Podcasts about persoun

  • 29PODCASTS
  • 102EPISODES
  • 30mAVG DURATION
  • 1EPISODE EVERY OTHER WEEK
  • Oct 27, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about persoun

Latest podcast episodes about persoun

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Magali Paulus: Wat wann…, 27/10/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 27, 2025 2:33


Wat wa mir eis d'Zukunft positiv ausmole kéinten. Wat wa mer mat enger Carte Blanche net nëmmen Iddie vun enger Persoun héiere géingen, mee vu méi Léit. Wat wa mer eis géingen inspiréiere loossen. D'Magali Paulus konfrontéiert eis haut mat enger Hellewull "wat wann". Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Magali Paulus: Wat wann…, 27/10/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 27, 2025 2:33


Wat wa mir eis d'Zukunft positiv ausmole kéinten. Wat wa mer mat enger Carte Blanche net nëmmen Iddie vun enger Persoun héiere géingen, mee vu méi Léit. Wat wa mer eis géingen inspiréiere loossen. D'Magali Paulus konfrontéiert eis haut mat enger Hellewull "wat wann". Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Kultur
Mat Metro duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2)

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 22, 2025 12:06


Fir hir 20 Joer ze feieren huet d'Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d'Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango an Hal Flavin ass et un der Band Metro, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert den Yves Stephany, deen am zweeten Epsiod verréit, wéi Metro d'Professionaliséierung vun der Lëtzebuerger Musekszeen erlieft huet - a wéi et war, ee Concert viru genee enger Persoun ze spillen.

Méi wéi Sex
#176: Okee sinn an enger Welt, déi brennt – Gefiller zum Backlash

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Oct 3, 2025 42:14


Kricher, Klimakris a wuessende Rietsextremismus – et ass guer net esou flott op dëser Welt, zumols als queer Persoun. Wann een*t dann nach politesch aktiv ass, kann dat séier zu enger grousser Belaaschtung ginn, wann een*t d'Gefill huet, datt sech alles an déi ganz falsch Richtung entwéckelt. D'Ella an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir Gefiller si mat dem sougenannte Backlash verbannen a wat hir Strategië sinn, fir domadder ëmzegoen. Natierlech diskutéieren si och doriwwer, wat dat alles fir Auswierkungen op hiert Sexliewen huet. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d'Spoon-Theory.

Méi wéi Sex
#175: Omnomnom – Eating Out

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Sep 19, 2025 47:03


De klengen Dessert, eng Minette oder einfach nëmmen d'Verb "lecken" – hannert deene Begrëffer verstoppt sech den Akt, dee scientifique och "Cunnilingus" gennant gëtt. Oralsex u Vulven an un Anusser gëtt am Engleschen och oft einfach "eating out" gennant: also eng Persoun "aus" iessen. Mee wat huet et amfong matt deene Sexualpraktiken u sech? Firwat hu mer amfomg dausend Begrëffer fir Oralsex um Penis mee net u Vulven an Anusser? Firwat fanne Leit et flott, fir aner Leit "z'iessen" oder "giess" ze ginn? A wéi kann een*t sech bei dene Sexualpraktiken uleeën? De Joël an d*e Robin ginn denen an anere Froen no a schwätzen iwwer hir Erfarungen mat Oralsex u Vulven an Anusser. D'Ella schwätzt an der Aktualitéitsrubrik iwwer déi geplangten Reform fir d'Recht op Ofdréiwung an d'Verfassung ze setzen.

Loscht op Mord
Episod 108 - Den Déifstall vum Mona Lisa

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Sep 14, 2025 20:18


Dës Kéier gëtt et kee Mord, keng Entféierung, kee Fall vun enger vermësster Persoun. Mee d'Julie an de Charel schwätzen dës Kéier iwwert een Déifstall deen d'Konschtgeschicht fir ëmmer verännert huet. Si schwätzen iwwert den Déifstall vum Mona Lisa. Wéi konnt dat weltberüümte Bildgeklaut ginn? Wien war et? A wéi ass dës Persoun opgeflunn? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.

The Money Show
037 - De solo à une équipe de 10 : les coulisses de la croissance d'une société - Interview avec Alexis et Claire

The Money Show

Play Episode Listen Later Jul 29, 2025 81:44


Presserevue
Editioun 07:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jul 29, 2025 3:24


D'Geleeënheet fir d'Unerkennung vu Palästina ass elo: Där Meenung ass de Michael Merten a sengem Leitartikel am Lëtzebuerger Wort. Eng Unerkennung als Staat géif de Verhandlungsspillraum vun de “konstruktive palästinenseschen Acteuren” erhéijen. “Blindflug am Findel”, esou huet de Chris Schleimer säin Editorial am Tageblatt iwwerschriwwen. Hien ass der Meenung, datt d'Regierung erëm eng Kéier beim Dialog géif versoen. D'Regierung schéngt et op en Neits verpasst ze hunn, d'Gespréich mat den direkt Bedeelegten ze sichen. Opmaacher-Sujet am Lëtzebuerger Wort ass d'Eenegung tëschent der Europäescher Unioun an den USA am Handelssträit. Den Deal géif Imprevisibilitéit mat sech bréngen, esou gëtt de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel am Wort zitéiert. Dëse Sujet gëtt haut och am Quotidien kommentéiert. Am Lëtzebuerger Journal beschäftegt de Misch Pautsch sech mat der Fro, firwat vill vum sougenannten Needle Spiking geschwat gëtt. Fäll, bei deene beluecht ass, datt eng Persoun am ëffentleche Raum heemlech ee Stoff mat enger Nol agesprëtzt kritt huet, géife weltwäit komplett feelen.

Presserevue
Editioun 08:15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jul 29, 2025 3:21


D'Geleeënheet fir d'Unerkennung vu Palästina ass elo: Där Meenung ass de Michael Merten a sengem Leitartikel am Lëtzebuerger Wort. Eng Unerkennung als Staat géif de Verhandlungsspillraum vun de “konstruktive palästinenseschen Acteuren” erhéijen. “Blindflug am Findel”, esou huet de Chris Schleimer säin Editorial am Tageblatt iwwerschriwwen. Hien ass der Meenung, datt d'Regierung erëm eng Kéier beim Dialog géif versoen. D'Regierung schéngt et op en Neits verpasst ze hunn, d'Gespréich mat den direkt Bedeelegten ze sichen. Opmaacher-Sujet am Lëtzebuerger Wort ass d'Eenegung tëschent der Europäescher Unioun an den USA am Handelssträit. Den Deal géif Imprevisibilitéit mat sech bréngen, esou gëtt de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel am Wort zitéiert. Dëse Sujet gëtt haut och am Quotidien kommentéiert. Am Lëtzebuerger Journal beschäftegt de Misch Pautsch sech mat der Fro, firwat vill vum sougenannten Needle Spiking geschwat gëtt. Fäll, bei deene beluecht ass, datt eng Persoun am ëffentleche Raum heemlech ee Stoff mat enger Nol agesprëtzt kritt huet, géife weltwäit komplett feelen.

Paus.
#159 Dee mam Lizzy

Paus.

Play Episode Listen Later Jul 26, 2025 64:16


An der éischter "Summer-Paus." iwwerreeche mir d'Zepter un d'Lizzy: Hatt ass net just d'Little Miss Pinterest, mee och déi viirbereetste Persoun vun allen Zäiten. Frësch vum Minigolf huet hatt Kaddoen, Kichelcher a Buzzeren am Gepäck – vläicht spille mir Spiller, mee vläicht ass dat alles och just eng "Intervention".  Mir schwätzen ënner anerem iwwer Halloween an der Villa, "Disney"-adults an Heroin fir Ufänger. Et gëtt och nach Mikro-Mobbing, Concerten ouni T-Shirts an Zitater mat Selbsterkenntnis. Mat dobäi sinn ausserdeem Krichszeenen um "Picadilly", Espresso Martini (literally), Beebee-Tennis a "Recession Indicators". Och de Bildungsoptrag kënnt nees net ze kuerz: Wat ass "Pausisyphus"? Wat sinn déi dommst Google-Froen? Ass "Brach" d'Zukunft vum Marketing? A wisou ass d'Buffy e Steak?

Kultur
"Versions des faits" am TNL

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 17, 2025 23:06


"Versions des faits” erzielt d'Geschicht vun enger eelerer Koppel, déi un enger Vergëftung stierft an domat eng Gemeinschaft op d'Kopp geheit, déi no engem Schëllege sicht - an an der Persoun vun engem Aussenseiter, deen ee Bistrot an ee Gaart nees opliewe gelooss huet, och ee perfekte Responsabele fënnt. D'Nathalie Ronvaux, déi dëst Joer Hausautorin am TNL ass, huet een donkelt Stéck iwwer eng postfaktuell Welt geschriwwen, déi haut nach bal méi wéi soss hire Sündenbock braucht. Een Dag virun der Première vum Stéck am TNL huet de Jeff Schinker d'Schrëftstellerin zesumme mat der Metteuse en scène Liss Scholtes bei sech am Studio agelueden.

Méi wéi Sex
#168: Eng oder Dausend Nuechten? – One Night Stands

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jun 13, 2025 42:44


Wat ass amfong e One Night Stand? An ass et nach ee One Night Stand, wann een*t dono onerwaart rëm Sex mat däer Persoun huet? An dëser Episod diskutéieren de Joël, den Elie an d*e Robin dës Froen an erzielen vun hiren Erfarungen mat One Night Stands. Och schwätzen si driwwer, op e One Night Stand wierklech an enger Bezéiung ende kann an ob een*t dono nach befrëndt ka sinn. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Koppeltherapie. Shownotes: Iwwer d'Studie mat de Sexaarbechterinnen: Segal, L. (2001) The Belly of the Beast: Sex as Male Domination? In S.M. Whitehead & F.J. Barrett (Eds.) The Masculinities Reader (pp. 100-111). Polity Press. Eis Episod zum Thema "Friemgoen"

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jun 6, 2025 14:02


An dëser Episod schwätze mir iwwert de Gesetzesprojet vum Platzverweis renforcé, dee vill Kritik krut. Dat Thema steet awer net eleng fir sech, mä wéisst op eng gréisser Entwécklung hin, déi ganz besuergneserreegend ass. Et gëtt net nëmmen ëmmer méi schwiereg, als aarm Persoun am ëffentleche Raum ze existéieren, mä och fir Aktivist*innen a Journalist*innen kéint et séier geféierlech ginn. D’María Elorza erkläert, wat déi wichtegst Kriticken um Platzverweis sinn, wien se geäussert huet a wat den Zesummenhang mat anere geplangte Gesetzer ass. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Sozialpolitik: Von einem Platz auf den anderenThe post Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat? first appeared on Radio ARA.

Méi wéi Sex
167: Méi wéi rout Rousen – Wat si romantesch Gefiller?

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later May 30, 2025 53:59


Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d'Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd'Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche Gefiller, iwwer Romantik alsgesellschaftlecht Konstrukt an doriwwer, wéi cute Gesten eng(romantesch) Bezéiung kënnen definéieren. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert „Sex Wars“ aus den 1970er-Joren. Shownotes Episod 57 Ech wëll eppes vun dir – mä wat? Episod 121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift? Episod 126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit Episod 157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen Rubrik zum Mythos Sex Drive Types of attraction Amatonormativiteit Questionable Origins of Love Languages Choosing Therapy zu romantic attraction Bicher: bell hooks: all about love Angela Chen: Ace

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Laura Zuccoli: Um 9. Mee feiere mer d'Festung Europa!, 09/05/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later May 9, 2025 2:49


Haut, um 9. Mee feiere mer Europa, e Projet vu Fridden an Eenheet, vu fräier Zirkulatioun vu Wueren an Aarbecht a vun exemplarescher Kooperatioun a Solidaritéit ënner den europäesche Länner. Mee vill Fräiheeten a Rechter gëllen net fir all Awunner an der EU a sinn ofhängeg vun der Nationalitéit oder dem Wunnsëtz vun der Persoun. E puer Beispiller vun heiheem...

