POPULARITY
Si sinn am Moment keen Thema. D'Aktualitéit gëtt dominéiert vu Krich, Wirtschaft, a fir Kanner a Jugendlecher interesséiert kee sech. Dobäi si grad si d'Zukunft vun eiser Gesellschaft. Mee si ginn einfach net eescht geholl. Eigentlech missten eis déi offiziell Zuele vu Suicidë bei Jonken ze denken ginn, an absolut Prioritéit sinn. Kanner, ob déi net gelauschtert gëtt, Kanner, déi net déi Ënnerstëtzung vun hiren Eltere kréien, déi se sou dréngend brauchen, sinn Thema an der Carte blanche vun haut. D'Françoise Hetto, fréier Politikerin, an éducatrice graduée , stellt d'Fro: muss een iwwerhaapt Kanner kréien?
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, déi de Jonken d'Wuert gëtt. A well et ëm grouss an universell Theeme geet, kënne sech och déi manner Jonk domat auserneesetzen. D'Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, de Curateur, geschwat.
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, déi de Jonken d'Wuert gëtt. A well et ëm grouss an universell Theeme geet, kënne sech och déi manner Jonk domat auserneesetzen. D'Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, de Curateur, geschwat.
Vun haut un ass also den Handy an der Grondschoul an an de Maison-relaise strikt verbueden. No der Péngschtvakanz zéien d'Lycéeën no. D'Mesure gëtt allgemeng begréisst. Ma fir de Jonken hiert Wuelbefannen an hir Entwécklung wierklech ze verbesseren, braucht et méi wéi manner Zäit virum Ecran an der Schoul. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
Zu Leeds am Norde vun England weist eng Ausstellung Wierker vun däitsch-sproochegen Kënschtlerinnen aus der Nokrichszäit. Dobäi war ee Film vun der Lëtzebuergerin Bady Minck e grousse Renner bei de Jonken. D'Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Paräis-Lëtzebuerg - Zich mat där Verbindung huelen de Cyprien Keiser an den Ilan Zaijtmann nawell dacks. De Lëtzebuerger Cellist an de franséische Pianist hu sech viru ronn 8 Joer beim Studium um Paräisser Conservatoire kennegeléiert. Den Donneschdeg, 13. Februar, spillt den Duo e Recital an der Philharmonie, bei deem Musek vu Schumann, Prokofiev a Mendelssohn am Virdergrond steet. D'Marie Schockmel huet sech mat deenen zwee ënnerhalen, ënner anerem iwwer hiren neien Album, deen an e puer Méint erauskënnt.
Sujeten haut: Liberty Steel, de Premier schwätzt mat Jonken iwwer d'Klima a Frankräich an der Kris.
Sujeten haut: Liberty Steel, de Premier schwätzt mat Jonken iwwer d'Klima a Frankräich an der Kris.
E Freideg de Moie war déi mental Gesondheet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi Lëtzebuerger Musekszeen ass hei am Land, besonnesch bei de Jonken, net genuch bekannt, an dat wëllt e Grupp vu Musiker änneren, déi sech den Owend an der Nationalbibliothéik zesummefannen
Text iwwer d‘Fëmmen bei de Jonken am Kader vum Weltdag ouni Tubak
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat … Continue reading "#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette"
International Studie weisen drop hin, wéi grouss den Impakt vum sozioprofessionellen Hannergrond vum Jonken op seng Reussite an der Schoul ass. A wann ee vu Reussite schwätzt, kommen automatesch d'Promotiounskrittären an d'Spill. Deem Thema geet de Gaston Ternes, fréiere Schouldirekter an aktuellen Expert fir de Reseau vun den Europaschoulen a senger Carte blanche no.
Wann een déi richteg Sprooch fënnt an hinne Raum léisst, dann ass bal ëmmer e groussen Interessi vun de Jonken un der Politik do.
A senger "Carte Blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, Gedanken iwwer d'Aart a Weis, wéi an der ëffentlecher Debatt mat wichtege Sujeten ëmgaange gëtt. An hien ass frou, en - nach jonken - ale wäisse Mann ze sinn.
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d'Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt. Ech schwätze mam Julien iwwert d'Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganzer Konschtwelt ännere wéilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass onkonventionell? Wat misst een änneren fir de Jonken een realistescht Bild ze weisen, wéi et ass Konscht als Beruff ze wielen? Dat a vill méi gitt der hei gewuer. Vill Spaass beim lauschteren! Dëst Episode gëtt #gesponsert vum Culture Forest Festival. Tickets fir de Festival a méi Infoe zum Line-up fannt der ënnert https://www.culture-forest.com .
Gewalt ënner Jonken, brutal Jugendbanden, a wéi Eltere soss keen Auswee méi wëssen, wéi hir Kanner an d'Ausland ze schécken, fir se ze schützen: déi national Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Enn der 1980er. D'Katalanin Cristina Nunez, Joergang 1962, huet deemools, no enger Jugend mat Suchtproblemer a Kriminalitéit, de Foto-Autoportrait als den ideale Moyen fir sech auszedrécken entdeckt. Duerch d'Aarbecht mat der Kamera huet si ugefaangen Emotiounen erauszeloossen, eng nei Connectioun zu der Welt ze fannen. Si huet d'ASBL Art as experience gegrënnt, déi mëttlerweil hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, an huet 30 Joer Autoportrait-Workshoppe fir iwwer 4.000 Leit ginn; déi lescht zwee Joer fir eng 50 am Kontext vun Esch2022. D'Resultat kënnt Dir a Form vun enger reeller Expo an der Maison du savoir op der Uni Lëtzebuerg um Belval gesinn, respektiv als Online-Expo. Ob a Selfie-Zäiten den Interessi vu Jonken un engem Autoportrait-Workshop net ofgeholl huet, wollte mir ë. a. vun der Cristina Nunez wëssen.
No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
Den 10. an den 11. November organiséiert déi interdisziplinär Associatioun NormArtFolies eng Konferenz, eng Table ronde an eng Rei Atelieren am Bâtiment 4 zu Esch-Uelzecht. NormArtFolies dat sinn dräi Lycéeën, den CePAS an de SePAS a Psychiatrie vu Lëtzebuerg, grad wéi eng Rei Kënschtler:innen. Hiert Objektiv ass mat geziilte Manifestatiounen an Aktivitéiten déi Responsabel ze sensibiliséieren an e Verständnis fir d'Suergen an d'Problemer vun de Jonken ze aktivéieren. De Robert Kanz, Sous-Direkter vum LTPS (Lycée Technique pour Professions de Santé) war eisen Invité an der Emissioun Kultur um 5. En Extrait aus dem Gespréich mam Valerija Berdi
E Méindeg de Moie war den neie President vun der Fédération des Jeunes Dirigieants de Luxembourg eisen Invité vun der Redaktioun.
Wéi et méiglech ass, dass de Jonken, deen am Juni sechs Giischtercher blesséiert hat, schonn nees festgeholl gouf, an d'Dréchent sinn Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Iwwert de "Mëttelstand Bockel" gëtt schonn zanter 30 Joer geschriwwen a geschwat. Geschitt ass awer näischt, ausser vläicht an déi falsch Richtung, de Cotisatiounstaux fir d'Krankekeess ass an d'Luucht gaangen an d'Steiertabell ass net méi un d'Inflatioun ugepasst ginn. Betraff si grad déi Jonk, mam Statut "Independant," An dëser Carte blanche mécht de Gaston Ternes eng Rechnung, déi eigentlech all Politiker zum Handele motivéiere misst.
E Freideg de Moie war de Psycholog a Psychotherapeut vum Service Impuls eisen Invité vun der Redaktioun.
En Donneschdeg de Moie war d'Coordinatrice vu Bee Secure beim SNJ eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Wuelbefanne vu Jonken, déi zweet Saison vun der Serie "Capitani" an d'Grondwäerter an der EU sinn d'Opmaacher an der geschriwwener Press. D'Carole Schimmer mat der Presserevue
An der Emissioun geet et ëm d'Gewalt ënnert de Jonken, d'Roll vun de soziale Medien an d'Auswierkunge vun der Pandemie. Invitéen: Roger Roth (Direkter vum Lycée Nic Biever Diddeleng), Nancy Holtgen (Educatrice graduée , Antigewalt-Trainerin Assistante en Famille, Life Coach), Sérgio Gonçalves (Trainer Judoclub Bouneweg, Educateur gradué am LTB)
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
D'Leide vun dene Jonken an der Pandemie, Kritik um Gesondheetssystem an Sträit am Kierchechouer sin haut Themen an der Presserevue mam Jacques Ganser.
D'Leide vun dene Jonken an der Pandemie, Kritik um Gesondheetssystem an Sträit am Kierchechouer sin haut Themen an der Presserevue mam Jacques Ganser.
