POPULARITY
"Einheit, Freiheit, Vielfalt" - dat ass de Motto vun de Musikfestspiele Saar 2025. Déi ganz Editioun steet ënnert dem Zeeche vun Europa, an dofir war den éischte Concert och de 9. Mee um Europadag zu Berlin. Bis Enn Juni gëtt et nach eng Rëtsch un diverse klasseschen an experimentelle Concerten. Nieft lokale Museker:innen an Ensembele kommen och weltbekannter dofir an d'Saarland. Dorënner sinn den Diotima Quartett an déi jonk Dänzercompagnie "Junior Ballet de l'Opéra de Paris". Net nëmmen de Museksprogramm ass ganz faarweg, mee och d'Concertsplazen. Nieft ville groussen a klenge Kierche geet et iwwer enger ganz normaler Garage zu Saarbrécken bis an de Saarlännesche Staatstheater an den Theater am Ring zu Saarlouis. Op der Affiche stinn awer och méi innovativ Formater, wéi eng Kulturrees vun e puer Deeg an d'Stad Chemnitz, an een Dag op deem ee ganz vill Concerten a Caféen zu Saarbrécken genéisse kann. D'Eva Behr, kënschtleresch Leederin vum Festival, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit. De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel.

De Rebound vun haut steet am Zeeche vun der Däitscher Damme-Bundesliga. An där ginn nämlech d'Finalle vum Championnat gespillt. Aus Lëtzebuerger Siicht ass dat interessant, well d'Magaly Meynadier an deene Finalle mat Saarlouis géint Keltern spillt. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eng 450 Editeuren an Editricen an 1.200 Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen hu sech hei de Visiteure presentéiert. Dës Editioun stoung virun allem am Zeeche vum Retour an de Paräisser Grand Palais, dësen historesche Site, deen nees seng Diere fir d'Literatur opgemaach huet. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war fir eis de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.
D'Presserevue steet am Zeeche vun de Walen an Däitschland, wou d'Editorialiste sech alleguer eens sinn, datt eng grouss Responsabilitéit op den nächste Bundeskanzler duerkënnt: d'AfD erëm zeréck an hir Schranken ze bréngen
Sujeten haut: Restauranten op Silvester ëmmer méi populär, de Silvesterlaf am Zeeche vu Kollegialitéit an déi 100 Joer al Lina Knoerr-Klauner am Portrait.
Sujeten haut: Restauranten op Silvester ëmmer méi populär, de Silvesterlaf am Zeeche vu Kollegialitéit an déi 100 Joer al Lina Knoerr-Klauner am Portrait.
“Improvisations Live in Germany“ heescht deen neien Album vun der Pianistin a Komponistin Younee. Si gouf a Südkorea gebuer a wunnt mëttlerweil an Däitschland. Hir Concerte spillt si fir den Ament virun allem an Europa, an de 14. Dezember och fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Christmas Tour trëtt si am Cube 521 zu Maarnech op - a wéi de Numm et schonn undeit, steet de Concert ganz am Zeeche vu Chrëschtdag. Am Interview beim Lori Dauphin huet d'Younee ënner anerem iwwert hiren éischte Kontakt als Kand mam Piano verroden. Weider Detailer zum Concert fannt Dir um www.opus.radio.
Motetten, de Magnificat WAB 24 an d'Missa Solemnis WAB 29 séngt d'Maîtrise um éischten Adventssonndeg (1.12.) an der Kathedral. Domat steet deen traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" ganz am Zeeche vum Anton Bruckner sengem 200. Gebuertsdag. Dat ass awer net deen eenzegen Anniversaire, deen op dësem Concert eng Roll spillt. Den Dirigent Marc Dostert verréit am Interview beim Christophe Mirkes, wéi eng Jubiläe mat dësem Concert nach gefeiert ginn.
D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde mat der Aart a Wéis, wéi d’Regierung deen Discours organiséiere wëll. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wisou de Start vun där grousser Debatt mësslongen ass. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pensions : la tension monte entre syndicats et gouvernementThe post D'Diskussiounen ëm d'Pensiounsreform hate kee gudde Start first appeared on Radio ARA.
Mundartklassiker des grossen Autors: fantasievoll, witzig, wortgewandt. Mama ist aus dem Haus und Papa mit der Tochter allein. Wie kriegt man das Kind nur von der Glotze weg? Wenn man ein einfallsreicher Papi ist (gespielt vom Autor selbst), lockt man mit einer Fantasiewelt voller Fabelwesen. Wenn man dann aber versehentlich einen richtigen Zauberspruch sagt, kann es schnell passieren, dass im Basler Wohnhaus eine echte Elfe und ein wirklicher Gnom auftauchen. Die müssen zwar dringend zum Elfen- und Gnomenkongress nach Friaul – es bleibt ihnen aber noch genügend Zeit, um das Leben der Menschen mit ihrer Zauberei und ihren Sprachfehlern komplett auf den Kopf zu stellen. Mit: Maja Stolle (Frau), Urs Widmer (Ich), Dalit Bloch (Babett), Hilde Ziegler (Elfe), Heinz Bühlmann (Gnom), Josef Arnold (Elefant), Peter Freiburghaus (Kannibale), Rosel Schäfer (Seekuh/Urlaut), Anne Marie Kuster (Saalkontrollelf), Marianne Weber (Alice), Käthi Schmid (Elfenchor) sowie Kurt Widmer, Oliver Widmer und Antonio Wagner (Kannibalenchor) Musik: Peter Zwetkoff - Tontechnik: Jack Jakob - Regie: Stephan Heilmann, Aldo Gardini - Produktion: SRF 1982 - Dauer: 45
Mr. Zeeche is back with a new song for Madge. Also various messed up sounds. album art by Taylor H.
E Freideg de Moie war d'Schoul an d'Gesondheet vun de Schüler Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Alles steet am Zeeche vun den Oscaren. De Pit Biwer huet sech am Virfeld mat Lëtzebuerger Film-Leit ënnerhalen.
D'Emissioun Background am Gespréich stoung e Samschdeg ganz am Zeeche vum Klimawandel respektiv -Schutz. Dat kuerz virum Ufank vun der Weltklimakonferenz.
De Futtball-Stadion zu München huet gëschter net dierfen an de Reeboufaarwe beliicht ginn. Et war eng Iddi vun der Stad München, d‘UEFA huet dat awer refuséiert a sech op déi politesch Neutralitéit beruff. Dat huet fir vill Kritik gesuergt. Et sollt en Zeeche si fir méi Toleranz a géint Homophobie. Sou e Reebou ass ganz schéin, mengt d'Carine Lemmer a sengem Commentaire, mä Symbolik eleng geet net duer...
Virun 2 Deeg kréie mer iwwert Pressekonferenz matgedeelt, datt ënnert anerem rëm kënne Manifestatioune mat 1.000 Leit organiséiert ginn. Dës Ausnam gëllt fir kulturell a sportlech Manifestatiounen. Alle weider Detailer feelen nach, mä d'Nouvelle ass do. An och wann et sech nach komesch oder esouguer fir verschiddener beängschtegend ufillt, ass dës Noriicht wierklech erfrëschend!
De Sprint, de Magazin vun der Liichtathletik Federatioun, steet haut ganz am Zeeche vun der Indoor Europameeschterschaft a Polen. D´FLA war mat 4 Athleten do vertrueden. De Bilan hätt licht besser kéinten ausfalen. De Sprint gëtt iech haut vum Rich SIMON presentéiert....
2021 steet wuel am Zeeche vum Corona-Vaccin. Den ëffentlechen Discours dréint sech grad dorëm, a wéi engem Land scho méi Leit geimpft gouf, firwat sech verschidde Leit net mam AstraZeneca wëllen impfe loossen a wisou et net méi séier geet. Verständlech, mee och elitär Froen, fënnt d'Monica Camposeo a sengem Commentaire vun e Méindeg.
Wat war dat éischt Zeeche vun enger Zivilisatioun? Et kéint een elo un Tounendëppen oder Schläifsteen denken. Mä nee. Dat éischt Zeeche vun enger Zivilisatioun war eng gebrache Schank, déi nees zesummegewuess war. Dëst war Beweis dofir, dass sech een d‘Zäit geholl huet, fir de Betraffenen a Sécherheet ze bréngen a sech ëm e gekëmmert huet, bis en nees gesond war. Fir de Betraffenen hätt dëst aneschters den Doud bedeit. D‘Ufäng vun der Fleeg waren also d‘Ufäng vun der Zivilisatioun.
