POPULARITY
An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball bleift et 4 Spilldeeg viru Schluss spannend fir déi europäesch Plazen. Duerch déi besser Goldifferenz steet Stroossen elo nom 26. Spilldag op der zweeter Plaz, punktgläich virum F91 Diddeleng. De Racing, Nidderkuer an esouguer theoretesch Munneref sinn och nach an der Course fir d'Conference League Qualifikatioun ze spillen. Haut gouf och de Kontrakt fir d'Emissioun Goal op RTL Tëlee Lëtzebuerg mat der FLF an der CMCM ëm 3 Joer verlängert. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
E Mëttwoch de Moie war Suicide bei Jonken Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
“Witness” vum Kënschtler Milo Hatfield gëtt aktuell am Cube an der Buvette vun de Rotonden ausgestallt. Duerch d'Glas vum Cube gesäit een eng Dauf. Eng Ketten ass hir ëm d'Strass gewéckelt. Mat quasi-zentrifugal Motorskraaft gëtt d'Dauf duerch de Raum gejummt a bedreckst wäiss Mauere riets a lénks mat Blutt. Am Public soll doduerch souwuel Degoût wéi Baarmhäerzegkeet ausgeléist ginn. “Witness” vum Milo Hatfield an “Uncycle” vun der Zohra Mrad sinn nach bis dëse Weekend mat abegraff an de Rotondes ze gesinn. Den Nicolas Calmes huet d'Wierk ge-witnessed a sech mam Milo Hatfield doriwwer ënnerhalen.
Duerch dee grousse Choix u klassescher Musek léisst sech d'Chrëschtzäit haut angeneem verbréngen. Mee wéi war dat fréier? Doriwwer wéi Komponisten a Komponistinne Chrëschtdag verbruecht hu ginn et tatsächlech e puer schrëftlech Quellen, déi dozou Informatioune liwweren. De Lex Kauffmann huet sech e puer Bréiwer duerchgelies.
Haut si mer Mëttwoch: Wednesday. “The trash goes out on Wednesday” steet grouss um Pop-Up-Store op der Nummer 43 an der Groussgaass. Duerch d'Vitrinn mécht een als Passant eng ganz Rei Peinturen a verschiddene Formater aus. Ënner dem “trashy” Titel steet nach een Numm: Lara Weiler. Dat ass dach déi jonk Molerin, déi ufanks November, kuerz no hirem Ofschloss op der Konschthéichschoul zu Saarbrécken, um traditionellen Hierschtsalon vum Cercle artistique, onerwaart mam Prix Pierre Werner ausgezeechent gi war ... An elo gëtt där hir Konscht scho verrammscht? Respektiv mëttwochs als “trash” virun d'Dier gesat? D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Lara Weiler an der Pop-Up-Galeristin Lou Philipps.
Duerch an duerch korrupt ass d'Minettmetropol, esou wéi de Jacques Steiwer se a sengem Krimi "Des loups chez les Luxos" (Phi) duerstellt. De Michel Delage huet de Roman gelies.
E Freideg de Moie war d'Klimakris Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Duerch d'Kris bei der Caritas a bei der ONG "Solidarité syndicale" vum OGBL huet de ganze Secteur schwéier gelidden. An dëser Carte blanche ginn e puer Weeër opgezielt, wéi een deene villen Organisatioune kéint hëllefen, fir datt se weider hier schwiereg a wichteg humanitär Aufgab kënnen erfëllen. Domat soll och dat vollt Vertraue vun de villen Donateuren erëm hiergestallt ginn.
Si hunn déi musikalesch Fäegkeete vun engem Rullkoffer getest, dem Tram säi Lamentéiere laanscht d'Schueberfouer eescht geholl, an eng italieenesch Mokakan mat kachendem Espresso iwwer Zuchschinnen dämpe gedoen. Fir eise Soundatlas fänken de Joé Birchen an d'Kerstin Thalau eenzel Geräischer a Kläng an, experimentéieren domat a weisen op Lienen zu Konscht, Alldagskultur, de Wëssenschaften hin. Déi mënschlech Stëmm huet bis ewell keng Roll gespillt, mee dat soll sech hei änneren.
