Palaver, Palaver!

Follow Palaver, Palaver!
Share on
Copy link to clipboard

Geschwätz, d'Aktualitéit, d'Vergaangenheet an d'Zukunft. Gutt verpak mat vill Wieder ronderëm, prett en voluminéise Menü fir d'Ouer ze liwweren.

TeraluxTV

  • Mar 15, 2020 LATEST EPISODE
  • infrequent NEW EPISODES
  • 15m AVG DURATION
  • 16 EPISODES


Search for episodes from Palaver, Palaver! with a specific topic:

Latest episodes from Palaver, Palaver!

#015 - eng mexikanesch Béier w.e.g.

Play Episode Listen Later Mar 15, 2020 36:38


De Corona-Virus huet d'Land erreecht. En huet eis am Grëff. Schäisspabeier an Pasta si Sold-Out. Lëtzebuerg ass am Ausnahmezoustand. Weider Infos am Podcast vun Ärem Vertrauen!

#014 - déi duebelt Portioun Wahnsinn!

Play Episode Listen Later Feb 16, 2020 49:07


Am Prolog an an der éischter Episod ugekënnegt, an an der Episod Nummer 14 ass et endlech esouwäit! Hunn ech ee potentielle Co-Host? Dës Episod ass jiddefalls mol méi laang, a mat engem Gespréichspartner. Themen: Dëst an Dat! Vill Spaass beim Lauschteren!

#013 - eng Episod gefëllt mat Geld - oder och net

Play Episode Listen Later Jan 19, 2020 11:16


CORRECTIOUN: Natierlech ass de Brexit Vote aus dem Joer 2016 an soumat 4 Joer, net 7. Ween Tippen kann ass kloer am Viirdeel! Iwwerliesen ier een eppes Aschwätzt soll geléiert si! An dëser Episod kucke mer mol neess riwwer bei de Brexit, eisen aale Kolleg, dann bleiwe mer kuerz bei de Briten, a gi mat hinnen a Kanada, an da komme mer rem op Lëtzebuerg, fuere mam Gratis Bus, Zuch, Tram a Funiculaire. Wa mer scho bei Tram sin, den Trump kënnt och nach kuerz dotëscht an de Programm, an oofschléisse mache mer mat engerm 13. Mount an enger décker Scheiw Index.

#12 - Feiert gudd a briecht Iech näischt!

Play Episode Listen Later Dec 22, 2019 9:48


D’Joer geet op en Enn, a sou och dëse Podcast, jiddefalls mol fir 2019. Themen dës Kéier: Schupperten bei der Lëtzebuerger Post, net nëmmen bei DPD, an e Bléck an England, mä versprach, näischt Politesches des Kéier!

#11 - Advent Advent (een Auto brennt)

Play Episode Listen Later Dec 1, 2019 12:54


Déi besënnlech Zäit geet un, mee sou ass se net vir jiddfereen. Déi eng kämpfe mat sech selwer, déi aner géint den Terror, a munchereen géint déi gudd Affären vum Black Friday. Sou oder sou, d'Interpretatioun vu sou villem ass jiddferengem selwer iwwerlooss, mä den eigentlechen Sënn sollt dach méi oder wéineger définéiert sinn. Feedback gären via Facebook (teralux.tv), Instagram (teraluxtv) oder via Email (podcast@palaver.lu)

#10 - Intervall Podcasten

Play Episode Listen Later Nov 17, 2019 14:09


An dëser Episod erwardt Iech e Mix aus Traditiounen, ënnert anerem dem Brexit, an ee Fazit zu mengem Plang duerch Intervallfaaschten Gewiicht ze verléieren! Hues du domat schon Erfahrungen? Schéck e Comment via Facebook (teralux.tv), Instagram (teraluxtv) oder via Email (podcast@palaver.lu)

#09 - Leiwer speider, wéi guer net!

Play Episode Listen Later Oct 20, 2019 9:52


Egal ob Brexit, eis Chamber oder Motivatiounsläscher. Dës Episod enthalt alles, kompakt ob ënner 10 Minutten resuméiert. Wichteg ass de Message, net wéi lang en ass, mee wat en enthält, egal ob bei Frënn, Aarbeschtkollegen, Politiker, oder soss weem. Dës Episod kann och nawell spueren vu Sarkasmus enthalen. Vill Spaass, an denkt drun, Feedback ass wëlkomm: FB: Teralux.tv / Instagram: @teraluxtv

#08 - Klimawandel si Fakenews! Brexit ass mega!