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Laura Zuccoli: Um 9. Mee feiere mer d'Festung Europa!, 09/05/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later May 9, 2025 2:49


Haut, um 9. Mee feiere mer Europa, e Projet vu Fridden an Eenheet, vu fräier Zirkulatioun vu Wueren an Aarbecht a vun exemplarescher Kooperatioun a Solidaritéit ënner den europäesche Länner. Mee vill Fräiheeten a Rechter gëllen net fir all Awunner an der EU a sinn ofhängeg vun der Nationalitéit oder dem Wunnsëtz vun der Persoun. E puer Beispiller vun heiheem...

RTL - Invité vun der Redaktioun
Claudine Konsbruck: "Ech gesi mech als Persoun, déi do ass fir de Bierger", 24/04/2025

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Apr 24, 2025 10:00


En Donneschdeg de Moie war d'Aarbecht vum Ombudsman Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Kultur
E Concert, bei deem de Sologeiist an den Dirigent eng Persoun ass

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 27, 2025 6:10


"Je suis sur scène comme dans la vie" - dat verréit eis de Renaud Capuçon an engem Gespréich. Beim Concert haut (27.3.) den Owend an der Philharmonie steet de franséische Geiist am Mëttelpunkt. Hien trëtt weltwäit op, an dat net nëmme mat senger Gei, mee och als Dirigent. Bei dësem Concert huet de Museker och déi zwou Kapen un. "Man muss jung sein um gute Dinge zu tun" - dat Zitat vum Goethe passt ganz gutt bei de Programm vum Concert, well all Wierker hunn de Beethoven, Mozart a Mendelssohn wärend hirer Jugend komponéiert. Dëse Concert iwwerdroe mir haut den Owend live um opus 100,7 a radio 100,7 (Donneschdeg, de 27. Mäerz) vun 19:30 un aus der Philharmonie. Et ass eng gemeinsam Iwwerdroung mam SR Kultur, déi vu Marie Schockmel a Maria Gutierrez moderéiert gëtt. D'Marie Schockmel huet sech zwee Deeg virum Concert am Backstage vun der Philharmonie mam Museker fir e Gespréich getraff, an deem hien nawell vill spannend Saache verroden huet. Programm: Ludwig van Beethoven: "Die Geschöpfe des Prometheus op.43": Ouverture Wolfgang A. Mozart: Concerto fir Gei Nr. 3 KV 216 Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonie Nr. 3 "Schottische" Interpreten: Lëtzebuerger Philharmoniker Renaud Capuçon, Direktioun & Gei

Les Locomotives
EP 164 - ALINE BARTOLI - DE FREELANCE ISOLÉE À 1 MILLION DE CA

Les Locomotives

Play Episode Listen Later Mar 4, 2025 55:29


Aline, pionnière dans son domaine, a créé un business à 1 million d'euros de chiffre d'affaires en partant de zéro.Elle quitte ses études, insatisfaite de son parcours, et part à New York pour devenir retoucheuse photo. Sans réseau, ni grandes compétences au départ, elle se forme seule le soir, poussée par sa passion et son audace.De retour en France, elle exerce ce métier avec succès pendant 4 à 5 ans, générant déjà 15K€/mois. Mais en parallèle, elle développe un nouveau projet… jusqu'au jour où elle décide de tout miser sur son entreprise. C'est ainsi qu'est née l'aventure entrepreneuriale de sa vie :✅ Réussite et échecs✅ 1 million de CA✅ Équilibre entre vie pro et persoUn échange authentique et inspirant avec une femme qui prouve qu'avec de l'audace et de la détermination, tout est possible !Pourquoi écouter cet épisode ?✔️ Si tu veux comprendre comment transformer une passion en business rentable.✔️ Si tu es en quête d'un déclic pour oser te lancer à 100 %.✔️ Si tu veux des conseils concrets pour équilibrer vie pro et perso en tant qu'entrepreneure.✔️ Si tu veux t'inspirer d'un parcours audacieux, rempli d'apprentissages.