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Operatioun Pauly" (Marc Thoma), "Strange Darling" (J.T. Mollner), "Langue étrangère" (Claire Burger) a "Les Barbares" (Julie Delpy).
Et ass eng ongewéinlech Besetzung (Piano, Trompett/Flügelhorn a Vibrafon), déi d'Nolauschterer an déi verschidde “Pieces of a Dream” entféiert. Duerch de Lëtzebuerger Vibrafonist Christoph Sietzen huet dësen Album e Bezuch zu Lëtzebuerg. Mee och de Komponist gouf net wäit ewech vum Grand-Duché gebuer. De Christan Jost ass ursprünglech vun Tréier. Mat dobäi um Disk sinn nach de Pianist Frank Dupree an den Trompettist Simon Höfele. De Christophe Mirkes hat vill Froen iwwer d'Roll vum Vibrafon an dësem Kammermusekswierk, déi de Christoph Sietzen aus dem Brucknerhaus zu Linz beäntwert huet.
Nieft Bad Ischgl an Éisträich plus Bodø an Norwegen ass Tartu, also déi zweetgréisste Stad an Estland, 2024 Europäesch Kulturhaaptstad. Zoufälleg lieft a schafft déi lëtzebuergesch Curatrice Fanny Weinquin fir 2 Joer an Estland. Fir si war kloer: am Kulturjoer-Kontext misst een och Lëtzebuerger Konscht weisen. Zesumme mat der Multimedia-Kënschtlerin Justine Blau huet si also kandidéiert: an hire Projet ass ugeholl ginn. Bis Enn Juli war der Justine Blau hir Installatioun “Veil of nature” an de botaneschen Zäre vun der renomméierter Uni Tartu ze gesinn. Duerch d'Expo sinn nei Kontakter entstanen, esou datt déi zwou Frae momentan Deel vun der Gruppenexpo “Missing” sinn. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Justine Blau
Mir beweegen eis dagdeeglech duerch digital Welten, wéi wa se keng Materialitéit hätten. Mee dat Ganzt baséiert op enger kolossaler weltwäiter Infrastruktur. Déi, plus déi verstoppt Säit vun der Virtualitéit, interesséiert eng Abberzuel vu Multimedia-Kënschtler:innen. An och Elektron, eng kënschtleresch Plattform, déi aus Esch2022 ervirgaangen ass. De ganze Summer iwwer invitéiert Elektron, queesch duerch Esch, op de Multimedia-Parcours “Cyber Structures”. D'Kerstin Thalau hat virun der Escher Konschthal Rendez-vous mat der Elektron-Directrice Françoise Poos, fir zwou vun de Strukturen ze entdecken.
Mir beweegen eis dagdeeglech duerch digital Welten, wéi wa se keng Materialitéit hätten. Mee am Fong baséiert dat Ganzt op enger kolossaler weltwäiter Infrastruktur. Déi, an doriwwer eraus déi verstoppte Säit vun der Virtualitéit, interesséiert eng Abberzuel vu Multimedia-Kënschtler:innen. An och Elektron, eng kënschtleresch Plattform, déi aus Esch2022 ervirgaangen ass. De ganze Summer iwwer invitéiert Elektron, queesch duerch Esch, op de Multimedia-Parcours “Cyber Structures”. D'Kerstin Thalau huet sech, mat eiser Stagiairin Ilana Joseph, op de Wee an de Süde gemaach, fir mat der Elektron-Directrice Françoise Poos, déi eenzel Statiounen ze entdecken.
35 Joer laang huet déi brasilianesch Ethnologin Aparecida Vilaça d'Amazonas-Ethnie vun de Wari studéiert. Duerch reegelméisseg Openthalter huet d'Fuerscherin no an no hire Liewensstil ugeholl - iergendwann gouf si vun engem Member vun de Wari "adoptéiert". An hirem Essai “Paletó et moi. Souvenirs de mon père indigène” (Marchialy) erzielt d'Aparecida Vilaça d'Geschicht vun dëser aussergewéinlecher Renconter. Um Festival Etonnants voyageurs, am Mee zu Saint-Malo, hat de Michel Delage sech mat der Aparecida Vilaça ënnerhalen.
