POPULARITY
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert. D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Waldbëlleger Band". D'Hosts kombinéieren dacks Ironie mat engem kriteschen Bléck op d'Lëtzebuerger Gesellschaft.Dir kënnt Erklär&Laach op Spotify, Apple Podcasts, Podtail an TuneIn lauschteren. Fir méi Informatiounen a fir um Lafenden ze bleiwen, kënnt Dir hinnen op Instagram follegen.Wann Dir Fan sidd, kënnt Dir och hire Merch-Shop besichen.Mir hätten et net kéinte besser soen.
D'Frënn vun der Militärmusek siche mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an der SACEM no engem neie Marsch zu Éiere vum neie Groussherzog Guillaume. Dëst am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025. Gesicht gëtt virun allem eng nei Eegekompositioun fir militäresch Zeremonien ze encadréieren an déi un ee Foussmarsch ugepasst ass. Am Gespréich war beim Lex Kauffmann den aktuelle Chefdirigent vun der Militärmusek, de Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun. Si hu sech iwwer d'Krittäre vum Concours ënnerhalen an och déi historesch Valeur vun esou Märsch an der Lëtzebuerger groussherzoglecher Geschicht. De komplette Reglement an d'Informatiounen zum Kompositiounsconcours fannt Dir um Site vum opus.radio.
Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op Stären-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre. Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporär!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou wuel fillen - dat kéint ee mat vill guddem Wëllen als 'Divers' bezeechnen - riwwer an den True Crime Genre. Mir wëllen ab der nächster Folg déi wuel gréisste Kriminalgeschicht, déi et jeemools am Grand-Duché gouf, nei erzielen. Méi Informatiounen dozou gëtt et an dëser Folg... an ab nächster Woch dann en Experiment. Stay tuned!
Eng däitsch Aktivistin huet opgedeckt, datt de Programm „Basis“, dee fir d’Verwaltung vun de Donnée vu Prisonéier benotzt gëtt, net konform mat der Dateschutz-Reglementatioun ass. An wéi si méi Informatioune wollt hunn, huet et geheescht: Nee, well Lëtzebuerg wëll déi Informatiounen net erausginn. Lëtzebuerg? Jo, och de Grand-Duché benotzt „Basis“, mä hei am Land gesäit d‘Administratioun keng Problemer mam Dateschutz. D‘woxx ass der Saach op de Grond gaangen, am Podcast schwätze mir doriwwer. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Gefängnisverwaltung: Die Software für alles – außer Datenschutz The post Gëtt et Dateschutz am Prisong? first appeared on Radio ARA.
An dësem Monolog steet d‘Brigitte Urhausen op der Bün an dat ënner der Regie vun der Sara Goerres. D‘Uropféierung war am Fréijoer am Kaleidoskop zu Hunchereng. D‘Valerija Berdi hat mat der jonker Theaterregisseurin iwwer d‘Kaz Eleonore geschwat. All weider Informatiounen iwwer Reservatioune sinn op kasemattentheater.lu ze fannen.
E massiivt Feier zu Malibu huet zu seriéisen Evakuatiounen gefouert. D'Autoritéiten schaffen intensiv, fir d'Situatioun ënner Kontroll ze kréien. Zur selwechter Zäit ginn et spannend Rumeuren iwwer en neie geheime Film vum Christopher Nolan. D'Detailer sinn nach geheim, mee d'Fans erwaarden mat Spannung weider Informatiounen an d'Beyoncé preparéiert sech intensiv op d'Grammyen.
D'Caritas-Affär bleift weider am Fokus, Reporter.lu huet Informatiounen, datt eng Enquête préliminaire géint d'Spuerkeess an d'BGL opgemaach gouf.
D‘Caritas-Affär an déi nei Zweiwel, déi Recherche vum radio 100,7 um Presidentebedruch opkomme gelooss hunn, decken sech de Moie mat den Informatiounen an den Zeitungen.
An engem neie Gesetz gëtt festgehalen, datt Journalisten d'Recht hu fir staatlech Informatiounen ze kréien. Kann elo mat méi Scoope gerechent ginn? De Rick Mertens freet d'Presidentin vum Presserot.
Renconteren, Spektakelen an Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab. De Groussen Theater organiséiert zesumme mam Théâtre du Centaure an dem Trois C-L zéng Deeg, bei deenen de Public nei Tendenzen, Projeten a Produktiounen an de genannten Domäner entdecke kann. Wat ass genee den TalentLab a wat wëllen d‘Organisateure mat dësem Festival, deen dëst Joer vum 31. Mee bis den 9. Juni dauert, erreechen? D‘Valerija Berdi huet beim Tom Leick, dem Direkter vum Groussen Theater nogefrot. All weider Informatiounen iwwer d‘Programmatioun fannt Dir op theatre.lu.
Renconteren, Spektakelen an Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab. De Groussen Theater organiséiert zesumme mam Théâtre du Centaure an dem Trois C-L zéng Deeg, bei deenen de Public nei Tendenzen, Projeten a Produktiounen an de genannten Domäner entdecke kann. Wat ass genee den TalentLab a wat wëllen d‘Organisateure mat dësem Festival, deen dëst Joer vum 31. Mee bis den 9. Juni dauert, erreechen? D‘Valerija Berdi huet beim Tom Leick, dem Direkter vum Groussen Theater nogefrot. All weider Informatiounen iwwer d‘Programmatioun fannt Dir op theatre.lu.
Si halen näischt vu Rumeuren a Couloires- oder Béierdeckelsgespréicher. Si hunn hir Informatiounen aus éischter Hand oder bal. Soss gouf ëmmer gesot 'béis Zong behaapten', an elo hunn se e Numm. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
Iwwerbléck vun der neier Filmwoch an éischt Informatiounen iwwer de Luxfilmfest (29.2.-10.3.2024).
Et bleift spannend ëm déi nei Regierung. Wie gëschter méi Informatiounen op der Pressekonferenz zu Senneng erwaart hat, deen ass enttäuscht ginn an dofir ginn de Moien och d'Spekulatioune weider.
Eng Folge direkt vun der Brëtsch: Mir mellen eis vun der entspaantster Plaz op der Welt – Zolwer. Hei gëtt net gekëddelt, mee an de Nirvana gedréckt, well "De Masseur" a seng Clique fonnt hunn, dass mir ze gestresst sinn. Tëscht fettegen Hoer an Thonsbréidercher ginn et genial Geschäftsiddien, Changementer vum Numm (Stéchwuert "Maanos" – oder awer "Manooze") an alles ausser Coiffeursgespréicher. Ob waarmen Ueleg, bitzend Bomen oder Clubvibes ouni Hoer… hei gëtt et nees alles, wat wichteg ass – haut an der extra onkonzentréierter Versioun. Sidd dobäi bei "Die Leiden des jungen Yannick" an "Die Geissens – Das Musical", Konschtproffen mat der Gittar am Ouer an enger gudder Portioun Hënnermassagen. Et gëtt Tango um Réck gedanzt an d'Meghan an den Harry sinn zu Diddeleng ënnerwee. D'Generatioun Sitcom presentéiert iech Zocker am Ouerläppchen a Neies aus "Sabines Tantrastübchen". Ommmmm! Als Nolauschter*innen vu Paus. kritt dir bis den 31.07.2023 10% op ärem nächste Besuch beim Masseur. Méi Informatiounen fannt dir op eiser Instagram-Säit an an dësem Episod. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar.
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard. Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - wéi eng Hürden hat als jonk Fra an der Chamber muss bewältegen, fir genau sou eescht geholl ze gi wéi seng mat-Politiker:innen. Stéchwuert: Feminismus! Vill Spaass beim Lauschteren! Falls iech meng journalistesch Aarbescht gefällt, kënt dir mech ënnerstetzen andeems dir mäi Patreon Account abonnéiert oder meng Merchandise kaaft. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir hei: https://neon.page/cecidoyouloveme
Sie verdeelen all 14 Deeg Zensuren, an soen wien Top a wien Flopp ass. Wien huet sech net un Spillreegelen gehalen, wien ass negativ opgefall a wien ass iwwer d'Ziel erausgeschoss. E klengen Austausch un Informatiounen mat enger Messerspëtzt Sarkasmus a bëssegen Remarquen liwwere sech den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an David Winter beim Christiane Kremer.
