilson Phillips hunn hire Wee ganz eleng gemaach.

RTL - Sproochmates
De Sproochmates - Net vu schlechten Elteren, 16/09/2020 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Sep 16, 2020


Déi do ass net vu schlechten Elteren. Et héiert een dee Sproch alt emol falen. Haut erkläert eis den Alain Atten wou en dann iwwerhaapt hier kënnt.

Invité vum Dag
Dr. Fernand Pauly

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later May 22, 2020 15:21


Dräi Deeg ier d'Grondschoul nees ugeet, reagéiert de Porte-parole vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren op Bedenken a Suerge vun Elteren an Enseignanten.

After Dark with Marc Podcast
#27 Kristien van Elteren - If People aren't Calling You, You aren't Thinking Big Enough

After Dark with Marc Podcast

Play Episode Play 32 sec Highlight Listen Later Apr 30, 2020 55:53


Kristien is a serial entrepreneur and businesswoman. She likes the journey of building business the most. Her daily inspiration is “1 Year = 365 Opportunities”.[02:01] Kristien’s career in a nutshell[04:30] Moving from art trading to marina ownership[07:46] Business innovations in a changing economy[10:16] Creating the Waterfront Experience[14:16] Being a woman entrepreneur[24:06] The role models in the journey of building business[29:13] Dealing with fear in moving forward[33:37] The Amsterdam American Business Club[42:35] Building a business is like building a big house[47:38] Write down your dream and make it a goal

Schaarfen Ueleg
2 - Triwwelen am Homeoffice

Schaarfen Ueleg

Play Episode Listen Later Apr 16, 2020 33:15


De Schaarfen Ueleg dës Kéier wéinst deem Sch...-Virus ganz ontraditionell, mee dofir ganz intim, nëmme mam Ben a mam Chris. De Ben ass a Weltënnergangs-Stëmmung, de Chris klaakt seng Elteren an d'Pan an et gëtt eng Strof verdeelt – dat alles bei enger gudder Fläsch Béier.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Schoul doheem fir geflüchtet Kanner

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 3, 2020 13:53


Engem Sondage vum Educatiounsministère no sinn Elteren a Proffen zefridden domadder, wéi Schoul doheem funktionéiert. An wat ass mat de Schüler*innen? Déi sinn net gefrot ginn – mä et gi souwisou grouss Ënnerscheeder. Mir schwätzen dës Woch doriwwer, wéi et vir geflüchtet Kanner ass, aus der Distanz mussen ze léieren: Net nëmme Plaz- a Kommunikatiounsproblemer, mä och psychesch Wonne sinn hei Barrièren.

GAYRADIO Podcasts
Freystoss #2 | Que(e)rBeet [22.03.20]

GAYRADIO Podcasts

Play Episode Listen Later Mar 22, 2020 5:38


Unsportlichkeiten der heteronormativen Gesellschaft gehören für queere Menschen zum Alltag. Daher ist es doch mehr als fair, dass diese zwischendurch mal einen Freistoss erhalten. Führt Daniel Frey den Freistoss aus, wird er zum «Freystoss». In der zweiten Folge geht es um den Schwinger Curdin Orlik, um Sichtbarkeit, um Politik, um Hausaufgaben, um «hate crime» und um ein Kinderbuch, aus dem Elteren ihren Kinder jetzt vorlesen können.

RTL - Automag
Automag News, 06/08/2019 10:30

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Aug 6, 2019


Am Automag vun haut spillt d’Hëtzt eng Roll. Eng Etüd huet sech mat der Sécherheet vu Motorrads-Gezai beschäftegt, den neie Land Rover Defender absolvéiert seng läscht Testkilometer am Wüstesand, den ADAC huet Rotschléi fir d’Autofueren am Héichsummer a Hyundai huet en Alarm-System entwéckelt, dee verhënnere soll dass Elteren hir Kanner am Auto vergiessen. Den Detail mam Akim Schmit.

RTL - Automag
Automag News , 06/08/2019 10:30

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Aug 6, 2019


Am Automag vun haut spillt d’Hëtzt eng Roll. Eng Etüd huet sech mat der Sécherheet vu Motorrads-Gezai beschäftegt, den neie Land Rover Defender absolvéiert seng läscht Testkilometer am Wüstesand, den ADAC huet Rotschléi fir d’Autofueren am Héichsummer a Hyundai huet en Alarm-System entwéckelt, dee verhënnere soll dass Elteren hir Kanner am Auto vergiessen. Den Detail mam Akim Schmit.

RTL - FLF Goal
FLF Magazin , 20/10/2014 18:20

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 20, 2014


An de leschte Wochen ass fir e Futtballspiller hei am Land, en Dram an Erfëllung gaang. Den Alexandre Karapetian, Stiermer beim F91 Diddeleng, huet virun enger Woch seng éischt Lännermätscher mat Armenien, dem Heemechtsland vu sengen Elteren, gespillt. An der BGL-Ligue sinn déi 5 éischt Equipen, just duerch 3 Punkte getrennt. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert:

RTL - FLF Goal
FLF Magazin, 20/10/2014 18:20

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Oct 20, 2014


An de leschte Wochen ass fir e Futtballspiller hei am Land, en Dram an Erfëllung gaang. Den Alexandre Karapetian, Stiermer beim F91 Diddeleng, huet virun enger Woch seng éischt Lännermätscher mat Armenien, dem Heemechtsland vu sengen Elteren, gespillt. An der BGL-Ligue sinn déi 5 éischt Equipen, just duerch 3 Punkte getrennt. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert: