POPULARITY
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gëllt de männleche Kierper als medezinesche Standard – an dat mat konkrete Konsequenzen. Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a weisen heiansdo aner Symptomer wéi Männer, déi net ëmmer erkannt ginn. Et geet dobäi net nëmmen ëm Hormonen, mee och ëm Aarmut, Care-Aarbecht, Stereotypen an strukturell blann Flecken an der Fuerschung. Iwwer d'Fro, wéi e Gesondheetssystem wierklech evidenzbaséiert ka funktionéieren, schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik an dëser Episod. More Posts for Show: Am Bistro mat der woxxThe post Geschlechtersensibel behandelen first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Musek, déi net méi vu Mënschen, mee vun Algorithme komponéiert gëtt, ass längst am Alldag ukomm. Op Streaming-Plattformen zirkuléieren ëmmer méi Lidder, déi ganz oder deels vu kënschtlecher Intelligenz generéiert sinn – dacks ouni datt d'Lauschterer*innen dat iwwerhaapt mierken. Wat heescht dat fir eis Relatioun zur Musek? Ass et egal, wien (oder wat) e Song produzéiert huet? A wat bedeit dës Entwécklung fir Museker*innen, déi vun hirer Aarbecht liewe wëllen? Iwwer KI-generéiert Musek an d'Zukunft vum Musekschafen schwätzt d'Melanie Czarnik mat der Chris Lauer an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Warum David Bowie Recht hatteThe post Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech? first appeared on Radio ARA.
AI is everywhere and I get this question regularly:“Can't I just use AI to learn Luxembourgish or translate everything?”Here's the honest truth:AI can support your learning, but relying on it as your main teacher for Luxembourgish will slow you down more than it helps.Why? Because Luxembourgish is a less widely represented language in AI training data. That means AI often guesses and sometimes gets it very wrong. Here are some real examples of mistakes AI can make:German words: Et ass bewölkt→ Correct: Et ass bedecktWrong Grammar: D'Kanner spillen an den Gaart → Correct: D'Kanner spillen am (an dem) GaartLiteral translations from English: Ech si spannend fir dech ze gesinn → Correct: Ech freeë mech drop, dech ze gesinnWrong pronouns/formality: Kann ech dir hëllefen? → Correct (formal): Kann ech Iech hëllefen?Wrong n-rule - Ech hu Zäit . → Correct Ech hunn ZäitAnd the biggest danger?Learners don't always notice the mistakes… until they become habits.AI is great for inspiration or extra practice but not for accuracy, natural phrasing and learning the language correctly.In today's episode, I break down:
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d'Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D'Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D'Trass géif duerch geschützte Bësch- a Natura-2000-Gebidder féieren an hannerléisst no Meenung vun Aktivist*innen irreversibel Schied un Natur, Biodiversitéit an Liewensqualitéit. D'Biergerinitiativ Gemeng Suessem (Bigs) bezweifelt dobäi net nëmmen d'Kompensatiounsmoossnamen, mee och d'Grondargumenter vun der Regierung. Iwwer d'Geschicht vum Projet, d'Alternativen zur Trass an d'juristesch Klo, schwätzt d'María Elorza Saralegui mat der Melanie Czarnik an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Umgehungsstraße Niederkerschen: In Richtung SackgasseThe post Umgehungsstrooss Niederkerschen first appeared on Radio ARA.
