De beschte Podcast aus Lëtzebuerg fir kreativ- a businessorientéiert Leit.
Mir sinn erëm do an starten eis drëtt Pdcast-Saison!An dëser Episod geet et em 220 Milliounen Euro am Euromillion, d'Versteierung vun esou Lottogewënner an der neier Netflix Serie Squid Game. Doniewt, verrode mir iech och dat spannend Thema vun der nächster Episod.
Mir si bësse spït un, mee och mir sinn, genau wéi soss jiddereen hei am Land, frou, dass d'Terrassen endlech rem opginn!Wouriwwer net jiddereen frou ass, sinn d'Immobiliepräisser. Wéi, wou a wat, an dësem Podcast.Ahjo... e Skandal dierf natierlech och rem net feelen.
Et gëtt dës Kéier just een Thema, an dat ass d'Mini-Entreprise "PARTYDESCH".Ween stécht do dohannert? Wat maachen se? Wat ass hiert Zil? A wéi leeën se sech dobäi un?Nieft e puer Tipps vun eis gi dir och gewuer wéi eng Erfarungen si bis elo gemaach hunn, wat iwwerhaapt alles vun Engagement an Aufgaben an esou enger Mini-Entreprise stécht an (wéi de Bruce sou gäre seet) villes méi, gëtt et an dëser Episod.
Kann een enger Fra wierklech ënnert de Rack knipsen, ouni dass engem eppes geschitt? Dat gitt dir nëmmen hei am Podcast an am Code pénal gewuer!Instagram huet eng nei Funktioun. "Insta Live Rooms"An exklusiv bei eis, d'Äntwert op d'Fro vum Liewen: "Gëtt et e Liewen nom Doud?"Wat iech an der anerer Welt (wann et se da gëtt) erwaart an nach vill méi, an dëser Episod vu LetzTalk.
Är Chance ass do! LetzTalk sicht e Sponsor fir eng Dubai Vakanz. Dir sidd intresséiert (sou wéi warscheinlech 100 aner Entreprisen) a wëllt méi Informatiounen? Da schreift eis ënner letztalkpodcast@gmail.comWa mir scho bei Vakanze sinn, den Eric war zu Montpellier an hätt sollten op Malta mee wéinst Corona hu bei deenen zwou Destinatiounen sou munch Saachen net geklappt.Déi lëtzebuergesch Netflix-Serie Capitani huet grousse Succès gefeiert a natierlech wëlle mir iech eis Meenung dozou net virenthalen.Wien nach net bei "Clubhouse" invitéiert ginn ass, dee misst sech vläicht mol Gedanke maachen. Alles zu der neier App an nach vill méi an der dëser Episod vu LetzTalk.
Wat war dann op reddit a bei Gamstop lass? Ass et gutt an eng "Hypeaktie" ze investéieren? Zesumme mat engem Special Guest si mir op dëst Thema agaangen. Ausserdeem gi dir gewuer wéi vill Suen de Seba an den Eric beim Dodgecoin Gamblen gemaach hunn a wat hannert dem Pokémon Hype stécht!
Villäicht hutt dir d'Reklamm iwwer déi mir schwätze selwer schonn héieren..? A villäicht hutt och dir iech gefrot, mee em wat geet et da lo iwwerhaapt? Mir fannen dat war en zimmleche Marketing Fail. Wéi eng Reklamm mir menge gëss de am Podcast gewuer.Ausserdeem kann een elo e Podcast op d'Been stellen, alles ophuelen a produzéiere meeee et ass alles fir en aneren. Ass dat e gutt Konzept?Ausserdeem geet et och nach bëssen ëm e Mann deen net méi u seng Bitcoin am Wäert vun 280$ Mio kënnt. An den Elon Musk, de gréissten Influencer?
Neit Joer, nei Season, nei Episoden! LëtzTalk ass back an dat ab elo fest zu 3.Déi éischt Theme vum Joer sinn d'Meenungsfräiheet hei am Land, wat bréngen engem d'Social Media Plattforme wéi Insta, Tiktok a Co. a wien ass de Saygin YalcinDës a puer kléng Niewenthemen an dëser Episod vu LëtzTalk.
Sorry fir déi AUSNAMSWEIS bësse méi schlecht AudioqualitéitHaut geet et ëm déi Story, déi an de leschten Deeg d'ganz Land beweegt huet. Dem Eric seng geklaute Rolex. Ausserdeem diskutéiere mir iwwert déi zukünfteg COVID-Impfungen AN mir hunn e Special Guest. Sidd also gespaant.
MLM, wat ass dat an kann een wierklech vill Suen domader verdingen? Dëst beäntweren mer an dëser Episod.
De beschte Podcast aus dem Land huet och elo déi beschte Coverfoto aus dem Land. Mee wéi ass et dozou komm? Wann dir iech entscheede kéint eppes mat engem ze hunn oder 100'000$ ze kréien, wéi géif dir iech entscheeden? An wéi vill Milliarden huet de Kanye West wierklech?
Wéi leeë YouTuber sech un fir Views ze kréien, wéi vill kréien se pro Video/View, wéi kann een nach mat YouTube Sue verdéngen. Alles ronderëm d'Goldminn YouTube, an de Seba huet mat e puer Kolleegen e neie Projet op d'Been gestallt: "Vespucci". Wat hien eis schonn alles doriwwer verrode kann, gëtt et an dëser Episod vu LetzTalk.
Wäert d'Corona-Kris e Finanzcrash ausléisen oder si mir schonn an engem? Wat sinn déi bescht Investmentméiglechkeeten an sou enger Kris? Wéi entwéckelt den Immobiliëmarché sech, an all aner Äntwert vun ären Insta-Froe ginn et an dësem Podcast.
D'Haaptthema ass nach emmer de Corona Virus. Wéieng Updates ginn et, wat dierf een nach a wat net, muss de Seba lo Congé huelen opwuel en net wëll a wisou keeft an Amerika elo jiddereen Waffen? Zombieapokalyps?
Wat ass déi ganz Opreegung mam Corona Virus a wat hale mir dovun? Ausserdeem kann ee mam neie Creator Studio endlech Posts fir Instagram schedulen a mir ginn gewuer wat et mam Eric sengem AMG op sech huet.
Dës Kéier ware mir net wierklech virbereet an dofir ass dës Episod an all méiglech Richtunge gaangen. Ugefaangen hu mir mam Thema Influencer, fir de Recht muss dir iech iwwerrasche loossen.
Wou sinn sou Situatiounen am Alldag, wou ee wierklech vun anere Leit genervt ass? Wat hale mir vun Elektroautoen, géife mir eis selwer een zouleeën an hunn déi iwwerhaapt eng Zukunft? A wéi gesi mir d'Investéieren an Auere wéi zum Beispill Rolex?All déi Themen an dëser Episod vu Letz Talk.
.
.
.
Iphone 11 an 11 Pro a souguer en 11 Pro Max...wat mit dovun haalen. Wier gär getindert huet, kann seng Chance deemnächst och bei Facebook probéieren, an am Lotto gewonnen hu mir och. Mee wat genau maache mir mat de Suen?
Hotspots op der Côte d'Azur vs. wat am Moment zu Lëtzebuerg leeft, an nach villes méi, gitt der an dëser Episode gewuer.
De beschte Podcast aus Lëtzebuerg ass erëm zréck an des Kéier souguer mat Besuch aus London.