Zwee Leit komme bei enger gemittlecher Taass Kaffi zesumme fir iwwert en aktuellt Thema ze schwätzen.
#Solidaritéit Haut stëmmt d'Chamber iwwert den Accord vun der Tripartite of. Am Espresso erkläert eise Fraktiounspresident Gilles Baum, wéi domadder d'Kafkraaft gestäerkt gëtt an d'Betriber Previsibilitéit kréien.
#Solidaritéit Mat der neier Finanzministesch Yuriko Backes schwätze mir iwwer d'Hëllefen aus dem Solidaritéitspak a kucken, wéi d'Kafkraaft vun de Leit gestäerkt gëtt.
An der neier #Kaffispaus schwätzen de Bildungsminister Claude Meisch an den Direkter vum Conservatoire iwwert dat neit Museksgesetz. Theme sinn ë.a. den Zougang ob eng musikalesch Bildung, deen elo fir all Kand garantéiert ass, de Stellewäert an d'Qualitéit vum Museksunterrecht an d'Campagne "Fann deng Bün".
E multikulturellt Land brauch en diverse Schoulsystem. Am neien #Espresso geet den Deputéierte Claude Lamberty dofir op d'Virdeeler vun internationale Schoulen an.
IRM eréischt an 3 Méint? Voll Salle d'attente beim Dokter? Bis an d'Stad fuere fir an d'Urgence. An der neier #Kaffispaus diskutéieren d'Deputéiert Carole Hartmann an den Dr. Jorge Batista doriwwer, wou eise Gesondheetssystem nach ka verbessert ginn.
Wéi geet et dem Horeca Secteur no 2 Joer Pandemie? Doriwwer gouf an der Chamber diskutéiert - an am neien #Espresso erkläert d'Deputéiert Carole Hartmann, wéi mir d'Betriber weider ënnerstëtze kënnen.
An der neier Kaffispaus diskutéieren de Mëttelstands- an Tourismusminister Lex Delles an de Steve Martellini, Member vum Horesca-Verwaltungsrot, mateneen. Theme sinn ënnert anerem den Tourismus zu Lëtzebuerg, d'Chancen an Erausfuerderunge vum Horeca-Secteur, an d'Iwwerschwemmungen vum Juli.
Mam Deputéierte Guy Arendt schwätze mir iwwert dat neit Pressehëllef-Gesetz, vun deem hien och Rapporter ass.
An der Chamber gëtt iwwer d'Attraktivitéit vum Enseignantsberuff diskutéiert
Fir d'Prideweek zu Lëtzebuerg schwätzt d'Familljeministesch Corinne Cahen mam Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg iwwert Inclusioun, Virurteeler, an Erfarungen aus der LGBTIQ-Community.
Interpellatioun an der Chamber zur Sécurité routière: Wéi steet et ëm d'Verkéierssécherheet, wat soen d'Zuelen a wou mussen nach weider Efforte gemaach ginn? Doriwwer schwätze mir mam Deputéierte Max Hahn.
Wat sinn d'Chancen an d'Erausfuerderunge fir de ländleche Raum? Doriwwer huet den Deputéierten André Bauler haut an der Chamber geschwat - a bei eis an engem ganz frëschen #Espresso ☕
Wou sinn d'Preparatioune fir Esch 2022 drun? A wat bedeit de Projet fir déi ganz Regioun? Doriwwer schwätzt den Deputéierten an Escher Kulturschäffe Pim Knaff am neien Espresso.
Kuerz virun der Covid-Kris huet d'DP-Fraktioun den Teletravail agefouert - wat sinn d'Resultater no engem Joer? Dat diskutéiert de Fraktiounspresident Gilles Baum mat der Attachée parlementaire Yolande Kirsch.
Theorien zu der Covid-19-Impfung, d’Zouloossungsprozedur vun der EU, d’Impfstrategie zu Lëtzebuerg: Dorëms geet et an der neier Kaffispaus.
Am neien #Espresso: D'Deputéiert Carole Hartmann schwätzt iwwert de gesetzleche Kader vun der Euthanasie a wéi eng Ännerungen an der Chamber gestëmmt goufen.
Am Kader vu senger Interpellatioun an der Chamber huet den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum sech mam Psychiater Dr. Paul Hedo ë.a. iwwert d’Preventioun vu Suicide an d’Belaaschtung vun der Covid-Kris ënnerhalen.
An der neier Kaffispaus diskutéieren de President vun der Finanz- a Budgetskommissioun André Bauler an de President vun der UEL Jean-Paul Olinger iwwer de Budget 2021, Erausfuerderunge fir d'Wirtschaft an d'Betriber, Nohaltegkeet a villes méi!
An dësem Espresso: De Finanzminister gëtt eis en Iwwerbléck iwwert d'Staatsfinanzen an der Covid-Kris an d'Perspektive vum Budget 2021.
Duerch eng nei Prime unique ginn déi Betriber belount, déi och a Krisenzäite Jonken eng Léierplaz ubidden. Am Espresso verréit den Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz, Claude Lamberty, firwat dat a sengen Aen eng Win-Win Situatioun ass.
D'Erausfuerderungen am Wunnengsbau bleiwen aktuell. Wéiwäit dréit den neie Baulandvertrag zur Léisung vun deem nationale Problem bäi? Doriwwer schwätze mir mat dem Deputéierte Max Hahn a mat dem Schierener Buergermeeschter Eric Thill am neien Espresso.
Am neien Espresso schwätze mir mam Deputéierten a President vum Benelux-Parlament Gusty Graas iwwer seng Erfarungen als Walobservateur an den USA an der DP hir aussepolitesch Prioritéiten ...
En neie legale Kader fir den Denkmalschutz: Den Deputéierten André Bauler ass zu Gaascht am #Espresso an erkläert d'Detailer.
Wat ass eigentlech eng Journée Parlementaire? A wat sinn dem Fraktiounspresident Gilles Baum seng Prioritéite fir d'politesch Rentrée?
Rassismus&Diskriminatioun: An der neier #Kaffispaus diskutéieren d‘Europadeputéiert Monica Semedo an den Enseignant a Basketspiller DJ Wilson iwwert Rassismus an der Welt an zu Lëtzebuerg, eegen Erfarunge mat Diskriminatioun, méiglech Léisungen a villes méi.
Vakanz Doheem & Lokaalt Akafen: De Minister fir de Mëttelstand an Tourismus Lex Delles diskutéiert mat der Hotelsbesëtzerin an Horesca-Member Carole Ewert iwwer d'Konsequenze vun der Covid-Pandemie op den Tourismus- a Gastronomiesecteur. E gemittlecht Gespréich iwwer Staycation, Smile Again & villes méi.
Transport&Mobilitéit: An der drëtter Kaffispaus diskutéieren d‘Deputéiert Max Hahn (DP) a Marco Schank (CSV) matenaner. D’Theme sinn de gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg, d‘Prioritéite fir d’Zukunft vun der Mobilitéit, d’Roll vum Auto an innovativ Léisunge fir eng besser Mobilitéit, z.B. Télétravail.
Profisport&Benevolat: An der zweeter Episode vun eiser Kaffispaus ënnerhält sech de Claude Lamberty mam Spëtzesportler Raphaël Stacchiotti. Den DP-Generalsekretär an de professionelle Schwëmmer schwätzen iwwert de Profisport an d’Benevolat zu Lëtzebuerg, dem Raphaël seng Erfarungen op den Olympesche Spiller a villes méi.
Aarbecht&Liewen: D'Familljeministesch Corinne Cahen an d'Nora Back, Generalsekretärin vum OGBL a Presidentin vun der Chambre des Salariés schwätzen iwwer de Sozialdialog, Work-Life-Balance an d'Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft.