HAM, FRITTEN & ZALDOT

Follow HAM, FRITTEN & ZALDOT
Share on
Copy link to clipboard

Méi Lëtzebuerg geet net. Den extrem seriö'en Podcast vum Pierre Jans a vum Matthias Kirsch.

Pierre Jans, Matthias Kirsch


    • Jul 3, 2024 LATEST EPISODE
    • every other week NEW EPISODES
    • 37m AVG DURATION
    • 191 EPISODES


    Search for episodes from HAM, FRITTEN & ZALDOT with a specific topic:

    Latest episodes from HAM, FRITTEN & ZALDOT

    #190 Looss de Riddo erof.

    Play Episode Listen Later Jul 3, 2024 15:44


    190 Episoden, 4,5 Joer, bal 100 Stonnen Gesabbels: HAM, FRITTEN & ZALDOT geet an d'Retraite. Mir soen eisen Nolauschterinnen an Nolauschterer, eise Gespréichspartnerinnen a Gespréichspartner Merci - fir Är Zäit, Äre Feedback, Är Kritik. Et war eng Freed - an et gëtt Zäit.

    #189 Ein Gespenst geht um in Europa

    Play Episode Listen Later Jun 11, 2024 42:04


    De Rietsruck bei den Europawahlen war befaart ginn an en ass a ville Länner agetrueden. Lëtzebuerg huet sech, dem Ëmstänn entspriechend, nach gutt geschloen: Trotzdeem setzt an Zukunft en ADR-Deputéierte fir Lëtzebuerg am Europaparlament. Ausserdeem: Wéi erkläert sech den Iwwerraschungssuccès vun der LSAP? A wat maachen Déi Gréng mat hirer zweeter Chance?

    #188 Nach véier Mol schlofen

    Play Episode Listen Later Jun 5, 2024 37:11


    Dëse Weekend gëtt gewielt. Déi grouss Europawahl-Prognose vun HAM, FRITTEN & ZALDOT. Ausserdeem: Wat maachen déi DP-Deputéiert grad?

    ham fritten pierre jans
    #187 A lo kritt Lëscht 13 och nach d'Wuert

    Play Episode Listen Later May 29, 2024 35:59


    D'Rekordzuel u Lëschten bei der Europawahl stellt d'Medie virun eng Erausfuerderung: Wéi kritt een nach eng sënnvoll Table ronde op d'Been, wann 13 Parteie wëlle matschwätzen? Ausserdeem: E Partysong gëtt an Däitschland fir rietsextrem an auslännerfeindlech Parole mëssbraucht.

    #186 Trouble in Spëtzekandidaten-Paradise

    Play Episode Listen Later May 22, 2024 39:06


    D'DP hält hir Spëtzekandidaten fir d'Europawahlen un enger kuerzer Léngt. Dat mécht deenen awer net vill aus. Ausserdeem: Wéi eng Band kennt do am September op Lëtzebuerg?! An: D'Regierung mécht et Petitioune méi schwéier, bis an d'Chamber ze kommen.

    #185 Op d'Strooss!

    Play Episode Listen Later May 1, 2024 35:51


    Och um Dag vun der Aarbecht si mir fir iech do: Mat engem Bléck op de Staatsbudget, d'STATEC-Zuelen zum 1. Mee, de grousse Pizza-Ranking an d'Fro, firwat déi berüümste Gauffre vum Land net um Mäertche steet.

    #184 Trëppelt Lëtzebuerg op d'Brems?

    Play Episode Listen Later Apr 24, 2024 34:08


    D'EU-Ausseministere waren zu Lëtzebuerg op Besuch an hate vill ze beschwätzen: Ukrain, Iran, Palästina. Ausserdeem: Ass de Luc Frieden, wéi d'Oppositioun fënnt, a Punkto Europäesch Finanz-Kontrollautoritéit wierklech e "Bremser"?

    #183 An d'Nummer 1 geet un...

    Play Episode Listen Later Apr 17, 2024 37:55


    D'Leschte fir d'Europawahlen Ufank Juni sinn deponéiert a vir d'Parteie geet et esou lues an déi decisiv Phase. Ausserdeem: en DP-Kandidat sammelt op sengem Site Donnéeë vu Wieler a Wielerinnen, an d'Pecherten an der Stad dierfen elo nach méi Protokolle verdeelen.

