DNA (Small)

Follow DNA (Small)
Share on
Copy link to clipboard

"DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

RTL Télé Lëtzebuerg


    • Jan 22, 2017 LATEST EPISODE
    • infrequent NEW EPISODES
    • 33 EPISODES


    Search for episodes from DNA (Small) with a specific topic:

    Latest episodes from DNA (Small)

    Affaire Jos Nickts: 500 Affer an e Milliouneschued (2017), 22/01/2017 19:28

    Play Episode Listen Later Jan 22, 2017


    Am Januar 2002 brécht fir eng 500 Bréifdréier eng Welt zesummen. De Jos Nickts huet mat hire Sue spekuléiert a sech selwer fir privat Zwecker zerwéiert. De Mann, ëm deen et geet, heescht Jos Nickts. Hie war vun 1986 bis ugangs 2002 President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft an huet an deem Zäitraum och e Fong geréiert, an deem d'Bréifdréier abezuelt hunn.

    DNA, 22/01/2017

    Play Episode Listen Later Jan 22, 2017


    "DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

    Erschoss a verbrannt (2016), 13/11/2016 19:30

    Play Episode Listen Later Nov 13, 2016


    En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséische Grenzgebitt, den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006. An der Mall vum Auto läit eng verkuelte Läich, an eng Kugel aus enger Pistoul. D'Gefier huet Lëtzebuerger Placken an de Proprietaire vum Auto ass e Mann vu Miersch. Déi verkuelte Läich am Auto gëtt zu Nanzeg obduzéiert. Mä eréischt eng Analys vum Gebëss bréngt Gewëssheet ...

    Sexuell Mëssbraucht! (2016), 10/04/2016 19:30

    Play Episode Listen Later Apr 10, 2016


    D'Bianca, de Steve, den "Dave" an "d'Nicole" deelen e gemeinsaamt Schicksal. Si sinn an hirer Kandheet vun Respektspersoune sexuell mëssbraucht ginn. Se waren tëscht 5 an 12 Joer al, ewéi de Mëssbrauch ugefaangen huet. De Mëssbrauch huet sech iwwert Méint, heiansdo Jore gezunn.

    DNA, 10/04/2016

    Play Episode Listen Later Apr 10, 2016


    "DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

    Cali-Kartell - Wäisswäsche vun Drogesuen (2016), 21/02/2016 19:00

    Play Episode Listen Later Feb 21, 2016


    Dräi kolumbianesch Statsbierger musse sech am Oktober 1991 wéinst Wäisswäsche vun Drogesue viru Geriicht veräntweren. Am Hierscht 1989 melle sech 7 Banke bei der Lëtzebuerger Sûreté, well hinne Konte vun kolumbianesche Cliente suspekt erschéngt hunn. Am Fréijoer 1990 mécht eng Bank zu Monaco Faillite. Der franséischer an der amerikanescher Douane waren déi selwecht kolumbianesch Nimm ewéi zu Lëtzebuerg verdächteg virkomm. Et ass den Ufank vun enger breet ugeluechter Enquête.

    DNA, 21/02/2016

    Play Episode Listen Later Feb 21, 2016


    "DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

    Affaire «Panama Charly» (2015), 15/11/2015 19:30

    Play Episode Listen Later Nov 15, 2015


    Eng Affaire iwwert e brutalen Iwwerfall, eng revolutionär Pistoul a riseg Geldzommen. Dëst ass d'Geschicht vun engem Mann vu Veianen. Zënter sengem 50. Gebuertsdag sëtzt hien zu Schraasseg am Prisong. Säin Numm: Charles Ewert. Säi Spëtznumm : « Panama Charly ».

    DNA, 15/11/2015

    Play Episode Listen Later Nov 15, 2015


    "DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

    DNA-Spezial Prisong - 3 Deeg zu Schraasseg (2015), 19/04/2015 19:30

    Play Episode Listen Later Apr 19, 2015


    Prisonnéier erzielen iwwert hire kriminellen Akt, hiren Alldag hannert Maueren a pickegem Drot an hir Visioun vum Liewen nom Prisong. Am DNA “Spezial Prisong” erklären och dräi fréier Prisonnéier, ewéi schwiereg de Wee zeréck an d'Gesellschaft ass. D'Sich no enger Wunneng an d'Sich no enger Aarbecht bestëmmen hiren Alldag.

