De kritesche Bléck op d'Aktualitéit vun der RTL Redaktioun
Eng rezent Affär vu Pedokriminialitéit huet fir vill Opreegung gesuergt. Afferschutzorganisatioune sinn entsat iwwer Delaien an Decisioune vum Scas, dem Service central d'assistance sociale. Ma warscheinlech ass de Probleem kee schlechte Wëlle fir d'Täter ze pëtzen an Affer ze schützen. Mee éischter eng Verkettung vun onglécklechen Ëmstänn an d'Penurie u spezialiséiertem Personal op méi ewéi enger Plaz, mengt d'Michèle Sinner a sengem Commentaire.
D'NATO-Verdeedegungsministeren hu sech d'lescht Woch op dee gréissten Oprëschtungsplang zanter dem Kale Krich gëeenegt. Mat 5% vum PIB, déi jidderee fir d'Sécherheet soll ausginn. Wéi séier, doriwwer gëtt nach bis de Sommet an dräi Woche verhandelt. Mä et ass absolut kloer. All d'NATO-Länner, also och Lëtzebuerg, wäerten an Zukunft Rekordzomme fir d'Arméi mussen ausginn. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
E Freideg spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp e Frëndschaftslännermatch géint Slowenien. Mat derbäi ass de Gerson Rodrigues, de Rekordbuteur vun der Nationalekipp, deen an zweeter Instanz wéinst Gewalt a Kierperverletzung an 3 Fäll zu 18 Méint Prisong – mat Sursis – verurteelt gouf.
Ufank vun der leschter Woch war de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser fir e puer Deeg op politescher Visitt zu Moskau. Den ADR-Politiker hat eng Invitatioun vum russesche Parlament ugeholl a sech nieft Deputéierten och mat engem vun de Vize-Ausseministere getraff. D'Opmierksamkeet war him domadder gewëss, awer och d'Kritik. Déi koum net just vum politesche Géigner, mee och aus den eegene Reien. D'EKR-Fraktioun, an där hien am EU-Parlament Member ass, wëllt hien ausschléissen. E Mëttwoch wäert doriwwer ofgestëmmt ginn. Ma elo schonn huet de Fernand Kartheiser mat der Rees an déi russesch Haaptstad net nëmme sech selwer, mee och senger Partei ee Selbstgol geschoss, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
Bei de Parlamentswalen a Portugal huet déi rietspopulistesch Partei "Chega” sech schonn esou gutt wéi als zweet Muecht etabléiert. Ee Riets-Ruck kann een et net méi nennen, wuel éischter eng Invasioun, mengt d'Rosa Clemente.
Et ass du Jamais-vu, wat d'Lëtzebuerger Wort an de leschten zwee Deeg publizéiert huet. Rieds ass vun engem nach lafende Geriichtsprozess, wou ee Mann wéinst Pedo-Kriminalitéit ugeklot ass, deen an der Theaterwelt an am ëffentleche Liewen hei zu Lëtzebuerg keen Onbekannten ass. De Mann huet en plus seng eegen Duechter mëssbraucht a kritt elo am Wort e ganzen Artikel, wou hie sech als Affer duerstellen däerf. Een absolutten No-Go fënnt d'Annick Goerens am Tëscheruff.
Am Walkampf war d'Thema Pensioune quasi inexistent. 18 Méint, nodeems den neie Luc sech op de Stull vum Premier gesat huet, ass kloer: Mir gi méi laang schaffen, ob mer wëllen oder net. "Hätt een dat nëmmen éischter gewosst", kommentéiert d'Dany Rasqué mat emol méi, emol manner Ironie.
Zanter en Dënschdeg weess d'Land da lo endlech a graffen Zich, wou et bei der Pensiounsreform soll higoen. Um Ofschloss vum laangen Consultatiounsprozess, dee Schwaarz-Blo déi lescht Méint zelebréiert huet, läit d'Verantwortung da lo virun allem bei de jonke Generatiounen, fir de System an der Riicht ze halen. D'Claude Zeimetz sicht zanter där Annonce nach ëmmer de Kompromëss, dee jo u sech sollt bei deem ganze Geschwätz erauskommen.
An de Grondschoulen a Maison Relaisen am Grand-Duché ass de Gebrauch vum Handy zanter dräi Wochen tabu.
Mat deem klenge Saz hat de Premier haut u sech alles gesot. Jo, d'Regierung schwätzt mat de Sozialpartner, mee gehandelt gëtt vum Ministerrot an decidéiert gëtt an der Chamber.
D'LUGA ass zanter leschter Woch offiziell op. Déi grouss urban Gaardenausstellung soll nohalteg an ekologesch sinn, sou gouf d'Expo ënner fräiem Himmel op d'mannst vun Ufank u vermaart a verkaf. Ma wéi nohalteg kann en temporäert Evenement iwwerhaapt sinn, freet sech d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
An Däitschland an allgemeng uechter Europa gouf e Mëttwoch vill iwwer d'Wal vum Friedrich Merz debattéiert, dee jo eréischt beim zweeten Ulaf als neie Bundeskanzler confirméiert gouf. Vu Staatskrisen, Blamage an Apokalyps war rieds uechter d'Medien, mee fir eis Journalistin Annick Goerens war dat keen Drama, mee just gelieften Demokratie. Keen Grond deemno ze Hyperventiléieren
Dee mat senger Meenung an d'Press geet, muss riskéieren, eng kleng Lëftchen oder awer e Stuerm vu Reaktiounen ze provozéieren. Sou ass dat - sou war et nach ëmmer an et ass och net anescht, wann een "en public", vu Chambertribünen erof, um Comptoir, bis hin op Theaterbüne seng Meenung haart an däitlech deklaméiert. Schwiereg gëtt et, wann de Kapp an de Sand gestach gëtt a sech Protagoniste vun Neiegkeete verstoppen - de Roy Grotz weess, vu wat hie schwätzt...
De Parking um Héienhaff um Sennengerbierg ass elo op, mat bal 500 Parkplazen. Am Commentaire fënnt de Fränz Aulner dat "schéin a gutt". Hie fäert awer, datt et an Zukunft nach méi Blechlawine ronderëm an an der Stad wäerte ginn. Als Léisunge gëtt et a sengen A just: net méi wuessen, oder méi Wunnengen an Infrastruktur bauen. Dorënner e ganze Ring mat 3 Spuere ronderëm d'Stad.
D'Trauer zu Roum ass grouss. De Poopst François ass op Ouschterméindeg gestuerwen a gëtt e Samschdeg begruewen. De Jorge Mario Bergoglio huet d'Kierch positiv verännert, trotzdeem ass de Bilan net just positiv. De Pit Everling huet sech Gedanke gemaach.
Vun haut un ass also den Handy an der Grondschoul an an de Maison-relaise strikt verbueden. No der Péngschtvakanz zéien d'Lycéeën no. D'Mesure gëtt allgemeng begréisst. Ma fir de Jonken hiert Wuelbefannen an hir Entwécklung wierklech ze verbesseren, braucht et méi wéi manner Zäit virum Ecran an der Schoul. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
Viru 40 Joer konnte guer net sou vill Bomme geluecht ginn, fir déi Moyenen ze kréien, wéi d'Police an d'Arméi se haut kréien.
Wéi stabel ass eng Demokratie, wann déi Gewielte selwer um Fundament rëselen? E Kommentar vum Diana Hoffmann iwwer d'Grenze vum demokratesche Wëllen.
D'EU a China haten op dat amerikanescht Freedefeier vu Stroftaxe reagéiert, China däitlech méi kräfteg wéi d'Europäesch Unioun. Wéi eng Approche ass besser? Eng Verhandlungsbasis muss bleiwen, mengt d'Carine Lemmer a sengem Commentaire.
Ukrain, Gaza, Klimawandel an Naturkatastrophen an all Dag nei Trump-Hysterien. Dobäi komme Smartphones, Sozial Medien an déi lues Erosioun vun eisen Demokratien. Wéi soll ee mat dem Wansinn vun haut ëmgoen? Déi Fro stellt sech d'Annick Goerens a sengem Commentaire.