    #182 A mir rudderen zeréck

    Play Episode Listen Later Apr 10, 2024 34:56


    De Premierminister Luc Frieden huet missen a Punkto Atomenergie zeréckrudderen an huet domat de Frust vum Koalitiounspartner op sech gezunn. D'Jugendorganisatioun vun de Liberale steet allerdéngs zum Premier. Ass dat Opportunismus oder Ideologie? Ausserdeem: de Google Data Center ass zréck an de Drama vu Lausduer kritt e weidert trauregt Kapitel.

    #181 Nächste Kéier!

    Play Episode Listen Later Mar 27, 2024 38:56


    Fir d'Futtballnationalekipp vun de Männer geet den EM-Dram a Georgien op en Enn. Mir schwätzen doriwwer a firwat d'Zukunft vun der Ekipp trotzdeem éischter positiv ausgesäit. Ausserdeem: Hacker leeë Site vum Staat a vu lëtzebuergeschen Entreprisë lahm an de Premier huet Atom-Iddien.

    #180 E Mann well déi komplett Kontroll

    Play Episode Listen Later Mar 20, 2024 36:27


    De Premierminister Luc Frieden gëtt och nach Präsident vu senger Partei. Firwat mécht hien dat? Kann en do iwwerhaapt vill Aarbecht rastiechen? An ass déi nei Féierungsetage vun der CSV en taktesch clevere Coup? Ausserdeem: e Bléck op d'Sozialwalen an op d'Kongresser vun ADR, LSAP an Déi Gréng.

    #179 A nach en Twist!

    Play Episode Listen Later Mar 13, 2024 33:47


    No Oppositioun an Zivilgesellschaft leet sech elo d'Procureure générale Martine Solovieff mam Léon Gloden un. Bléiwen effektiv ronn 1200 Enquêten am Justizsystem léien, well Beamte mussen d'Heescheverbuet duerchsetzen? Ausserdeem: D'Partei Fokus an hire Grënner Frank Engel buddelen sech an der Affär Semedo ëmmer méi en déift Lach, an e Bléck op d'Oscars gëtt et natierlech och!

    #178 Ich mach mir die Welt, wie sie mir gefällt..

    Play Episode Listen Later Feb 28, 2024 42:46


    Mat senger Ausso, Heescherte géife moies an der Stad aus "décke Limousinne mat belsche Plaquen" gelooss ginn, huet de Léon Gloden d'Diskussiounen ëm d'Heescheverbuet am Wanter mat op d'Spëtzt gedriwwen. Elo stellt sech eraus: Beleeë kann den Inneminister déi Ausso iwwerhaapt net. Ausserdeem: d'Monica Semedo geet fir Fokus an d'Europawahlen an de Claude Meisch iwwersteet säi Skandälche bis elo ouni Schued.

    #177 De Wee ass fräi fir de Kapitän Angel

    Play Episode Listen Later Feb 21, 2024 37:10


    Amplaz mat enger Superwahllëscht an d'Europawahlen ze goen, bléift fir d'LSAP nach den "natierleche" Spëtzekandidat Marc Angel. Kann dat gutt goen? A wéi eng Chance ass dat fir déi jonk LSAP-Politikerinnen a -Politiker? Ausserdeem: Déi weltwäit Noriichtelag ass düster. Wat mécht dat mat engem, wann een an de Medie schafft?

    #176 Vu Reprochen a Kläppereien

    Play Episode Listen Later Feb 14, 2024 40:06


    Eng jonk Fra erhieft Reprochë géint de Minister Claude Meisch. Deen dementéiert alles a beim Parquet läit keng Plainte fir. Vill Damp, kee Feier? Mir schwätzen iwwer d'Affär Meisch an iwwer d'Standarden, déi Medie beim Beriichten iwwer esou Fäll sollte virun Aen hunn. Ausserdeem: den Inneminister stellt der Stad Polizisten aus anere Gemengen zur Verfügung an déi si net glécklech doriwwer.

    #175 Eng kloer Ausso, 4 Wochen ze spéit

    Play Episode Listen Later Feb 7, 2024 39:43


    Et huet laang - ze laang - gedauert, mee d'Regierung seet endlech: déi einfach Heescherei soll net kriminaliséiert ginn. Hätten sech Frieden, Gloden a Margue eng Rëtsch Kritik kenne spueren, wann se dës mënschlech Ausso scho virun enger Réi Woche gemaach hätten? Ausserdeem: Ginn d'Baueren och zu Lëtzebuerg geschwënn op d'Strooss? A wat geschitt mat Christophe Hansen, dem designéierten EU-Kommissär, no den Europawahlen?