    Raymond Guth, Affer vu blanner Gewalt (2015), 22/02/2015 19:00

    Play Episode Listen Later Feb 22, 2015


    Den 20. November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn. Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen. Besonnesch tragesch ass d'Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi Joer, deen am Stot gelieft huet, Zeie vun der Gewaltwell gouf, déi sengem “Bopa” zum Verhängnis ginn ass.

    DNA, 22/02/2015

    Play Episode Listen Later Feb 22, 2015


    "DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.

    D'Affaire Charles Missenard (2014), 17/12/2014

    Play Episode Listen Later Dec 17, 2014


    De 26. Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik "mort de cause inconnue et suspecte" op den Doudeschäin vun enger 47 Joer aler Patientin ...

    D'Affaire Charles Missenard (2014), 17/12/2014 16:00

    Play Episode Listen Later Dec 17, 2014


    De 26. Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik "mort de cause inconnue et suspecte" op den Doudeschäin vun enger 47 Joer aler Patientin ... D'Fra heescht Beatriz Vidaror. Eng Police-Enquête gëtt déclenchéiert. Zwou Wochen nom Doud vun der Fra läit d'Resultat vun enger toxikologescher Expertise vir. Et ass eng déidlech Dosis vum Gëft Zyankali an den Analyse vum Beatriz Vidaror fonnt ginn. Een Dag no dësem Rapport gëtt hire Mann, de Charles Missenard, vun der Police judiciaire bei sech doheem festgeholl.

    International Bandekriminalitéit (2014), 04/10/2014

    Play Episode Listen Later Oct 5, 2014


    Firwat hunn international gutt organiséiert kriminell Banden op eemol Lëtzebuerg an d’Viséier geholl?

    International Bandekriminalitéit (2014), 05/10/2014 19:30

    Play Episode Listen Later Oct 5, 2014


    Firwat hunn international gutt organiséiert kriminell Banden op eemol Lëtzebuerg an d'Viséier geholl? 6 Iwwerfäll op Sécherheetsfirmaen bannent 8 Méint. D'Joer 2000 war markant. Bis zu deem Zäitpunkt war ni e Geldtransporter zu Lëtzebuerg d'Zilscheif vun Attacken.

    Den 1. Lëtzebuerger Seriemäerder (2014), 11/05/2014 18:30

    Play Episode Listen Later May 11, 2014


    3 Morden, 4 Aggressiounen op Fraen - dat ass dat diabolescht Wierk vun engem Mann: dem Louis. Tëscht 1983 an 1989 ass de Louis säi kriminelle Wee gaangen, ouni gebremst ze ginn. D'Police war dem Louis 1985 zwar op der Spuer, mä hien ass lafe gelooss ginn. Eréischt 1990 ass de Mann festgeholl an no 18 Méint Untersuchungshaft zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof veruerteelt ginn. De Louis geet an d'Lëtzebuerger Kriminalgeschicht als 1. Lëtzebuerger Seriemäerder an.

    Finanzkriminalitéit zu Lëtzebuerg (2014), 20/03/2014

    Play Episode Listen Later Mar 21, 2014


    Ze grouss, ze giereg, ze kriminell? Islännesch Banken an hir Lëtzebuerger Filialen am Viséier vun der Justiz.

    Finanzkriminalitéit zu Lëtzebuerg (2014), 21/03/2014 09:00

    Play Episode Listen Later Mar 21, 2014


    Ze grouss, ze giereg, ze kriminell? Islännesch Banken an hir Lëtzebuerger Filialen am Viséier vun der Justiz. Am Hierscht 2008 sinn dräi Islännesch Banken auserneegebrach. D'Nowéie vun dësem Crash kréie mer bis haut zu Lëtzebuerg ze spieren. Schlëmmer nach: et gëtt eng Kriminalgeschicht.

