POPULARITY
"When They See Us" zielt d'Geschicht vun de fënnef Central Park Jongen, déi am Joer 1989 accuséiert goufen a gewaltvolle Viol un enger Joggerin begaangen ze hunn. D'Joggerin war wäiss an d'Duechter vun engem räiche Mann an hat keng Erënnerung méi vum Viol. Fir d'Jonge war et en normalen Dag am Liewe vun Teenager aus Harlem. Si koume grad aus der Schoul oder hu mat hirer éischter Frëndin geflirt, wéi hinnen op emol e Grupp Jongen opgefall ass, déi mat Boomboxen duerch d'Stroosse Richtung Central Park zéien. Spéider an den Zeitunge wäert et heeschen, si koumen aus hirem Véierel voller Misär mat Haass a Kriminalitéit, mam engem eenzegen Zil ze zerstéieren an ze vergewaltegen. Tëschent de Jongen, déi einfach an de Park ware fir mat hire Kolleegen ofzehänken an de spéideren Accusatiounen, louch virun allem eng kleng Dos Pesch an eng gutt Dos Policegewalt. Eng performant Schauspillerleeschtung an e wäertvollen Temoignage fir déi afroamerikanesch Communautéit, mengt d'Lara Bousch.
De beschte Podcast aus dem Land huet och elo déi beschte Coverfoto aus dem Land. Mee wéi ass et dozou komm? Wann dir iech entscheede kéint eppes mat engem ze hunn oder 100'000$ ze kréien, wéi géif dir iech entscheeden? An wéi vill Milliarden huet de Kanye West wierklech?
Yves Steichen © Carlo Link Kris oder Adaptatioun? - Déi Lëtzebuerger Press am Zäitalter vum digitale Wandel (1945-2019) Entwécklung vun engem lokal-regionalen zu engem globale Player, e Virtrag Kader vu "Kulturgeschicht Lëtzebuerg" am CAPE Ettelbréck, vum Yves Steichen, Centre National de l'Audiovisuel (CNA). Eng Particularitéit vun der lëtzebuergescher Presselandschaft war et, datt d'Dageszeitungen (Luxemburger Wort, Tageblatt, Lëtzebuerger Journal, Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, an zanter 2001 respektiv 2007 och Le Quotidien an L'Essentiell) laang Zäit de Monopol fir d'Informatiounsvermëttlung a Meenungsbildung zu Lëtzebuerg haten an no politescher Loyalitéit abonéiert a gelies goufen. Nodeems fir d'éischt e lëtzebuergeschsproochege Radio (1959, Radio Lëtzebuerg) an duerno en Televisiounsprogramm (1969, Hei Elei Kuck Elei) dëse Monopol opgebrach hunn, huet déi geschriwwe Press zanter den 90er Jore virun allem mat den Erausfuerderunge vum digitale Wandel ze kämpfen: Entpolitiséierung vun der politescher a medialer Landschaft, nei Generatioune vu Mediekonsumenten, Online- a participative Journalismus, Blogosphär, Paywalls a Fake News - déi digital Transformatioun ass en internationale Phenomeen, deen och an der lëtzebuergescher Mediewelt eng Rei technesch wéi inhaltlech-ideologesch Upassungsprozesser mat sech bruecht huet. Dëse Virtrag soll dem interesséierte Public en Iwwerbléck ginn iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Press, virun a wärend dem digitalen Zäitalter. Opgeholl den 13. Januar a verschafft vum Carlo Link. Audio-Extrait aus dem 3. Deel vum Virtrag ("Bottom Line" am internationale Kontext an "Wéi huet sech d'Presse-Kris zu Lëtzebuerg geäussert?): Extrait 3, Deel vum Virtrag Film vun 1960 vum Nic Laux, deen am Virtrag gewise gouf: "Naissance d'un grand quotidien: Le Luxemburger Wort" aus den Archive vum Centre national de l'audiovisuel (CNA): <br />
D'Geschicht vun der ARBED an hir Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft ass wuel jiddwerengem ee Begrëff, mee d'Kreatioun vun enger zweeter Firma duerch d'ARBED am brasilianesche Minas Gerais am Ufank vum 20. Joerhonnert ass net vill am ëffentleche Bewosstsinn. Dr. Irma Hadzalic fuerscht an hirer Thees iwwer Prozesser vu sozialen Initiativen, déi d'ARBED eent zu eent wollt a Brasilien implementéieren. Si fënnt eraus, datt d'Motivatioune vun der ARBED net eleng engem renge Sozialgeescht gedéngt waren.
Mir probéieren an dëse schwéieren Zäiten en Experiment. Mir wëllen, zesumme mat den interesséierten anere Podcasts, en Héierbuch schafen. Den Titel a mëttlerweil dat éischt Kapitel stinn a mir mengen dass dat eppes epochales kann a wäert ginn. D'Intro schwätzt keen anere wéi den Alen Attain (Kënschtlernumm; säi Brudder kennt ee vum RTL) an hien erkläert och direkt d'Reegele vun der Challenge. Jo zu all Héierbuch gehéiert natierlech eng propper Challenge. Wee mir nominéiere fir dat 2. Kapitel a wéi laang virum Release vun dësem soll/dierf Zäit sinn verréit iech alles den Alen. Souvill nach: all Podcast deen eng Episod erausbréngt soll dës natierlech op sengem Channel releasen. Mir géingen eis freeë wann "de Feierstorch" an d'Geschicht vun der lëtzebuerger Literatur géing agoen a wann net si mir ebe just frou wa mir iech kënnen op e puer aner, méi positiv Gedanken bréngen (ausser wann dir Fan vun Dinosaurier sitt, sorry!). Iwwregens ass och Fan Art erlaabt. Zu wat inspiréiert iech de Feierstorch? Moolt, illustréiert, maacht - a schéckt eis et, respektiv tagged @hei_elei.
En Interview mam President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. D'Oeuvre feiert hiren 75en Gebuertsdag, viru Jorzéngte gouf se gegrënnt fir den Affer vum Zweete Weltkrich ze hëllefen. Den Établissement public ënnert der Tutelle vum Staatsministère, geréiert d'Loterie Nationale an organiséiert a finanzéiert hautdesdaags Projeten an alle méigleche Beräicher zu Lëtzebuerg, ënnert anerem der Kultur, dem Environnement esou ewéi den Domainer Sport a Gesondheet. 1997 gouf eisen Invité Generalsekretär bei der Oeuvre, ass also scho laang mat dobäi. Mat him hu mer an der Mëttesstonn iwwer d'Geschicht, d'Missioun an d'Organisatioun vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte geschwat.