    #174 E Premier géint d'ganz Welt

    Play Episode Listen Later Jan 31, 2024 37:43


    De Luc Frieden ass net frou. Mat der lëtzebuergescher Press, déi hie wéinst dem Heescheverbuet net mat Rou léisst. Mat der auslännescher Press, bei där hie Saache gesot, awer net sou gemengt huet. Dréckt sech do een aus der Verantwortung? Ausserdeem: Lëtzebuerg huet seng Kandidatin fir de Eurovision Song Contest.

    #173 Habemus Oswald

    Play Episode Listen Later Jan 24, 2024 37:10


    Grad wou mer gemengt haten, am Dschungel vun de juristeschen Onsécherheete géif ni méi d'Sonn schéngen, lant e Procureur. D'Heescheverbuet huet also wuel keng juristesch Grondlag - mee d'Diskussioun ass domat nach laang net eriwwer. Ausserdeem: de Jean Asselborn geet an d'Pensioun an net an d'Europawahlen, a fir en CSV-Politiker kéint d'Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit nach eng schlecht Nouvelle ginn.

    #172 Schnéifräi?

    Play Episode Listen Later Jan 17, 2024 38:16


    D'Land geet am Schnéi ënner, d'Stad an de Polizisten, déi d'Heescheverbued ëmsetze sollen. Zënter e Méindeg ass déi nächst Phase vum ëmstriddene Gesetz amgaangen. Goufe scho Leit protokolléiert? Wat kascht dat? A wat, wann dee Protokoll net ka bezuelt ginn? Ausserdeem: Den Nicolas Schmit schéngt Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialiste fir d'Europaparlamentswalen ze ginn.

    #171 Gloden vs Tonnar

    Play Episode Listen Later Jan 10, 2024 41:22


    Den Inneminister Léon Gloden mengt ze wëssen, wien d'Verantwortung dréit fir de Vandalismus u sengem Haus: d'Lëtzebuergesch Kulturzeen. Déi hat et gewot, den Här Affekot fir seng Decisiounen ze kritiséieren! Ausserdeem: de Premierminister Luc Frieden huet a sengem éischten Neijoerschinterview vill iwwert seng Vue op de Klimawandel verroden.

    #170 Ciao for now!

    Play Episode Listen Later Dec 20, 2023 45:49


    A schonn ass nees e Joer ëm. An der leschter Episod vum Joer schwätze mir iwwert d'Heescheverbuet an der Stad a kucken op déi politesch a medial Evenementer vum Joer 2023 zréck. Et geet ëm Walen, Mëttelfanger a Futtball - a natierlech ginn et nach Musik- a Podcastrecommandatiounen fir de Schluss vum Joer (oder de wäite Wee zréck op Lëtzebuerg).

    #169 An der Keelt

    Play Episode Listen Later Dec 13, 2023 36:18


    De Wanter ass do a fir de neie Policeminister heescht dat: Zäit fir Heescherten aus der Stad ze geheien. De Leon Gloden huet d'Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding, de Stater "Platzverweis" net z'approuvéieren, réckgängeg gemaach. Ausserdeem: de längste Streik zu Lëtzebuerg zënter 30 Joer a den Ufank vum lëtzebuergeschen Eurovision Song Contest-Marathon.

    #168 Nei Käpp, al Diskussiounen

    Play Episode Listen Later Nov 22, 2023 42:37


    Déi nei Regierung steet. Mat gréisstendeels bekanntem Personal, mee awer e puer Iwwerraschungen. Ausserdeem: Wat war mam Koalitiounsaccord lass? An: Musek vu Lëtzebuerg - Cosmokramer!

    #167 De Premier seet: Näischt.

    Play Episode Listen Later Nov 15, 2023 38:40


    Stellt Iech vir, et wier Pressekonferenz, mee kee seet eppes! E bëssen d'Gefill, wat déi éischt Woche vum Luc Frieden senger Regentschaft zu Lëtzebuerg hannerloossen. Nach kéinten d'Gremie vun CSV an DP sech queesch stellen - gutt, datt déi dem Koalitiounsaccord mussen zoustëmmen, ier se en dierfe liesen...

    #166 Zu Senneng gëtt op den Turbo gedréckt

    Play Episode Listen Later Nov 8, 2023 32:43


    Bis Enn nächster Woch wëllen CSV an DP duerch si mat hire Koalitiounsverhandlungen. E strammen Zäitplang, mee - wann een dem zukünftege Premier wëll gleewen - dann si sech déi zwou Parteie jo am grousse Ganzen eens. Bis op d'Posten, mee doriwwer schwätze mer (nach) net. Ausserdeem: de neie Beatles-Song an d'Oppositioun, déi sech waarm mécht.

    #165 Au revoir, Bruxelles-Bettel

    Play Episode Listen Later Nov 1, 2023 32:51


    De Pierre war um Xavier Bettel sengem - virleefeg - leschten EU-Sommet als Premierminister. Mir schwätzen iwwert seng EU-Karriär. Ausserdeem: e Bléck op diplomatesch Verzwackungen a Kultur-Tipps fir de Feierdag.

    #164 A mir schaffen!

    Play Episode Listen Later Oct 25, 2023 35:29


    D'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ginn an déi nächst Ronn, d'Aarbechtsgruppe sinn amgaangen ze schaffen. Wourop läit de Fokus? Wien sëtzt a wéi engem Aarbechtsgrupp? A wien ass guer net vertrueden? Ausserdeem: e Bléck op d'Wielerwanderung an d'Finanze vum Staat.

    #163 De Luc späert d'Schlass zou

    Play Episode Listen Later Oct 18, 2023 39:08


    D'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ginn an déi nächst Phas. Fir d'Parteie leeft alles no Plang, fir de Presserot awer net. Wéist den #Luc, wéi hie wëlles huet, mat der Press ëmzegoen? Ausserdeem: déi gréng huelen sech endlech un hirer eegener Nues an d'lëtzebuergesch Futtballnationalekipp mécht sech d'Liewe ganz schwéier.

    #162 Awer keng knapp Affär

    Play Episode Listen Later Oct 11, 2023 58:33


    D'Chamberwahlen 2023 si gelaf a Lëtzebuerg kritt eng nei Regierung. Wuel mat zum Deel ale Personal. Um Programm: den iwwerraschend däitleche Schluss vu Blo-Rout-Gréng. Déi ze erwaardend Ausriichtung vun enger CSV-DP-Regierung ënnert engem Premierminister Luc Frieden. D'Zukunft vun der LSAP. De gréngen Debakel. An de Ruck, dee rietsen.

    #161 Nach eng Woch: Eng knapp Affär

    Play Episode Listen Later Oct 4, 2023 47:37


    Virun de Chamberwahlen 2023 maache mir en Ausbléck. Wéi knapp gëtt et? Wéi ee Bezierk gëtt decisiv? An huet d'Affär Giorgetti en Afloss op d'Wahlresultat? Ausserdeem: Mir kucken op d'Nuit des Musées an eise Besuch am Festungsmusée.

    #160 Nach zwou Wochen: Death and Taxes

    Play Episode Listen Later Sep 27, 2023 46:45


    Zu Lëtzebuerg gëtt op Wahlplakater geschoss a net jidderee fënnt dat schlëmm. Wien huet d'Responsabilitéit fir esou eng Entwécklung? Ausserdeem: E Bléck op d'Propose vun de Parteien a Punkto Steierpolitik.

    #159 Nach dräi Wochen: Wat maache mam Logement?

    Play Episode Listen Later Sep 20, 2023 49:02


    Dräi Woche virun de Chamberwahlen kucke mer op dee vläicht pertinentste Sujet vum Wahlkampf: de Logement. Wat hunn d'Parteie wëlles? Wien huet spannend Iddien? A wiem kann ee gleewen? Ausserdeem: E kuerze Bléck op en historesche Cargolux-Streik.

    wochen wien luxembourg wahlkampf sujet luxemburg logement chamberwahlen rick mertens pierre jans
    #158 Kee gudde Start

    Play Episode Listen Later Sep 13, 2023 37:04


    Déi éischt offiziell Wahlkampfwoch huet verschiddene Kandidate scho Steng an de Wee geluecht. Ausserdeem: Wat ass am lëtzebuergesche Prisongssystem lass? An en Ausbléck op eis Wahl-Episoden.

