De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d'Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd'Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche Gefiller, iwwer Romantik alsgesellschaftlecht Konstrukt an doriwwer, wéi cute Gesten eng(romantesch) Bezéiung kënnen definéieren. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert „Sex Wars“ aus den 1970er-Joren. Shownotes Episod 57 Ech wëll eppes vun dir – mä wat? Episod 121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift? Episod 126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit Episod 157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen Rubrik zum Mythos Sex Drive Types of attraction Amatonormativiteit Questionable Origins of Love Languages Choosing Therapy zu romantic attraction Bicher: bell hooks: all about love Angela Chen: Ace
Konsens ass sexy, liest een*t op ville Plazen. Dat stëmmt, mä Konsens ass net ëmmer einfach. Sou ass den Ënnerscheed tëscht Nee heescht Nee a Jo heescht Jo vläicht op den éischte Bléck net immens grouss, mä d'Konsequenzuen dovunner si gewalteg. An dëser Episod schwätzen den Robin, d'Ella an den Elie iwwert verschidde Modeller, déi eent benotze kann, fir Konsens bei sexuellen Aktivitéite sécher ze stellen. Et geet net nëmmen dorëms, wat fir eng Philosophie déi verschidde Modeller hunn, mä och doriwwer, wat fir Nodeeler se kënnen hunn a wat een*t un hinne ka kritiséieren. An an der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Autosexualitéit ass (Spoiler: et huet näischt mat Autoen ze dinn). Shownotes: Erklärungen zum Wheel of Consent Zine "Konsens lernen" (Learning Good Consent)
Sougenannt kënschtlech Intelligenz ass iwwerall, an de Hype ass risegrouss. Wäerte mir deemnächst Bezéiunge mat Chatbots féieren a Sex mat AI hunn? Oder wäerte mir eng Flut u Falschinformatiounen an der sexueller Bildung erliewen, déi vu grousse Sproochemodeller verbreet ginn, wärend Berodungsstelle mat richtege Mënschen hir finanziell Mëttele gestrach kréien? De Joël, Kelly an d'Ella diskutéieren iwwert Vir- an Nodeeler vu KI, erzielen iwwert hir Erfarunge beim Flirte mat ChatGPT a prognostizéieren zukünfteg AI-Geschäftsmodeller fir Datingapps. An der Rubrik erkläert d'Ella, wat et mat der Petitioun Nummer 3198 op sech huet. Shownotes: Dem Joël säin Essay iwwer AI: Der Computer bleibt dumm Nicola Döring et al.: The Impact of Artificial Intelligence on Human Sexuality: A Five-Year Literature Review 2020–2024 Nicola Döring: Jugendsexualität und Künstliche Intelligenz – Empfehlungen für die Sexual- und Medienpädagogik KI gegen Einsamkeit: Die Illusion von Gesellschaft
Aus der Community huet eis eng Ufro erreecht, fir iwwer Regrets ze schwätzen: dat heescht, eng Erfarung dono ze beréien a sech ze wënschen, et hätt een*t dat net oder aanecht gemaach. De Joël, den Elie an d*e Robin schätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir eng Regrets si hunn, firwat si sech op déi Erfarungen agelooss a se dono bereit hunn (oder och net): Och diskutéiere si, wéi et hinnen dono gaangen ass a wéi si domadder ëmgaange sinn. An der Rubrik erklärt den Elie d Pornotrends vum Joer 2024. Wann s du en Thema hues, vun deem s du mengs, dass et interessant wier wa mir dat beschwätzen, da schreiw eis iwwer Instagram, Facebook oder eng Email op sex@ara.lu.
Sex fannen ass haut net méi schwéier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder Bezéiung – an der schéiner net méi esou neier Online-Welt gëtt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d'mannst wierkt et esou. De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wisou déi Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et méi ëm d‘Swipe geet wéi ëm d‘Persounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun Déieren op Profilfotoen an schwätzen doriwwer, wéi een*t sech méiglechst sécher op esou Plattforme beweege kann. An der Rubrik erklärt eis d‘Ella, wat et mam „Male Gaze“ op sech huet. Shownotes: Artikel iwwer AI-Companions an der woxx
Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten. An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Monogamie eppes wier een*t ass. An der Episod erwähnt d*e Robin e Buch: D Buch heescht "Amerikas Gotteskrieger: Wie die Religiöse Rechte die Demokratie gefährdet" a gouf 2021 (net 2018) vun der däitscher Amerika Wëssenschaftlerin Annika Brockschmidt publizéiert.
An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou Säiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in, den Elie aus der Siicht vum Therapeut. An der Rubrik erzielt d'Ella eis alles, wat mir Wichteges iwwer Blosenentzündunge wësse mussen.
D'Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. "De Penis" gëtt et dobäi amfong net wierklech - Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobäi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d'Meenungen iwwer d'Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobäi oft auseneen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, firwat mäer deem Ganzen amfong souvill Bedeitung zoumoossen, wat et mat "dick energies" op sech huet, a wat hir Erfarunge mat Penisgréisst sinn. An der Episod erklärt den Elie an der Rubrik Aktualitét, wat dee néi entdeckten "Sexom" ass.
Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten. An der Rubrik stellt Kelly eng Mindfulnessübung vir. Shownotes Buch: "erotica universalis" (TASCHEN Verlag) Performance Deborah de Robertis Youtube: Video-Essay zu Omegaverse, nach een Video-Essay zu Omegaverse Further Reading: Susan Sontag: The Pornographic Imagination Wikipedia: History of erotic depictions
An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Poppers.
Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sex an Trauma.
An dëser Episode schwätzen Elie a Kelly iwwer (gutt a manner gutt) Grënn fir no engem Konflikt Sex ze hunn. Weieng Léit hunn éischter Makeup Sex? Wat kann een ausser Sex nach machen? An wat ass mat Breakup Sex? Dat héiers du elo.
Een neurodiverst oder neurospruddelegt Gehier ze hunn, verännert déi Aart a Wéis, wéi een*t Bezéiunge feiert a wéi een*t Sex huet. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod, wéi dat fir si ass. Si erziele vun Diagnosen, vu Luuchten, déi ze haart sinn a vun de Gemeinsamkeeten tëscht Queerness an Neurospruddelegkeet. An der Rubrik erkläert eis Kelly, wat Meta-Gefiller sinn a wéi se eist Sex- a Bezéiungsliewen veränneren.
Hues du e Kierper oder bass du e Kierper? D'Trennung vu Kierper (body) a Geescht (mind) bestëmmt, wéi mer (eis) fillen a wéi mer mat eis, mat Aneren a mat der Ëmwelt ëmginn. Ween woren déi al wäiss Männer, déi di Trennung/Hierarchie erfonnt hunn? An vill mei wichteg: Wat mer kenne maachen (Sex?), fir déi ze hannerfroen? Quellen - Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen
Déi meeschte Mënschen hu méi oder manner reegelméisseg Sex - mee firwat? Däer Fro ginn de Joël a Kelly an dëser Episod no, an diskutéieren dobäi iwwer verschidde Weeër fir (méi oder manner) geléifte Mënsche no ze sinn, iwwer Spaass an d Loscht, déi aus verschiddene Sourcen entstoe kann. Och schwätze si doriwwer, wéi a firwat "Sex hunn" als normal an obligatoresch an eiser Gesellschaft gëllt - e Phänomen, dat als "compulsory sexuality" bezeechent gëtt. An der Rubrik verzielt Kelly, wéi een*t besser Orgasmen hu kann. Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op äre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewäerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen. Shownotes: Episod #126: Méi wéi just heiansdo Sex - Demisexualitéit Episod #142: Keng Persoun, déi wëll, kee Bock, an elo? - Kee Sex hunn Buch vum Sherronda J. Brown (2022). Refusing Compulsory Sexuality - A Black Asexual Lens on Our Sex-Obsessed Culture. North Atlantic Books.
Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszegläichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen Ausgläich, mä och iwwert Fro, ob et méiglech ass, säin*seng Chef*in ze daten. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Chemsafe. Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op äre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewäerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen.
An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen. An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwätzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmgesat ginn. An der Rubrik schwätzt Kelly doriwwer wéi een*t zum Orgasmus komme kann. Robin erklärt firwat een*t den H-Slur net benotze sollt: Eng gutt Fro: Wat ass Intergeschlechtlechkeet?
Ob an eisen Dreem, beim Masturbéieren oder einfach matzen am Dag – déi meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kënne ganz harmlos sinn, si kënnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wéilten ëmsetzen. An dëser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de Joël op eng Rees an d'Onbewosstsinn a probéieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwätzen iwwert komesch Theorien, wéi gesellschaftlech Normen an eis ganz privat Fantasien andréngen an doriwwer, wéi si mat hire Fantasien ëmginn. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Chemsex – net just fir all fir all déi, déi (nach keng) Fantasien doriwwer hunn.
Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen - an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn. An der Rubrik gëtt Kelly en How To fir mat schwierege Gefiller eenz ze ginn. Hei sinn aner Episoden, déi mäer schonn zum Thema Trennung opgeholl hunn: #87: Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner #112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen? #146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung Falls et guer net méi geet, kanns de der hei Ënnerstëtzung an Hëllef sichen: https://454545.lu/ https://www.kjt.lu/de/ https://www.kjt.lu/de/elterentelefon/ https://www.prevention-suicide.lu/
Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d'Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d'Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass. Shownotes: Episod #125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen Episod #109: Wann et einfach net geet – Vaginismus
Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mäer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl! Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat "queer" amfong ass, an hunn dobäi villfälteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ärer Participatioun!). Si net-monogam a neurodivergent Mënschen inherently queer? Gëtt et amfong "d queer Community"? A wat ass eigentlech queere Sex? An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Bindungsmusteren a Sex.
Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och hei huet ären Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wéi ee Business Meeting hëllefe kann, besser ze kommunizéieren. Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kënnt dobäi sinn.
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus.
Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem Géigeniwwer an sech selwer ze fannen. An der Rubrik geet et ëm een Thema, datt dir méi entspaant ugoe sollt: Den Elie erkläert eis, wéi een een Analplug benotzt.
Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring. Shownotes: Episod 57 iwwer Attraktioun
Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn. Interessant Links: MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit Come As You Are vum Emily Nagoski
D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod. Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :) An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext. Shownotes: Infos iwwer d'Kofferspiral Kofferspiral fir jonk Mënschen Infos iwwer d'Kofferketten Infos iwwer de Kofferball Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung
De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt – a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass “déi gutt Zäiten” dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d’Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht … Continue reading "#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?"
Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d’Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin … Continue reading "#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity"
Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der … Continue reading "#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg"
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da … Continue reading "#137: It’s fucking political – Sex a Politik"
Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff … Continue reading "#136: Vun Plugs, Pegging an Popos – Analsex"
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your … Continue reading "#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere"
D’Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat … Continue reading "#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care"
Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d’Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei … Continue reading "#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?"
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch – den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen – a wouhier kommen Ekel a Schummt?
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema … Continue reading "#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage"
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat … Continue reading "#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette"
An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d’Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen … Continue reading "#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit"
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul’s Drag Race – eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag …Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru … Continue reading "#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg"
Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d’Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn … Continue reading "#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten"
Demisexualitéit – e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d’Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, … Continue reading "#126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit"
An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen!
Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps! An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Summer-Sex.
Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat … Continue reading "#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster"
Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. … Continue reading "#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive"
Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engemenger Partnerin, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung … Continue reading "#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?"
Si si mëttlerweil iwwerall – an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys – Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang?De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod … Continue reading "#120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys"
Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si … Continue reading "#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride"
Sex – fir vill Leit ass dat e Penis, deen an e Genital andréngt, sief et eng Vagina oder en Anus. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer Sex ouni Penetratioun. Si probéieren, endlech déi grouss Fro “Wat ass amfong Sex?” ze beäntweren an zerstéieren dobäi net nëmmen niewebäi d Virspill, mee … Continue reading "#118: Reiwen, Lutschen, Heemelen – Sex ouni Penetratioun"
Wéi geseit een*t amfong queer aus? D’Lynn an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer queer Schéinheetsidealer: dës ënnerscheede sech vu Szene zu Szene. Sinn dës Schéinheetsidealer reng probleematesch? Wou kommen déi ganz Codes iwwerhaapt hir a firwat si se entstaan? Dëst a vill méi gëss du haut gewuer! An der Rubrik gëtt Kelly en … Continue reading "#117: Vu Looks a Codes – queer Schéinheetsidealer"