Mäin Element

Follow Mäin Element
Share on
Copy link to clipboard

E Podcast vum Lëtzebuerger Journal an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Elemen

FNR | Lëtzebuerger Journal


    • Mar 4, 2025 LATEST EPISODE
    • monthly NEW EPISODES
    • 31m AVG DURATION
    • 29 EPISODES


    Search for episodes from Mäin Element with a specific topic:

    Latest episodes from Mäin Element

    Mäin Element - Johannes Meiser

    Play Episode Listen Later Mar 4, 2025 30:02


    Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    Mäin Element - Alexander Skupin

    Play Episode Listen Later Feb 3, 2025 32:22


    Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet. Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, wéi et dozou komm ass a wat geschéie géing, wa mir 100 Prozent vun eisem Gehier notze géingen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    Mäin Element - Nesryne Mejri

    Play Episode Listen Later Dec 16, 2024 30:46


    Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen. Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt d'Nesryne vun deene gudden a schlechte Säite vun Deepfakes a kläert eis iwwert Red Flags an der Fuerschung op. Ausserdeem schwätzt et iwwert säi Faibel fir déi japanesch Sprooch a Kultur, a verréit eis, wee säi léifste Game of Thrones-Personnage ass. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    Mäin Element - Sean Takats

    Play Episode Listen Later Nov 6, 2024 36:11


    Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift? Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    Mäin Element - Christiane Hilger

    Play Episode Listen Later Aug 7, 2024 30:07


    Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet. A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun der Allergie-Fuerschung. Zesumme froen se sech, wat aus dem Christiane sengem Wonsch Ranger ze gi geschitt ass, wat an eisem Kierper bei Allergië geschitt a wéi een ee Buch doriwwer schreift. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    Mäin Element - Emmanuel Defay

    Play Episode Listen Later May 23, 2024 29:06


    Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“? De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier! Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

    Mäin Element - Ines Chihi

    Play Episode Listen Later Mar 28, 2024 32:12


    Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer! D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

    Mäin Element - Gilbert Fridgen

    Play Episode Listen Later Feb 5, 2024 31:28


    NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen. De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wéi heen zu sengem Beruffschoix komm ass a mir tauchen an eng Zäit vu sengem Liewen an, an der heen eemol alles iwwerduecht huet. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

    Mäin Element - Constanze Weth

    Play Episode Listen Later Oct 23, 2023 28:31


    An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik? Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

    Mäin Element - Maria Rita Palattella

    Play Episode Listen Later Jul 28, 2023 29:21


    Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach aktuell ass, oder ob déi lëtzebuergesch Landwirtschaft schonn esou wäit ass, fir sech mat Zukunftstechnik auserneen ze setzen. Mee net nëmmen dat: Hatt gëtt eis een Abléck a seng Kichen a gëtt eis Tipps, wat een am beschte fir een éischt Date kacht. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

    Mäin Element - Emma Schymanski

    Play Episode Listen Later Jun 5, 2023 31:09


    An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt. Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

    Mäin Element - Arianna Rossi

    Play Episode Listen Later Apr 17, 2023 32:13


    Firwat zirkuléieren hautdesdaags esouvill sensibel Donneeën online? An dësem Episod vun "Mäin Element" kréie mir d'Äntwert vum Arianna Rossi vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg. Als Member vum IRISC Grupp fuerscht si a Beräicher wéi Droit, Design an Ethik, an interesséiert sech besonnesch fir den Dateschutz. D'Wëssenschaftlerin verréit dem Max, ob si selwer d'Privacy Policy ëmmer iwwerall duerchliest, wéi et ëm Fraen an der Fuerschung steet a wou hir Léift fir d'Stad Bologna an de Museksgenre Roots Reggae hier kënnt.⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

    Mäin Element - Ben Thuy

    Play Episode Listen Later Feb 17, 2023 35:38


    Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen Déieren a verréit, wéi ee sech fillt, wann een Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fënnt. Hien erkläert och, firwat hien als Fuerscher vum Mier faszinéiert ass a wat et mat der ausgläichender Wierkung vun haarder Musek op sech huet. De Ben ass nämlech och e leidenschaftlechen Drummer.⁣⁣ ⁣⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣⁣⁣ ⁣⁣ Entdeck dem Ben Thuy seng Band Sleepers' Guilt:⁣⁣ https://www.sleepersguilt.com⁣⁣ ⁣⁣ Méi iwwert 'Melusinaster alissawhitegluzae', benannt nom Sänger vun der Band Arch Enemy:⁣⁣ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/science-meets-rocknroll-palaeontologist

    Mäin Element - Sébastien Faye

    Play Episode Listen Later Jan 9, 2023 31:12


    An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u Verkéierskonzepter, digitale Klonen an och schonn um 6G. Ugefaangen huet beim Sébastien alles mam Windows95 bis et du weider gaangen ass mat eegene Websitten, déi di franséisch Videospill-Branche eruewert hunn.

    Mäin Element - Leslie Ogorzaly

    Play Episode Listen Later Nov 30, 2022 31:27


    Am Podcast mam Leslie Ogorzaly hale mir d'Loft un an tauchen an d'Lëtzebuerger Kläranlagen. Hei kritt eis Invitée nämlech d'Prouwe fir hir Fuerschung an de Beräicher Virologie an Epidemiologie. D'Fuerscherin huet beispillsweis am "Corona-Step"-Projet kontrolléiert, wéi vill Spuere vum Coronavirus an de Kläranlagen ze fanne sinn. Ausserdeem gi mer gewuer, wéi sech d'Element Waasser duerch säi ganzt Liewen zitt.

    Mäin Element - Claudine Backes

    Play Episode Listen Later Oct 11, 2022 32:24


    An dëser Episod trëfft sech de Max mam Claudine Backes. D'Fuerscherin beim Luxembourg Institute of Health (LIH) a Scientific Director an Epidemiologin beim nationale Kriibsregister (Registre National du Cancer du Grand-Duché du Luxembourg, RNC) ass ëmmer da motivéiert, wann si anere Leit hëllefe kann.⁣ ⁣ Zesumme mam Max kläre mir d'Fro, ob e Summerteint gesond ass, wéi et hannert de Kulisse bei der Weltgesondheetsorganisatioun ausgesäit a wéi eng Zort Smalltalk ee mam Greta Thunberg soll féieren.⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣

    Mäin Element - Raphaël Kies

    Play Episode Listen Later Aug 10, 2022 30:26


    Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen Disziplinnen ënnerwee ass. Hie vergläicht ënnert anerem international Medielandschaften a beschäftegt sech zum groussen Deel mam Thema "E-Democracy". Mä wat ass dat iwwerhaapt? Wiele mir an Zukunft bei de Chamberwale just nach per Emoji, oder stécht do eppes ganz anescht derhannert?

    Mäin Element - Guy Fagherazzi

    Play Episode Listen Later Jun 19, 2022 29:49


    An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet.⁣⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung wëssen?⁣ https://www.lih.lu/en/research-scope/research-department/department-of-precision-health/deep-digital-phenotyping-research-unit/⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣ ⁣ Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?⁣ https://journal.lu/de ⁣ ⁣ Audioquellen⁣⁣ 100komma7 Panorama, 01.03.2020: https://100komma7.lu/program/episode/290090/202003011200-202003011208⁣⁣ ⁣ Pressebriefing nom Regierungsrot, 18.03.2020: https://www.youtube.com/watch?v=ARPuyRyDCbw⁣⁣ ⁣ „Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian: https://www.youtube.com/watch?v=oJbOLMvKk1E

    Mäin Element - Bianca Nalbandian

    Play Episode Listen Later May 25, 2022 31:04


    An dësem Episod vun „Mäin Element“ ass de Max am Max Planck Insitute Luxembourg op Besuch. Am Department of International Law begéint hien d'Bianca Nalbandian. D'Fuerscherin kombinéiert an hirem Alldag d'Entwécklungen op der Finanzplaz mat geopoliteschen Aflëss wärend si, ganz niewebäi, nach reegelméisseg Artikelen zum Thema Klimawandel publizéiert. Am Podcast erzielt d'Bianca dem Max, wéi e Problem si mam Begrëff "ambitiéis" huet, firwat der Italienerin eng Karriär am Geheimdéngscht nogeluecht gouf a wéi et dozou koum, dass si e pelzege Matbewunner mam Numm „Julio“ huet.

    Mäin Element - Hugo Parlier

    Play Episode Listen Later Apr 15, 2022 34:28


    Wéi hätt Dir reagéiert, wann een Iech an der Schoul gesot hätt: Mathé mécht Spaass? Vill vun Iech warscheinlech mat groussen Aen an engem Kapprëselen. Eisen Invité Hugo Parlier huet et sech zur Aufgab gemaach, aus komplexer Mathematik spilleresch Aufgaben ze maachen. Egal ob als analoge Puzzle oder als App. Dat huet esou gutt geklappt, dass dës Spiller hien esouguer bis op Dubai op d'Weltausstellung bruecht hunn. Am Gespréich mam Max erzielt hie vu sengen Erfarungen zu Dubai, sengem Virbild Maryam Mirzakhani, a kläert fir sech, wien de beschten Tennisspiller vun allen Zäiten ass.

    Mäin Element - Anne-Catherine Guio

    Play Episode Listen Later Mar 12, 2022 30:36


    An dësem Episod léiert de Max d'Anne-Catherine Guio vum LISER kennen. D'Anne-Catherine ass eng Koryphee op sengem Gebitt – Kanneraarmut an Europa – an erkläert, wéi et déi offiziell Statistik dozou revolutionéiert huet. Ausserdeem erzielt d'Fuerscherin, firwat et ni nervös ass, ier et an der Ëffentlechkeet viru Public oder an de Medie schwätzt. Donieft gi mir gewuer, wéi kreativ seng Aarbecht ass, an där et mat Daten an Zuele jongléiert.

    Mäin Element - Habiba Abubaker

    Play Episode Listen Later Dec 31, 2021 30:27


    An dësem Episod vun „Mäin Element“ begréisst de Max d'Habiba Abubaker aus dem Max Planck Institute Luxembourg. Zesumme schwätze si iwwert dem Habiba seng Wuerzelen am Sudan, iwwert déi verschidde Militärputschen, déi de Sudan an de leschte Joren huet missen erliewen a wéi wäit déi Situatioun säi Liewen a seng Etüde beaflosst hunn. D‘Juristin erzielt dem Max vu senge Fuerschungen iwwert d‘Aufgaben vun der Afrikanescher Unioun an erkläert, firwat d‘islamescht Gesetz net onbedéngt dat ass, wat mir vun der Tëlee kennen. Dernieft gi mer gewuer, wat Condoleezza Rice mat senger juristescher Karriär ze dinn huet a wéi ee Comedian fir hat de GOAT ass.

    Mäin Element - Phillip Dale

    Play Episode Listen Later Dec 10, 2021 29:51


    Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebuerg erlieft huet, wéi eng lëtzebuergesch Gewunnechten hie wëll evitéieren a firwat hien ee YouTube-Channel bedreift.

    Mäin Element - Annika Lutz

    Play Episode Listen Later Nov 2, 2021 31:35


    Fir dësen Episod ass de Max an den 3D-Scanner geklommen. Dee steet nämlech um Campus Belval bei der Psychologin a Fuerscherin Annika Lutz a kënnt am Kader vun hire Fuerschunge mam mënschleche Gehier an Zesummenhang mat Iessstéierungen an den Asaz. D'Wëssenschaft ass fir d'Annika eng Liewensastellung, déi och beim Reitsport fir si laang eng wichteg Roll gespillt huet.

    Mäin Element - Djamila Aouada

    Play Episode Listen Later Sep 13, 2021 29:40


    An dësem Episod vu „Mäin Element“ geet et ganz héich erop. De Max schwätzt mat der Prof. Djamila Aouada iwwert d'Schaffen am Weltall, Milliardären déi onbedéngt dohi wëllen an d'Konsequenzen doraus fir d'Wëssenschaft. Donieft geet et och ëm aner Themen, wéi zum Beispill dem Djamila säin Opwuesse wärend dem Biergerkrich an Algerien a wéi präsent d'Thema Feminismus haut an der Wëssenschaft ass.

    Mäin Element - Paul Wilmes

    Play Episode Listen Later Jul 23, 2021 33:04


    Zënter der Corona-Pandemie ass de Paul Wilmes ee vun de bekannteste Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg. An dësem Episod hëlt hien eis mat op eng Rees, déi vun der Kläranlag bis an d'McMurdo Station (Antarktis) geet. De Paul erzielt eis, wéi ee mat Hëllef vu Mikroben am Daarm eppes iwwert Laangzäit-Erkrankungen erausfanne kann, firwat et der Politik hëllefe kéint, wa méi Fuerscher*innen an der Chamber wieren a wéi seng éischt Quarantän-Erfarung an der Antarktis ofgelaf ass.

    Mäin Element - Laurent Pfister

    Play Episode Listen Later Jun 28, 2021 30:36


    An dësem Episod dréint sech alles ronderëm d'Waasser. De Laurent Pfister ass Hydrolog an erkläert ënnert anerem, wéi eng Waasserkatastroph dozou gefouert huet, datt hie sech géint d'Liewen als Proff am Secondaire decidéiert huet a wéi ee mat der Hëllef vun Atombommen den Alter vum Waasser bestëmme kann. Hien an de Max schwätzen iwwert den Impakt vum Greta Thunberg an dem Donald Trump op d'Fuerschung, doriwwer wéi de Laurent mat sengem Team am Süde vum Land Waasser aus der Äiszäit entdeckt huet, firwat Lëtzebuerg de perfekte Labo fir d'Hydrologie ass a ginn der Fro no wéi de Wäin als eng Zort Archiv agéire kann.

    Mäin Element - Stéphane Bordas

    Play Episode Listen Later May 25, 2021 29:14


    De Professer Stéphane Bordas aus der Computational Mechanics ass e richtegen Tausendsassa! Dat gesäit een engersäits un de ville verschiddene Felder an deenen hie mat sengem Team ënnerwee ass, dorënner Aerospace Engineering, Biomechanics, Data Mining, wéi och a senger Fuerschung, a senge Kueren, oder beim Lafen: De Stéphane gëtt ëmmer 110%. Dat gëtt och belount: De Stéphane ass zënter Joren ee vun de meescht zitéierte Wëssenschaftler weltwäit. Eng Leeschtung déi him net an de Schouss gefall ass.

    Mäin Element - Anne Grünewald

    Play Episode Listen Later Apr 21, 2021 30:05


    D'Professer Anne Grünewald an hiert Team fuersche mat Hëllef vu Mytochondrien un der Parkinson-Erkrankung. De Wee an d'Fuerschung huet scho fréi ugefaangen – an der Schoul, duerch déi richteg Proff an der Bio. An dësem Episod geet et ëm e Liewen am Déngscht vun der Wëssenschaft: Vu glécklechen Zoufäll zu Stockholm iwwer mësslonge Virstellungsgespréicher, nei Erkenntnisser an England bis hin zur Ënnerstëtzung aus Hollywood.

    Claim Mäin Element

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel