POPULARITY
Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
Tëschent New Wave a Krautrock: De spuenesche Quartett Melenas presentéiert den Owend (21.11.) an der Kulturfabrik säin neien Album "Ahora“. Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Formatioun Melenas zu Lëtzebuerg zu Gaascht ass. Mat hirem drëtten Album "Ahora" brénge si awer och en neie Sound mat.
Am Studio zu Gaascht ass d'Sängerin a Produzentin AEM, déi den 30. November an de Rotonden hir Debut EP “Chaga” presentéiert. D'Plack ass ganz vun hir selwer produzéiert an handelt vu Wonnen, déi een am Liewe kann dovundroen. D'Release Show an de Rotonden ass den 30. November, a wäert vun Animatioune begleet sinn.
Déi lescht Plack vun Trentemøller heescht “Dreamweaver“ an ass grad emol 8 Wochen dobaussen. Fir den Dän, deen um Ufank vu senger Karriär éischter fir laang instrumental Tracks bekannt war, ass d'Plack den Eckpunkt vun enger Evolutioun zu méi vokaler Musek. Déi atmosphäresch an originell Tracke sinn nach ëmmer meeschterhaft mat déiwe syntheeteschen Texture begléckt, an deenen och organesch an instrumental Sounds hir Kraaft entwéckelen - eng schéi Balance. Op all Track séngt iwwregens seng Kollaboratrice DiSA, déi och schonn eng Zäitche Member vu senger Live-Band ass. Iwwerhaapt ass de Kontrast tëschent feiner Studio-Aarbecht um Album, an enger richteger Band-Experienz op der Bün, scho laang ee Markenzeeche vun Trentemøller - zanter et deemools Zäit war, op d'Bün ze goen. Den Anders Trentemøller a seng Band sinn de Sonndeg den Owend (17.11.) zu Gaascht an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm spillt d'Sakura, alias Sakura Katsuura Chow, eng verspillten a minimalistesch Produzentin vun Hongkong, déi zu Wien schafft. Eng interessant Affiche!
Haut ass alles anescht! Tëscht "Galerie Arschgeweih" an dem Mentos-Rapper begréisst äre Liblingspodcast haut d'Diversitéit a Persoun. Eise Gaascht kennt den Johnny Chicago a zielt zu de Royals, deelt sech neierdéngs en Tribe mam Yannick an ass d'Beyoncé aus dem LCD. Hien huet net op e Wonner gewaart, mee säi Schicksal selwer an d'Hand geholl an et esou aus der Kierch quasi direkt op den CSD gepackt. Eng Diskussioun iwwer d'faméis Petitioun 3198 dierf natierlech net feelen. Dobäi geet et net just ëm Identitéit a Bildungsmangel, mee och ëm Islamophobie a Mënscherechter. Riets geet och iwwer ESC-Enttäuschungen a -Wourechten, nei eras an Zukunftsmusek. Mat dobäi sinn ausserdeem d'Stella, d'Phänomen "Bobrisky", dem Claude Monet seng Schwëster an en Hemsworth-Kickes. Wéi ass et, tëscht zwou Kulturen ze existéieren? Wéi steet et ëm Relioun a Spiritualitéit? Gëtt "I wish I was a pink lady" de neien Eurovisiouns-Hit? An zerbrécht Männlechkeet un engem rouden T-Shirt?
De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt – a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass “déi gutt Zäiten” dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d’Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht … Continue reading "#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?"
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen? De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren! --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass
E Samschdeg an der Mëttesstonn ware sechs Südkandidaten zu Gaascht an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Zur Feier des Tages gëtt et eng Folge, déi bal esou laang dauert, ewéi eng "Wetten Dass"-Episod. An et ass e ganz besonnesche Gaascht dobäi, dee sech selwer an de Podcast harceléiert huet. Är humble Queens këmmere sech em folgend Punkten vun der Queer Agenda: de Rainbow Center, Gay Hot Spots, Struggles vun heterosexuelle Männer, diskriminéierend Kleeder, d'Thomas Mann Pride an eng detailléiert Eurovisiouns-Analys. Wiem säin Handy e neit Liewen zu St. Denis ugefaangen huet, wisou een zu Manchester heiansdo vläicht "Nice shrimp!" héiert a wou de Run(a)way vu Lëtzebuerg ass – all dat gitt dir haut gewuer. D'Nonna Pina, de Goethe als Ballermann-Hit an utopesch Epiphanien sinn och mat vun der Partie, an et geet em Themen ewéi Ageism, Musik-Ikonen, Geminis an d'A-Sektioun. Och d'national Museksszeen, dat Bescht a Schlëmmst vum Schoulsport a lëtzebuergesch Trash-TV-Dreem ginn diskutéiert. Wee sinn "os gays"? Wee sinn eis Sugababes? A wee kéint d'Land bei der Eurovisioun vertrieden? Tëscht CSV an ESC ass awer och nach Zäit fir Fussball-Gossip an onangeneem Froen vum "Dribble d'Or" souwéi engem Jubiläums-Kaddo vun den "Happy Hippos". Happy Pride!
Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt. __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now! __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d'Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger. Lauschtert erann! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://youtu.be/-UjLVikBVz4
'Ceci, do you VOTE me?' - déi zweet Episode ass do! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 2 ass de Finanzberoder a Gemengekandidat Jeffrey Drui zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei
Ceci, do you VOTE me? It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler Gemengeconseillère Jana Degrott zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert? ➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten? ➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups and Downs" ➡Upcoming Japan Tour! Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen: 14:59 50 Cent - Many Men 32:37 Blanket Hill - Neighbourhood Vill Spaass beim Lauschteren!
Billy Talent, dat ass kee Solo-Artist mat ganz vill Selbstbewosstsinn, mee eng kanadesch Band vun Toronto, déi 2006 mat "Fallen Leaves" hire gréissten Hit hat. Haut den Owend (26.11.) si si zu Gaascht an der Rockhal an hunn hiren neisten, mëttlerweil sechsten Album, "Crisis of Faith" am Gepäck, op deen d'Fans vun der Formatioun laang hu misste waarden. D'Claudine Muno huet eis d'Band an hir Musek am Kultur um 5 virgestallt.
Analog Synthesizer spillen eng grouss Roll an der Musek vun der belscher Band Uma Chine, déi e Mëttwoch am Gudde Wëllen zu Gaascht ass. Gëschter an eiser Emissioun Kultur um 5 huet eis d'Songschreiwerin Nele De Gussem erzielt, op wéi engem ongewéinleche Wee hir Begeeschterung fir dës Instrumenter entstanen ass.
VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars. Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn. Nei bei dësem Podcast: Zwou Wourechten an eng Liggen aka 2 Truths & eng Fuutz! Nom Spill ginn mir méi déif an den Damien seng Aarbecht an - hien ass nämlech mat engem Solo Projet (Boy from Home), eng Band (Creatures on Mars) an als Linol- an Drockkënschtler zimmlech busy. Schlussendlech ginn et nach Froen un den Maale Gars, wéi alles enstaanen ass an wéi seng Schüler:innen hien gesinn. Natierlech weisen si dann nach den Objet den sie matbruecht hunn! Kuckt iech de Video op Spotify (mam neisten Update) oder op Instagram un. Lidder déi gefeatured sinn: 00:05 Maale Gars - Ëmmer fir Dech Do 00:09 Boy From Home - I Don't Wanna Go Home 00:14 Epicure - At Least You Tried 00:35 Maale Gars - Alles Nei 00:40 Creatures on Mars - Rope 00:54 Luke Sital-Singh - Nothing Stays the Same Vill Spaass beim Lauschteren!
Hien ass de jéngste Laureat vum International Booker-Prize. Och den éischte Hollänner, deen dëse Präis gewonnen huet. Elo ass de Marieke Lucas Rijneveld säin zweete Roman, deen op däitsch ënner dem Titel "Mein kleines Prachttier" am Suhrkamp-Verlag erauskomm. An dësem Roman erzielt Rijneveld eng pedophil Relatioun, awer aus der Siicht vum Täter. D'Valerija Berdi huet mam Marieke Lucas Rijneveld geschwat, dee Gaascht am Institut Pierre Werner war.
An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d'Trennung vu Frëndschaft a Business – kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D'Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 37:48 MAZ – Good Shit 10:54 MAZ – Upside Down Folgt dem MAZ op Instagram. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.
D'Zuel vu Festivallen, déi Dock In Absolute no der Verëffentlechung vun "Unlikely", hirer zweeter Plack, gespillt hunn, léisst engem de Mond opstoen. No deslescht Vendeg, Worms an Zypern ware si gëschter Owend (23.8.) zu Gaascht an de Rotonden. De Pianist a Bandleader Jean-Philippe Koch an de Batteur Victor Kraus hunn dem Marc Clement virun hirem Soudcheck méi erzielt, kuerz éier si op Tréier a Rhodos weiderzéien.