    Mord vun Haassel (2014), 26/01/2014 19:30

    Play Episode Listen Later Jan 26, 2014


    Den 1. November 2010 gëtt den 69 Joer ale Camille Kolber dout a senger Wunneng um Killebierg zu Haassel an der Gemeng Weiler opfonnt. De Mann war mat enger Aaxt erschloen. Den Täter huet zweemol zugeschloen. De Camille Kolber ass verblutt.

    mord joe r wunneng
    Waldbëlleger Band - 1. Deel (2013), 19/05/2013 19:00

    Play Episode Listen Later May 19, 2013


    22 Iwwerfäll, 6 Mordaffer, 4 Haapttäter tëscht 1983 an 1885 ... déi Waldbëlleger Band ass als déi kriminellsten an d'Lëtzebuerger Geschicht agaangen. Am 1. Deel vum DNA versiche mer ze verstoen, wéi et méiglech war, dass sech zu Lëtzebuerg eng kriminell Band konnt forméieren, déi am Laf vun der Zäit keng Grenze méi kannt huet.

    Waldbëlleger Band - 2. Deel (2013), 18/05/2013 19:30

    Play Episode Listen Later May 18, 2013


    Wat genee ass den 30. Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert? Am 2. Deel vum DNA kucke mer, wat genau den 30. Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert ass. Et ass war de bluddegen Héichpunkt vun der krimineller Carrière vun der Waldbëlleger Band. E jonke Polizist, de Patrice Conrardy, huet säin Asaz mam Liewe bezuelt.

    DNA-Spezial Bommeleeër (2013), 24/02/2013 20:00

    Play Episode Listen Later Feb 24, 2013


    D'Ekipp vum DNA huet iwwert 250 Reportagen duerchgekuckt, déi bannent 28 Joer iwwert d'Bommeleeër op RTL gewise goufen an huet dorauser eng Synthes gemaach. 20 Bommenattentater bannent 20 Méint. Tëscht Mee 1984 an Mäerz 1986. Dat ass Wierk vun de Bommeleeër. Uschléi goufen ni revendiquéiert. Et si wéineg Spueren iwwregbliwwen.

    Wé stecht hannert der Bommeleeër-Serie? Stay Behind? (2013), 24/02/2013 19:30

    Play Episode Listen Later Feb 24, 2013


    En Interview mam Me Gaston Vogel Am RTL-Interview sëtzt de Affekot vum Ugekloten ex-Member vun der Brigade mobile, Marc Scheer,vganz op Pist “Stay Behind”, fir déi 20 Attentater ze erklären.

    NATO-Geheimarméien am kale Krich (2013), 24/02/2013 19:30

    Play Episode Listen Later Feb 24, 2013


    En RTL-Interview mam Dr Daniele Ganser, Historiker, Buchauteur an Unisprofesser Den Dr Daniele Ganser ass e jonken Historiker aus der Schwäiz. Hien huet sech mat der Existenz vun Geheimarméien an hiren Aktivitéite queesch duerch Europa ausernanergesat. Säi Buch gouf an 10 Sproochen iwwersat.

    Vergëft ... Agemauert ... Den Hummermann (2012), 09/12/2012 19:00

    Play Episode Listen Later Dec 9, 2012


    Zwee ongeléisten an ee geléistene Fall an dëser Emissioun. Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht de Béifche Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass de Philippe - 22 Méint jonk- dout. D'Doudesursaach ass Strychnin, e Rategëft. 18 Méint méi spéit gëtt en 42 Joer alen Elektrikergesell dout an enger drëchegeluechter Zetär an der Annexe vun sengem eegenen Haus zu Gaasperech fonnt. De Mann war agemauert ginn. D'Doudesursach ass net bekannt. Mä et gi Spuere vu Strychnin a sengem Blut fonnt. Am Joer 2008 ginn an der Péitruss Strummerten op brutaalst Aart a Weis agresséiert an ëmbruecht. Wee stécht hannert dem Hummermann?