Hien ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Schauspiller, pendelt tëscht Berlin a Lëtzebuerg an tëscht Theater a Film. Elo huet de Luc Feit sech fir d'éischte Kéier hannert d'Kamera gestallt an de Fim "De Buttek" realiséiert. D'Geschicht vun enger ganz besonnescher Chrëschtfeier an där eng Rei vu bekannten Acteuren derbäi sinn. Am Gespréich erzielt de Luc Feit iwwer dës Produktioun an iwwer seng aner Projeten.

Woodstock war guer net zu Woodstock ... et war e Festival, dee wuel ënner dësem Numm an d'Geschicht agaangen ass, mee dee relative wäit ewech vun där klenger amerikanescher Uertschaft am US Bundesstaat New York iwwer d'Bühn gaangen ass. Grond dofir: zweemol haten d'Organisateuren e Site zougesot kritt, fir d'éischt zu Woodstock selwer, duerno zu Wallkill, eng hallef Autostonn vun do ewech. Béid Kéiere gouf den Accord no Protester vun den Awunner zeréckgezunn. Dat obwuel de Virverkaf scho längst ugefaangen hat - mat Woodstock als Plaz, wou dräi Deeg laang musizéiert sollt ginn. De Fred Medernach kuckt op d'Landkaart an erënnert un e Projet, dee ganz idealistesch awer wéineg professionell ugepaakt gouf.
Den iwwernächste Weekend ass de schonn traditionelle RV mam BD-Festival zu Contern. Datt d'Bande dessinée och zu Lëtzebuerg eng grouss Gemeinschaft vun Zeechner a Fans huet, weess een net eréischt zënter dem Succès vum Superjhemp. Een, dee scho laang derbäi ass, ass de Marc Angel. Hien huet sech an de leschte Jore vrun allem en Numm gemaach mat senge Graphic-Novels, wéi d'Geschicht vum "Jas". Iwwer seng Aarbecht an iwwer d'Bedeitung vum BD-Festival vu Contern geet Rieds haut am Gespréich mam Marc Angel.

De Mediewëssenschaftler Tim van der Heijden huet am Kader vum Projet "Changing platforms of ritualized memory practices. The cultural dynamics of home movies" d'Geschicht vum Amateurfilm recherchéiert. Dëse Projet kuckt sech de sougenannten Home Movie vum Ufank vun der Kamera 1895 bis d'Opkomme vun der digitaler Medieplattform YouTube 2005 un. Dobäi huet de van der Heijden sech besonnesch op Phas vum technologesche Wiessel konzentréiert a konstatéiert, datt sech net nëmmen d'Instrument ännert mat deem de private Filmemacher schafft, mee esou guer d'Aart a Weis, wéi sech erënnert gëtt. D'Danièle Wecker ënnerhält sech mam Tim vun der Heijden iwwer Verännerungen am private Film.
Die Rückkehr des Hooligan - ein Selbstporträt - ass den Titel vum autobiographesche Wierk vum Norman Manea. Den 1936 gebuerene rumänesche Schrëftsteller mécht eng Rees duerch déi rumänesch Literatur, déi grad esou komplex, widderspréchlech, beréierend, erschreckend a räich ass wéi d'Geschicht vun dësem Balkanland. E Land, eng Sprooch an eng Literatur, déi de Norman Manea, trotz sengem Exil, net lassléisst. Valerija Berdi.
d'Doudesstrof - Déel 1 En kuerzen Iwerbleck iwert d'Geschicht vun der Doudesstrof an desem eischten Déel. D'Argumenter analyseieren mer an Déel 2. Diskussiounspartner haut: de François Wirion
D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik ass déi vun enger laangwiereger Emanzipatioun: Et huet vill Joerzéngte gebraucht, bis zu engem selbstännege Kulturministère an zu enger proaktiver Kulturpolitik. Wéi sech an dëser Entwécklung d'Konzeptioune vu Kultur verännert hunn, domat huet sech de Fabio Spirinelli auserneegesat. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat him iwwert déi Verännerungen.