En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Mir froen d'CSV-Politikerin, wéi si no ville Kontroversen nees Rou an d'Hesper Gemeng brénge wëllt.

Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart? Mir froen d'Direktesch vun der Aarbechtsverwaltung

De Krich am Iran ass nach ëmmer amgaangen, an awer ass den Uelegpräiss bis elo manner staark geklommen, wéi am Ufank gefaart. D'Lëtzebuerger Expertin erkläert eis, firwat dat esou ass.

Am Oktober wäert déi fréier gréng Fraktiounscheffin fir d'Joëlle Welfring an d'Chamber noréckelen. Mir froen si, wat si sech fir hire parlamentaresche Comeback virgeholl huet.

De Bouneweger Lycée wëllt fir d'Rentrée och Klassen am Classique ubidden. Mee vill Schüler:innen, déi dohin orientéiert goufen, wëlle léiwer an en anere Lycée. Wéi geet et elo virun?

Den Thoraxchirurg huet déi medezinesch Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg opgebaut. Mir froen hien, wéi eng grouss Defien et nach an dem Beräich gëtt.

No den Turbulenzen aus de leschte Méint huet de Jens Kreisel ugekënnegt, keen 2. Mandat als Rekter unzestriewen. Seng Zäit un der Spëtzt vun der Uni geet den 31.12.2027 op en Enn.

Theemen: D'Roll vum Héichschoulministère an der Immigratiounsaffär, d'Decisioun vum Jens Kreisel keen 2. Mandat als Uni-Rektor unzestriewen; Kritik um once-only-Gesetzesprojet

déi Lénk kucken haut zréck op d'parlamentarescht Joer 25/26, aus deem d'Incriptioun vun der Fräiheet fir ofzedreiwen an d'Verfassung, déi op hir Initiativ zeréckgeet, ervirstécht.

Kuerz éier hien an d'Pensioun geet, beschreift de geléierten Ekonomist, deen ëmmer am soziale Beräich geschafft huet, wéi de Secteur sech an de leschte 25 Joer entwéckelt huet.

Nom Mordversuch un engem Affekot schléit den Dikrecher Barreau Alarm. Ëmmer méi dacks wiere seng Membere mat verbaler, heiansdo och physescher Gewalt konfrontéiert.

De Joresrapport vum CGDIS, dem Corps grand-ducal d'incendie et de secours, ass Theema mat eisem Invité vum Dag.

Wéi sinn d'Resultater vun der Etüd vum Luxembourg Centre for Educational Testing iwwer de Projet ALPHA ze verstoen? A firwat koum se esou spéit eraus? Dat froe mir d'Direktesch vum Luxembourg Center for Educational Testing.

D'Stëmm feiert haut hir 30 Joer. D'Prekaritéit ass an där Zäit net verschwonnen, am Géigendeel. Wéi huet d'Situatioun an de Profil vun de Concernéierte sech verännert?

Am Virfeld vun der grousser Vakanz schwätze mir iwwer déi gemëschte Kriticken um Projet ALPHA, deen am September uleeft. Déi entspriechend Rapporte goufe gëschter publizéiert.

Mir schwätzen iwwer de grousse Bedruchsfall a sengem Ministère an iwwer dat neit nationaalt Bautereglement, wat virum Weekend presentéiert gouf.

Aarmut mécht krank, seet d'ONG, a widderhëlt hir Fuerderung no enger Couverture universelle des soins de santé (CUSS) fir Leit ouni CNS-Versécherung.

Nom NATO-Sommet zu Ankara: Froen un de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.

Dierf eng gewielte Politikerin sech fir hir eegen Interessen als Geschäftsfra asetzen? D'Barbara Agostino huet dat gemaach a gouf dofir Partei-intern kritiséiert.

De Gesetzesprojet iwwer d'Comparution accélérée gouf op den Instanzewee geschéckt. Et ass e weidere Schrëtt am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit. Haut ass an der Chamber iwwerdeems de Vott iwwer de Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Journalisten. De Presserot hat den Text zwar generell begréisst, eenzel Punkten awer kritiséiert.

D'Associatioun, déi Leit um Enn vun hirem Liewen esouwéi Famille begleet, wëllt d'Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen ausbauen. Omega 90 wëllt dofir en Zentrum fir pediatresch Palliativfleeg zu Hamm schafen.

