Podcasts about ulass

  • 5PODCASTS
  • 13EPISODES
  • 18mAVG DURATION
  • ?INFREQUENT EPISODES
  • Apr 12, 2024LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about ulass

Latest podcast episodes about ulass

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
30 Joer nom Genozid am Ruanda

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 12, 2024 13:44


De Genozid un den Tutsien am Ruanda gëtt dësen Abrëll 30 Joer al. D'woxx huet zu deem Ulass eng Artikelserie vu véier Artikelen zum Thema geplangt. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et dozou komm ass, a wisou de Fokus um Prozess géint den Théoneste Bagosora virum Tribunal pénal international pour le Rwanda läit, deen als Hannermann vum Genozid gëllt. Ausserdeem geet et ëm d'Wuerzele vum Konflikt, déi enzwousch aneschters leien, wéi et dacks gezielt gëtt.

Kultur
E ronne Gebuertsdag an en ëmstriddene Biopic

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 26, 2023 9:15


Dem Leonard Bernstein seng Villsäitegkeet war legendär. Hie war Komponist, Dirigent, Museker an huet fréi d'Méiglechkeete vun der Tëlee entdeckt, fir dem Public klassesch Musek méi nozebréngen. De 25. August hätt hie säin 105. Gebuertsdag gefeiert. Aus deem Ulass kënnt dëst Joer och e Film iwwer de Kënschtler eraus, deen am Virfeld fir Diskussioune gesuergt huet. D'Claudine Muno faasst zesummen.

Kultur
Am Glanz oder an der Luucht vum Impressionismus?

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 3, 2023 13:17


2019 war Diddeleng am Dominique-Lang-Féiwer. Ulass war den 100. Doudesdag vum Moler. Un deen ass direkt vun e puer Kulturhaiser erënnert ginn, zum Beispill mat Expoen. Den Dominique Lang houng u senger Heemechtsstad Diddeleng; dat weist sech och ganz kloer a senger Konscht. Dëse Summer feiert d'Stater Villa Vauban den Impressionist. D'Ekipp huet rezent eng Rei Dominique-Lang-Acquisitioune gemaach. Déi ideal Matière fir eng Summerausstellung. Déi sollt awer kee Remake vun 2019 sinn, esou d'Conservatrice Gabriele Grawe am Gespréich mam Kerstin Thalau.

Méi wéi Sex
#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later May 26, 2023 45:19


Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si … Continue reading "#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride"

Kultur
Folk against the Machine

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 4, 2022 2:41


De Woody Guthrie war ee vun den éischte Protestsänger, hien huet sech géint Faschiste gewiert an deenen einfache Leit eng Stëmm ginn. An eiser Emissioun Kultur um 5 huet d'Claudine Muno aus Ulass vu sengem 55. Doudesdag den amerikanesche Museker am Gespréich mam Pit Walté  virgestallt.

Kultur
Buchkritik: Guy Helminger - "Die schwere Naht der Flüsse"

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 4, 2022 3:39


Reesliteratur ass zanter bal zwee Joerzéngte Bestanddeel vum Guy Helminger sengem Schreiwen. Kënschtlerresidenzen a soss Invitatiounen op Liesungen an Indien, Iran, Jemen oder Südafrika huet den Auteur zum Ulass geholl fir seng Andréck festzehalen a se a Buchform oder op Internet-Bloggen ze verëffentlechen. Seng lescht Publikatioun, "Die schwere Naht der Flüsse" (Capybarabooks), ass de Compte-rendu vum Guy Helminger sengem Brasilien-Openthalt am Abrëll 2019. De Michel Delage huet d'Buch gelies.

Méi wéi Sex
#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jun 17, 2022 43:25


Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach … „#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen“ weiterlesen

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
D’Transition-Beweegung a LGBTIQA-Rechter an der EU

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Sep 18, 2020 20:15


Haut stinn zwee Themen am Mëttelpunkt vun eisem Podcast, amplaz vun engem grousse Plat kritt dir zwee Snacken. Engersäits ënnerhale mir eis iwwert den Transition-Movement an anersäits werfe mir ee Bléck op d’Rechter vun der LGBTIQA-Communautéit an der EU. Ulass ass een Interview mam Rob Hopkins, deen als Grënner vun der Transitiounsbeweegung gëllt. D’woxx huet mat him iwwer Covid-19 […]

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité vun der Redaktioun: Yuriko Backes , 31/01/2020 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jan 31, 2020


Den 31te Januar 2020 gëtt de Brexit aktéiert. Fir den Ulass ass d’Yuriko Backes, Vertrieder vun der EU Kommissioun zu Letzebuerg, Invitée vun der Redaktioun an am Studio beim François Aulner

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité vun der Redaktioun: Yuriko Backes, 31/01/2020 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jan 31, 2020


Den 31te Januar 2020 gëtt de Brexit aktéiert. Fir den Ulass ass d’Yuriko Backes, Vertrieder vun der EU Kommissioun zu Letzebuerg, Invitée vun der Redaktioun an am Studio beim François Aulner

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Déidlechen Hatespeech um Internet a Fat-Acceptance

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Aug 9, 2019 28:22


D‘Summerlach ass normalerweis eng Zäit, wou mir als Journalist*inne selwer Theme kenne setzen. Leider iwwerrennt d‘Aktualitéit eis heiansdo awer dach, sou wéi déi zwee Attentater de leschte Weekend an den USA. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir e bëssen iwwert Hate Speech um Netz nozedenken, dee ganz séier zu tatsächlecher physescher Gewalt gi kann. Mir analyséieren dofir, […]

SchrëftstellerIn vum Mount
Georges Hausemer

SchrëftstellerIn vum Mount

Play Episode Listen Later Aug 27, 2018 11:40


Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 30. Oktober 2017. Och wann d'Reesliteratur e bedeitenden Deel vum Georges Hausemer senger schrëftstellerescher  Aarbecht ausgemaach huet, sou däerf een net säin anert Wierken aus den Ae verléieren. Nieft Lyrik a Prosa huet hien och Kannerbicher verfaasst, war Zeechner, Iwwersetzer a Blogger. E Bäitrag vum Valerija Berdi iwwer de Georges Hausemer -  a seng Literatur an all senge Formen.

SchrëftstellerIn vum Mount
Georges Hausemer

SchrëftstellerIn vum Mount

Play Episode Listen Later Aug 20, 2018 10:02


Aus eng trauregem aktuellem Ulass, dem Doud vum Georges Hausemer, den 13. August 2018, rediffuséiere mir d'Emissioun "Georges Hausemer - de Schrëftsteller vum Mount vum 23. Oktober 2017. Südeuropa a Westafrika, Südostasien a Latäinamerika - vun iwwerall, wou de Georges Hausemer säi Fouss opgesat huet, huet hien och meeschtens literaresch Spuren hannerlooss. Seng villfälteg Reesliteratur ass op alle Fall eenzegaarteg zu Lëtzebuerg. Eng Odyssee duerch dem fräischaffenden Auteur seng Reesprosa a seng Reesberichter. D'Valerija Berdi mat Detailer.