Even basic Luxembourgish phrases can make a measurable difference — not just for patients, but also for staff confidence across all roles: medical, care, administrative, and support teams.In this episode, we focus on practical, job-relevant language staff can use immediately, for example:
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d'EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de kommende Deeg erfollegen. Mä d'Kritik ass grouss: Ëmweltschutz-NGOen, landwirtschaftlech Verbänn an indigen Communautéiten a Südamerika warnen viru méi Offorchtung, steigenden Emissiounen an onfaire Konkurrenz fir europäesch Baueren. Iwwer d'politesch Dynamiken, d'Roll vun der Landwirtschaft an d'Froen, wien vum Abkommen profitéiert, schwätzt de Joël Adami mat der María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: EU-Mercosur-Abkommen: EndspurtThe post EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen ze vermeiden. Elo wëll och d'CSV-DP-Regierung op dëse Wee setzen a schafft un engem Aktiounsrahmen zu CCS, CCU an CDR. Wéi gesäit d'Realitéit vu CO₂-Späicherprojeten aus, déi weltwäit lafen – a firwat profitéiert d'fossil Industrie dovun esou dacks? A wéi seriö sinn d'Pläng, CO₂ och am lëtzebuergesche Buedem ze späicheren, obwuel dat bis elo gesetzlech verbueden ass? Iwwer technesch Verspriechen, de Kuelestoffmarché an d'Gefor, d'Reduktioun vun Emissiounen aus den Aen ze verléieren, schwätzen de Joël Adami an d'Melanie Czarnik an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: CO2-Speicher: Keine Wunderwaffe in der KlimakriseThe post Wunderwaffe CO2-Speicher? first appeared on Radio ARA.
Fir déi eng ass et den optimale Chrëschtdagskaddo, mat deem ee seng Famill ka quälen, fir déi aner een "objet de risée", wéi een op Franséisch esou seet. Wärend de Sarkozy a säin Editeur Fayard sech also d'Hänn reiwen, well d'Buch sech wéi waarm Bréidercher verkeeft, weess déi franséisch Intelligentsia grad net, ob se soll a Fremdscham versénken oder iwwer dat seele penibelt Machwierk just de Kapp rëselen a laachen. Wien déi 210 Säite vun “Le journal d'un prisonnier” awer liest, deem vergeet d'Laachen. Den Tom Haas an de Jeff Schinker hu sech derduerch gekämpft - a liwweren Iech hir Andréck.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Gesond Biedem si fundamental fir d'Biodiversitéit, d'Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16. Dezember ass fir d'éischt e gemeinsaame Kader fir d'Iwwerwaachung vun der Buedemqualitéit a Kraaft. Mä geet dat wäit genuch?Iwwer degradéiert Biedem, versiegelt Flächen, politesch Kompromësser an d'Grenze vun engem Gesetz, dat éischter observéiert wéi schützt, schwätze de Joël Adami an d'María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Bodenschutz: Auf wackligem GrundThe post Bodenschutz: Op wackelegem Buedem first appeared on Radio ARA.
D'Rotonden op der Gare gi renovéiert an d'Aarbechten hu Konsequenze fir hir kulturell Programmatioun. Dat ass gewosst, also warscheinlech fir déi meescht vun Iech keng Nouvelle, mee esou lues awer sécher geet et virun: bedeit, datt d'Ekipp fir d'Rentrée erfreet annoncéiere konnt "Rien n'arrête les Rotondes". An der Contrainte hätt sech d'Kreativitéit, d'Capacitéit sech ze adaptéieren, nei bewisen. An also géif dës Saison ganz am Zeeche vun der Experimentatioun stoen. Doriwwer diskutéiere mir haut mam Yves Conrardy vun de Rotonden, hien ass näämlech de Coordinateur vu "Multiplica Lab", enger adaptéierter Versioun vum "Multiplica Festival".
Et deet sech eppes an der Cecil's Box an der Paschtoueschgaass. Wien an de leschten Deeg laanscht d'Vitrinn vum Cercle Cité koum, huet eventuell matkritt, datt dobannen en Här mat Faarf a Pinsel hantéiert huet, eng optimal Positioun fir eng grouss hëlzen A1-Planche gesicht huet. Effektiv gouf den Illustrator, Moler a Graphikdesigner Henri Schoetter vum Cercle Cité fir en neien Ausstellungsprojet selektionéiert. En dréit den Titel "DBC - Do/Be/Continue it" a soll mat Iech zesummen eng interaktiv BD ginn. D'Kerstin Thalau ass vum Henri Schoetter méi gewuer ginn.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel.D'Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach hätt. Mä d'Reaktioune ware séier kloer: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lück, a kee kloert Verständnis dovun, wéi systemesche Rassismus a Luxemburg wierklech funktionéiert. An dëser Episod schwätzt d'Melanie Czarnik iwwer déi gréisste Schwachstellen: feelend Intersektionalitéit, e Kultursecteur, deen am Plang kaum virkënnt, an eng Strategie, déi vill sensibiliséiert, mee wéineg verpflicht. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:Rassismus: Vom zahnlosen TigerThe post Antirassismus: E Plang ouni Bëss? first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d'Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng COP, déi Raum fir Protest, Diversitéit an eng staark Stëmm vun indigenen Communautéiten hätte bidden. Trotz e puer klengen Erfolleger bleift vill onsécher: keen kloeren Ausstieg aus de fossillen Energien, kee Fortschrëtt beim Waldschutz an eng ganz EU, déi sech selwer blockéiert. Iwwer d'Konferenz, hir symbolesch Momenter, politesch Duercherneen an déi vill verpassten Chancen schwätzen de Joël Adami an d'María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Auf Zehenspitzen ums FeuerThe post D'COP30 ass eriwwer – eis Bilanz first appeared on Radio ARA.
