D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

Ons Aart a Weis ze enseignéieren ass iwwerlieft, si entspriecht net den Erausfuerderunge vun onser Gesellschaft, seet d'Schülervertriedung

Gewalt ass e schwieregt Theema, och politesch, well ee mat der Angscht liicht spille kann.

Am Kader vun de geopolitesche Spannungen uechter d'Welt muss d'EU seng Kooperatiounen iwwerdenken. “Nostalgie ass keng Strategie”, sou de kanadesche Premier zu Davos, wa Groussmuechten d'Ekonomie als Waff asetzen, misst ee sech wieren an zesummendoen. Mat wiem? Nei Handelsaccorde si fir d'EU dacks Schwéiergebuerten. A wéi kënne si d'Ofhängegkeete vu China an den USA reduzéieren? Wat sinn d'Perspektive fir eng kleng oppe Wirtschaft wéi eis, déi manner wiisst? Erliewe mir grad eng Transitioun oder en Ëmbroch, net just geopolitesch, mee och technologesch duerch KI? Wéi musse Betriber, de Staat an all eenzelen domat ëmgoen?

"Ech wëll dat, ech braucht dat an ech huele mir, wat ech wëll." Méi komplizéiert schéngt d'Weltbild vum Donald Trump net ze sinn. Ass d'EU just nach e Vull fir d'Kaz tëscht den USA, China a Russland, déi sech d'Welt ënnereneen opdeelen? Wat fir Méiglechkeeten hunn d'Europäer a wat bedeit eng Weltuerdnung vum Recht vum Staarke fir kleng Länner wéi eist?

Wat waren d'Erausfuerderungen a wéi wëll d'Regierung 2026 hir Prioritéite setzen? D'Caroline Mart kuckt mam Premier zréck op 2025 an no vir op 2026.

Fir den Ofschloss vum Joer maache mir am Kloertext de Réckbléck vun der grousser nationaler an internationaler politescher Aktualitéit. De Kloertext mam Jean-Claude Juncker a Jean Asselborn

Kommerzialiséiert Medezin: Pervers Entwécklung oder am Sënn vum Patient?

CSV an DP schwätze vu Pragmatismus, LSAP an déi Gréng vu Verwässerung.

E ka stënterlech kommen, ouni Virwarnung, ouni Logik scho ganz jonk, oder no laangem erfëllte Liewen: den Doud.

Gëllt just nach d'Recht vum méi Staarken? Wat brauch et u Personal a Material? Sinn Dronen déi nei Wonnerwaff? Jo, nee, dach an awer net – déi lescht Deeg war et e grousst Hin an Hier, ob et zu enger Entrevue Trump-Putin kënnt. Lo huet den US-President erkläert, dass d'Gespréicher mam Kreml-Chef zwar ëmmer gutt wieren, awer néirens hiféieren, an d'USA hu Sanktioune géint russesch Pëtrolsfirmaen decidéiert.

D'Erausfuerderunge vu muer an den Ëmgang vun deene Jonke mat dëse sinn Thema an dëser Editioun vum Kloertext.

Déi aktuell Diskussioun ass net pro oder kontra Ofdreiwung, well dat an engem Gesetz verankert ass, mä ob dëst och an d'Verfassung opgeholl soll ginn. Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen? A wa jo wéi? Als Recht oder als Fräiheet vun der Fra? Ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee. Aktuell läit jo eng Gesetzpropos vun déi Lénk um Dësch, fir op dee Wee ze goen, ma net jiddereen hält dat fir néideg.

De Punkt geet un d'Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.

Den Internet, e weltwäit Netz fir jiddereen! Mee Algorithme maachen eisen Horizont méi kleng, dofir gëtt den Toun méi rau. Haass an Angscht gi verstäerkt.

Sondagë gi rof a dann nees rop, soten CSV-Politiker no onsem neiste Politmonitor. Kee Problem also?

Mécht dat Sënn? Wouhier d'Suen huelen? Geet et net awer op Käschte vu Sozialem? Wouranner ka Lëtzebuerg iwwerhaapt investéieren?

Et diskutéieren d'Fraktiounspresidenten a Spriecher vun alle Parteien aus der Chamber iwwert déi grouss Themen vun der Ried zu Lag vun der Natioun. Et gëtt awer geschwat iwwer déi Saachen, iwwer déi de Premier wéineg oder guer näischt sot. Et geet och ëm de Stil an d'Approche vum Luc Frieden.

Kriibs ass d'Doudesursaach Nummer 1 zu Lëtzebuerg, nach virun Häerz-Kreeslafkränkten.

Nodeem Enn Mäerz d'Politik d'Pensiounsdebatt am Kloertext gefouert huet, waren dës Kéier d'Sozialpartner a Vertrieder aus der Gesellschaft invitéiert.

Mir mussen eise Pensiounssystem méi nohalteg ofsécheren: doriwwer si sech all Parteien eens, just iwwert de Wee dohinner net.

Mir mussen ons Verdeedegung selwer an d'Hand huelen. D'EU ass sech eens, de Schock, dass Trump-Amerika sech op d'Säite vum Putin stellt, sëtzt déif.

Sinn d'USA och um Wee zréck an den Imperialismus? Wei staark ass d'EU? A wéi fragil sinn eis Demokatrien, och mam Bléck op de Rietsruck an Europa?

Den Observatoire National de la Santé huet eng éischt wëssenschaftlech Analys no europäesche Standarde gemaach. An do dat Resultat dobäi eraus.

Ass d'Gastronomie zu Lëtzebuerg an der Kris? A gëtt Iesse goen ëmmer méi e Luxus?

Wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn? A senger Abschidsried huet den Joe Biden virum "tech-industrielle Komplex" gewarnt, virun enger Oligarchie mat extrem vill Räichtum, Muecht an Afloss, déi d'US-Demokratie an hir Grondrechter menacéiert - ouni den Numm Elon Musk ze nennen - geet et virop ëm de räichste Mann vun der Welt, dee quasi am Duo mam Donald Trump an d'Wäisst Haus wäert plënneren.

Vertrieder vun alle Parteien aus der Chamber diskutéieren dat Thema am Kloertext

Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?

D'Majoritéit vun US-Bierger wëll den Donald Trump zeréck, an deen huet dës Walen haushéich an all Hisiicht gewonnen, huet fräi Hand duerch ze regéieren.

E Paradigmewiessel an der Migratiounspolitik fuerderen 18 EU-Staaten, och Lëtzebuerg.

Zwar gëtt et aktuell keng Debatt iwwer d'Staatsform vum Grand-Duché, mam Trounwiessel stellt sech d'Fro awer, grad ewéi déi vun enger Moderniséierung.

Mir liewen an engem post-chrëschtleche Land. 39 Joer huet Lëtzebuerg gewaart, ier de Chef vun der kathoulescher Kierch nees am Grand-Duché war.

Am Kloertext gëtt diskutéiert, ob d'Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.

"Ech oder Chaos" dat war dem Emmanuel Macron säi Motto, de President huet sech als deen Eenzegen inzenéiert, deen d'Extremer kéint ofschafen.

Virun den Debatten um Krautmaart hunn en Dënschdeg den Owend scho Vertrieder vun de 7 Parteie am "Kloertext" geschwat.

Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.

Et steet immens vill um Spill den 9 Juni. Dat soe jonk Kandidate fir d'EU-Walen am Kloertext.

Dorëm geet et am Face-à-face tëscht Marc Angel a Christophe Hansen am Hibléck op d' Europawalen den 9. Juni.

Jiddwerengem säi Kriibs geziilt zerstéieren, ouni Schued u gesonden Zellen. A sécher goen, dass näischt nowiisst. Dat ass d'Zil vun der Kriibsfuerschung.

Brauch et Atomstroum als Bréckentechnologie fir d'Energiewend a fir CO2-neutral ze ginn? Zu Lëtzebuerg ass d'Diskussioun iwwer Atomenergie nees lancéiert.

Wien ass géint d'Verhënnerung vu Kanneraarbecht an de Schutz vun der Ëmwelt? Am Prinzip keen, ma bis zum EU-Liwwerkettegesetz war et en zéit Verhandelen.

Ëm déi Fro huet sech d'Diskussioun am Kloertext gedréint, wou vill iwwert den Drock rieds goung, ënnert deem d'Kanner haut stinn.

Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d'Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d'Stier, d'Fro ass just wéi laang nach.