POPULARITY
D'Aart a Weis, wéi d'Leit schaffen, ass amgaangen ze änneren. D'Pandemie huet verschidde Modeller wéi dem Télétravail en décke Fouss hannebäi ginn. Donieft wuessen d'Fuerderunge fir d'Aarbechtszäit méi flexibel, vläicht och manner laang, mä sécher méi am Aklang mam Privatliewen ze gestalten. Dat kënne Patrone bedaueren, se wieren awer gutt beroden, sech den neie Realitéiten ze stellen. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
Och wann d'Pandemie am Moment net esou aktuell ass a kulturell Veranstaltunge kenge Restriktiounen ausgesat sinn, kann een net maachen, wéi wann näischt gewiescht wier. Aner Aktualitéiten an Entwécklunge mussen och kulturell a betruecht gezu ginn, an deem wëllt den Direkter vum Mamer Kinneksbond mat der neier Saison a sengem Kulturhaus Rechnung droen. Mat enger ganz villfälteger Programmatioun soll dat gefeiert ginn, wat eis verbënnt, eis Mënschlechkeet an de Besoin no Geschichten, ganz egal, ob se gesongen, erzielt oder gedanzt sinn. De Jérôme Konen am Gespréich mam Valerija Berdi
Parallel zu Esch2022 sollten laanscht de Minett-Trail eelef Hütten als Schlofméiglechkeete gebaut ginn. Bis ewell sinn eréischt dräi "Kabaisercher" opgaangen. D'Pandemie a schwiereg Zesummenaarbechten hunn dozou geféiert, datt dëse Projet bis ewell nach net fäerdeg ass. D'Nora Kieffer huet mat den Verantwortleche geschwat.
Parallel zu Esch2022 sollten laanscht de Minett-Trail eelef Hütten als Schlofméiglechkeete gebaut ginn. Bis ewell sinn eréischt dräi "Kabaisercher" opgaangen. D'Pandemie a schwiereg Zesummenaarbechten hunn dozou geféiert, datt dëse Projet bis ewell nach net fäerdeg ass. D'Nora Kieffer huet mat den Verantwortleche geschwat.
Dat sot d'Gesondheetsministesch am Kontext vun der Pandemie an der Impfflicht. Si war e Mëttwoch de Moie war eis Invitée vun der Redaktioun.
An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet. Du wëlls méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung wëssen? https://www.lih.lu/en/research-scope/research-department/department-of-precision-health/deep-digital-phenotyping-research-unit/ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de Audioquellen 100komma7 Panorama, 01.03.2020: https://100komma7.lu/program/episode/290090/202003011200-202003011208 Pressebriefing nom Regierungsrot, 18.03.2020: https://www.youtube.com/watch?v=ARPuyRyDCbw „Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian: https://www.youtube.com/watch?v=oJbOLMvKk1E
Krise sinn e Booster fir Verännerungen. D'Pandemie war et fir ons Aart a Weis ze schaffen. Elo soll den Teletravail och eng Léisung fir d Energiekris sinn
Krise sinn e Booster fir Verännerungen. D'Pandemie war et fir ons Aart a Weis ze schaffen. Elo soll den Teletravail och eng Léisung fir d Energiekris sinn.
Krise sinn e Booster fir Verännerungen. D'Pandemie war et fir ons Aart a Weis ze schaffen. Elo soll den Teletravail och eng Léisung fir d Energiekris sinn.
Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten: faire Lounausgläich allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen Recht op bezuelbare Wunnraum Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt Pour Info: Dat si genau déi selwecht Fuerderunge wéi virun engem Joer, well sech d'Situatioun nach ëmmer net geännert huet - éischter souguer verschlechtert, well d'Pandemie alles méi schlëmm gemaach huet. Villmools Merci un jiddereen den sech Zäit geholl huet an de Mikro ze schwätzen. Vill Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un: Karma an de Pit
En Donneschdeg de Moie war d'Kanner- a Jugendpsychiaterin eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Pandemie huet eise sproochlechen Ëmgang matenee verännert, an dat net zum beschten, geet et dach dacks drëms, säi Vis-à-vis an en Tirang ze klaken, ze beleidegen oder ze stigmatiséieren. D'Spléckung vun der Gesellschaft fänkt an der Sprooch un, dat mengt de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.
E Mëttwoch de Moie war de Wëssenschaftsjournalist eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Gesondheetsministerin hofft, datt déi aktuell Mesuren duergi fir d'Pandemie an de Grëff ze kréien, eng Impfflicht schléisst si awer net ganz aus. Déi national Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Wann en Impftaux vun iwwer 90% bei de Risikogruppen erreecht ass, wier d'Pandemie, aus Siicht vun der Santé publique, eriwwer, sou de Claude Muller
Wa mer bis gepickt sinn, ass alles ok. Voller Hoffnung hu mer virun engem Joer op déi éischt Vaccine gewaart. Ee Joer méi spéit stelle mer fest: Mir krute Corona net an de Grëff! De Pit Everling huet sech seng Gedanke gemaach.
D'Pandemie spléckt Gesellschaft ëmmer méi, dat, an déi véiert Infektiounswell mécht och den Zeitungen ëmmer méi Angscht. Déi national Press presentéiert vum Françoise Medernach.
D'Pandemie hätt gewisen, wéi ongläich Salariéen an Independanten behandelt ginn, dofir op en Neits d'Fuerderung fir ee Statut anzeféieren.
Geschäftsopportunitéiten, déi duerch d'Pandemie entstane sinn, de Mediestanduert Lëtzebuerg an d'Fro, firwat déi Konservativ déi Gréng esou haassen: Theemen an der Press presentéiert vum Michèle Sinner.
Dem Premier seng Hospitalisatioun weist, datt d'Pandemie nach net eriwwer ass, an d'Discobedreiwer fäerten, datt si fir déi héich Zuele bezuele mussen.
De Film «The father» mam Antony Hopkins weist androcksvoll, ewéi d'Kommunikatioun vu Mënsche mat enger Demenz verännert ass. Gespréicher iwwert Telefon sinn erausfuerderend, gläichzäiteg sinn d'Famillje manner present duerch d'Pandemie. Dobäi si si grad elo voller Onsécherheeten an op den Feedback vum Gesondheets- an Fleegepersonal ugewisen. Dëst ass zäitlech nach méi gefuerdert. Eng Situatioun, déi Konflikter unzitt. D'Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin Anne-Marie Hanff huet no Léisunge gesicht.
De Marc Hostert ass Ekonomist a President vum Cercle Artistique de Luxembourg, Cal.
D'Majoritéit vun de Bierger a Biergerinnen attestéiert Blo-Rout-Gréng am Politmonitor, si gutt duerch d'Pandemie manövréiert ze hunn. Bettel, Lenert a Co kënnen et sech awer net erlaben, sech op hire Kriselorbeeren auszerouen. Duerfir sinn d'Problemer, déi bis d'Enn vun der Legislatur ze léise bleiwen, ze grouss.
Et ass gepackt, dat Schlëmmst läit hannert eis, d'Pandemie krut duerch d'Impfcampagne dee leschte Coup, sou datt d'Corona-Plo geschwënn der Vergaangenheet ugehéiert... Mä ass et wierklech sou einfach? De Roy Grotz ass virsiichteg optimistesch...
Den Direkter vum Cluster for Logistics iwwer d'Pandemie, CO2-Reduktiounsziler an aner Erausfuerderunge fir de Logistik-Secteur.
D'Corona-Kris trëfft eis alleguerten. Nieft dem negativen Effekt vun der Krankheet op d'Kris, kann d'Pandemie awer och psychologesch Auswierkungen hunn.
D'Corona-Kris trëfft eis alleguerten. Nieft dem negativen Effekt vun der Krankheet op d'Kris, kann d'Pandemie awer och psychologesch Auswierkungen hunn.
D'Corona-Kris trëfft eis alleguerten. Nieft dem negativen Effekt vun der Krankheet op d'Kris, kann d'Pandemie awer och psychologesch Auswierkungen hunn.