Um Glacis steet e wäisst Zelt: nach net fir den Adventszirkus, mee fir de Konschtbusinesszirkus? Bis e Sonndeg inclus erwaart Iech do all Zäit déi 11. Luxembourg Art Week, also eng 80 international Galeristen a Galeristinnen an ee gutt gefëllte Kaderprogramm. Just 50 Meter niewendrun huet viru gutt zéng Joer en nawell speziellen Zirkusdirekter säin Zelt opgeschloen. Passen dem Konschtsammler Monsieur Pilo säi “Petit musée du Limpertsberg“ a Luxembourg Art Week iergendwéi zesummen?
De leschte Sonndeg ass eis Literatursendung “Déi wonnerbar VaLibrairie” live vun de Walfer Bicherdeeg iwwerdroe ginn. D'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn Iech Laureat:innen, Editeuren an Editricë vum Lëtzebuerger Buchpräis an de Kategorië Literatur / Sachbuch/ Kanner- a Jugendbuch virgestallt. Dir hutt d'Emissioun net lauschtere kënnen? Mir proposéieren Iech dës Woch Extraiten dorausser. Hei héiert Dir d'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Inna Ganschow, Laureatin an der Kategorie Sachbuch, souwéi hir Editrice Susanne Jaspers.
D‘Klierfer Cité de l‘image ass am Wuesstem. Den Owend gëtt hiren neien Ausstellungsraum, déi fréier Tourist Info, offiziell ageweit. A wéi mécht een dat am beschten? Et invitéiert een d‘Leit op de Vernissage vun enger interessanter Fotoexpo an dësem Espace. Zanter gëschter ass alles prett: d‘Expo héiert op den Numm “The River Always Flows“, d‘Kënschtlerin dohannert op Annick Wolfers. Dee seet Iech näischt? D‘Kerstin Thalau wollt dat änneren an huet d‘Annick Wolfers an eise Studio invitéiert.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Deux ans après l'arrivée au pouvoir du gouvernement Frieden, le dialogue social semble au point mort. Ministres critiqué·es, tensions avec les syndicats, rumeurs de remaniement…Le journaliste Joël Adami revient avec Fabien Grasser sur un article qui dresse le bilan d'un exécutif accusé de gouverner sans concertation – et s'interroge sur les fractures qui traversent la coalition CSV-DP. L'article dont nous parlons : Deux ans de gouvernement CSV et DP : Pas de madeleine de Proust pour FriedenThe post Deux ans de gouvernement CSV-DP : Dialogue en panne first appeared on Radio ARA.
Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d'Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.D'Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d'Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d'Welt haut steet an op wat ee sech bei der COP30 am brasilianesche Belém virbereede muss. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Zehn Jahre Pariser Abkommen: Entspannt in den Abgrund? The post Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 first appeared on Radio ARA.
Episod 358 – D'Robotaxi-Illusioun All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D'Regierung huet d'Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Stroossen. Awer wéi realistesch ass dat wierklech?De Journalist Joël Adami erkläert, wat hannert der neier Strategie stécht, wéi autonom déi sougenannt selbstfuerege Gefierer tatsächlech sinn an ob se d'Mobilitéitsproblemer am Land léise kënnen oder se éischter verschäerfen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Automatisiertes Fahren: Die Robotaxi-Illusion The post D'Robotaxi-Illusioun first appeared on Radio ARA.
Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D'Ligue luxembourgeoise d'hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an enger suizidaler Kris ëmgeet. D'Melanie Czarnik war dobäi an erzielt, wéi esou eng Formatioun ofleeft an wat se bewierke kann. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Suizidprävention: Über Suizidalität sprechen lernenThe post Iwwert Suizid schwätzen léieren first appeared on Radio ARA.
Kënschtlech Intelligenz: D'Folgen fir d'Ëmwelt All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Wéi vill Energie verbraucht Kënschtlech Intelligenz a firwat gëtt doriwwer esou wéineg geschwat?Et geet ëm gigantesch Rechenzentren, risege Stroumverbrauch an e Klimafoussofdrock, deen dacks verschleiert gëtt. De Joël Adami erkläert, wéi „Kënschtlech Intelligenz“ d'Klimakris befeiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Energieverbrauch von Rechenzentren: „Künstliche Intelligenz“ befeuert die Klimakrise The post Kënschtlech Intelligenz: D'Folgen fir d'Ëmwelt first appeared on Radio ARA.
Bis den aachte Februar nächst Joer proposéiert de Mudam eng Retrospektiv vun der d‘US-amerikanescher Avant-Garde-Kënschtlerin Eleanor Antin. Dat ass déi éischt Retrospektiv an Europa iwwerhaapt. An déi éischt monografesch Ausernanersetzung mat der Kënschtlerin zënter 25 Joer. Méi iwwer d'Ausstellung verréit Iech d'Lori Dauphin.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm d'Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d'Gesondheetssystem se eescht hëlt. An Däitschland iwwerhuelen d'Keesen ab 2026 d'Käschte fir eng chirurgesch Behandlung, zu Lëtzebuerg ass dat nach ëmmer net de Fall. Am Podcast erkläert d'woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wat hannert der Krankheet stécht, firwat d'Politik sech esou schwéier deet a wéi eng Roll d'Betraffen selwer an der Opklärungsaarbecht spillen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Fettverteilungsstörung: Beine wie BleiThe post Lipödem: Beine wie Blei first appeared on Radio ARA.
Muer, 25.9., ginn am Mierscher Theater d'Lëtzebuerger Bünepräisser 2025 iwwerreecht. Dat, mat engem battere Virgeschmaach. Et gëtt wuel kaum ee Präis, iwwer deen am Summer an der Kulturzeen méi diskutéiert gouf. D'Lori Dauphin huet d'Debatt iwwer d'Bünepräisser fir Iech nach ee mol opgeschafft.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir d'Industrie an d'Logistik. Am Podcast erkläert d'woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi realistesch d'Pläng sinn, wat d'Bedeitung vum Projet fir d'national Strategie ass a wou nach Froenzeechen bleiwen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Traum der eigenen HerstellungThe post Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave first appeared on Radio ARA.
If you missed part 1, I recommend catching up first — it'll make today's episode even more valuable.
An eiser Summerserie vun de renomméierte Rencontres de la photo d'Arles hu mir Iech e puermol mat an de Palais de Luppé geholl. Do haten nämlech eng Partie Lëtzebuerger Fotokënschtler:innen Geleeënheet, hir Aarbechten invitéierte Konschtexperten a Konschtexpertinne bei labbere Portfolio-Reviews ze presentéieren. Firwat an engem Palais aus dem 18. Joerhonnert, dee géint 1900 vum franséische Vicomte Gaston de Luppé opkaf an op neo-florentinesch renovéiert gi war? Well et do e Bezuch zu Lëtzebuerg gëtt. Dat ass d'Kerstin Thalau am Gespréich mam Enkel a Palais-Ierwe Loup-Sanche de Luppé gewuer ginn.
