POPULARITY
Nom Referendum an der Gemeng Bettenduerf, bei deem de Jo gewonnen huet, missten déi Gemengeresponsabel elo kucke fir all Bierger:innen nees an ee Boot ze kréien, och déi, déi skeptesch sinn, esou eng Meenung an der Press de Moien.
D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten um Ordre du jour. Hairspray-Probleemer, sech fir Lëtzebuerg schummen, Macaron-Mafiabusiness, MAGA-Mausen an onneideg Sexzeenen – viirun heiklen Theme gëtt sech och an dëser Episod net gescheit. Duercherneen a confused ewéi eh und je ginn sech nees wichteg Froe gestallt: Wiem vun eis gehéiert d'Éislek? Sollt den Harald Glööckler op d'Wallëscht? A ween der Däiwel ass d'Ruth? Mir hu net just Relatioune mat Spuenien, Frae mat Schankebrëller an Halluzinatiounen an de Bierger, mee glowen och vu bannen a baussen! Eist Geheimnis? Boo-dhism (an en Touch probiotesch Bakterien).
De 4. Dezember 2024 gëtt de Brian Thompson, den CEO vun der amerikanescher Gesondheetsversécherung United Healthcare, zu New York op oppener Strooss erschoss. Den Täter, de Luigi Manghone, gëtt zënter der Dot vu ville Bierger als Rächer gefeiert. Firwat dat esou ass a wat bis lo iwwert de Fall gewosst ass, fënns du alles an dëser Episod eraus.
D'Erwaardunge vu méi Transparenz bei der Justiz sinn u sech mat der néideger Diskretioun bei Enquêten ënnert een Hutt ze kréien. Dat fënnt d'Diana Hoffmann a sengem Commentaire.
Bal ee Joer nom Akraafttrieden vum Gesetz fir d'interkulturellt Zesummeliewe bleift d'Fro, wéi een dës Ambitioun wierklech an eisem Alldag verankere kann. Dës Carte Blanche ënnersträicht d'Bedeitung vu sozialer Gerechtegkeet als Fundament fir en Zesummeliewen, wou all Bierger sech wierklech bedeelege kann. D'Soziologin Jessica Lopes.....
De Vott am Bettenduerfer Gemengerot, e Rëss an der CSV an eng Biergerëmfro zu Keel sinn eis Themen an der Presserevue.
D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde mat der Aart a Wéis, wéi d’Regierung deen Discours organiséiere wëll. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wisou de Start vun där grousser Debatt mësslongen ass. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pensions : la tension monte entre syndicats et gouvernementThe post D'Diskussiounen ëm d'Pensiounsreform hate kee gudde Start first appeared on Radio ARA.
Ëmmer méi Leit bekloe sech beim Ombudsman, well si vun enger staatlecher Verwaltung, enger Gemeng oder och engem Etablissement public net adäquat behandelt goufen. D'Claudia Monti an hir Ekipp waren d'lescht Joer mat enger Rekordzuel u Reklamatioune befaasst. Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d'Ombudsman souzesoen Affer vun hirem Succès? Dat freet d'Christiane Kleer d'Claudia Monti.
Bildungspolitik, Schwaachstellen am Gesondheetssystem an d'Entfriemung tëschent Bierger a Police, dat sinn d'Sujeten haut an der Presserevue.
Bildungspolitik, d'Rechter vun der LGBTIQ+-Communautéit an d'Entfriemung tëschent Bierger a Police, dat sinn d'Sujeten haut an der Presserevue.
Et steet immens vill um Spill den 9 Juni. Dat soe jonk Kandidate fir d'EU-Walen am Kloertext.
"La grand fossé" oder firwat zitt sech am Lëtzebuerger Schoulsystem zënter enger gefillter Éiwegkeet e Gruef tëscht der Primärschoul an dem Lycée. Wat den Astérix domadder ze dinn huet a wou de Schong dréckt bei der Orientatioun an Evaluatioun vum zukünftege mëndege Bierger. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
Mat engem Typ wéi dem Putin kéint een net verhandelen, sou dem Frank Engel seng kloer Positioun zu Russland.
