Podcasts about kuerz

  • 23PODCASTS
  • 42EPISODES
  • 20mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Jan 24, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about kuerz

Latest podcast episodes about kuerz

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
D'russesch Krichswirtschaft an d'Konsequenzen

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jan 24, 2025 14:34


Kuerz virun Enn vu senger Präsidentschaft huet de Joe Biden nach eng Kéier säfteg Sanktioune géint Russland beschloss. Den Donald Trump schéngt dat net ze steieren, hien huet dem Putin mat nach méi Sanktioune gedréit, sollt de Krich an der Ukrain net geschwënn zu Enn sinn. Ee gudde Moment also, fir sech unzekucken, wat déi Sanktioune genee sinn a wéi se wierken. An Russland gëtt et zwar eng Zort wirtschaftleche Boom, mä trotz niddreger Aarbechtslosegkeet an héije Léin kënne sech vill Leit d'Liewen net leeschten. Wisou dat esou ass, erkläert den Thorsten Fuchshuber an dëser Episod vum woxx-Podcast. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Russland und die US-Sanktionen: Kannibalisierende KriegswirtschaftThe post D'russesch Krichswirtschaft an d'Konsequenzen first appeared on Radio ARA.

RTL - Commentaire
Pierre Jans: Mir an den Handy: eng toxesch Bezéiung, 05/12/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Dec 5, 2024


An der Chamber gouf en Dënschdeg op Demande vun déi Gréng iwwer den Handyverbuet an de Schoulen debattéiert. Kuerz virun der Rentrée hat den Educatiounsminister Claude Meisch jo annoncéiert, dass de Smartphone vun Ouschteren d'nächst Joer un an alle Grondschoule verbueden ass. Am Lycée muss wärend de Coursen eng physesch Distanz tëscht dem Smartphone an dem Schüler garantéiert ginn. E richtege Schratt fir géint den exzessive Gebrauch vum Handy virzegoen, fënnt de Pierre Jans, deen sech awer freet, ob d‘Regierung net nach misst méi wäit goen. 

Loscht op Mord
Episod 83 - De Bréif aus dem Graf

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Apr 21, 2024 49:35


Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.

Buvette - De Fussballpodcast
Episod 142 - Euphorie

Buvette - De Fussballpodcast

Play Episode Listen Later Mar 27, 2024 27:58


Kuerz a knackeg. D'Lëtzebuerger Ekipp huet et leider net gepackt fir géint Georgien ze gewannen an trotzdeem hunnse et gepackt fir vill Begeeschterung an Euphorie am Land ze suergen. De Ben an den Dylan hunn sech de Match, d'Stëmmung an d'Fans am Land ugekuckt.

Loscht op Mord
Episod 76 - De Fall Bobbi-Anne McLeod

Loscht op Mord

Play Episode Listen Later Dec 17, 2023 36:21


Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Jean-Luc Thill: Vun der bronger Gefor - dobaussen an heiheem, 13/10/2023

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 13, 2023 2:57


Wei fragil eis Demokratien sinn, gëtt eis zënter iwwert engem Joer sou kloer gemaach wéi schonn laang net méi - sief dat an der Ukrain, Israel oder wou soll et deemnächst brennen? Heiheem wären Chamberswalen evident - de Souverän konnt schonns den Dag no de Walen e Formateur fir d'Regierung nennen - d'Welt schéngt also an der Rei, och wann et nach e weidere Gewënner gëtt - déi mënschlech Dommheet. Doriwwer ass et besser ze schwätzen, iert et ze spéit ass: Kuerz déi brong Gefor. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wéi eng Partei kann de Klima retten?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Oct 6, 2023


Kuerz virun de Wale kucke mir nach eng Kéier an d'Parteiprogrammer an huelen se dës Kéier ënnert d'Klima-Lupp. Och wa quasi all Partei d'Klimakris bekämpfe wëll, sou ginn et an den Approchen an an der

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Themen, déi am Gemengewalkampf ze kuerz komm sinn

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jun 9, 2023


Just virun de Gemengewale widme mir eis deenen Themen, déi am Walkampf ze kuerz komm sinn. Engersäits ass dat d'Gläichstellungspolitik. Et gi just 16 Buergermeeschterinnen am Land, wat gutt wéist, datt hei nach vill Efforten ze maache sinn, och

RTL - Commentaire
Pierre Jans: D'CSV däerf kuerz opootmen, 20/04/2023 17:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Apr 20, 2023


D'CSV leet op Käschte vun LSAP an DP bäi: aus der Sonndesfro, déi d‘Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort gemaach huet, geet ervir, dass déi Chrëschtlech-Sozial hire fräie Fall stoppe konnten. Si profitéiere vum Retour vum Luc Frieden an d'Politik. D'CSV sollt hir Ziler awer och no deem Erfollegserliefnis net ze héich usetzen, fënnt de Pierre Jans.

Invité vum Dag
François Bausch

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 28, 2022


Kuerz virum Joreswiessel: Réck- an Ausbléck mam grénge Vize-Premier. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.

bausch kuerz
HAM, FRITTEN & ZALDOT
#132 Ass dat eng Chrëschtfeier?

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Play Episode Listen Later Dec 21, 2022 37:50


Kuerz viru Chrëschtdag huet d'Chamber sech nach e Bonbon prettgeluecht. Am Parlament gëtt des Woch iwwert d'Verfassungsreform ofgestëmmt. Wat heescht dat fir d'Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger? Wei eng Chance goufe verpasst? A firwat? Ausserdeem: Eise Best-Of zum Joresofschloss. Des Bicher, Lidder, Filmer an Texter hunn eis besonnesch gutt gefall.

RTL - Commentaire
Maxime Gillen: Mental Gesondheet kënnt ëmmer nach ze kuerz, 15/12/2022 17:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Dec 15, 2022


Ronn 5 Joer nodeems decidéiert gouf, dass Therapië bei liberale Psychotherapeute vun der CNS solle rembourséiert ginn, huet de Sozialminister e Mëttwoch annoncéiert en Tarif dofir festzeleeën. Dat well CNS a Beruffsvertriedung sech net eens gi sinn. Leider wier dat nëmmen ee Beispill dofir, dass déi mental Gesondheet hei am Land ze kuerz kënnt, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.

Invité vum Dag
Claude Meisch

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Sep 12, 2022 16:09


Kuerz virun der Schoulrentrée 2022/2023: Froe vum Maurice Molitor un den Educatiounsminister.

froe kuerz maurice molitor
Kultur
D'Saison 2022/ 2023 gëtt spilleresch

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 22, 2022 4:03


Spaass a Spill solle vu Juli un an de Rotonden am Garer Quartier am Mëttelpunkt stoen. Kuerz virum Summerufank huet d'Rotonden-Ekipp hire Programm fir d'Saison 2022/2023 virgestallt. Vun de Congés Annulés iwwer eng Rei Theatervirstellunge fir e jonke Public: do schéngt fir jiddwereen net just eppes, mee genuch dobäi ze sinn. De Ben Kobs huet sech bei enger Ronn "Vier Gewinnt" mam Direkter Steph Meyers ënnerhalen.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 12/05/2022 15:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later May 12, 2022


Kuerz virum George Lucas sengem 78 Gebuertsdag, kuckt de Pit Biwer, wéi en Afloss de Realisateur op Hollywood hat. Transformatiounen, déi fir de Lucas méi wéi normal waren.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Jo Studer: Juegd op de Fuuss misst fir kuerz Zäit méiglech sinn, 25/01/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jan 25, 2022


En Dënschdeg de Moie war de President vun der Jeeërfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Kultur
Extrait B-Radio Adventskalenner

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 22, 2021 6:32


Kuerz viru Chrëschtdag (mee och nach duerno) ass et der Wäert, nach eng Kéier an de B-Radio Adventskalenner eran ze lauschteren!  