Kee Summer ouni Kolla? Den alternative Musek- a Konschtfestival war 10 Joer laang, als Openair, am Stengeforter Bësch, dunn am Park zu Miersch ... 2025 war laang net gewosst, op de Kolla-Kollektiv eng adaptéiert Plaz fir d'Evenement fannen an accordéiert kréie géif. Mee dach: dëse Weekend, also vum 5. bis de 7. September, ass de Kolla am Hollerecher Schluechthaus! Dir kennt eisen 100,7-Soundatlas? An dëser Rubrik presentéiere mir Iech eenzel Geräischer, huele se ausenaner, hannerfroen se. Wat dat mam Kolla ze dinn huet? Dat héiert Dir vum Kerstin Thalau a vum Joé Birchen.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d'Konsequenzen vum Support-Enn, d'Alternativen zu engem forcéierte Computerwiessel – a firwat sech e Bléck op Linux lount. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Müllberg by MicrosoftThe post D'Enn vu Windows 10: Wat elo? first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Zwou Stonnen vun der Stad ewech, an der idyllescher Eifel, steet eng imposant NS-Hinterloossenschaft: d'„Ordensburg Vogelsang“. Wat wéi e Monument ausgesäit, war tatsächlech eng Eliteschoul fir déi nationalsozialistesch Administratioun. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami mam Auteur vum Artikel, Thorsten Fuchshuber, iwwert seng Recherchen, d'Geschicht vum Site – an d'Fro, wéi mat esou engem Täterort haut pedagogesch a gesellschaftlech ëmgaange ka ginn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Architektur der Herrenmenschen The post Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang first appeared on Radio ARA.
Bis de 5. Oktober sinn nach déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles, a vu datt déi Kéier och eng ganz Partie Lëtzebuerger a Südfrankräich mat dobäi sinn, deele mir all Freideg e wéineg Fotofestival-Ambiance mat Iech. Déi leschte Kéier ware mir an de Gaart vun der herrschaftlecher Villa Palais de Luppé, wou 6 visuell Kënschtler:inne vu Lëtzebuerg hir Projeten op sougenannte Portfolio Reviews presentéiert hunn. Hire Feedback fannt Dir bei eis an der Mediathéik op 100komma7.lu. Mee wéi koum et iwwerhaapt zu enger Invitatioun fir dëst Evenement? Dat ass d'Kerstin Thalau, do am Gaart, vun den 2 Curatricë Marlène Kreins a Sandra Schwender gewuer ginn.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Am Reemantel, am Krunnewaasser – an an de Comitéen zu Bréissel. D'PFAS-Chemikalien, och „Ewigkeitschemikalien“ genannt, sinn net nëmmen iwwerall an eiser Ëmwelt, mee och an de Netzer vun der Industriepolitik vertratt. An dëser neier Episode vun Am Bistro mat der woxx schwätze mir iwwert d'Herkunft vun de PFAS, hir Gesondheetsgeforen an déi massiv Lobbyaarbecht, déi dozou bäidréit, dass déi geféierlech Stoffklas nach ëmmer net konsequent ageschränkt gouf. Mir zéien e Fazit vun eisem véierwochenege PFAS-Dossier a kucken no vir. Lauschtert eran! Déi véier Artikelen, iwwer déi mir geschwat hunn:– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewig– Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (2/4): Unsichtbare Herkunft – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (3/4): Drum prüfe, was sich ewig hält – Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (4/4): Kampf gegen PFAS-Windmühlen Den éischten Deel vum Podcast zum Thema:Am Bistro mat der woxx #343 – Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?The post PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen first appeared on Radio ARA.
An eiser Serie iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun bei den renomméierte Rencontres de la photo zu Arles hate mir Iech scho mat an de Palais de Luppé geholl, an dee sechs Lëtzebuerger an zwielef belsch Fotokënschtler:innen op méi labber Portfolio-Reviewen an de Palais-Gaart invitéiert gi waren. D'Hallschent vun de Lëtzebuerger Kënschtler:inne war vun der Clierfer Cité de l'image selektionéiert ginn: hir Aussoe fannt Dir an eiser Mediathéik. Déi aner Hallschent war vun de Konschtzentere vun Diddeleng a Südfrankräich geschéckt ginn. An natierlech krut d'Kerstin Thalau och vun dësen Dammen ee Feedback.
