POPULARITY
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Peter Singer? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:35 – Biographie 01:02 - Wat ass Utilitarismus? 01:45 - Biographie Part 2 04:28 – Textanalyse 14:42 – Iwwerbléck 18:19 - Prüfungsfroen
Kee fräien Dag fir den Trounwiessel, e positive Réckbléck an en neien Iwwerbléck vum Lëtzebuerger Bësch, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Kee fräien Dag fir den Trounwiessel, e positive Réckbléck an en neien Iwwerbléck vum Lëtzebuerger Bësch, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
All Kuturevenementer am Iwwerbléck. Comedy op der Gare, Open Air Kino um Gaalgebierg, d'Schueberfouer, a villes méi ...
Déi meescht Schauspiller a Schauspillerinne si fir hiert Talent virun der Kamera bekannt. Ma et gëtt och e ganze Koup Beispiller vun Hollywood-Staren déi och gutt sange kënnen. De Pit Biwer mécht e klengen Iwwerbléck.
Interpol zesumme mat de Smashing Pumpkins um Parking vun der LuxExpo, ee Siren's Call mam Kim Gordon am Melu an d'Rival Sons, déi virun engem ausverkaaften Atelier op engem immenswaarme Mëttwoch gespillt hunn: dat kléngt wéi eng perfekt summerlech Concertswoch. Wéi dat op der Plaz alles geklongen huet a wisou ee Stuerm dem Programm vum Siren's Call ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach hunn - doriwwer ënnerhale mir eis mam Marc Clement.
Iwwerbléck vun der neier Filmwoch an éischt Informatiounen iwwer de Luxfilmfest (29.2.-10.3.2024).
An den nächste Jore wäerten eng ganz Rëtsch nei grouss Gebaier um Kierchbierg bäikommen, déi d‘Stadbild wäerte prägen, an der Presserevue gëtt et en Iwwerbléck …
Israel, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär. Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d'Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen Kontext? Respektiv, wien huet Recht, a wien sinn di béis? Dat sinn Froen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren, fir en Iwwerbléck zum Problem ze kréien.
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Filmwoch.
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.
De Cabaret Vert ass ee vun deene gréisste Museksfestivallen a ganz Frankräich. Wéi vill anerer huet en als kleng Rockbün op enger Wiss ugefaangen an ass a 17 Joer zu engem multikulturellen Event mat Comicberäich a masseg Büne gewuess. En ass och guer net wäit ewech vun eis hei, grad emol 140 km bei Charleville-Mézières an den Ardennen. Fir ee klengen Iwwerbléck iwwer ee kolossale Line-Up, deen desen DOnneschde lasgepaff gëtt, huet de Marc Clement aus der Museksredaktioun sech mat engem vun de Festivaldirekteren, dem Cédric Cheminaud, ënnerhalen.
Wat leeft vu muer un nei am Kino? De Michel Delage mam Iwwerbléck vum Programm.
Brandhellegen, Wiederhellegen ... a wat de Laurent mat Luerenzweiler an Ungarn verbënnt: Den Alain Atten huet den Iwwerbléck.
Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech, wat politesch Philo ass, an ginn e schnellen Iwwerbléck, wat op der 1e um Programm steet.
Sujeten haut: Nei Bee-Secure-Campagne, Filmfong dementéiert Reprochen, Campagne Natura2000, Energiemesuren am Iwwerbléck, Serie Holzpellets an Champions League.
Sujeten haut: Nei Bee-Secure-Campagne, Filmfong dementéiert Reprochen, Campagne Natura2000, Energiemesuren am Iwwerbléck, Serie Holzpellets an Champions League.
De Mee huet, oder hat, sou munch Traditiounen. Den Alain Atten verschaaft eis den Iwwerbléck, et geet ënner anerem ëm de Meebam.
Grousse Rendezvous an der Dramfabrick Hollywood; an der nächster Nuecht ginn erëm déi gëlle Figure verdeelt. De Pit Biwer mécht e klengen Iwwerbléck vum wichtegste Filmpräis, den Academy Awards oder d'Oscaren.
De Krich an der Ukrain – Hätt een en misse komme gesinn? Wat passéiert eigentlech? A firwat? Si mer hei zu Lëtzebuerg a Gefor ? Wéi geet et weider? Et ass zwar onméiglech, am Moment Äntwerten op di Froen ze ginn, mee ech probéieren mam Petz Bartz emol mer en Iwwerbléck iwwert d'Situatioun ze verschafen.