D'Zuel vu Festivallen, déi Dock In Absolute no der Verëffentlechung vun "Unlikely", hirer zweeter Plack, gespillt hunn, léisst engem de Mond opstoen. No deslescht Vendeg, Worms an Zypern si si haut den Owend (23.8.) zu Gaascht an de Rotonden. De Pianist a Bandleader Jean-Philippe Koch an de Batteur Victor Kraus hunn dem Marc Clement virun hirem Soudcheck méi erzielt, kuerz éier si op Tréier a Rhodos weiderzéien.
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard. Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - wéi eng Hürden hat als jonk Fra an der Chamber muss bewältegen, fir genau sou eescht geholl ze gi wéi seng mat-Politiker:innen. Stéchwuert: Feminismus! Vill Spaass beim Lauschteren! Falls iech meng journalistesch Aarbescht gefällt, kënt dir mech ënnerstetzen andeems dir mäi Patreon Account abonnéiert oder meng Merchandise kaaft. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir hei: https://neon.page/cecidoyouloveme
Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot. An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) : - Tun Van Beest (Mat Organisateur) - Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK ) - Marvin Caldarella (Haapt-Organisateur) - Art in Motion - Damien Giudice vun Mediabox https://www.mediabox.services - Scoute vun den LGS Miersch - Stayfou (Luka Tonnar, John Wolter, Tun Tonnar https://neon.ly/mQPX1 ) - The Disliked ( https://neon.ly/mlbPd ) - Seed To Tree ( https://neon.ly/pyZDo ) - Le Vibe ( https://neon.ly/pP3X3 ) - Serge Tonnar ( https://neon.ly/NZBZP ) Villmoools Merci u jidderen den dobäi war!
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Debbie Kirsch. D'Debbie ass d'Grënnerin vum sustainable & faire Kleedergeschäft Devi. Mir schwätzen an dëser Episode bei engem wuelverdéngte Glas Crémant iwwert sustainable Entrepreneurship an awer och iwwert d'Problemer déi eisen Lifestyle matsechbréngen. Hat erklärt iech net nëmmen wéi säin ganzt Konzept opgebaut ass, mä och wat een alles brauch fir eng erfolgräich an nohalteg Brand ze grënnen. Vill Spaass beim lauschteren! Websäit: https://devi-clothing.com/
Haut geet et weider mam Monster aus der Belsch, de Marc DuTroux. Mat dobäi ass en Gaascht, deen eis e bëssen erzielt wei dat deemools war, wat fir eng Angscht do ënnert de Leit war.
Den éischte Gaascht vun der drëtter Season ass do! Haut geet et ëmt Craft-Béier. Zesummen mam Davide vun "Satori" schwätze mir doriwwer wéi dräi Kollegen ob d'Iddi komm sinn Béier hierzestellen an waat Craft-Beer sou besonneg mecht. Doniewt erkläert den Davide och wisou jonk Leit mat enger Visioun einfach eng Entreprise sollte starten. Mir wënschen Vill Spaass beim Nolauschteren a bis nächst Woch!
An dëser Episode hunn ech ee méi aussergewéinlecht Gaascht zu Besuch. D'Nadine Robert ass eng 63 Joer jonk Lëtzebuergerin, wat sech vu ville Leit an hirem Alter ervirhieft. Ech gesinn si als Kämpferin un, well d'Nadine et am Liewen net ëmmer liicht hat. Sie erzielt eis e bëssen iwwert d'Vergaangenheet an och erkläert si eis, wisou si sou grousse Fan vun der jonker Generatioun ass. Obwuel mir ee groussen Altersënnerscheed hunn, hunn mir mega vill Gemeinsamkeeten! Vill Spaass beim Lauschteren! :) Folgt him a mir op Instagram: https://www.instagram.com/nadinerobert.official/ https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/
Mäin Gaascht an dëser Episode ass d'Melanie Oliveira. Hat huet als Jugendlecht vill mat sengem Kierper gestruggelt, wat vill jonk Meedercher a Jongen novollzéien kënne. Ech hat selwer als Kand vill Zweiwel u mengem Kierper well ech ëmmer sou ausgesinn wollt wéi d'Models an den Werbunge. Mais doriwwer hinaus schwätzen d'Melanie an ech iwwert vegan Ernärung a Fitness. Kann een als Veganerin, einfach Muskelen opbauen? D'Entfert ass: jo! Méi doriwwer gid dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren! PS: Detox ass Bullshit! :D Followed dem Melanie op Instagram: https://www.instagram.com/findyourbalanceeee/
Befier ech eng Folg mat engem Gaascht veröffentlechen, erzielen ech iech ebessen iwwert mech an wéi ech opgewuess sinn. Alles wat ech soen, ass mäi Point de Vue, an wéi ech d'Welt an der Schoul an och méi spéit opgeholl hunn. Falls et bei iech aanechters war, dann ass at natierlech verständlech, well jidderee gesäit d'Welt an sengem eegenen Filter. Kee vun iech muss mir Recht ginn, dat ass nett mäin Ziel, mais sou kritt dir eng Usiicht, déi dir sou villäicht nach nett gesinn hud. Ech hoffen iech gefällt et. Ab néchsten Sonnden kent ee Gaascht, also: Stay tuned!
Dës Woch hunn de Rik an de Pit e gudde Kolleg an ausseruerdentlech talentéierte Sportler zu Gaascht. Den Tony Drennan spillt Rugby, an dat fir lëtzebuergesch Verhältniser ganz gudd. Hien konnt schon Erfahrungen beim Stade Français a Frankräich sammelen a kombinéiert lo Uni a Rugby zu Belfast. Déi 3 schwätzen awer net nëmmen iwwert Sport, mais erzielen och puer Anekdoten vu gemeinsamen Zäiten beim rausgoen. Zesumme mat engem vun eisen treiste Fans, wéi den Tony vu sech selwer behapt, hu mir gudd gelaacht. Mir hoffen dir hudd genau sou Vill Spaass! Bis nächst Woch, bei der leschter Episode fir dëst Joer.
De Rik an de Pit sinn dës Woch ouni Gaascht ënnerwee a kënne sech dowéinst rëm bëssen ëm dat këmmeren waat an leschter Zäit sou an der Welt geschitt ass. Dobäi schwätzen se iwwert de neie lëtzebuergesche Podcast "Gëlle Fro" an den Doud vun engem vun de beschte Fussballspiller déi et jemols gouf. Dono gëtt de Pit rosen a reegt sech iwwert säin Veräin op, wéinst dem him mëttlerweil all Weekend säi blo wäisst Häerz bludd. Doniewt kënnt nach bëssen kulturellen Inhalt mat engem Album Review an e puer Wieder zum Black Friday hu mer och ze soen. Vill Spaass a bis nächst Woch!
En neie legale Kader fir den Denkmalschutz: Den Deputéierten André Bauler ass zu Gaascht am #Espresso an erkläert d'Detailer.
Fir dës Episod konnte mir d'Europa-Deputéiert Monica Semedo gewannen, wat eis immens frou gemaach huet. Engersäits well et am Moment e gutt Stéck méi ze dinn huet wéi fréier bei RTL, anerersäits well mir eis an dëser Zäit kee bessere Gaascht konnte virstellen. Wéi bei engem richtege Radiosender huet d'Monica sech bei eis LIVE vu Bréissel era gemellt a mir hu mat him iwwert déi traureg Aktualitéit awer deelweis schockant Erliefnisser aus sengem Liewe geschwat. Mir warne vir: Verschidde Saache sinn nëmme schwéier ze verdauen! Donieft erkläert eis d'Monica awer och iwwert dat konkret Virgoe vum EU-Parlament, an och vun him als Politikerin, géint Rassismus an Diskriminatioun. Dës Episod weist awer och wéi schéin d'Liewe ka sinn a wéi vill Chancen een zu Lëtzebuerg kann hunn a kréien, d'Monica ass eent vun de Musterbeispiller. Ausserdeem hu mir ganz dringend d'Fro misste klären op et e Comeback beim Picco Bello wäert ginn oder net...
An der 7. Episode vun Hannerzeg No Vir begréissen de Rik an de Pit hieren éischte Gaascht. Mam Kimberly ënnerhale mer eis iwwert d'Premièresexamen, de mentale an de sportlechen Aspect vum Karate an awer och iwwert de Mënsch Kimberly Nelting. Vill Spaass a bis nächst Woch!
Den Thomas Koenig an de Gilles Retter setze sech hei allkéiers, zesumme mat engem Gaascht, mat wichtegen Aspekter vun der aktueller sanitärer Kris auseneen an analyséieren dës Aspekter an hiren Afloss op eist aktuellt Liewen, mee och op en eventuellen Afloss, deen d'Pandemie op eist zukünftegt Liewe kann hunn.
An Zäite vun dréchenem Houscht, Ausnamezoustand an enger Zombie-Apokalypse ouni Zombien ginn den David an de Ben hirer nationaler Verantwortung gerecht a versuergen iech mat hirem weltbeschte Podcast, ouni Gaascht, dofir awer mat duebelem Hype. Lauschtert...euh...liest lo mol gutt no: Mir hu fir iech an dëser 9. Episod d'Konschtstéck bal fäerdeg bruecht net iwwert "Corona" ze schwätzen, hunn eng Iddi fir mat anere Podcasts ze bonden an de radio 100,7 ze retten, ginn op Kuschelkurs mam Fernand Etgen an den David schreift lo un engem Héierspill. Opgepasst, mir hunn och eng nei Rubrik! Wann dir absoluuut allergesch op Filmspoiler sitt dierft dir dëse Podcast NET tëscht 26:22 an 33:00 lauschteren. #spoilerman
Er kam (zu spät), sah (den Zorn) und reagierte: Den David huet dës Episod vun A bis Q geplangt well e sech soss ëmmer bei der Preparatioun vun eisem Weltklasse-Podcast foutéiert huet. Vum coole Gaascht, der Tätowéierin Sandra Biewers bis hin zu der Decisioun dass hie sech "LIVE" wärend der Opnahm tätowéiere gelooss huet, huet den David alles gecheckt. De Ben iwwerhëlt keng Verantwortung. Mä wat solle mer soen? Mir hate Spaass a kurios bis interessant Diskussiounen. Et goung vu vereitelte Mordfäll um Jakobswee, iwwer ausgestoppten Déieren an den Nicolas Cage, bis hin zu engem Workshop wou een eng Woch laang net dierf schwätzen, kee Mucks! Hätte mir dee Workshop nëmmen och besicht...
An dëser Episod ass d'Selina eisen Gaascht. Mier schwätzen iwwert Covid-19, eis Meme Playlist an Ananas op der Pizza (Trigger Warning).
Zwou Fritten am Déngscht vun der Majestéit: De Sean Connery ass zu Gaascht, d'Billie Eilish och, an de Matthias huet nees Bobo. Kann de Pierre Jans, Codenumm 007, eppes dogéint ënnerhuelen?
D’Kelly a säi Gaascht d’Ruth schwätzen iwwer Pickelen, cool sinn, déi éischt Masturbatiounserfahrungen, Geschlechtsufuerderungen an nach vill méi.
Wat gehéiert alles zu Intim-Hygiène? Ass et schlëmm, wann een de Genitalgeroch vu sengem Partner oder senger Partnerin net gär huet? D'Kelly huet mat eisem Gaascht dem Ruth iwwert eegen Erfahrunge, Intimseefen, Oralsex, Sextoys an nach vill méi geschwat.
Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D'Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat.
D’Kelly an säi Gaascht d’Ada schwätzen doriwwer, wéi ee mierkt, dass ee verléift ass, iwwer ongewollt Verléiftheet an d’Ënnerscheeder tëscht verléift sinn, verknallt sinn an ee gär hunn. An der Rubrik geet et ëm d’Fro: Brauch een e grousse Penis fir gudde Sex ze hunn?
Wat huet et mat eroteschen Dreem op sech? Wat bedeiten se? Wat schwätzt dofir a wat dogéint aneren dovun ze erzielen? Doriwwer huet d'Tessie mat eisem Gaascht, dem Isabel geschwat. Dëst Kéier gëtt et souguer zwou Rubriken an enger: "Eng Gudd Froo" an "HowTo" Pegging!
Wat vermëttelen eis d’Medien an eist Ëmfeld doriwwer, wat Schéinheet ass? A wéieen Afloss huet dat op eist Selbstwäertgefill? Doriwwer huet sech d’Tessie mat eisem Gaascht dem Lara ënnerhalen. An der uschléissender Rubrik geet et em de Coming-out.
D'Kelly huet sech mat eisem Gaascht dem Momo iwwer Erregung an erogen Zonen ënnerhalen. An der Rubrik raumt d'Tessie mat zwee Viruerteeler ronderëm d'Kavanaugh-Affär op.
Literatur a Soziologie verbanne fir d'Wourecht auszeschwätzen an ze verschaffen, sinn d'Motiver, déi den Edouard Louis inspiréiert hunn. Bis elo sinn zwee Wierker dobäi erauskomm: "En finir avec Eddy Bellegueule" an "Histoire de la violence". Den Edouard Louis war kierzlech Gaascht am Institut Pierre Werner, wou hien analytesch iwwert seng Literatur a seng Biographie geschwat huet. D'Valerija Berdi presentéiert de jonke franséische Schrëftsteller.