Podcasts about am kader

  • 16PODCASTS
  • 49EPISODES
  • 18mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Jan 29, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about am kader

Latest podcast episodes about am kader

Kultur
Ravel + am CAPE

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 29, 2025 8:50


De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Kultur
Chrëschtconcert vun der Pianistin Younee

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 11, 2024 8:23


“Improvisations Live in Germany“ heescht deen neien Album vun der Pianistin a Komponistin Younee. Si gouf a Südkorea gebuer a wunnt mëttlerweil an Däitschland. Hir Concerte spillt si fir den Ament virun allem an Europa, an de 14. Dezember och fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Christmas Tour trëtt si am Cube 521 zu Maarnech op - a wéi de Numm et schonn undeit, steet de Concert ganz am Zeeche vu Chrëschtdag. Am Interview beim Lori Dauphin huet d'Younee ënner anerem iwwert hiren éischte Kontakt als Kand mam Piano verroden. Weider Detailer zum Concert fannt Dir um www.opus.radio.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wat ass digital Gewalt géint Fraen?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Dec 6, 2024 18:04


Am Kader vun der Orange Week werfe mir haut ee Bléck op digital Gewalt géint Fraen. Villes, wat dorënner fält, léisst sech mat Cyberstalking an Iwwerwaachung zesummefaassen. Frae gi vun hire Partneren oder Expartner elektronesch iwwerwaacht. Dat geet net just mat engem Smartphone, mä mëttlerweil och mat dem Auto. D’Melanie Czarnik erkläert am Podcast, wat fir Methoden et ginn, mat deenen d’Täter hir Affer iwwerwaachen a stalken – an awer och, wéi een sech dogéint ka wieren. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Digitale Gewalt: Das Handy als TatwaffeThe post Wat ass digital Gewalt géint Fraen? first appeared on Radio ARA.

Kultur
“J'existe“

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 20, 2024 5:54


Leschte Samschdeg (16.11.) huet d'Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J'existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d'Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen. Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d'Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.

Kultur
Téin a Waasser zu Esch-Sauer

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 6, 2024 5:15


Wann een an der Géigend vun Esch-Sauer um Ufer vum Floss ënnerwee ass, stéisst een den Ament net nëmmen op Wisen, Waasser a Fielsen. Am Kader vum WaterWalls Festival sinn nämlech véier Konscht-Installatiounen un der Sauer ze fannen, déi alleguer op hier eege Manéier mam Waasser interagéieren. Eng dovun heescht “Aquacanta”, an ee vun hire Kreateuren - den Olivier Lacrouts - huet dem Joé Birchen méi iwwer d'Entsteeung vun der Installatioun verroden.

Kultur
Blues'n' Jazz Rallye

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 19, 2024 12:00


Am Kader vun hirem Summerprogramm organiséiert d'Stad Lëtzebuerg dëse Samschdeg, 20. Juli 2024 hiren traditionelle Museksmarathon, de Blues'n' Jazz Rallye an den Alstadquartiere Pafendall, Clausen a Gronn. De Michel Leruth ass Booker fir dëst Evenement, bei deem 40 Bands a Museker optrieden op enger Hellewull Bünen. Hien gëtt Detailer.

Kultur
Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 18, 2024 10:05


Am Kader vun hirem Summerprogramm organiséiert d'Stad Lëtzebuerg dëse Samschdeg, 20. Juli 2024 hiren traditionelle Museksmarathon, de Blues'n' Jazz Rallye an den Alstadquartiere Pafendall, Clausen a Gronn. De Michel Leruth ass Booker fir dëst Evenement, bei deem 40 Bands a Museker optrieden op enger Hellewull Bünen. Hien ass am Studio a gëtt Detailer.

