POPULARITY
De Robert Weber, de fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat der Aarbecht a ganz speziell méi enger familljegerechter Form vun der Aarbecht.
D'Zeitunge beschäftege sech mat den Nei-Infektiounen, a fuerdere méi e klore Message vun der Regierung, donieft ass d'Zukunft vum LNS Theema
De President vun der Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) iwwer déi geldpolitesch Krisemesure vun den Zentralbanken am Euro-Raum an iwwer d'Zukunft vu Geld-Schäiner a -Mënzen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
Wéi e Stellewäert huet de Maart a wat sinn d'Erausfuerderunge fir d'Zukunft?Wéi huet d'Verhale sech vum Konsument geännert?Mir froen de Moie beim Niki Kirsch no, deen no laanger Zäit als President vum Maarerband ophält.Den Niki Kirsch ass herno no 8 Auer den Invité vun der Redaktiouon.

30 Joer feiert d'Initiativ Rëm Schaffen a bei eis am Studio ass d'Marceline Filbig, d'Chargée de Direction. Si invitéieren op hir Feier mat enger Table Ronde den 30. Januar am Centre Culturel Schéiss a viséieren d'Zukunft vum Aarbechtsmaart. Mir kucken natierlech och op déi 30 Joer zréck a wat d'Erausfuerderungen haut sinn, wann een op der Sich no enger Aarbechtsplaz ass.

An eiser Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport tëscht 12 an 13 Auer hat de Franky Hippert dës Woch de Paul Philipp bei sech am Studio. Mam FLF-President hu mer natierlech iwwert den neien nationale Futtball a Rugbystadion geschwat, iwwert d'Zukunft vun der Futtballschoul no der Ära Breu, d'Moderniséierung vum Lëtzebuerger Futtball an d'Rendezvousen vun der Nationalequipe am Joer 2020.

Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom 2. Weltkrich - Fernand Fehlen Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter "Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit "Lëtzebuergesch" als "Muttersprache" uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. Mee wéi de Krich bis eriwwer war, huet kaum eppes um eigentleche Sproochgebrauch changéiert. Och d'Astellunge vis- a-vis vun den dräi Landessproochen hu sech eréischt lues a lues geännert. D'Sproochegesetz vun 1984, dat dem Lëtzebuergeschen den offizielle Statut vun enger Nationalsprooch ginn huet, ass nëmmen eng Etapp op dësem laange Wee. Wien huet sech fir dëst Gesetz agesat, a wien huet et gebremst? Net déi Haaptprotagonisten - Lex Roth, Fernand Hoffmann a Guy Rewenig - mee déi gesellschaftlech Kräften, déi sech hanner dëse profiléieren, sollen am Mëttelpunkt stoen. Den eigentlechen, fulminanten Opschwong vun der Lëtzebuerger Sprooch kënnt eréischt am Ufank vum 21. Joerhonnert. Och do gëllt et, déi sozio-ekonomesch Ressorte vun där Dynamik ze beschreiwen. Wéi geet et weider? Wat sinn d'Erausfuerderunge vu muer? Kee vun eis kann an d'Zukunft kucken, trotzdeem zeechne sech verschidde Zenarioen elo schonn of. Opgeholl de 18. November am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag vum Fernand Fehlen:https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/fehlen-cape-2019_52876c.pdf Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link
No 10 Joer Regierung gehéiert de Romain Schneider zu den experimentéierte Ministeren. An der aktueller Legislatur-period geréiert den LSAP-Nord-Politiker d'Ressorte Landwirtschaft a Sécurité Sociale. Wéi sollen d'Bio-Zieler ëmgesat ginn? Wéi wäit si mer beim Ëmsetze vum tiers-payant? Wéi mussen d'Sozialiste sech opstelle fir d'Zukunft?Ënner anerem déi Froe hu mer dem Romain Schneider dëse Samschdeg am Background gestallt

D'Fridays For Future-Beweegung manifestéiert dës Woch nees weltwäit fir méi Klimaschutz.An deem Kontext ass virop d'Autosindustrie an der Kritik.Wéi reagéieren d'Konstrukteuren? Wéi gesäit d'Zukunft vum Auto aus? Dat froe mer den Ernest Pirsch vum „House of Automobile“, deen d'Lëtzebuerger Garagisten an hier Interessie vertrëtt.

