POPULARITY
Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op. Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches SchweigenThe post Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen? first appeared on Radio ARA.
An der nationaler Press geet et haut nieft dem Feierdag muer, och iwwer Inklusioun an de Schoulen, éischt Hëllef am Beräich vun der mentaler Gesondheet, an ëm verschwonne Persoune bei den däitsche Grenzkontrollen.
Dës Woch schléisst den Alain Atten mat engem Kaddo of. E Kaddo deen een haut villäicht net méi sou kennt, an deen och nëmme vun zwou bestëmmte Persoune konnt verschenkt ginn. Mol kucken ob nach een eppes mam Pätterstéck unzefänke weess.
Gëschter war e schwaarzen Dag fir d'USA. D'Trump-Supporter hunn d'US-Kapitol gestiermt, Tréinegas gouf agesat a 4 Persoune sinn am Ganze gestuerwen. Eisen Hollywood-Reporter Pit Biwer mat éischte Reaktiounen vu den Stare. Dernieft kuckt hien awer och no fir op d'Grammy-Nominéierung, déi grouss Zeremonie hätt eigentlech dëse Mount solle sinn.

E Mëttwoch de Moie war den Deputéierte vun de Piraten eisen Invité vun der Redaktioun.
Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn. An der Rubrik äntwert d’Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen:#followersedition N°4 : “Ass dat normal … „#064 Tattooen“ weiterlesen
Och 51 Joer no Stonewall gëtt et ëmmer nach vill Diskriminéierung géint Membere vun der LGBTIQA-Communautéit. Dat läit net nëmmen, mä awer och, un der Representatioun an de Medien. Déi huet sech vir Schwuler a Lesben an deene leschten Dekade gebessert, mä bei trans Persoune gëtt et nach vill ze maachen. Mir ënnerhalen eis dës Woch am Podcast iwwert […]
Bei Kappwéi wësse vill Persoune genau wourun et läit: Et huet een zum Beispill net genuch gedronk oder et hat een e stressegen Dag. Mee stellt iech emol vir, de Kappwéi géing ni méi fortgoen oder et hätt een eng aner chronesch Erkrankung? Wéi erliewen déi Betraffen dës Situatioun a wéi kann een se am beschten ënnerstëtzen? Dorobber geet d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin, an hirer Carte Blanche an.

Dës Kéier ass eist Thema direkt een duebelt Tabu: Et geet nämlech ëm Sexualitéit a Behënnerung. Fir Leit, déi wéinst enger Behënnerung net kënnen hir Sexualitéit ausliewen, gëtt et déi sougenannt Sexualassistenz. Mir schwätzen doriwwer, wat dat ass, wat fir verschidden Zorten et gëtt a wien déi Persoune sinn, déi dat ubidden. Wat ass zum Beispill den […]
Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.
Le MorningNote Show : Épisode n°347 - Ajouter du sens à sa vie avec un projet persoUne idée
Op Allerhellegen 2010 hunn zwee Bridder d'Läich vum Camille Kolber a sengem Haus zu Haassel fonnt. De 69 Joer ale Mann war brutal erschloe ginn. 3 Persoune sëtzen an Untersuchungshaft. Dorënner ass och dem Camille Kolber säin Adoptivjong. Déi 3 kréien dat anert Joer de Prozess gemaach. Eng 4. Persoun, déi och am Viséier vun der Justiz war, huet sech d'Liewe geholl.