D'Politikerin iwwer d'Zäit an der Musek, beim Radio an am Déngschtauto, vu Vakanz an de Bierger, kachen, Fluchangscht an den éischten Beruffswonsch 'Clown'
E Freideg de Moie waren d'Reklamatioune vun de Bierger un den Ombudsman Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi lescht Woche stoung déi nei Regierungsmajoritéit vun CSV an DP vill am Mëttelpunkt, haut an der Press kritt d‘Oppositioun méi Opmierksamkeet. An d'Lëtzebuerger Wort nennt nei Hannergrënn iwwert d'Enquête iwwer Polizisten, déi op der Stater Gare sollen e Bierger an enger Zell zerschloen hunn.
Léiwer Éischte Bierger wéi nach eemol Minister: den neie Chamberpresident äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
Séit enger Zéit gëtt hei zu Lëtzebuerg virun allem a politesche Kreeser an domat och am Vollek iwwert d'Wuesstem vun eiser Gesellschaft diskutéiert. Hei erfannen allerhand sog. Spezialisten Ideen mat deenen sech gutt Stëmmung beim Bierger maache léist. Awer, wéi een déi Ideen ëmsetze kann , dat seet keen. Eng Carte Blanche vum Robert Weber, fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten.
Eng 284.000 walberechtegt Bierger hunn et an der Hand. Wie leet d'politesch Geschécker déi nächst 5 Joer a wie soll mat wiem an eng Koalitioun kommen?
Déi 4 Spëtzekandidate Bettel, Lenert ,Tanson a Frieden hu sech de Froe vu verschiddene Generatioune vu Bierger gestallt.
Déi 4 Spëtzekandidate Bettel, Lenert ,Tanson a Frieden hu sech de Froe vu verschiddene Generatioune vu Bierger gestallt.
Wann et Lëtzebuerg och an Zukunft gutt goe soll, muss d'Politik bei den ustoende Parlamentswalen hire Fokus net nëmmen op de Bierger riichten, mee och op de Betriber hier Interessen agoen. Eng Carte Blanche vum Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen.
Fir vill Leit gëtt et ëmmer méi schwéier, sech an enger politescher Partei erëmzefannen. U wiem ass et géigenzesteieren? Der Politik oder dem Bierger? E Commentaire vum Diana Hoffmann.
An dräi Wochen kréien d'Politiker Zensuren vun de Bierger. Hei bei hinnen an der Ronn gëtt et all zwou Wochen Notten. Mol méi, mol manner gutt, gëtt dann hei iwwer déi Dichteg a Wichteg geschwat, a sech d'Fro gestallt wéi et souwäit komme konnt. Ronderëm den Dësch, fir iwwer d'Leit hier ze falen, sëtzen beim Christiane Kremer de Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an den Tony Tintinger.
Mir liewen an enger Zéit, wou versicht gëtt de Sozialdialog prioritär ze féieren. Den Hannergrond ass kloer! De russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain, de Klimawandel a seng Erausfuerderungen, Flüchtlingskris, ëmmer méi Onsécherheet op der ganzer Welt. D'Inflatioun an dat deiert Liewen. Awer och onzählech Streikbeweegungen an eisen Nopeschlänner fir dem Bierger an dem Aarbechter seng Rechter duerchzesetzen. A mir heiheem? Mir schwätzen iwwert Aarbechtszäitverkierzung! Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.
E Mëttwoch de Moie waren den Ukrain-Krich an déi geflücht russesch an ukrainesch Bierger zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Ass de Staat e Frënd oder e Feind vun der Fräiheet? Oder steet de Bierger sech selwer am Wee? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den Alexis de Tocqueville.
De Robert Goebbels gesäit nëmmen e moderat Interessi vun de Bierger un der Politik.
D´Buvette geet an d´Wanterpaus. An dëser Folg zeien de Ben, de Gilles an den Dylan nach eng kéier e klenge Bilan aus der Hironn. Ënnert anerem fält op, dass sech zu Nidderkuer sou munches geännert huet. Dann ass dem Ben en Opruff vu Schengen opgefall an de Gilles bréngt dem Manuel Neuer seng aktuell Situatioun op de Punkt. An zu gudder Lescht gëtt et einfach nëmmen e Merci vun eis, un iech.
Däerf e Staat vu senger Bierger verlaangen, an de Krich ze zéien? A wa jo, firwat? Oder firwat net? A wéi eng Weltbiller verstoppen sech hannendrun? E puer Iwwerleeungen vum Thomas Koenig
An den Zeitunge beschwéiere sech Bierger, datt alles méi deier gëtt, a Sécherheet a Kriminalitéit gi lues awer sécher zum Walkampftheema: Theemen an der nationaler Press, presentéiert vum Françoise Medernach.
Et kéint ee mengen, d'Missiounen vun der Police wären de Schutz vum Bierger an d'Erhalen vu Sécherheet a Fridden. Mee an den USA ass dat awer net esou, do huet d'Police keng föderal Obligatioun, déi Saachen ze maachen. Wéi ass et dann zu Lëtzebuerg? Huet d'Police en devoir de protection? Ech war bei d'Simone Beissel, fir Äntwerten op meng Froen ze kréien.
Eng Fro, di mer eis am Speakeasy oft gestallt hunn, ass, ob de Batman an de Prison gehéiert. Philosophéieren kann een vill doriwwer, wat da lo richteg ass, oder moralesch noutwenneg. Mee wat seet d'Gesetz? Däerf den eenzelen Bierger fir Recht an Uerdnung suergen? Däerf een sech als Superheld verkleeden an den Batman nomaachen? A firwat erlaabt den Superjhemp-Film sech souvill Fräiheeten mam Realismus? Ech war beim Simone Beissel, fir Äntwerten op meng legal Froen ze kréien an hunn mam Regisseur Félix Koch nach eng Kéier iwwert d'Roll vun den Superhelden geschwat. Link zu eiser eischter Episod zum Thema Batman https://soundcloud.com/speakeasylux/prison-fier-de-batman
An engem Joer ass et nees sou wäit. All 5, respektiv 6 Joer geet de Lëtzebuerger Bierger, deen op de Wielerlëschten agedroen ass, bei d'Urnen. Ënnert dem politesche Regimm vun enger representativer Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie, bleift Lëtzebuerg den eenzege Grand-Duché op der Welt. Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
D'Vertrauen an d'Politik bréckelt ferm. Dem aktuelle Politmonitor no traue just nach 51 Prozent vun de Bierger der Regierung. Mol net een Drëttel géifen nach fir d'Oppositioun hir Hand an d'Feier leeën. De Sondage gouf lescht Woch réischt publizéiert a schéngt bei de Concernéierten awer kee gréisseren Androck ze hannerloossen, wann een hir Reaktioun op d'Affär Jeff Da Costa kuckt.
Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken?
Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken? Doriwwer gouf den Owend diskutéiert.
Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken? Doriwwer gouf den Owend diskutéiert.