    Mord an enger Studentewunneng (2012), 11/11/2012 19:25

    Play Episode Listen Later Nov 11, 2012


    Den 12. November 1992 gëtt an enger Wunneng op engem Universitéitscampus zu Bréissel d'Läich vun enger Studentin fonnt. Et ass d'Christiane Heiser. Eng 21 Joer jonk Lëtzebuerger Fra vu Féiz. D'Christiane Heiser ass brutal ëmbruecht ginn. Hir Eltere waarden nach haut op Äntwerten, firwat hiert Meedchen huet misse stierwen. Hire Bréisseler Affekot ass iwwerdeems formell. Hien ass iwwerzeegt, den Numm vum Mäerder ze kennen. Vill Indizie schwätze fir e Mann, deen 1993 am Zesummenhang mat engem aneren ähnlechen Mord festgeholl ginn ass. Mä Beweiser feelen.

    Ënnerwee mat der Police Judiciaire (2012), 11/11/2012 19:20

    Play Episode Listen Later Nov 11, 2012


    Mir ginn hannert d'Kulisse vun der PJ kucken an dauchen an, an déi mysteriéis Welt vun der Forensik. Un Hand vun engem geléistem Fall, deen 2004 passéiert ass, erkläre mir Iech, wéi d'Police Judiciaire an Zesummenaarbecht mat der Police Technique, un esou e Fall erugeet.

    Läich am Stauséi. Jonk Mamm ëmbruecht (2012), 11/11/2012 19:14

    Play Episode Listen Later Nov 11, 2012


    Mordfall Nancy Wolff. Déi jonk Fra war 7 Méint no hirem Verschwannen am Stauséi fonnt ginn. Een Haaptverdächtegen huet d'Police selwer op Spuer bruet, wou d'Läich sech géif befannen. De Mordfall hat bis iwwert d'Grenzen eraus fir Wierbel gesuergt a war esouguer an der däitscher Emissioun „Aktenzeichen XY ungelöst“ thematiséiert ginn.

    Mat der Aaxt erschloen. Adoptivjong beschëllegt (2012), 11/11/2012 19:13

    Play Episode Listen Later Nov 11, 2012


    Op Allerhellegen 2010 hunn zwee Bridder d'Läich vum Camille Kolber a sengem Haus zu Haassel fonnt. De 69 Joer ale Mann war brutal erschloe ginn. 3 Persoune sëtzen an Untersuchungshaft. Dorënner ass och dem Camille Kolber säin Adoptivjong. Déi 3 kréien dat anert Joer de Prozess gemaach. Eng 4. Persoun, déi och am Viséier vun der Justiz war, huet sech d'Liewe geholl.

    Makaber Decouverte am Bësch (2012), 11/11/2012 19:12

    Play Episode Listen Later Nov 11, 2012


    Ewéi de Jos Emmerich Enn November 2010 mat sengem Hond säin Tour duerch de Bësch zu Haler gemaach huet, huet hien eng fierchterlech Decouverte gemaach. Am Bësch loung d'Läich vun engem Awunner vun Haler. De Mann war d'Affer vun engem Verbrieche ginn. Op Uerder vun de Justizautoritéite si véier Persounen am Zesummenhang mat dësem Mord festgeholl ginn.

    Spurlos verschwonn! Wou ass de Francois Thillman (2012), 11/11/2012 19:11

    Play Episode Listen Later Nov 11, 2012


    2010 ass de Lëtzebuerger Student François Thillman fir lescht gesinn ginn. No enger Party zu Paräis ass hie verschwonnen. Ouni Pabeieren an ouni Suen. Bis haut ass de François Thillman net méi opgetaucht.

    Mord op der A13 (2012), 11/11/2012 19:10

    Play Episode Listen Later Nov 11, 2012


    De 15. Juli 2012 gëtt an enger Camionnette d'Läich vum Sahin Kemal fonnt. D'Camionnette stoung laanscht d'Autobunn op der Collectrice du Sud. 500 Meter hannert dem Éilerenger Tunnel. De Mann ass ëmbruecht ginn. Firwat a vu weem? Dat géif d'Police och gäre wëssen.

    Claim DNA (Small)

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel