Podcasts about populatioun

  • 15PODCASTS
  • 21EPISODES
  • 21mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Feb 21, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about populatioun

Latest podcast episodes about populatioun

Méi wéi Sex
#160: Size matters? – Penisgréisst

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Feb 21, 2025 51:48


D'Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. "De Penis" gëtt et dobäi amfong net wierklech - Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobäi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d'Meenungen iwwer d'Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobäi oft auseneen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, firwat mäer deem Ganzen amfong souvill Bedeitung zoumoossen, wat et mat "dick energies" op sech huet, a wat hir Erfarunge mat Penisgréisst sinn. An der Episod erklärt den Elie an der Rubrik Aktualitét, wat dee néi entdeckten "Sexom" ass.

Kultur
De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 15, 2025 9:03


Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100'000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:inne proposéiert, e Jury huet néng Finalisten nominéiert, deenen hier Fotoen, no London, San Diego, Shanghai a München, bis dëse Sonnden inclus am Stater Cercle Cité ze gesi sinn. Déi indesch Laureatin vum aktuelle Prix Pictet, d'Gauri Gill, déi sech mat der ländlecher Populatioun an der indescher Peripherie beschäftegt, konnt leider net op Lëtzebuerg kommen, dofir war awer zum Beispill de Pol Michał Łuczak am Cercle Cité, an d'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, him e puer Froen ze stellen.

RTL - Commentaire
Rosa Clemente : Wéi Demokratie fillt et sech net un, 19/10/2023

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 19, 2023 2:30


Méi wéi 660.000 Awunner – a just knapp 286.000 Wieler. Bal d'Hallschent vun der Populatioun däerf net matbestëmmen, wien an d'Chamber sëtze kënnt.

RTL - Commentaire
Maxime Gillen: Méi Politik mat Wäitsiicht, 05/10/2023

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 5, 2023 2:28


Et gëtt wuel kaum een hei am Land, deen et net matkritt huet: E Sonndeg geet en Deel vun der Populatioun wielen. Dofir hunn d'Parteien alleguer hir Visiounen a Pläng grouss iwwert Plakater, Broschüren, Table-Ronden a Medie verbreet. Grouss Iddien, déi sech nom Waldag zum Deel schéngen a Loft opzeléisen. D'Maxime Gillen mat engem Commentaire.

Riicht eraus
Firwat léisst bal ee Véierel vun der Populatioun sech net impfen?

Riicht eraus

Play Episode Listen Later Nov 20, 2021 55:42


Ronn 76 Prozent vun den Awunner vu méi wéi 12 Joer si komplett géint de Covid-19 geimpft. Elo leeft d'Kampagne fir eng zousätzlech Impfung fir eeler Persounen. Aus wéi enge Grënn bal ee Véierel vun der Populatioun sech net impfe léisst, a wéi een an der Impfcampagne soll kommunizéieren, doriwwer diskutéieren ënner anerem den Dr. Jean-Paul Schwarz an de Psychiater Jean-Marc Cloos. Moderatioun: Carole Schimmer

Invité vum Dag
Dr. Sébastien Français & Guy Bley

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later May 14, 2021 14:48


Déi zwee Responsabel fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne iwwer d'Erausfuerderung, eng ganz Populatioun ze impfen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.

bastien bley populatioun
RTL - Invité vun der Redaktioun
Thomas Dentzer: 12 Prozent vun der Populatioun sinn "immun", 17/03/2021 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Mar 17, 2021


E Mëttwoch de Moie war de Virolog eisen Invité vun der Redaktioun.

Riicht eraus
Wéi een Impakt huet d'Corona-Pandemie op déi al Mënschen?

