POPULARITY
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie hunn de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie hunn de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
Am Kino leeft de Moment "Hard Times", deen zweeten Deel vum Wang Bing senger Youth-Trilogie, iwwregens eng Lëtzebuerger Co-Produktioun. De chineeseschen Dokumentarist huet fënnef Joer laang Textilaarbechter:innen iwwer d'Schëllere gekuckt. Hei en Extrait aus dem Interview, deen de Michel Delage d'lescht Joer mam Realisateur geféiert hat.
Kierzlech gouf d'Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Hei ass et dann um Guy Rewenig a sengem Roman “Goss“, dee bei Editions Guy Binsfled publizéiert gouf.
Lescht Woch gouf d'Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Dës Kéier ass et um Buch vun der Anne-Marie Reuter. No Gedichter a Short-stories huet déi Lëtzebuerger Editrice a Schrëftstellerin Anne-Marie Reuter hiren éischte Roman publizéiert. “M for Amnesia“ ass den Titel vum Buch, dat bei Black Fountain Press erauskoum an et op d‘Shortlëscht fir de Servais-Präis gepackt huet ... Mir lauschteren, wat d‘Valerija Berdi an de Michel Delage zu dësem dystopesche Wierk ze soen hunn.
An och haut geet et weider mat der Presentatioun vun de Bicher, déi op der Shortlëscht fir de servais-präis 2025 zréck behale gi sinn. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Haut ass et dann um Buch vun der Carla Lucarelli mam Titel „Salztage + zurück“, dëst Gedichtband ass bei Editions Phi erauskomm.
Lescht Woch gouf d'Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage déi fënnef Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun den nächsten Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Mir fänken u mat der Margret Steckel hirem “Doswidanja Genosse”. D'Schrëftstellerin hat lescht Joer fir hir Novelle “Mutterrache” de Lëtzebuerger Buchpräis kritt - a feiert dëse Mount, de 26. Abrëll hiren 91. Gebuertsdag. De Servais hat si 1997 schonn eemol kritt fir “Der Letzte vom Bayrischen Platz”.
Eng getrennte Koppel (Trine Dyrholm an Tim Roth) kënnt zéng Joer nom Doud vum gemeinsame Kand zesummen ... D'Désirée Nosbusch liwwert mam intimisteschen Drama "Poison" hiren éischte laange Fiktiounsfilm hanner der Kamera. Fir d'Sortie vum Film an eise Kinoen huet de Michel Delage sech mat der Lëtzebuerger Realisatrice, Actrice a Produzentin ënnerhalen.
Haut den Owend (6.3.) start déi 15. Oplag vum LuxFilmFest mam Erëffnungsfilm "Hot Milk" mat der Vicky Krieps, deen och op der Berlinale gelaf ass an do eidel ausgoung. Mir lauschteren nach eemol d'Gespréich, dat de Michel Delage mam Programmdirekter Alexis Juncosa geféiert huet an an deem den Alexis Juncosa ënner anerem erkläert, wat ee sech dëst Joer um Festival kann erwaarden.
Dem Daniele Luchetti säin Drama iwwer e Mann, dee sech selwer eng Fal gestallt huet, hunn de Michel Delage, Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi am Grousse Kino beschwat.
E franséischen Drama iwwer d'Radikaliséierung vu jonken Europäerinnen a Syrien. Extrait aus dem Grousse Kino mam Michel Delage, Vesna Andonovic a Valerija Berdi
D'Margret Stéckel erzielt d'Geschicht vum Lukas Braak, dee Schëffskapitän an der DDR war a wéinst Westkontakter säi Beruff huet missen opginn. Hien a seng Fra verléieren hir Aarbecht. Well si vun eppes liewe mussen, fänkt hien u bei der LPG, der Landwirtschaftlichen Produktionsgenossenschaft ze schaffen. De Lukas war ëmmer en treie Sozialist, huet iergendwéi un d'DDR an un de Sozialismus gegleeft. Seng Mamm hat d'Famill verlooss, wéi hien nach ganz kleng war a war an Amerika ausgewandert. Wéi de Lucas schonn als Kapitän geschafft huet, hat si op emol Loscht hire Fils erëmzegesinn, an dat war dann dee Westkontakt, deen de Lukas zum Fale bruecht huet. De Lukas fillt sech ongerecht behandelt a just éier d'Mauer fält, schreift hien dem Erich Honecker e Bréif, andeem hien deem proposéiert mat him ze schwätzen. D'Margret Steckel hëlt eis mat an d'Kandheet vum Lukas, säin Erwuesseginn, Kenneléiere vu senger Fra, alles ass u sech eng Skizz, mee mat esou enger Intensitéit, typesch Margret Steckel, si seet an engem Saz esou vill, wou anerer eng ganz Säit brauchen ... D'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer d'Wierk, dat bei Capybarabooks erauskoum.
Am Jean-Louis Schlesser sengem Roman “Ënner Bridder”, deen am Verlag op der Lay erauskoum, léiere mir véier Bridder kennen: Den Néckel, den Aloyse, de Charel an de Jos. Eng Geschicht an eng Entwécklung, déi sech tëschent 1947 an 1972 ofspillt. Véier Bridder, déi net méi verschidde kéinte sinn, si stamen aus dem Éislek a verdeele sech am Laf vun hirem Liewen duerch d'Land - a genee dat ass wuel d'Absicht vum Schlesser, fir duerch d'Bridder e Bild vu Lëtzebuerg ze zeechnen - d'Politik, de Pafentum, de Fric an d'Aarbechterklass ... D'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich
E ganz sensibele Sujet geet de Jhemp Hoscheit hei un: Erzielt gëtt d'Geschicht vun der 13-järeger Connie, déi sexuell mëssbraucht gouf. Den Hoscheit féiert eis op zwee Niveauen duerch de Roman. Engersäits d'Perspektiv vum Connie, seng Gedanken, seng Onsécherheeten an Ängschten. Säi Courage a seng Analysen, déi duerch d'Therapie zum Virschäi kommen, dann awer déi neutral Erzielform, wou mir de Prozess vum Connie senger Revelatioun materliewen, d'Roll vun der Mamm a wéi hatt sech vum Ouninumm-Zoustand ze befreie probéiert. Keen einfache Sujet fir e Roman, deen de Jhemp Hoscheit awer mat vill Sensibilitéit, Empathie a Hannergrondwëssen op d'Blat bréngt. D'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer “Ouninumm” vum Jhemp Hoscheit (Editions Guy Binsfeld)
"Le secret de Tadi" heescht deen zweete Roman vun der Kerstin Medinger, dee grad wéi deen éischten, "Le départ", bei Editions Phi erauskoum an ass u sech eng Fortsetzung vum dësem. An dëser Erzielung hu mir zwee Zäitniveauen. Engersäits d'Joer 2031, also eng no Zukunft, wou mir am Editiounshaus Grison sinn, an deem d'Isabelle Denier keen einfache Stand huet, well d'Cheffe weder fein nach besonnesch fäeg sinn, an dann 30 Joer zeréck, am Joer 2001, an deem d'Geschicht vum Lëtzebuerger Auteur Tadi Richard spillt ... Wie war dësen Tadi? A wat féiert zu enger Odyssee duerch Amerika? D'Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer dëse Roman.
De Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch goung dëst Joer un den Yves Schmitz fir säi Wierk "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht: Eine kritische Einführung“. E Projet, dee vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22 matgedroe ginn ass a bei Capybarabooks publizéiert gouf. Op de Walfer Bicherdeeg waren den Yves Schmitz, d‘Michelle Liesch vu Richtung 22 an d‘Editrice Susanne Jaspers d‘Invitéë beim Valerija Berdi a Michel Delage an der Live-Emissioun Déi wonnerbar Valibrairie.
Sonndeg, de 17.11. hu mir eis Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie live vun de Walfer Bicherdeeg iwwerdroen. Invitéë beim Valerija Berdi a Michel Delage waren d‘Laureatinnen an d‘Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mir lauschteren elo en Extrait aus dëser Emissioun: D‘Gewënnerin vum Buchpräis an der Kategorie Literatur, d‘Margret Steckel mat hirer Novell “Mutterrache”. Derbäi ass och hir Editrice, d'Susanne Jaspers, vum Verlag Capybarabooks.
Um Mikro vum Michel Delage schwätzt den Donato Rotunno iwwer säin Documentaire "La Fourchette à gauche", deen d'Geschicht vum Stater Kultbistro Circolo Curiel nozeechent.
Déi dramatesch Comedie aus Frankräich hunn de Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker am leschte Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier d'Diskussioun
No Gedichter a Short-stories huet déi Lëtzebuerger Editrice a Schrëftstellerin Anne-Marie Reuter hiren éischter Roman publizéiert. “M for Amnesia“ ass den Titel vum Buch, dat bei Black Fountain Press erauskoum an d‘Valerija Berdi an de Michel Delage hunn dëst dystopescht Wierk an der Literaturemissioun Déi wonnerbar Valibrairie beschwat.
Dem Amerikaner Sean Baker seng duerchgedréite Palme d'Or hunn de Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker am leschte Grousse Kino beschwat.
Déi franséisch Journaliste Stéphane Jourdain a Guillaume Daudin relativéieren de Mythos vum moderne Papp, dee sech neierdéngs ëm d'Kanner géif bekëmmeren. Hir vum Lëtzebuerger Zeechner Antoine Grimée illustréiert BD "L'Arnaque des nouveaux pères. Enquête sur une révolution manquée" (Glénat) huet de Michel Delage gelies.
Dem Fransous Gilles Lellouche säi romanteschen Drama huet d'Ekipp vum Grousse Kino de leschte Samschdeg beschwat. Hei d'Diskussioun mam Michel Delage, Valerija Berdi a Vesna Andonovic.
Éiert um Donneschdeg an am Grousse Kino vum Samschden déi rechtlech Filmer an der Competitioun beschwat ginn, hëlt de Michel Delage haut déi dräi Filmer “Panopticon”, “Frka” a “Whirlwind” ënnert d'Lupp.
Extrait aus dem Grousse Kino, an deem de Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonvic dem François Ozon säin Altersdrama beschwat hunn.
De Jeff Schinker, d'Valerija Berdi an de Michel Delage hunn d'Filmer Minghun an Holy Week beschwat, déi an der Competitioun lafen.
[METAMORPHOSE PODCAST] Anne Ghesquière reçoit Boris Cyrulnik, psychanalyste, neuropsychiatre et auteur de plus de soixante ouvrages. Ensemble, ils évoquent "Le vrai visage de la résilience". Qu'est-ce que la résilience ? Pourquoi ce mot, issu des sciences humaines, a-t-il envahi l'espace culturel ?Boris Cyrulnik publie son dernier livre, Les Deux Visages de la résilience - Contre la récupération d'un concept, aux éditions Odile Jacob, co-écrit avec des universitaires de disciplines complémentaires (Alain Bentolila, Marie Anaut, Pierre Bustany, Claude de Tichey, Michel Delage, Michel Tousignant et Michael Ungar). Il y revient sur la généalogie du terme, ses mésusages et sur les conditions qui rendent la résilience possible. Épisode #523.Avant-propos et précautions à l'écoute du podcast À ré-écouter :#436 Boris Cyrulnik : La carence affective engendre la violence#346 Boris Cyrulnik : La force de penser par soi-mêmeRecevez un mercredi sur deux l'inspirante newsletter Métamorphose par Anne GhesquièreFaites le TEST gratuit de La Roue Métamorphose avec les 9 piliers de votre vie !Suivez nos RS : Insta, Facebook & TikTokAbonnez-vous gratuitement sur Apple Podcast / Spotify / Deezer / CastBox/ YoutubeSoutenez Métamorphose en rejoignant la Tribu MétamorphoseThèmes abordés lors du podcast avec avec Boris Cyrulnik :03:20 L'origine de l'intérêt de Boris Cyrulnik pour la résilience.07:10 L'importance de l'interdisciplinarité pour aborder le concept de résilience.10:32 Qu'est-ce que la résilience si elle n'est pas une qualité ?11:59 L'impact sur la pensée de la récupération des mots scientifiques par le grand public.18:00 La blessure comme condition de la résilience.20:37 Le scandale des injonctions à la résilience par les politiques.24:40 Comment déclencher facilement la plasticité neuronale.30:12 Les différents types de traumatismes et l'impact de l'environnement pour s'en remettre.35:48 Le récit du trauma : la nécessité de passer par un tiers (littérature, cinéma...) pour ne pas entraver la résilience.46:15 la résilience peut-elle se transmettre de génération en génération ?53:03 Les affinités de notre cerveau avec le langage totalitaire.57:13 Les conditions de la résilience collective.01:08:05 L'importance de ralentir le développement des enfants dans le cadre scolaire et d'y intégrer. davantage les activités périscolaires comme la musique.Quelques citations du podcast avec Boris Cyrulnik:"La résilience c'est la reprise d'un nouveau développement après un traumatisme""Il faut comprendre comment le contexte sculpte le cerveau, pour intervenir sur le contexte de façon à sécuriser l'adulte et lui permettre de reprendre lui aussi un bon développement.""Si on parle on transmet l'horreur, si on se tait on transmet l'angoisse du vide, l'angoisse de la non-représentation."Photo DR Hébergé par Acast. Visitez acast.com/privacy pour plus d'informations.
D'Iwwersicht vum Programm vun den neie Filmer mam Michel Delage
35 Joer laang huet déi brasilianesch Ethnologin Aparecida Vilaça d'Amazonas-Ethnie vun de Wari studéiert. Iergendwann gouf si vun engem Member vun de Wari "adoptéiert". An hirem Essai “Paletó et moi. Souvenirs de mon père indigène” (Marchialy) erzielt d'Fuerscherin d'Geschicht vun dëser aussergewéinlecher Renconter. Um Festival Etonnants voyageurs, Enn Mee zu Saint-Malo, hat de Michel Delage sech mat der Aparecida Vilaça ënnerhalen. Ënner anerem iwwer dem Mann säin Iwwergang tëschent zwou radikal verschiddene Liewensweisen.
35 Joer laang huet déi brasilianesch Ethnologin Aparecida Vilaça d'Amazonas-Ethnie vun de Wari studéiert. Duerch reegelméisseg Openthalter huet d'Fuerscherin no an no hire Liewensstil ugeholl - iergendwann gouf si vun engem Member vun de Wari "adoptéiert". An hirem Essai “Paletó et moi. Souvenirs de mon père indigène” (Marchialy) erzielt d'Aparecida Vilaça d'Geschicht vun dëser aussergewéinlecher Renconter. Um Festival Etonnants voyageurs, am Mee zu Saint-Malo, hat de Michel Delage sech mat der Aparecida Vilaça ënnerhalen.
Extrait aus dem Grousse Kino, an deem de Michel Delage an d'Vesna Andonovic d'Adaptatioun vum Peter Weiss sengem berüümten Auschwitz-Prozess-Stéck beschwätzen.
Den Iwwerbléck vun der Programmatioun mam Michel Delage
Mat sengem Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive" (Editions Guy Binsfeld) stéisst de Laurent Moyse oppen Dieren op a geet politesch ze brenzlegen Erklärungen aus dem Wee, mengt de Michel Delage a senger Buchkritik.
Mat sengem Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive" (Editions Guy Binsfeld) stéisst de Laurent Moyse oppen Dieren op a geet politesch ze brenzlegen Erklärungen aus dem Wee, mengt de Michel Delage a senger Kritik.
Mat sengem Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive" (Editions Guy Binsfeld) stéisst de Laurent Moyse oppen Dieren op a geet politesch ze brenzlegen Erklärungen aus dem Wee, mengt de Michel Delage a senger Kritik.
Dem Samuel Hamen säin Text, eng Optragsaarbecht vum TNL, dréit d'Jeanne Werner aleng op der Bün a Form vun zeenescher Liesung vir. D'Valerija Berdi an de Michel Delage diskutéieren iwwer d'Virstellung, déi si den Dënschden (7. Mee) am Theâtre National de Luxembourg gesinn hunn.
Fir säin zweete Film hannert der Kamera deelt sech de Viggo Mortensen d'Affiche mat der Vicky Krieps. Wärend dem leschte Luxfilmfest hat de Michel Delage sech mam dänesch-amerikanesche Cineast an Acteur iwwer säi Western "The Dead don't die" ënnerhalen. De Film leeft de Moment an eise Kinoen.
De leschte Sonndeg koum eis Literatursendung „Déi wonnerbar Valibaririe“ live vun Hunchereng. Am Kader vum Beetebuerger Literaturfestival „LiteraTour“ hu mir mat Leit aus der Welt vun der Lëtzebuerger Literatur geschwat. Eng vun eisen Invitéeë war d‘Martine Schoellen. Si huet schonn eng Abberzuel u Kannerbicher aus dem Engleschen iwwersat, déi Bicher si bei Editions Guy Binsfeld erauskomm. D‘Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Martine Schoellen.
Am Grousse Kino beschwätzen de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker: "Il Pleut dans la maison" (Paloma Sermon-Daï), "Evil Does Not Exist" (Ryusuke Hamaguchi), "La Promesse verte" (Edouard Bergeon) an "The First Omen" (Arkasha Stevenson).
De Sonnde geet et an eiser Literatursendung ëm d'LeipzigerBuchmesse. D'Valerija Berdi an de Michel Delage haten do d'Geleeënheet mataacht Autorinnen an Auteuren ze schwätzen. Am Kultur um 5 gouf et e klengen Avant-Goût.
An hirem viraussiichtlech leschte Bäitrag virum Bilan am Grousse Kino beschwätzen de Michel Delage an de Jeff Schinker "Il pleut dans la maison" vun der Paloma Sermon-Daï, "Gasoline Rainbow" vu Bill an Turner Ross aus dem Fiktiounsconcours a "Reas" vun der Lola Arias aus dem Documentaire-Concours.
Den Iwwerbléck vun der neier Filmwoch mam Michel Delage.
Den Iwwerbléck vun der neier Filmwoch mam Michel Delage.
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. E Jury determinéiert déi bescht nei Publikatiounen an de Kategorië Literatur, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch. Interessant ass, datt Enn 2023 ausschliisslech AutorINNEN ausgezeechent goufen. Zum Beispill d'Germaine Goetzinger: mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch. An zwar fir hir Biografie “Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947. Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur”. An eisem Literatur 2023-Réckbléck proposéiere mir Iech en Extrait vum Gespréich tëschent Valerija Berdi, Michel Delage a Germaine Goetzinger.
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt all Joers de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. E Jury determinéiert déi bescht nei Publikatiounen an de Kategorië Literatur, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch. Interessant ass, datt Enn 2023 ausschliisslech AutorINNEN ausgezeechent goufen. Zum Beispill d'Claudine Muno: mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur. An zwar fir de Roman “Dëst ass net däi Liewen”, fir deen d'Autorin och schonn den 1. Präis am Concours littéraire national krut. An eisem Literatur 2023-Réckbléck proposéiere mir Iech en Extrait vum Gespréich tëschent Valerija Berdi, Michel Delage a Claudine Muno.
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. E Jury determinéiert déi bescht nei Publikatiounen an de Kategorië Literatur, Sachbuch, Kanner- a Jugendbuch. Interessant ass, datt Enn 2023 ausschliisslech AutorINNEN ausgezeechent goufen. Zum Beispill d'Germaine Goetzinger: mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch. An zwar fir hir Biografie “Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874–1947. Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur”. An eisem Literatur 2023-Réckbléck proposéiere mir Iech en Extrait vum Gespréich tëschent Valerija Berdi, Michel Delage a Germaine Goetzinger.
Eng Koppel gëtt doheem ermuert. Korrupt Flicken. Ideologesch Kämpf a Politik a Press. An der Aarbechterstad Esch ëm 1910. An alles richteg geschitt! An alles literaresch esou iwwerzeegend verschafft, datt de Journalist an Auteur Jérôme Quiqueret fir säi Buch "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" mam Servais-Präis 2023 ausgezeechent gi war. Dës Woch kucke mir fir d'lescht op d'Kultur-Highlights 2023 zeréck, dowéinst proposéiere mir Iech hei en Extrait aus dem Gespréich tëschent dem Michel Delage an dem Jérôme Quiqueret.