    #157 Staffel 4, Episod 1

    Play Episode Listen Later Sep 6, 2023 42:36


    D'Vakanz ass eriwwer, d'Jongen si nees do. De Chamberwahlkampf huet offiziell ugefaangen an de Staatsrot gëtt nees hannerfrot. A wéi vill Wieler kruten d'Parteien a Brasilien mobiliséiert?

    #157 De Problem mat der Onscholdsvermuddung

    Play Episode Listen Later Jul 19, 2023 42:54


    Zu Lëtzebuerg gëtt géint véier Polizisten ermëttelt. De Virworf: Policegewalt. Ee vun de Polizisten soll e bekannte Sportler sinn. Doru knäppt och eng aner Debatt un, nämlech wéi Medien mat esou engem Fall ëmginn. Ausserdeem: e Bléck op "d'Affär" em d'Tatta Tom an dem Roy Reding seng Revanche.

    #155 It's raining männlech Duebelspëtzten

    Play Episode Listen Later Jul 12, 2023 41:39


    No de Kongresser vun CSV an DP ass kloer, mat wéi engem Spëtzepersonal déi grouss Parteien an d'Chamberwahle ginn. Aus onerklärleche Grënn geet den Trend zu männlechen Duebelspëtzten. Ausserdeem: E Bléck op dem Premier seng Speserechnungen an eng lëtzebuergesch Nowuess-Basketspillerin, déi fir Rekorder suergt.

    #154 Roy ist raus?

    Play Episode Listen Later Jul 5, 2023 38:23


    De Roy Reding an d'ADR trennen sech. A wéi dat bei laange Relatiounen oft kënnt, ass de Schluss kee schéinen. Traut eng aner Partei sech erun? Ausserdeem: E kuerze Bléck op d'lëtzebuergesch Cannabis-Politik an e musikalesche Sprong an d'Vergaangenheet.

    #153 Vu neien an aalen Leit un der Muecht

    Play Episode Listen Later Jun 28, 2023 36:45


    E neie Member fir d'Regierung: Muss dat véier Méint virun de Chamberwahlen nach sinn? Ausserdeem: E Bléck op d'Zukunft vun der Stad Lëtzebuerg. A Fudder fir d'Playlist gëtt et och nach.

    member luxembourg luxemburg leit aalen chamberwahlen pierre jans
    #152 D'Kräizer si gemaach - an elo?

    Play Episode Listen Later Jun 14, 2023 42:35


    Part 1 vum Wahljoer 2023 ass an der Këscht. Wien huet op nationalem Plang bei de Gemengewahlen d'Nues fir? wien huet enttäuscht? Wat sinn déi grouss Geschichten aus dëser Wahlnuecht? 93 Gemenge, nach vill méi Mandater an eng Partei, déi sech ze wäit aus de Fënster geluecht huet.

    #151 Drëps um waarme Steen?

    Play Episode Listen Later Jun 7, 2023 39:15


    Nach eng Woch Dëppefester an dann ass et gepackt. De Gemengewahlkampf geet an déi final Phase a ganz éierlech: Et gëtt héich Zäit. Mir schwätzen iwwert e puer Gemenge, an deenen eis den Ausgang vun de Wahle besonnesch interesséiert. Ausserdeem: De Staat keeft Wunnengen. E Prezedenzfall oder just eng eemoleg Affär?

    #150 Mam Bus op Ibiza

    Play Episode Listen Later May 31, 2023 40:38


    D'Luxair muss eng Réi Flich annuléieren - an direkt gi Stemmen haart, déi de Personalmangel bei der Airline kritiséieren. Ass eppes drun? Ausserdeem: d'Spiller vun de klenge Länner sinn amgaangen an d'Lëtzebuerger si nach ëmmer grouss Amateuren vun der Zigarett.

    #149 Ciao Zweebrécken!

    Play Episode Listen Later May 24, 2023 31:46


    E klenge Suivi zur Affär Fayot, e stellvertriedende Bléck op eng Gemeng virun de Gemengewahlen an eng Gratulatioun an d'Futtballwelt – HAM, FRITTEN & ZALDOT, quick and dirty, well mir si nees ënnerwee.