Mir froen den Inneminister, wéi hien d'Gemenge wëllt fit maache fir déi geplangte Prozedurevereinfachung am Bausecteur ëmzesetzen, wéi et mat de Policekontrollen op der Grenz mat Däitschland weidergeet, an ob hie mengt, datt déi vill Kriticken an de leschte Méint him geschuet hunn. Duerch d'Gespréich féiert d'Christiane Kleer.
Am éischte Politmonitor vun der Ära Frieden ginn et also scho verschidden Scoren, déi iwwerraschen - de Roy Grotz hält sengem Tëscheruff awer virop Mol fest, datt vill agesiess Politiker fest am Suedel sëtzen...
Eng Performance vun enger anerer Zort kann ee vun e Freideg un an der Belle Étoile erliewen. Ënner dem Numm “L'âge d'or” proposéieren de Schwäizer Duo Igor Cardellini an Tomas Gonzalez eng theatralesch Visite guidée duerch d'Belle Etoile, déi d'Form vun enger touristescher Architektur-Visitt unhëlt. Mat der Actrice Frédérique Colling gëtt de Visiteur duerch ee vun den Tempele vum Lëtzebuerger Konsum geféiert. Den Igor Cardellini an d'Frédérique Colling si beim Marc Clement a Jeff Schinker am Studio, fir iwwer hire Projet ze schwätzen.
Enn der 1980er. D'Katalanin Cristina Nunez, Joergang 1962, huet deemools, no enger Jugend mat Suchtproblemer a Kriminalitéit, de Foto-Autoportrait als den ideale Moyen fir sech auszedrécken entdeckt. Duerch d'Aarbecht mat der Kamera huet si ugefaangen Emotiounen erauszeloossen, eng nei Connectioun zu der Welt ze fannen. Si huet d'ASBL Art as experience gegrënnt, déi mëttlerweil hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, an huet 30 Joer Autoportrait-Workshoppe fir iwwer 4.000 Leit ginn; déi lescht zwee Joer fir eng 50 am Kontext vun Esch2022. D'Resultat kënnt Dir a Form vun enger reeller Expo an der Maison du savoir op der Uni Lëtzebuerg um Belval gesinn, respektiv als Online-Expo. Ob a Selfie-Zäiten den Interessi vu Jonken un engem Autoportrait-Workshop net ofgeholl huet, wollte mir ë. a. vun der Cristina Nunez wëssen.
Mat enger Ausstellung an diverse Manifestatioune wëllt de Projet "Retour de Babel" d'Komplexitéit vum Migratiounsphenomeen zu Lëtzebuerg ervirhiewen. Een Deel vum Kaderprogramm vun dësem Projet vum Centre d'Art vun Diddeleng (Projet Esch2022) war och e literareschen Owend, wou d'Invitéen Extraiten aus literaresche Wierker perséinlech erausgesicht a presentéiert hunn. Eng Lecture an Diskussioun mat der Antonia Ganeto, der Magaly Texeira an dem Jean Portante. Moderatioun an Zesummeschnëtt Valerija Berdi
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann. Lidder déi an dëser Episode geafeatured sinn: 13:07 @mazuniverze - Over 18:28 Pleasing - Bplr 38:33 @tuysband - More Than An Account ___________ @kulturpur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam @radioara & Podcast Host @vonwegenceci . Et ass eng Plattform fir Kënschtler:innen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht - Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen.
Duerch en däischtere Gank betrëtt een déi däischter Galerie vun de Rotonden, an där fënnef international Kënschtler:inne mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz eng Dramwelt geschafen hunn. De Ben Kobs war do, fir sech, mat de Kënschtler, e Bild vun der Ausstellung "The moon is full, but it is not the moon" ze maachen an iwwer de Prozess hanner der Kreatioun ze schwätzen.
Dës Kéier geet et wäit zréck an eise Spréch. Deene meeschte seet ''Mam Daach duerch de Bësch'' guer näischt méi. Fir datt se eis awer aliichten, suergt eise Sproochmates Alain Atten.
107 Happy Hippo Podcast - Duerch Den A**** gekéiert by Happy Hippo
Mam Fanger kann een nawell vill maachen. Zum Beispill an d'Wonn leeën, drop kucken, se am Spill hunn oder derduerch kucken. A genee domat setzt sech den Alain Atten gären auserneen; duerch d'Fangere kucken.