Muer sinn am Basket Championnat nach 4 Matcher vum 20. Spilldag. Dat heescht theoretesch sinn et nach 3 Matcher virum Play-Off. Déi meescht Ekippen hunn awer nach Nodrosmatcher virun deem Play-Off ze spillen. Dofir ass et relativ schwéier den Iwwerbléck an der Tabell ze behalen. Dat ass een Thema am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
Haut gi mir duerch e puer Nimm, an zwar dee vum Jacques, deen een dach a villen Nimm deklinéiere kann. Eise Sproochmates Alain Atten huet den Iwwerbléck.
Kanner an Erwuessener liese gäre Comics. Mee, wat net vill beim Liese vun de faarwegen Hefter berücksichtegen, ass hir Funktioun, als Medium subliminal Informatiounen ze vermëttelen. "Transmission of information via specific media: Propagandistic messages in comics". Am Kader vum Konferenzzyklus 2021, Mankind and Media, vun der UNESCO-Kommissioun Lëtzebuerg, gouf d'Theema ëm propagandistesch Messagen a Comics beliicht, dat Ganzt an engem historeschen Iwwerbléck, wéi ënner anerem Comics an NS- oder a faschistescher Zäit, fir politesch Propaganda benotzt goufen. Och haut gi verstoppte Messagen ëmgesat, fir dem Lieser seng Meenung ze beaflossen. "Captain America" oder "Persepolis": si hu méi matzedeelen, wéi mir eis bewosst sinn! Eng Konferenz an englescher Sprooch vum 1. Juli an der Nationalbibliothék, (BNL) mat als Haapt-Spriecherin, der Dr. Manuela di Franco, Fuerscherin a populärer Kultur an a Gender-Representatiounen. D'Moderatorin vum Owend war d'Dr. Nora Schleich. Enregistrement: BNL Resumé a Montage: Carlo Link Déi ganz Konferenz "Online" lauschteren: 1 - D'Introduktioun lauschteren 2 - Konferenz lauschteren 3 - Gespréich lauschteren, Nora Schleich, Manuela di Franco a Publikum De Superjhemp, Lëtzebuerger Comicfigur aus der Comicserie mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.
An dësem Espresso: De Finanzminister gëtt eis en Iwwerbléck iwwert d'Staatsfinanzen an der Covid-Kris an d'Perspektive vum Budget 2021.
An bëssi méi wéi zwou Wochen ass et esouwäit: Den Tram fiert bis op d‘Gare. Doduerch änneren sech eng ganz Rëtsch Fuerpläng an Horairen. Wéi fënnt een sech dann nom 13. Dezember am ëffentlechen Transport erëm? Mir hu probéiert, den Iwwerbléck iwwert d‘Ännerungen ze kréien, wat guer net esou einfach war. Mir schwätzen awer och […]
Yves Steichen (am Hannergrond de Jean Octave 1982 an der Emissioun Hei Elei Kuck Elei op RTL, déi eemol d'Woch sonndes koum) © Carlo Link Zur Geschicht vu Radio an Televisioun zu Lëtzebuerg: Als éischt muss een tëschent dem RTL Group (fréier CLR/CLT) a RTL Lëtzebuerg mat de Sendere RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Télé Lëtzebuerg, déi zum RTL Group gehéieren, ënnerscheeden. D'Privatentreprise CLR/CLT kritt 1930 déi staatlech Konzessioun (an den de facto Monopol), fir vu Lëtzebuerg aus eng Radio Gesellschaft ze bedreiwen, zu där vun 1959 (Radio) resp. 1969 (Tëlee) un och déi zwee eenzeg lëtzebuergesch Programmer gehéieren. Bis ufanks den 90er Jore gouf et also just zwee lëtzebuergesch Senderen hei am Land. 1991 ännert sech dat duerch d'Liberaliséierung vun de Frequenzen - de Monopol gëtt opgebrach an nei Senderen entstinn. Richteg interessant gëtt et 1929 - also relativ spéit, wann ee bedenkt, datt de Radio als Kommunikatiounsmedie schonn zanter de fréien 20er Jore verbreet ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet de kommerziellen Interessi erkannt, zu Lëtzebuerg e Radiosender respektiv eng Radio Gesellschaft entstoen ze loossen a beschléisst e Gesetz, dat d'Situatioun reguléiere soll a virgesäit, datt d'Schafung vun engem neie Radiosender zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun vun der Regierung brauch. Engersäits wëllt een international net à l'Ecart stoen a sech dëse Maart mat enger neier Source de Revenu net entgoe loossen, anerersäits gesäit een awer och nach kee Besoin fir e lëtzebuergeschen Nationalsender. Dat, wat een also erlaabt, ass d'Schafung vun enger internationaler Gesellschaft (mat haaptsächlech franséischem Kapital) zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg aus an Europa senden däerf - mat virgeschriwwener Neutralitéit. Doduerch entsteet eng win-win-Situatioun: D'Lëtzebuerger Regierung muss keng Suen ausgi fir den Opbau vun enger Radiostatioun, kann awer Steiere kasséieren. ( ..... ) 1991 - Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenzen - Mam Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenze verléiert RTL säi Monopol. Privat wéi ëffentlech-rechtlech Sender kënnen elo entstoen. Als Beispill sief den 100komma7 genannt, en ëffentlech-rechtleche Sender mat soziokulturellem Schwéierpunkt , entstanen op Initiativ vun der Regierung. De "Papp" vum 100komma7 (deemools: De soziokulturelle Radio) ass de Kulturminister Robert Krieps. D'Iddi vun engem Kultur-Radio, dee vum Staat bezuelt gëtt, ass e wichtegt Instrument fir d'Stimuléierung vun der kultureller Produktioun. Weider nei Sendere sinn den DNR (Den neie Radio) als Alternativ zu RTL, den Eldoradio als Sender fir déi Jonk, de scho genannte Radio Ara, deen nieft Lëtzebuergesch och op Englesch sent, a Radio Latina, dee fir déi portugisesch Matbierger Emissiounen op Portugisesch huet. Éischte Logo vum soziokulturelle Radio - honnert,7 D'Konferenz vum Yves Steichen, Historiker am Departement fir Film-TV vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA), déi mat villen Extraiten aus audiovisuellen Dokumenter aus den CNA Fonge gepräägt war, hat en Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun der Geschicht vu Radio an Tëlee zu Lëtzebuerg ginn. Presentatioun a Montage: Carlo Link Audio-Dokoment 1: Radio Luxembourg 1. Deel - Patch-Radio 2003 Vun der Association Radio-Luxembourg vum François Anen um Speicher an der Beaumontsgass, bis bei déi gréissten Radio- an Televisiouns-Statioun an Europa [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link]. Audio-Dokument 2: Télé Luxembourg Audio-Extraitë aus dem Film vum Andy Bausch vun 2005 Télé Luxembourg - 50 ans [RTL Group / CLT-UFA / CNA]. Audio-Dokument 3: Hei Elei, Kuck Elei 1. / 2. Deel - Patch-Radio 2009 Geschicht vun der éischter Televisiounsemissioun a Lëtzbuerger Sprooch, 1969 [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link]. Déi detailléiert Radio- an Tëleesgeschicht hei op Kulturgeschicht.Lu: https://www.kulturgeschicht.lu/taxonomy/term/29#6 Rotondes Explorations Culturelles: https://www.rotondes.lu/fr/agenda/histoire-des-medias-au-luxembourg-radio-et-television-aux-20e-et-21e-siecles Resumé vun der Konferenz:
Iwwer 50 Filmer sinn um Festival programméiert, déi e gudden Iwwerbléck iwwer déi rezent Produktiounen aus Italien ginn. D'Retrospektiv 2020 feiert den 100. Anniversaire vum Acteur Alberto Sordi.
Zanter 4 Joer schafft d'Christina Mayer am Service des sites et monuments nationaux un engem wëssenschaftlechen Inventaire vum gebaute Patrimoine vu Lëtzebuerg. Eng Sisyphus-Aarbecht, déi awer wichteg ass, fir endlech en Iwwerbléck iwwert d'Baukultur ze kréien. Dat huet och d'Politik erkannt: am Projet fir dat neit Patrimoine-Gesetz ass dësen Inventaire als Flichtprogramm festgehalen. Am Kader vun den Journées du Patrimoine hat d'Christina Mayer hier Aarbecht gëscht op enger Konferenz an der Buerg presentéiert. D'Kerstin Thalau war lauschteren.
Wat leeft dës Woch nei an de lëtzebuergesche Kinoen un? Wat kann een op den éischte Bléck ervirhiewen? D'Martine Reuter mam Iwwerbléck
Wéi eng Neiegkeete lafe vun haut un op de groussen Ecranen uechter d'Land un? De Michel Delage mat engem Iwwerbléck.