Invité vum Dag
Suzanne Cotter

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 9, 2021 16:33


Kuerz virun hirem Depart zitt d'Directrice vum MUDAM e Bilan iwwer hir Zäit un der Spëtzt vum Musée. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.  

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Marc Hostert: Cola oder Pepsi?, 01/10/2021 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 1, 2021


Um éischten Oktober sinn et nach 24 Méint bis zu den nächste Legislativwalen zu Lëtzebuerg. Kuerz virdrun, den 11. Juni 2023, sinn och Gemengewalen. Nieft de Personalitéite sinn déi verschidde Punkten a Walprogrammer e wichtege Bestanddeel vun der Walcampagne. De Marc Hostert huet en puer konkreten Erwaardungen un dës Programmer.

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Jul 21, 2021 3:31


Kuerz virun der Ouverture vun de Spiller zu Tokio kommen d'Zeitungen esou lues an Olympia-Stëmmung.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: d'Baach agoen, 12/05/2021 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later May 12, 2021


De Sproch vun dëser Kéier kennt een aus och aus dem Däitschen. Kuerz a knapp resuméiert, et geet ëm zerstéieren, futti maachen oder eppes verléieren. Dann hoffe mir datt den Alain Atten net och nach d'Baach ageet.

kuerz
Ziel Du Mir!
Jugend an Corona-Zäiten

Ziel Du Mir!

Play Episode Listen Later Mar 14, 2021 34:29


Wei vill ass eng gutt Internetverbindung an dësen Zäiten als Schüler oder Student wäert? An wat wäerten déi ekonomesch Langzeitfolgen sinn? Kuerz an knapp: Wei geet et der Jugend an Corona-Zäiten? Dat ass eng Fro déi zwar oft gestallt mee net onbedéngt beäntwert gëtt, en Gespréich mam Ben vun der ACEL an mam Anne vun der CNEL.

Kaffispaus
Espresso mam Gilles Baum: Teletravail

Kaffispaus

Play Episode Listen Later Mar 8, 2021 3:18


Kuerz virun der Covid-Kris huet d'DP-Fraktioun den Teletravail agefouert - wat sinn d'Resultater no engem Joer? Dat diskutéiert de Fraktiounspresident Gilles Baum mat der Attachée parlementaire Yolande Kirsch.

Kultur
D'Bedeitung vum Original am CNA

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 15, 2020 7:34


Zanter 2010 war de Lutz Teutloff a Kontakt mam CNA. De fréiere Moud-Konfektionär, duerno Galerist, da Konschtsammler wollt deen Deel vu senger riseger Privat-Kollektioun, deen e mat "The Contemporary Family of Man" iwwerschriwwen hat, a gudden Hänn wëssen. Vu dat dem Edward Steichen säin Ierwen am CNA versuergt gëtt, huet deen him di ideal Plaz geschéngt. Kuerz ier den Teutloff 2017 gestuerwen ass, si seng knapps 500 Wierker, vun deels renomméierten internationale Kënschtler, an de CNA-Archiver zu Diddeléng ukomm. An zanter hier geet d'Kerstin Thalau se eemol d'Joer besichen.

Invité vum Dag
Heinrich Kreft

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Aug 4, 2020 12:46


Kuerz viru sengem Depart vu Lëtzebuerg, no véier Joer: e Gespréich vum Maurice Molitor mam däitschen Ambassadeur.

Kuerz a Knackeg
Minecraft an Ameisen

Kuerz a Knackeg

Play Episode Listen Later Apr 1, 2020 46:16


Kuerz gesot et geet em Minecraft an Ameisen.Youtube Playlist: Domm a Witzeg (kuckt déi mol duerch)

Chosen by Committee
Episode 2.5: Beyond the Horizon read by Jenna Kuerz and Alice Hakvaag

Chosen by Committee

Play Episode Listen Later Mar 5, 2020 10:21


Scene from Eugene O'Neil's Beyond the Horizon. Robert, a self-described poet will set sail tomorrow on a world adventure. While saying goodbye to Ruth, the girl-next door, Robert discovers his love for her. A shattering life-altering decision from the first act of Beyond the Horizon by Eugene O'Neil. With Jenna Kuerzi as Robert and Alice Hakvaag as Ruth. Jenna Kuerz is a Philly actor with a lot of talent. Alice Hakvaag is a Philly actor, writer and director.

horizon kuerz
Kuerz a Knackeg
Vum Joker bis zum Oktopus

Kuerz a Knackeg

Play Episode Listen Later Oct 31, 2019 43:21


Kuerz a Knackeg gesot dat heiten ass déi zweet Episod.ok nächsten Kéier kennt en aneren Sproch...

Kuerz a Knackeg
Weltbezirk Meidling

Kuerz a Knackeg

Play Episode Listen Later Oct 18, 2019 25:45


Kuerz a Knackeg gesot, dat hei ass déi éischt Episod.

episod kuerz
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Michel Maquil, 13/03/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 13, 2019


Kuerz virun de Walen huet d'Lëtzebuerger Regierung e Plang presentéiert fir eis Finanzplaz progressiv op nohalteg Finanzaktivitéiten ëmzestellen. De rezenten Aktiounsplang vun der EU Kommissioun bitt hei een ideale Kader. De Michel Maquil, fräie Wirtschaftsberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse wëll an dëser Carte blanche erklären, datt dat duerchaus ze maachen ass, och wann dat vill Efforten, net nëmmen an allen aneren Memberstaate verlaangt, mä och hei zu Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Michel Maquil , 13/03/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 13, 2019


Kuerz virun de Walen huet d'Lëtzebuerger Regierung e Plang presentéiert fir eis Finanzplaz progressiv op nohalteg Finanzaktivitéiten ëmzestellen. De rezenten Aktiounsplang vun der EU Kommissioun bitt hei een ideale Kader. De Michel Maquil, fräie Wirtschaftsberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse wëll an dëser Carte blanche erklären, datt dat duerchaus ze maachen ass, och wann dat vill Efforten, net nëmmen an allen aneren Memberstaate verlaangt, mä och hei zu Lëtzebuerg

RTL - Automag
Automag, 23/01/2019 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jan 23, 2019


Kuerz virum 55. Auto Festival, deen dëse Freideg bei eis am Grand-Duché ufänkt, stinn am Moment schonn d’Nouveautéiten zu Bréissel um Plateau. Dat ass de "Salon Auto / Moto / Van", organiséiert vun der FEBIAC.Wéi beléift ass dee Salon an der belscher Haaptstad? Mir hunn de Christian Schmit dohi geschéckt.

RTL - Automag
Automag , 23/01/2019 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jan 23, 2019


Kuerz virum 55. Auto Festival, deen dëse Freideg bei eis am Grand-Duché ufänkt, stinn am Moment schonn d’Nouveautéiten zu Bréissel um Plateau. Dat ass de "Salon Auto / Moto / Van", organiséiert vun der FEBIAC.Wéi beléift ass dee Salon an der belscher Haaptstad? Mir hunn de Christian Schmit dohi geschéckt.

RTL - Background
Background am Gespréich, 20/01/2018 12:05

RTL - Background

Play Episode Listen Later Jan 20, 2018


Kuerz virum Autosfestival dréit sech alles ëm den Autofestival. Mir fillen de Bols an der Branche a schwätze mam Ernest Pirsch, dem Coordinateur vum House of Automobile.

RTL - Background
Background am Gespréich , 20/01/2018 12:05

RTL - Background

Play Episode Listen Later Jan 20, 2018


Kuerz virum Autosfestival dréit sech alles ëm den Autofestival. Mir fillen de Bols an der Branche a schwätze mam Ernest Pirsch, dem Coordinateur vum House of Automobile.

RTL - Background
Background am Gespréich, 02/07/2016 12:10

RTL - Background

Play Episode Listen Later Jul 2, 2016


Kuerz virun der grousser Vakanz hu mir den Educatiounsminister Claude Meisch op ee Bilansgespréich invitéiert.

RTL - Background
Background am Gespréich , 02/07/2016 12:10

RTL - Background

Play Episode Listen Later Jul 2, 2016


Kuerz virun der grousser Vakanz hu mir den Educatiounsminister Claude Meisch op ee Bilansgespréich invitéiert.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)
100% Lëtzebuerg, 15/06/2014 19:00

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)

Play Episode Listen Later Jun 15, 2014


E Pisa mat Produkter just vun heiheem, geet dat? Kuerz virun Nationalfeierdag haut e Pisa duerch an duerch lëtzebuergesch. Mir maachen eis op d'Sich no Kleeder vun hei. Reesen zréck an d'Glanzzäit vun der lëtzebuerger Textil-Industrrie a kucken wat haut nach dovun iwwereg ass. De Mister Science probéiert hannert d'Geheimnis vun engem nationale Chemie-Konzern ze kommen. A mir feieren 30 Joer Made in Luxembourg. De Label fir Produkter vu Lëtzebuerg mat Renommée an der ganzer Welt.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)
100% Lëtzebuerg, 15/06/2014 19:00

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

Play Episode Listen Later Jun 15, 2014


E Pisa mat Produkter just vun heiheem, geet dat? Kuerz virun Nationalfeierdag haut e Pisa duerch an duerch lëtzebuergesch. Mir maachen eis op d'Sich no Kleeder vun hei. Reesen zréck an d'Glanzzäit vun der lëtzebuerger Textil-Industrrie a kucken wat haut nach dovun iwwereg ass. De Mister Science probéiert hannert d'Geheimnis vun engem nationale Chemie-Konzern ze kommen. A mir feieren 30 Joer Made in Luxembourg. De Label fir Produkter vu Lëtzebuerg mat Renommée an der ganzer Welt.

DNA (Small)
Vergëft ... Agemauert ... Den Hummermann (2012), 09/12/2012 19:00

DNA (Small)

Play Episode Listen Later Dec 9, 2012


Zwee ongeléisten an ee geléistene Fall an dëser Emissioun. Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht de Béifche Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass de Philippe - 22 Méint jonk- dout. D'Doudesursaach ass Strychnin, e Rategëft. 18 Méint méi spéit gëtt en 42 Joer alen Elektrikergesell dout an enger drëchegeluechter Zetär an der Annexe vun sengem eegenen Haus zu Gaasperech fonnt. De Mann war agemauert ginn. D'Doudesursach ass net bekannt. Mä et gi Spuere vu Strychnin a sengem Blut fonnt. Am Joer 2008 ginn an der Péitruss Strummerten op brutaalst Aart a Weis agresséiert an ëmbruecht. Wee stécht hannert dem Hummermann?

DNA (Large)
Vergëft ... Agemauert ... Den Hummermann (2012), 09/12/2012 19:00

DNA (Large)

Play Episode Listen Later Dec 9, 2012


Zwee ongeléisten an ee geléistene Fall an dëser Emissioun. Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht de Béifche Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass de Philippe - 22 Méint jonk- dout. D'Doudesursaach ass Strychnin, e Rategëft. 18 Méint méi spéit gëtt en 42 Joer alen Elektrikergesell dout an enger drëchegeluechter Zetär an der Annexe vun sengem eegenen Haus zu Gaasperech fonnt. De Mann war agemauert ginn. D'Doudesursach ass net bekannt. Mä et gi Spuere vu Strychnin a sengem Blut fonnt. Am Joer 2008 ginn an der Péitruss Strummerten op brutaalst Aart a Weis agresséiert an ëmbruecht. Wee stécht hannert dem Hummermann?

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecken beim Versuch „just kuerz“ eppes anzekaafen

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Mar 9, 2009 8:16


Ech haat daat dringend Bedürfniss no Schokola ass soss Seissegkeeten. Ech hunn zwar en Faible fir Seissegkeeten, mee seelen ass den Drang durno esou staark, daat ech effektiv direkt an den Buttek laafen fir mer es ze kaafen ...