E Samschdeg waren de Claude Haagen, de Christian Wester an de Luc Emering eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Zäitgläich mat der russescher Invasioun vun der Ukrain ware Lëtzebuerger Wandmillen net méi fernstéierbar. Dat läit dorunner, datt de Satellit, iwwert deen si eng Internetverbindung kréien, net ze erreechen ass. Mir spieren also och hei d'Auswierkunge vum Cyberkrich. Am Podcast
Invité e Samschdeg war den Expert an der Virologie, den Dokter Claude Muller.
A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Exdeputéierten, haut iwwert d'Preventioun vun Ëmweltkrankheeten, wéi dat gemaach gouf a wéi et haut de Fall ass.
Sech mat sech selwer, sengen Ängscht, ausenaner setzen, soll jo Wonner wierken. Dofir brauch ee Raum an Zäit? D'Zäit misst dir iech huelen, mee mir hunn den idealen Espace fonnt: di nei Escher Konschthal. Do stellt ee vun de wichtegen däitschen zäitgenëssesche Kënschtler aus: de Gregor Schneider, Joergang 1969, dee viru ronn 20 Joer, fir seng accessibel Skulpturen, op der Biennale vu Venedeg mam gëllene Léif ausgezeechent gi war. D'Kerstin Thalau an de Gregor Schneider huelen iech elo mat op en Tour duerch d'Expo "Ego-Tunnel", en Gros e Parcours duerch eis Angschtraim.
Eis Invitée ass haut d'Anne Calteux, déi nei Cheffin vun der Vertriedung vun der EU-Kommissioun hei a Lëtzebuerg. Mir schwätze mat hir iwwer hir nei Aufgaben. Bis elo war d'Anne Calteux d'Coordinatrice vun der Covid-19-Krise-Cellule am Gesondheetsministère a General-Coordinatrice an deem Ministère, also quasi déi riets Hand vun der Ministerin Paulette Lenert. Duerch d'Gespréich mat der neier Cheffin vun der Vertriedung vun der EU-Kommissioun hei a Lëtzebuerg féiert de Serge Kesseler.
De Michel Delage an den Thierry Besseling schwätzen iwwer: "Rouge" (Farid Bentoumi), "The Assistant" (Kitty Green) a "Candyman" (Nia DaCosta).
Hallo an häerzlech wëllkomm zu enger neier Episode vu "Lauschter mol!", dem Polit Podcast vu Jonker, fir Jonker, an och net sou Jonker. Duerch di rezent Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg an extrem Wieder Ereignisser an der Welt inspiréiert, schwätze mer haut iwwer Klimawandel, seng Auswierkungen, a wat dat alles mat Kapitalismus ze dinn huet. Instagram: @lauschtermol Musek: Love it if we made it - The 1975 | Man's World - Marina Lies mol! Are Prisons Obsolete? by Angela Davis (https://www.feministes-radicales.org/wp-content/uploads/2010/11/Angela-Davis-Are_Prisons_Obsolete.pdf) Consequences of Capitalism: Manufacturing Discontent and Resistance by Noam Chomsky and Marv Waterstones On Fire by Naomi Klein Revolution für das Leben: Philosophie der neuen Protestformen by Eva von Redecker Kuck mol! https://www.youtube.com/watch?v=MdZfx07GoCk (Naomi Klein explains the Climate Crisis) https://www.youtube.com/watch?v=ZfFvLJyPf3o (How Earth's Geography Will Change with Climate Change) Lauschter mol! Revolutionary Left Podcast: Red Hot Take: Our Simmering Present and Our Boiling Future (Episod vum 11. Juli 2021)
Wéi d'Genen eis zu deene Mënsche maachen déi mer sinn De Chris Romitelli huet eng extrem rare genetesch Krankheet. Duerch en DNA Test weess d'Famill zanter kuerzem a wéi engem Gen de Feeler ass. Wéi siche se an der DNA no Krankheeten a kéint dat och nei Therapie méiglech maachen? Mir testen och op ee seng Genen duerch Sport oder Meditatioun verännere kann. A weisen wéi se am forensesche Labo mat DNA Analyse e Verbrieche kënne opklären.
Wéi d'Genen eis zu deene Mënsche maachen déi mer sinn De Chris Romitelli huet eng extrem rare genetesch Krankheet. Duerch en DNA Test weess d'Famill zanter kuerzem a wéi engem Gen de Feeler ass. Wéi siche se an der DNA no Krankheeten a kéint dat och nei Therapie méiglech maachen? Mir testen och op ee seng Genen duerch Sport oder Meditatioun verännere kann. A weisen wéi se am forensesche Labo mat DNA Analyse e Verbrieche kënne opklären.
E Méindeg de Moie war de Stater Schäffen an CSV-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
E Freideg de Moie war den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher eisen Invité vun der Redaktioun.
De Jean-Claude Wiwinius war e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".
Duerch d'Corona-Vaccine gëtt an der Lescht immens vill iwwert Thrombose geschwat, déi jo beim Impfstoff vun Johnson&Johnson an och bei AstraZeneca eng rar Niewewierkung kënne sinn.
Fir iwwer eisen Alldag eraus ze verstoen, wisou mer eis als Gesellschaft an der Corona-Pandemie verschidde Reegele ginn, a wisou dee presuméierte Fräiheetsverloscht, dee mer heiansdo spieren, am Endeffekt dat méi klengt Iwwel ass, dofir werft de Roland Pinnel* a senger „Carte blanche“ e Bléck an d’Philosophie.
Duerch nei Mossnamen déi d'Wäisswäsche vu Suen an d'Finanzéierung vum Terrorismus solle verhënneren si vill Organisatioune getraff ginn, déi an der Drëtter Welt an der Entwécklungshëllef aktiv sinn. Esou ass et ablécklech vill méi schwéier ginn, wa net esouguer onméiglech, fir Suen a gewëss Länner ze iwwerweisen. Hei mussen d'Finanzinstitutiounen an déi staatlech Instanzen schnell no neie Weeër sichen, fir deenen Organisatiounen ze hëllefen weider an der Entwécklungshëllef aktiv ze sinn.
Eng Riedensaart gëtt vum Alain Atten méi genee ënnert Lupp geholl. Et geet ëm de Sproch: "Duerch Fangere Kucken". E Saz deen der nach vill dierfte kennen, ëmmerhin gëtt et e schonn zanter dem Mëttelalter.
De Charel Schmit, Christopher Goepel a Patrick Remakel waren e Samschdeg eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich.
Duerch d’Gesetz vum 28. Mee 2019 ass eng europäesch Direktiv vun 2016 a nationaalt Recht ëmgesat ginn, iwwer Moossname fir en héije gemeinsame Sécherheetsniveau fir Netzwierker an Informatiounssystemer an der Unioun ze garantéieren. Wéi ass et da mat der Protektioun vun den Datë vum Eenzelen ? Gëtt alles gemaach wat méiglech ass ? De Gaston Ternes geet an dëser Carte blanche der Fro no.
Duerch d’Gesetz vum 28. Mee 2019 ass eng europäesch Direktiv vun 2016 a nationaalt Recht ëmgesat ginn, iwwer Moossname fir en héije gemeinsame Sécherheetsniveau fir Netzwierker an Informatiounssystemer an der Unioun ze garantéieren. Wéi ass et da mat der Protektioun vun den Datë vum Eenzelen ? Gëtt alles gemaach wat méiglech ass ? De Gaston Ternes geet an dëser Carte blanche der Fro no.
Duerch eng nei Prime unique ginn déi Betriber belount, déi och a Krisenzäite Jonken eng Léierplaz ubidden. Am Espresso verréit den Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz, Claude Lamberty, firwat dat a sengen Aen eng Win-Win Situatioun ass.
Zanter datt se vill a séier op soziale Medie gedeelt kënne ginn, si Biller méi visibel, seet den André Gunthert. Fir de franséische Spezialist vun der Geschicht vum Visuelle kënnt déi digital Entwécklung gewëssermoossen och de benodeelegte Minoritéiten an der Gesellschaft zegutt. Den André Gunthert hat d'lescht Woch eng Videokonferenz gehalen am Kader vum Forum Arts, Médias et Société vum Konscht-Casino. E Bäitrag vum Michel Delage.
E Samschdeg de Mëtteg war de Gilbert Pregno eisen Invité vun der Emissioun "Background am Gespréich".
Duerch déi aktuell Situatioun vum Covid-19, an déi doduerch annoncéiert nei Moossnahmen vun der Regierung, hat déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun elo de Weekend de kompletten Spillprogramm ofgesot. Wéini nees an der BGL-Ligue gespillt wäert ginn, muss sech an de nächsten Deeg weisen. E Samschdeg war zu Useldeng och ënnert de néidege Covid-Mesuren de Kongress vum gréisste Sportverband aus dem Land, an do goufen e puer wichteg Ziler fir d'Zukunft matgedeelt. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Duerch déi aktuell Situatioun vum Covid-19, an déi doduerch annoncéiert nei Moossnahmen vun der Regierung, hat déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun elo de Weekend de kompletten Spillprogramm ofgesot. Wéini nees an der BGL-Ligue gespillt wäert ginn, muss sech an de nächsten Deeg weisen. E Samschdeg war zu Useldeng och ënnert de néidege Covid-Mesuren de Kongress vum gréisste Sportverband aus dem Land, an do goufen e puer wichteg Ziler fir d'Zukunft matgedeelt. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
D’Lëtzebuerger Gemengen hunn finanziell Suergen. Duerch d’Coronakrise kommen op d’mannst 420 Milliounen Euro manner an d’Keesen. Trotzdem fuerdert d’Regierung weiderhin héich Investitiounen. Kann dat iwwerhaapt ëmgesat ginn? Wéi geet et den 102 Gemengen allgemeng an dëser Krise? An wat sinn d’Fuerderungen un d‘Regierung? Dat froen mer de Moien den President vum Syvicol. Den Emile Eicher ass eisen Invité vun der Redakti-oun
Duerch den Coronavirus huet een seng Gewunnechten schnell änneren missen, an et ass een nach net wierklech an enger néier Normalitéit ukomm. Fir sech awer net zevill hänken oder goen ze loossen, hu mer eis zu puer erausgefuerdert, an eis en Challenge ginn, dee mer an den nächsten 30 Deeg ëmsetzen wëllen. E gesonde Geescht an engem gesonde Kierper ass jo eng léif Idee, mee wann een géint eng Pandemie oder den inneren Schweinhund muss u kämpfen, bleift dat oft just eng Idee. Dofir probéiere mer lo, Neel mat Käpp ze maachen!. Am Gespréich mam Thomas Koenig: Den Josy Apel, d’Élina Ecker, d’Selina Godfrey, den Josy Jacoby an d’Pascale Worré.
D'Coronakris huet e kolossalen Impakt op d'Weltwirtschaft, wéi mir et och hei zu Lëtzebuerg erliewen. Elo ass et awer esou, datt d'Länner aus der drëtter Welt vill méi schlëmm getraff si wat katastrophal Konsequenzen op déi Äermst vun der Äermsten an deene Länner huet. Mir dierfen net ewechkucken an alles op d'Been setzen, fir deene Länner ze hëllefen oder op d‘mannst fir hinnen net nach méi ze schueden.
De Pierre ass zréck - mee doheem ass näischt méi, wéi et war. Och HAM, FRITTEN & ZALDOT muss sech enger néier Liewensrealitéit upassen. Ausserdem: Tipps géint Langweil an der Quarantän!
De rietsextremen Attentäter vun Halle huet sech a sengem Manifest op Videospiller bezunn. Ass dat elo den endgültege Beweis dofir, datt déi sougenannt „Killerspiele“ een schlechten Afloss sinn? D‘Saach ass net esou einfach, an doriwwer schwätzen mir dës Woch an eisem Podcast. Vill méi wichteg wéi d‘Spiller selwer sinn nämlech d‘Zeen do rondrëm an de […]
Mam Camper ënnerwee sinn, bedeit fir déi meescht Leit: Vakanz maachen. Fir d'Janette Emmerich ass et dat awer scho laang net méi. Si huet hir Wunneg verkaaft an huet sech e Camper op d'Mooss bestallt. Mat deem fiert se uechtert d'Welt. Ënner anerem war se domadder a Japan. De Christian Schmit huet déi äerdeg Damm um caravan-Salon zu Düsseldorf begéint.