Riicht eraus

Play Episode Listen Later Nov 28, 2020 55:50


De Coronavirus ass besonnesch geféierlech fir al Leit: Méi wéi een Drëttel vun den Doudesfäll gëtt aus Alters- a Fleegeheemer gemellt. Mee wéi kënne mir déi al Populatioun schützen, ouni hir ze schueden? Wéi kënne mer si versuergen a si awer matschwätze loossen? Wéi eng Roll spillen al Mënschen iwwerhaapt an eiser Gesellschaft? Doriwwer diskutéiere mir mam Ben Wahl, Responsabel fir d'Soinen am CIPA Bieles, mat der Anja Leist, Gerontopsychologin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, mam Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun a mat der Monique Del Marco, Duechter vun enger Fleegeheem-Bewunnerin.  Moderatioun: Maxi Pesch

RTL - Kloertext (Large)
Kloertext: Wat wëssen d'Fuerscher iwwert de Virus?, 07/05/2020 21:15

RTL - Kloertext (Large)

Play Episode Listen Later May 7, 2020


Eng zentral Fro ass: Wéi wäit verbreet ass de Virus an der Populatioun? Dofir ass eng representativ Etüd gemaach ginn.

viruses eng fro dofir iwwert populatioun
RTL - Kloertext fir ze lauschteren
Wat wëssen d'Fuerscher iwwert de Virus?, 07/05/2020 20:00

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

Play Episode Listen Later May 7, 2020


Eng zentral Fro ass: Wéi wäit verbreet ass de Virus an der Populatioun? Dofir ass eng representativ Etüd gemaach ginn.

viruses eng fro dofir iwwert populatioun
RTL - Kloertext (Small)
Kloertext: Wat wëssen d'Fuerscher iwwert de Virus?, 07/05/2020 21:15

RTL - Kloertext (Small)

Play Episode Listen Later May 7, 2020


Eng zentral Fro ass: Wéi wäit verbreet ass de Virus an der Populatioun? Dofir ass eng representativ Etüd gemaach ginn.

viruses eng fro dofir iwwert populatioun
RTL - Background
De Risk vun Aarmut zu Lëtzebuerg, 15/02/2020 12:03

RTL - Background

Play Episode Listen Later Feb 15, 2020


105.000 Persounen sinn dem Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg ausgesat. Dat sinn iwwert 18 Prozent vun der Populatioun. Zuelen, déi mir dëse Samschden an der Emissioun Background beliichten. Ass d’Strategie vun der Regierung déi richteg. Kënnen eng Erhéijung vum Mindestloun, den gratis ëffentlechen Transport oder gratis Schoulbicher eppes géint den Aarmutsrisiko an d’Aarmut ausriichten. Dat kucke mir zesummen mam Marc Wagener vun der Chambre de commerce, dem Frederic Krier vum OGBL an dem Paul Galles vun der CSV. De Background am Gespréich héiert dir wéi gewinnt, tëscht 12 an 1 Auer hei op der Antenne an op der rtl App.

RTL - Background
De Risk vun Aarmut zu Lëtzebuerg , 15/02/2020 12:03

RTL - Background

Play Episode Listen Later Feb 15, 2020


105.000 Persounen sinn dem Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg ausgesat. Dat sinn iwwert 18 Prozent vun der Populatioun. Zuelen, déi mir dëse Samschden an der Emissioun Background beliichten. Ass d’Strategie vun der Regierung déi richteg. Kënnen eng Erhéijung vum Mindestloun, den gratis ëffentlechen Transport oder gratis Schoulbicher eppes géint den Aarmutsrisiko an d’Aarmut ausriichten. Dat kucke mir zesummen mam Marc Wagener vun der Chambre de commerce, dem Frederic Krier vum OGBL an dem Paul Galles vun der CSV. De Background am Gespréich héiert dir wéi gewinnt, tëscht 12 an 1 Auer hei op der Antenne an op der rtl App.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Lëtzebuerger hunn sech um Holocaust bedeelegt

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Dec 20, 2019 13:52


Datt 14 Lëtzebuerger wärend dem zweete Weltkrich am Reserve-Polizeibataillon 101 aktiv waren, ass scho länger gewosst. Elo huet d‘woxx exklusiv eng Foto publizéiert, déi beweist, datt dës Lëtzebuerg keng Affer oder souguer Widderstandskämpfer waren, mä un der Ermordung vun der jüddescher Populatioun a Polen bedeelegt waren. Mir schwätzen iwwert Hannergrënn vun dëser Entdeckung an doriwwer, wat se fir […]

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: d'’Fragmentatioun vun der Schoullandschaft, 18/11/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 18, 2019


“Ënnerschiddlech Schoulen fir ënnerschiddlech Schüler” war 2016 bei der Schoulrentrée den Haaptakzent vum Unterrechtsminister fir enger ëmmer méi heterogener Populatioun besser gerecht ze ginn. Dës Politik ass zënterhier konsequent ugewannt ginn an de Gaston Ternes, fréieren Direkter vum Lycée Aline Mayrisch, mécht sech 3 Joer duerno seng Gedanken dozou.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: d'’Fragmentatioun vun der Schoullandschaft , 18/11/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 18, 2019


“Ënnerschiddlech Schoulen fir ënnerschiddlech Schüler” war 2016 bei der Schoulrentrée den Haaptakzent vum Unterrechtsminister fir enger ëmmer méi heterogener Populatioun besser gerecht ze ginn. Dës Politik ass zënterhier konsequent ugewannt ginn an de Gaston Ternes, fréieren Direkter vum Lycée Aline Mayrisch, mécht sech 3 Joer duerno seng Gedanken dozou.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza, 08/10/2019 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Oct 8, 2019


Wéi ass den Zoustand vum Land? Mir diskutéiere d’Zuelen, d’Fakten mam Direkter vum Statec. De Serge Allegrezza ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun fir iwwert de Wuesstem vun der Wirtschaft, der Populatioun an iwwer d’Entwécklung vun de Wunnengspräisser ze schwätzen. De Rendezvous fir de Live-Interview ass wéi gewinnt géint 10 op 8.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza , 08/10/2019 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Oct 8, 2019


Wéi ass den Zoustand vum Land? Mir diskutéiere d’Zuelen, d’Fakten mam Direkter vum Statec. De Serge Allegrezza ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun fir iwwert de Wuesstem vun der Wirtschaft, der Populatioun an iwwer d’Entwécklung vun de Wunnengspräisser ze schwätzen. De Rendezvous fir de Live-Interview ass wéi gewinnt géint 10 op 8.

Ee Mount, een Thema
Black Revolution

Ee Mount, een Thema

Play Episode Listen Later Jul 22, 2019 9:33


Schonn an de fofzeger Jore gëtt et éischt Protester géint déi krass Diskriminéierung vun der schwaarzer Populatioun an de Vereenegte Staaten, e puer Joer duerno stinn Nimm wéi Martin Luther King, Malcolm X an d'Black Panthers fir de Kampf ëm Gläichberechtegung. D'USA sinn Enn de Sechzeger wuel nach ëmmer eng gespléckte Natioun wann et ëm Wäiss a Schwaarz geet - mee et fänkt een un openeen zouzegoen, och wann dat e schwéiere Wee ass, voller Obstakelen, am Gesetz, am Alldag a virun allem an de Käpp. Och musikalesch gëtt schwaarz Musek akzeptéiert an eruewert d'Charts. Zu Woodstock iwwerzeegen ë. a. de Richie Havens a Sly and the Family Stone e gréisstendeels wäisse jonke Publikum. De Fred Medernach mat engem Réckbléck.

Dossier vum Dag
25 Joer Immigratiounspolitik

Dossier vum Dag

Play Episode Listen Later Nov 23, 2018 8:01


Bannent 25 Joer gouf et zu Lëtzebuerg een aussergewéinlechen Zouwuess vun der gesamter Populatioun. De Grand-Duché huet sech nei Gesetzer an Instrumenter gi fir d'Integratioun ze fërderen. D'Carole Schimmer huet déi gréisste Reformen aus de leschte 25 Joer am Beräich Immigratioun an Integratiounspolitik beliicht.

reformen joe r instrumenter populatioun gesetzer
Chamberwahlen 2018
Nëmme 37 Prozent hu gewielt

Chamberwahlen 2018

Play Episode Listen Later Oct 22, 2018 8:12


Bei de Chamberwahlen hunn nëmme 37 Prozent vun der erwuessener Populatioun zu Lëtzebuerg gewielt. Dës niddreg Wielerparticipatioun ass zum allergréissten Deel op déi bekannte Situatioun zeréckzeféieren, dass net-Lëtzebuerger, déi bal d'Halschent vun der Populatioun am Land ausmaachen, nach ëmmer net wielen däerfen. Gouf d'Polemik iwwert déi politesch Participatioun oder net-Participatioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg elo relancéiert? En Dossier vum Pierre Reyland.

land bei deel prozent ausl situatioun populatioun chamberwahlen