Marine Le Pen gëtt a Frankräich verurteelt an dierf net u Walen deelhuelen. An der Tierkei gëtt den Ekrem İmamoğlu wéinst méiglecher Korruptioun verhaft. Déi zwee Fäll sinn net gläichzesetzen, ma d'Reaktioune lafen awer no engem änleche Muster of, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
Mëssstänn am Mudam - wann et bis elo där Schlagzeilen ëm d'Direktioun vum Konschtmusée gouf, dann ass et meeschtens drëms gaangen, wat de Musée soll oder net soll weisen. Dat ass awer bei der Kontrovers ëm déi aktuell Directrice Bettina Steinbrügge net de Fall, och wa si et no bausse gären esou duerstellt. Ëmsou méi lächerlech ass et, datt de Ministère an den neie President vum Verwaltungsrot hiren Argumentaire iwwerhuelen. E Commentaire vum Michèle Sinner.
Et ass nees een neien Ament am Dossier Nordstad: d'Gemeng Bettenduerf wëllt vun deenen anere véier Gemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren wëssen, ob si weider un enger Fusioun zu 5 interesséiert sinn.
D'Diskussiounen iwwert d'Defense-Ausgaben, déi musse massiv eropgeschrauft ginn, d'Debatten iwwert d'Reform vum Pensiounssystem an d'A-Fro-Stelle vun demokratesche Strukturen a Valeuren - dës 3 Sujeten hu vill méi mateneen ze dinn, wéi een et géif mengen - a wäerten déi Jonk nach virun akut Defie stellen - seet de Roy Grotz a sengem Commentaire.
D'Strategie vun der Regierung, fir eng breet Consultatioun z'organiséieren, ier se eege Propose fir eng Pensiounsreform op den Dësch leet, geet no hannen lass. D'Regierung huet sech an eng Sakgaass manövréiert, fënnt d'Michèle Sinner a sengem Tëscheruff.
An de leschten dräi Joer ass d'Zuel un Ofdreiwungen am Grand-Duché drastesch an d'Luucht gaangen. Dat op d'mannst seet de Planning familial, dee sech op eegen Zuele berifft, also op d'Ofdreiwungen, déi bei hinne gemaach ginn.
Op d'USA kënne mer eis net méi verloossen a mir musse méi an d'Defense investéieren. Do si mer eis hei am Land an an der EU, wéi et schéngs, eens.
D'EU wëll oprëschten a Lëtzebuerg wëll och säin Effort fir d'Defense an d'Luucht setzen. Dat et esouwäit komm ass, ass extrem bedauerlech, esou de Fränz Aulner. Hie mengt awer, datt et wéinst der neier US-Politik a wéinst Russland leider schwéier ass, sech aktuell eng Alternativ virzestellen. Wann da soll opgerëscht ginn, stellt de Fränz Aulner sech awer vill Froen doriwwer, wien et finanzéiert a wéi d'Suen um Terrain agesat ginn.
Eng geplangte Reform vum Versammlungsrecht setzt op mi streng bürokratesch Reegelen a Strofen. Domat ginn d'Bierger limitéiert.
En Donneschdeg ass zu Bréissel e Spezial-Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, fir iwwert déi aktuell Entwécklunge ronderëm d'Ukrain a virun allem fir iwwert déi europäesch Defense ze schwätzen. Rieds geet vun Honnerte Milliarden Euro, déi sollen zesumme mobiliséiert ginn. Dat bedeit natierlech och substanziell Contributioune vun de Memberlänner. Wat Lëtzebuerg an deem Kontext bereet ass op den Dësch ze leeën, ass aktuell awer nach vill ze vill onkloer, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Nom Fiasko am Oval Office héieren d'politesch Äerdbiewen net méi op an den US-President schéngt gewëllt, d'Weltuerdnung definitiv op d'Kopp ze geheien.
Viru bal genee fënnef Joer, den 29. Februar 2020 fir genee ze sinn, gouf et deen alleréischte Covid-Fall hei zu Lëtzebuerg. Wat duerno koum, wësse mer nach all, mä et wierkt mam Recul vun haut deels onreal: Lockdown, Ausgangsspär an Ausnamezoustand, Leit déi eleng hu misse stierwen, zoue Grenzen, 3G, 2G, A-B-Wochen an der Schoul... En demokrateschen Ausnamezoustand, dee vill Länner bis haut nach net opgeschafft hunn, mä all Interêt hätten, et ze maachen. Och Lëtzebuerg, fënnt d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire.