Wat war dat éischt Zeechen vun enger Zivilisatioun? Et kéint een elo un Tounen-Dëppen oder Schläifsteen denken. Mee nee! Dat éischt Zeeche vun enger Zivilisatioun war eng gebrache Schank, déi nees zesumme gewuess war. Dëst war d'Preuve dofir, dass sech een d‘Zäit geholl huet fir de Betraffenen a Sécherheet ze bréngen a sech ëm e gekëmmert huet, bis en nees gesond war. Fir de Betraffenen hätt dëst anescht den Doud bedeit. D‘Ufäng vun der Fleeg waren also déi vun der Zivilisatioun! Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff.
Fir d'Theatersaison esouwuel positiv wéi solidaresch am Zeeche vu béid der "Resilienz" an der "Frëndschaft" unzegoen haten d'Stater Theateren an de Kinneksbond vu Mamer bei aacht Metteur en scéne eng Reih Texter bestallt. Alles sollt sech em de Confinement dréinen an di vergaangen, derzäiteg an zukünfteg Experienz afänken. E Freideg virun enger Woch konnt een heizou am Grand Theatre d'Kreatioune vum Anna Leader an Elisabet Johannesdottir ukucken.
Madge gets guilt tripped by a non-Jew. Zeeche - lesbian saved my lifeJoe Betance guilt trip voice mail.Debra’s Apple Store trick.If all else fails, TRY GUILT!Social media toxicity.AVC blocked me but happy birthday?Trump is out to ban Tic Tok because of Kellyanne Conway’s daughter.In front of Sidetrack.Axios Trump Interview.Winning my DCMA protest.Feedback bloatedlesbian@gmail.com or FIRM UTERUS via phone.$bloatedlesbian on cash app or yesatradio.com/donate .chorkens.Mr. Paperman.jack dorsey is best billionaire on planet.Jack Benny side 6.
Wéi gesäit d'individuell Mobilitéit vu Muer aus?Wouru läit et, datt bei der Elektromobilitéit nach ëmmer gezéckt gëtt? Wéi steet et ëm d'Infrastrukturen?Ass e rengen elektresche Leasing-Fuhrpark realistesch?Ënner anerem déi Sujete beschwätze mer haut an der Emissioun Background, déi ganz am Zeeche vum Auto steet.Et diskutéiere mat: den Ernest Pirsch, President vum House of Automobile an de François Bausch, Mobilitéitsminister
De Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO steet 2020 ganz am Zeeche vum 25. Anniversaire, wéi d'Stad Lëtzebuerg an d'Befestegungsanlagen an de Programm vum Patrimoine Mondial vun der UNESCO opgeholl goufen. Experten aus den ënnerschiddleche Beräicher wéi Architektur, Archeologie, Industriegeschicht oder Restauratioun weisen an hire Presentatiounen de grousse Räichtum vun dësem Ierwen, dat déi ganz Mënschheet deelt, mee och d'Menacen, deenen en ausgesat ass. Am sengem Virtrag vum 2. Mäerz, deen op Lëtzebuergesch gehalen gouf, hat den Dr. Ralph Lange, wëssenschaftleche Mataarbechter am Musée Dräi Eechelen (M3E) zum Theema: "Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix" geschwat. Opgeholl a verschafft vum Carlo Link. Begleetmaterial zum Virtrag vum Ralph Lange: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/11/2020-03-02-100k7_10bdf7.pdf 25 Joer Lëtzebuerg Patrimoine Mondial UNESCO: https://patrimoinemondial.lu/?fbclid=IwAR2CeXec0sEY0ew1p9O2RFVS1n9Q8wLOoVbJZL9-JBQan_wpYb1NzGaNKxM Musek: Early Venetian Lute Music (Christpher Wilson & Shirley Rumsey) Ralph Lange, M3E © Carlo Link
D'Emissioun Background am Gespréich stoung de Mëtteg ganz am Zeeche vun der Corona-Pandemie an de Repercussiounen op d'Gesellschaft. Invitéeë waren de Vize-Premier an Defense- a Bannenzeg Sécherheetsminister François Bausch, de Vize-Premier an Aarbechtsminister Dan Kersch an d'Familljeministesch Corinne Cahen. Bannent 24 Stonne hätt een alles mobiliséiert kritt, esou de François Bausch. Lëtzebuerg hätt a China gehollef a lo géif d'Provënz Henan eis hëllefen a Material zur Dispositioun stellen. An Zesummenaarbecht mat der Nato-Agence NSPA krit een och elo eng qualitativ héichwäerteg Struktur fir besser gerëscht ze ginn. Nach wier net alles ukomm, sou de Minister. Iwwer d'Käschte schwätze mer dono, esou den Dan Kersch. Eis éischt Suerg ass déi, datt all d'Leit um Enn vum Mount eng Pai kréien. Dofir goufen d'Prozeure fir d'Kuerzaarbecht vereinfacht. 500 Millioune wieren neierdéngs fir de Fonds pour l'emploi mobiliséiert ginn, sou nach den Dan Kersch. Mir wëlle sou mann wéi méiglech Trafic an den Altersheemer, seet d'Familljeministesch Corinne Cahen. D'Soine ginn assuréiert. Et gëtt vill iwwer Telefonen oder aner Kanäl gereegelt. Et goufe och Masken am Secteur ausgedeelt.

© VLA - Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten asbl Den Archivdag stoung dëst Joer am Zeeche vun den Archiven an der Demokratie, organiséiert am Kader vun der Journée internationale des archives den 9. Juni. D'Schwéierpunkte vum Colloque waren de legale Kader a Reflexioune ronderëm d'Archiven an d'Demokratie. Invité war ënner anerem de President vum däitsche Bundesarchiv, Michael Hollmann. Säi Virtrag war iwwerschriwwen: "Das Archiv im demokratischen Verfassungsstaat - eine Ortsbestimmung". Am Resumé konzentréiere mir eis op Extraiten zum Thema, Reflexioune ronderëm d'Archiven an d'Demokratie. D'Beiträg waren hei: "Historische Forschung - ein Hürdenlauf" (Jean Reitz an Nadine Geisler), "Archiverfahrungen - über Hindernisse auf dem Weg zum Dokument" (Germaine Goetzinger) Opgeholl de 7. Juni am LUCA - Luxembourg Center for Architecture a verschafft vum Carlo Link. VLA-Presidentin, Corinne Schroeder © VLA Fotoen: © VLA - Montage: CL Participante vum 9. Archivdag vum VLA de 7. Juni 2019 am LUCA, Luxembourg Center for Architecture. © VLA Manifestatiounskalenner am Kader vun de Journée internationale des archives (Juni/Juli 2019): https://www.archives.lu/pages/fr/jda/jda-2019/journee-internationale-de-archives-2019.php VLA - Veräin vun den Lëtzebuerger Archivisten: https://www.archives.lu/pages/fr/accueil.php?lang=FR
Am Kader vun der véierter Luxembourg Art Week 2018 stoungen dräi ëffentlech Konferenzen am Zeeche vun der nationaler- an internationaler Aktualitéit aus der Konschtwelt. Moderatioun hat de Christian Mosar, fräie Curateur, respektiv Konschtkritiker a fräie radio 100,7 Mataarbechter. Verschafft goufen d'Konferenze vum Carlo Link. "Le marché de l'art en surchauffe", war d'Konferenz vum 9. November 2018 iwwerschriwwen, mat der Georgina Adam, Autorin, Jounalistin a Mataarbechterin bei der Financial Times - The Art Newspaper. D'Georgina Adam hat 2017 d'Buch "Dark Side of the Boom: The Excesses of the Art Market in the 21st Century" publizéiert, an deem si déi verstoppte Säit vum internationale Konschtmaart weist. Zanter deem sinn d'Präisser weider geklommen, wéi de Verkaf a Rekordhéicht vum "Salvator Mundi" weist, deen dem Leonardo da Vinci attribuéiert gëtt. De Konschtmaart - eng Loftblos, déi gläich platze wäert? Foto: radio 100,7 Big Bucks: The explosion of the art market in the 21st Century (Lund Humphries, 2014) Dark Side of the Boom: The Excesses Of The Art Market In The 21st Century (Paperback, 2017)
Um Virowend vum Nationalfeierdag steet d’Emissioun Background de Mëtteg ganz am Zeeche vun der nationaler Identitéit. Dowéinst steet d’Emissioun Background ganz am Zeeche vun der nationaler Identitéit. Mir ginn ënnert anerem der Fro no wat Nationalfeierdag an Zäite wéi haut nach bedeit. Wéi wichteg ass sou een Dag fir den nationalen Zesummenhalt? Mat eisen Invitéeë beliichte mer an dem Kontext d’Entwécklung vum Land, sengen Awunner a senger Sprooch a wat d’Identitéit vun enger Natioun ausmécht. Mir diskutéiere mat véier Invitéeën: dem Soziolog Fernand Fehlen, dem Historiker Michel Pauly, der Lëtzebuergesch-Enseignante Shari Schenten an dem Athanase Popov vun der Asti.

Den europäesche Solidaritéits-Corps lackelt zanter senger Proklamatioun duerch den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Joer 2016 ëmmer méi Jugendlecher un, déi am Zeeche vun der Solidaritéit bei soziale Projete matmaachen, sief et als Fräiwëllegen oder am Kader vun engem Stage. Zanter der Kreatioun vum Solidaritéits-Corps hu sech schonn eng 90.000 jonk Leit engagéiert.
D'Rubrik "Invité vum Dag" stoung an de leschte Wochen ganz dacks am Zeeche vun de Chamberwahlen: Et sinn eng ganz Rei Politikerinnen a Politiker am 100,7-Studio defiléiert, déi e Sonndeg fir e Mandat um Krautmaart kandidéieren. Och am leschten "Invité vum Dag" virun e Sonndeg sinn d'Wahlen de Sujet. De Maurice Molitor huet haut awer zwee Gäscht bei sech, déi am Wahlkampf net als Acteur ënnerwee waren, mee als interesséiert Observateuren: d'Journaliste Maryse Lanners (RTL) a Christoph Bum (reporter.lu). Mat hinne mecht hien e Réckbléck op eng langweileg Wahlcampagne an Ausbléck op e spannende Wahlsonndeg.
De leschte Mount stoung ganz am Zeeche vun den Europameeschterschaften zu Berlin, wou och dräi Lëtzebuerger mat dobäi waren. De Jeff Kettenmeyer an d'Jana Peters verroden Iech am Sprint vun haut wéi d'Coursen vun de Lëtzebuerger Athleten verlaf sinn.

Join me on a new adventure full of fun stories, silly skits, depressing realities, soul searching, technology gripes and discoveries. My friend Zeeche joins me, as well as my daughter Mary, and Marvin suicide even makes an appearance. The tunes this week were:Robots Play Chub Creek by Zeeche. The Chub Creek Theme by Mary. Brandmauer by H.ADAMFunk Up (Original Mix) by アルファードFlight by Aritus
Am Basket steet dëse Weekend ganz am Zeeche vun de Jugendequipen. YOUTH CUP Finals heescht dat ganzt. Dat sinn d’Coupe Finalen vun allen Alterskategorien, esou wuel bei de Jongen wéi och bei de Meedercher. De Wee an d’Coque ass fir déi Jonk schonn en Erliefnis. An et wier schéin, wann si do och déi néideg Ënnerstëtzung géife kréien, mengen de Jeff Kettenmeyer an de Guy Seyler elo am Rebound.

Den zweete Spilldag vun der BGL Ligue am Futtball ass nach amgaangen. Dofir steet den FLF Magazin vun haut dann och éischter am Zeeche vun der Nationalequipe. Déi spillt e Mëttwoch een Testmatch géint Louvain. Den FLF Magazin gëtt iech presentéiert vum Jhang Mathes a Rich Simon....

FIXED VERSION - On this episode I reveal something deeply personal that I’ve never spoken of before on the podcast. I hope it’s not too weird. Also I talk about my kitten. I figure one of those two things might be interesting to you. Today’s music was “Come Back and Play” by my good friend Zeeche, (a touching tribute he wrote during Chub Creek’s four year hiatus) and “Time” by Young Wonder.
De Lafvirus gräift erëm ëm sech. Muer stinn de Kierchbierg an d’Stad ganz am Zeeche vum traditionellen Nuetsmarathon. Ënnert den dausende Leefer ass och d’Tania Arensdorf, déi bei de leschten 3 Editiounen op dëser schwiereger Streck lëtzebuerger Beschtzäit bei den Damme gelaf ass. Mir hu mat hier iwwer déi magesch 42 Kilometer geschwat, mä och iwwer hir aner grouss Passioun, de Vëlo.