Zu Davos an der Schwäiz kommen dës Woch erëm Politiker a Vertrieder aus der Wirtschaft fir de Weltwirtschaftsforum zesummen an diskutéieren doriwwer, wéi d'Ekonomie vu muer soll ausgesinn. Mat den Nowéie vun der Corona-Pandemie, dem Ukrain-Krich, der Inflatioun an net ze vergiessen dem Klimawandel, feelt et kaum un Erausfuerderungen. Ma ob e Forum vun der weltwäiter Elitt an de Schwäizer Bierger dofir déi richteg Plaz ass, kann een op d'mannst emol bezweiwelen, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Eng Sonnecrème, déi ouni Déiereversich sollt hiergestallt ginn, huet trotzdeem missen esou Versich maache – dat läit dorunner, datt déi europäesch Gesetzgebung fir den Déiereschutz an déi fir d'Chimie net openeen ofgestëmmt sinn. Eng Europäesch Bierger*inneninitativ wëll dat
Et war mol nees eppes lass am politesche Lëtzebuerg: Tripartite-Gespréicher mat duerchaus frowierdegen Resultater, zwee Parteikongresser mat erstaunlech wéineg Géigewier, a Suen fir d'Arméi gëtt et och nach. Kuerz: Et gouf vill ze beschwätzen. An e Spoiler gëtt et och: de Matthias an de Pierre si sech bei wäitem net iwwerall eens.
"Fräiheet" a "Mir sinn d'Vollek" ruffen d'Manifestante géint Covidmesuren an Impfen. Dir jäizt zwar haart, sidd awer eng Minoritéit. Mir, d'Majoritéit, äntwere Bierger, déi hirersäits soen, et geet duer an Doktere ruffen zu minutes de silence op, d'Spideeler fëlle sech nees, Fronte verhäerte sech bis a Familljen eran.
Den Dylan hänkt an de Bierger fest an iwwerléisst dofir deenen aneren zwee d'Buvette, déi sech an der leschter Episod fir des Joer gutt Zäit gelooss hunn, dem Ben seng nei Roll als Goalgetter ze klären an op d'BGL Ligue ze kucken. De Gilles huet et richteg genoss, rëm lëtzebuerger Fussball ze kucken an dem Ben säi scho bal historeschen Dag zu Wolz mat ze erliewen. An da gouf et bei der UEFA eng net onintressant Pann, wat puer Spekulatioune mat sech bréngt.
D'Astrid Lindgren soll gesot hunn: "Wie die Welt morgen aussehen wird, hängt in großem Maß von der Einbildungskraft jener ab, die gerade lesen lernen." Samschdeg ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. Grond genuch fir kuerz driwwer nozedenken, wéi mir als Erwuessener d'Kanner gesinn, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
Et wier mol nees un der Zäit fir e Patt ze huelen, villäicht och deen een oder anere méi. Fir deen Zoustand dann ze beschreiwen, wann een ze vill intus huet, ginn et eng helle Wull Méiglechkeeten, zum Beispill "deen ass hannert dem siwente Bierg". Den Alain Atten ass genee de richtege Guide fir an dës Bierger.
Mir froen d'DP-Deputéiert firwat Bierger eréischt dräi Woche virum eischte Vote an der Chamber iwwer d'Verfassungsreform informéiert ginn. Moderatioun: Rick Mertens.
Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten. D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten". Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet. D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen. D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7. Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster Mastering a Montage: Carlo Link Lauschtert d'Suite vun der Diskussioun v.l.n.r.: Michael Roth (Däitsche Staatsminister fir Europa), Pia Oppel (radio 100,7), Jean Asselborn (Lëtzebuerger Ausseminister). Am Hannergrond, Schüler aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire Klassen.
Den Ernährungsrot sollt een Instrument sinn, datt et erlaabt, datt déi vill verschidden Acteuren aus dem Ernährungs- an Agrarsecteur sech un een Dësch setzen an zesumme Léisunge sichen. Dobäi sollten och Bierger*innen mat agebonne sinn.
Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten. D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten". Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet. D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen. D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7. Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster Mastering a Montage vum Resumé an der Online-Versioun: Carlo Link Online-Versioun: Lauschtert déi ganz Diskussioun "d'Zukunft vun Europa" v.l.n.r.: Michael Roth (Däitsche Staatsminister fir Europa), Pia Oppel (Radio 100,7), Jean Asselborn (Lëtzebuerger Ausseminister). Am Hanngrond, Schüler aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen.
D'Majoritéit vun de Bierger a Biergerinnen attestéiert Blo-Rout-Gréng am Politmonitor, si gutt duerch d'Pandemie manövréiert ze hunn. Bettel, Lenert a Co kënnen et sech awer net erlaben, sech op hire Kriselorbeeren auszerouen. Duerfir sinn d'Problemer, déi bis d'Enn vun der Legislatur ze léise bleiwen, ze grouss.
Déi ëffentlech Petitioun Nummer 1865 fuerdert eng Dispens fir Fraen, déi hir Reegel kréien. Net grad 4.800 Leit hunn d'Petitioun ënnerschriwwen. Den néidege Seuil vu 4.500 Signaturen huet se areecht. Elo muss an der Chamber iwwer de Sujet debattéiert ginn. Regierungspolitiker-innen ënnerstëtzen d'Iddi net. Aus diverse Grënn. Vill Biergerinnen a Bierger wëlle sech och net ganz festleeën, wéi de Pierre Jans a sengem Commentaire festhält.
Den ADR-Deputéierte war e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".
Liz Speyer klemmt gären op Bierger, hat spillt gären Querflütt, ass ganz musikalesch an awer huet hat eng aner Karriär ageschloen. Wat a wou dat verréit hat ons an onsem 4. Podcast.
D’Sanitärkris deckt déi strukturell Problemer vun eiser Gesellschaft op.Et ass wichteg, dass d’Politik, mat der Zivilgesellschaft an de Bierger, d’Gestaltungshoheet méi staark zeréck an hier Hänn hëlt.eng carte blanche vum Pierre HURT Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (oai.lu)
D’sanitär Kris deckt déi strukturell Problemer vun eiser Gesellschaft op. Et ass wichteg, dass d’Politik mat der Zivilgesellschaft an de Bierger, d'Gestaltungshoheet méi staark zeréck an hir Hänn hëlt. Eng Carte blanche vum Pierre Hurt vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (oai.lu).
Covid-Gesetz, Couvre-feu, Lockdown an Appellen un d'Eegeverantwortung vun de Bierger, dat sinn d'Sujeten haut an der nationaler Press. Presentéiert vum Paule Rodesch.
Katow, Tedeschwilli, Solovieff... Alles Nimm, déi sech hei am Land an Tëschenzäit agebiergert hunn. Et sinn d'Spuere vun der russescher Immigratioun am 20. Joerhonnert. D'Geschicht vun der Awanderung vu Russen, respektiv vu Bierger aus dem fréieren Zareräich oder der Sowjetunioun, war éischter manner bekannt... Bis eng Fuerscherin sech mam Thema ausernee gesat huet. De Michel Delage huet sech mat der Inna Ganschow ënnerhalen.
Et feelt Lëtzebuerg un erschwénglechem Wunnraum, dat ass e Fait. Et muss ee sech awer d’Fro stellen, ob mir Bierger net och mat schold dorunner sinn?
Um Rand vum Polarkrees läit Yukon, eng vun de leschten onberéierte Landschafte vun der Welt. Hei am Nordweste vu Kanada läit en Territoire, duebel esou grouss wéi d'Schwäiz, wou grad emol 35.000 Mënsche liewen. De Kim Pasche ass en experimentellen Archeolog a reest duerch d'Welt op de Spuere vun eise Virfaren, déi als Jeeër a Sammler gelieft hunn, op der Sich nom Ursprong vun eiser moderner Gesellschaft. De Stan ass e Member vum Stamm vun de Gwit'chin a kennt dës Bëscher a Bierger auswenneg. Zesumme maachen si sech just mat deem néidegsten op de Wee an tauschen hiert Wëssen aus, fir an der Natur ze iwwerliewen. Zum Beispill datt d'Iesse vum Biwer-Schwanz fréier am Stamm als Glécksbrénger gegëllt huet, oder wéi ee Behälter aus der Schuel vu Bierken a Sylex hierstellt. Mee virun allem verfollegen si d'Spuere vun de Caribou, genee wéi et de Stamm vun de Gwit'chin schonn zanter 15.000 Joer an dësem Territoire gemaach huet. D'Lara Bousch stellt d'Natur-Dok vir.
Fräiheet, dat mat héchste Gutt an enger Demokratie, dat mir als Bierger hunn, ware mir bereet opzeginn an der Lutte géint de Coronavirus.
Fräiheet, dat mat héchste Gutt an enger Demokratie, dat mir als Bierger hunn, ware mir bereet opzeginn an der Lutte géint de Coronavirus.
Fräiheet, dat mat héchste Gutt an enger Demokratie, dat mir als Bierger hunn, ware mir bereet opzeginn an der Lutte géint de Coronavirus.
Impakt vum Confinement op eis all? Wéi eng psychologesch Strategie entwéckelt de Mënsch doheem am Confinement? Wéi eng Konsequenzen huet d'Corona-Pandemie fir Stéit, Koppelen, Kanner, Singlen, eeler Bierger oder dat medezinescht a Fleegepersonal? Mam Psychiater Paul Rauchs diskutéiert d'Carole Schimmer iwwer dës Froen.
Déi Nei um Krautmaart wären ugetrueden eng vernënfteg Politik am Dialog mam Bierger fir de Bierger ze maachen – och an der zweeter Legislaturperiod ass dovunner net all ze vill ze gesinn, mengt de Philosoph Jean-Luc Thill a senger Carte Blanche, an et stellt sech senger Meenung no d’Fro wéi eng Vernonft an dësen Entscheedung zum Ausdrock kënnt.
Déi Nei um Krautmaart wären ugetrueden eng vernënfteg Politik am Dialog mam Bierger fir de Bierger ze maachen – och an der zweeter Legislaturperiod ass dovunner net all ze vill ze gesinn, mengt de Philosoph Jean-Luc Thill a senger Carte Blanche, an et stellt sech senger Meenung no d’Fro wéi eng Vernonft an dësen Entscheedung zum Ausdrock kënnt.
Si ass Inneministesch a Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer. D'Taina Bofferding ass eis Invitée an der Emissioun Background.Si schafft un enger grousser Reform vum Gemengegesetz – zesumme mat de Gemengen an de Bierger. Mir kucken op annerhalleft Joer CGDIS.Wou sinn d'Aarbechte fir eng nei Grondsteier drun? A wéi staark sinn nach d'Sozialisten? Alles Froen un d'LSAP-Ministesch...am Background live um Samschdeg tëscht 12 an 1 hei op RTL Radio Lëtzebuerg. An der App an op rtl.lu.
Si ass Inneministesch a Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer. D'Taina Bofferding ass eis Invitée an der Emissioun Background.Si schafft un enger grousser Reform vum Gemengegesetz – zesumme mat de Gemengen an de Bierger. Mir kucken op annerhalleft Joer CGDIS.Wou sinn d'Aarbechte fir eng nei Grondsteier drun? A wéi staark sinn nach d'Sozialisten? Alles Froen un d'LSAP-Ministesch...am Background live um Samschdeg tëscht 12 an 1 hei op RTL Radio Lëtzebuerg. An der App an op rtl.lu.
Am Café des Artistes quetscht den Dan Spogen dës Woch e Politiker aus, deen och schonn emol éischte Bierger vum Land war: De Mars Di Bartolomeo.
Am Café des Artistes quetscht den Dan Spogen dës Woch e Politiker aus, deen och schonn emol éischte Bierger vum Land war: De Mars Di Bartolomeo.
De Frust ass grouss. D‘Bierger op der Stater Gare hunn es sat. Den Drogenhandel, d’Toxikomanen an d‘Spuren déi se hannerloossen an virun allem d‘Onsécherheetsgefill... et gëtt vill wat d‘Blutt vun den Awunner héich kache léisst. D'Fuerderung op der Biergerversammlung gëscht Owend ass kloer: méi Police-Präsenz. Dat geet awer net duer, fënnt d‘Annick Goerens de Moien a sengem Commentaire
Wa jidderee just nach u sech denkt, vum einfache Bierger, dem lokale Politiker bis bei ganz Regierungen, a wéi enger Demokratie liewe mer dann? – dozou eng Carte Blanche vum Philosoph Jean-Luc Thill
Wa jidderee just nach u sech denkt, vum einfache Bierger, dem lokale Politiker bis bei ganz Regierungen, a wéi enger Demokratie liewe mer dann? – dozou eng Carte Blanche vum Philosoph Jean-Luc Thill
„D’Wal vum EU-Parlament ass eng Wal vum europäesche Bierger"
„D’Wal vum EU-Parlament ass eng Wal vum europäesche Bierger"
Si ass omnipresent: D’Diskussioun iwwert d’Juegd. Et gi Mesure geholl, an et wëll een de Bierger d’Suergen huelen, si opklären. Ma eppes fält op. Dee Minister, deen hei an der éischter Rei steet, ass den LSAP Landwirtschaftsminister Romain Schneider. D’Nadine Gautier mat engem Commentaire.
Dës - natierlech express provokant formuléiert - Fro stellt de Luc Marteling haut a sengem Apropos. Doran zerwéiert hien eis Reesandréck aus de Bierger a fäert e bëssen d'Uerteel vun de Bierger, vun de jonke Bierger ...
An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Déi 94 Joer al Fra géif d'Landschaften erhalen an den Zesummenhalt vun de Mënsche stäerken.
An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Déi jonk Fra aus Syrien géif Stagë fir Lycéesschüler a Studenten an de Schoulen aféieren, fir hinnen eng konkret Virstellung vun de jeeweilege Beruffer ze ginn. Dacks géif een nämlech net dat maachen oder studéieren, wat ee wierklech gär huet.
An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Den Erliefnespedagog gesäit et als Necessitéit un, de Liewensstil ze änneren a géif dat als Premier och esou virliewen. Hie géif och de Geschichtsunterrecht fërderen, fir verschidden Zesummenhäng besser verstoen ze kënnen.
An eiser Serie erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. Den Optiker géif d'Handwierk valoriséieren an de Mindestniveau fir an de Beruff eranzeklammen an d'Luucht setzen.
Vill vun deenen, deenen d’Hektik, de Stress ze vill gëtt, ginn an der Vakanz an d’Natur. Wëllen hier Rou. An d’Bierger. Einfach - wanderen - zum Beispill. E puer Gedanke vum Roland Kalté
Es geht wieder in den Hobbyraum voller Kronkorken: die beiden topographisch hochgebildeten Kommissare wagen sich an eine Gose. Dieses Mal haben wir die Lemon Thyme Freestyle Gose von Next Level Brewing probiert, unseren Geographielehrern alle Ehre gemacht, den Ekel von Biergerüchen thematisiert und dementsprechend auch die Nase über die Gläser gehangen.
Véierten an leschten Deel vun eiser Diskussioun iwwert Kommunismus. Mir diskutéieren déi initial Fro, op Kommunismus dann eng Alternativ fir en politikverdrossenen Bierger ass, deen sech net well missen mat der res publica auserneesetzen. Diskussiounspartner: Christophe Schmit
Et huet jo missen esou wäit kommen. Fir mech waren d'Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d'Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d' Eisleck ass dach een sougenannt „Mittelgebirge“, hunn mir an der Geografie geléiert!“. Zielt dat emol an Éisterräich. Mittelgebirge. Da laachen d'Leit iech aus an dir musst hinnen e Patt bezuelen, dat se ophale mat laachen. An da gitt dir aarm an traureg heem an frot iech, wéi héich da richteg Bierger si mussen, wann d'Eislécker Koppen net dozou zielen.