    #148 Lo gëtt et knaschteg

    Play Episode Listen Later May 17, 2023 40:14


    Tëscht der Inneministesch Taina Bofferding an der Stater Buergermeeschtesch Iron Lydie déit sech en Duell un. D'Heeschverbuet an der Stad Lëtzebuerg dierft wuel um Geriicht decidéiert ginn. Ausserdeem: Wat dierf eng Fläsch roude Wäin als Minister kaschten? De Franz Fayot ass no engem Mediebericht a Laberenten. Vill ze beschwätzen!

    #147 D'Wäisheet vum Alter

    Play Episode Listen Later May 10, 2023 46:51


    An der Stad ginn d'Säbele gerëselt - an all Hisiicht. Mir schwätzen iwwer d'Sécherheetspolitik, déi am Superwaljoer en Dauerthema bléift. A mir kucken op den Europadag. Ausserdeem: en Bléck an d'Preparatioun vu groussen Interviews!

    #146 Oops, I did it again..

    Play Episode Listen Later Apr 26, 2023 32:42


    Déi lëtzebuergesch Europadeputéiert Monica Semedo ass fir eng zweete Kéier innerhalb vun enger Legislaturperiod vum Europaparlament sanktionéiert ginn. Scho nees heescht d'Reproche: Harcèlement psychologique, oder och: Mobbing. Wat ass do scho nees lass? Ausserdeem: An der Affär em de Luxembourg Science Center deet sech eppes an déi rezentste Sonndesfro mécht der CSV e bësse Mutt.

    #145 Op d'Lescht mat Iech!

    Play Episode Listen Later Apr 19, 2023 40:47


    Bei de Gemengewahlen gëtt et sou lues seriö. Mir schwätzen iwwert d'Proporzgemengen a wéi d'Parteien sech opstellen. Ausserdeem: E Bléck op d'Baukris zu Lëtzebuerg an e puer Recommandatiounen.

    #144 Här Bettel, mir wëlle Suen

    Play Episode Listen Later Apr 5, 2023 38:08


    Huet sech de Wand um Immobiliëmarché zu Lëtzebuerg wierklech gedréit? D'Kafpräisser ginn erof, mee d'Loyer'en erop. Wat sinn d'Grënn? Ausserdeem: De Radio 100,7 kritt méi Suen. Wat heescht dat fir de Programm an d'Zukunft vum Radio?

    #143 Iron Lydie strikes again

    Play Episode Listen Later Mar 29, 2023 41:28


    Am Wahljoer well d'Lydie Polfer gär déi beis Heescherten aus der Stad geheien. Ganz zur Freed vun hirer Stammwielerschaft, de Stater Geschäftsleit. Sozial Politik geet anescht. Ausserdeem: Zwee Traditiounsmedien feieren ronn Gebuertsdeeg an de lëtzebuergesche Bistro soll verschwannen, oh no!

    #142 Ass d'Ländchen prett dofir?

    Play Episode Listen Later Mar 22, 2023 39:03


    D'Partei Fokus huet hire Wahlprogramm lancéiert - mat e puer duerchaus interessante Gedanken. Mir schwätzen iwwert hir Proposen an d'Anuerdnung vun der Partei an de letzebuergescher Parteielandschaft. Ausserdeem: D'Bankegewerkschaft Aleba huet Ambitiounen an d'Mediewelt setzt sech mam wichtegen Thema Aarmut zu Letzebuerg auseneen.

    gedanken mir partei wahlprogramm dofir frank engel letzebuerg pierre jans
    #141 Ground Control to Major Belval

    Play Episode Listen Later Mar 15, 2023 35:00


    Vu Lëtzebuerg bis an de Weltall a vun do bis un d'Front an der Ukrain: Wat huet et mat der chineesescher Firma Spacety Luxembourg op sech? Ausserdeem: de Stellungskrich an der Ukrain, de Verglach zu der europäescher Westfront am Éischte Weltkrich a wat d'Oscars 2023 domat ze dinn hunn.

    weltall ukrain ground control westfront belval pierre jans
    #140 E Mëttelfanger fir d'Inflatioun?

    Play Episode Listen Later Mar 8, 2023 35:36


    Eng Episod, leider opgeholl virum neie berühmteste Mëttelfanger vum Land. Dofir mat dem Best-Of -Lëtzebuergesch Top-Begrëffer: Tripartite, Mëttelstandsbockel a Steierbarème. A Musek gëtt et och nach.

    Claim HAM, FRITTEN & ZALDOT

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel