Lëtzebuerg ass eng Bubble, oder? A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi out of the Box denken an net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt hue
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe! Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op: 30.12.2024 Rocas (Luxembourg) 25.01.2025 La Chouée (Metz) 05.03.2025 MK Bar (Belval) 09.08.2024 Klierf Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch! Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen. Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam. Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram . méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu. Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!
Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vläicht seng Stëmm. Hat ass nämlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran – et si spannend Themen dobäi!
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer. An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir? Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat géings du maachen, wann's du dee Job net häss? Dat a villes méi erzielt iech de Loïc an dëser Episode.Vill Spaass beim Lauschteren! Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? - Gemengen: Süden vs. Norden - Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns - Street Credit: "Zu Lëtzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung" - Glaawen: Op Gott, Astrologie, oder de Big Bang, de Glaawen spillt beim Saint Charles eng grouss Roll. Vill Spaass beim Lauschteren! Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach. Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen. Merci fir d'Laanschtkommen! Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/ --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech? Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen? - Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach? - Wat ass däin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch? - Teaser an dem Maale Gars säin LESCHTEN Album! - De Maale Gars mécht Schluss... Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn?
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen? De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren! --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert. Lauschtert eran and stay tuned for more! --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass
De Samschden ass Nuit des Musées! Don't miss out on this. Eng Saach déi d'Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d'Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d'Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien? ➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren." ... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren! *jiddereen den sech als Fra identifizéiert --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d'Realitéit vum Abus ginn. D'Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus? Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren? Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci fir déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen. Dir sidd staark! De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestäerkt ginn, dofir ass mäin Zil mat dëser Episode d'Präventioun ze fërderen an net "victim blaming" ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn. Du bass Affer vu Gewalt ginn? Hei fënns du all d'Organisatiounen déi dir hëllefen kënnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/ ________________ Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo Lights: Tierry Cumini Location: CID Fraen & Gender Support: Ministère de la culture
An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :) Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen: - Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn? - Dem Jeremy seng Nonna erklärt him wat Léift ass - Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten? - Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg? - Generationsdiskussioun: Mir si méi fräi wéi eis Elteren - Wisou feiert de Jeremy keng Molerei? - LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et! Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.
Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt. __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now! __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d'Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger. Lauschtert erann! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://youtu.be/-UjLVikBVz4
An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt. Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe. Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :) Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode: CULTURE FOREST FESTIVALMAY 13, 2023 — PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
'Ceci, do you VOTE me?' - Episode 3 mam jonken an engagéierten Hugo Da Costa aus der Gemeng Betzder, ass out now! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=ERMZcP43lLA
'Ceci, do you VOTE me?' - déi zweet Episode ass do! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 2 ass de Finanzberoder a Gemengekandidat Jeffrey Drui zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei
Ceci, do you VOTE me? It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler Gemengeconseillère Jana Degrott zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei
An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “Mood Luxembourg” op Instagram a Tiktok. Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen: Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land? Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen? Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus) a villes méi! Lauschtert eran a gitt mir gäre Feedback zu dëser Episode! _____________________________ Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode: CULTURE FOREST FESTIVALMAY 13, 2023 — PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d'Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt. Ech schwätze mam Julien iwwert d'Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganzer Konschtwelt ännere wéilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass onkonventionell? Wat misst een änneren fir de Jonken een realistescht Bild ze weisen, wéi et ass Konscht als Beruff ze wielen? Dat a vill méi gitt der hei gewuer. Vill Spaass beim lauschteren! Dëst Episode gëtt #gesponsert vum Culture Forest Festival. Tickets fir de Festival a méi Infoe zum Line-up fannt der ënnert https://www.culture-forest.com .
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen: - Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf. - Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen? - De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi Liewenszil erreecht, soubal ee vu sengem Hobby liewe kann? - Wat sinn NFT's a wisou spillen se sou eng grouss Roll an der Kënschtlerzeen? - Ai - Wéi steet de Sumo zu Konscht déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert gëtt? Lidder déi gefeatured gouffen: 7:23 Mos Def - Mathematics 16:03 Bobby Womack Across 110th Street 30:03 Jackie Stoudemire - Flying High __________________ Note: Dat heiten ass déi läscht Episode vu Kulturpur. An der nächster Staffel vu CDYLM dréint sech rëm alles ëm Tabu Themen, aussergewéinlech Perséinlechkeeten a Jobs a natierlech spicy Themen! Freeë mech schon op déi 4. Staffel
Zu Gaascht an dëser Episode ass d'multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz . Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen: ➡️ Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken ➡️ Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well ➡️ Schicksalsschlag: Multipel Sklerose ➡️ Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg? ➡️ Erzielung: Valley Girl Lidder déi an dëser Episode gefeatured gi sinn: 14:15 Laikipia - Down Down 36:02 Sasha Ley - In Between Vill Spaass beim Lauschteren! https://anchor.fm/cecilia-said-vieira
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert? ➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten? ➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups and Downs" ➡Upcoming Japan Tour! Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen: 14:59 50 Cent - Many Men 32:37 Blanket Hill - Neighbourhood Vill Spaass beim Lauschteren!
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech, dass Leit Musek rëm schätze sollen an sech mol dohinner sëtze sollen an d'Musek mat alle Sënner genéisse sollen. Vill Spaass beim Lauschteren!
D'Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d'Fondatioun leescht an wéi d'Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d'EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer. Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un: - Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform? - Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren? - Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz? - Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen! Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :) Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen: 10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet 21:33 Sixo ft. Irem - Gold 31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d'Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn. Dat heiten sinn d'Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen: ➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut? ➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen. ➡ Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass? ➡ Instagram Q&A: D'Sandra beäntwert är Froen! ➡ Medizinesch Tattoos:
VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars. Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn. Nei bei dësem Podcast: Zwou Wourechten an eng Liggen aka 2 Truths & eng Fuutz! Nom Spill ginn mir méi déif an den Damien seng Aarbecht an - hien ass nämlech mat engem Solo Projet (Boy from Home), eng Band (Creatures on Mars) an als Linol- an Drockkënschtler zimmlech busy. Schlussendlech ginn et nach Froen un den Maale Gars, wéi alles enstaanen ass an wéi seng Schüler:innen hien gesinn. Natierlech weisen si dann nach den Objet den sie matbruecht hunn! Kuckt iech de Video op Spotify (mam neisten Update) oder op Instagram un. Lidder déi gefeatured sinn: 00:05 Maale Gars - Ëmmer fir Dech Do 00:09 Boy From Home - I Don't Wanna Go Home 00:14 Epicure - At Least You Tried 00:35 Maale Gars - Alles Nei 00:40 Creatures on Mars - Rope 00:54 Luke Sital-Singh - Nothing Stays the Same Vill Spaass beim Lauschteren!
Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op d'lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren! Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen: Wisou gëtt ee Kënschtler, de vun den Zuelen hier, ee vun deene beschte Kënschtler* am Land ass, sou wéineg vun de Medien ënnerstëtzt? Wéi een Impakt huet seng Musek op jonk Leit? Rap Musek an déi ganz Scene verstoen: Tëscht Ironie, Provokatioun a Konschtfräiheet Wat muss ee gudde Artistmanager senger Meenung no hunn? (WANTED: De Brooze sicht ee/ng Manager/in!) Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 13:24 Brooze - Ja an dann 33:21 Brooze - Mat Dear Folgt dem Brooze op Instagram! Lauschtert an seng Musék eran. *De Musek op lëtzebuergesch mécht. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d'Trennung vu Frëndschaft a Business – kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D'Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 37:48 MAZ – Good Shit 10:54 MAZ – Upside Down Folgt dem MAZ op Instagram. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann. Lidder déi an dëser Episode geafeatured sinn: 13:07 @mazuniverze - Over 18:28 Pleasing - Bplr 38:33 @tuysband - More Than An Account ___________ @kulturpur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam @radioara & Podcast Host @vonwegenceci . Et ass eng Plattform fir Kënschtler:innen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht - Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen.
In New Yooooork, concrete jungle where dreams are made of There's nothing you caaaan't do
Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux. Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen: Wisou ass de Raphael vu Schoulmeeschter an d'Gastro gewiesselt? Wat ass d'Konzept vun der Event-Reih "Moonshine"? Wat ginn et fir aussergewéinlech Bar Konzepter op der Welt - a kéinten déi och zu Lëtzebuerg funktionéieren? Wéi gesinn d'Behind The Scenes vun der Barscene zu Lëtzebuerg aus? Wisou gi vill Leit an der Scene "ënner"? Wat ass d'World Class Bartender Competition a wéi hues du dech do fir d'Final zu Sydney nominéiert? Vill Spaass beim Lauschteren! Folgt dem Rapahel op Instagram: https://www.instagram.com/betti_rapha/ ______________________________________ INFO: Dat heiten ass déi läscht Episode vum Konzept CDYLM!
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard. Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - wéi eng Hürden hat als jonk Fra an der Chamber muss bewältegen, fir genau sou eescht geholl ze gi wéi seng mat-Politiker:innen. Stéchwuert: Feminismus! Vill Spaass beim Lauschteren! Falls iech meng journalistesch Aarbescht gefällt, kënt dir mech ënnerstetzen andeems dir mäi Patreon Account abonnéiert oder meng Merchandise kaaft. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir hei: https://neon.page/cecidoyouloveme
Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :) Mir schwätzen iwwert folgend Saachen: - Wat brauch een alles fir Imker ze ginn? - Wéi kommunizéiere Beien a wéi funktionéeiert hier "Welt"? - Wisou si Beien sou wichteg fir eis? - Wéi kann een "Fake Hunneg" vu richtegem ënnerscheeden? - Wéi ethesch ass et Beien ze halen? ... a villes méi! Vill Spaass beim Lauschteren! Support Link a Merch: https://neon.page/cecidoyouloveme
Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot. An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) : - Tun Van Beest (Mat Organisateur) - Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK ) - Marvin Caldarella (Haapt-Organisateur) - Art in Motion - Damien Giudice vun Mediabox https://www.mediabox.services - Scoute vun den LGS Miersch - Stayfou (Luka Tonnar, John Wolter, Tun Tonnar https://neon.ly/mQPX1 ) - The Disliked ( https://neon.ly/mlbPd ) - Seed To Tree ( https://neon.ly/pyZDo ) - Le Vibe ( https://neon.ly/pP3X3 ) - Serge Tonnar ( https://neon.ly/NZBZP ) Villmoools Merci u jidderen den dobäi war!
*VERBESSERUNG* Et ass keen während den Riots gestuewen! Asexualitéit bezeechent d'Absence vu sexueller Unzéiung géigeniwwer anere Leit an och d'feelend Interess u Sex - Dat heiten ass déi méi wëssenschaftlech Definitioun vun Asexualitéit déi och zimmlech iwwerflächlech ass. Well hannert der Orientéierung stécht vill méi wéi just dat. Ech hunn dofir dem Lindsay Caldarella ganz vill Froen iwwert Asexualitéit gestallt. Mir schwätzen ënner anerem iwwert folgend Themen: Wéi fënnt e raus, dass een Asexuell ass? Muss een sech als Asexuell outen? Wéi verleeft eng asexuell Bezéiung? Hunn asexuell Leit Sex? Wat heescht et an enger polyamoréiser Bezéiung ze sinn? Et gëtt e Grond wisou ech dëst Episode haut verëffentlechen an net Sonndes. Haut si mir den 28. Juni an genau an dësem Dag am Joer 1969 huet d'LGTBQ+ Community fir hier Rechter gekämpft. Déi Protester ginn als Stonewall Riots bezeechent. Dank deenen huet d'Lgtbq+ Community haut vill méi Rechter. Vill Spaass beim Lauschteren! ___________________________________ Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht. Ech géing mech mega freën wann dir mech finanziell ënnerstetze kéint: https://www.patreon.com/cecidoyouloveme Oder kaaft meng Merchandise: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill Leit - zumools Jonker - entscheeden sech ëmmer méi op eng vegetaresch a suguer vegan Ernährung emzesteigen - wat natierlech gue net mol sou einfach ass. Dofir hunn ech mat 3 Veganer:inne geschwaat déi mir vun hiere liiblingsklichéen erzielt hunn a wisou sie sech vegan ernähren. Vil Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un de Raphael Betti, d'Silvie Almeida an d'Nadia vu Vegains Luxembourg!
Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden. An dëser Episode schwätzen ech mam Anouk Treff, wat duerch d'Krankheet gaangen ass, wéi et dozou komm ass, wéi et säin Ëmfeld betrëfft, wat d'Symptomer dovunner sinn an och wisou et him wichteg ass doriwwer ze schwätzen. D'Episode ass zimmlech "positiv" opgebaut, mee fir déi déi sou Themen net kënnen héieren, sollten dëst Episode skippen. ________________ MERCH: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
Éischt Episode vun der 3. Staffel: An dëser Episode schwätzen ech mam Andreia Monteiro iwwert eng Krankheet, vun der een oft an den Medien héiert: Borderline Personality Disorder. Wat genau ass déi Krankheet? Wat sinn d'Symptomer, wéi lieft een domad an kann een et heelen? Et ass extrem schwéier mat der Krankheet ëmzegoen dofir ass et dem Andreia wichteg doriwwer ze schwätzen fir Awareness zu Lëtzebuerg ze schafen. Ech hoffen dir kritt mat Hëllef vun dëser Episode een anert Bild op mental Krankheeten. Vill Spaass beim Lauschteren! TRIGGERWARNING: Falls iech Themen wéi Doud & mental Krankheet net gutt dinn, dann skippt w.e.g dest Episode. _______________________________________ Dir gefält meng redaktionell Aarbecht an du wëlls méi vu CDYLM Podcast héieren? Dann ennerstetz mech op mengem Patreon Account! Du hues do 3 verschidden Optiounen wéi s du mir hëllefen kanns: https://www.patreon.com/cecidoyouloveme
Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlussendlech schwätze mir och iwwert dem Jil Devresse säin éischt Lidd ënnert sengem Kënschtlernumm "Lilou". Vill Spaass beim Lauschteren! . . . Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie. Falls dir Loscht an d'Méiglechkeet hutt mech z'ënnerstëtzen, da géing ech mech iwwert e klengen Don freeën. Op dësem Link fannt der méi Infoen doriwwer: ➡️ https://www.patreon.com/cecidoyouloveme Dir kritt och natierlech eppes dofir zréck! D'Packages stinn all um Patreon Account. Falls du nach Froen dozou hues, dann zéck net a mell dech bei mir :)
Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten: faire Lounausgläich allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen Recht op bezuelbare Wunnraum Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt Pour Info: Dat si genau déi selwecht Fuerderunge wéi virun engem Joer, well sech d'Situatioun nach ëmmer net geännert huet - éischter souguer verschlechtert, well d'Pandemie alles méi schlëmm gemaach huet. Villmools Merci un jiddereen den sech Zäit geholl huet an de Mikro ze schwätzen. Vill Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un: Karma an de Pit
- DISCLAIMER - Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt. D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet missen duerch vill extrem Situatioune goen. hat beschreift eis wéi d'Realitéit hannert der Flucht ausgesinn huet a wéi dat ganzt hat bis haut nach gepräägt huet. Et ass interessant ze héiere wéi hat säi Wee fonnt huet mat der Situatioun eens ze ginn. Nierwend dem Thema "Gefiller beaarbechten ze kënnen" schwätze mir och iwwert seng Modelcarrière a wéi d'Welt vum Zeechnen hat ëmmer begleet huet. Vill Spaass beim Lauschteren!
Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir vill an dëser Episode schwätzen. Nierwend dem "Offline" sinn hu mir och doriwwer geschwat, wéi een als Museker Sue verdéngt, wéi ee mat sengen Traumata ëmgeet, wisou Männer méi kräische sollen a schlussendlech verréit iech den Tun d'Geheimnis fir ad'Motivatioun ze fannen Projeten duerchzezéien. Den Tipp huelen ech mir och scho säit laangem zu Häerzen! Nierwend all dem kënnt dir exklusiv an dëser Episode an zwou unreleased nei Singlen vum Tun ranhéieren! Vill Spaass beim Lauschteren a schreift mir gäre Feedback zu dëser Episode :) Lauschtert a seng Musék erann: https://open.spotify.com/artist/6jaPkL4pNfa4aEDCIEYNP0?si=lwq8-5_rQzCGhRVOAppcFw Dem Tun säin Tinder Account: https://tinder.com/@turnuptun :D