POPULARITY
Eng nei Affär an der Gemeng Hesper, wéineg Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg an déi Kleng, déi net derbäi dierfe sinn: dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Eng nei Affär an der Gemeng Hesper, wéineg Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg an déi Kleng, déi net derbäi dierfe sinn: dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Bauereprotester, gréng Verloschter bei de Walen – et schéngt esou, wéi wann Nohaltegkeet a Klimaschutz bei ville Leit net méi uewen op der Piroritéitelëscht sténgen. Trotzdeem léisst sech feststellen, datt sech och bei deene rietsen a rietspopulistesche Parteien d'Rhetorik vis-à-vis vun der Klimakris gewandelt huet. Esou gëtt net méi geleegent, datt et eng Kris gëtt, mä d'Mesüre ginn a Fro gestallt. D'woxx-Journalistin Maria Elorza Saralegui huet zesumme mat zwee fräiberuffleche Journalist*innen eng europawäit Recherche zur Klima-Rhetorik vu rietspopulistesche Parteie gemaach. Am Podcast erzielt si, wat dobäi erauskomm ass.
D'Kolla sinn ee Vollek aus dem Norde vu Chile. U Weltoppenheet an Nohaltegkeet wëllt de Kolla-Festival mat sengem Numm erënneren. Déi éischt Editioun no der Pandemie ass am Park vun der Stad Miersch a bleift de Grondsätz vum Festival a sengen Organisateuren trei. Wéi? Dat verréit d'Marike Breedijk vun der Kolla-Ekipp dem Marc Clement.
E Méindeg de Moie waren d'Rees-Gewunnechte vun de Lëtzebuerger Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Theemen haut : Nohaltegkeet vu Finanzsecteur gefuerdert, Réck- an Ausbléck vum Lex Delles, Déi Lénk mat Programm a Slogan fir Walen an Nato-Sommet.
Theemen haut : Nohaltegkeet vu Finanzsecteur gefuerdert, Réck- an Ausbléck vum Lex Delles, Déi Lénk mat Programm a Slogan fir Walen an Nato-Sommet.
Wann ee säi Geld uleet, erwaart ee sech sécher ee räsonabele Rendement, awer et stellt ee sech och vläicht d'Fro, ob dat och nohalteg investéiert gëtt. An dëser Carte Blanche vum Michel Maquil gëtt dorop higewisen, datt do scho ganz performant Norme bestinn, wéi een eng optimal Nohaltegkeet kann erreechen, déi ee positiven Impakt huet op de Client, de Mataarbechter, dat soziaalt Ëmfeld an d'Ëmwelt.
Kann ee Moratorium op Oprappen an Neibaue vu Gebaier dem Klima hëllefen? Och wann et op den éischte Bléck paradox wierkt, sou ass et bei wäitem net ëmmer méi nohalteg, eppes Neies ze bauen, och
Wat sinn „nohalteg Bezéiungen“? Kann een sech nohalteg Trennen? Wat ass den Ënnerscheed (oder och net) tëscht green dating, mindful dating an slow dating? Dëst beschwätzen Kelly an d'Selma an dëser Episode – lauschtert eran fir vill flott gardening Metapheren a fun facts. Dei läscht 10 Minutte gëtt et eng klengen Exkurs iwwert d'ökosexuellt Manifest an iwwer fairen/etheschen Porno. An der Rubrik … „#95: Titel: Nohaltegkeet – Bezéiungen kultivéieren“ weiterlesen
En Dënschdeg war de CEO vun der Bourse eisen Invité vun der Redaktioun.
An der neier Kaffispaus diskutéieren de President vun der Finanz- a Budgetskommissioun André Bauler an de President vun der UEL Jean-Paul Olinger iwwer de Budget 2021, Erausfuerderunge fir d'Wirtschaft an d'Betriber, Nohaltegkeet a villes méi!
Den Handelsaccord CETA an d'Léieren, déi een a puncto Nohaltegkeet aus der Corona-Kris zéie sollt, sinn d'Theemen am Gespréich mam gréngen Energieminister. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
Nohalteg liewen, nohalteg Kleeder, nohalteg Entwécklung. „Nohaltegkeet“, e Wuert mat enger déiwer Identitéitskris?
Fir d’Ziler vun der Klimapolitik ze erreechen ginn och vill Investmentfongen ugebueden déi vu sech behaapten an nohalteg Gesellschaften ze investéieren. An dëser Carte blanche gëtt ervirgehuewen datt et oft Nimm sinn déi een net spontan mat Nohaltegkeet a Verbindung bréngt. Och wann dat ablécklech dach Sënn mécht, werft et Froen op. Et ass duerfir néideg nei Bedingungen ze schafen fir hei méi gezielt kënnen ze investéieren, an iwwer dee Wee déi Transitioun op eng nohalteg Wirtschaft ze realiséieren, seet de Michel Maquil, fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse a fräie Wirtschaftsberoder.

Et geet net duer, de Kapitalismus gréng ze maachen, wann een nohalteg wirtschafte wëll – dat war d‘Haaptthese vun engem Virtrag vum Timo Daum, deen dës Woch vum Mouvement écologique organiséiert ginn ass. Mir schwätzen doriwwer, wat et mam Rebound-Effekt op sech huet, wisou Kapitalismus a Nohaltegkeet sech widderspriechen a wat fir Spillraim an Alternativen et och ënnerhalb […]
D'Wuesstumsdebatt huet besonnesch den Optakt vun der Wahlkampagne thematesch dominéiert. Dobäi huet sech séier erausgestallt: Trotz der affichéierter Wuesstumsskepsis vu ville Parteie wëllt keng vun hinnen op Wuesstum verzichten. D'Polemik schéngt vill méi ee Symptom dofir ze sinn, datt de Parteien d'Iddie feelen an de Beräicher Logement, Mobilitéit, Integratioun an Nohaltegkeet eng aner Politik ze maachen. Ee Kommentar vum Pia Oppel.
60 Joer nodeems déi europäesch Agrarpolitik an d'Liewe geruff gouf, soll si nees eemol reforméiert ginn. D'Visioun vun der EU-Kommissioun ass, de Memberstaaten an der Agrarpolitik, déi ëmmerhi 40 Prozent vum gesamten europäesche Budget ausmécht, méi Spillraum ze ginn, wou si d'Subventiounen asetzen, fir gemeinsam Ziler a Saachen Ëmwelt, Klimawandel an Nohaltegkeet z'erreechen.