POPULARITY
Virun de Chamberwahlen 2023 maache mir en Ausbléck. Wéi knapp gëtt et? Wéi ee Bezierk gëtt decisiv? An huet d'Affär Giorgetti en Afloss op d'Wahlresultat? Ausserdeem: Mir kucken op d'Nuit des Musées an eise Besuch am Festungsmusée.
Dräi Woche virun de Chamberwahlen kucke mer op dee vläicht pertinentste Sujet vum Wahlkampf: de Logement. Wat hunn d'Parteie wëlles? Wien huet spannend Iddien? A wiem kann ee gleewen? Ausserdeem: E kuerze Bléck op en historesche Cargolux-Streik.
E neie Member fir d'Regierung: Muss dat véier Méint virun de Chamberwahlen nach sinn? Ausserdeem: E Bléck op d'Zukunft vun der Stad Lëtzebuerg. A Fudder fir d'Playlist gëtt et och nach.
Gemengewahlen am Juni, Chamberwahlen am Hierscht - an d'Parteien weisen an den éischten Deeg vum neie Joer, datt se chaud op Streidereie sinn. Mir kucken op dat, wat 2023 am Politik-Lëtzebuerg usteet, schwätzen iwwert de Neijoerschdags-Interview vum Xavier Bettel an d'Reaktiounen dorops, a fidderen eis Playlist mat neier Musek.
D'Piraten waren déi grouss Iwwerraschung bei de Chamberwahlen zejoert. Si krute bal 6,5% vun de Stëmmen an domat zwéi Vetrieder um KrautmaartMir hunn am Background d'Analyse mam Deputéierte Sven Clement gemaachFirwat goufen d'Pirate sou gutt gewielt? Fir wat stinn d'Piraten eigentlech? Gëtt et wierklech parteiintern Onstëmmegkeeten? Wéi ass d'Regierungsaarbecht ze bewäerten?Ënner anerem déi Froe krut de Pirate-Parlamentarier Clement gestallt.
D'Piraten waren déi grouss Iwwerraschung bei de Chamberwahlen zejoert. Si krute bal 6,5% vun de Stëmmen an domat zwéi Vetrieder um KrautmaartMir hunn am Background d'Analyse mam Deputéierte Sven Clement gemaachFirwat goufen d'Pirate sou gutt gewielt? Fir wat stinn d'Piraten eigentlech? Gëtt et wierklech parteiintern Onstëmmegkeeten? Wéi ass d'Regierungsaarbecht ze bewäerten?Ënner anerem déi Froe krut de Pirate-Parlamentarier Clement gestallt.
D'Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng kann no de Chamberwahlen 2018 viru regéieren: dat war fir déi meescht Observateuren eng grouss Iwwerraschung. D'CSV koum - anescht wéi allgemeng erwaart - net zeréck un de Pouvoir. D'Partei, déi zanter 2013 an der Oppositioun ass, huet de leschte 14. Oktober zwee Sëtz verluer. Fir d'LSAP war et bei de Chamberwahlen souguer e Minus vun dräi Sëtz a fir d'DP e Minus vun engem Sëtz. Haaptgewënner waren déi gréng, mat engem Plus vun dräi Sëtz. Nei an der Chamber ass d'Piratepartei mat zwee Sëtz. D'ADR konnt sech vun dräi op véier Deputéierten an der Chamber verbesseren. De Serge Kesseler kuckt zeréck op d'Chamberwahlen 2018.
Ee Mount no de Chamberwahlen hëlt d'Formatioun vun der neier Regierung esou lues Form un. Et zeechent sech eng Regierung mat 17 Memberen of. Sechs fir jeeweils d'DP an d'LSAP a fënnef fir déi gréng. Wéi konkret sinn déi Informatiounen iwwer d'Regierungsformatioun? Wisou fuerderen déi gréng bis elo net méi Posten? A wéi probabel ass et datt déi aktuell Pläng nach änneren? E politesche Réckbléck mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Woch zwee vun de Koalitiounsverhandlungen: DP, déi gréng an LSAP sinn e Freiden nees am grouse Krees zesummen, fir iwwert e Koalitiounsaccord ze schwätzen. Wou sinn d'Verhandlungen drun? Eng Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Bei de Chamberwahlen hunn nëmme 37 Prozent vun der erwuessener Populatioun zu Lëtzebuerg gewielt. Dës niddreg Wielerparticipatioun ass zum allergréissten Deel op déi bekannte Situatioun zeréckzeféieren, dass net-Lëtzebuerger, déi bal d'Halschent vun der Populatioun am Land ausmaachen, nach ëmmer net wielen däerfen. Gouf d'Polemik iwwert déi politesch Participatioun oder net-Participatioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg elo relancéiert? En Dossier vum Pierre Reyland.
E Réckbléck op déi politesch Woch no de Chamberwahlen, de 14. Oktober. Eng Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Bei de Gemengewahlen zejoert an der Stad huet hien d'CSV als Spëtzekandidat zeréck an de Schäfferot geféiert, bei de Chamberwahlen e Sonndeg huet hien op der CSV-Lëscht am Zentrum déi zweetmeescht Stëmme kritt (just de Claude Wiseler hat der méi). Keen Zweiwel: mam Serge Wilmes ass ze rechnen an der CSV. Wat ass seng Analys vun deem schlechten Ofschneide vu senger Partei? A wat ass säi Plang fir d'Zukunft - säin eegenen an dee vun der CSV? De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
Lëtzebuerg huet gëschter en neit Parlament gewielt. Wie sinn d'Gewënner an d'Verléierer vun dëse Chamberwahlen a wéi kéint eng nächst Regierung ausgesinn?
Wéi ass déi lescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren? Eng Analys vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.
Bei der Wirtschafts- a Steierpolitik ginn et an de Wahlprogrammer vill Schnëttstellen tëschent CSV an DP. Wéi awer gesäit et bei der Sozial -a Familljepolitik aus? Wou sinn déi rot Linne bei der DP an der CSV an der Familljepolitik? A wou sinn inhaltlech d'Kompromëssméiglechkeete fir eng méiglech schwaarz-blo Regierung? D'DP huet Reforme gemaach, déi staark vun der CSV kritiséiert gi sinn. Am leschte Face-à-Face virun de Chamberwahlen um radio 100,7 begéine sech déi aktuell DP-Familljeministerin a Parteipresidentin Corinne Cahen, Kandidatin am Süden, an de Marc Spautz, CSV-President, Familljeminister an der viregter Regierung a CSV-Kandidat am Süden. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.
Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? A wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.
Wéinst de Chamberwahlen haten sie elo nees 2 Méint Zwangspaus, ... an elo hu se bis Mëtteg bestëmmt vill nozehuelen. Eis Männerronn as komplett mat Fernand Mathes, Lucien Czuga, Roger Leiner, Jemp Schuster a Gérard Valerius iwwer Gambia, de belsche Kinnek an de Casier deen elo och all klenge Punkt festhält.
Wéinst de Chamberwahlen haten sie elo nees 2 Méint Zwangspaus, ... an elo hu se bis Mëtteg bestëmmt vill nozehuelen. Eis Männerronn as komplett mat Fernand Mathes, Lucien Czuga, Roger Leiner, Jemp Schuster a Gérard Valerius iwwer Gambia, de belsche Kinnek an de Casier deen elo och all klenge Punkt festhält.