Paus.
#148 Dee mat der Geisel bei de Metal-Fans

Paus.

Play Episode Listen Later Feb 22, 2025 71:00


Lëtzebuerg ass zeréck aus der obligatorescher Schivakanz - an et ass Zäit fir gouda Laune! Är petty 1987 babies hunn haut e waghalsege Slalom aus däitsche Roboter, thailännesche Schieter a Kölner Geldschäiner dobäi. Et gi Lawine vu Männerhaass, Mobbing unter Palmen a Make-up by Lalalala ausgeléist. Mir waarde gespaant op d' Resultater vun der Bundestagswal (Bei Gott sogar!) a verdreiwen eis d Zäit mat expressege gemini-Aktiounen op grousse Bünen a bei roude Luuchten (Spice up your life!), dem Comeback vun Hollywoodikonen an apokalyptesche Spaassgedrénkser. Wéi geet Intimrasur am Gesiicht?Sinn d' Renée Zellweger an d Jennifer Coolidge eng Persoun? A ween ass iwwerhaapt d' Felicity Joyman?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Feb 7, 2025 12:31


Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op. Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches SchweigenThe post Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen? first appeared on Radio ARA.

Erklär&Laach
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III)

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later Jan 27, 2025 20:01


D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...

Méi wéi Sex
#157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jan 10, 2025 47:50


Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sex an Trauma.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
François Bausch: Mir brauche méi Verdeelungsgerechtegkeet vu Räichtum, 06/01/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 6, 2025


Wann eng Persoun eleng 430 Milliarden Dollar Privatverméige besëtzt a kaum Steieren bezilt, dann hu mer een enorme Problem vu Verdeelungsgerechtegkeet, jo esouguer en Demokratiedefizit, deen ëmmer méi Mënschen an d'Gräpp vu geféierleche Populisten dreift, mengt de François Bausch.

Invité vum Dag
Georges Mischo

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 16, 2024 13:17


Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert den Aarbechtsminister op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.

georges weis gewerkschaften aart persoun projeten am gespr maurice molitor
Paus.
#133 Dee mam mysteriéis-royale Gaascht

Paus.

Play Episode Listen Later Jul 28, 2024 92:39


Haut ass alles anescht! Tëscht "Galerie Arschgeweih" an dem Mentos-Rapper begréisst äre Liblingspodcast haut d'Diversitéit a Persoun. Eise Gaascht kennt den Johnny Chicago a zielt zu de Royals, deelt sech neierdéngs en Tribe mam Yannick an ass d'Beyoncé aus dem LCD. Hien huet net op e Wonner gewaart, mee säi Schicksal selwer an d'Hand geholl an et esou aus der Kierch quasi direkt op den CSD gepackt. Eng Diskussioun iwwer d'faméis Petitioun 3198 dierf natierlech net feelen. Dobäi geet et net just ëm Identitéit a Bildungsmangel, mee och ëm Islamophobie a Mënscherechter. Riets geet och iwwer ESC-Enttäuschungen a -Wourechten, nei eras an Zukunftsmusek. Mat dobäi sinn ausserdeem d'Stella, d'Phänomen "Bobrisky", dem Claude Monet seng Schwëster an en Hemsworth-Kickes. Wéi ass et, tëscht zwou Kulturen ze existéieren? Wéi steet et ëm Relioun a Spiritualitéit? Gëtt "I wish I was a pink lady" de neien Eurovisiouns-Hit? An zerbrécht Männlechkeet un engem rouden T-Shirt?

Invité vum Dag
Marc Crochet

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jul 22, 2024 19:49


61 Milliounen Euro sinn no an no bei der Caritas-Stëftung geklaut ginn, an dat allen Indicen no vun enger Persoun, déi gutt bannent der Organisatioun placéiert war. Wéi konnt dat passéieren? A firwat ass dat net éischter opgefall? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam Generaldirekter vun der Caritas.