Et gëtt jo Leit déi Geheimnisser gutt fir sech behale kënnen, an dann gëtt et der genee sou vill, wann net méi, déi dat guer net fäerdeg bréngen an all Informatiounen déi se opgeschnaapt hunn mat aneren deelen mussen, also matdeelen mussen. Dat geet besonnesch gutt um Comptoire oder an de soziale Medien. Déi heiten 5 hunn net drop gewaart dass Facebook erfonnt gouf, mä ginn sech all zwou Wochen Rendez-vous fir en Austausch un Informatiounen an aller Ëffentlechkeet ze maachen. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
Kachbicher ginn haut graff an dräi Kategorien ënnerdeelt: detailléiert, awer dréchen, Rezeptersammlunge fir professionell Käch / Schoulkachbicher fir Ufänger / illustréiert Publikatioune mat Anekdoten an Informatiounen iwwer Iesstraditiounen. D'Buch "Gudden Appetit", vun den zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv, gehéiert an dee leschten Tirang: d'Memberen haten no enger performativer Soirée Enn 2019, hirer "Alerte gourmande", realiséiert, datt de Volet Industrie a Gastronomie bis ewell hei am Land wéineg thematiséiert gi war an hu sech op d'Sich no Informatioune gemaach. Explikatioune Kerstin Thalau
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
Gebuer am falsche Kierper. An dëser Episod schwätze mir mam Jan, deen eis iwwer seng Transitioun erzielt. . Informatiounen an Hëllef: http://itgl.lu oder https://rosaletzebuerg.lu Dem Jan säin Instagram: https://www.instagram.com/jan.berlo/ Dem Jan säi YouTube-Channel: https://youtu.be/ztHVqXOQJOA . www.sanji.lu MAM CODE "taboo" KRITT DIR BEI SANJI 15%
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
Vill kënnen net ouni Kaffi. Et ass eppes wat bei ville Leit zum Alldag gehéiert an dofir dréint sech an dëser Episode quasi alles ronderëm de Kaffi. De Ken an ech schwätzen an dëser Episode ënner anerem iwwert Social Businesses, wéi ee mat Marketing ee positiven Impakt op d'Gesellschaft kann hunn an natierlech och wéi een gudde Kaffi erkennt. De Ken Braz huet grad seng eege Crowdfunding am Start mat der en seng mobil Kaffi Réischterei finanzéiere well. Hëlleft him säin Dram z'erfëllen an ënnerstëtzt seng Campagne! August 63: Méi Informatiounen dozou fannt dir an dësem Link: https://www.startnext.com/august63
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
Viru kuerzem hat Porsche op den Hockenheimring invitéiert. Nämlech an de Porsche Performance Center deen do integréiert ass. Hei goufen et Informatiounen wat beim 2022 Taycan alles nei ass. De Rich Simon war fir eis mat dobäi, wou d´Nouveautéiten presentéiert goufen...
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
Kanner an Erwuessener liese gäre Comics. Mee, wat net vill beim Liese vun de faarwegen Hefter berücksichtegen, ass hir Funktioun, als Medium subliminal Informatiounen ze vermëttelen. "Transmission of information via specific media: Propagandistic messages in comics". Am Kader vum Konferenzzyklus 2021, Mankind and Media, vun der UNESCO-Kommissioun Lëtzebuerg, gouf d'Theema ëm propagandistesch Messagen a Comics beliicht, dat Ganzt an engem historeschen Iwwerbléck, wéi ënner anerem Comics an NS- oder a faschistescher Zäit, fir politesch Propaganda benotzt goufen. Och haut gi verstoppte Messagen ëmgesat, fir dem Lieser seng Meenung ze beaflossen. "Captain America" oder "Persepolis": si hu méi matzedeelen, wéi mir eis bewosst sinn! Eng Konferenz an englescher Sprooch vum 1. Juli an der Nationalbibliothék, (BNL) mat als Haapt-Spriecherin, der Dr. Manuela di Franco, Fuerscherin a populärer Kultur an a Gender-Representatiounen. D'Moderatorin vum Owend war d'Dr. Nora Schleich. Enregistrement: BNL Resumé a Montage: Carlo Link Déi ganz Konferenz "Online" lauschteren: 1 - D'Introduktioun lauschteren 2 - Konferenz lauschteren 3 - Gespréich lauschteren, Nora Schleich, Manuela di Franco a Publikum De Superjhemp, Lëtzebuerger Comicfigur aus der Comicserie mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen? D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach, a Kooperatioun mat der Zäitschrëft "forum". Participanten: Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och Europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung Enregistrement: Trifolion. Montage an Audio-Mastering: Carlo Link V.l.n.r.: Anne Schaaf, François Moyse, Judith Reicherzer, Karin Weyer, Romain Schroeder © Trifolion d'Suite vum Debat lauschteren, wéi och d'Froen an d'Äntwerten Eng zweet Debatt, am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach vum 7. Mee, ënnert dem Titel: "Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter", bréngt de Radio 100,7 den 13. Mee op Christ Himmelfaart, tëschent 17:00 an 18:00 Auer.
D'Lëtzebuerger Journalistenassociatioun huet d'Part fir an den Haff vum Staatsministère mat Ketten zougespaart: symbolesch fir d'Regierung, déi dacks näischt seet, symbolesch fir d'Verwaltungen, déi keng Informatiounen erausginn, symbolesch fir d'Blackbox mam Numm "Staat". D'Journalistinnen a Journaliste fuerderen e Recht op den Accès zu Informatiounen. Erstaunlech, dass se dat hei am Land iwwerhaapt mussen, fënnt de Pierre Jans.
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell. Haut léisst en den Dustin Hoffman zu Wuert kommen.
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen? D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion Iechternach a Kooperatioun mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum. Participanten an der Reiefolleg, wéi si am Ufank zu Wuert kommen : - François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter - Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation - Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin - Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung Resumé vun der Debatt vum 22. Abrëll. Enregistrement: Trifolion / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link Déi komplett Debatt bréngt de Radio 100,7 - den 9. Mee tëschent 17:00 an 18:00 Auer ! https://trifolion.lu/de/programm/event-categories/fake-news.html
Kënschtlech Intelligenz, kuerz K.I., bréngt Leeschtungen, déi fir eis Mënsche schwéier nozevollzéie sinn. Dausende vun Date kënnen a ganz kuerzer Zäit generéiert a verschafft ginn. D'Gesellschaft profitéiert vun de bedeitende Fortschrëtter an der Wëssenschaft an der Technologie. Mee kann de Mënsch nach ëmmer als Auteur vun der iwwermëttelten Informatiounen ugesi ginn? Si mir nëmme Konsumente gi vu Produkter vun der Dateveraarbechtung? Wéi eng Léisungen huet dat technologescht 21. Joerhonnert fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën? Potentiell Risikofacteuren, déi mat den neien Technologien associéiert sinn, wéi autonom Autoen oder Smart Haiser, stinn och zur Diskussioun. E Gespréich vum 25. Februar an der Nationalbibliothéik, mam Prof. Dr. Christoph Schommer, Fuerscher an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz, Uni Lëtzebuerg, Machine Learning, Erkenntnesgewënn an Data Science. Moderatioun: Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement. Am Kader vum Konferenzzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information. Enregistrement: Technik-BNL / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link d'Suite vun dem Gespréich lauschteren, Froen/Äntweren Prof. Christoph Schommer, Uni Lëtzebuerg - Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement © BNL
An der Pandemie ass schonn e puer Mol iwwer d'Thema vun der Transparenz geschwat ginn. Dee Problem ass awer net eréischt an der Krisesituatioun opkomm. D'Journalistinnen an d'Journalisten hei am Land fuerdere scho vill méi laang eng gréisser Transparenz an e méi einfachen Zougang zu Informatiounen. D'Monica Camposeo freet sech an sengem Commentaire vun haut, wisou dat nach ëmmer en Thema ass.
De Pit Biwer mat aktuellen Informatiounen direkt vun der Quell