Wéi sollen eis Stied an Dierfer méi resilient gi géint Hëtztwellen? Doriwwer schwätze mir mam President vun der ASBL vun de Lëtzebuerger Amenageuren an Urbanisten. Hie reagéiert och op Iddie vun eisen Nolauschterer an Nolauschterinnen, wéi den urbane Raum kéint méi gréng ginn.

De MUDAM feiert 20 Joer. Spiert seng Directrice haut nach Nowéie vu senger turbulenter Entsteeungsgeschicht a wéi soll de Musée sech zukünfteg entwéckelen?

Wéi kënne mir eis Stied, Schoulen, Bürosgebaier a Wunnenge besser op Hëtztwelle preparéieren? Dat froe mir d'Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. D'Architekte mussen déi haiteg klimatologesch Realitéit scho bei der Konzeptioun vun neie Constructioune bedenken.

Wéi eng Léieren zitt de Stater CSV-Schoulschäffen aus der Organisatioun an de Schoulen a Foyere wärend der Hëtztwell? War et richteg, fir kee generelle schoulfräi ze ginn?

Wéi soll d'Lëtzebuerger Landwirtschaft zukünfteg ausgesinn? Dat froe mir déi zoustänneg Ministesch. E Gespréich iwwer Hëtztwell, EU-Düngemëttel-Plang a Mëllechbaueren

Zanter genee 65 Joer këmmert de Fonds Kirchberg sech ëm d'Entwécklung vun deem groussen Deel vun der Stad, deen ursprünglech just e Feld war. Wat sinn d'Ziler fir de Quartier haut?

Mir schwätze mam Klimatolog iwwer déi aktuell Wiederlag, ëmmer méi heefeg Hëtztwellen a wat Lëtzebuerg nach muss maachen, fir seng Klimaziler ze erreechen.

Mam Slogan "Let's make it happen" gëtt Lëtzebuerg zanter 10 Joer heiheem an an der Welt vermaart. Mir froen d'Beryl Koltz, wat d'Campagne bréngt an nach brénge soll.

An der Suite vum Weltflüchtlingsdag vum 20. Juni schwätze mir mat der Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH iwwer déi nei Asylreegelen.

D'Hôpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche d'Or. De Projet kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d'Regierung grad nei Reegele fir ambulant Strukture virbereet. Ass dat d'Zukunft vun de Spideeler? A wéi grouss gëtt d'Konkurrenz tëschent Klinicken a privaten Initiativen? Dat froe mir de Marc Berna, President vun der FHL a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman.

D'Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes begréisst dat neit Bibliothéiksgesetz, dat d'Chamber gëschter gestëmmt huet - mat just e puer klengen Aschränkungen.

D'FDA fuerdert, datt d'Reform vum Statut vum Independant - déi am Koalitiounsaccord ugekënnegt gouf - elo endlech ugepaakt gëtt.

E Freideg trëtt dat neit Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten am Commerce a Kraaft. Wat ännert?

No der Affaire Lyhanna a Frankräich: wéi geet d'Lëtzebuerger Justiz a Fäll vun Abus sexuel mat de presuméierten Täter ëm?

Theeme sinn déi Klima-onfrëndlech Mesuren am Resilienzpak, Ännerungen um Naturschutzgesetz a Warnunge ronderëm déi schlecht Qualitéit vun de Lëtzebuerger Gewässer.

Wéi grouss ass den Impakt vum Resilienzpak op d'Staatsfinanzen an op zukünfteg Projete wéi z. B. d'Steierreform?

De Sozialdialog schéngt nees ze funktionéieren. Mee wéi stabil ass deen neie Fridden tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung? A wéi koum en op eemol esou séier zustanen?

Huet de "séieren Tram" säin Numm nach verdéngt? Ass den Arrêt Wickreng noutwenneg? An ass den Tram op der Metzeschmelz, wann déi éischt Leit do eraplënneren?

Nom DP-Kongress ass d'Parteipresidentin bei eis am Studio, fir iwwer d'Tripartite, d'Zesummenaarbecht mat der CSV an d'Zukunft vun der Partei ze schwätzen.

Ginn op der Tripartite ënner dem Deckmantel vun der Inflatiounsbekämpfung Decisioune geholl, déi net gutt fir Ëmwelt a Klima sinn?

Wéi eng Perspektive gesäit hie fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen? A wéi eng Roll kann d'Diplomatie dobäi spillen?