D'Kelly an d'Tessie kucken zeréck op déi éischt Staffel, ginn op Feedback an, schwätzen iwwer hier Liiblingsfolgen, wéi eng Themen nach net dru komme sinn a kucken an d'Zukunft.
Nach bis e Sonndeg, ass déi zweeten Editioun vun de European Games zu Minsk amgaangen. Bis elo goufen et zwou Medaile fir déi Lëtzebuerger Delegatioun. D'Emissioun am Gespréich kënnt um Freideg live aus Wäissrussland. Invité beim Rich Simon a Franky Hippert war de Marc Theisen. De fréieren COSL President ass elo Member vum europäeschen olympesche Comité. Mat him diskutéiere si ënnert anerem, iwwert d'Zukunft vun deene Spiller an och wéi de Sport sech zu Lëtzebuerg an de leschte Joren entwéckelt huet.

De Mëtten ass am Ministère vun der Sécurité Sociale eng Reunioun wou iwwert d'Zukunft vun der Nomenclature-Kommissioun geschwat gëtt. Zanter engem Joer boykottéiert d'Associatioun vun den Dokteren an den Zänndokteren, d'AMMD dës Kommissiounssëtzungen jo. Wat erwaarden sech d'Dokteren?Wéi ginn Si an de Meeting vun haut eran?An a wéi wäit gleewen Si un eng Ouverture vum Sozialminister?Dat froen mer den President vun der AMMD.Den Dr.Alain Schmit ass de Moien onsen Invité vun der Redaktioun.

Net op der Plaatz, mee a Gedanken bäieneen. Mer hun eis des Woch zu enger SkypeSession getraff an schwätzen bessen iwwer de Passé.. an projetzéieren eis an d'Zukunft. Wat dat awer lo mat Nieren vum asiateschen Schwarzmaart an den Frais'en op lëtzebuerger Banken ze dinn huet, héiert der an dëser Episode.
Si huet nach keng 40 Joer, mä wäert geschwënn eng vun den aflossräichste Fraen am Grand-Duché sinn. D'Nora Back gouf d'lescht Woch Presidentin vun der Chambre des Salariés a wäert och Presidentin vum OGBL ginn.Mam Nora Back wäerte mir net just iwwer hir berufflech Carrière an de Wee an hir nei Funktioune schwätzen, ma och wéi si d'Zukunft vun de Gewerkschafte gesäit, wou hir Prioritéite fir d'Salariéë leien an wéi si den Equiliber wëll fannen tëscht berufflech a privat.

De Steve Heiliger war Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Mam Generalsekretär vun der Statsbeamtegewerkschaft CGFP huet mer ënnert anerem iwwert den Image vun der Fonction publique an där hir Défie fir d'Zukunft geschwat. Background am Gespréich héiert Dir wéi gewinnt tëscht 12 an eng hei op RTL Radio Lëtzebuerg.

En ass nach ëmmer Vizepremier, och Wirtschaftsminister, mä huet och Ressorten ofginn an d'Gesondheet bäikritt...den Etienne Schneider ass dëse Samschdeg eisen Invité. Säin neie Ressort, d'Santé, ass en Thema, mä natierlech och d'Economie, mat ënnert anerem dem Space Mining. D'Zukunft vun der LSAP a seng eegen interesséieren eis...am Gespréich mam Wirtschafts- a Gesondheetsminister Etienne Schneider dëse Samschdeg tëscht 12 an 1 hei um Radio, an der App an op rtl.lu.

Invité war dës Kéier den Energie- a Landesplanungsminister Claude Turmes. Mat him hu mir iwwert d'Elektromobilitéit geschwat, déi sengen Aussoe no, d'Zukunft ass. Een Dieselverbuet soll et zu Lëtzebuerg net ginn, well déi geographesch Lag vun der Stad dat net fuerdert. D'Accisen um Sprit sollen iwwerdeems dëst an d'nächst Joer eropgoen.

Mir brauchen eng nei Begeeschterung fir Europa! A sechs Méint sinn Europawahlen, an dat an enger Zäit, wou d'Zukunft vun der Europäescher Unioun um Spill steet. Wéi soll Lëtzebuerg domat ëmgoen? Dozou eng Carte Blanche vum Ben Fayot.

Bei de Gemengewahlen zejoert an der Stad huet hien d'CSV als Spëtzekandidat zeréck an de Schäfferot geféiert, bei de Chamberwahlen e Sonndeg huet hien op der CSV-Lëscht am Zentrum déi zweetmeescht Stëmme kritt (just de Claude Wiseler hat der méi). Keen Zweiwel: mam Serge Wilmes ass ze rechnen an der CSV. Wat ass seng Analys vun deem schlechten Ofschneide vu senger Partei? A wat ass säi Plang fir d'Zukunft - säin eegenen an dee vun der CSV? De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
Nom Rekordjoer 2017 am Tourismus kuckt een am Tourismusministère weider an d'Zukunft a setzt mat der Strategie vum Secteur de Kader. D'Strategie baséiert op aacht Pilieren a setzt sech ambitiéis Ziler fir déi nächst fënnef Joer. Den zéngte Fënnefjoresplang léisst d'Regierung sech 60 Milliounen Euro kaschten a setzt domat op e Qualitéitstourismus.
Opbauen, produzéieren, benotzen, ewechgeheien, dat war gëschter. Synergien, nohalteg Infrastrukture a Produkter schafen, dat ass d'Visioun. D'Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft konkret an enger Aktivitéitszon ëmsetzen, an enger Aktivitéitszon, déi schonn existéiert, dat ass d'Erausfuerderung. Fir d'Aktivitéitszon Eselbur-Lenzweiler bei Klierf ass elo eng Etude ausgeschafft ginn,. fir fir d'Zukunft a Musek ëmzesetzen.
Zënter 2010 ass de Ben Gastauer Profi bei AG2. Am Cyclissem ass hie wuel de perfekte Co-Equipier fir all Topfuerer, deen Titele wëll wannen.Dowéinst, an och aus genuch aner Grënn huet de Schëfflenger bei der franséischer Equipe ee Kontrakt bis 2020.Um Enn vu senger Saison zéie mir mam Ben Gastauer de Bilan a kucken och no vir, op méiglech Ziler fir d'Zukunft. Rendez-vous um hallwer 2.
De Lëtzebuerger Basketspiller Thomas Grün kämpft den Ament mat de Gladiators Tréier an de Playoffs em den Opstig an déi éischt Bundesliga. Den 22 Joer jonken Lëtzebuerger Nationalspiller huet sech an der zweet héchster Liga an Däitschland ouni Zweiwel etabléiert, an spillt bei der Equipe vun Tréier eng ganz wichteg Roll. Mam Thomas Grün kucke mir och op d'Spiller vun de klenge Länner a San Marino no vir an wéi hien d'Zukunft vu senger Karriär gesäit. De Rendez-Vous ass de Mëtteg um hallwer 2 am Radio Sport Club.
D'Aktualitéit gëtt vun de Parteikongresser an de Preparativen op d'Gemengewahlen dominéiert; dobäi interesséiert awer och den Anniversaire vun de Réimechen Verträg, wou d'Zukunft vun der EU am Bléckpunkt stoung - an där selwechter Woch huet Groussbritannien d'Scheedung vun der EU agereecht.D'Press dann kuckt natierlech och ëmmer nees gespaant op déi neist Chiffren aus der Medien TNS-Ilres-Etude.Iwwer all dës Sujeten schwätze mer mat de Journalistekollegen.Invitéen am Presseclub sinn um Sonndeg:Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblattd'Michèle Sinner aus dem Landde Richard Graf vun der WOXXan de Christoph Bumb aus dem WORTRDV fir de Presseclub dëse Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12 Auer an live op der RTL App.

D'Zukunft vun der Landwirtschaft steet am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background um Samschdeg

D'Sportpolitik ass d'Thema am éischte Sport Club vum Joer. Mam Sportminister Romain Schneider kucke mer virun allem op déi lescht 6 Méint zeréck wou Lëtzebuerg d'EU-Presidenz hat, ma et ginn awer och fir d'Zukunft eng ganz Rei Dossieren, déi um Dësch leien. Dat sinn ënnert anerem d'Beweegung an de Crèchen an de Sport an de Schoul an an de Vakanzen, wéi och de Stellewäert vum Sport an der Lëtzebuerger Gesellschaft am Allgemengen. De Romain Schneider ass den Invité um hallwer 2 am Radio Sport Club.
Näischt anescht wéi d'Zukunft vu Lëtzebuerg stoung en Donneschden am Mëttelpunkt vun enger Interpellatioun vum Gast Gibéryen an der Chamber. Mam ADR-Deputéierten kucke mer e Samschdeg, wéi dës Visioun ausgesäit.

Ëmmer méi Meedercher fänken u Football ze spillen. D'Resultater vun der Lëtzebuerger National Equipe ginn ëmmer besser an d'Championnat ëmmer méi spannend. Trotzdem bleift awer nach vill ze maachen. Wou steet de Lëtzebuerg Damme Football a wat sinn d'Ziler fir d'Zukunft?Doriwwer schwätze mir mam Pia Juchem, der Co-Trainerin vun der National Equipe.
Am Radio Sport Club ass haut de President vun der FLT, de Claude Lamberty op Besuch. Mat him schwätzen iwwert d'Zukunft vum Tennis heiheem an och déi nei Saison vum Interklub-Championnat, wat muer ufänkt.
De Pascal Groben ass zanter Joeren ee vun de beschte Lëtzebuerger Liichtathleten. De 36 Joer alen Athlet vum CA Bieles ass viru knapp zwou Woche fir d'éischte Kéier Lëtzebuerger Champion am Marathon ginn an kann donieft op eng Parti grouss Amenter op de Spiller vun de klenge Länner zeréck kucken. Ma och d'Zukunft vum Lëtzebuerger Lafsport war en Thema am Radio Sportclub.
Den 29. Juli 2002 war sécher dee gréissten Ament an der Proficarrière vun der Tennisspillerin. Deemools war si d'Nummer 18 an der Tennis-Weltranglëscht - dat ass bis haut eemoleg fir de Lëtzebuerger Tennis. 3 Mol gouf d'Anne Kremer Sportlerin vum Joer an huet eng 1,5 Milliounen Dollar Präisgeld gewonnen. Am Radio Sport Club hu mir un déi schéi Amenter an der laanger Carrière erënnert an an d'Zukunft gekuckt.
E Samschdeg war zu Biwer den uerdentlechen Kongress vun der Lëtzebuerger Footballfederatioun. Besonnesch zwou Prioritéiten fir d'Zukunft goufen do genannt, an zwar d'Formatioun vun de Jugendtrainer, an d'Recrutement vun Arbiter. Déi lescht Deeg hat déi Lëtzebuerger Nationalequipe hiren Duebelen Rendezvous an der EM-Qualifikatioun. Och wann et géint Mazedonien an Spuenien zwou Defaite goufen, léist sech op d'Leeschtung vun de Roude Léiwen weider opbauen. Den FLF-Magazin vun haut mat Franky Hippert an Jang Mathes:

D'Vëlossaison op der Strooss ass riwwer. Fir de Bob Jungels war et déi éischt bei de Profien. 4 Coursen huet hien a sengem éischte Joer gewonn. Dat ass schonns aussergewéinlech an ënnersträicht dat risen Talent wat an him stécht. Wéi huet hien déi leschte Méint erlieft a wat huet hien sech fir d'Zukunft vir geholl? Doriwwer schwätze mer mam Bob Jungels dëse Freideg am Radio Sport-Club..