Kultur
55. Rencontres de la photo d'Arles: méi klassesch a manner experimentell

Kultur

Play Episode Listen Later May 28, 2024 15:10


Am Kader vun der Presentatioun vum Lëtzebuerger Projet 2024 fir déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles, war den Arles-Direkter Christoph Wiesner extra op Lëtzebuerg komm. Dat mécht Sënn: schliisslech souz hien och mat am internationale Jury, deem seng Membere sech fir d'Expo “L'ordre des choses” vum Michel Medinger decidéiert hunn. Dofir gëtt eng Aart Fotoe-Kuriositéitekabinett an der historescher Chapelle de la charité am Zentrum vun Arles montéiert. D'Kerstin Thalau wollt vum Christophe Wiesner wëssen, wéi sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Klischeeën an d'Gesamt-Programmatioun fir dëse Summer aglidderen.

Kultur
Wéi d'Martine Schoellen zum Grüffelo koum

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 23, 2024 9:14


De leschte Sonndeg koum eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibaririe“ live vun Hunchereng. Am Kader vum Beetebuerger Literaturfestival „LiteraTour“ hu mir mat Leit aus der Welt vun der Lëtzebuerger Literatur geschwat. Eng vun eisen Invitéeë war d‘Martine Schoellen. Si huet schonn eng Abberzuel u Kannerbicher aus dem Engleschen iwwersat, déi Bicher si bei Editions Guy Binsfeld erauskomm. D‘Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Martine Schoellen.

welt literatur invit eng leit koum sonndeg bicher am kader michel delage
Kultur
Katalin Gödrös am Gespréich

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 14, 2024 14:02


Am Kader vum Luxfilmfest gouf déi Lëtzebuerger Koproduktioun (Amour Fou) “Jakobs Ross“ an Avant-première gewisen. Deemnächst leeft de Film och an eise Kinoen un. D‘Valerija Berdi hat d‘Geleeënheet mat der Schwäizer Regisseurin Kalain Gödrös iwwer dëse Film ze schwätzen. Et handelt sech ëm eng Romanverfilmung, dem Debutroman mam gläichen Numm vun der Schwäizer Autorin Silvia Tschui. Mir ginn an d‘Joer 1869 an an d‘Schwäizer Alpen. Hei dreemt eng jonk Mod mat groussem musikaleschen Talent vun enger Karriär, mee als Mod huet een do net vill mat ze decidéieren. Nieft der Luna Wedler an dem Valentin Postlmayer an den Haaptrollen, sinn och d‘Eugénie Anselin, d‘Marie Jung an de Luc Feit am Film ze gesinn.

Kultur
Lucilin in the City: Sounds in Space

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 2, 2024 11:27


Am Kader vu sengem Concertszyklus Lucilin in the City invitéiert den Ensembel United Instruments of Lucilin op een aussergewéinleche Concert, ganz intim an hirem Proufsall an der Rue de la fonderie an der Stad. Nächsten Donneschdeg, den 8. Februar, spille si ënner dem Motto “Sounds In Space”. Gespillt gi Wierker aus dem 20. Joerhonnert, ënner anerem mat Musek vu Christian Lauba, Stefan Prins a vun der lëtzebuergesch-bulgarescher Komponistin Albena Petrovic-Vratchanska. Den Olivier Sliepen, Saxofonist a Curateur vum Concert, huet mam Marie Trussart doriwwer geschwat, wat de Public deen Owend erwaart. Hien huet him ënner anerem och verroden, firwat den Tountechniker Cedric Fischer genee wéi de Perkussionist Guy Frisch beim Stéck "Inhibition Space" eng grouss Roll spillen. Tickete kann een iwweregens online reservéieren, de Concert ass gratis.

Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #6 Loris Meyer

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later May 28, 2023 11:20


Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt. __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k

Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #5 Yannick Iannelli

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later May 21, 2023 11:01


'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now! __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k

Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #4 Katrin Kohl

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later May 14, 2023 8:29


An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d'Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger. Lauschtert erann! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://youtu.be/-UjLVikBVz4

RTL - Automag
CEO vu Peugeot a Formel E Weltmeeschter am Interview, 11/05/2023 15:50

RTL - Automag

Play Episode Listen Later May 11, 2023


Am Kader vun der WEC Course zu Spa-Francorchamps hat Peugeot op eng Pressekonferenz invitéiert. Mat dobäi d'CEO vu Peugeot Linda Jackson, an, de Formel E Weltmeeschter Stoffel Vandoorne.De Christian Schmit hat di 2 fir Iech virum Mikro.

Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #3 Hugo Da Costa

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Apr 30, 2023 10:35


'Ceci, do you VOTE me?' - Episode 3 mam jonken an engagéierten Hugo Da Costa aus der Gemeng Betzder, ass out now! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=ERMZcP43lLA    

Ceci, Do You Love Me?
Ceci Do You VOTE Me? #2 Jeffrey Drui

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Apr 23, 2023 8:00


'Ceci, do you VOTE me?' - déi zweet Episode ass do! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 2 ass de Finanzberoder a Gemengekandidat Jeffrey Drui zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei    

vote ceci partei kandidat jugendkultur am kader gemengewalen gaascht
Ceci, Do You Love Me?
Ceci, do you VOTE me? #1 Jana Degrott

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Apr 16, 2023 10:44


Ceci, do you VOTE me? It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler Gemengeconseillère Jana Degrott zu Gaascht.   Vill Spaass beim Lauschteren!   Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei    

Kultur
Literatur aus Lëtzebuerg - gäre gelies?

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 11, 2023 3:03


Am Kader vum nationale Kulturentwécklungsplang 2018-2028 organiséiert de Kulturministère sektoriell Assisen. Elo war et um Buch, der Literatur an der Editioun. An der Nationalbibliothéik gouf am Virfeld vun den Table-rondë mat de betraffenen Acteure vum Buchsecteur en Etat des lieux presentéiert, deen d'Wëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz zesummegestallt huet. D'Valerija Berdi wollt vun der Fabienne Gilbertz wëssen, wéi eng Roll d'Lieserinnen a Lieser an deem ganzen Debat spillen a wéi een iwwerhaapt d'Leit dozou motivéiert kritt, sech mat der Literatur aus Lëtzebuerg ze befaassen.

table buch literatur elo etat debat editioun am kader virfeld
RTL - Automag
Automag: BMW i-Gamm, 21/07/2022 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jul 21, 2022


Bal 10 Joer sinn et hir dat BMW mat de Modeller i3 an i8 eng nei Ära bei de Bayerische Motorenwerke agelaut huet. Zenterhier huet sech d'Gamm lues a lues virun entwéckelt an aner Modeller, wéi elo rezent iX3, iX an i4 koumen nei derbäi. Am Kader vun der Future Mobility Tour zu Lëtzebuerg huet BMW nach e weideren Abléck an hir elektresch Zukunft ginn. De Paul Origer war fir eis dobäi.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Michel Maquil: Spuere muss een och nach kënnen, 07/03/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 7, 2022


Am Kader vun der Inklusiver Finanz muss och d'Spueren an den Entwécklungslänner gefërdert ginn. Dat war d'Zil vum "European Microfinance Award" vun 2020. Mä och bei eis muss ee kucken, fir effektiv an inklusiv Spuersystemer ze entwéckelen, déi alle Famillen zougänglech sinn. Dat ass besonnesch ubruecht, wou d'Spuere mam Kaf vum Eegenheem fir ëmmer méi Leit onméiglech gëtt. De Michel Maquil, fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse, Fräie Wirtschaftsberoder.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 10/02/2022 15:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Feb 10, 2022


Am Kader vum Denzel Washington senger Oscarnominéierung erënnert de Pit Biwer haut un deem säi Frënd an Ënnerstëtzer Sidney Poitier.

Kultur
Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 24, 2021 8:17


Am Kader vum 80. Joresdag vun der éischter Deportatioun vu Judden aus Lëtzebuerg an der Regioun vun Tréier an de Ghetto vu Litzmannstadt a Polen, huet d'MemoShoah Lëtzebuerg eng Ausstellung an der Villa Pauly organiséiert. D'Valerija Berdi huet sech vum Jim Goerres, dem President vum Verwaltungsrot vu Memo Shoah Lëtzebuerg, duerch dës Ausstellung mam Numm "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort" féiere gelooss. Déi ganz Visite guidée vun der Ausstellung "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort " mam Jim Goerres kënnt Dir de 26. Dezember moies um néng an owes kuerz no sechs Auer op eiser Antenn lauschteren.   D'Ausstellung "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort" ass vu MemoShoah Lëtzebuerg organiséiert an dat mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Oeuvre nationale de secours G.Duchesse Charlotte an der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah. D'Ausstellung ass an der Villa Pauly ze gesinn, wou d'Ekipp déi logistesch Hëllef garantéiert huet. Ëffnungszäite sinn vun dënschdes bis freides vun 13:00-16:30. Fir eng Visite guidée sinn och aner Zäite méiglech, do soll een einfach per Mail op info@memoshoah..lu schreiwen.  

Invité vum Dag
Luc Feller

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 6, 2021 14:57


Am Kader vun der Impfwoch: Froe vum Maurice Molitor un den Haut-Commissaire à la protection nationale, dee fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne zoustänneg ass.

feller haut commissaire am kader maurice molitor
Eintracht Lebenslang
Eintracht Lebenslang Folge 078 - Eine Stunde für Eintracht

Eintracht Lebenslang

Play Episode Listen Later Jul 21, 2021 90:03


Eine Stunde für Eintracht Die neue Saison steht vor der Tür. Am Kader hat sich seit unserer letzten Folge nichts geändert. Wir reden über die Mannschaft, das Spiel gegen den FCK und natürlich auch über die Außerordentliche Mitgliederversammlung dieser Woche. Zu Jussis Kaderanalyse kommt ihr hier: https://blaugelbedatenwelt.com/ Zu unserer Kicktipp Runde: https://www.kicktipp.de/eintrachtlebenslang2/ Und zur Spenden-Paten Aktion der 1.Frauen: https://www.facebook.com/Eintracht-Braunschweig-Frauenfu%C3%9Fball-401333533360047/ Viel Spaß!

Kultur
Déi éischt Theaterassisen am Kader vum KEP

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 30, 2021 6:48


Am Kader vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 goufen déi éischt Theaterassisen organiséiert. Am Escher Theater gouf en Etat des lieux gemaach, éier an zwou Diskussiounsronnen d'Nohaltegkeet an Eko-Responsabilitéit am Theater an och d'Aarbechtskonditioune vun Theaterleit beschwat goufen. D'Valerija Berdi mat engem Resumé

RTL - Automag
Automag News: Neies bei BMW, 17/06/2021 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jun 17, 2021


Am Kader vun enger Lëtzebuerger Presentatioun huet BMW eng ganz Rëtsch nei Motorisatioune virgestallt, dorënner en neien Topmotor, en neien Diesel an een Hybrid. Den Highlight vun dëser Presentatioun fiert awer komplett mat Stroum - wat d'Elektrifikatioun ugeet, war BMW mat de Modeller i3 an i8 jo schonn ee vun de Pionéier, elo kritt d'i-Gamm mam neien iX3 Zouwuess. Den Détail elo an den Automag News mam Paul Origer.

Konferenzen
UNESCO - Der Mensch und die künstliche Intelligenz. Wo stehen wir?

Konferenzen

Play Episode Listen Later May 2, 2021 55:47


Kënschtlech Intelligenz, kuerz K.I., bréngt Leeschtungen, déi fir eis Mënsche schwéier nozevollzéie sinn. Dausende vun Date kënnen a ganz kuerzer Zäit generéiert a verschafft ginn. D'Gesellschaft profitéiert vun de bedeitende Fortschrëtter an der Wëssenschaft an der Technologie. Mee kann de Mënsch nach ëmmer als Auteur vun der iwwermëttelten Informatiounen ugesi ginn? Si mir nëmme Konsumente gi vu Produkter vun der Dateveraarbechtung? Wéi eng Léisungen huet dat technologescht 21. Joerhonnert fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën? Potentiell Risikofacteuren, déi mat den neien Technologien associéiert sinn, wéi autonom Autoen oder Smart Haiser, stinn och zur Diskussioun. E Gespréich vum 25. Februar an der Nationalbibliothéik, mam Prof. Dr. Christoph Schommer, Fuerscher an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz, Uni  Lëtzebuerg, Machine Learning, Erkenntnesgewënn an Data Science. Moderatioun: Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement. Am Kader vum Konferenzzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information. Enregistrement: Technik-BNL / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link d'Suite vun dem Gespréich lauschteren, Froen/Äntweren Prof. Christoph Schommer, Uni  Lëtzebuerg - Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement © BNL

Kultur
Pardon my French!

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 22, 2021 5:09


Am Kader vum Mount vun der Francophonie organiséiert uni.lu zanter fënnef Joer am Mount Mäerz eng Manifestation, déi d'Roll vun der franséischer Sprooch an eiser Gesellschaft thematiséiert. Dës Kéier ass de Sujet: Frontalier/Frontalières. Questions d'(in)visibilisations. D'Valerija Berdi krut dozou Informatiounen vun der Jeanne Glesener a der Tonia Raus vun der uni.lu.  

RTL - Rebound
Rebound, 19/02/2021 17:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Feb 19, 2021


Am Kader vun der Pre-Qualifikatioun fir d’WM 2023 huet déi Lëtzebuerger Basket-Nationalekipp gëschter Owend am Kosovo mat 99 – 89 gewonnen. An dat op eng grandios Aart a Weis. Am Basket Magasinn Rebound sträicht de Guy Seyler dës super Leeschtung nach emol ervir.

Kultur
Konferenz: Les films et la mémoire: images alliées des camps nazis

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 1, 2021 7:15


Am Kader vun der Journée de la Memoire de l'holocauste ginn dëser Deeg eng Rei Filmer gewisen. Um Programm steet awer och eng Konferenz mam Titel: Les films et la mémoire images alliées des camps nazis vum Historiker Christoph Brüll an dem Semiologue Gian Maria Tore, allebéid vun der uni.lu.

Kaffispaus
Ep.7: Gilles Baum & Dr. Paul Hedo

Kaffispaus

Play Episode Listen Later Jan 21, 2021 29:00


Am Kader vu senger Interpellatioun an der Chamber huet den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum sech mam Psychiater Dr. Paul Hedo ë.a. iwwert d’Preventioun vu Suicide an d’Belaaschtung vun der Covid-Kris ënnerhalen.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 14/01/2021 15:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Jan 14, 2021


Politik ass och zu Hollywood en Thema. Am Kader vum Joe Biden senger Inauguratioun wäerte Stare wéi den Tom Hanks an den Justin Timberlake optrieden.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 14/01/2021 15:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Jan 14, 2021


Politik ass och zu Hollywood en Thema. Am Kader vum Joe Biden senger Inauguratioun wäerte Stare wéi den Tom Hanks an den Justin Timberlake optrieden.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Dr. Fernand Pauly: "Mir mussen de Jonke Perspektive ginn. Jiddereen ass gefuerdert“, 20/11/2020 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Nov 20, 2020


Am Kader vum WeltKannerDag war de Kannerdokter Dr. Pauly e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Kultur
Danz : "Zesummen eppes ukucken"

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 6, 2020 3:08


Am Kader vum 3 du TROIS gëtt de Centre de création chorégraphique - TROIS-CL all Joer dem Public Geleeënheet den Danz duerch de Prisma vun anere Konschtformen ze entdecken. Mam Moritz Ostruschnjak war dëst Joer mat Sécherheet eng vun den interessantste Stëmmen vum zäitgenësseschen Danz vertrueden. De Frédéric Braun huet hien am Virfeld begéint.  

Kultur
En Inventaire vum lëtzebuerger Patrimoine

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 2, 2020 4:34


Zanter 4 Joer schafft d'Christina Mayer am Service des sites et monuments nationaux un engem wëssenschaftlechen Inventaire vum gebaute Patrimoine vu Lëtzebuerg. Eng Sisyphus-Aarbecht, déi awer wichteg ass, fir endlech en Iwwerbléck iwwert d'Baukultur ze kréien. Dat huet och d'Politik erkannt: am Projet fir dat neit Patrimoine-Gesetz ass dësen Inventaire als Flichtprogramm festgehalen. Am Kader vun den Journées du Patrimoine hat d'Christina Mayer hier Aarbecht gëscht op enger Konferenz an der Buerg presentéiert. D'Kerstin Thalau war lauschteren.

Riicht eraus
Kulturell Diversitéit ze Lëtzebuerg

Riicht eraus

Play Episode Listen Later May 24, 2020 55:44


Am Kader vum Internationalen Dag vun der kultureller Diveristéit fir den Dialog an d'Entwécklung (21. Mee), seet   d'Audrey Azoulay, d'Generaldirectrice vun der UNESCO, datt eng Welt vun Diversitéit net just méi friddlech, mee och méi räich a méi gerecht ass.  Liewe mir an esou enger Welt? Wéi steet et ëm di kulturell Diversitéit ze Lëtzebuerg? Doriwwer diskutéieren d'Ainhoa Achutegui, Directrice vum Kulturzenter Abtei Neimënster, d'Kënschtlerin Sascha Ley an den Direkter vum Institut Pierre Werner, den Olivier Frank. Moderatioun Valerija Berdi.

Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (4)

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jan 5, 2020 55:57


Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum nation building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg) De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère geféiert hunn. Et soll ë. a. gewise ginn, datt mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum nation building, wéi et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt. Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d'Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an dem Discours gefeelt. War d'Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt. Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwou Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D'Kulturpolitik gouf an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesinn, d'Land am Ausland ze promouvéieren - a Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen. Opgeholl de 16. Dezember am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/20191216-cape-virtrag-kulturpolitik-copie_a09b1b.pdf Videoen déi am Virtrag gewise goufen, mat den Explikatioune vum Conferencier an Audio-Extraitën: De Jang de Blanne kënnt nees heem ... Stad Lëtzebueg feiert 1000 Joer Lëtzebuerger Nationalbibliothéik Expo 150 Joer Onofhängegkeet     Fabio Spirinelli, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link  

Konferenzen
Luxembourg Art Week 2018

Konferenzen

Play Episode Listen Later Jul 28, 2019 55:33


Am Kader vun der véierter Luxembourg Art Week 2018 stoungen dräi ëffentlech Konferenzen am Zeeche vun der nationaler- an internationaler Aktualitéit aus der Konschtwelt. Moderatioun hat de Christian Mosar, fräie Curateur, respektiv Konschtkritiker a fräie radio 100,7 Mataarbechter. Verschafft goufen d'Konferenze vum Carlo Link. "Le marché de l'art en surchauffe", war d'Konferenz vum 9. November 2018 iwwerschriwwen, mat der Georgina Adam, Autorin, Jounalistin a Mataarbechterin bei der Financial Times - The Art Newspaper. D'Georgina Adam hat 2017 d'Buch "Dark Side of the Boom: The Excesses of the Art Market in the 21st Century" publizéiert, an deem si déi verstoppte Säit vum internationale Konschtmaart weist. Zanter deem sinn d'Präisser weider geklommen, wéi de Verkaf a Rekordhéicht vum "Salvator Mundi" weist, deen dem Leonardo da Vinci attribuéiert gëtt. De Konschtmaart - eng Loftblos, déi gläich platze wäert? Foto: radio 100,7 Big Bucks: The explosion of the art market in the 21st Century (Lund Humphries, 2014) Dark Side of the Boom: The Excesses Of The Art Market In The 21st Century (Paperback, 2017)

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Henri Ahlborn , 23/04/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Apr 23, 2019


Am Kader vun eisem adaptéierten Programm um Radio am Kader vum Doud vum Grand-Duc Jean hu mer och d'Emissioun "Invité am Gespréich" tëscht 12 an eng Auer an en entspriechenden Kader gesat.Invité um Doudesdag vum fréieren Staatschef ass den Henri Ahlborn, dee vun 1992 bis 2007 Hofmarschall war.Am Gespréich mam Roy Grotz kënnt de langjähregen Maréchal de la Cour op seng Chargen um Haff ze schwätzen an natirlech seng Relatiounen mam Grand-Duc Jean.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Henri Ahlborn, 23/04/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Apr 23, 2019


Am Kader vun eisem adaptéierten Programm um Radio am Kader vum Doud vum Grand-Duc Jean hu mer och d'Emissioun "Invité am Gespréich" tëscht 12 an eng Auer an en entspriechenden Kader gesat.Invité um Doudesdag vum fréieren Staatschef ass den Henri Ahlborn, dee vun 1992 bis 2007 Hofmarschall war.Am Gespréich mam Roy Grotz kënnt de langjähregen Maréchal de la Cour op seng Chargen um Haff ze schwätzen an natirlech seng Relatiounen mam Grand-Duc Jean.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter , 11/04/2019 16:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Apr 11, 2019


Am Kader vum EU-Film Festival ass de Superjhemp zu Hollywood ukomm - mä de Pit Biwer mellt sech haut aus Frankräich. Den Echange tëscht Europa an de States ass ee vu senge Sujeten.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 11/04/2019 16:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Apr 11, 2019


Am Kader vum EU-Film Festival ass de Superjhemp zu Hollywood ukomm - mä de Pit Biwer mellt sech haut aus Frankräich. Den Echange tëscht Europa an de States ass ee vu senge Sujeten.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Richard Graf , 10/04/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Apr 10, 2019


Am Kader vun der Woch vun der Zivilgesellschaft, déi grad zu Belgrad stattfënnt, weisen Vertriederinnen a Vetrieder aus der ganzer Welt op déi ëmmer méi staark Ënnerdréckung vun hiren Organisatiounen hin.Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Richard Graf, 10/04/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Apr 10, 2019


Am Kader vun der Woch vun der Zivilgesellschaft, déi grad zu Belgrad stattfënnt, weisen Vertriederinnen a Vetrieder aus der ganzer Welt op déi ëmmer méi staark Ënnerdréckung vun hiren Organisatiounen hin.Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

RTL - Sprint Magazin
Sprint, 19/11/2015 18:20

RTL - Sprint Magazin

Play Episode Listen Later Nov 19, 2015


Am Sprint vun haut kucke mir op déi bescht Resultater vum leschte Mount zréck. Am Kader vum nationalen 'Trail Championnat' dësen Weekend erklärt den 3-fachen-Trail- Champion Thierry Hübsch dem Jana Peters an dem Jeff Kettenmeyer op wat et wierklech beim Trail ukënnt.

RTL - Sprint Magazin
Sprint , 19/11/2015 18:20

RTL - Sprint Magazin

Play Episode Listen Later Nov 19, 2015


Am Sprint vun haut kucke mir op déi bescht Resultater vum leschte Mount zréck. Am Kader vum nationalen 'Trail Championnat' dësen Weekend erklärt den 3-fachen-Trail- Champion Thierry Hübsch dem Jana Peters an dem Jeff Kettenmeyer op wat et wierklech beim Trail ukënnt.

RTL - FLH 7 Meter
7 Meter - FLH-Magazin , 01/04/2014 18:20

RTL - FLH 7 Meter

Play Episode Listen Later Apr 1, 2014


Dëse Weekend gouf jo de Final Four vun der Beneluxliga an der Uewerkuerer Sportshal organiséiert. Vun de 4 Lëtzebuerger Equipen déi matgemaach hate konnt sech keng fir dëse Final Four qualifizéieren. Trotzdem huet d’Handballfederatioun, wéi virgesinn, d’Hallefinalen an d’Finalen vun der Beneluxliga organiséiert mat zwou Equipen aus Holland an zwou aus der Belsch. Am Kader vum Final Four hat sech och eis U-20 Nationalequipe op d’EM Qualifikatioun preparéiert an zu Réiden war den Télévie Promi Handball. De Gilles Tricca an de Serge Olmo resuméieren am 7 Meter den intensiven Handball Week-end…