Mam Camper ënnerwee sinn, bedeit fir déi meescht Leit: Vakanz maachen. Fir d'Janette Emmerich ass et dat awer scho laang net méi. Si huet hir Wunneg verkaaft an huet sech e Camper op d'Mooss bestallt. Mat deem fiert se uechtert d'Welt. Ënner anerem war se domadder a Japan. De Christian Schmit huet déi äerdeg Damm um caravan-Salon zu Düsseldorf begéint.
Villes war um Festival improviséiert, d'Fraise si vu Stonn zu Stonn méi héich ginn, an de Bléck an d'Keess verréit den Amateurismus vun den Organisateuren: Woodstock huet offiziell en Defizit vun 1,3 Milliounen Dollar verzeechent. Duerch eng geschéckt Vermaartung konnt dëst Lach no etleche Jore gestoppt ginn - besonnesch Warner Bros., déi kuerzfristeg d'Rechter u Film an Triple-Album kaf haten, ginn als grouss Gewënner bei der Saach eraus.
"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", war d'Konferenz vum 10. November iwwerschriwwen. 1998 hat Lëtzebuerg d'Manifesta 2, déi nach ganz jonk europäesch Biennale fir Zäitgenëssesch Konscht, opgeholl. Mat der Manifesta koum Lëtzebuerg op d'Weltkaart vun der moderner Konscht, verschidde lokal Kënschtler konnte sech international bekannt maachen. Duerch eng Kombinatioun vu glécklechen Ëmstänn konnt 1996 de Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain kreéiert ginn an 1995 war de Succès vum Lëtzebuerger Artist Bert Theis op der Biennale zu Venedeg. Allgemeng d'Begeeschterung koum op, wéi Lëtzebuerg 1995 Capitale Européenne de la Culture gouf, an net ze vergiessen 1995, wéi d'Parlament gréng Luucht ginn hat fir d'Kreatioun vun engem Musée mat moderner Konscht, de spéidere Mudam Luxembourg. De Conferencier Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker, kuckt an dëser Konferenz zeréck op d'Phas vun der kënschtlerescher Entwécklung an hirer Ierfschaft zu Lëtzebuerg, mee och op hir Erausfuerderungen a Limitten. Moderatioun: Christian Mosar, Montage: Carlo Link. Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker (Archivfoto: radio 100,7) Extrait Katalog "Manifesta2" Luxembourg, 1998 © Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain Gëlle Fra, Monument du souvenir a "Lady Rosa of Luxembourg" (Sanja Ivekovic) 2001, Foto: © Christian Mosar
Zanter bal zéng Joer ass de Viktor Orbán mat senger seng Fidesz-Partei an Ungarn um Rudder. Vun enger confortabeler Zwee-Drëttel-Majoritéit am Parlament kënne Parteien an anere Länner just dreemen. Den aktuelle Premierminister Viktor Orbán, dee Mann, deen den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Geck "Diktator" genannt huet, konnt seng Muecht an de leschte Jore staark ausbauen. D'Land gëtt dowéinst och alt emol als Orbanistan bezeechent. Ass dat iwwerdriwwen? Wat bedeit et ënner dem Fidesz-Regime ze liewen? Firwat kritt d'Oppositioun kee Fouss op de Buedem? D'Danièle Weber war e puer Deeg an Ungarn ënnerwee.
Et hunn nach ni souvill Leit vun der Hëllef vun ONGe profitéiert, wéi am Joer 2018. Dat seet de Frédéric Haupert, deen zanter 2008 Direkter vun de Hëllefsorganisatioun CARE Lëtzebuerg ass. Duerch déi sëllechen humanitär Krise weltwäit wier d'Aarbecht vun den ONGen ëmmer méi wichteg, géif duerch politesch Entscheedungen awer och dacks behënnert oder ageschränkt ginn, esou den Direkter vu CARE. De Maurice Antony huet sech mam Frédéric Haupert ënnerhalen.
Queesch duerch Lëtzebuerg trëppelen. An dat just duerch Bëscher, iwwer Felder a Wisen. Geet dat? Wéi zersidelt ass eist Land? A kann een déi 70 Kilomter an zwee Deeg packen? Wéi di wëll duerch Lëtzebuerg. Am grousse Pisa-Summer-Challenge kommen den Olivier Catani a Mister Science rëm un hir Grenzen.
Queesch duerch Lëtzebuerg trëppelen. An dat just duerch Bëscher, iwwer Felder a Wisen. Geet dat? Wéi zersidelt ass eist Land? A kann een déi 70 Kilomter an zwee Deeg packen? Wéi di wëll duerch Lëtzebuerg. Am grousse Pisa-Summer-Challenge kommen den Olivier Catani a Mister Science rëm un hir Grenzen.
Sex-Orgien op Haiti an am Tschad mat Prostituéierten AN Sex als Géigeleeschtung fir Hëllef a Krisegebidder. Dat sinn net d'Dote vu kriminelle Banden, mee vu mëttlerweil Ex-Mataarbechter vun der internationaler Hëllefsorganisatioun Oxfam, déi elo dozou féieren, dass e ganze Secteur a Fro gestallt gëtt. Doraus kéinten elo falsch Konsequenze gezu ginn, mengt d'Annick Goerens de Moien an sengem Commentaire.
Am Januar hat déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe ëmmer hiren traditionelle Stage am Ausland fir dat neit Joer ze preparéieren. Belek war do ëmmer eng ganz beléiften Destinatioun. Duerch déi onroueg politesch Situatioun an der Tierkei, ass dat dës Kéier awer keng Optioun gewiescht, Franky Hippert:
Am Januar hat déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe ëmmer hiren traditionelle Stage am Ausland fir dat neit Joer ze preparéieren. Belek war do ëmmer eng ganz beléiften Destinatioun. Duerch déi onroueg politesch Situatioun an der Tierkei, ass dat dës Kéier awer keng Optioun gewiescht, Franky Hippert:
Haut ass den Owend ass de Lëtzebuerger Championnat vun der Elite, an den Interreg-Championnat am Judo zu Diddeleng. De Charel Stelmes ass am Judo de Papp vum Interreg, dat ass d´Ofkierzung fir d´Interregional Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg, dem Saarland an der Lorraine. Duerch dës grenziwwergräifend Collaboratioun krit een finanziell Hëllef mat Gelder vun der Europäescher Unioun. E Modell, deen och fir aner Lëtzebuerger Federatiounen duerchaus interessant misst sinn. Donieft moossen sech déi bescht Lëtzebuerger Judokaen mat Hiresgläichen aus der Groussregioun. De Charel Stelmes ass zanter 7 Joer Generalsekretär vun der FLAM, der Lëtzebuerger Federatioun vun den Arts-Martiaux.
Op Spueresich an der Festungsstad Lëtzebuerg Se sinn däischter, fiicht an e bëssen onheemlech. D'Kasematten! Mir weisen Iech des mysteriéis Welt ënnert eiser Stad wéi een se op enger normaler Visite ni giff gewise kréien. Um Knuedler hunn Archeologen Schanke fonnt! Ural Schanken. An déi verrode vill doriwwer wat fréier emol um heitege Knuedler lass war. A mir vergläiche Plazen an der Stad vun haut mat ale Fotoen vu fréier. An do ass ee méi wéi eng Kéier iwwerrascht wéivill d'Haaptstad sech an de leschte Joeren verännert huet.
Op Spueresich an der Festungsstad Lëtzebuerg Se sinn däischter, fiicht an e bëssen onheemlech. D'Kasematten! Mir weisen Iech des mysteriéis Welt ënnert eiser Stad wéi een se op enger normaler Visite ni giff gewise kréien. Um Knuedler hunn Archeologen Schanke fonnt! Ural Schanken. An déi verrode vill doriwwer wat fréier emol um heitege Knuedler lass war. A mir vergläiche Plazen an der Stad vun haut mat ale Fotoen vu fréier. An do ass ee méi wéi eng Kéier iwwerrascht wéivill d'Haaptstad sech an de leschte Joeren verännert huet.
Angscht a Schrecken op enger halsbriecherescher Fahrt duerch d'Brousse