Méi wéi Sex
#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jun 28, 2024 49:08


Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och hei huet ären Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wéi ee Business Meeting hëllefe kann, besser ze kommunizéieren. Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kënnt dobäi sinn.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Fabricio Costa: Éischtgewielte Persoun sollt Mandat am EU-Parlament och unhuelen, 31/05/2024

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later May 31, 2024 10:44


E Freideg de Moie war de Walprogramm vun deene Gréngen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Méi wéi Sex
#142 Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later May 3, 2024 54:13


Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn. Interessant Links: MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit Come As You Are vum Emily Nagoski

Presserevue
Editioun vu 7:16

Presserevue

Play Episode Listen Later Apr 5, 2024 4:23


De Premier Luc Frieden ass en ambivalente Charakter: dat schreift d'Lëtzebuerger Land. Zu Bréissel seet hie Saachen, déi hien zu Lëtzebuerg erëm relativéiert. “Ënnerschiddlech Siichtweisen” géif hien an enger Persoun vereenen, stellt d'Wochenzeitung fest. Iwwer den Ausbau vum Tram an der Stad geet Rieds an engem Interview mat der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes (DP) haut am Lëtzebuerger Land. Mat der Néierlag fir de fréiere Proactif-Direkter beschäftegt sech ë. a. d'Luxemburger Wort: d'Geriicht huet d'Klo vum François Georges géint seng Kënnegung fir net zoulässeg erkläert. Hie wéilt elo virun d'Aarbechtsgeriicht zéien.

Presserevue
Editioun vun 8.16

Presserevue

Play Episode Listen Later Apr 5, 2024 4:10


De Premier Luc Frieden ass en ambivalente Charakter: dat schreift d'Lëtzebuerger Land. Zu Bréissel seet hie Saachen, déi hien zu Lëtzebuerg erëm relativéiert. “Ënnerschiddlech Siichtweisen” géif hien an enger Persoun vereenen, stellt d'Wochenzeitung fest. Iwwer den Ausbau vum Tram an der Stad geet Rieds an engem Interview mat der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes (DP) haut am Lëtzebuerger Land. Mat der Néierlag fir de fréiere Proactif-Direkter beschäftegt sech ë. a. d'Luxemburger Wort: d'Geriicht huet d'Klo vum François Georges géint seng Kënnegung fir net zoulässeg erkläert. Hie wéilt elo virun d'Aarbechtsgeriicht zéien.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wéi kanadesch Firme mat Hëllef vu Lëtzebuerg 80 Milliarde Steiere gespuert hunn

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Mar 29, 2024 14:08


Et gëtt wuel kaum eng Persoun zu Lëtzebuerg, déi 1.000 Euro am Mount beim Burgerking ausgëtt. An dach misst all Awunner*in hei am Land esou vill ausginn, wann d'Profitter, déi d'Firma hei mécht, reell wieren. A Wierklechkeet handelt et sech ëm ee Steiertrick. Am Podcast erkläre mir, wéi dee funktionéiert – a wisou sech näischt ännert.

Kultur
De Paul Celan an de Jean Portante

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 25, 2024 16:16


"Rayons de nuit“ heescht dat rezent Wierk vum Jean Portante, dat am Verlag "Le Castor Astral“ erauskoum. Hei huet de Lëtzebuerger Schrëftsteller eng Rei ausgewielte Gedichter vum Paul Celan an d‘Franséischt iwwerdroen. D'Valerija Berdi hat mam Jean Portante iwwer dës Aarbecht an eiser Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie geschwat, Mir lauschteren en Extrait aus dësem Gespréich. Muer (26.3.) ginn am TNL net just d'Gedichter vum Celan gelies: ënner dem Titel "Sous la nuit, la nuit" gëtt ee ganzen Owend dem Celan sengem Wierk a senger Persoun dediéiert.