Smerz, den Duo aus den Norgwegerinne Katharina Stoltenberg an Henriette Motzfeldt, huet schonn zanter zwee Méint hir Plack „Big City Life“ dobaussen, déi mir Iech bis elo nach net recommandéiert hunn... Zäit, dat nozehuelen, fënnt de Marc Clement.
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Hot milk" (Rebecca Lenkiewicz), "Sorry, Baby" (Eva Victor) an "Dangerous animals" (Sean Byrne).
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Toxesch Männerbilder sinn net just eng Saach vu Social Media. Wat Influencer op TikTok verbreeden oder Parteien a Walcampagnen zementéieren, huet och en Impakt op jonk Männer hei am Land – op hiert Selbstbild, hiert Verhalen an hir Gesondheet. D'Melanie Czarnik ass der Fro nogaangen, wéi sech toxesch Männlechkeet zu Lëtzebuerg bemierkbar mécht – a wien dru schafft, dës Rollenbiller ze duerchbriechen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Patriarchale Männlichkeit: jung, männlich, toxisch?The post Was ist toxische Männlichkeit? first appeared on Radio ARA.
Dëse Summer huele mir Iech all Freideg mat op eng kleng kulturell Rees: an zwar op déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles. Dëse Summerfestival geet mëttlerweil a seng 56. Editioun; Lëtzebuerg ass fir d'aachte Kéier mat dobäi. Déi Kéier vertrueden duerch der Kënschtlerin Carine Krecké hir Multimedia-Installatioun “Perdre le Nord” an der historescher Chapelle de la Charité. Selektionéiert gouf de Projet vun engem internationale Jury, an deem och de Rencontres-Direkter Christoph Wiesner souz. An hie war och beim Vernissage vu “Perdre le Nord” den 8. Juli. D'Kerstin Thalau huet dovunner profitéiert fir dem Christoph Wiesner e puer generell Froen zum Festival ze stellen.
Mir erklären a weisen Iech, wéi ee gesond a sécher duerch de Summer kënnt.
Mir erklären a weisen Iech, wéi ee gesond a sécher duerch de Summer kënnt.
Yona a Mäna heeschen déi zwee lescht Participante vum Screaming Fields Festival, déi mir Iech dës Woch virstellen. De Festival-slash-Concours ass muer, Samschdeg, 5.7. an der Rockhal vu 6 Auer un. A fir d'Entdecke vu jonke Lëtzebuerger Talenter nëmmen net ze verpassen, huet de Marc Clement mat hinnen iwwer hir Musek an d'Participatioun um Festival geschwat. Ëmmerhi gëtt et ee Karriärs-Accompagnement vum Rocklab ze gewannen – an d'Geleeënheet, op der grousser Rockhalbün opzetrieden, wat fir déi meescht ee “First” ass. Als éischt huet de Marc mam Mäna geschwat, an um Enn déi viregt Gewënnerin Blue-Ish no hirer Erfarung mam Coaching gefrot.
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. D'mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d'Liewensqualitéit, op d'Sécherheetsgefill, op d'Gesondheet. D'Melanie Czarnik huet mat Fachleit, Aktivist*innen an der Communautéit geschwat, fir erauszefannen, wéi queerfeindlech Politik sech op d'Psyche vu Mënschen hei am Land auswierkt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Queere psychische GesundheitThe post Psychische Gesundheit und LGBTQIA+ first appeared on Radio ARA.
Wéi kënne Science Fiction, digital Konscht a Kënschtlech Intelligenz eist Verständnis fir d'Bewosstsinn an aner Forme vun Intelligenz erweideren? Interesséiert Iech net? Schued! Well concernéiere géif et Iech jo iergendwéi schonn, an de 26. Juni kéint Dir an entspaanter Ronn am LUGA-LAB am Pafendall méi zum Theema gewuer ginn: an zwar vum Multi-Media-Kënschtlerduo Crosslucid vu Berlin am Gespréich mat der kanadesch-lëtzebuergescher Autorin Mary Carey, déi all Hybriditéit a fléissend Identitéiten an hirer Konscht thematiséieren. Wéi Crosslucid dat maachen, huet d'Kerstin Thalau am neien temporairen Elektron-Espace an der Geschäftsgalerie Mercure zu Esch-Uelzecht gesinn a konnt och do mam Duo iwwer hir experimentell virtuell Videoaarbechte schwätzen.