Virun zwou Wochen hate mer iwwert de Fall vum Immobilieprojet Cité Ouschterbour zu Uewerkuer bericht. An dat net fir d'éischte Kéier: scho Mëtt 2023 hate mer an engem Reportage thematiséiert, datt et um Chantier net virugoe géing, well de Promoteur Capelli d'Baufirmen net bezuelt hat.
D'USA ënnert dem Trump kéieren der Ukrain an der EU de Réck a stelle sech hannert Russland. Déi nei US-Regierung hëlleft dann och nach dem Kreml an der ideologescher Offensiv, fir eise Kontinent weider ze deelen. An da bedreift de Businessman am Wäissen Haus nach gär Handelskrich mat senge Partner. De Fränz Aulner fënnt, datt d'Situatioun an de leschte Joerzéngten nach ni esou eescht war ewéi elo. An hie fäert a sengem Commentaire, datt et fir d'Ukrain an d'EU bal "Game over" ass.
E Méindeg war et also nees esou wäit: Lëtzebuerg hat säin Overshoot Day – an dat dëst Joer nach dräi Deeg méi fréi wéi zejoert. De Grand-Duché ass domat nees dat zweet Land op der Welt, nom Katar, an éischt Land an Europa, dat all seng natierlech Ressourcen fir dëst Joer schonn opgebraucht huet. An der Theorie op d'mannst. Well den Overshoot Day ass virun allem ee symboleschen Datum an net wierklech gräifbar. A genee dat ass de Problem, mengt d'Marlène Clement a sengem Commentaire.
En Dënschdeg stoungen d'Fraktiouns- respektiv Sensibilitéitscheffe vun CSV, DP, LSAP, déi Gréng, déi Lénk a Pirate geschlosse beim Riednerpult an der Chamber, fir eng Resolutioun géint all Zort vun Attacken op d'Mënscherechter ze deposéieren.
Italien, Holland, Belsch, Éisträich, Frankräich oder Däitschland. A ville westeuropäesche Länner si vill Wieler no riets geréckelt an dat plazeweis stramm. Déi entspriechend Parteie fänken un, salonsfäeg ze ginn a plazeweis Regierungen ze forméieren, wat erféieren deet. D'Ursaachen dofir si ganz verschidden. D'politesch Gauche muss op ville Plazen nokucken, se muss awer och u sech selwer schaffen, mengt de Pit Everling.
Wann eng Minoritéit vu Flüchtlingen a Migranten Auteur vun enger schroer Strofdot ginn, ginn all d'Flüchtlingen a Migrante bestrooft. Dat weist sech an der Lescht an Däitschland.
Ausgeglach, responsabel, verstänneg – sou gëtt de Gehälteraccord beim Staat beschriwwen, deen no engem Speed-Dating tëscht CGFP a Regierung hannert den décke Mauere vum Ministère ausgehandelt gouf. De Roy Grotz gesäit den "Accord salarial" méi nuancéiert ...
An der CSV-Fraktioun huet et an de leschte Woche méi wéi eng Kéier gerabbelt. Et gëtt deck Loft bei de Chrëscht-Sozialen. Et ass e Kampf tëscht zwou verschiddene Stréimungen. Chrëschtlech-sozial géint wirtschaftsliberal. E Commentaire vum Annick Goerens.
Den Donald Trump wëll just nach zwee Geschlechter unerkennen: Mann a Fra. Staatlech Diversitéitsprogrammer sollen ofgeschaaft ginn. D'Beamten, déi do schaffen, ginn an den Zwangscongé geschéckt. Hëllefe fir queer Mënschen, Schwaarzer, Mënsche mat enger Behënnerung a fir Frae ginn also gekierzt, wäiss Männer gi gefërdert. Dozou e Commentaire vum Carine Lemmer.
Dem alen an neien US-President seng Aussoe schéngen op den éischte Bléck dacks absurd, seng Iddie komplett abstrus an a ville Fäll sinn se och direkt esou net ëmsetzbar. Ma se dowéinst net eescht ze huelen a sech net doriwwer opzereegen ass geféierlech, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.