Yves Steichen © Carlo Link Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) Entwécklung vun engem lokal-regionalen zu engem globale Player, e Virtrag Kader vu "Kulturgeschicht Lëtzebuerg" am CAPE Ettelbréck, vum Yves Steichen, Centre National de l'Audiovisuel (CNA). Eng Particularitéit vun der lëtzebuergescher Presselandschaft war et, datt d'Dageszeitungen (Luxemburger Wort, Tageblatt, Lëtzebuerger Journal, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, an zanter 2001 respektiv 2007 och Le Quotidien an L'Essentiell) laang Zäit de Monopol fir d'Informatiounsvermëttlung a Meenungsbildung zu Lëtzebuerg haten an no politescher Loyalitéit abonéiert a gelies goufen. Nodeems fir d'éischt e lëtzebuergeschsproochege Radio (1959, Radio Lëtzebuerg) an duerno en Televisiounsprogramm (1969, Hei Elei Kuck Elei) dëse Monopol opgebrach hunn, huet déi geschriwwe Press zanter den 90er Jore virun allem mat den Erausfuerderunge vum digitale Wandel ze kämpfen: Entpolitiséierung vun der politescher a medialer Landschaft, nei Generatioune vu Mediekonsumenten, Online- a participative Journalismus, Blogosphär, Paywalls a Fake News - déi digital Transformatioun ass en internationale Phenomeen, deen och an der lëtzebuergescher Mediewelt eng Rei technesch wéi inhaltlech-ideologesch Upassungsprozesser mat sech bruecht huet. Dëse Virtrag soll dem interesséierte Public en Iwwerbléck ginn iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Press, virun a wärend dem digitalen Zäitalter. Opgeholl den 13. Januar a verschafft vum Carlo Link. Audio-Extrait aus dem 3. Deel vum Virtrag ("Bottom Line" am internationale Kontext an "Wéi huet sech d'Presse-Kris zu Lëtzebuerg geäussert?): Extrait 3, Deel vum Virtrag Film vun 1960 vum Nic Laux, deen am Virtrag gewise gouf: "Naissance d'un grand quotidien: Le Luxemburger Wort" aus den Archive vum Centre national de l'audiovisuel (CNA): <br />
Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum nation building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg) De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère geféiert hunn. Et soll ë. a. gewise ginn, datt mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum nation building, wéi et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt. Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d'Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an dem Discours gefeelt. War d'Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt. Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwou Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D'Kulturpolitik gouf an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesinn, d'Land am Ausland ze promouvéieren - a Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen. Opgeholl de 16. Dezember am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/20191216-cape-virtrag-kulturpolitik-copie_a09b1b.pdf Videoen déi am Virtrag gewise goufen, mat den Explikatioune vum Conferencier an Audio-Extraitën: De Jang de Blanne kënnt nees heem ... Stad Lëtzebueg feiert 1000 Joer Lëtzebuerger Nationalbibliothéik Expo 150 Joer Onofhängegkeet Fabio Spirinelli, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link
Nei Blockbusteren aus Hollywood fir d'Rentrée stinn an de Startlächer, de Pit Biwer huet den Iwwerbléck!
Nei Blockbusteren aus Hollywood fir d'Rentrée stinn an de Startlächer, de Pit Biwer huet den Iwwerbléck!
Vill Leit wäerten an den nächste Wochen erëm an onbekannte Regiounen opbriechen fir sech ze erhuelen. An de Wee weist hinnen – wa se da mam Auto oder Camper reesen - en Navigatiounssystem. An déi gëtt et fest agebaut oder als App um Handy. Den Akim Schmit huet en Iwwerbléck iwwert d’Vir- an Nodeeler.
Vill Leit wäerten an den nächste Wochen erëm an onbekannte Regiounen opbriechen fir sech ze erhuelen. An de Wee weist hinnen – wa se da mam Auto oder Camper reesen - en Navigatiounssystem. An déi gëtt et fest agebaut oder als App um Handy. Den Akim Schmit huet en Iwwerbléck iwwert d’Vir- an Nodeeler.
No enger klenger Paus iwwert Feierdeeg ass d’woxx am néie Joer erëm do. Net nëmme mat enger Print-Editioun, mä och mat engem Podcast. Nieft engem Iwwerbléck iwwert déi aktuell Nummer schwätze mir dës Woch iwwert de Phänome vum algorithmic bias, also Algorithmen, an deenen sech Viruerteeler verstoppen. Mir erklären, wéi dat zustane kënnt a wisou grad Machine Learning dovunner betraff ass. Nieft […]
Nieft engem Iwwerbléck iwwert woxx vun dëser Woch schwätze mir dës Woch iwwert de Problem vun der Plastikverschmotzung, virun allem an de Mierer. De Luc Caregari an de Joël Adami diskutéieren d’EU-Verbuet vum Einwegplastik am Kontext vun dem globale Plastik-Problem. Mir ginn net nëmmen dorobber an, ob et sënnvoll ass, Stréihällem ze verbidden, mä och op de […]