RTL - Commentaire
Monica Camposeo: Wéi vill "Lëtzebuerg" sidd Dir?, 30/01/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 30, 2024 2:21


Kann eng Persoun, déi kee Lëtzebuergesch kann, de Grand-Duché am Ausland representéieren? Déi Diskussioun ass no der Finall vum Luxembourg Song Contest (LSC) entflaamt. Jo, si kann, fënnt d'Monica Camposeo an hirem Commentaire.

Méi wéi Sex
#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Dec 29, 2023 56:09


Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d’Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei … Continue reading "#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?"

Presserevue
Editioun vu 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Nov 9, 2023 6:29


Wiem gehéiert e politescht Mandat, enger Persoun oder enger Partei, ënnert anerem ëm dës Fro geet et haut an der Presserevue.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Jean-Paul Erasmy: D'Gesetz, dat Begriefnisser reegelt, ass net méi zäitgeméiss, 03/11/2023

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Nov 3, 2023 9:57


Et wier net méi zäitgeméiss, dass hei zu Lëtzebuerg d'Begriefnis 72 Stonnen nom Doud vun der Persoun muss sinn.

Méi wéi Sex
#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Oct 6, 2023 49:47


Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d’Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn … Continue reading "#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten"

Kultur
D'Wuert vun der Woch: Persoun

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 23, 2023 8:36


Et gëtt Wierder, déi mir all Dag gebrauchen, mee vun deene mir iwwerrascht sinn, wa mir hir Geschicht ënner d'Lupp huelen. Eent vun hinnen huet de Jean Portante ausgewielt, nämlech d'Wuert "Persoun", dat hien am Gespréich mam Philippe Hansen erkläert.

Méi wéi Sex
#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jun 23, 2023 46:04


Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engemenger Partnerin, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung … Continue reading "#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?"

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wéi kann de Waasserpräis sozial gestalt ginn?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 21, 2023


Ass et sozial gerecht, datt jiddereen*t an enger Gemeng fir een Liter Waasser dat selwecht bezuele muss, obwuel eng Persoun vläicht ee Swimmingpool opfëllt an déi aner sech just duscht? Fir de Problem vun iwwerméissegem

Paus.
#98 Dee mam EchEchEch

Paus.

Play Episode Listen Later Apr 2, 2023 87:36


"Firwat si mir sou domm?" – déi Fro kann ee sech haut ganz dacks stellen: Et gëtt Chaos, Verwirrung an Anungslosegkeet tëscht Parteien, Pappen an Age-Shaming. D'Lizzo, d'Liza an d'Lana si mat dobäi an awer och dem Judy Garland säi gréisste Rockhit. An enger Episod mat Häerz, Blutt an dem séisse Glitzerbuch vun der Wourecht geet et ëm den 1. Abrëll an de 6. No Angel. Sidd dir prett fir de vläicht längsten an delicatesten däregen Dossier, presentéiert vun absoluter Inkompetenz? Äre paradoxe Politpodcast këmmert sech em eng schrecklech Persoun, déi viru Geriicht steet, zwee schéi Mënschen, déi knuutschen, an dem John Ritter sengem Bouf seng Fra. Mir halen K-Pop auserneen, beschwätzen ofgeleenten Invitatiounen an de Yannick bowlt Kanner ewech.

Méi wéi Sex
#116 Feier a Flam – iwwer Verléiftheet, Léift an änlech Gefiller

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Mar 31, 2023 33:43


Wann alles kribbelt a s du Päiperleken am Bauch hues a just nach un eng Persoun denke kanns, bass du warscheinlech verléift. Mä wat ass den Ënnerscheed tëscht Verléift-sinn a Léift? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*en Robin doriwwer, wéi sech béid Gefiller bei hinne bemierkbar maachen. Ausserdeem dréint d’Diskussioun ëm déi mysteriéis … Continue reading "#116 Feier a Flam – iwwer Verléiftheet, Léift an änlech Gefiller"

Méi wéi Sex
#115 Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Mar 17, 2023 53:00


Wéi ass et, op een Date ze goen, wann een schon een oder méi Partner*innen huet? An polyamoréisen Bezéiungen ass net esou seelen. Mä dat heescht net, datt et einfach ass. Besonnesch bei där Persoun, déi net op dem Date ass, kann et zu negativen Gefiller wéi Jalousie kommen. Mä och de Géigendeel, Compersion – … Continue reading "#115 Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen"

RTL - Background
De Luc Frieden hätt sech geännert, 04/02/2023 12:05

RTL - Background

Play Episode Listen Later Feb 4, 2023


E Samschdeg gouf am RTL-Background, anescht ewéi normalerweis, méi iwwert ewéi mat enger Persoun geschwat.

Paus.
#90 Dee mam Promifeeling am Spidol

Paus.

Play Episode Listen Later Dec 25, 2022 50:00


Merry Crisis! Wann dir es haut scho genuch hutt mat der Feierdagsbesinnlëchkeet, sidd dir hei genee richteg. An ärem Lieblingspodcast ginn et ausserierdesch Pappen, eng rëffeg-schéin Libesgeschicht a Fremdscham als Persoun. D'Top-Themen um 25. Dezember sinn Kannibalismus, d'lëtzebuergescht Meghan Markle an dem Jesus seng Affär mam Da Vinci. Bei eis ass qualitativ Berichterstattung garantéiert ewéi Schnéi am Qatar. Sidd dir prett fir Frühstücksraclette? Sollt Dikrech sech schummen? An ass de Jesus wierklech deen eenzegen, deen eis nach all rette kann? Dat si froen, déi dir iech all emol selwer stelle sollt.

Paus.
#88 Dee mat der Insel der Seligen

Paus.

Play Episode Listen Later Nov 27, 2022 53:56


Haut ass alles, well et ass den 1. Advent! Ob de Marc aus dem Parc, Neies vun de Nepo-Babies, Pirañas am Pool oder Wäin vum Wedding-Planer – den Alliteratiounsadventskranz brennt. Mir si mam Fanger am An am Restaurant a produzéiere Parfum zu Capri, niewebäi gëtt sech trotzdeem nach mat der Coca-Cola-Verschwörung a mam Meat Loaf befaasst. Mat dobäi sinn och e Chimie-Grondkuer, diskriminéierende Marketing, déi coolst Persoun vun der Welt an de franséischen Alexander Marcus.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter: Regisseur an Acteur an enger Persoun. Geet dat?, 03/11/2022 15:20

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Nov 3, 2022


Direkt zwou Hollywood-Gréissten hat de Pit Biwer fir dësen Hollywood Reporter virum Mikro. Mam Clint Eastwood ass et ëm d'Thema gaangen ob e Schauspiller och gläichzäiteg Regisseur ka sinn oder net, a mam Morgan Freeman ass iwwert deem seng markant Stëmm philosophéiert ginn.

Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Maale Gars & Damien Giudice - Hannert Frëndschaft, Musek a Konscht

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Oct 27, 2022 54:11


VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars. Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn. Nei bei dësem Podcast: Zwou Wourechten an eng Liggen aka 2 Truths & eng Fuutz! Nom Spill ginn mir méi déif an den Damien seng Aarbecht an - hien ass nämlech mat engem Solo Projet (Boy from Home), eng Band (Creatures on Mars) an als Linol- an Drockkënschtler zimmlech busy. Schlussendlech ginn et nach Froen un den Maale Gars, wéi alles enstaanen ass an wéi seng Schüler:innen hien gesinn. Natierlech weisen si dann nach den Objet den sie matbruecht hunn! Kuckt iech de Video op Spotify (mam neisten Update) oder op Instagram un. Lidder déi gefeatured sinn: 00:05 Maale Gars - Ëmmer fir Dech Do 00:09 Boy From Home - I Don't Wanna Go Home 00:14 Epicure - At Least You Tried 00:35 Maale Gars - Alles Nei 00:40 Creatures on Mars - Rope 00:54 Luke Sital-Singh - Nothing Stays the Same Vill Spaass beim Lauschteren!