Play Episode Listen Later Sep 29, 2019 12:27


Nee, si se net. De Klimawandel ass real. En ass just net sou nei wei emmer jidfreen mécht an et gouf e scho virun dausenden vu Joeren. De Mënsch beschleunegt déi ganz Prozedur dei sech usech emmer neess widderhëlt just immens. Ahjo: #Greta #FridayForFuture net vergiessen. An de Brexit ass natierlech och eng eenzeg Idiotie...

#07 - DigitAal Lëtzebuerg - oder awer Analog?

Play Episode Listen Later Sep 14, 2019 19:25


Egal ob Doheem oder ob der Aarbecht, iergendwou ass ëmmer eppes Digitales. Wei wäit si mir zu Lëtzebuerg? Si mir Lëtzebuerg 2.0, oder hänke mir zréck? Wat ass Méiglech a wat feelt? Gewënnt de Profit oder d'Perséinlechkeet an de Service um Client, a wousst Dir, dass een dem 112 an 113 kann SMSen schécken?

#06 - RealTalkLëtzebuerg - Gruppenentloossung

Play Episode Listen Later Sep 3, 2019 7:36


Einfach mol seng Aarbecht verléieren, obschonns dach alles Perfekt ass? Gutt Zuelen, nach ee Chefposten méi, dofir 85 Mataarbechter manner? Klengt logesch oder net? Den Dräieck gehéiert jo am Baukasten och an d'Form vum Quadrat, nee?

#05 - de François B. sollt Comedian gi

Play Episode Listen Later Aug 25, 2019 7:45


Et ass net de bäschte Podcast vun der Welt, mä dofir sinn ech realisteg. Erlaabt mir dës Woch ob eng sarkasteg Manéier eisem Fränz seng Transportpolitik a Fro ze stellen. Nee dir léif Pöbler, et geht net em déi rieseg Selfiesticks um Bord vun der Strooss. Fir Kritik a Comments: Facebook: Teralux.TV / Instagram: teraluxtv

#04 - Lëtzebuerg entdecken!

Play Episode Listen Later Aug 19, 2019 10:50


Vakanz am eegene Land? Keng Saach vun der Onméiglechkeet. Mä wat maachen? Wéisst Dir wat dir géift recommandéieren? An dëser Episod ginn et 20 Tipps fir Tourist am eegene Land ze si.

#03 - REAL TALK: Tornado zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Aug 11, 2019 17:45


Dës Episode handelt net em witzeg a skurril Events, mä befaasst sech mat der Aktualitéit vun e Freideg, wéi ech se perséinlech erlieft hunn, an wat mir opgefall ass bei Videoen an de Reaktiounen vun Leit déi méi no derbäi waren. Zum Zäitpunkt vum Passage war ech NET an der Géigend, hunn awer mat engem Kolleg kommunizéiert deen quasi an der Strooss nieft der Verwüstung war.

#02 - Taxen a Faxen mä keng Schwengshaxen

Play Episode Listen Later Aug 5, 2019 10:18


//Rectificatioun: Et sollt heeschen "säit 2006" an net "säit 6 Joer". Den Horst Seehofer ass natierlech net Bundespräsident, mä Bundesminister (e. a. Innenminister) // Themen vun dëser Episod: London Tube, déi Gréng an Fortnite Top Politik gëtt et bei eisen däitschen Noperen, mä hir Kommunikatiounstalenter sinn e Flopp. Den nächste Fall fir de Rezo? Zu London geet d'Hëtzt mat de Leit duerch, an hëtzeg gëtt et dem Bugha wann e bis säin Decompte vun de Steieren kritt.

#01 - Hello World

Play Episode Listen Later Jul 27, 2019 15:35


15 Minutten feinsten Palaver iwwer Fluchreesen mat Pannen an Action, Zitrön an Phonetik, sou wéi Sozial Medien an dat wat Leit do alles deelen. Deels Vegan, Deels egal. Dat Onwichtegst aus der Welt, onnéideg an d'Längt gezu.

#00 - Prolog

Play Episode Listen Later Jul 24, 2019 5:35


Den Ufank vum Iwwel ass do. D'Episode 0, de Prolog. Do stoung dach bemol e Mikro an e Mëschpult, an da läit do nach sou eng mysteriéis Checklëscht. Komesch Sounds Geeschteren och nach Doruechter, an ech loossen de Wieder fräie Laf. Wat huet et mat "Palaver, Palaver!" op sech, a wat erwaart dech? Dat gëss de elo gewuer!

Claim Palaver, Palaver!

In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

Claim Cancel