Sidd Dir an der Lescht emol duerch Péitruss- a Pafendall ënnerwee gewiescht? Da sinn Iech eventuell hei an do bronze metalle Placken, mat poetesche Sätz, opgefall? Si sinn den héije Wee opgeriicht ginn, an an hirem Réck wiisst Gréngs, also Kraider an och verschidde Blummen. Backen a Placke sinn dem Marco Godinho säi Bäitrag zur LUGA, der Luxembourg Urban Garden Open-Air-Exhibition. De lëtzebuergesch-portugisesche Konzeptkënschtler stellt net just aus, mee invitéiert punktuell och op poetesch Trëppeltier laanscht seng Placken. D'Kerstin Thalau an de Bryan Bast mat Impressiounen aus dem Pafendall
All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Was mit einem Projekt zur Verkehrssicherheit begann, wurde zum Symbolfall für Intransparenz und Machtspiele in der Kommunalpolitik. In dieser Episode sprechen wir über die sogenannte Zebrastreifen-Affäre. Jahrelang weigerte sich die Stadt Luxemburg, dem Zentrum fir urban Gerechtegkeet (Zug) Dokumente freizugeben, die eigentlich für die Öffentlichkeit bestimmt waren. Vor kurzem wurde das endgültige Urteil gesprochen.Joël Adami hat den Fall von Anfang an begleitet und ordnet ein, was dieses Urteil bedeutet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur TransparenzThe post Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz first appeared on Radio ARA.
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a proposéiert Iech eng Rei Kulturevenementer fir dëse Weekend.
Si si bekannt aus Hollywood an net just op der grousser Leinwand doheem. E puer vun hinne kënnen méi, wéi nëmmen Dialogen auswenneg léieren: Si si Méisproocheg, hunn Ofschlëss vun Elitteuni'en a publizéieren akademesch Aarbechten.An dat ganz ouni Stuntdouble.De Pit Biwer kuckt op déi Acteuren, déi net nëmme mat Talent, mee och mat engem bemierkenswäerte Kapp iwwerzeegen. E puer Nimm wäerte Iech iwwerraschen.
Si si bekannt aus Hollywood an net just op der grousser Leinwand doheem. E puer vun hinne kënnen méi, wéi nëmmen Dialogen auswenneg léieren: Si si Méisproocheg, hunn Ofschlëss vun Elitteuni'en a publizéieren akademesch Aarbechten.An dat ganz ouni Stuntdouble.De Pit Biwer kuckt op déi Acteuren, déi net nëmme mat Talent, mee och mat engem bemierkenswäerte Kapp iwwerzeegen. E puer Nimm wäerte Iech iwwerraschen.
D‘Lëtzebuerger Jazz-Rockgrupp Benoit Martiny Band huet den 8. Juni hir éischt Tour a Groussbritannien ugefaangen. Firwat dës Concerten dem Benoît Martiny esou vill bedeiten a wéi seng Musek an England ukënnt, dat erzielt Iech d‘Claire Barthelemy.
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a proposéiert Iech eng Rei Kulturevenementer fir dëse Weekend.
D'Wieder weess alt nees net wierklech, wat et wëllt, mee d'Konscht awer. An dowéinst invitéiert d'Ekipp vum Neimënster dëse Sonndeg op hiren neie Festival L'embellie. Do geet et net einfach just ëm Opklärung oder Verbesserung, nee: do sollt Dir Geleeënheet kréien, d'Kreatioun vu muer ze entdecken, Konscht bei där alles méiglech ass, respektiv gëtt. Hanner quasi all Neimënster-Dier erwaarden Iech den 1. Juni Musiker:innen, bildend Kënschtler:inne, Dänzer:innen, an anerer. Déi meescht vun hinne waren oder sinn an enger Kënschtler:inne-Residenz an der fréierer Abtei a Prisong. Esou zum Beispill d'Clio Van Aerde. D'Kerstin Thalau huet d'Performerin a Bünebildnerin am Gronn besicht.