Uff, wou soll ech ufänken? An dëser Episod schwätzen d'Jana an ech iwwert d'Hannergrënn vu senger Aarbecht. Hat verréit eis, dass a punkto Politik nach ganz vill gemaach muss ginn fir déi Jonk a Minoritéiten besser z'integréieren. A senger Aarbecht muss hat oft mat Ignoranz a Diskriminéierung kloer kommen. A genau dowéinst probéiert ha alles fir eppes dogéint ze maachen a genau aus dem Grond bewonneren ech ech hat sou vill. Ech hoffen, dass dir, nodeems dir des Episode gelauschtert hutt, aneschters iwwert bestëmmte Themen denken wäert! Vill Spaass beim Lauschteren! :) Folgt dem Jana op Instagram: https://www.instagram.com/janadegrott/
Bis Enn Abrëll 2021 stinn eng 14 Schüler vun der Première E vum Lycée Aline Mayrisch am Märeler Park ... oder besser gesot hir Portraiten: maansgrouss schwaarzwäiss Fotoen, opgeholl mat enger aler Fototechnik aus dem 19. Joerhonnert, dem Kollodium-Naasplacke-Procédé. Iwwer d'Technik, iwwer d'Renconter tëschent deene Jonken an der Fotografin Séverine Peiffer hu mir an eiser Fuesserie "Jonker an Transitioun" scho geschwat. D'Kerstin Thalau wollt vun de Schüler awer och gewuer ginn, wat Konscht am ëffentleche Raum fir si kann.
E Sonndeg am Presseclub waren d'Dany Schumacher, d'Melody Hansen an de Raymond Klein eis Invitéen.
D'Cargée de direction vum Kanner-Jugendtelefon iwwer séilesch Problemer a psychesch Nout bei Jonken - wéinst Corona. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
News, Sport, Kultur, Lifestyle - lokal, national, international: D’Aktualitéit vum Dag an Toun a Bild am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.
News, Sport, Kultur, Lifestyle - lokal, national, international: D’Aktualitéit vum Dag an Toun a Bild am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.
Et diskutéieren de Jugendpsychiater Christopher Goepel, den designéierten Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit an de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE Patrick Remakel
Mat sengem Minetter Gangsta Rap wäert hie wuel bei deene mannsten Eltere Freed opkomme loossen. An dach oder grad dofir erfreet sech de Bazooka Brooze enger gréisserer Beléiftheet bei ville Jonken. Elo huet hie säin éischten Album virgestallt. De Frédéric Braun huet sech mam Lëtzebuerger Rapper ënnerhalen.
Eventuell ass Iech tëschent Juli a September 2020 a verschiddene Lëtzebuerger Stied e ramponéierten awer rafistoléierte Bus opgefall. A ronderëm si Kanner, Jugendlecher, Kënschtler, Museker, Dänzer an Encadranten gebëselt, natierlech am Respekt vun de Mesures sanitaires. D'Gefier hat d'UpFoundation op eng Tournée uechtert d'Land geschéckt. An zwar fir Jonken a Kreativ-Atelieren a Corona-Zäiten d'Méiglechkeet ze bidden, sech ze expriméieren. De Bilan vun der Aktivitéit gëtt bis Enn Februar 2021 am Lëtzebuerg City Museum presentéiert. Do ass d'Kerstin Thalau Membere vun der UpFoundation begéint.
Duerch eng nei Prime unique ginn déi Betriber belount, déi och a Krisenzäite Jonken eng Léierplaz ubidden. Am Espresso verréit den Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz, Claude Lamberty, firwat dat a sengen Aen eng Win-Win Situatioun ass.
Jonathan "Jonken" Öström jobbar som designer och Joel Lundmark är ölbryggare och har skapat två öl tillsammans, Moondog Float och nu senast Straight Grizzly. Straight Grizzly Ölen Straight Grizzly är en Blueberrry Key Lime Pie Milkshake IPA, burken är designad av churchtiger aka Jonken, ölen är bryggd av Skellefteå Bryggeri och släpps den 1 December 2020. Häng på låset ungdomar för denna kommer att försvinna snabbt från hyllorna. Video Länkar Hem - Skellefteå Bryggeri (skellefteabryggeri.se) Skellefteå Bryggeri AB (@skellefteabryggeri) • Instagram photos and videos churchtiger Jonah (@churchtiger) • Instagram photos and videos Jonathan Öström | LinkedIn the Larsson pod
Jonathan ”Jonken” Öström jobbar som designer och Joel Lundmark är ölbryggare och har skapat två öl tillsammans, Moondog Float och nu senast Straight Grizzly. Straight Grizzly Ölen Straight Grizzly är en Blueberrry Key Lime Pie Milkshake IPA, burken är designad av churchtiger aka Jonken, ölen är bryggd av Skellefteå Bryggeri och släpps den 1 December Läs mer ...
Hallo an häerzlech Wëllkomm bei dëser Episode vu „Lauschter mol!“, dem Polit-Podcast vu Jonken fir Jonker, an och net sou Jonker. Haut schwätze mer iwwert Dresscodes. Och wann dëst Thema ulässlesch vun der Aféierung vum Code Vestimentaire am Lycée Classique de Diekirch an de leschte Wochen well oft genuch vun de Medien ugeschwat gouf, konnte mir et net loossen eise Pefferkär och nach bäizeleeën. Mir fokusséieren eis also net nëmmen ob den LCD, mee virun allem ob déi gesamtgesellschaftlëch Problemer déi mir dohannert gesinn. Time Stamps 00:56 - Intro 02:36 - Aktualitéit 12:43 - d'Sexualiséierung vum weiblech Kierper an der Weltgeschicht 17:55 - Wisou ass eng Kleederuerdnung sexistesch 24:18 - Wat ass Body Image 26:38 - iwwer Rape Culture a Victim Blaming 28:16 - Wat d'Patriarchat domadder ze dinn huet 30:58 - Wisou de Schülercomité eis am Stach gelooss huet 34:56 - Diskussioun 39:02 - är Asendungen 54:16 - Referenzen a mir soen Äddi Referenzen Darf sie das? - Nicole Schöndorfer (Podcast) Why Women Have Better Sex Under Socialism - Kristen R. Ghodsee (Buch) Untenrum frei - Margarete Stokowski (Buch) Die letzten Tage des Patriarchats - Margarete Stokowski (Buch) Mehr dicke Mädels in Legging - Margarete Stokowski (Kolumne) | https://www.spiegel.de/kultur/gesellschaft/koerperbild-bei-frauen-fuer-mehr-dicke-maedchen-in-leggins-kolumne-a-1148907.html Eldo Radio Interview mam Direkter vum Lycée Classique de Diekirch | https://www.eldo.lu/aktuell/news/a/104653.html woxx Artikelen zum Thema | https://www.woxx.lu/sexistischer-dresscode-im-diekircher-gymnasium/ https://www.woxx.lu/schul-dresscodes-crop-tops-sind-ein-feministisches-anliegen/ https://www.woxx.lu/podcast-am-bistro-mat-der-woxx-114-sexistesch-dresscoden-an-letzebuerger-schoulen/
Um Weltkannerdag war e Kannerdokter de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.Mam Dr. Fernand Pauly kucke wéi et de Jonken den Ament geet, wat déi gréisste Problemer sinn a wéi mer dat Bescht aus der aktueller Situatioun maachen.
Déi rezent Diskussiounen ëm d'Ierfschaftssteier an d'Verméigens-, respektiv Räichesteier, déi duerch den CSV-Parteipresident Frank Engel lancéiert goufen, hunn alt nees gewisen, dass et un enger Sträitkultur an eiser Politik a generell an eiser Gesellschaft feelt. An och de Courage léisst bei ville Politiker, besonnesch deene Jonken, nawell ze wënschen iwwereg, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire.
D'Rentrée steet virun der Dir. Ewéi all Joer kommen elo nees vill Jonker nei op eisen Aarbechtsmaart. Anerer sichen no engem Patron fir eng Léier ze maachen . Vill maachen sech Suergen iwwer hier Zukunft - och wéinst den ongewësse Konsequenze vum COVID.19.A wéi wäit kënnt eise Gouvernement de Jonken aus eiser Gesellschaft entgéint ?
Wat mécht de Coronavirus mat de Jonken?Doriwwer schwätze mer de Moie mam Nathalie Keipes, si ass Direktesch vum CePAS, e Service, deen déi Jonk beréit a begleet.Wat sinn déi grouss Defise fir déi Jugendlech? Wéi bleift ee responsabel a gläichzäiteg sozial aktiv? De Rendezvous mat der Invitée vun der Redaktioun ass wéi gewinnt géint 10 op 8.
Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vun de Jonken hirer Mobilisatioun fir Klima, Ëmwelt a Mënschen. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vun de Jonken hirer Mobilisatioun fir Klima, Ëmwelt a Mënschen. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
Ee Jonken op 5 am Aarmutsrisiko: Wéi ass dat méiglech am räiche Lëtzebuerg? Ze relativéieren oder fir Alarm ze schloen?
Ee Jonken op 5 am Aarmutsrisiko: Wéi ass dat méiglech am räiche Lëtzebuerg? Ze relativéieren oder fir Alarm ze schloen?
NEET - ni en éducation, ni en emploi, ni en formation - mat dësem Begrëff gi ganz ënnerschiddlech Motivatioune vu jonke Leit bezeechent, déi ausserhalb vun Educatiouns- an Aarbechtswelt liewen. D'Laetitia Hauret an de Romain Maas vum LISER hunn eng Etude zu deem Phänomen gemaacht. D'Renée Wagener schwätzt mat hinnen.
Jonker hunn ënnert den Ziilgruppe vun de Muséeën dacks net d'Nues vir. Dat ass och eng Fro vun der Musées-Kultur, déi si vermëttelt kréien. D'Renée Wagener schwätzt mat der Laurence Brasseur, déi eng Etüde iwwer deene Jonken hir Attitüd zum Musée gemaacht huet.
D'Jugendfeindlechkeet zu Lëtzebuerg ass zimlech grouss, dat wéisst net nëmmen d'Police, déi "du Kallef" fir e gudden Ëmgangstoun mat Jonken hält.